KML-Forum (2007 – 2017)

KML Film Szene

Amateur?! oder Professionell!?

Barnig
03.10.2007
Betreff zur Geschicht waat lo mat “MONA” um Cinefleuve Festival geschiit ass, geing ech gären eng nei Diskussiounsronn afeieren, an zwar speziell zum Thema:
Wini kann een sech als professionnell astufen?
Ech hun emmer -och wi am aneren Topic ugeschwaat- geduercht, dass sulaang een eben keen riichtegen Produzent, Budget oder op Celluloid dreihnt, een net kinnt vu professionnell oder semi-professionnell schwätzen?
Ass daat riichteg?
Well da wiere mer jo enger saits “ze gud” fir d’Amateur-Festivaler an anerersaits “ze schlecht” fir dei professionnell Festivaler, well wann een e Film op HDV oder MiniDV dreihnt kann ee menger Meenung no schlecht mat de professionnelle Celluloid-Participants mathaalen. Oder?
Waat haal dir dovun?
Franky
03.10.2007
fir mech ass all film hei AMATEUR…
Do lo verschieden kategorien anzefeiren ass net richteg!
Barnig
03.10.2007
Nee d’Fro ass jo net dei, Franky!
Wini get e Film als “professionell” oder “semi-professionell” ugesin ?
Franky
03.10.2007
wann een etableiert regisseur mat enger etableiert firma een film dreint. (dat punkto material oftzeschätzen ass kaabes… Blair witch zb ass een profi film och wann en emmer als amateur ugesin get well express am amateur style gefilmt get)
an hautesdaach kann sech all 2ten eng digital kamera leeschten an kennt doweinst punkto bild qualiteit deelweis no un hollywood run, kuckt der lo awer professionell filmer aus china un, dann gesidd der dass do bildqualiteit SCHEISS ass well dei eben mei schlecht material hun, waat awer net heescht dass dei filmer net professionnel sin.
an den ausdrock proffessionnel heescht iwersaat naischt anescht wei wann eng persoun dat ausübt waat se als BERUF geleiert huet. Dat heescht jiddereen deen beim papa staat als Regisseur oder filmmaker agedro ass kann professionell filmer dreinen! Leit dei dat als hobby machen an heem keen diplom hänken hun sin laut definition nie professionnell.
Wann lo een proffessionnelt Material keeft, an domat filmt, dann huet en een trotzdem nach emmer een Amateur film! (ech kann mer am ebay een professionnelt Skalpell kaafen an een domat opschlitzen, dat mecht mech awer nach net zum chirurg.
Franky
03.10.2007
an wann leit an der letzebuerger amateur szeen mengen se geingen semi professionnel filmer dreinen, dann kann ech just doriwer laachen.
ech mengen ausser andy bausch liewen net vill leit vum filmgeschäft an hun dat joeren laang op der uni studeiert…
Yves
03.10.2007
Ech mengen eischter dass di einfach keng Ahnung haaten, soss hätten se wuel erkannt dass de Film eben, wi’s du sees Marc, net op Celluloid gedreihnt as, an dat as fir mech awer definitiv en Critère vun engem sougenannten “professionellen” Film, daß een op “richtegt” Filmmaterial dreihnt, well dat gett nach eemol eng total aner, besser Optik wi all miniDV Kamera ja amstaanen wär ze dreihnen. Naja et misst een schon di aner Filmer gesin di do laafen, vlait sin dat echt nemmen Fingerübungen vun puer Lycées-Schüler…
Franky
03.10.2007
dat ganzt arennert mech un den clipstar festival..
do war een ennerscheed tescht welten tescht den filmer!!!
Do waren lycees projeten oder privat jugendlech projeten.. an donierft hun filmer vun KML an Feierblumm gelaaf dei natirlech EXTREM “professionell” gewierkt! mee dat ass awer net den fall wann een lo an den utopolis geet an dei filmer ukuckt an duerno eng letz amateur produktion.
petz
03.10.2007
Sin mat Villem wat den Franky gesoot huet anverstan, awer net mat allem. Dass een z.B. just Profi gin kann oder een professionnelt Resultat ereechen kann, wann een eng Filmschoul matgemach huet, ass einfach net wouer. Ech fannen déi Astellung vill ze vill negativ. Den Andy Bausch deens du als Beispill zitéiers, ass iwwregens een Autodidakt an huet sech alles selwer beibruecht, do wor nix mat Joeren lang Filmschoul (www.andybausch.com/bioLong.html). Ech sin iwwerzeecht, dass een mat vill Méih an Virbereedung een zimmlech gudden Niveau erreechen kann, ob een daat elo “besseren Amateur” oder “Semi-Pro” nennt, ass am Fong egal. D’Sach ass dach déi, dass Profis näischt aaneres machen wéi verschidden Regelen vun der Filmsproch an vun der Filmtechnik ze respektéieren. Obwuel haut all Mënsch zu deen Regelen Zougang huet (iwwer Internet, Bicher, DVD), respektéiert baal keen Amateur die Regelen an daat ennerscheed (ennert villem aaneren) och een Amateur vun engem Profi. Ett léit just un ons, also un den selbsternannten Amateuren, ze beweisen wéi gudd mer en Film machen können. Dass performant Technik elo fir all Mënsch abordabel ass, mëcht d’Sach just méi spannend well haut kann keen méi deen éierlech ass, sech hannert Ausrieden verstoppen am Genre: Jo, mee wann ech eng Profi-Kamera hätt! oder Jo, mee wann ech een Budget vun 30 Milliounen hätt! oder Jo, mee wann ech eng Filmschoul matgemach hätt!…. Technik an Wëssen ass do an ward just drop benotzt ze gin. Ett göt also nach spannend.
CArLO
03.10.2007
UUUUUUUUUUUIIIIIIIIIIIIIIIIII Franky
do hues de awer elo main nerv getraff mat dengem saatz:
ech mengen ausser andy bausch liewen net vill leit vum filmgeschäft an hun dat joeren laang op der uni studeiert…
Naja wanns du weist weifill letzebuerger jo LETZEBUERGER fum film geschäft liewen den Andy ass fillaicht den bekantesten mee do gin et der nach eng hellewull.
Luc Feidt (acteur)
Thierry Van Werveke (actuer)
Pol Cruchten (regisseur)
Geneviève Mersch (regisseur)
Claude Lahr (Regisseur)
Joy Hoffmann (Produktion) jo den Joy liewt dofunner filmer ze produzeieren obschon hien dat net geleiert huet
Pol Kieffer (Regisseur)
Romain Roll (Produktion)
Net ze vergiessen eisen gudden Kolleg Pascal Ludovicy den schlisslech fier den Spielberg um film “Der Prince aus Ägypten” geschaft huet
an an an an an an an an an an
Zu Berlin an engen Theater war esou guer oder ass nach emmer een LETZEBUERGER direkter, also et gin der mei weis du mengs dei fum Film/Theater geschäft liewen.
Barnig
04.10.2007
Mee d’Fro ass awer dann och, op dei wirklech sou gud liewen?
A renteiert et sech wirklech hei zu Letzebuerg ze probeiren professionell Filmer ze maan, dei vlait eemol besselchen mei wait wei nemmen d’Benelux Grenz iwerschreiden? (an schwätze lo gewollt net vun de selleche Co-Produktiounen!)
Ech war (a sin) mai Liewelaang Filmbegeeschtert. A wei vlait aner leit hei am Forum, war et och main Draam eemol als Letzebuerger mat enger 100%eger Produktioun weltwait akannt ze gin; mee daat ass daach Utopie!
Ech sin deemols doweins net op eng Uni gaangen, well ech ganz genau wosst: Fir ordentlech Filmer ze dreihnen, bleift een net zu Letzebuerg! A vun dohier, ass et da vlait grad su gud, de Film just als Hobby ze behaalen, an sech iwerraschen ze loosen, wei d'(Amateur)Filmer evolueieren.
Franky
04.10.2007
dann hun ech mech schlecht ausgedreckt…
dann behaapten ech mol dass baal keen letzebuerger AUSSCHLISSECH vum Filmgeschäft liewen kann!
Dei genannten persounen hun all diverse Niewenjobs(bei der Tele, Theater an co)
CArLO
04.10.2007
OK dat gespreisch keint en elo nach deeg lang wann net joer lamg feieren….
Marc eng geigenfro: Giffs du een job ausüben wanns du net gudd dofunner liewen geifs???
An ganz kloer ass et wann een hei am land bleift fier profesionel filmer ze machen dann kenns de net ganz weit dat ass secher.
Franky geheiert theater, TV dann net zum filmgeschäft????
Mengen du mengs reng FILMER wei mier se dreien ??
Also fier mech geheiert theater, TV awer schon dozou
An och wanns de filmerei nemmen als Hobby ausübs kanns de awer esou weit goen an et semi-professionel machen, dofunner sin ech iwwerzescht……….
Barnig
04.10.2007
Majo mee sin jo dofir net op Uni gaang.
Setze lo hei um RTL, hu 40 Stonnen d’Woch mat Filmer a Serien ze din. Waat mer wirklech vill helleft, a maan nierfenbai Amateurfilmer.
Hätt awer och kinnten an d’Ausland studeiren goen, an mat engem Minimum liewen, an dann a professionelle Filmer fir d’eischt mol eng dozen Joeren assissteiren
keng ahnung… ass jiderengem saint, an ech sin am endeffekt frouh, iwer daat waat ech gewielt hun. Donierft hun ech ganz vill vertrauen, a sin superoptimistesch, dass mir mat de neechste Kuerzfilmer namol “MONA” iwertreffen, an da wäre mer jo wirklech super um klammen…
petz
04.10.2007
Also Marc, daat verstin ech net ganz. Firwat huet deng Léiwt zum Film dech dovun oofgehaal op d’Uni ze goen wanns du gläichzäiteg sees dass een fir uerdentlech Filmer ze dréihen net zu Lëtzbuerg bleiwen kann? Dann häss du jo grad op d’Uni goen missen oder wéinstens an d’Ausland goen. Verstin do däin Raisonnement nët richteg… Oder wolls du domat soen, dass eng Filmschoul am Ausland souwisou näischt bréngt an een aaner Uni-studium fir dech nët a Fro komm wier ?
Also ech hun Communicatioun a Journalismus op der Uni studéiert, mee wann ech nach eng Kéier wielen kéint, géif ech eventuell eng Filmschoul wielen, obwuel meng Studien ons bei onsem Projet och vill gehollef hun. Ech gleewen drun , dass een als Autodidakt et grad esou wäit bréngen kann wéi als Absolvent vun enger Filmschoul. Ganz vill Réalisateuren an Schauspiller hun nie eng Film- oder Schauspillschoul besicht an leeschten trotzdeem gudd Arbecht. Ech mengen wann een eppes wirklech gudd machen wöll an die néideg Ausdauer a Motivatioun matbréngt, dann klappt daat och mat der Zäit. Wien net méi kapabel ass ze dreemen, huet a mengen Aan och näischt méi am Filmbusiness ze sichen well grad am Film geet et jo drëms Visounen ze vermëttlen… Mee daat ass just meng perséinlech Meenung. An 99% vun der Filmprouktiounen geet ett just nach em business. Leider!
Barnig
05.10.2007
Well ech och Stage’en bei Delux gemaach haat, an ech do einfach enttäuscht gouf. Vun deenen 150 Leit dei op engem Set setzen, dreemt jidereen dovunner eemol grouss erauszekommen. Hu kee Bock mech do hannen unzestellen an ofzewaarden vu meng Karriere mech ging hifeieren…
Hun och vill Kolleegen dei op Filmschoulen sin, dei maan alleguerten hier Experienz am Ausland (daat deelweis och total gud) mee ech woen ze bezweifelen, op dei dann och hei zu Letzebuerg genausouvill Demanden a Projeten hätten.
A mai choix war numol eben zu Letzebuerg ze bleiwen, wisou dann an deem Fall net irgendwou “fest” schaffen, an den Amateurfilm(klub) baizebehaalen, an ze probeiren op deem Niveau do ze evolueieren?!
Well ech denken den Amateurfilm ass kräfteg um kommen, a bislo ka jo nach kee wessen, wouhinner daat usteiert an enegt!
A weis du riichteg soos: Vill gud Filmemaacher hu nie Uni gehaat, oder hun se reicht speider nogeholl…
petz
05.10.2007
Ok, merci fir d’Explikatiounen. Sin grosso-modo mat der anverstan. Een exzellent Buch iwwer Filmmachen an firwaat een NET soll an eng Filmschoul goen wann een Filmer machen wöll, ass daat heiten Buch :
www.amazon.com/WHAT-THEY-DONT-TEACH-SCHOOL/dp/0786884770
Daat gët ett iwwregens och op däitsch :
www.zweitausendeins.de
kann ech nëmmen stark recommandéieren, ass witzeg geschriwwen an et gët een vill iwwer d’Filmmachen gewuer.
Yves
05.10.2007
FILM VERSTEHEN vum James Monaco sierf an deem Kontext och erwähnt … do gett een villes iwwert d’Technik gewuer
petz
20.05.2004
Hei een interessanten Blog-Artikel zum Sujet : Amateurs/Professionals
AMATEURS : Have tons of ideas, are excited about all of them and see none to fruition.
PROFESSIONALS : Have tons of ideas, pick one and do their best to make it happen.
AMATEURS : Think they can do everything.
PROFESSIONALS : Know it’s almost impossible to achieve one thing.
AMATEURS : Think they know everything.
PROFESSIONALS : Are always learning.
AMATEURS : Start with no preparation.
PROFESSIONALS : Do research, they want to know where the bodies are buried, what the landscape holds. Better to take all these factors into account before you start, because trying to adjust on the fly is so much more difficult, it wastes time and energy and it’s hard to put a fourth wheel on a car you designed with three.
AMATEURS : Don’t finish.
PROFESSIONALS : Are all about execution. Sure, they occasionally abandon a project when they see further effort is fruitless, but the mark of a pro is someone who begins and ends. If you notice someone can’t complete a task, run from them!
AMATEURS : Are worried about image.
PROFESSIONALS : Let their work do the talking.
AMATEURS : Demonstrate insecurity.
PROFESSIONALS : Are extremely confident.
AMATEURS : Can only see what’s in front of them.
PROFESSIONALS : Are all about the big picture.
AMATEURS : Hold those above them in contempt.
PROFESSIONALS : Hold no one in contempt, but they haven’t got much time for losers. If you’re an amateur trying to graduate to professional status and you have the good fortune to encounter a pro, DON’T WASTE THEIR TIME! Give just one or two compliments and ask your question. But most amateurs are so busy being sycophants the professional tunes out, or goes on at such length that the professional excuses himself.
AMATEURS : Have no idea what dues are.
PROFESSIONALS : Have paid their dues, and are still paying them.
AMATEURS : Believe in instant success.
PROFESSIONALS : Know anything worth accomplishing takes a long time, and what might look like overnight success is rarely such.
AMATEURS : Boast.
PROFESSIONALS : Never slap their own backs, and are oftentimes uncomfortable with others slapping their backs.
AMATEURS : Get nervous.
PROFESSIONALS : May be anxious, but they’ve performed the task so many times they let instinct take over, they go on their experience, nervousness never comes into the equation.
AMATEURS : Are looking for their one big break.
PROFESSIONALS : Know that life is about a series of breaks.
AMATEURS : Are afraid to fail.
PROFESSIONALS : Don’t like to fail, but when they do they pick themselves up, dust themselves off and get back in the game.
AMATEURS : Interrupt.
PROFESSIONALS : Listen.
AMATEURS : Demonstrate their bile, they get frustrated or angry and it’s easy to see.
PROFESSIONALS : Are cool, calm and collected. You may read about the crazy owner/operator/entrepreneur, but if they’re truly nuts, they don’t last, their board replaces them, and the truth is most are not that nuts, it just makes a better story in the press to portray them as such.
AMATEURS : Bristle.
PROFESSIONALS : Show empathy.
AMATEURS : Are always telling you how busy they are and how hard they’re working.
PROFESSIONALS : Show up and stay as long as it’s interesting and profitable, bitching gains them nothing, so they don’t.
AMATEURS : Believe what people say.
PROFESSIONALS : Believe what people do.
lefsetz.com/wordpress/index.php/archives/2014/04/30/amateursprofessionals
Barnig
21.05.2014
So true !

Filmreakter NEWS

petz
05.02.2010
Hei en artikel zum Iwerlee’en, deen als oppenen Breif un all Filminteresseierter geriicht ass
(Quell: FILMREAKTER.LU)
Léif Aarbechtskollegen,
Léif Professioneller aus der Filmindustrie,
Léif Membere vum Filmfong.
Dat hei ass en oppene Bréif un all d’Produktiounshaiser hei zu Lëtzebuerg, un de Filmfong an un all Filminteresséierten op filmreakter.lu, ënnerschriwwe vun 35 Schauspiller a Schauspillerinnen.
Eng ganz Rei vun ons hunn Ufank Januar un engem Casting deelgeholl fir eng Koproduktioun hei zu Lëtzebuerg. Et war alt erëm eng ganz penibel Erfahrung fir quasi all di Leit di matgemaach hunn, an et ass d’Drëps di d’Faass iwwerlafe gedoen huet. Alt erëm si mir, lokal Acteuren, behandelt ginn wéi d’Laascht, di vill auslännesch Realisateure vun de Lëtzebuerger Koproduktiounen mussen erdroen, fir hire Film hei zu Lëtzebuerg finanzéiert ze kréien.
E richteg gudde Casting, wou e Schauspiller voll preparéiert, a fir di richteg a passend Roll, ka weise wat e kann, an doduerch interessant Renconter mécht, sinn hei zu Lëtzebuerg, bei alle Produktiounsfirmen, éischter d’Ausnahm.
Fir verschiddener vun ons, hu mir a joerelaanger Erfahrung am Ausland ni esou humiliant Momenter an onpreparéiert Castingen, wou ee mat esou wéineg Respekt behandelt gëtt, misse matmaache, wéi hei zu Lëtzebuerg.
Läit de Problem bei de Casting Directors? Oder vläicht éischter bei der Attitude vu verschiddenen auslännesche Filmschaffenden par Rapport zu onsem Image als provinziell Schauspiller? A wéi fern gëtt deen Image vun de lokale Produzenten a Casting Directors verbessert?
Oft komme mir ons vir wéi d’Bouche-trou’en vum Punktesystem. Oder den Term “cheap labour” trëfft och öfters zou. Castingen wou een (een Dag virum Rendezvous) eng Lëscht vu 5 Rollen gemailt kritt si leider keng Raritéit. Meeschtens sinn dat dann och Rollen à la: Policier 2, Employé 1, Réceptionniste, Assistante, Agent de sécurité etc. Mir sinn och regelméisseg erstaunt wéi vill verschidde Schauspillertypen (déck, dënn, al, jonk, etc.) fir di selwecht Roll a Fro kommen. Heiansdo ass et scho bal spierbar, dass et dem Realisateur am Fong egal ass fir wéi eng Roll ee virliest a wat fir eng Roll ee schlussendlech kritt. ‘T ass decourageant.
Mee de Problem ass net alleng bei de Koproduktiounen. An engem rezente Lëtzebuerger Film, sinn di “lokal” Schauspiller zum Beispill mat ganz vill Selbstverständlechkeet manner bezuelt ginn wéi hir auslännesch Kollegen.
Mir sinn ons am Kloeren iwwert d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg. Mir versti ganz gutt, dass net ëmmer di interessanteste Rollen an de Koproduktioune fir ons a Fro kommen. Mir verstinn och dass mir net fir all Roll kompatibel sinn. Mir erwaarden ons guer net grouss Rollen an all de Filmer. Mir wëssen och dass de Choix u Schauspiller relativ kleng hei ass. Mee wat an eisen Aen awer indispensabel ass, ass mam néidege Respekt a mat Héiflechkeet behandelt ze ginn. An do läit d’Responsabilitéit bei de lokale Produzenten fir z’insistéieren dass d’Castingen hei zu Lëtzebuerg mat engem Minimum u Professionalitéit stattfannen. Fir sécher ze goen dass di lokal Schauspiller an hirer beschter Form kënne gesi ginn. Fir dass de Beruff sech lues a lues en Numm bei auslänneschen Filmschaffende ka man. Fir dass mir, sou wéi dat scho mat den Techniker geschitt ass, d’Vertrauen an ons Capacitéiten schafe kënnen.
Och wann eenzel Projet’en ganz wonnerbar verlafen, ass dat hei awer leider Gottes fir di meescht vun ons eng Realitéit. Mir soen Merci fir alles wat an dës Richtung fir ons an de Lëtzebuerger Film ka gemaach ginn.
Barnig
23.04.2013
Daat war et da mam FILMREAKTERS FORUM
petz
23.04.2013
Jo, schued mee wahrscheinlech onvermeidbar, vu dass ganz wéineg bis guer keng Aktivitéit um Forum wor. Haat jo méi wéi eemol probéiert do Diskussiounen ze lancéieren, mee et huet einfach kee matgemach. Mengen, dass Lëtzebuerg einfach ze kléng ass fir wirklech flott Sträitgespräicher op Foren ze erméiglechen. Jidfereen kennt jidfereen an keen wöll engem aaneren op d’Féiss trëpplen, also haalen sie allegueden de Mond. Just d’Ouvreuse mëscht heiansdo e flotten coupe de gueule am Feierkrop. Mee ech hun och keng Loscht méi, d’Ausstierwen vun den Lëtzebuerger Filmforen nach weider ze bedaueren. Daat ass eben einfach elo eng Realitéit. Ech wäert mengersäits op alle Fall regelméisseg an de KML-Forum eraluusen an ons News (wann et der dann ginn) och ëmmer hei posten.
Franky
25.04.2013
wosst iwerhaapt net dass et de filmreakter forum nach geing ginn….
do war jo schon baal een joer nix mei lass (geneesou wei hei).
Virun puer joer huet dese Forum geboomt, mee do kruten mer direkt masseg kritik vun aneren Filmemacher. Sie wollten net dass Leit hei schlecht iwer aner Filmer schwätzen.
Ech hunn dat ganzt trotzdem spannend font. Et ass ni verkeiert engem kritiken ze ginn, soulaang ze begrennt sinn.
Barnig
17.01.2014
FELICITATIOUN un eis 2 letzebuergesch Koproduktiounen “Mr. Hublot” an “Ernest et Célestine”
Wien hätt daat geduercht!
Leider hun ech kee vun deenen 2 Filmer gesin, mee gesin awer villverspriechend aus!
Wensche mer BONNE CHANCE zu L.A. !!

Filmakers Night

Barnig
12.11.2008
watch out
(NEWS SOON)
petz
13.11.2008
Majo sin gespaant. Schreiw awer Filmmaker mat 2 “m”, daat gesäit méi seriö aus…
Barnig
13.11.2008
mee daat wollte mer net
FILMAKER do versteet jidereen wat gemengt ass, an huet ebess u sech
FILMMAKER wier bessi ze banal
ey, mir hun deck laang gebrainstormt
Decken
13.11.2008
Petz du kenns awer guer naischt pfffffffffffffffffffff
fuuss
14.11.2008
ass selwescht mat coming soon , ech haat mer do mega gedanken gemach coming mat 2 m ze schreiwen daat huet och keen verstaan ,
pfffff amateuren do
CArLO
16.11.2008
schreiw einfach emol soon mat engem o, fällt och kengem op
Franky
17.11.2008
korret englech wier
Filmmakers’ Night
Barnig
17.11.2008
Mee dorems geet et jo guer net!
Hoffe jidereen huet sech den 13.Dezember am Agenda roud ugekraizt, enger saits fir deen Owend präsent ze sin, an anerer saits fir dei lescht Teaser ready ze kreien
petz
17.11.2008
De Franky huet grad eng 1 an englescher Rechtschreibung krut. Hun den 13ten virraussichtlech een Tournage an Däitschland mee mir man alles fir dobäi ze siin an 1 oder 2 Teaser matzebréngen.
Bis dann!
CArLO
17.11.2008
Petz gess du och elo schon iwwert d’grenzen eraus
petz
19.11.2008
De Franky huet iech dach gesoot wéi ett richteg heescht. Kann nët gleewen, dass dir tatsächlech Filmmaker bewosst mat engem “m” schreiwt. Eng Sach ass sëcher: bei enger “Filmakers Night” braucht dir den Amateur-Charakter vum Evénement nët nach etxra ze ënnersträichen…
Franky
20.11.2008
FilMakers Night
mengen sou wier et mei verständlech gewierscht
sou eng Titel-sich ass nie evident, et waren wirlech nach vill mei speziell nimm um programm , an wou Filmmaker an den engeren choix komm ass, ass d’idee opkomm fir doraus Filmakers ze machen well dat mei speziell/art meisseg ass.
nodeel: all 2ten jeitzt: Schreiffeeler!
virdeel: et ass mei kreativ, respektiv wann een googelt fennt een net dei anner 100000 Filmmakers’ night informationen
affaire à discuter….affaire de gout…. den titel ass ganz demokratesch ofgestemmt gin
Sin och secher wann desen Owend nächst Joer an eng 2t Ronn soll goen an et och Flyeren an printform gin, dass dann minimum een Logo(waat dat wuertspill ennerstraicht) oder een titelwiessel get.
haaptsach den inhalt stemmt, ech lossen mech eigentlech nie vun sou titelen ofschrecken..
dei lescht dezember eventer vun KML haaten nie een speizellen numm(KML premiere, kml filmowend oder wei och emmer).
Dei aner Filmevents vun aneren FIlmclubs hun ech och net emmer den glanz fonnt(net weinst dem numm selwer, mee well den Titel net gepasst huet..)
Indie Horror Picture show(wou wann et gudd geet maximal d’hatlschend vun den filmer horror war),
Clipstar(kann een bei engem 30 minuten film nach vun CLIP schwätzen?)
aner Titelen hun ech schon vergiess
sou dat war et zu mer zu dem Thema, ech hoffen et get een flotten owend, fir Filminteresseierter an Filmmakers kreien secher eng handvoll filmer gebueden dei se nach net gesin hun
petz
20.11.2008
Merci fir d’Explicatiounen, mee naja, iwwerzeecht sin ech awer guer nët. Ech perséinlech fannen, ett soll een een Numm, Wuert oder Ausdrock just änneren wann domat een Wuertspill entsteht, wéi z. B. :
DirActors Festival = Director + Actor
Cinénygma = Cinema + enigma
Indie Horror Picture Show ass eng Oofwandlung vum weltbekannten Musical (a Film) “Horror Picture Show”
Mee ett ass ärt Evénement a wann dir demokratesch fir een Schreiwfehler stëmmt dann ass daat eben esou. Daat soll ons de Spaas um Owend nët verdiewen.
fuuss
25.11.2008
Hey JUngs um weifil Auer ass dei Filmmaker night an wou
waat fir en Equipement hutt dir do ?
Barnig
25.11.2008
Ma et start um 20h
En DVD player ass do an e Beamer
wann dir ären trailer awer per HD/Laptop presenteire wellt, kennt dir daat o matbrengen
petz
25.11.2008
Huet daat dann wert? Hudd dir en HD-Beamer? Wann ett een “normalen” 800×600 Pixel-Beamer ass, geet eng DVD déck duer, wann de Beamer awer méi héichopléisend ass, können mer jo onsen Laptop matbréngen… wann mer dann mat den Teaser färteg gin.
Barnig
25.11.2008
Ass okey, den Beamer ass HD-kompatibel
kucken namol angaben no, mee si mer zu 97%secher
fuuss
26.11.2008
Sin aer Hautparleur’en THX Certifieiert ?
Franky
26.11.2008
jo dat kennen mer och nach arrangeieren..
Barnig
26.11.2008
-NEE kenne mer net
petz
26.11.2008
Tip top! Da brauchen mer ons nët mat engem 5.1 Mix opzehaalen. Domat sin d’Chancen gewues, dass mer mat onsem Teaser rechtzäiteg färteg gin…
fuuss
26.11.2008
Jo gett nawell enk , also net direkt mat Tomaten geheien wann en net ganz perfekt gett
Barnig
26.11.2008
kee probleeem
CArLO
26.11.2008
Wess net op ech kann kommen
fuuss
27.11.2008
du lidds !!
Franky
27.11.2008
dann vereckelen mer den datum. Een owend ouni Carlo huer keen senn…
CArLO
27.11.2008
Sorry jungs mee ech sin dei zeit net am Land, bei Obskura ass een deel fun der equipe dei party machen an den anneren deel dei mussen eben schaffen…….
CArLO
28.11.2008
Majo business get fier SORRY machen main bescht fier dann awer ze kommen
Franky
01.12.2008
dat ASS business
fuuss
01.12.2008
hmm jo mee ech wees net ob mer kennen eisen Teaser ouni den Carlo brengen
Barnig
01.12.2008
mer kenne jo eng LIVE satelitten schaltung organiseiren…
da gesi mer de Carlo alleguerten Via WEB-Telefon op engem mi klengen ecran
…wier daat keng?
Franky
01.12.2008
oder mer verleen dei ganz night an dem Carlo sain gaart!
Franky
08.12.2008
wei et ausgesait get DREAMCELL ouni ennertiteln gewissen
Barnig
08.12.2008
ey .. ereicht 4 stemmen …
ass jo awa na net vill
fuuss
10.12.2008
Mir kennen Natirlech och eisen Trailer no aerem Film firun der Paus weisen daat waer och eng meiglechkeet
Barnig
10.12.2008
Hällt dalo ee vun ierch e speech virdrun ? ,… well wann, da get daat och anonceiert, an da kenne mer en setzen wu der wellt
petz
10.12.2008
Ech géif just 2 kuerz Wierder Erklärung zu den Teaseren gin éier sie gewiesen gin.
Vu dass Teaseren nët virun ärem Film laafen sollen, schloen ech vir dass mer sie dann um Schluss vum éischten Deel vun der Soirée no ären Filmer weisen, dann können mir an der Paus wéinstens zesummen iwwer ons Wierker schwätzen an ons austauschen. Daat wier wuel die flottsten Léisung fir all Mënsch.
petz
10.12.2008
Oops, sorry haat nët gesin, dass de Fuuss schon daat selwecht proposéiert haat. Mah, dann sin schon 2 Leit vun onser Equipe mat der Propositioun d’accord
fuuss
10.12.2008
Tjo Petz mir hun iergendwei Gedanklech den selweschten Timing
Dann daerfs de och elo nach eng Ried firbereeden Petz
Barnig
10.12.2008
Okey da maache mer daat sou
brengt wi gesoot dann all zousätzlecht material mat, an ech ruffen dech da petz, fir 2 wieder iwer den teaser ze zielen
petz
10.12.2008
Ok, tip top! Ech wärd mech ganz kuerz faassen, schliesslech ass den Teaser jo och kuerz.
CArLO
10.12.2008
Dierf ech och eppes soen?????????
Sin och mat dem timing anverstann
fuuss
10.12.2008
natirlech carlo daerfs de eppes soen
ma dann sin ech frouh wanns de och d’accord bass
Barnig
11.12.2008
Jo mee Carlo: Punkto Timing!
Kuck dass du awa winstens fir dain Teaser zu Garnech bass!!
CArLO
12.12.2008
Also jungs gidd Iech elo eenz mat weifill m’en filMMaker’s Night geschriiwen get ??????????????
Kuckt Iech dat emol un www.filmreakter.lu also nee dat ass net serieux.
Decideiert Iech elo endlech well muer ass et esou wait
fuuss
12.12.2008
Jo waat muss ech dann elo op den Menu fun der DVD schreiwen
Filmmaker’s night oder Filmaker’s Night
elo sin ech duercheneen , ech geht net mei , ech gin geckeg , ech brauch eng aentfert an seier
Barnig
12.12.2008
FILMAKERS NIGHT
su ass et riichteg… mengen bei der eischte keier, käppe mer keen wann een et na falsch betount…
mee fir en DVD Menü, fuuuus, wier et awa schon ubruecht den Numm riichteg ze schreiwen
FILMAKERS NIGHT
(ps.: Iwerschreft vun desem Topic ass och falsch)
Frank, kanns de daat net änneren?
fuuss
12.12.2008
Wei elo sin nach 3 Versionen am emlaaf macht mech Geckeg
ech mengen ech Schreiwen einfach Obskura an den Menu
Franky
12.12.2008
hmm beim aalen filmreaker posting ass et richteg.. ech wees net ween den neien gemach huet…
Admin2
12.12.2008
hmm vlait iwer d’admin console geet et… mee sou geet et mol net
fuuss
12.12.2008
et ass alles konfuuuss
heeeeeeeeeeeeeeeeellllllllllpppppppppppppppppppp
fleit heescht och jo elo net mei KML mee MLK oder MKL esou guer fleit LKM oder LMK , KLM
daat doten ass den daag fun der Apocalypse
CArLO
12.12.2008
Also LMT den nuum hatten mier als eischt
Barnig
12.12.2008
FILMAKERS NIGHT
CArLO
12.12.2008
Fierwat steed et dann um filmreakter sidd mat 2 m’en.
Wen fun Iech Kamelen huet denen eng mail gemach???
Franky
12.12.2008
ech wees et net ,… et muss keen vun KML gewierscht sin……..
LMT klengt wei een LYcee
fuuss
12.12.2008
ah esou deet heescht
FILMAKERS NIGHT
hmm muss ech kucken ob daat net ze grouss gett
Franky
12.12.2008
LOL
den vollmount an seng konsequenzen
Barnig
12.12.2008
Ech hun de Mail u Filmreakter gema
Mee, ech hun deen just 1mol gin !!
(ka sin dass en se bei der 2ter keier daat net wossten)
ASS JO AWA NET SOU SCHLEMM, ODER
CArLO
12.12.2008
Also mier ass et egal mee wei gesoot mat engem m gesait et aus wei wann et een schreiw fehler wier…
Barnig
15.12.2008
Soen alle Leit MERCI, dei de wee e Samschden op Garnech fonnt hun.
Et war wirklech e flotten Owend, an op eng gemitlech art&weis goufen hei puer Amateurfilmer an eng Retsch Teaser & Trailer gewisen.
Et ass ganz gud meiglech dass mer des Filmakers Night namol wäerten widerhuelen.
Leider hu mer bessi iwerzunn an der Zait, mee daat haat och sai positivt: Mir hun eng Retsch nei Teaser/Trailer vu BIGTIME ENTERTAINMENT gesin, dei alleguerten TOP sin, an e relaxe Videoclip deen o net annonceiert war.
Ech hoffen et huet jiderengem gefall!
àr ureegungen a kritiken kenn der selbstverständlech hei nidderschreiwen!
Franky
15.12.2008
jo, hun et och ze laang fonnt.. eng hallef stonn maner an et wier perfekt gewierscht…
et wier och vlait besser een aneren daag ze sichen, well den samsten vill leit am kreschdagsstress waren an vlait 1 mount eischter beser zait gehaat hätten
et war cool ze gesin dass souvill “filmmakers” dowaren….
KML,Phyrrhus,Episclerite(dei ganz crew hun ech fir d’eischt ganz kennengeleiert),Bigtime entertainement, Turtlestone, Obskura.(souguer mam CARLO)…
fuuss
15.12.2008
Ech wollt och nach eng keier merci soen
ech hun et och super fonnt
Tiptop Jungs
muffpuff
15.12.2008
Mir huet et och immens gudd gefall. The Brain an Trailer vun Obskura woren super. Och den Film mamm Prof.
Ech hun just deen Dreamcell net verstaanen?
Franky
15.12.2008
ah den muffpuff war do, ech wees zwar nach emmer net ween dat ass,, soit…
punkto dreamcell… schreif am beschten dat ennert Dreamcell kritik…
CArLO
15.12.2008
Frank merci mee dat war net esou einfach, hat e gudden chauffeur den mesch, no engem usträngenden 15st drei fun München aus seier an secher op Ganech bruescht huet…
Mee elo zu Filmaker’s Night:
Ech hun d’idee fier esou eng nuecht z’organiseieren ganz gudd fonnt, wat d’filmer ugeet huet mesch naischt awer och guer naischt fum hocker gerappt, sin souguer nach eischter entäuscht well ech mer fun verschieden filmer mei erwat hun…….(gelt nemmen fier dei filmer dei ech gesinn hun).
Wat mesch zwar am meschten genervt huet ass, ech wess et ass KRIS, mee fier dann preisser em 100% erop ze setzen ass schon eng freschheet.
Franky
15.12.2008
dei praisser waren sozial, natirlech kennen mer keng quasi gratis praisser machen wei op eiser 10 joer feier. schlieslech war den owend vun 3 verainer gemach gin, also den profit deelt sech dann och durch 3 an et huet secher keen verain do vill verdingt…
d’entrée war gratis… an waat wells de mei? fir den ZF hun ech vill euro missten bezuelen, alleng fir d’entrée an saudeier praisser fir eng fläsch fanta am utopolis an wou ech dain Grim kucken war hun ech och deif an täsch gegraff—-
CArLO
15.12.2008
1. gratis preisser ???? (kennen dat net)
2. duerch 3 vereiner gemach gin, dat heescht och d’onkeschten sin duerch 3 gedeelt gin
3. wat ech mei well ? gudd filmer dei mech ennerhalen an dat war net den fall
4. Frank’s zitat “fir den ZF hun ech vill euro missten bezuelen”, fier qualiteit muss du eben bezuelen dat ass heut des daags esou
5. Grim ass NET mein film
Franky
16.12.2008
lol ech kann dat doten just mat ironie ophuelen
Barnig
16.12.2008
Carlo
Dass Filmer net sou gud waren weis du der daat denks, huet naicht mat der FILMAKERS NIGHT ze din. Ee wirklech schlechte Film hun ech dee ganzen Owend nähmlech NET gesin.
Punkto Praisser:
Ech mengen du wees net wat an der Welt leeft
Awech mol,… a krauch aus dengem Heisschen eraus: Mir sin 2009!!
Dei Zaiten wu de Beier 60 LUF kascht huet sin em!!
Eis Praisser sin 100% sozial gewiergt!
En plus wollt ech ierch jo na een zum beschten gin, mee dir wart jo net mei do, um schluss…
CArLO
16.12.2008
Frank gin emol einfach dofunner aus dass du meng zitater net verstann hues oder net wells verstoen
Marc hun jo naischt geint Nuecht selwer gesoot mee d’filmer naja……………
Wars du op der selweschter nuecht wei ech Marc???? Komm sief eierlech do ass der keen onständegen film gelaaf
Zu den preisser, weini hudd dier 10 joer gefeiert????????? 2008!!!!!!!!!!!!!!! ma do war de beier nach 1euro=40.3399 fr.
An, ech mengen 2007, war ech och nach zu garnech fier eng presentatioun, an do war den beier och keng 2 euro
Hun nie behaapt dass är preisser NET sozial waren hun just gesoot 100% oppreiss zu 10 joer’s feier ass hefteg.
Franky
17.12.2008
BigTime, TurtleStone, Episclerite, KML and Phyrhuss freen sech natirlech dass hier neitsten wierker sou gudd ukomm sin
kloer, een blockbuster wou 4 joer laang drun geschafft gin ass,(an minimum 4-5 stelleg eurosummen dragestach gin sin) ass net gelaaf…
an och wann filmer net gudd waren, ennerhaal hun se(mech jiddenfalls) ech geing am carlo senger platz och net op openscreenen goen oder aner (letz)festivaler..(hun hien och nach nie op sou platzem gesin) well do kanns de genee sou entäuscht gin Liewen ass haart, haaptsach du hues keng entrée missen bezuelen
Utopolis ass eben dofier besser sech 80 minuten fir 7 euro ze berieselen lossen
sou genuch zu dem Thema, ech mengen lo huet och den leschten hei am forum den Carlo verstaan..
Barnig
17.12.2008
Jo Carlo, du hues Recht mee, daat eent war eng Gebuertsdaagsfeier (total EXCEPTIOUN de Beier 1Euro)
A wa KML eleng eng Soiree organiseiert, setzen ech mech och emmer dofir an, fir heechstens 1,80 Euro d’Fläsch Beier, oder 1,5 Euro vum Faas!! Do hues de mai Wuert! Fannen daat och schrecklech, 2 Euro ze bezuelen, ass awa numol eben iwerall esou, an doweins krut ech mech och hei net duerchgesaat
Wat Filmer ugeet, et war lo secherlech keng Pärel dabei, wubai awa och kee Film wirklech schlecht war! Ennerhaal hun se alleguerten, sie goufen alleguerten hei am Forum analyseiert, an daat ass jo och de Charme vum Amateurfilm.
Och wann OBSKURA lo nees mat LMT nei Massstäb am Amateurfilm setzt, well daat awa net heeschen, dass jidereen deenen Richtlinien do muss stand haalen!
Fir mech fänkt den Amateurfilm un, wann een sech eng Handycam hellt, an e klenge Film iwer sain Hond dreihnt.
(Do kann een o naicht aussetzen! Et ass a bleift en Amateurfilm)
Wanns du dech lo an denger Arbecht als gud/beschten ugesaiss, an du wells doweins net aner Amateurfilmer eng Chance gin, oder soen si wiren belleg, well se dengen Idealen vum Amateurfilm net mei entspriechen, dann ass daat fir mech einfa nemmen Arroganz!
Oder?
p.s. da schreif winstens bei deen spezifeschen Filmer dohiner, waat GENAU der net gefall huet, a mach der d’Arbecht eng kleng Analyse vum Film ze schreiwen
Franky
17.12.2008
lol
nee nix arroganz!… Verdreiw den Carlo net aus dem Forum
Film ass emmer afffaire de gout! Do huet all mensch seng massstäbe…
Fir mech ass am film d’story am wichtegesten.. atmosphere…
Anner wellen just ennerhaal gin..
An nach aner (carlo?) kucken vlait just op camera, op HD qualiteit
Franky
17.12.2008
an nach eppes.. ech hun leiwer leit kritiseiren Filmer wei wann se soen: alles war gudd Et gin och Filmemacher dei emmer all Film offiziel gudd fannen fir kengem virun Feiss ze treppelen.
mee bessen mei argumentation wier net verkeiert.
(film ass gudd-> wiesou?; film ass scheiss -> wiesou?)
muffpuff
17.12.2008
Also mir huet deen mamm Prof gudd gefall vun der Idee hier. Wor lo net sou immens gudd gefilmt, mee Idee wor gudd an wor en Senn dohannert.
The Brain wor sou schlecht gemaat, dat en rem saugudd wor, mega witzeg
Dreamcell, wel gesoot net verstan dofir kann ech och net soen op gudd oder schlecht.
Den Musekvideo am Ufank wor och ganz gudd, teschnech gesin an gudd gefilmt
CArLO
17.12.2008
Hei nach puer saachen, an hoffen dass ech Iech alleguer domader zefriiden stellen kann.
Frank:
Hun nach nie een OS gesinn an wärt och nie een OS kucken goen.
Utopolis!! oder Belval!! oder oder oder, sin keen Kino’s gänger, main leschte film war mmmmh ech wess et emol net mei keint sin dass dat op der NUIT, Cynenigma war.
Du hues schon rescht kucken fillaicht wierklech zefill op d’kamera oder Qualiteit bei den filmer, mee dat gellt och fier Hollywood filmer dei ech kucken, wann iwwerhaapt
Mech wärt nie een verstoen och du net Frank
Preisser waren wierklech 100% mei deier wei dei leschten KML actioun
Marc:
Wen huet dann behaapt dass LMT nei masstäb an der amateur scene setzt?? An och net dass iergend een dei muss stand hallen.Do gin et anner gruppen op dei een muss kucken. Deemno alles Quatsch
Sou, no e puer äusserungen dei ech esou krutt wärt ech mech elo mol an den hannergrond setzen an dat ganzt nemmen nach als zuschauer hei am forum nokucken,
mengen net dass esou äusserungen neideg hun wei, Obskura ass als geschlossen grupp komm an och erem als geschlossen grupp gangen, dier hudd et emol net fier neideg gehall
fier eis eddi ze soen (also ech sodd eddi, mee wann et eng nächste keier soll gin dann soen ech jiderengem enzeel eddi), hun esouguer d’iessen fun eng B-Day party sause geloss…
an nach e ganzen koup saachen dei ECH wierklech Net neideg hun.
Merci an eddi
Carlo
Filmaker’s Night:
Ass genau esou gelaff wei ech mier et duet.
Wat ech gudd fonnt hun:
1. d’Leit fun KML (Marc,Frank,Klod etc) erem ze gesinn
2. d’Idee fier esou eppes zu 3 verschiden cluben z’organiseieren
Wat ech net gudd fonnt hun:
1. Preisser 100% mei deier wei dei leschte keier
2. Et waren keng chipsen op den descher an och keen Pain Surprise
3. Schiel äusserungen dei ech 4 deeg dono krutt
The Brain:
Den Film war net extra an awer hun ech den net esou schlecht fonnt fier mech den beschten KF den ech op der filmaker’s night gesinn hun.
Wat ech gudd fonnt hun:
1. d’Idee
2. Deelweis gudd pläng an net emmer dei langweileg standard opnahmen (Kamera fun ennen, Kamera schiff Kamera fun ganz weit), all respekt Fredo fier den eischten film.
3. Den mellen zum schluss war och net schlecht
Wat ech net gudd fonnt hun:
1. Dei lang dialogen, oder kann een dat esou soen dass dat een dialog ass wann een einfach emol esou fier sech selwer schwetzt, dei hun mech gehierlos genervt
2. Den blöden Italo-dedektiv, den huet erreischt genervt
3. Dei scenen wou den mellen mat an scene komm ass (an der stuff) huet hien 2-3 mol riit an d’camera geckuckt an och nach gelaacht
4. Titel fum Film, den hätt och gradesougudd keinten le cerveau heeschen. (ech wess le cerveau get et schon, mee the brain get et och schon dohier wier dat jo scheiss egal gewiecht)
5. Musik fum film, JUNGS et gin tonnen musiker hei am land dei gären fier amateur filmMaker’s musik giffen machen oder zu verfügung stellen.
6. Hätt keinten mei seier geschnidden gin, zummols zum schluss
Art on brussels:
Wat war dat dann????????
Ech duet et wier een filmowend !!!! Dat war dach belleg fier do fotoen esou ze filmen dass et herno een film get, aua
Langweil puer, hätt mier do erwart dass dei saachen gefilmt wieren an net fotografeiert…
Mee bon dat schlechst wat ech den owend gesinn hun.
Wat ech gudd fonnt hun:
1. et huet net lang gedauert
Wat ech net gudd fonnt hun:
1. Einfach alles
Video clip:
Huet mech iwwerrascht……..
Wat ech gudd fonnt hun:
1. Cool musek
2. Cool opnahmen
3. Coole schnett
Wat ech net gudd fonnt hun:
/
Marie Side:
Hat geduecht ech giff elo do mei gewuer gin, mee gespannt sin ech wann den eraus kennt mat hoffnung op origineller musek an net erem dei
filmmusek dei mer schon kennen.
Ricky:
Wou ech den Trailer um Site gesinn hun duet ech WOW, emol eng keier geil opnahmen (hannert der bänk op den prof answ.), mee leider meng entäuschung fum owend well ech mier mei erwart hat
Wat ech gudd fonnt hun:
1. Den Haaptacteur J-M Larré einfach een profi wat filmer ugeet (hat och schon gelegenheet mat him ze schaffen) Super Kerel
2. d’Idee fum film
3. Puer ganz gudd pläng zumols dei OTS, dei hun ech ganz gudd an gelongen fonnt
Wat ech net gudd fonnt hun:
1. Chapitren am film, jajajajajaja hun MECH gesteiert
2. Qualiteit fum film, hun fonnt dass zimmlech gerisels dran war, jo ech wess d’anlag fum saal ass net extra. (iwwerleed Iech fier dat fillaicht op Belval ze verleen
den Raymond huet bestemmt naischt dogeint)
3. Verschiden astellungen waren an mengen aan net scharf, deelweis onscharf
4. Fier mech deelweis e puer längten dran
5. Synchronisatioun mat der stemm huet net zu 100% geklappt
6. Stemmen un sech waren schlecht ganz schlecht, do war guer keng emotiounen dran, wei wann dat einfach esou erof gespiilt gin wier
Dreamcell:
Tjo wat soll ech do soen. typesch KML film
Wat ech gudd fonnt hun:
1. Dass dier den projet net ofgehackt hudd an aus engem LM nach een CM gemacht hudd
Wat ech net gudd fonnt hun:
1. Qualiteit fun dem ganzen, zimmlech fad an langweileg
2. Thema, mier ass et fier komm wei wann den Frank een draam hat an den einfach emol op d’Band opgeholl huet (ech hun guer naischt versta)
3. Locations dei esou schlecht ageriischt war
4. Standard opnahmen
5. Schlechte schauspiller
6. Toun war nach fill mei schlecht
P.S. Weini mach dier (KML) emol een film, wou een richtegen dialog zweschent 2 persounen dran sin mat OTS opnahmen, hun dat nach ball NIE bei engem fun äre filmer gesinn,
an dann nach är geschichten dei sin an mengen AAN………….. no comment.
Fierwat net mat der qualiteit fun film wei MONA weider machen??????
Fannen et awer gudd dass dier bängelen net bei tromm gehait an weider (filmer) macht, Wenschen Iech nach fill erfoleg.
ZF2 Trailer an Knightro enthallen ech mech, et sollen seng egen saachen net kommenteieren an wärt och zu kengem zeitpunkt iergend eppes zu desen 2 Traileren soen (hun meng grenn fierwat)
Merci an eddi
Carlo
Franky
18.12.2008
jo Carlo domat stellen ech mech zefridden! Weinstens sin do extrem vill (deelweis och gudd)Argumenter!
Den Astellung zu Openscreen ass nozevollzeien, obwuel do ab und zu extrem Päerelen gewissen gin, respektiv een gudden Iwerbleck verschaffen waat sou an der Letzebuerger Filmszeen lass ass.
ok lo schnell zu den eenzelen Punkten:
jo reng mathematesch sin praiser (waat beier an softdrinks ugeet) zu 100% an luutgaang.
Ween lo weem äddi an moien sot, sorry me dat get bessen kannerech! Et waren vill leit do dei ech mol guer net gesin hun ,respektiv keen wuert geschwaat hun. Dofier war net genuch iwersiicht, respektiv kann keen sech an 100 deelen. Wann ech engem net äddi gesot soll hun den mer äddi sot dann war ech am dusel oder krutt dat net mat
Wiesous de schiel äusserungen kruss(hei am forum?) an vun weem ass mer een rätsel.. ech well rem net op dem niveau ukommen wou all mensch den aneren upisst an attackeiert. mee soit, ech krutt genuch gequängels rietzs an lenks seit 10 joer wou ech mat filmer machen.. do stin ech total driwer.
kann mech hei just zu Dreamcell äusseren(dei aner regisseuren mussenhier eegen wierker verteidegen):
Dei ausso:”typesch KML film” ass jo extrem schlecht gewielt… Waat ass dann typesch KML?
wann den Film typesch KML film wier an sou gudd wei Mona, dann geing en jo rem beschten jugend Film vun europa gin an een prais fir Bild kreien.. nee spass besait, ech mengen KML dreint filmer an vill richtungen(vun long métrage bis kurz film, vun fiktion bis realiteit…) Kann dat sin dass den Carlo eng kleng antisympathie geint KML hegt?
1.&3. dat ass gewollt. (erklärung gin ech net heier weinst spoiler.. mee wann een eidelt zemmer am skript steet, dann ass een eidelt zemmer am filmm, all deco ass bewosst aus dem film geholl gin.)
2.do kanns de rescht hun.
4. jein, do waren der awer puer dobai(deis de zb bei BRAIN gudd fonnt hues… ) vun ennen, etc..
5&6 gesin ech net sou,, garnecher anlaag huet musek ze haart remgin, den toun ze lues
KML huet extrem vill filmer mat dialoguer an och over the shoulder(lovely days in april, liewensrees, rendolepsis.. deelweis och 31 min. an BKW)… ech selwer sin awer keen frend dovun. Punkto story, do huet KML awer och schon alles durch, vun roadmovie, bis horror, bis komplex storyen wou keen mei nokennt, bis hin zu einfachen themen dei direkt verstaan gin.
an nach een lescht wuert zu KML…am ganzen hun mer schon gudd iwer 10 filmer, dei grondverschidden sin…vun schlecht bis gudd, vun domm bis gescheit…. dat leit un der zait, jiddereen setzt sech aner zieler…et leit awer och dass mer verschidden realisateuren hun, respektiv nei crewen. Crew aus Dreamcell war eng aner wei aus Mona, waat rem aner leit waren wei bei rendolepsis.. asw. MEngen do huet jidereen aner preferenzen an den nächsten KML film geet secher net a richtung dreamcell mee rem an eng ganz aner-
Waat mech ugeet, ech hun nach cirka 10 dreihbicher am schaaf, mee ech wees net weini an weieent ech als nächst upacken. Bengelen bei tromm geheien ech secher net
Barnig
18.12.2008
Jo also du kanns net wirklech all KML film enner een hut geheien!
Soss hätt ech den DREAMCELL refuseiert, fir deen ze releasen!!
Mir hun eben biswell eng ca.5 Directors am Verain gehaat, dei all hieren eegenen Style hun. An do soll /a scho guer net ECH/ keen deenen an d’ Wuert rieden!
Dem Frank sain 2te Film ass eng daitlech besserung vis-a-vis zum BIGFOOT Film /2001. An et ass just dorems wu et ukennt.
Du wäerts gesin wann dir bis 10 Joer um Bockel hutt, sin och net mei dei selwecht Leit an ärer Crew, da kann awa dee moment keen ierch firwerfen “oooah, di zait vu de carlo na bei obskura war, do kamera vill mi proper wei elo..”
Daat ass blaa blaaa blaaa. Wanns du eemol net mi kanns bei Obskura bleiwen, da musse si sech eben en anerern Kameramann siichen, a wann dee mi schlecht ass wis du, dann ass daat eben sou, mee du kanns deem NEIEN awer net virwerfen, wei e seng Arbecht soll maan !
Mir hun eis 1998 gegrennt well mer alleguerten Lyceesgäneger waren, dei an der grousser Vakanz filmer gedreihnt hun. Waat de vollste succes war. Trotz der Uni an dem Arbechtsliewen hu mir awer no 7 Joer NET gesoot, mir geingen ophaalen, mee mir hu versiicht nei Leit (an dozou stin ech: DEI GUERKENG ahnung ufanks vu film haaten) an de klub ze huelen, an do mat eis als Filminteresse u Filmer schaffen!
Et ass ganz gud meiglech (ech hoffen et zumindest) dass mir an 2-3 Joer namol wäerten e LM dreihnen mat enger Crew mat duerchschnettsalter 17 Joer!! KLOER wäert deen dann u qualtieit verleiren, mee waat ass dann???
Du muss jo daat och betruechten.
Eis geet et einfach nemmem drem, kontinueierlech Filmer ze produzeiren.
Fir mech perseinlech ass et mi schweier, well ech de standarts vu mengem leschte Kuerzfilm muss baihaalen. Mee beschelleg dei aner doweins net! A fir mech hun ech main Hobby-Ziel scho laang areecht: e LM am Kino, an e CM internationale prämeiert!
Waat wells de mei?
Admin2
23.12.2008
den bericht an Fotoen zur Filmakers night sin online
(ass net schweier um site ze fannen)
Barnig
23.12.2008
FRANK,
Ech boikotteiren geschwenn dese Forum !!!!!!!!!!!!!!
Et steet grouss op der Haaptsait vun eisem Site !!!
KML INTERNETSAIT = NET KML FORUM
Admin2
23.12.2008
ech sin den admin, ech daerf daat. et ass jo keen LINK gepost gin… an et ass ganz normal dass an engem forum och news dei um site stin an kuerz form annonceiert gin(dat huet een op all gudd sait)
Barnig
23.12.2008
Mir siichen eis geschwenn e besseren ADMIN
Franky
30.12.2008
d’kollegen vun Espiclerite hun och eng retsch fotoen online op hierem neien site
sites.google.com/site/episclerite
Barnig
03.06.2009
Dei 2t EDITIOUN vun der FILMAKERS NIGHT ass konfirmeiert.
a wäert de 14.November zu Garnech nees ofgehaale gin.
Bis den 30.September kann a soll jidereen genuch filmer aschecken.
et get dest Joer och Praisser “PRIX du PUBLIC” a “PRIX du JURY”
maacht ierch also bai
Inscriptiounen gin et jeweils op den 3 siten vun EPISCLERITE, PYRRHUS oder KML
petz
18.06.2009
Ech liesen mat vill Interessi dass dir eng Iddi opgegraff hudd, déi ech den 27ten Mee um Brainstorming mat iech an all deenen aaneren Filmcluben, am Kader vun der Propositioun zur Créatioun vun enger “Luxembourg Federatioun of Independent Filmmakers” virgeschloen haat, nämlech :
Organize a bi-annual « Indie Film Prize » awarded by an independent jury of professional filmmakers invited by the Fed.
Weider esou, Jungs!
fuuss
18.06.2009
Jeh Jeh waat soll en do nach soen
Doctor
18.06.2009
“Neither Rainer Werner, nor any of us could have succeeded, or produced the number of films that we did, just on our own. We showed our films to each other, discussed them vigorously and rarely agreed.”
Wim Wenders
Barnig
14.12.2009
E RIESEN GROUSSE MERCI u jidereen deen de wee bis op garnech fir eis 2t FILMAKERS NIGHT editioun fonnt huet.
Nach den Owend selwer, hu mir Organisateuren scho kennen mat Freed behaapten, dass et e vollen Succes war, an daat lescht Joer getopt huet.
Un enger 3ter Editioun steet also naicht mei am Wee.
E genaue Bilan vum Owend (incl. Fotos an Praissiwerreechung) kennt demnächst online!
Merci namol,
Franky
14.12.2009
Hunn et och ganz gelongen fonnt.
“A l’abri” an “Die rache des Herbstes” hunn ech 2 ganz gutt filmer fonnt!
Ech sinn mer och secher dass dei mescht nach nie eppes vun dese Filmer a Filmemacher heieren hunn.. awer zu onrecht.
Mer hunn dei 2 filmer jiddefalls ganz gutt gefall (och wann punkto technik nach villes ze verbesseren wir) mee punkto Idee an Motivation kaum ze toppen.
Et ginn eben an eisem Land (nierwt den “groussen” Filmemacher dei sech duerch hir Filmer, awer och mat Zeitungsartikelen, RTL reportangen, Presse an eegenen Festivals een Numm gemach hunn) ganz vill Réalisateuren mat Potential an eegenem Stil.
D'”Afterparty” huet mer och gefall, et huet ee groussen Austausch vun Ideen an Kontakter mat den Réalisateuren stattfonnt.
Filmakers night ass secher net den gréissten a keen vun de bedéitestens “festivals” (wann een dat sou nennen därf) awer secher eng interessant platform fir no/low budget filmer.
Free mech jiddefalls op nächst joer an hoffen dass KML dann och rem mat engem Film dobai ass!
petz
14.12.2009
Schléissen mech mol eng Kéier ärer Meenung un. Die zweet Editioun vun der FMN wor wirklech eng Steigerung par rapport zum leschten Joër an ech kann ierch dofir just félicitéieren. D’Iddi fir 2 een Prix du Public an een Prix du Jury ennert all de Filmer vun der Soirée ze vergin, kann d’Amateur-Filmmaacher just an hierem Elan encouragéieren. An d’Filmer, déi gewiesen goufen, hun mir perséinlech wesentlech besser gefall wéi déi vum leschten Joër.
“A l’abri” wor och mäin Favorit a krut meng Stëmm fir de Prix du Public. Deem Film ass et dach tatsächlech gelongen an nëmmen e puer Minuten eng echt Spannung opzebauen an eng an sech oofgeschlossen Geschicht ze erzielen. Chapeau! Och “Die Rache des Herbstes” wor eng grouss Iwwerraschung. Do hun dach tatsächlech jonk Filmmaacher een lëtzebuerger Slasher vun 40 Minuten gedréiht an ett huet een nach nie eppes dovun héieren, obwuel de Film wirklech nët iwwel gemach ass. Schued just, dass all d’Ufänger – trotz Warnungen an allen Filmbicher, Artiklen a Siten – einfach keen anstännegen Toun beim Tournage mat ophuelen. Wann deen nach an der Reih gewiecht wier, wier “Die Rache des Herbstes” mäin Favorit gewiecht. Die Jongen (an Meedercher) hun sech wirklech Méih gin.
Virun allem hun ech ett ganz stark fonnt, dass ett den Organisateuren vun der FMN gelongen ass, nei Talenter am Amateur-Beräich ze entdecken an engem Publikum ze présentéieren. Kann nëmmen soen: weider esou! Ett kann een wirklech gespaant sin, waat déi jonk Filmmaacher nach alles an Zukunft bréngen werden.
Barnig
15.12.2009
Daat mam Toun an deelweis verwackelter Kamera huet mech guernet gesteiert, eischter am contraire:
All di Filmer wu gelaaf sin, hu mech un eis (Pre-)KML Zait arennert, do hu mer ähnlech Filmer gedreihnt.
Su Elemter stärken fir mech en Amateurfilm!
Di 3 Videoclips z.b. hun ech qualitativ (natirlech) am beschte fonnt, mee ass daat wierklech na Amateur (?!)
Fir lo net nees daat selwecht Diskussiounsthema unzesteieren, mee fir mech geheieren su kleng “onperfektheeten” einfach zu engem 100%egen Amateurfilm dobai!
An ech war riichteg stolz, dass all Praisser un sou Elementer gaangen sin, a keen HD Film gewonnen huet, daat get mer awer na bessi hoffnung!
Franky
15.12.2009
zum Die Rache des Herbstes:
dei tounproblemer am ufank vum film hunn mech och genervt.. Toun ass a bleiwt emmer een problemkand am amateurbereich.
D’bild huet och geruckelt, dat war awer anscheinend een problem bei der emwandlung vun enger Datei.
Ganz onbekannter sinn d’Produzenten net, schon 2003 hunn se mat puer sketcher zum next riddly beigedro.
Bewonnernswert fannen ech dass de film an 9 Deeg geflimt gouf, an a weider 9 deeg geschnidden gouf.
Dei 3 videoclips waren wirklech extrem gutt
a wéi de Petz sot, l’abri huet wirklech direkt Spannung opgebaut… vlait och grad wéinst senger wackeleger kamera…
eng néi HD kamera mat properen pläng hätt secher méi problemer gehaat sou eng atmosphere opzebauen.
Ech fréen mech op déi nächst FMN!
petz
15.12.2009
@marc:
Kann nët mat der averstan sin. E schlechten Toun stärkt vläit den Amateur-Charakter vun engem Film awer ganz sëcher nët de Film selwer. Wann d’Zesummenaarbecht tëscht den eenzelnen Akteuren a Kluben aus der Amateur-Szene besser fonktionéieren géif, da géif een deem aaneren höllefen esou Ufängerfehler ze vermeiden. Nostalgie un die eegen fehlerbehaft Ufäng ass mir mech do fehl um Plaz, schliesslech sollt ett jo drëms goen den Amateurfilm allgemeng zu engem besseren Niveau ze verhöllfen an esou och d’Attraktivitéit fir de Publikum ze steigeren. Wann een nët versteet waat d’Akteuren soen, dann steigen die meescht Zuschauer direkt aus dem Film eraus aus an daat ass wirklech schued well de Film vläit soss Qualitéiten huet.
Franky
15.12.2009
marc, hues du hinnen net duerno de micro ginn?
Barnig
15.12.2009
Dach si hun lo een fir de nexte projet
Barnig
15.12.2009
Wat ech awer och nach well soen, praktesch jidereen vun deenen Filmemaacher, ass neechst Joer nees mat dabei.
A sou kann een dann (Petz) vill besser gesin, wei d’Amelioratioun vun den eenzelnen weidergeet.
Mee als Ufanksfilm, kann een engem daat net iwel huelen, a gesin daat wi gesoot net als besonnech nervend.
Si secher doheem op der Tele versteet een alles.
Franky
15.12.2009
jo, mee hannen am sall hun ech den dialog net matkrutt. war awer just ee klenge minuspunkt.
Trotzdem super film mat puer gudden szeenen!
Mich
16.12.2009
Fir mech ass den Toun am Film awer mindestens genausou wichteg wéi d’Qualitéit vun de Biller. Wann een den Toun net versteet, ass eppes wat engem Film immens schued… mee ugesprach op den “Die Rache des Herbstes” froen ech mech awer op net déi Tounanlag an de Schall vum Sall och mat Schold dru sinn, dass een net vill héieren huet, wann z.b. den Toun vun deem Film op der DVD vläicht méi lues war wéi bei den anere Filmer. Ass eng Fro déi ech mer gestallt hunn… Wann den Toun och net perfekt ouni Rauschen ass, dat ass net sou schlëmm, mee et muss een awer d’Akteuren verstoen wat se soen.
Soss war den “Die Rache des Herbstes” awer e gudde Film, deen ënnerhalen huet, a fir munch Iwwerraschung gesuergt huet. Weider sou, Milli, Christian, Cheryl an déi aner aus der Pépinière-production Ech si schonns op äere nächste Film gespaant!
Technesch a vun der Atmosphäre hir war den “à l’abri” fir mech och dee beschte Film vum Owend, dass a sou kuerzer Zäit Spannung opgebaut gouf an ee selwer souguer ugespaant war, dat brénge vill Filmer net fäerdeg. Respekt dofir!
Déi 3 Clips zum Schluss ware natierlech technesch och top, mee et kann een se eben net direkt mat deenen anere Filmer vergläichen!
Am allgemenge gouf sou en intressante Mix vu Filmer op der Filmakers Night gewisen. Dofir en décke Pluspunkt.
Soss géif ech soen hunn d’Organisateuren vun der Filmakers Night alles richteg gemaach, et war e flotten Owend. Just d’Traileren an d’Teaseren ware vläicht net ganz gutt am Programm plazéiert, well vill Leit du net méi konzentréiert nogekuckt hunn, an d’Traileren sou hiren Effet verluer hunn, nämlech fir anere Leit e Film virzestellen. Do kéint ee vläicht nächste Kéier kucke fir déi anescht an de Programm anzebauen…? Ech freeën mech elo awer schonns op déi nächst Editioun
@Marc: ech duecht “Die Rache des Herbstes” wier mat enger HDV-Kamera gefilmt ginn, oder ieren ech mech??
Barnig
16.12.2009
Jo dass wouer, ass mer awer net opgefall während dem film, mee hien haat jo e konverteierungsprobleem am ganze film
petz
16.12.2009
Die ganz Diskussioun HD oder nët ass an dësem Fall nët wirklech relevant well de Film op DVD geliwwert gin ass an dann souwisou op SD-Opléisung erofskaléiert gouf fir op engem normalen DVD-Player laafen ze können.
Franky
17.12.2009
richteg.. eng blu-ray war net zegesinn….
Barnig
17.12.2009
a wann da wier kee BluRay Player dogewiercht
Barnig
15.10.2010
Gescht war eng Premiere vun 2 Filmer vum Ady:
LA FAMEUSE ROUTE (leider keen amateurkino mei, mee vun Tarantula produzeiert)
an
MANO DE DIAS
Di 2 Filmer sin op alle Fall sehenswert, a kennen op der Filmakers Night namol bewonnert gin. Wubai LA FAMEUSE ROUTE hors competition leeft.
verroden doweins o net mie
Franky
15.10.2010
cool
mano de dios misst de film richteg heeschen
Barnig
18.10.2010
Hei o namol de RAPPEL u JIDEREEN:
Op der FILMAKERS NIGHT dest Joer get et eng Rubrik + e Praiss fir dee beschten “100 SEKONNEN FILM”
Maacht ierch bai, a dreihnt na schnell su e klenge Filmchen ,… bessi Imaginatioun a GO !
fuuss
18.10.2010
Gett et schon eng Affiche fun der Film akers Night , mam Program , resp waat kann een gewannen ?
Barnig
19.10.2010
Ganz flott Praisser ….
Programm ass na net do, well Asendungen bis Mett November gin
Franky
19.10.2010
de greiste Prais ass dach souwiesou den Applaus vum Publikum!
fuuss
19.10.2010
Wei waer et mat enger Red one Camera , daat geif mer zum Beispiel schon gefaalen , oder en Mac sprengen mam Fuuss , waer dach och schon net schlecht
Franky
19.10.2010
beim Mac sprengen wier ech gaeren dobai
fuuss
19.10.2010
niiice , also den Sprengst… hun ech brauchen mer just nach en MAC …. PEEETTZZZ mir brauchen dech
petz
15.11.2010
Camera Obskura wärd leider keen Teaser/Trailer op der FMN weisen. Mir sin am Moment einfach beruflech a privat zevill agespaant fir eppes Seriöes bis Ufank Dezember zesummenzeschneiden. Sorry!
Franky
15.11.2010
schued…. mee dann leiwer keen Teaser wei een seier gewurschtelten.
Franky
18.11.2010
Ech hoffen KML kann e puer nei Saachen weisen…. mengen et gesait ganz gutt aus dass dei eng oder aner néi Saach gewissen get.
Barnig
19.11.2010
… mengs de ….
Franky
19.11.2010
ech hoffen
petz
02.12.2010
Wann mer dës Joër schon näischt weisen, hei e kléngen Souvenir. Hätt en gär an HD gewiesen, mee mir haaten de Projet kuerz no der Editioun 2008 bei engem Server-Crash verluer (yeah, bloody beginners)… : vimeo.com/channels/cameraobskura#15868043 Obskura’s Filmmaker’s Night 2008 contribution
Barnig
03.12.2010
Dest Joer ass de Programm op alle fall nees rammelvoll … mussen bessi selektioneiren … kee film iwer 20min dabei.
de genaue Programm kennt a neexten deeg …
petz
03.12.2010
Ech sin gespaant! Lescht Joër haat mer de Programm schon zimmlech gudd gefall. Wier dann iwwerhaapt nach irgendwou Sputt fir 2-3 Minuten enner Dach ze bréngen? Froen mol einfach sou…
Barnig
06.12.2010
Also ech denke schon ,… allerdings -hors competition- well de programm iwermuer released get. an dann och formulairen prett sin, Trailer an Teaser ka jo och jidereen na matbrengen, fir während der JURY-Decisioun ze projekteiren.
Waat ee lo scho ka verroden:
All Guest kriit nees e quiz auszefellen, wu dee beschten e Praiss gewennt.
All Guest kriit e Choix fir sai Favorit (su dass um Enn vun der soiree de Prix Publique verdeelt get)
All Guest huet den EXKLUSIV droit de Beschte Clip ze wielen (!)
(Dese Choix bleift net bei der Jury, mee beim Publique)
D’Jury bewert Plaatzen 1-3 vun de beschte Filmer, suwei de Beschten “100sek.Film”
Franky
07.12.2010
ech hoffen de publique wielt rem ee gudde Film
petz
07.12.2010
Fro: Gin d’Projektiounen den Samsden op engem HD-Projekter gemach?
Barnig
08.12.2010
Ma daat wollte mer mol probeiren,
De Projekter misst normalerweis HD-ready sin, op daat awer alles su klappt daat get bessi “getest”
Dest Joer neehmlech nach waren d’Ufroen vun de Filmer jeweils alleguerten op DVD (!) Vun dohier lait och all Film an SD fir.
Lo ass et awer sou dass mir eis Filmer z.b. op HD gedreihnt hun, su probeire mer op alle fall e samschden mol, FALLS filmer als HD-Fichier virleien, daat mettels Laptop a Projekter ze maan. Fir mol ze kucken op daat och sou funktioneiert.
Mir wollten neehmlech bewosst dest Joer nach mat DVDs schaffen, well einfach nach ze vill hin an hier gespillt get mat den HD Fichier’en, a jidereen huet do emmer aner Fichieren, su dass den DVD (trotz der schlecher -mee daach na akzeptabler- Qualiteit) nach 2010 als Standard virgesin get
petz
08.12.2010
Ok, no Rëcksproch mat onser Equipe, hun mir décidéiert de Samsden absolut exklusiv fir d’Filmmaker’s Night een Teaser vun “Luxembourg Mystery Tale” ze weisen. Deen Teaser wärd ët just bei ierch um Festival ze gesin gin an wärd och dono op manst während engem halwen Joër nët um Internet ze gesin sin. Déi Leit déi sech fir den LMT interesséieren, sollen also d’Filmmaker’s Night nët verpassen! Ech perséinlech fréen mech drop vill gudd Filmer ze gesin an natirlech op d’Reaktiounen vum Publique op onsen Teaser. Mir bréngen deen dann souwuel als HD-file als op DVD mat.
Franky
08.12.2010
Yeah, endlech rem eppes exclusives (sou wei virun 2 Joer)
fuuss
08.12.2010
Gett et eng meiglechkeet eng MediaBox drunzeschleissen , weinst dem Toun , Video ass HDMI ?
fuuss
09.12.2010
wei sin Connectiounen fir SOundanlag ass daat Cinch ?
Barnig
09.12.2010
Och hei well ech namol drop hiweisen:
“HD” ass emmer nach an enger testphase, och wa KML oder dei aner 3 ASBL´en deemno vlait bessi hannendra sin . OK, dann ass et ebe sou, mee et ass bei eis na “en test”
DVD dest Joer obligatoresch fir Filmer.
Fir Trailer/Teaser um Schluss vum owend, WANN do leit hieren eegen Laptop oder MagicBox (oder wei och emmer daat heecht) matbrengen, ass jo ok wann et geet.
Den Toun ass normale KINCH
Barnig
09.12.2010
Mir maan den owend selwer och HD tester … fir dass mer daat sou kenne kucken op daat fir neechst Joer geet.
Mee leiwer fir d´eischt testen, an da reicht fir di next editioun anescht plangen
Barnig
10.12.2010
Hei EXKLUSIV de Programm vum Owend:
EISCHTEN DEEL:
==========
>COURTS-METRAGES:
Mano de Dias (vum Adolf El Assal)
Arrows (vum Aili Alber)
Le mépris (vum Neshvad Cyrus)
Entre paranthèses (vum Nadia Masri)
Les pecheurs (vum Eric Chmara)
Mister Knitty and the cardboard house (vum Frank Hansen)
Decouverte (vum Samson)
KIM (vum Jugendhaus Wasserbillig)
Run in (vum Vangelis Anthimos)
>100 SEK.FILMER:
Casting d’enfer (vu Pyrrhus Movie Production)
Fish (vu KML)
Pyroboy (vun Episclérite)
Protect yourself (vum Réseau video des maisons de jeunes)
Zombien zu Dommeldange (vum Engelberg Claude)
The Stalker (vum Neshvad Cyrus)
Nicht ohne die Ausrüstung (vum Nerea Navarro-Zabaleta)
Hip Hop (vum Jugendtreff Hesper)
Vivaldi (vu KML)
Dreaming Neon (vum Engelbert Claude)
Use a condom (vum Vangelis Anthimos)
ZWEETEN DEEL:
==========
> COURTS-METRAGES:
L’Hésitation à disparaitre (vum Eric Chmara)
Physical Appearances (vum Neshvad Armand)
Break Dance (vum Jugendtreff Hesper)
Next Stop Heaven (vum Emile Milli Schlesser)
Aschenbrödel (vum Isabella Kohl)
It sound’s better with you (vum Ryan Baladzadeh)
Lightning strikes twice (vum Claude Hansen)
> VIDEOCLIPS:
Francis Cäibrel – En gore, En gore (vu Broken)
My Love (vum Adolf El Assal)
She do (vu Pyrrhus movie productions)
R-Mano – Le jardin d’Eden (vun Episclérite)
Godié (vum Adolf El Assal)
Le canard (vu Broken)
voila!
Bis e Samschden
(Si puer ganz flott Pärelen dabei)
Franky
10.12.2010
fannen dat ganz gutt dass sou vill Filmer vu ganz vill verschidde Realisateuren gewissen ginn!
mat Phyrrhus, Episclerite, KML, Camera Obskura sinn Filmverainer am Land ganz gutt vertrueden
petz
10.12.2010
Yes, de Programm kléngt zimmlech viel verspriechend. Dier hudd elo keng weider Auerzäiten ugin. Wéi lang daueren ongeféier die zwee Deeler? Mir sin dës Joër op alle Fall vun Ufank bis Schluss dobäi.
Wann ech daat richteg verstan hun, wöllt der dass mer onsen Teaser ganz um Schluss weisen. Ech kann domat liewen, och wann ech eng liicht Präferenz hätt fir en um Schluss vum éischten Deel ze weisen. Wann en soll ganz um Schluss gewiesen gin, wier et just flott wann och d’Jury en gesin kéint, well hier Meenung interesséiert ons natirlech och (och wann den Teaser hors compétition leeft).
Barnig
10.12.2010
Dei 2 Deeler dauren ongefeier 2x 75′
Dee längste Film mecht 15min.
Teaser/Trailer gi leider reicht ganz um schluss gewisen. fir dass Obskura eis net fortleeft
petz
10.12.2010
Dann bleiwt et och bis zum Schluss spannend… a spannend werden mer et sëcher machen!
Vun onser Equipe können leider nëmmen 4 Leit dobäi sin. Daat ass natirlech schued, well mer gär all do gewiecht wieren mee et gin eben och aaner Prioritéiten am Liewen. Den Teaser ass op alle Fall vun onser ganzer Equipe approuvéiert gin.
fuuss
10.12.2010
Serieux dei 30 minuten , ech haat awer gesoot ech geif daat bessen laang fannen fir en Teaser me soit , dann och fun mir approuvéiert.
Barnig
10.12.2010
Sin op alle fall awer och gespaant … an hoffen um enn vum Teaser e klengen datum ze liesen
fuuss
10.12.2010
an dann nach eng kleng Info
Zitat : fir dass Obskura eis net fortleeft
Also wann der demols eppes ziessen do gehaat haett , waeren mer och bliwen , verschidden leit (ech well jo hei keng Nimm nennen ) ( ziemlech cool Leit ) haaten bis eng Stonn firun der Filmmaker’s Night , mat enger Nuecht firdrun , contant um Projet geschafft , fir dass mer en weisen konnten , noutgedrongen waren dei Persounen , 1) Komplet gebrach an doudmidd 2) Hongerech well se och neischt giess hun . Et war also keen disrespekt ok Anstellungssach , ech fannen besser dann eppes iessen z goen an an Bett wei firun engem Film ( den saugutt kann sin ) ze schnarchen well daat ass an mengen Aan disrespekt. Voila ech well och kengem do notrieden , wollt daat just nach eng Keier kloerstellen
petz
10.12.2010
A souwisou : wann mir goen wéilten, géifen mir eben goen, mir hun den Teaser jo schon gesin mee de Fuuss huet daat schon ganz richteg erklärt an lescht Joër woren mir och bis ganz um Schluss bliwwen well mer nët bis an d’Nuecht geschafft haaten, virdrun giess haaten a well zimmlech interessant Filmer gelaaf sin.
@marc: Een Datum? Du hues mäin leschten Blog nët gelies, ech sin batter enttäuscht…
Barnig
11.12.2010
Fuuus,… ass ok
Petz, dach hun ech mee hoffe kann ee jo emmer … a speitstens beim riichtegen Trailer, kenn der mer net zielen, dass der keen datum wäert do hannendrun setzen
ass awer alles net schlemm, arenneren drun, dass my STATUSego o na als Dezember2010 duerchleeft -.. wubai daat net stemmt
petz
12.12.2010
Een vun den interessantesten Deeler vun der FMN sin jo all Joër die Diskusiounen déi direkt no de Filmer op der Plaz an die Deeg dono hei am Forum gefouert gin, also lancéieren ech mech mol:
Organisatioun:
Fir d’éischt emol Félicitatiounen un d’Organisateuren. Bis op den kléngen Toun-Problem am Ufank vum Owend, wor d’Soirée gudd organiséiert a bleiwt bis op Weideres deen eenzegen groussen Treffpunkt vun der lokaler Amateur-Szene. Entrées’s an Gedrënks-Präiser woren absolut korrekt and d’Idée eng ganz Reih Präiser op der Soirée ze vergin, ass och ganz begréissenswert. D’Iddi vun der 100 Sekonnen-Kategorie onbedéngt beibehaalen! Do woren mat die flottsten Filmer ze gesin. Wann nächst Joër och nach de Schratt zum HD gemach gët, dann ass d’Manifestatioun eng ganz ronn Sach. Eenzegen Kritikpunkt: géif mer méi a besser Publicitéit fir den Festival wönschen. Op alle Fall, Félicitatioun un die 3 Organisateuren, déi sech fir den Amateurfilm asetzen.
Filmer:
Miss Knitty and the cardboard house
Haat jo d’Hoffnung schon baal opgin, dass ech daat jemols soen géif, mee deen Film, deen mech am meeschten iwwerzeecht huet, wor d’KML-Produktioun “Miss Knitty and the cardboard house” vum Frank Hansen. Vu dass ech deem Film meng Stëmm fir den “Prix du public” gin hun, huet et mech natirlech gefreet, dass och aaner Leit d’Qualitéiten vun deem Film erkannt hun an dass en herno den “Prix du Public” och tatsächlech gewonn huet. Dass de Film och den “Prix du Jury” krut, weist dass d’Zuschauer sech nët geirrt hun.
De Film ass originell, huet interessant Figuren (d’Rollen vun der Spann a vum Miss Knitty sin exzellent besaat :), huet eng flott Geschicht, déi filmesch originell ëmgesaat gouf an vum Vivi wirklech ganz uerdentlech op Englesch erzielt gouf. Esouvill ech mech ustrengen, ech fannen keen wirklechen Kritikpunkt an zéien mäin Hut virum Iwwerraschungshit vum Owend. Deen Film haat fir mech schon baal burtonesque Qualitéiten. Bravo!
Vivaldi
Die zweet Iwwerraschung, waat soen ech, schon baal de Schock vum Owend. De Marc Barnig mëcht Auto-Dérisioun an mëcht daat och nach gudd! Een vun den Filmer, déi die meechten Lacher krut an daat ass eng zolitt Leeschtung. Marc, du hues echt komödiantescht Talent bewiesen. Dovun géif ech mer an Zukunft nach méi wönschen.
100 Sekonnen-Katégorie
Niewt dem Marc sengem Vivaldi, woren an dëser Extrem-Kuerzfilm Katégorie ganz vill flott Filmer ze gesin. An Erënnerung bleiwen mir do spontan “Pyroboy” (absurd gudd) a “Casting d’enfer” (witzeg), mee och bei den aaneren, wor näischt dobäi waat wirklech schlecht gewiecht wier. Fir mech d’Katégorie vum Owend!
Aaner Highllights
Mäin zweeten Lieblingsfilm vum Owend (nom Miss Knitty) wor de “Next stop heaven”. Gudd gespillt, propper gefilmt, eng nët ganz originell, dofir awer flott erzielten Geschicht. Mat 10 Minuten een vun den längsten Filmer vum Owend, awer een wou d’Zäit am séiersten vergang ass. Hun mech gudd ënnerhaal gefillt an dorops kënnt ët e mengen Aan bei engem Film un.
Interessant hun ech och die zwee Filmer vum Eric Chmara fonnt: “Les pêcheurs” an “L’hésitation à disparaître”. Do sin gudd Iddéen dran, déi ech just deelweis e bëssen schwéierfälleg ëmgesaat fonnt hun. Die zwee Filmer hätten können ee gudd Stéck méi kuerz sin (z.b. d’Szene wou die zwee Apostlen am Lift op de 5ten Stack fueren ass total iwwerflësseg an dréit guer näischt zu der Geschicht bei) an wieren doduerch wesentlech méi knackeg gin. Mee d’Iddéen, d’Schauspiller an deelweis d’Kamera woren interessant.
Katégorie : Genial
Nët maaner wéi GENIAL woren fir mech die zwee “hors compétition” gewiesen Musikclips vun Broken (“Francis Cäibrel en gore, en gore” an “Le canard”). Daat wor esou genial niewt der Plaque an esou dynamesch an Szene gesaat, dass déi Jongen onbedéngt op MTV oder soss op der Télé laafen missten. Die Song-Texter woren absolut Witz-Granaten an ech wéilt gär gesin, waat déi nach esou geleescht hun.
Voilà, daat woren esou à chaud meng Impressiounen vum Owend.
Barnig
12.12.2010
Merci Petz…
io um Niveau vun der publiciteit musse mer wirklech na bessi schaffen … huelen eis daat fir fir next editioun, suwei den Envoi vu Fichieren a net mei vun DVDs … mee daat gesi mer an den eischte versammlungen dei schon am Januar/Februar nees wäerten lanceiert gin.
100Sek Kategorie bleiwt secher, an ech sin och der iwerzeechung dass mer do next joer na vill mei filmer kreien, well -si mer eierlech- et ass keen Challenge e klenge witzegen film ze zielen
Ech well op deser Plaatz awer namol jiderengem merci soen, deen do war, an natirlech och de Filmer feliciteiren dei gewonnen hun. Genau sou wei 2009 waren och Praisser 2010 menger Meenung no gud verdeelt!
Hei namol d´Praisser:
PRIX SNJ
“Kim” vum Jugendhaus Wasserbillig
PRIX “100 SEC.”
“Hip Hop” vum Jugendtreff Hesper
PRIX “Clip Video” (egaux)
“Francis Caibrel – En Gore En Gore” vun Broken
an
“R Mano – Le jardin d´Eden” vun Episclerite
PRIX “Public”
“Mister Knitty and the Cardboard House” vum Frank Hansen
PRIX DU JURY
3.
“Next Stop Heaven” vum Milli Schlesser
1. (egaux)
“Mano De Dias” vum Adolf El Assal
an
“Mister Knitty and the cardboard House” vum Frank Hansen
felicitation!
Franky
12.12.2010
zum Mr Knitty schreiwen ech glaich eppes ennert der Rubrik zum film…
mee lo als eischt zur FMN e puer Kritiken :
– sound problem war wierklech nerveg an ech fannen et schued fir den eischten film dass deen doduerch bessen massakreiert ginn ass
– Feeler an de reihenfolg: 100 sekonnen filmer an Clips sinn an enger falscher reihenfolg gelaaf…. fannen dat fatal wann d’leit net oppassen an doduerch vlait dem falschen film eng stemm ginn
– Feeler am Quiz: Pascal werveke ???
– Feeler an de Filmtitelen: op der programm lescht stung “Miss knitty”, op der voting lescht stung “Mr Knitty”
– Ooflaaf vum Programm: Traileren sinn leider bessen ennergaang well grad virdru gesot ginn ass dass een de Voting ziedel misst ausfellen. Dorops hinn si puer leit rausgaang oder hunn op den Ziedel gekuckt an net op den Ecran.
Fir de rescht war ech zefridden De Mini Festival ass um richtege Wee!
Fotoausstellung, 100 sekonnen filmer an dei immens ofwiesslung (well et eben ganz vill kuerz filmer sinn) machen den Owend extrem dynamesch. Ganz gelongenen Owend, neien zuschauer rekord… waat well een méi.
Franky
12.12.2010
an nach zu de Filmer:
Mein absoluten TOP film war den “Next Stop Heaven”. D Milli Schlesser huet genee sou wei lescht joer rem een extrem gudden Film ofgeliwwert. Fir mech den highlight vum Owend, ech hoffen de Film probeiert et nach op aneren Festivals nächst Joer!
L’Hésitation à disparaitre (vum Eric Chmara) war een aneren Favorit. Ech ginn dem Petz recht, bessen Feinschliff feelt. Mee d’acteuren an mise en szeen ass greissendeels extrem gelongen. Ech hoffen nach mei vun der équipe ze gesinn.
Dem Ad el assal an dem Cyrus seng Filmer hunn och emmer hier extrem gutt Qualiteit. Ech haat mech bessen mam Cyrus an seng zukunfteg Projeten iwerhaal an ech sinn secher dass do nächst joer een ganz groussen Film mat letzebuergescher Kultbestzung op eis duer kennt.
Bei aneren Filmer haat ech oft extrem problemer nozekommen (Entre paranthèses `? Les pecheurs ?) mee eigentlech hunn ech dat gaer duerno iwer de Film ze diskuteieren.
100 sekonnen filmer waren och alleguerten ennerhaalsam. Sinn awer dofier dass den Publique an zukunft des katagorie bestemmt. Well et ass quasi onmeiglech fir eng Jury do eppes ze decideiren well filmer ze ennerschiddlech sinn.
bei den traileren huet den Obskura trailer alles iwertraff( war net wirklech iwerzeegt vum 2 friends teaser…) a bei de clips waren d’kollegen aus pareis menger meenung och absolut iwerzeegend.
Barnig
13.12.2010
SOUND PROBLEEM … jo ass eben “Amateurkino” hun eis jo och entschellegt, an e Praiss krut den Ady awer
Mettes beim Test war et iwriens keen Tounprobleem
Dass den Toun beemol komplett fort war, war iwriens meng Wurscht (Duercht et kinnt een d’Anlaag hannert dem comptoir mol einfach sou auschalten
-Reihenfolg feehler, Feehler am Quiz a Filmtitelen (liicht) ka virkommen … ass lo net sou tragesch, muss een ebe bessi oppassen.
Punkto trailer hun ech schon ebs geschriwen, a fannen daat FALSCH, wanns de sees, dass do kee mi oppasst, ech hu just drun arennert, dass speitstens lo ziedelen mussen ofgin! De Voting hätt ee locker scho kinnte während de Clips maan !!
petz
13.12.2010
@franky & marc :
Ehrmm, ech hun grad een Echo héieren, sin mir 3 eigentlech nach die eenzeg hei am Forum? Misst een sech mol rëm eng afaalen loosen fir méi Stëmmen ze héieren… Hun awer och keng Iddi wéi een daat mache kéint. Dach, mir kéinten ons vläit firchterlech hei zerkaatzen, daat géif vläit e puer Schaulustige unzéien.
Bon, over and out!
πr
14.12.2010
Wat mir opgefall ass, dass vill Filmer sech mam Thema Doud, Suicide a “Sënnen” beschäftegen. Donieft ass mer opgefall, dass keen ee Film op Lëtzebuergesch war … schued
Fir de ganze Rescht vum Owend: a bis zum nächste Joer
Barnig
14.12.2010
Also Visiten hu mer genuuch
Dajee …. dir Leit!
Gid aus Ierch eraus, a schreift !!!
Barnig
14.12.2010
Daat mam letzebuergeschen huet mech och bessi gesteiert.
Su schlecht ass di sproch guer net .. doweins haate mer awer bspw. am Film KIM letzebuergesch-daitsch, an daat huet mech köstlech amüseiert, well daat staark un eis James Bond Zait arennert:
“Kim …. wo bist du?? Wenn das ein Spaas sein soll, dann bekommst du eine!”
-MEGA !!!
Franky
14.12.2010
@petz: et liesen genuch leit hei mat ! oft sinn bis zu 5 leit glaichzaiteg am forum (petz, marc, frank, ?, ?)
Barnig
08.08.2011
FILMAKERS EDITIOUN 04
Fuert duer an dreihnt flaisseg är Filmer!!
(opmanst en 100sek Film)
Deadline: 01.NOVEMBER
petz
10.08.2011
Wéi ëmmer : super Initiative! Fréen mech op die nei Editioun.
Wann der de Festival an Zukunft ausbaut, wier ët nët eng Iddi dofir eng url ze réservéieren fir dem Festival an Zukunft eng eegen Websäit ze gin an firwaat nët no all Festival d’Filmer dorop ze veréiwegen (z.b. iwwer youtube oder vimeo embedding)? Vu dass et sech jo ëm nët professionnel Filmer handelt, dierft daat vun den Rechter hier nët allze komplizéiert sin an géif den Participants eng flott Plateform gin fir hier Wierker ze weisen.
Barnig
11.08.2011
Ass eng gudd Idee … gin d’Info mol weider–
Get et dest Joer den offiziellen Trailer, Petz?
petz
11.08.2011
Wann mit ët packen, ganz gär!
Barnig
12.08.2011
Da ma mol bessi Damp dahenner
Froen dech lo schon 3 Joer no deem Trailer
petz
12.08.2011
Waat kann ech soen? Mir dauert et och ze lang mee leider ass Filmmachen nët mäin Haaptberuf a mir hun just eng kléng Equipe esou dass et eben just ganz lues virun geet. Beim nächsten Film organiséieren mir ons aanescht… Mee egal: Haaptsach de Film gët gudd a gefällt de Leit wann en eraus könnt.
Franky
17.08.2011
Resultat ass emmer dat waat zielt.
Barnig
18.08.2011
vlait jo… mee et soll een awer o net zelaang un engem film bastelen.
denken iwer 3 joer ass net gud!
Doweins kennt eise longmetrage och ufanks next joer raus
Franky
18.08.2011
secher marc???
petz
18.08.2011
3 Joer ass effektiv eng lang Zäit mee ee Film ze man, deen herno e bessen no eppes ausgesin soll, ass eben vill Arbecht. Op alle Fall e bessen mei wei mer geduecht haaten och wann mer wossten waat op ons duerkommen geif.
Mam Film alleng ass et jo och net gedoen. Do muss jo och nach eng kleng Marketing-Campagne virbereed gin, e flotten Filmposter gemach gin, een eegenen Site virbereed gin, een Trailler zesummengeschnitten gin, Sponsoren gesicht gin, Pressearbecht virbereed gin, Hardware-Problemer geleist gin, d’Equipe bei der Stang gehaal gin, ab und zu een Optragsfilm gemach gin fir e bessi Suen ze kreien, etc.
Wann een daat alles net haaptberuflech mache kann, huet et och kee Wert een Release-Datum erauszegin. Kann een just drun bleiwen an Léieren draus zéien fir e nächsten Projet. Wann de Film endlech färteg ass, wärd een hoffentlech gesin firwaat et esou lang gedauert huet. Mee ech sin mam Marc averstan : et dauert ze lang. Nächst Woch hun ech eng Woch Congé just fir um Film ze schaffen. Bréicht awer op manst e gudden Mount fir just de Montage ze man…
Barnig
19.08.2011
Mess du de Montage ?
Franky
19.08.2011
Dofier: NIE release dates erausginn!
Aner Filmverainer hunn och schon release dates zu Monsterprojeten erausginn dei sech dann em 2-3 joer verzögert hunn oder nach emmer net erauskomm sinn.
Mengen KML ass dofir mettlerweil extrem virsichteg mat Datumer
Soulang Film just een Hobby ass, verzögert et sech emmer. Et kann een net einfach 1 Mount congé huelen an ennertauchen(handy aus!) an just um Film schaffen. Beneiden bessen dei Leit dei dat professionnell machen. 8 Stonnen am Dag fir de Film geingen gutt kommen!
Mol kucken op KML nach “spontan” puer nei mini-filmer fir Filmakers Night faerdeg kritt
petz
21.08.2011
Hun am LMT-Thread geaentwert.
Barnig
22.08.2011
Da geff dech mol drun!
Franky
27.10.2011
Mein spontanen mini film ass faerdeg hoffen just en gett ugeholl an leeft dann am Kino
Een Mister Knitty ass et zwar net ginn, hoffen trotzdem dass dei 100 sekonnen ennerhaalen
Franky
12.12.2011
meng Meenung iwer den Owend:
Den Owend war gutt besicht (neien Besucher rekord fir Filmakers night??) an gutt organiseiert. Wann een bedenkt dass desen Filmowend virun 3 Joer zu Garnech nach relativ kleng ugefaang huet (maner Leit, keng richteg Praisser…) an lo awer sech positiv weiderentweckelt huet… Den Organisations comité vum Filmakers Night huet sech do richteg Méih ginn an naischt dem Zoufall iwerloss. Schued dass et d’Filmakers Trophäe nach net lescht Joer ginn ass, ze gär hätt ech dest Unikat bei mer doheem am Regal stoen. Et ass och schein ze gesinn dass emmer mei Filmemacher a Clubs (bis op een üblechen Kandidat deen et nie packt) aus dem Land den Wee op Garnech(oder op Esch wei dest Joer) fannen an een reegen Austausch an der Szeen stattfannt.
D’Filmer u sech waren teschnech op engem vill mei heichen Niveau wei virun puer Joer. Ech perseinlech hunn awer fonnt dass awer kee Film sou richteg erausgestach huet (virun allem waat Kreativiteit ugeet) an dofir Jury eng quasi onmeiglech Aufgaab haat. Luch vlait och einfach drun dass de Kontrast tescht de Filmer net mei sou grouss ass.
A lo zu menger perseinlecher Kritik:
– Den Owend war vlait awer bessen ze laang. Cirka 20 Minuten maner Programm hätt den Owend dann nach bessen manner langotmeg gemach.
– Et misst een vlait nach punkto Kategorien eppes änneren. Ech wees zwar net wei, mee et steiert mech dass zb een gelongenen miniclip iwer Kaffi mat engem Status>Ego konkurreiert. Et ass onmeiglech sou eppes ze verglaichen an ze bewerten. Och op d’Fro :” ass dat doten nach een Amateur film an däerf en matmachen?” ass schweier eng gutt äntwert ze fannen.
Mee am groussen Ganzen
petz
12.12.2011
Sin mam Franky senger Analyse grosso motto averstan.
– De Choix an den Ariston ze goen, ass ee gudden Choix. Bravo! Daat ass eng kloer Opwertung, souwuel fir d’Filmer déi gewiesen gin, well jo all Realisateur dovun dreemt säin Wierk op der grousser Leinwand ze gesin, wéi och fir d’Zuschauer, déi vum Comfort vun engem richtegen Kinosall profitéieren. An den Angangsberäich vum Ariston ass jo ideal fir ee lockeren Szenetreff.
– E bëssen méi een selektiven Choix bei de Filmer hätt ech begréisst. Dann wier den Owend nët grad esou lang gewiecht.
– D’Qualitéit vun de Filmer hun ech dëst Joër manner gudd fonnt wéi d’lescht Joër. Wor näischt wirklech Schlechtes dobäi, mee eben och näischt wirklech Iwwerragendes. Ausserdeem hun mir die méi verréckten Beiträg gefehlt (ausser vläit den “Konrad” ), vun deenen der lescht Joër eng ganz Reih dobäi woren.
– HD-Projektioun! Nach een Bravo!
– Die 100 Sekonnen-Filmer onbedéngt beibehaalen. Eng ganz flott Iddi an eng vun den Kategorien op déi een als Zuschauer ëmmer am meeschten gespaant ass.
– Um Schluss hut der e puer Trailer gewiesen. Fannen daat gudd an géif déi och um Programm-Ziedel vum Owend drop schreiwen och wann sie ausser Concours laafen.
– De Marketing wor besser wéi d’lescht Joër, mee et ass nach Loft no uewen.
– Fir mat engem weideren Bravo opzehaalen: Bravo fir die weiderhin fair Präisser vum Gedrénks!
Barnig
13.12.2011
Merci fir Komplimenter…
och next Joer gin et nees verbesserungen.
Waat de choix vun de filmer ugeet,… all Joers anescht! Ass ebe sou, et gi joeren do si mi stark filmer dabei aner Joer manner.. daat muss jiderengem bewosst sin.
Hu leider am moment net vill zait emmer ze schreiwen an ausfeierlech ze aklären, denken awer dass geschwenn namol e genaue virschlag fir FN2012 online kennt.
Merci fir d’ Kommen op alle Fall++!!
petz
15.12.2011
A propos: Wien sin d’Gewënner vum Owend? (wor leider nët fir d’Remise bliwwen)
Barnig
19.12.2011
Mir setzen die komplett Lescht vun de Gewenner + Fotos a neechsten deeg online
petz
18.12.2012
Vu dass ech dës Joër leider nët dobäi konnt sin, vermëssen ech den schon baal traditionnellen Kommentar zu Owend hei am Forum…
Barnig
19.12.2012
Majo hun heiren, du häss zevill bei COMEBACK gefeiert
FRANK, geff dem Jong deng Analyse
petz
19.12.2012
Yes, wor nom Public Viewing firchterlech op d’Sabbel gang a haat mer de Fouss esou verstauch dass ech Samsden nët méi goen konnt an an d’Spidol gefuer sin… Wier och léiwer op der Filmmaker’s Night gewiecht, dofir géif ech mech iwwer all Berichterstattung fréen.
Franky
04.01.2013
majo ech hunn hei rem alles verpennt.
Filmer waren flott, den Owend och.
Gutt war et wirklech dest Joer nach mei Leit aus verschiddenen Filmclubs kennen ze begreissen.
Den Owend war eichtmoleg och net mei ze laang(dei aner keiren waren EXTREM LAAANG) an et ass flott a seier viru gaang. Iwer Filmer selwer schwätzen ech lo net vill, d’Lëscht mat de Vainqueren fennt een um Site.
Fir de Rescht, einfach d’Fotoen vum Owend kucken
petz
09.01.2013
Merci Franky! Nach e puer Froen an Ureegungen :
– Wéi ass de Festival bei der Jury ukomm?
– Wéi woren d’Reaktiounen vum Publikum?
– Hun de Jury oder d’Zuschauer Propositiounsvirschléi fir zukünftge Editiounen gemach?
– Hun mer d’Fotoen ugekuckt an et e bëssen schued fonnt, dass dach nach vill Plazen fräi woren. Ierren ech mech oder ass dës Joër keen Promoclip fir de Festival gemach gin? Bleiwen nach ëmmer iwwerzeecht, dass mat engem besseren Marketing méi Leit können iwwerzeecht gin kucken ze kommen.
– Wier et keng Iddi een eegenen Youtube- oder Vimeo-Kanal opzeman, wou een nom Festival die priméiert Filmer weisen géif fir deenen e bëssen Pub ze man a gläichzäiteg ?
Wönschen ierch all ee schéint, gesond a kreativt neit Joër!
Barnig
11.01.2013
Merci glaichfalls petz
Hoffen dass mer 2013 de MYSTERY TALE gesin,… soss versprechs de mer, dass de mir d’Rushe gess… da maan ech der daat fir Halloween 2014 faerdeg!
petz
17.01.2013
Mir schaffen drun, mir schaffen drun… Et ass definitiv méi Aarbecht wéi mer geduecht haaten, mee et geet lues virun an d’Joër ass nach lang.
petz
25.10.2013
Irgendeen speziellen Grond firwaat et dës Joër keng Filmmaker’s Night gët?
Barnig
31.10.2013
Organisatiounscomité huet bessi geännert, an daat war hiere choix. Et kennt awer geschwenn eng Homepage eraus an de Flyer soll och schon ganz geschwenn rauskommen, fir sou mei Reklamm gemaach ze kreien

Stream vun integralen Indie-Filmer

Barnig
28.08.2013
Desen Topic soll dingen, dass wann emmer een integrale Film (kuerzfilm/Clip) online kennt, deen hei ka gepost gin
gud idee, oder?
Barnig
28.08.2013
LE MUR E(S)T LA MISE EN PAGE
neiste kml clip vum laurent schmit:
www.youtube.com/watch?v=gdS3p0ELHXQ
petz
28.08.2013
Ganz gudd Idee dësen Topic, Marc! Beim Clip hätt ech die éischt 10 Sekonnen mat deem ganzen Kameragewackels eweg geloos. Déi bréngen keng Informatioun a machen direkt am Ufank vum Clip kee wirklech gudden Androck.
Barnig
29.08.2013
Daat war dem Laurent sai Choix als Intro, a weist bessi d’preparatioun (kamera fixeiren/astellen), bis dann alles riichteg lass geet
Barnig
07.09.2013
en 10minûtegen Kuerzfilm vun enger ASBL di mer bis dato kee begreff war.
Schein Inszeneiert, allerdings vill bekannt Referenzen a Klischeen
www.youtube.com/watch?v=4TDmZl1qFzM
Maat weider sou Jongen!
Franky
10.09.2013
en ass ok, just puer Akteuren steieren mech.
Leider quasi eng Copy vun IDENTITY , mee ganz ordentlech fir dene Début
petz
10.09.2013
Fannen d’Kamera-Aarbecht an de Schnëtt wirklech gudd. Och de Szenario fannen ech nët verkéiert och wann et – do sin ech mam Franky d’accord – am Fong näischt aaneres wéi eng Kuerzversioun vum Identity ass. Waat d’Rolleverdeelung ugeet, hätt ech fir de Bankier eng aaner Besetzung gewielt oder de Schauspiller op manst aanescht agekleed, z.b. e Kostüm a keen Ouerrang well esou leeft keen “décke Bankier” ronderem. Waat mech awer a meeschten gestéiert huet, ass daat wirklech ganz onnatirlech Spill vun de Schauspiller. Daat kléngt einfach nët echt. Dialogen wierken “opgesoot” waat de ganzen Film eemenz artifiziell erschéngen léist an op manst mech dovun oofgehaal huet wirklech an d’Geschicht eranzeklammen. Schued eigentlech well technesch ass de Film propper realiséiert. Op jidde Fall eng Equipe déi een am Aan haale soll.

Comeback

Franky
29.09.2012
Gescht war de Start:
am direkten Verglach zu Weemseesdeet kann Comeback just punkten:
besser Schauspiller, manner “Theaterstuff”
vill besser Story
modern, aktuell an dofir mei interessant an spontan
besser mise en scene (net emmer dei laatzeg statesch pläng)
gutt Dreihplatzen(net nemmen deen studio) a vill baussenopnahmen
wann ech eierlech sinn an allen punkten besser wei weemseesdet. Et gett lo mer rem bewosst wei schlecht Weemseesdet war. Ech wees net weieng sitcom mei Budget haat. mee bei comeback gesait een motivation eppes flottes op d’been ze stellen. Dofir groussen Respekt un de Bernard!
Waat menger meenung nach net klappt sinn e puer dialoguer, se wierken bessen opgesaat an overacted. Och dat ständeg kameragewackels bei rouegen szeenen nervt(et mecht et mei lieweg, mee menger meenung no trotzdem falsch agesaat.)
dei 1t episode huet ennerhaalen, et ass eng story dei op pointen opbaut… gespaant wei et weider geet!
Gil.
30.09.2012
Ginn der an allen Punkten Rescht Frank
Ps: kuck mol am oofspaan (RTL replay) ween als stagiaire matgeschafft huet
Barnig
01.10.2012
Haaten dech gesin, Gil
Gud gemach, mai Jong!
Lo wesse mer wisou des Sitcom besser ass
Franky
01.10.2012
Jo Gil, dat hu mer gesinn
Ech blecken just nach net bei der ganzer ronny riff szeene duerch.
Homepage ass vu lucil film, facebook fan page huet vill Fake fotoen.
Beim clip wees ech net, et wierkt NEI awer op AAL gemach.
Gil.
01.10.2012
hehe
dann kuck mol nach 1-2 folgen, vlait fenns de et jo dann raus
petz
03.11.2012
*
Barnig
06.11.2012
Hun di lescht 2 episoden net mei gekuckt, aus zaitgrenn, … muss daat awer na nohuelen. a wollt effektiv och eemol op bouneweeg kommen, mee occassioun war leider na net do (freides oft mi laang schaffen)
kennt awer na…

Doudege Wënkel

petz
05.09.2012
Fannen den Site vum Film flott gemach www.doudegewenkel.lu
Och den Trailer fannen ech ganz uspriechend. Sëcher een Film deen ech kucke wärd goen.
Franky
10.09.2012
Hat den trailer lo schon 2x am kino gesinn. GEsait wirklech gutt aus, d’acteuren iwerzeegen mech och

Schatzritter

petz
31.05.2012
Den www.youtube.com/watch?v=4qwfogXJ9fA ass zanter e puer Deeg online. Ween lancéiert sech?
Franky
01.06.2012
Ech hunn de Trailer gesinn, a sinn extrem positiv iwwerrascht.
Ech fannen dass d’Kanner extrem gutt spillen, et wierkt natirlech (Waat bei letzebuerger Dialoguen leider oft net de Fall ass).
Froen mech grad op dei deitsch Akteuren dofier Letzebuergesch geleiert hunn oder op sie novertount gi sinn
petz
01.06.2012
Die däitsch Akteuren sin laut der offizieller facebook-page novertount gin. Fannen den Trailer och wirklech flott, gudd rhythméiert an efficace. D’Ausproch vun den jonken Schauspiller fannen ech deelweis awer nach licht kënstlech.
Franky
01.06.2012
Jo, mee d’Kanner sin dach all Laien.. an machen et ganz gutt.
Wann ech Weemseesdet Cast kucken, dei sinn all schlemmer :=)
Ok, merci fir d’Info. Dann ass et gutt novertount well ech war mer wirklech net secher op sie net puer Sätz letzebuergesch geleiert hunn.
Dat ganz ass jo ee Kannerfilm mol kucken op ech en an de Kino kucken ginn…
petz
02.06.2012
Ech hun op alle Fall wëlles en kucken ze goen.
Franky
05.07.2012
Petz, wei war de Film?
(ech hunn dech op der wort.lu reportage gesinn)
petz
05.07.2012
Als Kanner-Film hun ech d’Schatzritter wirklech ganz flott fonnt. Ech géif Elteren de Film op alle Fall fir hier Kanner recommandéieren, well d’Identifikatiounspotential fir e jonke Public zimmlech grouss ass an jiddereen deen eng flott Kandheet haat, sech zimmlech licht an de jonke Protagonisten erem erkennen kann. Gewalt- an Schockmomenter gët et am Film esou gudd wéi guer nët an d’Kampfszenen sin wirklech harmlos, esou dass de Film och fir méi jonk Kanner absolut onbedenklech ass. Die zentral Handlung vum Film ass eng Schatzsuche an daat ass fir e Kannerfilm e ganz gudde Choix, well et eppes ass daat mir allegueden als Kanner gespillt hun. Wann een e Verglach zu engem amerikaneschen Film mache wéilt, dann kommen d’Schatzritter dem Esprit vum “Goonies” relativ no och wann de “Goonies” vill méi impressionant wor an méi jonken Kanner nët onbedéngt ze recommandéieren ass. Och d’Iddi dass d’Kanner iwwer d’Schatzsuche zu méi starken Persounen wuesen fënnt een an de “Schatzritter” wéinstens usatzweis zréck. Schued hun ech fonnt, dass die kleng Liebelei tescht dem Jeff an der grousser Schwëster vun sengem beschten Frënd nët méi ausgebaut gouf.
Als erwuesenen Zuschauer hun ech die eng oder aaner Kéier op d’Auer gekuckt well die ganz Geschicht dach eemenz brav a linear ass a keng iwwerraschend Plot-Wendungen dra virkommen. Wann ech eng Kritik mache géif, dann ass et dass et dem Film e bëssen un Rhythmus fehlt. D’Szenen enchaînéieren sech zwar propper mee wirklech Héichpunkter hun ech vermësst, waat natirlech nët nëmmen eng Fro vum Plot-Developpement ass mee och eng Fro vu Mise en scène a Montage. Bei e puer Sequenzen ass et mir virkomm wéi wann die eng oder aaner Détail-, Close-up-Astellung oder “reaction shot” gefehlt huet. Och mengen ech dass verschidden Opnahmen déi zwar gebraucht goufen aus irgendengem Grond nët gedréiht oder et nët an de Final Cut gepackt hun. Ee Beispill dofir ass eng Klassenszene am Ufank vum Film wou de Jeff engem Klassenkamerod un d’Guergel geet well deen de Geck mat senger verstuerwener Mamm mëscht. Dass de Jeff him eng op d’Nues gët, gët guer nët gewiesen. Elo kann daat natirlech ee bewossten Regie-Choix sin, mee esou wéi et montéiert ass mam Sound vun zwee Schléi um Cut an die nächst Szene, ass daat dach zimmlech holpreg eriwwer komm. Ech géif drop tippen, dass die Szenen wahrscheinlech gedréiht goufen awer nët richteg fonktionnéiert hun an dofir beim Montage einfach erausgeschnidden goufen… mee daat ass just Spekulatioun vu menger Säit. Mee daat ass elo wirklech “chercher la petite bête” well ech gleewen kaum dass esou Détailer dem Grand Public opfaalen, an de Kanner – fir deen de Film jo gemach ass – schon guer net.
Waat d’Schauspiller ugeet, hun ech fonnt dass die jonk Amateur-Schauspiller sech ganz ok aus der Affaire gezun hun och wann deen een oder aaneren Dialog e bëssen “hölzern” eriwwer koum, waat natirlech och um Dréihbuch leien kann, daat e puer Dialogzeilen haat, déi op lëtzebuergesch einfach nët iwwerzeechend eriwwerkomm sin. Als Beispill fällt mer do eng Szene an wou de Papp dem Jeff seet hie soll erëm mat Zäiten doheem sin an “dës Kéier ouni Blessuren”. Sin nët iwwerzeecht dass e Papp daat esou soen géif, mee wahrscheinlech éischter eppes soen géif am genre “an dës Kéier ouni Téitschen (oder Schréipen/Schrummen)” oder “ouni blo Plazen”. De Schauspiller deen mech voll a ganz iwwerzeecht huet, ass de Luc Feit an der Roll vum Papp vum Jeff, him keeft een de granzegen awer ëm säin Bouf besuergten Papp direkt of. Die Béis am Film sin esou karikatural béis, dass d’Schauspiller am Fong nët vill falsch mache konnten an sëcher hierer Roll absolut gerecht gin. D’Iddi mam Oberbösewicht Duc de Barry sengem falschen Arm (déi ech hei nët verroden wöll) hun ech iwwregens ganz flott an originell fonnt.
Voilà, daat just e puer kuerz Impressiounen vu menger Säit. Et gët ganz sëcher vill méi iwwer de Film ze soen. Am groussen ganzen fannen ech d’Schatzritter als Film-Projet eng wirklech super Sach, de Film selwer ass absolut kannergerecht a wärd säin Public fannen, dorun zweiflen ech nët. Den Elteren wärd d’Zäit allerdengs e bëssen lang gin, mee daat ass bei aanere Kannerfilmer och oft de Fall. D’Schatzritter sin op alle Fall kuckens- an ënnerstëtzungswert.
Franky
09.07.2012
sou richteg letzebuerger Kannerfilmer dei et an de Kino packen sinn souwiesou extrem rare geseint.
Ech mengen de Film wärt dann net op mech a meng Zillgrupp gemenzt sinn(en leeft jo och meechtens just mettes wou ech net kann).
The Goonies hunn ech awer emmer gäeren gekuckt, deen geing mer vlait lo och nach gefaalen (den huet puer schock a schauer
Barnig
10.07.2012
Waard bis dai neexte gebuertsdaag, Frank!

Weemseesdeet

Franky
30.09.2011
Ech si gespaant waat do op eis duerkennt. Seelen ass eppes sou gehypt ginn wei des Serie.
Ech hoffen Qualiteit kann do mathaalen (virun allem bei den Acteuren an bei der Story). De ganzen Spaass huet 1 .5 Millioun kascht. Dat mecht cirka 2.500 euro pro Minute dei mer ze gesinn kreien
Ech hoffen dat ganzt ass keng ” letzebuerger Theaterstuff”…
Barnig
30.09.2011
…. Waat bass du en OPTIMIST ….
Franky
30.09.2011
Fuerchtbar. Bis op de Papp dee ganz passabel (natirlech) spillt ass et FUERCHTBAR.
60.000 € fir des drecks 25 minuten. Wien huet des Dialoguer geschriwwen? Wiesou spillen dei Schauspiller deelweis sou grottenschlecht a künstlech?
ech keinnt kreischen
petz
01.10.2011
Haat mer die éischt Episode gëschter ugekuckt a muss och soen, dass ech zimmlech enttäuscht wor. Fuerchtbar hun ech nët fonnt, mee deelweis eemenz steif. Bei e puer Astellungen stungen d’Akteuren do, wéi wann sie nët richteg wëssten wouhin mat sech an hun einfach hier Sätz opgesoot. All Kéier wann e bëssen Beweegung am Spill wor ass daat Ganzt besser eriwwer komm. Ech warden nach e puer Episoden oof bis ech mer eng endgülteg Meenung man. Muss een zu hierer Verteidegung soen, dass sie wéineg Budget a ganz wéineg Zäit haaten an dass daat heiten eng absolut Premiere fir Lëtzebuerg ass. Ech hoffen op alle Fall, dass et nach e bëssen méi interessant gët an dass trotz e puer offensichtlechen Schwächten, d’Einschaltquoten héich genuch werden sin fir weider Lëtzebuerger TV-Serien no sech ze zéien. Op een et gudd fënnt oder nët, et wier schued, wann daat heiten Experiment eenmoleg bleiwen géif…
petz
01.10.2011
Den Titelsong vum Tonnar ass wirklech top!
Franky
03.10.2011
dat mam weinegen Budget gesinn ech net sou. 60.000 euro pro Folleg ass menger Meenung no extrem vill. Virun allem kennen se dei selwecht Localiteiten während der ganzer Staffel emmer erem benotzen.
2 Statesch Kameraen, deelweis Acteuren aus dem Amateurbereich, festen Set…. kascht dat wirklech souvill?
Franky
03.10.2011
Et ass nach vill Platz no uewen… Si jiddefalls gespannt waat dei nächst Folgen brengen.. Gett vlait jo nach besser.
petz
03.10.2011
Ech sin iwwerzeecht, dass wanns du Dékoren an d’Locatioun vum Produktiounsmaterial eweg rechens dann bleiwen ganz sëcher keng 60.000.- EUR pro Episode iwwreg an dann muss du jo vun deem rescht die ganz Crew a Schauspiller + Catering, Kostümer, Props, etc. bezuelen an herno och nach d’Post-Produktioun. Och wann d’Promo vun RTL iwwerholl gët, fannen ech 60.000.- EUR pro Episode wirklech ganz knapp bemoos mee compte tenu vum kléngen Ziel-Marché ass méi Budget ze verlangen och nët wirklech realistesch.
Fir e bëssen manner wéi de Präis vun engem WSD-Episode mache mir zwar e ganzen Kinofilm mee bei ons gët kee Mënsch bezuelt an daat léist sech einfach nët vergläichen. Wann mir ons Leit bezuelen missten, géif onsen Budget och explodéieren.
Mee eppes Gudds haat den éischten Episode vun WSD awer : Nodeems ech en gesin haat wor et mir abémol guer nët méi baang fir mat onsem neien Film an den Kino ze goen
Barnig
04.10.2011
Haaa da soot ech mer och
Ech haat puer extraien scho gesin, hun di eischt episod komplett gekuckt, mat 0-awaardung. war doweins net sou enttäuscht gin. Hun trotzdeem 2-4 mol gelaacht.
Absolut top fannen ech de Papp a sai Meedchen.
Zimlech schlecht fannen ech de Jong!
Mise en scene.. naja wierkt eischter wi eng schlecht duerf-theater realisatioun, akteuren stin do a waarden op hieren asaatz. Den Decors ass wi aus dem katalog, mee niemols wei an enger “normaler letzebuergescher famill”
Mee bon wi gesot, mat 0-awaardung gouf ech dunn trotzdeem bessi ennerhaal, a kucken och bestemmt namol eng weider episod!
Franky
04.10.2011
Decoren an Kostumer sinn all vum Bram a Kichechef gesponsert. Wees net op dei an deenen 1.5 Milliounen mat agerechnet sinn.
Mee Geld hinn oder hier. De Skript ass net immens an Dialoguer deelweis extrem schlapp. Dat ass dei greissten Schwächt vun der Serie. Iergendwei geet dat ganzt Konzept net op. Nächste Freiden gi mer vlait positiv iwwerrascht. Wee wees..
Franky
07.10.2011
hätt nie geduecht dass ech luxprivat emol Recht ginn
Viel Tam-Tam für nichts! Was hatte RTL nicht alles getan, um Luxemburgs erste Sitcom zu promoten. Schon Monate vor dem Start wurde kräftig die Werbetrommel gerührt. Und was kam dabei heraus? Rund 30 Minuten geballte Langeweile. Dabei steht Sitcom für „Situation Comedy“ (Situationskomik), die vor allem von Pointen und komischen Momenten lebt. Doch genau die fehlten! Und von einer dramatischen Handlung mit schauspielerisch äußerst blassen Hauptfiguren war nichts zu sehen.
Franky
10.10.2011
episode 2:
ech hunn se ganz gekuckt. Iergendwei ass naischt bei mer ukomm.
No puer Minuten war ech an der klenger Story dran an hunn mech op de Noperbesuch gefreet. Dese Rencontre vun der Famill Wampach mat den Noperen huet vill versprach. Geschitt ass quasi naischt ausser Geschness um Desch waat weder witzeg nach spanned war.
Fir mech geet d’Konzept einfach NET op. Eng Sitcom funktionneiert net sou. Dei puer flach agebauten Witzer kommen bei mer perseinlech seelen un. Een Iwerraschungseffekt bleiwt bei mer ganz aus. Eng richteg Situationskomik (sou wei de numm et versprecht) ass och net wirklech do.
Dei eenzeg gutt Komik war wou d’Fra d’Blummen eweggehait huet an d’Nopesch nachemol erakomm ass. Do hunn ech mer du wirklech ee mega Gag erwaard. Mee leider ass NAISCHT geschitt.
Mettlerweil zweifelen ech dann och un mengem Humor. Vlait laachen ech iwer sachen wou kee laachen kann.
petz
10.10.2011
Also mir huet die zweet Episode wesentlech besser gefall wéi die éischt. Ett ass nach ëmmer keen groussen TV-Entertainment, mee die zweet Episode hun ech mat engem gewëssen Plaiséier gekuckt och wann et elo keen Feierwierk un Witzegkeet oder Originalitéit wor. Vläit wor ech och einfach manner enttäuscht well meng Erwardungen vun vir eran vill méi niddreg woren. Ech mengen de gréissten Problem mat der Série ass einfach de Konzept selwer also de Choix eng Lëtzebuerger Sitcom an engem Lëtzebuerger Living spillen ze loosen. Een aaneren Setting hätt vläit méi hiergin : Bank, Bistrot, Namur’s Kaffiskränzchen mat Vue op eng Foussgängerzone, eng Redaktioun vun enger imaginärer Zeitung… Wahrscheinlech hätt all aaner Konzept méi Originalitéit können bréngen. Mee daat ass réng Spekulatioun.
Ech warden mat enger gewësser Spannung op den Optrëtt vun den aaneren méi jonken Schauspiller wéi den Nilton Martins oder d’Sofia Lopes (waat am LMT eng Haaptroll huet)
petz
10.10.2011
Wéi een et aanescht mache kann, weist die nei Web-Série fir Frontaliers www.commeunlundi.lu
Barnig
11.10.2011
De Probleem ass virunallem och eis sprooch..
op franseich wierkt einfach ebess mei “normal” wi wann een op letzebuergesch schwätzt
Cool Idee, dei Serie!
petz
12.10.2011
Also ech hun déck Loscht nom LMT eng Mystery Web-Serie ze man…
Franky
13.10.2011
Gutt Idee! Klengt lo schon mei spannend wei d’Famill Wampach an der Stuff !
Barnig
13.10.2011
Daat ass mir och schon emmer am kapp ronderem geflunn …
kinnt ee jo vlait e gemeinsamt konzept ausbauen
petz
13.10.2011
Merci fir deen Virschlag, eng Collaboratioun kann een ëmmer an d’Aa faasen. Ech wollt mech souwisou nom LMT mat all den Acteuren vun der Independent Szene eng Kéier fir ee Patt treffen (eenzel oder zesummen) fir einfach mol ze diskutéieren ween waat fir eng Projet’n huet an wien interesséiert wier wou matzeman. Dann fänken ech mat KML un
Franky
17.10.2011
episode 3: naja, sou lala…
heinsdo sinn wirklech gutt usätz ze erkennen; mee op sou mega gags a pointen waarden ech nach emmer.
Waat mech mettlerweil am meeschten nervt: De Kontrast tescht den Acteuren. D’Meedschen spillt wirklech extrem gutt a natirlech. D’Mamm an d’Jongen spillen Theater waat dann net mei zum Rescht passt.
Sou, lo gett mol eng Paus domat aluecht; kucken dann an puer wochen nachemol eran.
petz
17.10.2011
Kucken mer d’Episode den Owend am Replay un. Hun quasi de ganzen Weekend un onsem Film geschafft. Sin am Moment um Punkt, wou ech mer soen: Nie méi eng Amateur-Produktioun! Mee bon, dann dierft ech jo och Weemseesdet nët méi kucken
petz
17.10.2011
Hun mer grad die drëtt Episode erangezun an sin ganz houfrëg op dem Sofia Lopez säin Optrëtt. Hatt spillt am LMT die weiblech Haaptroll an et ass einfach schéin ze gesin, dass hatt konsequent un senger Schauspill-Carrière weiderschafft. Talent huet hatt jo mol genuch, mol kucken waat haat nach draus mëcht. Ech wärd mer d’Série wahrscheinlech schon alléng wéinst him ukucken. Ech muss och soen, dass mer die jonk Schauspiller an der Série deelweis besser gefaalen wéi die Erwuesen. D’Série selwer fannen ech elo no 3 Episoden an no engem Eroofschrauwen vun menger Erwardungshaltung op alle Fall ënnerhalsam genuch fir sie weiderzekucken.
Franky
18.10.2011
Ah, dat ass dat vum LMT waat mam Nilton rakomm ass
Fannen allgemeng d’Niewenacteuren greissendeels besser wei d’haapacteuren.
Interessant wieren och Quoten vun der Sendung. A mengem Frendeskreess (greissdendeels filmbegeeschtert Leit) kuckt guer keen et mei; op menger Arbescht och keen.
petz
18.10.2011
Wirklech? Also ech haalen mer elo nët mäin Freiden Owend fräi fir et ze kucken, mee am Replay um Internet fannen ech et fir d’Mëttegpaus eng ganz ok Ennerhaalung. Wann ech owes mol Sérien kucken, dann am Moment éischter How I met your Mother, Mad Men, True Blood, Entourage oder Californication.
Fannen an aller Bescheidenheet, dass d’Sofia awer bei ons am Film nach besser ausgesäit :
www.cameraobskura.lu
Franky
18.10.2011
ech kennen all Fotoen vun aerem Film, an ech hunn et am Weemseesdet net zereckerkannt
Franky
14.10.2011
episode 4 anyone?… ech hunn se net gesinn.. leen eng Paus an
petz
24.10.2011
Hun mer d’Episode de Weekend am Replay um Site vun RTL ugekuckt (Opgespasst: all Episode bleiwt just eng Woch lang am Replay an wann en se bis dohin nët gekuckt huet, muss een wuel op den Release vun der éischter Saison op DVD warden)
D’Thema vun der 4. Episode hun ech nawell ganz flott fonnt: De Rom Wampach (de Familjenpapp a Professer) kënnt schockéiert aus der Schoul, well e Schüler behaapt huet, de Rom hätt him eng gelantert. De Rom soll op de Policebüro, wëll dem Schüler seng Elteren eng Plainte gemat hun. Daat leideg Thema vun der gesteigerter Bereedschaft vun den Bierger fir all kléngen Schäiss Plainten géint hier Matbierger ze man wor gudd gewielt, well daat een Phänomän ass, deen sech och zu Lëtzebuerg ëmmer méi ausbreed. An dësem Fall wor daat eng schéin Virlag fir zimmlech flott Dialogen an der 4ter Episode vu WSD an virun allem engem zimmlech flotten Schluss (deen ech hei nët verroden, deen d’Geschicht awer op eng flott a modern Art a Weis oofgeschloss, resp. opgeléist huet). Och wann sie elo nët den Iwwerknüller ass, wärd ech d’Série weiderkucken. Fir die dach zimmlech bescheiden Moyen an Zäit déi d’Produktiouns-Equipe haat, fannen ech, dass sie sech guer nët esou schlecht aus der Affäre zitt.
Franky
25.10.2011
ok klengt interessant mol kucken op ech mech gerappt kreien an se nach kucken
petz
03.11.2011
De Woxx huet 5 Episoden oofgewaard éier en seng Kritik geschriwwen huet : www.woxx.lu
Franky
04.11.2011
fannen dat gutt dass se reicht no 5 Folgen eng Kritik schreiwen. (ech hu mech schon no enger Folge opgereegt ).
Ech kann mech folgenden Sätz just uschleissen:
les meilleurs acteurs ne peuvent pas sauver une pièce, un film ou une série dont le script et les dialogues mènent au naufrage de l’ensemble.
A partir d’un certain moment, on se demande vraiment quel est l’intérêt de regarder cette série à part qu’elle est « la-première-sitcom-lu-xembourgeoise-qui-raconte-l’histoire-d’une-famille-stéréotypée-mais-sans-rentrer-dans-les-clichés-et-même-s’il-y-en-a-c’est-pour-mieux-les-détourner-même-si-finalement-on-n’y-arrive-pas-vraiment ». Et en plus, à défaut d’être drôles, les scènes ont tendance à tourner en rond à en devenir insignifiantes. A quoi bon filmer la vie d’une famille dont le quotidien est encore plus ennuyeux que le nôtre ?
Franky
04.11.2011
De Skript, d’Idee an Dialoguer sinn einfach extrem schlecht an onkreativ.
Et gett emmer gesot sie haaten jo keng Zait a kee Geld fir dat Ganzt…. dat ka jo stemmen, mee waat kascht ee gudde Skript an eng gutt Idee?
Waat hätt dat geännert wann se amplatz vun 1.5 Millionen soen mer mol 100 Milliounen kritt hätten? Ech geing soen iwerhaapt naischt. A waat hätt et geännert wann se 5 Joer laang un engem Skript geschriwwen hätten? Net vill menger Meenung well dei gutt Ideen eigentlech emmer spontan kommen a wann een puer Wochen dru schreiwt ee brillanten faerdegen Skript an den Hänn kann hunn.
petz
04.11.2011
Grosso modo sin ech averstan mat deem waats du sees. Ech géif allerdengs e bëssen nuancéieren: Och wann een décken Budget aus engem schlechten Skript nach ëmmer keen gudden Film/Série mache kann, esou bleiwen ech iwwerzeecht, dass en mat méi Budget an méi Zäit, hätt können a) besser Dréihbuch-Auteuren astellen an/oder b) die bestehend Skripter nach eng Kéier iwwerschaffen können. Een Dréihbuch gët jo ëmmer e puer mol iwwerschafft éier et an d’Produktioun geet. Kann mer nët virstellen, dass bei WSD dofir Zäit wor.
Woumat ech allerdengs absolut d’accord sin, ass de Kommentär : “A quoi bon filmer la vie d’une famille dont le quotidien est encore plus ennuyeux que le nôtre ?”. Vläit wor jo einfach d’Konzept vun WSD vun vir eran ze schwach, fir eng wirklech gudd Série draus ze man. Daat dierft awer keng Excuse sin. Comme un lundi beweist, dass een och mat ganz wéineg Moyen awer engem gudden Konzept an Talent eppes wirklech Flottes mache kann.
Ech bleiwen ganz stark drun interesséiert no onsem zweeten Film eng Web-Série ze man mat der Ambitioun eppes hallefwee Originelles ze man. Konkret Iddien hun ech och schon e puer. Mir wärden driwwer schwätzen wann et esouwäit ass.
Franky
24.04.2012
Leeft Sendung iwerhaapt nach?
Ech hunn eierlech gesot keng mei gesinn. Petz, Marc, hues du der nach eng ragezunn? Falls jo, wei war se?
Si jiddefalls gespaant op dei nei Sitcom!
Barnig
24.04.2012
Arenneren mech do un eng, wu se op GREASE gedanzt hun ..
petz
24.04.2012
Yes, hun +/- d’Halschent vun den Episoden gesin an muss soen, dass ech no der Enttäuschung vum éischten Episode (déi wahrscheinklech och un ze héichen Erwardungen op menger Säit loung) d’Serie zimmlech gären gekuckt hun. Irgenwéini ass den Fonken eriwwer gespringen an d’Personnagen sin engem un d’Härz gewues. Sëcher wor nët all Episode een Highlight mee den Ennerhaalungswert huet dach irgendwéi gestëmmt. Grosso modo fannen ech, dass ett fir een éischten Versuch guer nët esou iwwel wor, besonnesch wann een sech virun Aan hällt wéi wéineg Moyen an Zäit zur Verfügung stoungen fir die ganz Staffel ze produzéieren.

Orchidee (Cyrus Neshvad)

Franky
11.11.2011
Gescht war am Belval d’Premiere vum Film “Orchidee” vum Cyrus Neshvad.
Virdrun sinn nach puer aner Filmer vum Cyrus gelaaf, enner anerem den “à l’abri” den bei enger Filmakers Night ee Prais gewonnen huet.
A sengem neien Courtmétrage spillt den Fernand Fox an den Marc Olinger mat. Ech fannen et extrem gudd dass sie och an mei klengen Produktiounen ouni masseg budget matspillen.
Denen 2 hir Schauspillerleschtung ass ganz gutt, nach nie huet de Fernand Fox mech sou iwerzeegt wei an desem Film well hien do net wei am Theater spillt mee eischter serieux an eescht ouni dei üblech Faxen. Do huet den Regisseur ganz gutt Arbescht geleescht an dei 2 haaptacteuren super gecoached a virbereed! Super gudden Film den komplett am Studio gedreihnt ginn ass.
An lo muss ech rem zereck an meng “Hater” roll verfaalen: Et ass erstaunlech dass een mat engem Brochdeel(4 stellegen betrag, net 5 stelleg) vun enger “weemseesdet- episode budget” een courtmétrage (emmerhin 15 minuten) ka dreihnen deen des Epsiode wirklech an allem iwwertrefft.
wann een chance kritt de film ze gesin, don’t miss it!
seng aal Filmer fennt een op der HP:
www.cyrusneshvad.com
Franky
12.11.2011
8.000 euro budget
petz
14.11.2011
Hoffen dass ech de Film geschwönn ze gesin kréien. Den Interview op RTL wor nët oninteressant, huet mer awer e bëssi un Pepp gefehlt Souwuel vum Cyrus wéi vum Dan Spogen senger Säit. Wéi wor dann die generell Ambiance am Film? De Colorgrading vum der Filmfoto mam Fernand Fox um Cyrus sengem Site fannen ech e bëssen excessiv an sengen Giel-Téin.
Franky
17.11.2011
Stemmung war gutt, an et waren eng Retsch leit kucken komm.
Colorgrading war och ok, kann mech awer schon net mei genee dorun erenneren
Barnig
17.11.2011
Hu leider net vill zait, mee wollt awer och kuerz ebess heiriwer soen:
Fannen de Film biswell dee beschten CYRUS Film. Ganz fesselnd an ennerhaalend mat iwerraschungseffekt.
Funktioneiert tiptop, muss awer soen, dass menger meenung no 2 bekannte schauspiller net den MUST am film waren.
Normal Leiendarsteller, hätten dei saach bestemmt och gemaach. dest soen ech well, ech et selwer nie riichteg gudd fannen bekannte gesichter emmer rem ze gesin.
Mee dest just zum klenge päfferkäer, de Fernand Fox mecht daat tiptop.
Weider su, Cyrus: Just schued dass dest Joer kee Film vun dir op der FilMakers Night ass!

Nei Sony NEX-FS100E vs Panasonic AF101

petz
23.03.2011
Zwar leider just op englesch, mee trotzdeem een ganz interessanten éischten Test iwwer die nei EX-FS100E Sony 35mm-Guerrilla Kamera. A senger Conclusioun ass fir den Tester die nei Panasonic AF101 ganz kloeren Gewënner, well sie méi stabil a besser duerchduecht ass, een ND-Filter an een HD-SDI-Uschloss huet an wesentlech méi ergonomesch ass. Daat eenzegt mat deem die nei Sony Punkten kann, ass mat enger e bëssen méi héicher Opléisung. Schued! et wier schéin gewiecht wann Sony eng méi abordabel Versioun vun hierer neier F3 fir Leit wéi ons erausbruecht hätten…

Feierblumm Owend

Barnig
13.01.2011
En Doneschden 27.Januar um 19h, weisst Feierblumm hier lescht Produktiounen am Cine Belval.
e.a.:
“Gänseblümchen”
“Conusme” (Videoclip)
“Packo”
“Nabada”
suwei Teaser zu “Heemwei” an “Phosphoros”
Franky
14.01.2011
FEIERBLUMM Productions will present a selection of their latest short films, documentaries and music videos, January 27, 19:00h @ Cine Belval! On the programme are, among others, the premieres of our 35mm short film “Gänseblümchen”, the music video “Consume” (shot on RED cam) and the short docus “Packo” and “Nabada”, as well as exclusive teasers of our upcoming productions “Heemwéi”, “Le retour” and “Phosphoros”. Free entry for FEIERBLUMM members!
(source: www.feierblumm.com)
Barnig
14.01.2011
Merci fir d’Iwersetzung, Frank!
Franky
27.01.2011
Wee kennt dann alles? Wei ass et mat der Camera Obskura Fraktioun?
petz
27.01.2011
Ech wier eemenz gär dobäi gewiecht, kann awer nët. Die nei Sachen wéilt ech awer ganz gär gesin an hoffen dofir och, dass sie relativ séier um Internet ze gesin sin. Hun die Ausschnëtter vun Phosphoros déi op RTL gewiesen goufen vun der Photographie hier wirklech exzellent fonnt. Wann de Rescht och déi Qualitéit huet, gët daat den Owend ee richtegt Filmfest. Wann Feierblumm matliest : Ersetzt dës Soirée die aal IHPS-Soirée oder ass dëst Evénement komplementär dozou ?
Franky
28.01.2011
Sou, een klengen review vu mer iwer den Owend.
Ech sinn um 19.00 Auer am Belval ukomm, hu mer een ticket kaaft (8.80 euro) a si richtung Sall 1 gaang. Et waren scho mega vill Leit do. Geint 19.30 ass et dunn lass gaang an den Nilton (bekannt aus villen Filmer) huet den Owend mat engem Speech eröffnet.
Et ass lass gaang mat engem Zesummenschnett aus puer Feierblumm Filmer. Duerno kruten mer 3 Trailers ze geisnn(Grim, Of a demon in my view, Who is Quentin?).
Duerno ass et dunn richteg lass gang:
Gänseblümchen (3 min., Kuerzfilm by Sacha Bachim) 2010
Dass de film op 35mm gefilmt gouf wier mer eierlech gesot ne topgefall. Dei kleng Geschicht gett flott erzielt an d’Akteuren machen hier Saach mega gutt. D‘ Thema vum Film ass lobenswert. Just schued dass de Fernand net méi laang dran ass. Ze bemängelen gett et iwerhaapt naischt an Misen en scène ass och gutt gelongen.
Fazit: Interessant a ganz flott!
On a plane (4 min., Musekclip by Laurent Prim) 2010
Ee Musekclip wou tescht der Band an enger “schlacht” op der Toilette hin an hir geschallt get. Mise en scène ass interessant mee et huet mech gesteiert dass de clip just op 2 pläng reduzeiert ass.
Fazit : ennerhalsam mee monoton
Packo (geschätzen 15 min., Doku by Rebecca Antony) 2009
Des Dokumentatioun erzielt e bessen Geschicht vum DJ Packo. Thema u sech hunn ech net schlecht fonnt an et ass een villes gewuer ginn waat een secher nach net wosst(kennen mech an der DJ szeen iwerhaapt net aus). Leider hunn ech den Erzielstil net gutt fonnt, eng statesch opnahm vum DJ an dem Meedschen waat den Interview feiert ass net wirklech interessant. Den tounproblem (echo) huet och vill gesteiert.
Fazit: duerchschnettlech doku mat techneschen Schwächen
Phosphoros ( Teaser, by Laurent Prim, Yves Steichen) 2010
Geilen Teaser am genre vu Grim/The village. Dat gett mat secherhet ee ganz interessanten Projet an ee Film wou een sech lo scho kann drop freen. Eenzegen batteren Nogeschmach: De film ass vum Nilton als „ganz problemateschen Tournage“ ugekennegt ginn, an dann nach 2 Regisseuren ze liesen mecht den Spektateur stutzeg.
Fazit: villverspriechend
No engem klengen Interlude vum Nilton ass et weider gaang.
Lei, lui e l’altro (8 min., Film by Steve Hoegener) 2008
E film deen just mat eenzelen Fotoopnahmen erstallt gouf. Ech haat schon ee review doriwer geschriwen an och no 3 Joer ee ganz coolen Film.
Fazit: klengt Konschtwiert
M-block (4 min., experimental film by Contance Hinger) 2008
Eng Art experimental Doku iwer de letzebuerger Fanblock am Fussball. Dei deelweis wackeleg opnahmen konnten menger Meenung trotz digital effekter net opgepeppelt ginn.
Fazit: bizarr a konfus
Accidentally (4 min., Musekclip by Jacques Moltior) 2009
Een videoclip deen am Studio gefilmt gouf mam Daniel Balthasar (mer bisdohinner onbekannten museker). De ganzen Clip ass extrem „amerikanesch“ an mise en scène. Dat ganzt huet mech dunn un een Spice girls video clip erennert deen ouni cut gedreihnt gouf. Ka mer virstellen dass produktion extrem schweier war…
Fazit : quasi professionnellen mainstream clip
Showtime (5 min., Kuerzfilm by Laurent Prim) 2009
Ee weidere Kuerzfilm deen zwar gutt verfilmt gouf (Vicky Krieps ass haaptroll!) mee wou ech leider iwerhaapt naischt verstaan hun. Ech hunn de film schon méi wei emol gesinn mee d’Pointe oder de Message bleiwt mer leider total verbuergen.
Fazit: ?
Den Nilton huet an de leschten Deel iwergeleed.
Nabada (geschätzen 6 min., Doku) 2010
Fir souvill Leit um Waasser ze gesinn war wirklech ennerhalsam. Thema vun der Doku wärt fir dei meescht Spektateuren interessant gewierscht sinn.
Fazit: zwecksmeisseg Doku ouni grouss Iwerraschung
Consume (3 min., Musekclip by Sacha Bachim) 2010
De beschten musekclip vum Owend. Rasant, originell, witzeg a voller Ideen.
Fazit: Musekclip deen alles huet!
Retour(teaser) 2011
Eng Doku iwer Auswanderer dei zereck wellen. Kleng vum usatz ganz interessant, gespannt wei dee Film an der Endfassung ausgesait
Heemwei (trailer) 2011?
Endlech gesait een mol e puer richteg Szeenen aus dem Film. Ech sinn do wirklech virwetzeg weini de Film endlech erauskennt
Duerno huet den Sacha nach puer Wierder(ganz gelongenen Discours) un de Publique geriicht an den Owend huet geint 21h00 auer sain Enn fonnt. Natirlech ass et nach eng gutt stonn am Kino bei Schampes a Pizza weider gaang.
Franky
28.01.2011
voilà, dat war meng duerchwegs positiv Kritik zu de Filmer.
Leider war den Owend fir mech dann awer net wirklech an allen Punkten iwerzeegend.
Ech war mech virdrun op CARAMBA.lu informeieren.
3H00
Programme très diversifié prévoyant 15 projections (dont 8 en première) de courts-métrages, de clips vidéo, de documentaires et de bande-annonces en présence des réalisateurs. Il s’agit notamment du court-métrage « Gänseblümchen » (tourné sur 35mm avec Fernand Fox), des clip vidéo « Consume » (Gina Simmons) et « On a Plane » (Fox), des documentaires « Packo » et « Nabada », des teasers de production en cours tels que « Heemwéi », « Le retour » et « Phosphoros » ainsi que les meilleures productions des dernières années. Pour de plus amples informations :www.feierblumm.com Galerie
Dass dat ganzt net vun 19h00 – 22h00 geet war wirklech iwwerraschent. Den owend war mega kuerz a leider net daat waat ugekennegt gouf? Et war knapps 1 Stonn Filmmaterial a vu 8 premièren kaa wirklech keng Ried sinn??
Ech hu puer mol nogezielt mee op 15 projectionen mat 8 premièren kommen ech net vlait hunn ech eppes falsch gemach.
On a plane = ass schon seit Meint um Internet ze gesinn.
Packo = Premiere ( ech hunn deen nach net gesinn)
Phosphoros(teaser) = fir mech war en néi, mee deen ass dach um RTL gelaaf… oder ieren ech mech?
Lei, lui e l’altro = hunn ech schon puer mol gesinn
M-block = ass seit 2 joer um Internet
Accidentally = ass och um Internet wann ech mech net ieren
Showtime = op der feierblumm homepage seit 2010
Nabada = premiere
Consume = premiere
Retour(teaser) = premiere
Heemwei(teaser) = premiere
Bessen dreist hunn ech fonnt dass den Nilton “Gänseblümchen” als Premiere puer mol ugekennegt huet. Dese Film ass nähmlech öffentlech am Concours national an der Staat gelaaf, dat schon 2010. (ech wees et well ech deen dag do war…)
Wiesou den Owend keng 3 stonnen gedauert huet wees ech och net, vlait een feeler vu Caramba.
Ech haat jidefalls mat méi néien Sachen gerechnet. Bis op puer nei Traileren ass net wirklech vill neies gelaaf
Op desen Owend lo een Ersatz fir Indi Horror Picture show ass wees ech net. Menger Meenung no war d’ IHPS awer méi Publikum tauglech. De ganzen Owend war eischter een klengen Reckbleck op Ensteihungsgeschicht vu Feierblumm ( dei och mat Beierdeckelen ugefaang huet) wei een flotten Filmowend.
D’auswahl vun de filmer hunn ech och net immens fonnt, hätt mech gefreet zb Kurze Nacht emol ze gesinn oder eppes aneschtes waat nach net iwerall gelaaf ass.
Et war menger Meenung eischter een Owend vu Feierblumm fir Feierblumm.
Nach eng kleng Kritik un de Moderator: ech hunn et net gutt fonnt dass quasi no all Film rem erzielt gouf wei gutt sech de club entweckelt huet an weieng grouss performant Kameren se lo hunn. Dest ass secherlech flott fir de Club selwer awer ka völleg falsch beim aneren Publique riwerkommen. Dass quasi 20 verschidden Leit een eenzel Applaus kritt hunn war och net wirklech neideg mee hätt an der Platz leiwer nach ee Film gesinn. Dofir war et och schued dass de Moderator Titelen vun de Filmer nie richteg wosst an och bessen duercherneengeheit huet ween mam Film matgewierkt huet.
Dest huet lescht joer den Steve kugener extrem gutt gemach, an et war wir och vill méi flott ginn wann een den Regisseur vun all film zu wuert kommen geloss hätt.
Wann ech och gesinn wéivill Memberen Feierblumm huet an ganz vill tréih Unhänger fannen ech et schued dass des motiveiert Leit zum deel net genuch iwer den Tellerrand kucken an zb seit 3 Joer et keen vun hinen et ronn bruecht huet emol op Filmakers Night(dei vun 3 aneren verainer organiseiert gett) ze kommen, am beschten mat engem vun de clips oder filmer. Ech si mer secher dass zumindest een Deel vun de Filmer (zb. Gänseblümchen, Consume…) do een oder puer Praisser ofgeraumt hätten. Sech engem méi breeden Publique ze öffnen ass nie verkeiert.
Dass ech lo 8 euro ausginn hunn an mech no der Arbescht op Esch gehetzt hunn fir “just” puer néi Filmer/Teaseren gesinn ze hunn deed mer awer net leed. Ech ennerstetzen gaeren d’filmszeen an den Owend haat eng gutt Ambiance an gutt “Verpflegung” no der Séance.
Barnig
01.02.2011
Ech muss soen, dass ech liicht mei awaard hätt … waren ganz vill saachen di zwar flott waren, mee net onbedingt de KICK haaten…
Un den Documentairen ass na ganz vill ze schaffen, “PACKO” an “NABADA” sin zwar interessant unzekucken, mee wirken eischter wei eng Reportage. Mee mer wessen och alleguer dass daat schweier ze realiseiren ass, op alle fall fannen ech et cool, dass na munches an deem style nokennt…
Videoclips huet ee gär oder net gär-
Ganz iwerzeecht sin ech allerdings vun den 2 Teaser vun PHOSPHOROS an HEEMWEI!
Gesait deck professionell aus, a mecht Spaas op d’Waardezait- an et mierkt een e WELT-ENNERSCHEED wann een dat mat WhosQuentin (den Uffänk) verglaicht, an daat ass jo och e gud Zeechen, dass Feierblumm sech ordentlech entweckelt huet.
Punkto Owend Organisatioun, war ausser de baal 45′ Retard (duercht daat ging et just bei eis gin) ok, ausser dass et mat der Zait wirklech steiert, wann all minutt jidereen engem applaudeiren muss, eemol e groussen Applaus fir jidereen, hätt d’Affäir och gemaach oder winstens all Akt eemol.
Bon, di meecht vu Feierblumm, komme souwisou net an dese Forum! Mee trotzdeem solle si su weider maan! A mir sin all gespaant op dei 2 nechst Produktionen!
Barnig
01.02.2011
a jo:
Eng perseinlech Invitatioun un all Film-ASBL hätt ech cool a passend fonnt!
Franky
02.02.2011
an eng Kritik vum Cyrille
www.cyrilleswebsite.net/home.php
Franky
04.02.2011
@Feierblumm webadmin:
der hutt iergend eng malware/virus um site… kuckt mol no op de provider net gehackt ginn ass….
Franky
04.02.2011
ka keen hinnen eng email schecken? ech kommen net mei op de site drop a kennen d’emails net auswenneg.. mee mat sou viren ass net ze spaassen…
Barnig
04.02.2011
Jo ech hu mer dee virun 2 Deeg gefaang!
Security Shield …
ee ganzen owend ass dropgaang, fir nei software ze downloaden, an daat ze elimineiren.
a wees nach net op e lo komplett fort ass!
Franky
10.02.2011
Problem schengt geleist ze sinn, ech kreien keng virus meldung méi
Franky
10.02.2011
Huet zwar lo naicht direkt mam Owend selwer ze dinn, mee den dag drop haat de KML site an och de Forum eng Rekord zuel waat Klicks ugeet.
Deen dag waren et 17.000 klicks, dei aner deeg sinn cirka 200 klicks!
Laurent
10.02.2011
Do hued sech vlait och een amuseiert
Franky
14.02.2011
Problem schengt geleist ze sinn, ech kreien keng virus meldung méi
www.whosquentin.com VIRUS. reklammeiert mol bei äeren Provider, well sou een Virus deet kengem Surfer gutt

Froen iwer HD(v)

Barnig
10.11.2010
Hu mol eng Fro, dei sech u jidereen stellt, deen sech schon damader befaast huet:
Wann een e Film op HD oder HDV monteiert, si jo nemmen di seltesten Leit di dann eng BLU RAY maan, fir dee Film ze presenteiren. (Kino oder Presentatiounsowend/Beamer)
Meeschtens get jo do iwer Laptop oder ext.HD gefuer!
Ass daat sou?
Wa jo … ass daat einfach nemmen su eng 1:1 iwerdroung vun engem normalen Play an engem VLC Media (zum beispill) oder gin et do spezialiseiert Programmen?
petz
10.11.2010
Also fir eng propper HD-Projektioun fir d’éischt mol checken ob den Projekter iwwerhaapt HD opléist. Wa jo, gin et e puer Méiglechkeeten.
Wéi’s du sees, kanns du einfach ee Laptop uschléissen an dann däin HD-Film iwwer een normalen Player wéi VLC oofspillen. Natirlech muss de Laptop nët ze aal sin, soss kann ët je no Format mol méi oder manner rucklen, mee mat engem rezenten Modell misst du keng Problemer kréien.
En aaner Méiglechkeet ass effektiv ee Bluray ze brennen. Nët all Mënsch huet ee Blueray-Player mee all zweeten Mënsch huet eng PS3 op där du deng selwergebrannten Blueray och oofspillen kanns.
Fir eng HD Projektioun an engem richtegen Kino, misst du normalerweis dem Kino eng JPG2000-Versioun liwweren déi sie dann iwwer Harddisk oofspillen.
Méi Infos an interessant Links an en.wikipedia.org/wiki/Digital_cinema (besonnesch den Deel iwwer “Digital Projection”
Ëmmer méi Kino’n installéiern wéinstens an engem vun hiere Säll een Blueray-Player. Den CNA wärd nächst Woch z.B. zwee nei Säll inauguréieren déi Blueray-Projektioun erlaaben.
Barnig
11.11.2010
Merci Petz,
jo op wikipedia kann ee liesen a liesen a liesen ass op alle fall interessant
Haat zwar na nie ebess vun JPG2000 heiren, dei kann ee jo o net selwer erstellen, oder !?
Also muss ee jo scho baal mettels VLC, der Datei (MPG) an kapabelem Laptop dei ganz projektioun maan. Wubai ech hoffen dass main 1080i net op groussem ecran zevill verstraifft.
petz
11.11.2010
JPG2000 ass de Standard fir digital Kinoprojektioun. Suguer Profi-Schnëttsolutiounen brauchen an der Regel awer eng Extra-Lizenz fir können JPG2000 ze exportéieren (die meescht Schnëtt-Programmer können d’Format awer wéinstens importéieren). Esou eng Lizenz ass – esouwäit ech mech erënneren kann – awer fir eng Guerilla-Produktioun vill ze deier. Virdeeler vum JPG2000 Format sin op alle Fall gudd erklärt ënner de.wikipedia.org/wiki/JPEG_2000
Interlaced-Format fannen ech perséinlech eng Katastroph an daat gehéiert als Relikt aus der Urzäit vum Fernsehfunk an ee Musée an nët an eng modern Digitalkamera oder – schlëmmer – an ee Digital-TV-Standard (!). Wanns du nëmmen kanns, exportéier ee progessivt Vollbildformat. Daat kanns du normalerweis zimmlech einfach an dengen Export-Astellungen änneren. Da mach ee Versuch op dengem Laptop, ob daat flësseg leeft. Wa jo, Projekter an Soundanlage uschléissen und fertig ist der Lack!
Wanns du nët secher bass waat fir een Export-Codec du huelen solls, dann exportéier am AVCHD Codec. Daat ass momentan den beschten Consumer-Codec fir de finalen HD-Export (awer keen gudden Codec fir domat am Schnëtt ze schaffen). Am Prinzip ënnerstëtzt den AVCHD Codec awer offiziell just 1080i an 720p, mee daat ännert sech vläit nach (Panasonic huet rezent eng Consumer-Cam erausbruecht déi een 1080p50 Signal an den AVCHD-Format quetscht obwuel deen dofir nët offiziell zertifiéiert ass! Qualitéit soll trotzdem ganz gudd sin)…
Barnig
12.11.2010
Jo Tester wäerte mer op alle fall na maan … dei INTERLACED Geschicht ass scho riichteg, wubai ech awer och muss soen, dass wann ech daat op enger 200HZ LCD Tele kuckn, naicht aussetze kann.
Versiiche mol mat progressive …

Technesch Froen

Barnig
23.07.2010
Hello everyone!
Ech wollt mol froen op wat fir enge Programmen dir är DVD Authorings maacht? An op der domat zefridden sid
petz
23.07.2010
Mir schaffen zanter Zombiefilm mat der Adobe Production Suite. DVD man mir also mat DVD Encore. Deen leeft ganz propper an ass och flexibel genuch fir gréisser oder méi komplizéiert Projet’n. Den DVD studio Pro vun Apple soll och ganz benotzerfrëndlech sin, krut awer zanter 3 Joër keen Update an ënnerstëtzt keen Blueray-Authoring, waat a mengen Aan an HD-Zäiten eng Doudsënn ass. Mat deen aaneren Produit’n vun Avid, Sony, Magix oder suguer Nero hun ech nach nët geschafft. Esou wäit ech daat an der spezialiséierter Presse awer verfolgen kann, sin haut all DVD Brennprogrammer zimmlech ausgeréift an du kanns am Fong wéineg falsch man, esoulangs du just ee normalen DVD-Produit mache wölls. D’Ennerscheeder spillen eréischt wanns du ganz komplizéiert DVD-Strukturen oder opwänneg Blueray-Disken erstellen wölls.
fuuss
14.09.2010
Apple ennerstetz nach emmer keen Bluray , weini kommen Leit dann endlech op d’Idee dass Mac se verarscht , btw Adobe Encore ( net DVD Encore ) ass tiptop kanns alles domatter machen .
Den Problem ass fun denen ” einfachen “Solutiounen , du muss fir défineiert Templates benotzten an dei dann bessen Tweaken ect , verleiers Stonnen fir dass et mega flott ausgeseit an wann et faerdeg ass , geseit et iergendwei nach emmer no dem sche.. Template aus.
Adobe Encore gett der +- ganz einfach meiglechkeeten deng DVD MEnu’en komplett selwer ze machen , an daat an ganz kuerzer Zeit ,
Bei Bluray gett et natirlech nach mei interessant well de do fir deng Knäppercher ect net mei op Vector Graphic limiteiert bass , do kanns de dann denger Creativiteit freien laaf gin. En aaneren firdeel ass dass Adobe Encore ziemlech all Fileformat kann importeieren an et an MPEG 2 emwandelen , ( esou guer schrott mov format).
Deng “Knäppercher” kanns de ganz einfach mat Photoshop machen , den Overlay muss eben bei DVD leider e Vector sin.
Den Sony DVD architect ass net schlecht mee iergendwei vermessen ech do Features dei’s de am Adobe Encore hues. EN ass awer bessen mei einfach Drop and Burn meisseg opgebaut . Magix ass komplett fir an Dreckskescht , do kanns de bei den Templates just den Text aeneren ( wow ganz Toll, engem Mac user gefällt daat fleit mee esou guer deen Schrott leeft net drop) .
Nero ass en gudden Brennprogramm , fir den recht vergiess et.
Avid ass net schecht gewiercht , dei updaten schon zenter Joeren neischt mei seit se Pinnacle opkaaf hun , anscheinend brengen se eppes ganz neies eraus , emol oofwarden.
Esou fill fun mir
Fuuss
PS MAC SUCKS
Barnig
27.09.2010
Merci, Fuuus fir deng puer Wider
Wäerten eis daat mol na bessi duerch de kapp goen loosen, wei eng software een sech do kinnt zouleen.
PS Si frou dass mir eis fir PC entscheed hun Haaten och ganz laang diskussiounen. Mee nach paacke mer Holz un
fuuss
28.09.2010
Ass gaerschitt wei gesoot fir technesch froen hellefen ech emmer gaer

Clipstar (Iechternach)

Barnig
24.01.2008
Och dest Joer get nees de Clipstar Festival ofgehaalen, an daat:
SAMSCHDES, 07. JUNI 2008
zu Iechternach am CineSura
Filmer kennen bis den 31.ABRELL eragescheckt gin. Mei Infos op hierer Homepage
www.cinesura.com/clipstar/
Kathegorien wäerten nees dei selwecht sin, wei daat Joer virdrun, mat Zousatz Kathegorie
“Beschte Film vu Jugendlechen <18 Joer"
Barnig
20.05.2008
KML ass dest Joer just Zuschauer.
Eis 2 Riddlyfilmer sin -wien wonnert et- net ugeholl gin
Sin awa gespaant, waat do leeft
Franky
08.06.2008
CLIPSTAR 2008
Den owend huet genee wei lescht joer mat engem vollen kino sall ugefaang. Den Thorben huet bessen Stemmung an d’Bude bruecht an den Ooflaaf vum Owend presenteiert.
Am Geigensaatz zum leschten Joer sin net emmer 4 Filmer an enger Kategorie gewierscht(waat ech net gudd fannen!!)
Folgend Filmger sin gelaaf(ech schreiwen jeeweils meng eischt Meenung an mein Androck dei Filmer bei mer hanerlos hun, ass zwar wei sou oft rem kneppelhaart an ech hoffen Produzenten kennen mat Kritik emgoen,… sin souwiesou emmer der Meenung dass et besser ass eng eierlech kritik ze hannerlossen wei naischt ze soen/schreiwen oder den aneren mat Hunneg anzeweckelen)
KOMODIE
*Le désir des choses*
Den Obtakt huet een Schoulprojet gemach. D’Liewen vun enger Luut ass mat Stop motion verfilmt gin. D’Idee war interessant, d’Realisation war fir een Schoulprojet och net iwel. Et war secher keen Milestone, mee et huet den Owend locker gestart.
*Bordun* (Gewenner)
Eng semi-professionel gesellschaftskritesch Komedie. D’Schauspiller waren 1A an hun hieren daitschen Text gudd iwer d’Bühn bruecht. Een Deel vun den Szeen hun mer gudd gefall obwuel den Genre vum Humor extrem komesch war an oft an dat nodenklecht/trauregt riwer geschwenkt ass. Perseinlech hun ech den Film ze laang fonnt an ab un zu zevill absurd.
Objecktiv gekuckt den beschten Film vum owend!
DRAMA
*Lei, lui e l’altro* (Gewenner)
Eng Art Video Clip wou Geschicht vun enger jonker Koppel erzielt get. Den Film iwerzeecht virun allem durch sain poppegen an bizarren Style (den oft durch FaarfFilteren verstärkt get). Den Film huet menger Meenung no guer net an dei Kategorie gepasst, an huet och naischt (bei mer selwer) riwerbruecht. Hun och fonnt dass dat Thema Drogen(sech eng Nues Mehl ranzeien) absolut ze oft behandelt get an dei Tragik vum DrogenMessbrauch net am negativen mee am Faarwegen positiven behandelt get. Dest get durch dei „happy“ musek ennerstrach. Als richtegt Drama feel am platz, als experimentalen „viva style musek clip“ projet gudd gelong.
*Passengers*
Een typescht Drama verfilmt vum Nadia. Eng Rencontre vun mengem Famillien papp an enger „give me money, i give you something else“-Fra get an 5 Minuten presenteiert. Den Obau vum Film ass zwecksmeisseg an brengt eng simple Story seier un den Mann. Den Film bidd kuerzweil an wees mat enger klenger schockanter Pointe des Geschicht mei oder weineger iwerzeegend un den Mann ze brengen. Keen Film den hänken bleiwt mee awer och keen Film mat groben Feeler.
*30 von 128*
D’Thematik vun enger anonymer Gesellschaft behandelt desen courtmétrage. An der Schoul ass jidderen am Ufank just eng Nummer, een Onbekannten. Reischt step bei step kreien des Nummeren een Numm an een Gesicht. Dest ass am Film symbolesch mat Masken duergestallt. Den eischten Film an der Kategorie Drama den bessen Atmosphere/Spannung obgebaut huet. Den Schluss hun ech ze kuerz an onpassend fonnt(oder ech hun den deiwen senn vlait och net ganz verstaan).
*Ricky*
Een weideren Film vum Mike. D’Liewen vun engem Proff an engem Lycée get Daag fir Daag mat der Kamera festgehaal. D’Erzielart vum Film ass deelweis zynesch bis rasant/erdreckend. (wat och indirekt d’Gefill vum Proff remspiggelt.)
Ironesch an mat schwarzem Humor gefellten Kuerzgeschicht dei leider durch dei extrem schlecht bildqualiteit(riesen grouss artifakten) bessen futtigemach gin ass. Den Mike huet mer awer erklärt dass dest 100% den Feeler vum Projektor war.
DOKU
*2 indisch Pärlen*
een einfachen Dokumentar Film iwer Indien(ech war an der Mett vum Film kuerz aus dem Kino, hun en also net ganz gesin). Den Carlo Thiel (Perl oder Pica) huet bei der Praisiwwerreschung den beschten Sproch vum ganzen Owend bruecht(wees zitat zwar net mei genee):“… vill Filmer waren einfach ze laang an ech hoffen dass lo keen mein sain vakanzenFilm als Dokumentation ranreecht…“ Dozou ass naischt mei bezefügen
*Bleif faarweg* (Gewenner)
Een weideren Schoulprojet den eischter an Kategorie Spots gepasst hätt. Et war bessen heavy fir d’Familien mat den klengen Kanner
*Giu, nelle cieche tenebre*
Den 2ten Dokumentarfilm vum Sacha.(sain eischten hun ech net gesin, kann dofier keng verglaicher zeien). Den Film handelt iwer italienesch Minearbeschter.an get een Ableck iwer hier Imegrationsgeschicht. Den Film ass zwecksmeisseg an kompakt ouni weider iwerraschung(waat och meeschtens gudd fir eng Doku ass). D’Thema ass chronologesch behandelt gin an extrem geragelineg riwerbruecht. Et fänkt mat enger retsch fotoen un(dei deelweis extrem pixeleg sin, Projektor?), geet weider zu engem Interview bis den aalen Mineaarbeschter seng aal Schaff besichen geet.
D’Thema vum Film hun ech bessen zeih an oninteressant fonnt, et gin keng Spannungsbei opgebaut, dofier get alles konsequent op HD festgehaal. Gesteiert hun mech d’Soustritres(un dei ech ugewissen war): d’Schreft ass vun uewen no ennen gehopst, et waren Schreiffeeler dran(Allemegne), an d’ponctuation an spezialzeechen waren quasi all falsch( ’ ˆ ) an och é è à waren deelweis guer net vorhanden.
D’lescht joer huet mer des kategorie een tick besser gefall.
ACTION
*The Darkness of the red light*
Dem Raab sein eischten Film wou en Regie gefouert huet. Den Film handelt vun enger Scoutstruppe dei am Besch een Rally mecht. Dobai begeinen se puer mysterieus Szeen an et get versicht eng Spannung opzebauen. Desen typeschen Szeenario(den an 50% vun all Amateur filmer ze fannen ass) konnt mech net wirklech iwerzeegen. Ech wees selwer wei schweier et ass am Donkelen Besch ze shooten, mee Bildqualiteit an den Toun sin zaitenweis schrecklech. Bildqualiteit ass eng kleng katastrophe an wierkt extrem platt an ellen (dest ass menger Meenung op den HP zereckzefeiren, am Ufank beim lagerfeier ass Szeen ze weineg beliicht an dobai kann eng deier HD kameraoch naischt mei retten, an all Schwarztoun wierkt einfach GRO an platt). D’Kamera vum Film fannen ech och alles anescht wei proper/interessant, idem fir den Schnett.
Ech gesin den Film einfach als Spass/Ennerhaalungs projet(ech mengen et ass och genee sou vum prod. Geduecht). Eng Homage un een eegent Wierk fannen ech alles anescht wei gudd(well een domat indirekt sech selwer veräppelt) respektiv quasi keen vun den spektateuren den Joke verstaan huet.
*Of a daemon in my view* (Gewenner)
Den Film handelt vun engem jonken Mann den sain liewen net am greff huet. Hien get geploot mat visionen an geraischer an kämpft mat sech selwer. Hien get vun sengem eegenen Demon heemgesicht, bis hien endlech an sengem totalen Wahnsinn sech embrengt, awer sain Opfer am Keller vergies huet. Weider Detailer schreiwen ech hei net nidder well ech vill szeenen am Film einfach net verstaan hun (Wiesou kommen ballonen vum Himmel? Wiesou leit d’meedschen bewosstloss um desch? Wiesou huet hien narben um reck? Wiesou sin Szeenen an Obersevercam style?)
Den film huet deelweis gudd Pläng, schein optik an eng ganz Wundertüte mat eenzelen Ideen. Waat meng Kritik ugeet gin ech dem Joy zwar rescht. Den Film rappt mech net vum Hocker an ass absolut Overdone…Ech haat den Androck wann do Ideen vun cirka 10 verschidden Persounen agefloss wier, een rouden Fuedem, een eenzegen Style vermessen ech total am Film, et ass eng ureihung vun eenzelen Szeenen dei sech stylesch total iwerumpelen. Et ass einfach zevill des gudden, sou nom Motto: lo brengen mer nach eng geil szeen dran, egal op se passt oder net. Den haaptakteur spillt seng roll am ufank gudd, mee fir mein Geschmaach iwerdreiwt hien total(seng kreischszeen am etre et vivre avec war no un der Grenz zum künstlechen, an desem film huet hien iwer d’zill ewesch geschoss. Een eegen Style oder eng Handschreft kann ech am ganzen Film net erkennen.
MINICLIPS
*volonté de fer*
extrem kenschtlecheren Film mat enger klenger pointe(autocrash).
*Fish*
Stylech schein an szeen gesaat, mee total langweileg an belanglos. Keint sondes mettes um Arte laafen.
*Bab boys gone bad*
Wien lescht joer um clipstar war, erennert sech secher un des duersteller. Sie hun et faerdeg bruecht den Sall zum schluss nach emol zum Laachen ze brengen. Teschnech absoluten niveau, mee sou hun mer dach all ugefaang
*machtlos*
Sou ähnlech filmer hun ech schon öfters gesin, net wirklech eppes neies
*Nosferatu*(Gewenner)
eng verballhornung vun engem Kultfilm… huet mein gout net getraff, war fir mech rem Sth about pizza style. Sin wirklech gespaant emol eppes serieuxes vum Patrick ze begutachten.
*party84*
hat dunn definitiv keen nerv mei, war eng stop motion dei sain zweck erfellt huet, net weltbewegend.
War een flotten owend am ganzen, gudd stemmung (een tick maner wei lescht joer), ech sin gudd ennerhaal gin. Der Jury hier Urteel kann ech greissendeels novollzeien. Schued war et dass quasi keen Filmemacher vertrueden war den net een Film gewissen huet(also nemmen Leit dei komm sin well hieren Film gelaaf ass).
Barnig
09.06.2008
Domaat hues de jo scho baal alles gesoot
Ech muss soen, dass Filmer allgemeng wirklech net berauschend waren. Hätt mer vu ville Projeten mei awaard.
Den absoluten Highlight ass kloer de Film “BORDUN” gewiergt, dee menger meenung no a kenger hinsicht ze laang war. Et war e properen Film, gud gepfleegt, an eeng vun deene gailsten Amateur-kameraarbechten dei ech jee gesin hun.
Top Top, daat Deng!
Fir de Recht, gin ech dem Joy Hoffmann total recht, dass an enger Kathegorie vu just 2 Filmer, leider “1” MUSS gewielt gin, obwuel en et eigentlech net verdingt hätt.
Sie hätte wirklech kenne besselchen mei Filmer an de Programm huelen.
Bon, mei en detailleierten Rapport vun de Filmer maan ech an neechsten Deeg.
Iwer 2 Projeten, well ech awa lo schon zielen, an daat maan ech an hiere spezifesche Forumstopics!
Barnig
09.06.2008
De Clipstar war nees (wei daat Joer virdrun) e volle Succes.
Den Thorben a seng Equipe vum CineSura leeschten TOP Arbecht, an et kann een hinen nemmen feliciteiren.
220 Filmer sin dest Joer rakomm (warscheinlech ganz vill Schoulprojeten), an et gouf eng deelweis -“Ze” kleng Selectioun
gemaach. 2 Filmer an enger Kathegorie, ass einfach ze mann, an et ka jo net gud sou bewert gin. Mee bon, fir de Recht war awa alles ganz ok.
Et ass ugaangen mat der Rubrik “KOMÖDIE”
Bon, hei war ganz kloer dass de Film “bordun” gewonnen ass. Eischtens gouf et just ee Konkurrenzfilm, an deen haat schon a 5 min. Length puer Feehler, dei dem Bordun a 27min. awer net ennerlaaf sin. D’Effekter vum eischte Film “Le Desir des Choses” sin awa ganz gelongen, a fir eng Filmequipe vun <18 Joer, och absolut heichrangeg ze klasseiren. Leider (wei de Jurist scho soot) huet BORDUN fir mech och net mi graad als "Amateurfilm" gewierkt, an haat dofir kloer dei besser Kaarten. Waat eng gail Kameraarbecht! 2t Kathegorie "DRAMA" Feierblumm huet de Clip "LEI LUI E L'ALTRO" presenteiert, deen ech ganz gelongen fonnt hun. Och wann de Clip just aus Effekter besteet, klappt daat awa relativ gud, virunallem och well de Film eng (sau)gail Musek huet. Top Top. Leider huet de Film net wirklech an d'Kathegorie gepasst, och wann Drogeprobleemer scho laang bekannt sin, su war daat awa wirklech naicht neits. Vill mei interessant hun ech dem Nadia sain "Passengers" fonnt. Ausser eng Wackelkamera, di mech de ganze Film genervt huet, war Story awa scho besselche besser, a virunallem huet de Film besser an Kathegorie gepasst. Interessante Film an och gespillt. "30 von 128" huet mer net sou gefall, wees wirklech net mei wisou, mee Kamera war och bessi dru schold. RICKY (-> KML Forum meng kleng Analyse) Huet mer gud gefall, an hätt menger Meenung no misse gewannen! (Mengen et huet d’Leit alleguerten gesteiert, dass wirklech dei Youtube-Qualiteit do ze bestaune war.. Ass vlait dann einfach just domm gaangen.
3t Kathegorie “Doku”
2 indisch Pärelen War flott unzekucken, virun allem well Indien e ganz flott Land ass, mee huet och nees guernet an Kathegorie gepasst. Et misst een de Film enner “Vakanzefilmer” oder “Flott Flitterwochen” aklasseiren. War flott unzekucken mee leider net mei “Bleif faarweg” Haat ech schon eemol gesin, fannen de Clip ganz gewooht, an ass awa mat kloerem Message ze interpreteiren, wat och denken ech -bei jiderengem gud ukomm ass- “Giu Nelle Cieche Tenebre” Dest war ganz secherlech dee beschten Dokumentaire vum Owend, och wann ech ganz wei de Frank soen, dass et en Thema ass, wat mech lo net wirklech interesseiert, vun dohier kennt och nie di riichteg Spannung op. Oft get villzelaang geschwaat an daat ouni Voice Off. Ech denken winstens de Voice Off hätt kinten letzebuergesch sin. War net graad berauschend, mee awer dee Film vu am nootsten um Documentaire drun war.
4t Kathegorie “Action” “The Darkness of the Red Light” 15min. Folter (mee fir de Spectateur) -> Mei dozou am Themeforum “Of a Demon in my View” Ganz flott an interessant Pläng, mee och hei voll a ganz dem Joy Hoffmann senger Meenung, verschidde Pläng si sennlos, oder et kriit een net wirklech eng Aklärung, sin deelweis lynch-elemter, awer falsch ugesaat oder interpreteiert Allgemeng hun ech de Film awa guernet su schlecht fonnt, stung vill Arbecht dahanner, an ass ganz proper. Dass dese Film gewonnen ass war wuel keng Iwerraschung.
5t a lescht Kathegorie “Minispots”
Ech hun dem Patrick Vedie sain “nosferatu” belleg, mee witzeg fonnt. Huet vun dohier sai Praiss och verdingt, well e beweist dass ee mat net vill awa duerchaus ebess witzeges kre’eiren kann. Mai Favorit war an der Kathegorie allerdings dee leschte Clip “Party 84” mat skurillen Steeropor (get daat lo su geschriwen) E’er dei einfach party maan. Hun ech cool fonnt.
Clipstar Equipe: Macht sou weider, daat ass wirklech e flotte Festival, wu een all Joers nees hären zreckkennt. Hoffen d’Afterparty war och flott, hu misse fort, soss wiere mer na bliwen.
Barnig
09.06.2008
Hei o nach eng zimmlech relax Reportage iwer de Clipstar-owend:
egalwaat.lu
Claude
09.06.2008
Ech stëmmen zu 90 % dem Marc an dem Frank zou.
Nach e puer Klengegkeeten:
– Nebula Uspillung war einfach”lächerlech
Dei eenzeg cool a witzeg Hommage war un LAST OF THE CORNETS, wou de Glasseverkeefer dem Murrrel e “Fraise-Cornet” verklappt huet. (hun dei Smilies schon laang net mei konnten richteg benotzen)
– The Darkness of the red light (waat e schrott Titel, einfach nëmmen onoriginell)
Wou ass dem Raab sei Beliichter-Talent hinn? Huet hien daat esou schnell verleiert?
An de Philippe, en TOP-Fotograf, huet och keng immens gudd Kamera gemaach. E soll bei senge Fotoen bleiwen.
– Den “Nosferatu” ass meganull an huet op KEE FALL e Präis verdingt.
Schlecht Witzer an einfach nëmmen bëlleg. An engem Daag kann een locker eppes 10x Besseres op d’Been stellen.
A Schrëften mat enger Greisst vun 120 Punkt, wou nëmmen 3 kleng Wierder an eng Zeil passen ass absolut amateurhaft. Si mer dann schiel? Domat hunn se sech elo en schlechten Numm gemaach a genau daat haaten se net welles, der Aussoh no vum Patrick Vedie selwer daat Joer virdrun…
Mich
18.06.2008
Deen eenzege Film, dee mech beim Clipstar wierklech iwwerzeegt huet ass BORDUN. Zumols d’Optik an d’Kamera huet mir immens gutt gefall, déi skurril Geschicht war och mol emol nees eppes Innovatives
Franky
02.07.2010
clipstar 2010 kennt… hunn dat iergendwéi total verpennt. Leider war ech schon 2009 net dobai

Workshops (Filmreakter)

Barnig
02.07.2010
Salut Alleguer,
wéi dir vielléicht schon mattrkitt hudd hued Filmreakter sech desst Joer dem europäeschen Film Netzwierk Nisi Masa ugeschloss. Nach si mir just “Observer Member” an dat fir ee Joer nodeems si a mir ons mussen entscheeden op mir zesumme weiderfuere wellen.
Mir wollten déi verschiddene Filmgruppen zu Letzebuerg perséinlech uschreiwen well et schued wier wann dir net géingt doriwer bescheed wessen. An d’Joer geet méi schnell em wéi ee mengt.
Nisi Masa gett vun der EU ennerstetzt an hun hieren Haaptsetzt zu Paréis. Ugefaangen hued dat ganzt als en Zesummeschloss vun europäeschen Filmgruppen – e bessien wéi dat wat mir am Hannerkapp haate wéi mir Filmreakter ugefaangen hun, eben just op europäeschem Plang. Seithier bidden si nierft Co-Operatiounen tescht deenen verschiddene Gruppen hier eegen Projeen an Workshops un vun deene mir desst Joer och profitéieren kennen. Zwee vun hieren interessanteste Workshops sin elo op fir d’Bewerbung – de Script Contest an den Istanbul Express. Ech well kuerz op e puer vun hieren Workshops agoen:
– de Script Contest fannen mir interessant, besonneg fir Letzebuerg, well et an onsem Kontext déi eenzeg alternatiiv zum Film Fong ass wann ee well op professionellem Niveau e Kuerzfilm-Projeet réaliséieren. Matt professionel mengen ech: et hued een e Produzent, woumeiglech en auslänneschn Co-Produzent, Kontakter zu Distributeuren a Festivalen, etc. Wann also e Film beim Film Fong net duerchgeet wier en domadder net gléich dout. D’Bezeechnung “Script Contest” ass e bessien schlecht gewielt, well et eigendlech en extensiven professionellen Workshop ass fir deen een sech bewerben muss an deen 500 € kascht. Filmer vum Nisi Masa Workshop laafen all Joers an der Semaine de la Critique zu Cannes, den Niveau ass also relativ héich. Detailer fann dir hei: www.nisimasa.com
– Den Istanbul Express. Dese Workshop fennt op dréi Zich statt déi aus dréi verschiddene Stiedt aus Europa Richtung Istanbul fueren. Ennerwee bleiwen déi Zich an enger ganzer Reih Stiedt stoen sou dass sech de Workshop iwert dréi Wochen erstreckt. Ennerwee dréinen d’Partizipanten matt hierer jeweileger Crew Dokumentar-Kuerzfilmer déi um Schluss zu Istanbul gewisen gin. Desen Workshop kascht 300€ Euro an et muss een sech op eege Käschten zur Start-Staadt an rem heem vun Istanbul deplacéieren. Fir Istanbul-Köln/Bonn gett et Tickeen schon ab ca. 30€. En zimlech genstegen Workshop.
– NisiMazine Film Journalism Workshops fannen op enger Reih Film Festivals uechter d’Welt statt, deen nächtsen elo zu Abu Dhabi. Iwert 8 Deeg gett während dem Festival deeglech eng Zeitung erausbruecht, gesicht gin jonk “aspiring film critcs” an ee Fotograaf. D’Rees op Abu Dhabi, den Hotel an d’Iessen gin vun hinnen bezuelt.
– E weideren Workshop zu Turku a Finland ass grad annoncéiert gin. An desem Workshop fiert ee matt engem Boot vun Insel zu Insel an dréiht Kuerzdokuen. Bewerben kann een sech fir desen Workshop matt engem Video. Desst ass och en “all expenses paid” workshop.
Ons géif et freen wann zunmindest e puer Letzebuerger géifen un hieren Workshops deelhuelen an ons dono beriichte kéinten wéi et war. Vléicht hud dir och Ideen fir e Workshop oder Projeet deen mir vu Letzebuerg aus kéinten organiséieren? All Initiativen sin welkomm.
Mir wieren ierch dankbar wann dir dess Info kéint un eer Membren weidergin. Mir warden gespaant op eeren Feedback,
matt beschte Gréiss,
Gov.
fir Filmreakter

OPEN SCREEN

Barnig
16.01.2007
Nexten Open Screen>
HAUT DEN OWEND um 20h am D-QLIQ
Villes aus der AmateurfilmZeen Letzebuerg, an
KML presenteiert warscheinlech 3 Riddly Sketcher
Barnig
16.01.2007
Mir sin geraad vum OPEN SCREEN erem!
Leit hu gud gelaacht bei der KML-SKETCH-Trilogie>
Wuertspiller
Super Mario
De Sprenger
Barnig
12.03.2007
NEXTEN “O P E N S C R E E N”
DENSCHDEN — — — 03.ABRELL 2007
ab 20h00
op der BKW Location “FOND-DE-GRAS”
Barnig
08.05.2007
N E X T
O P E N
S C R E E N
MEINDEN – 14. MEE 2007
19h00
infoladen
zu Esch an der KuFa
Franky
08.05.2007
mecht KML do mat“? wei wier et mat puer sketcher?
Barnig
08.05.2007
Ech hoffen
et lait jo na vill an der RIDDLY Kescht
Murmel
08.05.2007
ween geet alles an KUFA??
Barnig
08.05.2007
Du!
checken daat…
Barnig
27.06.2007
NEXT OPEN SCREEN
24.JULI 2007 – 21auer
KINNEKSWISEN an der Staadt
Barnig
10.12.2008
Et ass nees suwait!!
Et kennt nees e neien OPEN SCREEN !!!
SAMSCHDEN, 27.DEZEMBER am EXIT07
Barnig
29.12.2008
Trotz klengen technesche Probleemer, war den OPEN SCREEN dese Samschden nees voll dawäert!
Di meescht Filmer waren ennerhalsam, an haaten alleguerten hier heichpunkten.
Ambiance am Exit07 war super!! (Fir d´allereischt wu ech do war, kriit een d´Gefill “Hei muss ech zreck”
Barnig
14.04.2009
Et ass nees suwait:
NEXTEN openscreen
25.ABRELL – SAMSCHDEN um 18h00 an der KUFA zu ESCH
mat nemmen experimentelle filmer
Franky
23.04.2009
dei richteg film fans gin dann als eischt dohinner an dann an den belval

SuperMovie

muffpuff
18.07.2008
Moien alleguer.
Ech sin nei hei. Ech wollt mol bei Iech hei puer Tipper froen fir en Film ze dreien. Denken mir schon dat hei bei KML di beschten Leit sin, net su wi bei verschidden aneren AmateurMöchtegernfilmdreier.
Meng frenn an ech kruten en Budget vun 250 euro op Been an all meng Frendinnen an Kollegen wellen och gaeren matspillen beim Film! Wei muss ech dann lo ufaenken?
fuuss
18.07.2008
Jo daat ass wouer Kml hun wirklkech schon iwer 10 Joer erfahrung an sin och an mengen Aan op eischter Platz. Hues de dann schon eng Camera ?
muffpuff
18.07.2008
Jo mir hun eng ganz gudd Kamera!
Barnig
18.07.2008
Salut mufffpufff
Welcome on board, wei een dat su schein ausdreckt. Also mir hun op eisem Site enner “BEHIND KML”
eng kleng Aklärung zur wichtegkeet vun deene verschidden Etappen am Amateurfilm op d´Been gestalt. Des Prozedur ass zwar mettlerweil scho bessi aal, a kinnt och roueg eemol nees aneiert gin. Ech kann der awer och e Link gin, vun eisen OBSKURA Kolleegen, wu de Petz sech virun puer Meint eemol d´Meih gemaach huet, alles ganz detailleiert opzeschreiwen, waat een eben sou brauch fir en Amateurfilm op d´Been ze stellen. Dese Bericht fenns du hei:
blog.obskura.lu
(ganz ennen op der sait) Ass zwar besselchen vill ze liesen a grouss, fannen awa dass en relativ komplett ass.
Ansonsten geing ech soen: Trefft Ierch (Du an deng Equippe) eemol, schwätzt iwer den Zaitopwand an d´Arbecht. Versiich jidereen mobiliseiert ze kreien, maach der e klengen Dreihplang an e Locationplang (natirlech net ze vergiessen d´Ausgaaben dei der vir de Projet braucht) an dann hues de dei eischt etappe scho baal iwerstaan.
Kanns och all deng Froen emmer hei stellen. Ech denken hei si genuch Leit, dei der kennen weiderhellefen!
Freen mech nees e neit Amateurgeschicht an der letztebuerger Filmindustrie ze begreissen
muffpuff
18.07.2008
Oh flott, gin mir daat alles dann mol ukucken. Majo mir treffen eis mol desen weekend an dann iwerleen mir eis daat alles mol!
fuuss
18.07.2008
Waat fir en Film soll daat dann gin wann ech froen daerf
muffpuff
18.07.2008
Duerf een daat hei dann su soen wat et fir en Film ass?
fuuss
18.07.2008
Ech mengen daat leit un dir , naja fleit ass Idee esou gutt am KML keeft der se oof dann kriss de dei eng oder aaner Millioun
muffpuff
18.07.2008
Seriö?? Wow dann muss ech nach mat deenen aneren kucken op mir et soen oder net!!!
Mich
19.07.2008
Salut muffpuff.
Wëllkomm an eisem klenge Forum hei
Et ass ëmmer nees spannend wann e neie Filmprojet lancéiert gëtt; ech wäert dat ganzt op allefall mat vill Intérêt verfollgen. Ech hoffen dass du ons dann hei am Forum iwwert äere Film ëmmer mat neie News um laafenden hälls.
Wann ech froen däerf, mat welcher Kamera film der dann?
Bei weidere Froen zur Realisatioun vun engem Film, si bestëmmt ëmmer Leit hei déi der eng Äntwert drop kënne ginn.
bis dann..
CArLO
29.11.2008
Wei ass et oder get et mam Supermovie weider???????????
muffpuff
01.12.2008
CArlo, mamm Supermovie get et leider nix. Eis Equipe huet sech opgeleist well mir keng Meedecher fonnt hun di sech wollten ausdoen fir den Film
Barnig
01.12.2008
aa et war sou ee Film–
ok
Fannen dann den Titel awa net passend
Franky
01.12.2008
hmm sou leit lossen sech awer einfach fannen
muffpuff
01.12.2008
Ahsou?
Barnig
01.12.2008
dach schon, mee…
muss een di riichteg geschichten verzielen
CArLO
01.12.2008
ASOU, ech kennen der 3 dei et machen an schon gemach hun, an narwell guer net esou deier………..
……….falls du intressi hues dann mell dech bei mier.
www.obskura.lu fenns du all meng donné’en
fuuss
02.12.2008
Carlo ech hun der schon gesoot du solls meng donné’en net eosu seier erausgin
pfff
CArLO
02.12.2008
fuuss sorry mee mengen ech hun deng donné’en net eraus gin, do hues du dier elo selwer een laach gegruewen.
Hun weder een numm nach donné’en fun iergend engem eraus gin, get alles hannert der hand gemach awer nie eppes um site fun KML preisgin.
An iwwerhaapt fuuss lies emol genau wat ech geschriwwen hun…………..
Carlo trett geschwen erem an een mei langen streik

State of the Nation: Letzebuerger Amateur/Independent Szene

Jay-Ra
08.05.2007
Ech wollt mer jhust mol en Bild maachen waat d’Letzebuerger Amateur/Independent Szene ugeet. Souwäit ech elo mattkréien gett et ausser KML, Féierlumm, Obskura/Phyrrus an Filmreakter nach aaner Gruppen. Leider fannen ech awer keng weider Informatiounen dozou. Links? Filmer?
Sinn fiir all Info dankbar
Ciao,
geschwenn “den Dokter Film”
Franky
09.05.2007
Kuck mol ennert eisen links fir nach e puer aner filmproduktionen ze fannen
Barnig
09.05.2007
Filmgruppen, wu Filmer selwer produzeiren:
KML
FEIERBLUMM
OBSKURA
PHYRRUS
an och:
PULSA PICTURES
(daat ass eng nei grupp, dei en Horrorfilm am gaangen sin ze produzeiren “Near You” )
Filmreakter selwer produzeiert keng Filmer, mee daat ass villmei eng “Community” vu Filmemaacher zu Letzebuerg. Mir sin als “KML” do ageschriwen, mee och privat Leit kennen do ran, wzb. Bernard Michaux, Jeff Desom oder Govinda, dei och hier eegen Filmer dreihnen
petz
09.05.2008
Interessant ass och den neien Site www.podium.lu vun Pyrrhus an hieren Projet Bommeleer deen villverspriechend ausgesäit.
petz
09.05.2008
Ehrm, ass et net méiglech die Hitchcock-Foto an deen Sproch wéinstens bei mengen Posten eweg ze loosen? Höllt just Plaz eweg a bréngt näischt.
Barnig
..2008
Herr, Administrator:
Kenn dir daat reegelen, w.e.g.
Et soll keen zum HITCHCOCK Fan gezwongen gin
Franky
10.05.2007
dat ass een feeler vum system! Dat geschicht just bei Useren dei net registreiert sin.
sorry do kann ech naischt machen(do muss eng nei version vum system drop gesaat gin, an dat mecht just den Admin1)
Barnig
10.05.2007
Admin 1
Admin
12.05.2007
De Problem gëtt behuewen soubal ech mat méngen Examen fäerdeg sinn… well ass net grad just a 5 Minutte gemaach…
Da kënnt e gréisseren techneschen Update vum Site!
Barnig
17.08.2007
Hei 2 Filmer (als Amateur kann een daat zwar net mei bezeechnen) mee interessant sin se,
2 Filmer wu den Nilton Martins matgespillt huet:
vids.myspace.com
derriere-le-buisson
Franky
20.05.2008
hun gescht grad an live an der fullengaas gesin dass een film gedreint get, 2-3 camionen mat matérial, an riesen crew an 3 schauspillerinen dei als “50 euro – jofferen” ugedo waren… Hun keen plang weien film oder produktion dat ass.
Iergendeen eng ahnung?
Barnig
20.05.2008
bestemmt keen Amateurfilm
Franky
22.05.208
www.miriad.mmu.ac.uk/visualculture/inc/nightmares/abstract.php?id=16
den video onbedingt kucken, ass zwar schon bessi mei aal, mee et geet vill riets iwer Openscreen, zomboefilm, KML an sou weider, ass eng interessant analyse!!
och interessant ze wessen dass hien um aalen kml board mat vun der partie war an och Komentarer am KML forum an sengem Talk erwähnt

Film-Festivals

Mich
03.02.2007
An dëser Kategorie kann een all Film-Festivals opzielen, wou ee kéint e Film aschécken..
Hei ass mol en éischte Festival:
ClipStar – Die Oscarverleihung der Amateurfilme zu Iechternach am Kino CineSura.
Barnig
05.02.2007
da’ si ma dabei’
Leider ass den ART4YOU Festival, wu mer mat MONA sollten maatmaachen ofgeblosen gin (also d’Rubrik vu JEUNE VIDEO)
Barnig
08.06.2007
Net vergiessen:
MUER ass de CLIPSTAR Festival zu Iechternach am CineSura!
Dei wu net kenne kommen, hun och d’Meiglechkeet, dei nomineiert Filmer namol SONDES mettes ze kucken
Barnig
11.10.2007
Sin dest Joer nach Festivaler irgendwou??
Wees vlait een daat
Franky
26.04.2008
Bandsalat Filmfestival zu Saarbrecken:
absoluten TOP, gudd organiseiert, extrem sympatesch Organisateuren!!!
D’qualiteit vun den Filmer war den Owend ganz verschidden, et ass gaang vun serieuxen an extrem gelongen dokuen, technech gudd animations filmer, bis hin zu jugendproduktionen
Et war ideal fir nei kontaker ze knüpfen an sech ausserhalb vun letzebuerg ze presenteiren an geigenseiteg informationen iwer den amateurfilm auszetauschen.
Interessant war och dass no all Film an Froen ronn mam regisseur war!
sin gespaant op bandsalat 2010

Letzebuerger Filmprais

Barnig
17.12.2008
De “Plot Spoiler” vum Jeff Desom huet jo de Prais vum beschten Kuerzfilm gewonnen. Daat ass och ok, well de Film super ass, mee d’Fro: Kann den Amateurfilm bei engem Letzebuerger Filmprais maatmaachen oder net?
Ech denken eischter, dass daat net däerf sin! Well mir maan eis zu enger onserieuxer Festivalsparodie. Well och wann et sech hei just em eng Kuerzfilm-Kathegorie dreiht, sou soll een awer mat de Feiss um Buedem stoe bleiwen. Dass de Filmfong (oder d’Organisateuren) vum Letzebuerger Filmprais vlait irgendwann eemol eng verdingten “Beschten Amateurkuerzfilm” Kathegorie baiflicken, ass eng aner Saach, dei ech ganz secherlech total riichteg an tolerant geing fannen, well mer souvill Kathegorien jo nun och net zu Letzebuerg hun. Fir awer en Amateurfilm an enger Haaptkateorie ze wielen, fannen ech ganz secherlech net ok, an ech wees dass ech domader net eleng stin, an dass vill “Filmkenner” an Analysten sech doweins schon zurecht opgereegt hun.
Och als groussen Amateurfilmfan fannen ech daat leider net riichteg, waat haal dir dovun?
News
20.12.2007
feierblumm.com
Barnig
12.12.2007
Deen Datum ass schon noteiert!
Mir wäerten do sin an evtl och e klengen Trailer weisen (falls en dann bis dann faerdeg ass)
Franky
21.12.2007
etre et vivre avec ass dach schon am sunset gelaaf????????????
petz
03.01.2008
Zombie Film elo fir 19,90 EUR (aplaz 25 EUR) op www.obskura.lu
Wönschen iech allegueden am Numm vun der ganzer Obskura-Equipe een ganz flott, gesond, zefridden an produktiv Joer 2008.
Franky
04.01.2008
MErci Petz, och der an denger Equipe alles guddes an een produktivt joer
Barnig
07.01.2008
Merci, Petz!
May the Production Film Force be with you !!

SECOND LIFE – AMATEURFILM CINEMA

Barnig
08.11.2007
Yo Alleguerten!
Ech hu mer mol geduercht, op mer net sollen am SECOND LIFE e letzebuergeschen Amateurfilmkino ariichten !?
Wieren Leit doruner interesseiert.
Ech selwer hun zwar guernaicht mat SECOND LIFE um Huut, mee et taucht emmer nees an der Press op, vill Leit lierfen baal nemmen na dovunner, an an Amerika ass eng CSI erauskomm, wou e Killer sech op SECOND LIFE ronderemdreift
Ass daat eng gud Idee? Ass et eng schaiss Idee?
Wien geing matmaachen?
A wei geiff een do fiir goen?
Franky
08.11.2007
ma dofier brauch een SUEN.. also richteg suen fir eng bauplatz ze kaafen
an et renteiert sech net , well dei welt mettlerweil sou riesen grouss ass…..an dass do een desen kino fennt ass baal onmeiglech…
Barnig
09.11.2007
Wei kann een net einfach irgendwou ebs opbauen ??
Franky
09.11.2007
dach.. mee dat steet just sou laang do bis den proprietaire et mierkt
soss geing jo all firma ganz SL vollbommen.. also waats de mei suen hues, waats de mei land kriss, waats de mei reklamm kanns machen(zb TELECOM huet eng riesen insel kaaft..)
Barnig
09.11.2007
a waat geing daat kaschten, e Kino opzeriichten?
Yves
09.11.2007
LOL
CArLO
10.11.2007
Marc spuer dei suen an kaaf der eng HDV
Barnig
12.11.2007
Ech hun eng, mee gesin guer keen Zweck doranner, momentaan mat HDV ze filmen
Franky
12.11.2007
HDV = ROFL MAO

Amateurfilm Distributioun

Barnig
12.12.2007
Nees si mer op en interessant Thema komm:
DISTRIBUTIOUN !
Waat denkt dir?
Ech muss soen, dass ech als KML President der Meenung sin, et soll een sech wirklech net an eng utopesch Welt versetzen, an deems een als Letzebuerger Amateurfilmdistributeur seet, mir loose lo mol eng 1000 DVDs produzeiren!!
Mir lierfen ganz gud a gesond, mat Oplaagen vun DVDs dei 100 net iwerschreiten! A fannen dass daat total duergeet
oder net !?
petz
12.10.2007
Ech mengen daat ass jidderengem iwwerloos wéi wäit hien do goen wöll, schliesslech bréngt eng héich Oplag och vill Käschten mat sech. Wou Obskura den Zombiefilm der Presse virgestallt hun, krut ech vun engem Journalist d’Fro gestallt mat wéivill Zuschauer mer dann rechnen géifen. Deemols haat ech geäntwert: Wann sech 1.000 Zuschauer onsen Film géifen unkucken, dann wier daat fir ons schon een schéinen Succès. Mir haaten no 6 Wochen Exploitatioun an den diversen Kino’n (an 6 Séancen am Utopolis) ganz genau 997 Ticket’s verkaaf (entrées payantes wuelgemierkt, do rechnen mir nët d’Leit vun onsen Avant-Premièren an aaner special screenings dobäi), esou dass mir mat onsen Erwardungen – widder Erwarden – goldrichteg loungen. Ech sin och iwwerzeecht, dass wann den Film nach méi lang am Utopolis gelaaf wier, mer nach eng ronn 500 Zuschauer hätten können kréien, well die lescht Séancen am Utopolis woren nach ganz gudd besicht. Mee mir hun missen den Sall raumen fir den neien Harry Potter. Daat ass eben esou a do kann een och kengem Kino een Virworf man.
Waat den Verkaaf vun DVD ungeet, haaten mir an onser Versammlung vum 12 Januar 2006 Wetten oofgeschloss wéivill mer der verkaafen géifen. Do sin vun onsen Memberen Zuelen genannt gin déi tëscht 300 an 1001 loungen. Elo kann een esou Zuelen utopësch fannen oder nët. Am Endeffekt ass ett ëmmer daat selwecht: weisen göllt!
Ech haat perséinlech op 500 getippt, sin dobäi allerdéngs dovun ausgang, dass mer den DVD an den Geschäfter géifen verkaafen. Mir sin dunn awer aus diversen Grënn nët an d’Geschäfter gang (den Haaptgronn wor dass den Haaptdistributeur vun DVD fir die national Supermarchén nët esou richteg un onsen Film gegleewt huet). Mir hun op den Dag vun hauttrotzdeem iwwer 450 DVD verkaaf an zwar just zu Lëtzbuerg an mir verkaafen der nach all Mount (nët vill mee ëmmerhin). Mir iwwersetzen onsen Site elo nach op 2 Sprochen an dann machen mer och e bessi Reklamm fir den Film am Ausland, esou dass ech denken dass mer do och nach eng ronn 100-150 DVD oofsetzen können. Mam DVD Verkaaf hun mer also schlussendlech onsen Film bezuelt och och do loungen mer mat onsen Estimatiounen +/- richteg.
Voilà, sin sëcher dass daat elo interessant Informatiounen woren ob déi der gebrannt hudd
Barnig
12.10.2007
Op waat konzentreiert dir ierch dann mei?
Neie Projet oder Nach enger Besser Vermarktung vum ZombieFilm (well daat hellt jo schlisslech och vill Arbecht an Usproch)
Denken bei eis ass do eischter emmer nees e neie Projet am Viseier. Mir wessen dass lo op den 1.Januar, d’Festivalsparticipatiounen fir MONA -schon- eriwer sin, a konzentreiren eis doweins op e weideren Court-Metrage fir Festivaler 2008 an 2009
! Dei meecht Festivaler akzepteiren jo à la limite just 2 Joer
Franky
12.10.2007
et ass secher net verkeiert ze probeiren een Film sou vill wei meiglech ze verkaafen.
Trotzdem fannen ech et mei wichteg dass vill leit den film gesin(op sie en lo kaafen oder net ass net sou wichteg).
Also all Respekt fir des super chifferen (1000 spektateuren sin der extrem vill; an och wat DVD sales ungin). Mee no enger zait flauen verkaafschiffren of an et bleiwt een op den DVDs setzen(dat kennt KML extrem gudd, mer hun nach een aalen soundtrack am keller leien…)
petz
12.10.2007
Mir konzentréieren ons am Moment ganz kloer op onsen nächsten Long-Métrage, deen 90-95% vun onsen Effort’n an Zäit beusprocht. Vermarktung vum ZombieFilm ass fir ons wirklech nëmmen nach sekundär. Mir vermarkten deen elo just nach e bëssen an Frankräich an Däitschland (an eventuell Japan well mer japanesch Ennertitlen op der DVD hun an Japaner am Fong fir Trash-Filmer ganz opgeschloss sin) an dann ass daat Thema endgülteg fir ons gelaaf.
Op Festivalen wollt ech mam ZombieFilm nie goen. Dofir fannen ech en an aller Objektivitéit wirklech nët gudd genuch.
Mir wöllen natirlech och, dass ons Filmer vun esou vill Leit wéi méiglech gesin gin, mee mir wöllen awer och, dass sech ons Filmer finanziell wéinstens droen vu dass mir déi aus eegener Täsch virfinanzéieren. A wann mer dann och nach e bëssen Suen verdéngen können fir zukünfteg Projet’n ze finanzéieren, dann ass daat natirlech den Idealfall. Dann bass du vun kengem oofhängeg an kanns wirklech daat dréihen waat der gefällt.
Franky
12.10.2007
dann sin ech mol gespaant op aeren neien film.
gin et do schon insider infos?
Genre?….
petz
12.10.2007
Waat mer elo schon verroden können, ass dass ett nët den ZombieFilm 2 wärd sin. Ett geet éischter an Richtung Science Fiction. Ett gët ganz kloer erëm een Lëtzebuerger Film fir een Lëtzebuerger Publique. Mir peilen eng Sortie Ufank/Mëtt 2009 un, mee wärden ons d’Zäit loosen déi mer brauchen domat d’Qualitéit stëmmt, och wann mer dann méi lang drun schaffen mussen. Mir wärden wéi beim zweeten Film rëm een Casting organiséieren an daat selbstverständlech och hei am Forum unkönnegen. Budget wärd +/- beim Budget vun onsem éischten Film leien.
Steppler
14.10.2007
An elo keng weider froen an äntwerten iwwert eisen neien projet please dier gidd dat schon mat zeit gewuer ass
TOP SECRET an bleift et och.
Och fier dech PETZ kapisch
petz
14.10.2007
Den houeren Stëpller mengt ech géif ze vill verrooden, also verabschieden ech mech elo mol fir eng Zäitchen aus dem Forum soss schléit deen mer nach ons deier erspuerten Kamera op den Kapp! Hoofen d’Infos woren awer interessant. Over and out!
Steppler
14.10.2007
Ech brauch keng Camera an schon guer keng deier camera
kuck dier dat heiten un dat get duer www.pyrrhus.lu
Backstab.
15.10.2007
Ech sin emmer erem erstaunt wat d’Leit dach ennert “Filmer machen” verstinn. Et schéngt mer ganz oft esou ze sin dat mam leschten Take (à la rigueur nach beim leschten Schnëtt um Computer) de Projet all ze oft ofgeschloss ass. Dann leit de Film doheem um Harddisk, de Brudder an d’Kolleegen kreien en nach gewisen, an domat ass dann Schluss.
Mais loin de là! Do geet et dach ereischt un!
Wat ass e Film? E Film – egal wei gut oder schlecht en ass, ass e Stëck Konscht. Nun, wat défineiert Konscht? Stellt iech dach emol d’Fro wiesou een Artist sech ameséiert ob senger Toile eppes zesummen ze pinselen? Ma fir d’Bild herno engem aneren ze weisen! A wiesou grölt de Sänger a sein Micro wann en een neit Stéck obhëllt? Ma fir dat d’Leit et herno lauschteren kennen !
“Filmer machen” heescht nunmol Filmer weisen. A wien Filmer weisen seet, seet Distributioun. Wat mei breed, wat besser.
All Form vu Konscht huet seng Amateuren. Elo ass et un engem selwer fir seng “clientèle” esou gut ze kennen fir ze wessen ob dei deen neien Film an de Kino kucken gin an/oder ob der genuch do sin fir 100, 500 oder 1000 DVDen ze kafen. Elo kann een vun ZombieFilm haalen wat een well – mais d’Jungs vun Obskura wessen wat een deen Trashfilmer an de Kino kucken geet gären hätt, an se hun genau dat zerweiert. Dat erklärt dei extrem heich unzuel un Ticket Sales an dei respektabel DVD Sales.
Ergo, Filmer machen geet domat un seng Spectateuren kennen ze leieren.
Ouni Spectateur keen Film.
Sou einfach ass dat.
Franky
15.10.2007
hmm ech kann dem net wirklech zoustemmen, dat ganzt hänkt emmer vun der qualiteit vum film of, respektiv wei stolz den auteur iwer sain film ass. Ech hun virun joeren och een film gedreint, an ech wollt den ganz bestemmt net grouss raus brengen(an en ass an der versenkung enner gaang). mengen dat ass einfach jiddergengem selwer iwerloss.
petz
15.10.2007
Wees nët wien den backstabber ass, mee daat ass op allen Fall eng interessant Vue op Filmmachen. Aus där Perspektive hun ech daat eigentlech nie gekuckt, mee ett ass schon richteg, um Enn steet den Zuschauer.
Mir wollten einfach een Film machen deen mer gär géifen selwer gesin an hoffen dass en dann och aaner Leit gefällt. Daat hun mer gemach, daat huet och zimmlech gudd geklappt. Fir mech ass ons Ambitioun op allen Fall kloer: mir wöllen weider Filmer machen déi ons gefaalen an déi och dem Publique gefaalen. Wien an der Kinoskees 7,5 EUR op den Dësch blieddert, wöll virun allem eppes : ennerhaal an vum Alldag oofgelenkt gin. Daat ass genau daat waat mer wöllen mat onsen Filmer erreechen: d’Leit gudd ennerhaalen.
Op den ganzen ZF-Projet sin mir selbsverständlech houffrëg, schliesslech haaten mir virdrun nach nie irgend eppes gedréiht an fir een éischten Filmprojet wor daat nët esou schlecht.
Steppler
15.10.2007
An W.E.G. keen wuert iwwert den neien projet well sos get et dier wei den Zombien am ZF.
PETZ, du hues awer naischt errescht mat denger super KML actioun fun 15€, si wellen den DVD gratis mee bon dat war wuel een schoss no hannen
Wat mache mer dann elo mat den reschten 5000 DVD’s???????????
CarLO
15.10.2007
UPS.
Voila ma richtegen nuum
petz
15.10.2007
Wéi dann, keen KMLer ons Friedenspäif fir 15.- EUR ungeholl? An daat bei där super Kritik déi den Marc (merci Marc) iwwer ons DVD geschriwwen huet? Wann daat esou ass, kommen ech nët méi an den Forum
Barnig
15.10.2007
Hey !! Dach !! Onbedingt !!
Mee weisen zwar och drophin, dass et och bei KML ganz schwaach ass mat dem Verkaaf vun eisen DVDs un Amateurfilmfreaks.
De Carlo huet zwar schon dei lescht 2 Produktiounen doheem, mee daat sin se na net all
A Petz fir dech, hätt ech och eng Offer:
“LIEWENSREES” (2 DVD-Disc Edition incl. Soundtrack)
“RENDOLEPSIS” (2 DVD-Disc Edition)
“BLACK KINGS WAY” (Special 3DVD Disc Set)
“THE NEBULA DAWN” (DVD)
kriis de zesummen fir just 75EUR Ass daat dann naicht? (8 DVDs am Total an dei komplett KML-Blockbuster)
Backstab.
15.10.2007
@Barnig ech hun grad mat den Zuelen aus denger Sig Euromillions gespillt, kucken mer mol ob ech mam nächsten Fliiger zwousch roffaalen
Zreck zum Thema Distributioun, a reng interessis-halber: de Fall gesat iTunes Lëtzebuerg geing et endlech och an Europa erlaben Distrib vun Filmer iwwert hier Plattform ze machen. Wier dat net eppes fir “kleng” Produktiounsstätten wéi KML oder Obskura ?
Keint der mat engem Preis vun +- 15 EUR liewen, falls net, wou geingt der de Prais usëtzen?
Barnig
15.10.2007
Also ech geif daat eng super Idee fannen, op et sech zwar duerchsetzt bezweifelen ech staark, well zu Letzebuerg de Marché zevill kleng ass.
Mee hätt awer keng Bedenken d’Filmer suguer bis op 10Euro rofzesetzen, well da wier et jo quasi just de Film als Datei (ouni DVD Cover a Bonus)
Barnig
15.10.2007
punkto iTunes muss ech awer o nach soen,
ech fannen daat eigentlech total schissi, well e Film fir mech och u Wert verleiert wann een en just als “Fichier” representeiert. Et ass dee moment gud, wu een sech de Fichier downloadt, an duerno op dei physech DVD zreckgraift.
Hu leiwer e Regal voller DVDs wei e PC voller Fichier-Film-Dateien
petz
15.10.2007
Do misst een mol wëssen waat dann vun den 10.- EUR fir d’a.s.b.l. géifen iwwreg bleiwen wann den Film dann iwwer iTunes oder een aaneren Download-Shop verkaaf gët. Et kéint een natirlech och no enger gewësser Zäit einfach eng Creative Common Lizenz drop machen an ett dan gratis an den Net stellen. Eng flott DVD-Editioun huet awer säin ganz eegen Charme an op een flotten Booklet (wéi bei ZF) wéilt ech dach nët verzichten.
@Marc: Den Nebula Dawn hun ech schon kaaf. Den Rendolepsis kaafen ech mer och nach, vu dass deen ons encouragéiert haat fir den ZF ze dréihen. BKW wor nët esou meng Sach an Liewensrees haat mech leider guer nët iwwerzeecht, dann schon éischter 31 Min.
Mich
15.10.2007
@ Carlo: dach ech wëll eng ZombieFilm-DVD kaafen
Nexte Kéier wa mir ons gesinn da bréngs du mir d’DVD mat an ech dir 15EUR….. bass du net zoufälleg um Kulturdag zu Garnech owes, do gëtt jo och Psyclist gewisen?
Barnig
16.10.2007
Hei Petz,
Liewensrees war deen ALLEREISCHTEN Amateurfilm deen am kino gelaaf ass, eleng daat ass e Grond, dei DVD ze hun!!
Ouni dee Film, wier vlait nie ee Mensch inspreiert gin, och selwer Filmer ze dreihnen
A lo si mer jo och rem op engem interessanten Punkt:
Du sees, du wells der just AmateurfilmDVDs kaafen, wous de och wirklech interesseirt drun wars, du bass awer dann net onbedingt een, den en Amateur -Verain ,-Klub oder -Boite doduerch ennerstetze well, oder!?
Well ech hun z.b. den WHOS QUENTIN (dee jo vu baal jiderengem hei gud kritiseiert gouf) NET kaaf, well de Film mech interesseiert huet, mee eben JUST weinst de Specials. Wann ech just geing op den Interesse vun engem Film kucken, dann hätt ech mer bislo just PSYCLIST kaaf! Well suwuel WQ wei och ZF hun ech zu 80% just weinst de Specials (Making Of a Co.) kaaf, an eben fir dei Leit ze ennerstetzen!
Geing ech mat der Philosophie liewen, ech kaafen mer just eng Amateurfilmdvd, wann de Film mech och interesseiert huet, dann hätt ech der 2 manner bei mir doheem – A si mer eierlech, dir hätt der och mindestens nemmen hallef su vill verkaaf kriit.
petz
16.10.2007
@Marc: Also dass mer der just hallef esou vill verkaaf hätten, daat woen ech einfach mol ze bezweiflen, mee méiglech ass ëtt. Ass wirklech schwéier soen. Ech mengen awer, dass den Gros vun den Leit den Film kaaf huet well sie en ganz einfach witzeg fonnt hun an ett eben nach keen Lëtzbuerger ZombieFilm gesin haaten an vläit och well mer eng wirklech ganz komplett an flott Editioun gemach hun. Mäin Gefill ass, dass wahrscheinlech och e puer Leit en kaaf hun wéinst dem Booklet, deen jo näischt aanescht ass wéi een Do-it-yourself Guide fir d’Réalisatioun an d’Exploitatioun vun engem Amateurfilm. Ech krut suguer een Mail vun engem geschéckt, deen mech gefroot huet, ob mir sie dann nach all hätten fir einfach esou ons “Geheimnisser” auszeplauderen… mee am Booklet steet jo näischt dran waat een nët och an irgendenger Form um Internet oder an Bicher fönnt, eben just (hoffentlech gudd) résuméiert an op Lëtzbuerg bezunn.
Mäin Choix waat fir eng DVD ech kaafen, hängt vun e puer Critèren oof. Am Idealfall kaafen ech een DVD well mer den Film wirklech zousprëcht oder ech einfach virwëlzeg sin. Am Fall vun Amateur-Produktiounen kaafen ech mer DVD déi mer gefaalen mee och DVD vun Leit deenen hier Projet’n ech ennerstëtzenswert fannen. Ech hun vun all bekannten Amateur-Filmclub 1 DVD doheem: Psyclist vun Pyrhuss, WQ vun Feierblumm an Nebula Dawn vun KML. Wann ech elo nach den Rendolepsis kaafen léit KML an menger Amateur-DVD-Sammlung ongeschloen op éischter Plaz Mee ett kann een beim beschten Wöllen nët alles aus ärem Shop kaafen, soss muss een jo een Prêt bei der Bank machen Ech hun mer eben bis elo vun all Club deen Film erausgesiicht, deen mer am beschten gefall huet. Leider huet Obskura bis elo just een DVD ze proposéieren.
Barnig
16.10.2007
Okey, mee et gi bestemmt na Produktiounen vun eis, deis de na net gesin hues, an dei voll dawäert sin.
CArLO
16.10.2007
Marc muss dier soen dass ech dat net esou richteg fannen weis du dat ses, ech war mat 16 joer inspireiert e film ze dreien dat war 1986 (wei aal wars du do??) do hat ech een script geschriwwen wat e bessen op Starsky &Hutch eraus kennt, an war och deck motiveiert leider hun meng demoleg kollegen am staach geloss. An och genau doduerch ass den Mike 13 joer dono bei mech komm an sood ” Wei ass dat mat dengem film” Pyrrhus war lanceiert.
Dass dier mat Liewensrees den eischten Amateurfilm am Kinosch hat dat glewen ech gär, muss dier awer och soen dass net nemmen duerch Liewensrees dass mier den ZF gedreint hun, et huet eis just nach mei motiveiert…….
@Mich du kanns och op www.obskura.lu eng bestellen fier 15€, an ech kommen net op garnech och wann do (och main film) gewisen get.
@Petz du *** du hues eng Psyclist DVD, ech hun mier do 6 joer lang den **** opgerappt an hun emol keng krutt
Franky
16.10.2007
mengen den marc huet dat eischter gemengt dass en domat een klengen steen un d’rullen bruecht huet (also mat caramba diskuteiert huet an domat een eischten amateur film an den kino bruecht huet,.. respektiv dem SNJ als eischt den virschlag gemach huet een letz film ze ennerstetzen(deem beispill sin dunn vill aner leit gefolegt, zb WQ))
ech fannen liewensrees aus heutiger siicht einfach nemmen “grausam”.. mee soit, dat waren anaer zaiten demols (an hun trotzdem eng stolz DVD doheem)
Franky
16.10.2007
an ech fannen et einfach nemmen köstlech wei an desem Forum d’Meenungen komplett an aner Richtungen gin!
Barnig
16.10.2007
Jo Carlo, wanns du an den 80er keng Kolleegen haas, dann ass daat eben domm gaangen!
All Mensch (oder soll ech soen “Kand” well daat wars du jo awer och 1986 huet dovuner gedreemt, während en de Schwarzenegger a CO. um TV verfollegt.
-> Mir hun et awer duerchgesaat kriit, wat na laang net evident war!
An eigentlech war suguer 2001 “LOVELY DAYS IN APRIL” schon 2x bei Caramba presenteiert gin (daat waren awer just privat Virschtellungen)
An no “LIEWENSREES” a “RENDOLEPSIS” denken ech ass et bei ierch reicht lass gaang. Arenneren do un iwerraschend a froend Gespreicher mam Gigi if u know what i mean!
CArLO
16.10.2007
Frënn hat ech nach nie
Schwetz mier net fun Lovely…………………………….. also dat ass jo den grauenhaften film wou ech gesinn hun (ass meng EIERLECH meenung) oder dierf ech dat net hei soen dass den film fier mech grausam ass war an emmer wärt bleiwen…… Brrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrr
Den Raymond ass keen kridelechen
Also ech muss och eierlech soen dass ech weder Liewensrees nach Rendolepsis kannt hun ier ech mam Mike ugefangen hun Psyclist ze dreien.
Dat enzegt wat mat Liewensress an Rendolepsis ugefangen huet ass dass ech net mei aus dem Forum hei eraus kommen an +- 1/3 fun mengem liewen anhellt. Also fier mech haten dei 2 filmer wierklech keen afloss op dat wat ech haut machen
Franky
16.10.2007
oh carlo, 1/3 vun dengem liewen hei am forum?… dat ass zwar heavy,,,,….
Barnig
17.10.2007
Du dees mer leed
Mee mach mol ebess: Treppel duerch Natur, gei op Terrasse eng Glace iessen …
CArLO
17.10.2007
An speitstens 2 joer gesais du wat ech fum 2. 1/3 fum mengem liewen machen
Natur wat ass dat
Glace iessen
Franky
17.10.2007
du kanns jo mam laptop an der natur setzen, an forum eppes schreiwen an deng glace iessen.. voila
Barnig
17.10.2007
Waat ass dann an 2 Joer?
Gess de da beschtued?
petz
17.10.2007
Wöll dann och nach eng Kéier erklären waat mech dozou beweegt huet Filmer ze dréihen. Do gin ett eng ganz Reih vun Grënn, déi ech elo mol probéieren opzezielen:
1) Kucken einfach gär Filmer a sin einfach filmbegeeschtert
2) Hun mer schon als Kand gewënscht spéider irgendwéi am Filmberäich ze schaffen
3) Wor membre fondateur vum elo verstuerwenen Cinenygma-Festival deen ech 7 Joer lang matorganiséiert hun an do hun ech gemierkt, dass mech die kreativ Säit vum Filmmachen méi interesséiert fir die organisatoresch vun engem Filmfestival. Hun dunn den Festival 2004 verloos fir Obskura ze grënnen.
4) Wou mir nach Teenager woren an ergo vill Zäit gehaat hätten fir een Film ze machen, ass nach op VHS gedréiht gin an domat wor nu wirklech näischt ze machen.
5) Mat der Anféierung Mëtt vun den 90er vun DV ass Filmer dréihen an virun allem Filmer qualitativ verloschtfräi ze schneiden eréischt fir all Mönsch abordabel gin, daat huet mäin Interessi fir Filmer ze machen erëm erwächt.
6) Leit wéi den Danny Boyle hun mat enger einfacher DV-Kamera (Canon XL1, déi selwecht wéi beim Zombie Film) Kino-Filmer gedréiht (28 days later)
7) PC hun ungefang stark genuch ze gin fir anstänneg an flësseg drop ze schneiden ouni eng Fortune auszegin.
8) Aaner Leit wéi KML hun sech getraut eppes ze man an hun domat eng Virreiderroll iwwerholl, daat huet ons encouragéiert well mer ons geduecht hun, dass mer do eventuell mathaalen kéinten
9) Ech hun d’Iddi vun engem Lëtzebuerger ZombieFilm schon lang mat mer honderëm geschleewt.
10) Een leschten a vläit den wichtegsten Critère: ech hun Leit fonnt, déi bereed woren mat mer daat Abenteuer (oder Experiment) ze probéieren fir ouni Moyen’ an ouni Erfahrung een Film an d’Kino ze kréien.
Voilà
Barnig
17.10.2007
Wisou hues de dann net op VHS probeiert ze dreihnen??
Well ech wees nach wei mir 1995 dei eischt Filmer gema hun, waat war daat eng Arbecht, fir dei per VCR ze schneiden an nozevertounen:
Hun eng kleng Anekdot:
Mir haaten fir d’allereischt /Dezember 1995/ d’Meiglechkeet e Film bei RTL TELEVISION (D) anzeschecken. Et sollt hei eng Szeen aus engem Bondfilm nogedreihnt gin. Ofgesin dovun, dass ech mer beim Dreih de Fouss gebrach hun, war d’Postproduktioun TOP! Mir hun de Film mettels Videorekorder uneneen geschneppselt (deemols gouf et na keng AUDIO-DUBBING Tast vum VCR) Trotzdeem hu mer awer Musek a Soundeffekter gebraucht. Waat hu mer also gemaach:
Nodeems de Film zesummgesaat war, hun ech Kamera virun Tele postioneiert a cadreiert, an hun de komplette Film ofgefilmt, a sutz paralell dozou mat 2 Stereosanlaagen nierft dem Mikro vun der Kamera
Ech mengen daat wir bislo deen ustrengendsten Montage deen ech jee gemaach hun, well all CD-Hüll dei ze fest zougoung oder all klengen Kameidi am Haus, huet een nees zu engem Neistart verdaamt!
Mee gail war et, och wann dee Film lo daat miserabelst vum miserabelsten ass, war et awer en echt Hinderniss, daat deemols sou ordentlech op d’Been ze kreien!
An duerch dei komplett VCR/Hi8 Generatioun hun ech geleiert monteiren! Daat ass eng Experienz, dei hautzudaags mol nach puer Leit missten hun
petz
17.10.2007
Op VHS dréihen? Nee merci, propperen Schnëtt wor domat nët méiglech an wann een mat 2 VHS-Recorder’en geschnitten huet wor bei all Schnëttstell eng Stéierung dran. Esou konnt een nët seriö schneiden an vum Toun-Montage guer nët ze schwätzen. D’Geschicht iwwer ären Bond-Produktioun ass zwar witzeg mee weist awer och wéi onglécklech esou eng Solutioun wor. Vum Qualitéitsverloscht bei all eenzel Iwwerspilllungs-Etappe emol ganz oofgesin… An suguer wann der eng propper VHS-Versioun gelong wier, wier déi am Kino gnadenlos ennergang mat enger Oplésiung déi knapp hallef esou héich wor wéi déi vum DV. Nee, am Analog-Zäitalter een Film ze machen wor einfach nët ënner gudden Konditiounen méiglech. An Sachen wéi digital Spezialeffekter, Farwkorrektiounen oder suguer esou einfach Sachen wéi Text- an Titelanblendungen woren deemols héchstens an den Studio’n zu Hollywood méiglech.
CarLO
17.10.2007
Marc dat gesais de wann et esou weit ass
Beschtued sin ech schon zennter 1996
Franky net dat machen ech net entweder forum oder glace ech mengen jidereen wess fierwat ech mech decideiert hun.
Sou awer nach e puer wieder fierwat ech filmer well machen, ganz einfach fier d’leit op d’aan ze drecken well wat ass filmer machen? naischt anneschters wei d’leit uschaissen an hinnen eppes glaubwürdeg machen wat et guer net get oder zumindest ball guer net get.
An well et mier einfach spass mescht leit ze cadreieren, ze filmen an well den Petz mech gefroot huet
Barnig
18.10.2007
Petz, ech fannen daat zwar bessi schappeg, fir ze soen “Jof, ech wollt net deemols Filmer maan well daat kee properen Schnett gouf” Daat fannen ech net riichteg. Secherlech, ok: Du konns net op de Frame genau monteiren, haas emmer eng Toleranz vu +/- 1Sek. mee daat war awer fir dei Zaiten besser wi naicht. A mat de Steierungen dei no all 10te Schnett sech um VCR bemierkbar gemaach hun, do war ech och selwer emmer kuerzvirdrun, dee ganze Bataklang wider d’Mauer ze werfen -> Mee EY: Lo beim Reckbleck soen ech mer, daat haat Style! An do gouf ee wirklech geleiert riichteg schneiden. Ech haat suguer 3 Schnettpulter vun Hama (war deck stolz drop) een Titelgenerator mat analogem IN/OUT, een AudioDubber och mat analogem Audio IN/OUT an e riichtegt Schnettpult (huet deemols mengen ech 10’00LUX kascht) Soundeffects sin deelweis mat Mikro live opgeholl gin! TOP
Daat kann hautzudaags einfach keen sech mei virstellen!
Also ech denken, wanns de wirklech e Film gewollt häss ze maan, dann häss de daat awer schon su higeholl, oder net!?
Carlo, du bestued: Gleewen ech net!
CArLO
18.10.2007
An 2 Kanner
Glew du wats de wells
petz
18.10.2007
Marc, ech fannen daat nët schappeg! VHS wor an mengen Aan keng brauchbar Solutioun fir een Film ze machen. Ech bewonneren déi Leit déi all déi Méih op sech geholl hun, mee ech hätt et nët machen wöllen. Ausserdeem gouf ett natirlech och nach eng ganz Reih aaner Grënn firwaat ech daat deemols nët gemach hun: wor am Ausland op der Uni, hun Festival organiséiert, sin vill gereest (Amerika, Japan, etc.), hun intensiv Sport gemach an naja… wéi soll ech soen… et gin och nach aaner Sachen am Liewen wéi Filmer machen an daat muss och alles experimentéiert gin wann een jonk ass.
Barnig
18.10.2007
Gleewen naicht, sulaang ech keng Familiefoto gesin
petz
18.10.2007
An den Carlo huet wirklech eng léiw Fra an 2 léiw Jongen!
Barnig
18.10.2007
OK Petz
Iwer Japan- an Amerikareesen, kann ech natirlech leider naicht soen!
Barnig
18.10.2007
FOTO
Franky
18.10.2007
jo VHS was pain in the ass… hautesdaach ass alles anescht.
Dach den carlo huet kind und kegel…
fir eng foto geing ech zwar lo och vill gin (sin gespannt wei sou eng steppler famill ausgesait)
CArLO
18.10.2007
Dann losst är email adress kommen an dier kritt geint (kaaf fun enger ZF DVD) eng Stepplesch famillienfoto gescheckt
Barnig
18.10.2007
da mail mir se
hu jo schon eng ZF
p.s.: wa meiglech eng foto, wou d’ganz famill beim chreschtbaam zesummen um desch setzen
CArLO
18.10.2007
du bass mier en eschten
Dann kuck dass obmannst den Franky nach eng keeft fier 15€ an ech schecken dier se direkt, leider hun ech keng wou mier fier chreschtdaag um desch setzen mee hun awer eng wou mer zu 4 drop sin, dei ass awer schon 4 joer aal.
Hei get et naischt fier naischt
Barnig
18.10.2007
Allez, Frank:
KAAF ENDLECH ENG ZF-DVD
petz
18.10.2007
Ausserdeem ass Chrëschtdag bei den Palluccas emmer geféierlech well do explodéieren China-Kracher matzen am Salon am Chrëschtbaam… ech géif Chrëschtdaag nët do wöllen verbréngen…
CArLO
18.10.2007
Ofreck jo dat waren nach zeiten mee Petz dat war net chreschtdaag mee sylvester, an kenns dei geschicht nach mam Sous directer fun der Baloise??
CArLO
18.10.2007
Den huet 3 ZF DVD’s bestallt
Franky
18.10.2007
ech sin een aarmen student… an hun ausser KML DVDs vlait nach 20 Japanesch/koreanesch filmer doheem,. soss guer naischt…
kann den gig net sou eng foto besuergen?
CArLO
18.10.2007
Who to fuck is gig ??
Franky
18.10.2007
ehm dain kolleg op de arbescht.. den monsieur giersch…
CArLO
18.10.2007
HEHE nee nee den huet weinstens eng DVD kaaf
Barnig
18.10.2007
Hien huet eng kopeiert kriit
ups..
CArLO
18.10.2007
Dann huet hien der 2 eng copeiert an eng signeiert cool dat ass e kolleg den en ennerstetzt.
petz
18.10.2007
Den Robbie Williams haat eng Kéier gemengt, hien géif et nët stéieren, dass seng CD kopéiert géifen well
a) daat beweist, dass d’Leit sie gären lauschteren
b) daat him hölleft nach méi bekannt ze gin
c) die Leit wahrscheinlech soss souwisou keng kaaf hätten an
d) hien souwisou schon räich genuch wier.
Trotzdeem fannen ech ett schappeg wann een eng DVD vun Leit kopéiert déi een kennt an vun deenen een wees, dass sie die puer Suen déi sie mat engem DVD verdéngen wärden an weider Produktiounen stiechen. Daat mëcht jiddereen mat sengem Gewëssen aus (wann dann eent do ass). Ech hun bewosst op een Kopéierschutz um ZF DVD verzicht well daat
a) souwisou néischt bréngt
b) den Leit vertrauen, dass sie wëssen waat sie man
c) fir mech een Haaptgrond den DVD ze kaafen den Booklet ass, deen jo wäit méi wéi een Booklet ass well hien op 32 Säiten 4farweg erklärt wéi een eng Amateurproduktioun op d’Been stellt an vermarkt
petz
18.10.2007
… an wann een gesäit wéi ZF um Lëtzebuerger Marché (fir eng éischt Produktioun vun enger deemols absolut onbekannten a.s.b.l.) gelaaf ass, wier d’Liesen vun onsem Booklet vläit nët verkéiert…
Barnig
19.10.2007
Ech fannen daat och dei greissten Schwengerei deis da kanns maan!
Bon ok, bei groussen Artisten, weis du sees Robbie Williams a CO. ech mengen op dei puer Suen, kennt et bei deenen souwisou net un. Mee fir eng Independent Grupp (op daat lo MusekCD oder FilmDVD ass) ze kopeiren, daat fannen ech total mies!
Well dovunner huet ee jo lo wirklech absolut naicht!
Fannen allgemeng Filmer kopeiren oder illegal rofzelueden en totalen Misakt! Mir hun DVDs momentaan op engem einiermoosen ordentlechen praisindex, da soll een daat och respekteiren! Op ee Student ass oder net! Soss muss een ebe waarden bis e Film op Tele leeft, an dann ophuelen, wann ee keng Suen well investeiren.

Amateurfilm Qualiteit

Barnig
01.10.2007
Ech well heimader en neien Topic opmaan, wu mol jidereen kann seng eegen Virstellung vun Amateurfilmer ofgin.
Wei an engem aneren Topic (hei aus dem Forum) jo schon ugeschwaat, well ech domader wirklech dass mol bessi mei diskuteiert get iwer den Amateurfilm, a jidereen seng proper meenung ka soen:
Ganz vill Gruppen setzen hier Zieler ganz heich (Super-Promo, Zeitungen, grouss Kino’en etc..) aner Gruppen setzen sech zum Ziel einfach nemmen e Film ze dreihnen (aus Spaas a Freed)
Waat kennt dobai raus?
Filmer sin oft an der selwechter Qualiteit!
Op se lo besser sin oder net, daat ass relativ!? (schlisslech ass Film = Konscht = Relativiteit)
Vun dohier kann ee Filmer vu verschiddenen Gruppen eigentlech net mateneen verglaichen, et kann een heechstens d’Leit an hierer Evolutioun beurdeelen. Mee wisou gin et Leit dei sech selwer mei heich astuffen?
Mir vu KML maachen lo scho ganz laang Filmer, an ech ka just soen (an denken do hun ech 90% Averständnis) dass mir eis vu Joer zu Joer am positiven evolueieren.
Mee wei gesait et bei aneren Gruppen/Leit aus?
A wisou get oft all “eischte Film” grouss annonceiert an duerno heiert een naicht mei?
Schreift einfach heihinner waat der denkt, a wei är Virstellung vun dem Amateurfilm ass
CArLO
01.10.2007
Ech wess net op dat eppes mat heisch zieler ze dinn huet dass verschiiden gruppen Super-Promo, Zeitungen, grouss Kino’en machen, mee fier mech geheiert dat eben dozou.
Fierwat dann sos een film dreien, an dann mailen ronderem schecken, internet siten mat (foren) op ze setzen, 20-30 leit beschäftegen fier um film ze hellefen????? bestemmt net nemmen well et spass mescht, mee fier sech ze weisen fier den leit dobaussen ze weisen wat een kann oder net? An nemmen duerch Super-Promo, Zeitungen, grouss Kino’en mescht een sech op sech opmierksam, dat kennt dobai eraus…….
Wann een nemmen en film mescht well et spass mescht dann brauch en den ganzen zimblabin ronderem net (Super-Promo, Zeitungen, grouss Kino’en), et spuert een sech vill zeit, nerven an geld…………..
Bei anner gruppen (ech kann elo nemmen fun eiser grupp schwetzen (obskura)) gesait et esou aus dass mier eis einfach nemmen zeit lossen fier e projet ze verwierklechen. Eng idee siichen, geschicht schreiwen, storyboard op setzen, casting organiseieren, scout locations an an an an an mescht een mam beschten wellen net an 12 meint wann en e bessen QUALITEIT well erreschen. Mier prepareieren eis bis an den deifsten punkt op den nächsten projet an dofier brauchs de zeit am Amateur film bereich.
Dei lescht zeit sin esou fill gruppen gegrennt gin an un hinnen ass ze decideieren ob si wellen eben an den (groussen Kino) oder nemmen doheem hieren film op TV kucken. An mengen Aan sin 9 fun 10 gruppen frou wann hieren film am Kino land an net nemmen doheem um TV, an dat get nemmen wann een eben Super promo mescht.
Ech fier main deel wier frou wann nach fill mei Amateur filmer am Kino landen, an dat wärt och mam neien Kino zu Esch den fall sin, mee qualiteit muss stemmen…………………..
petz
01.10.2007
Salut Marc, salut KML-Team,

Wor schon zimmlech lang net méi an ären Forum, mee ett ass schéin ze gesin, dass bei iech nach emmer vill iwwer Film a Filmmachen diskutéiert gët. Ech gesin och, dass onsen Carlo mat vill Enthusiasmus dobäi ass.
Ech perséinlech gesin d’Amateurszene zu Lëtzbuerg als grouss Experimentéier-Feld an fannen ett ganz flott, dass eng Reih vun Akteuren an der Amateur-Szene aktiv ass. Leider huet mech bis elo nach keen Amateur-Film wirklech iwwerzeecht (och net wirklech onsen Zombie-Film). Ech mengen wann een d’Amateur-Szene nüchtern beobacht, dann muss een sech einfach angestoen, dass d’Qualitéit nach nët eemenz héisch ass wann een die national Amateur-Szene mat der internationaler Amateur-Szene vergläicht, déi dachs eemenz beandrockend Filmer zoustaan bréngt. Ett muss een allerdéngs soen, dass daat oft dorun léit, dass op deenen auslänneschen Amateur-Projet’n dachs op manst 1 bis 2 Profis matschaffen, déi einfach an hierer Fräizäit daat machen waat sie souwisou als Beruf machen an dann och op besser Material an méi Erfahrung zréckgréifen können. (Dass beim Zombie-Film den Marketing propper réaliséiert gouf, wor keen Zoufall, den Jean-Marc an ech selwer schaffen beruflech am Kommunikatiouns- a Marketingberäich)
D’Fro déi sech fir mech stellt ass : Wou wöll een hin? D’Ambitioun vun Obskura ass ganz sëcher beim nächsten Projet wéinstens semi-professionnellen Unsprëch gerecht ze gin. Do muss een sech natirlech fir d’éischt eenz sin wou semi-professionnel Arbecht unfänkt an Amateur-Arbecht ophällt. Amateur-Filmer sin fir mech Filmer déi einfach op ganz villen Ebenen nët professionnel sin, an ergo erkennt een meeschtens Amateur-Produktiounen ganz liicht um onsëcheren Spill vun den Akteuren, un der mangelnder Soundqualitéit, un mangelnder oder fehlender Beliichtung an leider och oft erschreckend schwachen Dréihbicher (alles “Qualitéiten” déi och onsen Zombie Film och huet). Awer och an der Form, also am Gebrauch vun der Filmsproch gin vill Fehler gemach (een klasseschen Fehler vun Amateur-Produktiounen ass z.B. dass vill ze vill geschwaat gët… woubäi een Film dach haaptsächlech vun Biller liewen sollt an sech dobäi a sengen Gestaltungsméiglechkeeten vum Theater ennerscheeden kann)
D’Ambitiounen fir onsen nächsten Filmprojet sin kloer:
1) een anstännegt Dréihbuch (do schreiwen mer drun an ech woen mol ze behaapten dass daat elo schon een gudden Krack besser ass wéi Zombie-Film)
2) technesch propper Opnahmen mat méiglech flotten an oofwiesslungsräichen Astellungen
3) anstänneg Beliichtung
4) eng propper Soundqualitéit (fir Punkten 2-4 huet ons a.s.b.l. och vill Suen an eegent Material investéiert an ons Equipe huet sech weidergebild domat ons die Pannen aus dem Zombie-Film nët méi virkommen)
5) akzeptabel Schauspillerleeschtungen (mir wärden do rëm een Casting organiséieren an déitlech Qualitéits-Critèren opstellen)
6) interessanten an passenden Soundtrack liwweren
7) eng efficace Promo-Campagne organiséieren fir eng erfollegräich Exploitatioun an den Kino’en
8) een anstännegen DVD-Release
Wann mir all dës Usprëch erföllen, ass fir mech den Sprong an den semi-professionellen Beräich gelongen an daat ass do wou mir als Obskura hinkommen wöllen. Fir den Qualitéits-Sprong ze packen, loosen mir ons och esou vill Zäit wéi méiglech. Wann ons nächst Produktioun erauskönnt (ganz sëcher net virun Enn 2008 wärden d’Leit dobaussen daat schon matkréien. Op deem Punkt machen ech mer op manst keng Gedanken…
Ons alleréischt an wichtegst Ambitioun, déi déi ons ganz Equipe undreiwt, bleiwt awer ganz kloer d’Ambitioun Filmer ze machen déi den Publik och wirklech gudd ennerhaalen. Méin Wonsch ass, dass Obskura a.s.bl. Filmer produzéiert déi den Leit einfach Freed machen (egal waat elo den Genre vum Film ass) an wann den Film sie och nach e bessi zum Nodenken unreegt, dann ass fir mech den Maximum an deem Beräich erreecht. Voilà!

petz
01.10.2007
Wollt nach dobäi soen, dass ech dem Carlo seng Meenung voll a ganz deelen, dass Marketing einfach zum Filmgeschäft gehéiert. Ett dréiht een een Film jo net als Selbstzweck mee well een gär hätt, dass een Maximum vun Leit en gesin an do muss een eben kucken, dass d’Leit och matkréien, dass den Film iwwerhaapt existéiert. Iwwer Erfolleg oder Mësserfolleg vum Film décidéiert um Enn dach just den Publik. Wann den Film schäiss ass, hölleft och den beschten Marketing net vill. Een Film ze vermarkten fannen ech awer op alle Fall baal grad esou interessant wéi een Film ze machen.
Barnig
01.10.2007
Si graad doheem, an hu keng Loscht mech anzeloggen
Okey:
> Punkto Marketing
Ech behaapten o net dass daat ganz ze negligeiren ass, a gleewen och dass et net een eenzegen Regisseur get, dee sai Film net well un e maximum u Leit presenteiren. Mee ech denke mer oft, -a KML hellt de Marketing jo eben net sou serieux wei aner Gruppen- dass daat hei zu Letzebuerg guer kee wirklech grousse Senn huet. Wisou? Well souwisou dei puer Amateurfilmbegeeschtert souwisou enger Grupp (rspktiv de Filmer) nogin, an sech informeiren waat hei am Land su leeft.
Weis du riichteg soos, petz: Am Auslaand ass daat mei liicht, well eben do deelweis professioneller hellefen. Mee mir sin hei zu Letzebuerg: Wann ee wirklech well no viiir kucken, an et fillt een sech selwer na net su secher: soll een dann e Maximum u Promo gin?
An do tendeiren ech eben op “Nee”
Vill Leit (a ganz speziell Letzebuerger) hun Tendenz ze soen “Egaal wei, de Film ass mol gud” mee nemmen dei mannsten maan sech wirklech d´Meih, fir och eng ordentlech Kritik ze kreien.
Wei mir 2001 mat “Liewensrees” deen eischte Kinosfilm haaten, hun ech daat ganz kloer geleiert: Mir kruuten deemols eng zolit gepeffert Kritik vum Spielman. (an et war net een eenzeche positive punkt vorhanden)
An ech sin am Endeffekt total dankbar doriwer, well doweins hun ech mech geleiert bessi anzeschränken op daat waat mer maachen. Ech hu leiwer de Carlo kennt no “MONA” am Garnecher Sall bei mech a seet “Geih mat deem Film op Festivaler” wei wann ech de Film direkt op engem Festival gewisen hätt, an d´Leit hätten de Kapp geresselt! Su stuffs du dech lues a lues mei heich an. Mee de Probleem ass, wanns du dech direkt op en heichen Punkt stells, da fälls de ganz gären och heich erof (Mess vlait mei lues, oder hälls am schlemmste fall direkt mat Filmemaachen op)
Well waat geschiit da lo z.b. wann dir är Kriteren um neien Obskura Projet net anhaale kennt?
Ebess muss een emmer wessen, mir alleguerten maachen daat an eiser Fraizait, an hun alleguer e Beruf oder eng Uni nierfebai, d.h. mir gi keng 100% vun eiser Kraaft an Energie an een eenzegen Film!
Daat steeht menger meenung no fir den “Amateur”
Yves
02.10.2007
Sorry Marc, mä di Gleichung Film = Konscht = Relativiteit geet net op.
Wann een dat dooten seet, dann geheit een an mengen Aan sämtlech Amateurproduktiounen an dat selwechte Döppen (Zitat: “Filmer sin oft an der selwechter Qualiteit!” ). Ganz no dem Motto: Wann souwisou alles Konscht as, kann an därf een et net mateneen vergleichen an dei Anstellung as carrément falsch.
Och (oder vlait: grad) Amateurfilmer kann een no ganz ennerschiddlechen Gesiichtspunkten mateneen vergleichen. Et kann een di Vergleicher un mi handfesten, materiellen Saachen festmaachen wi d’Héischt vum Budget, den techneschen Opwand (Kran, Schinnen, Equipment am allgemengen), Kostümer, Austattung etc oder et kann een och no mei abstrakten Critèren vergleichen, sou z.B. Faktoren wi Disziplin, Originalitéit, Sorgfalt beim Schreiwen vum Dreihbuch (inkl. Recherchen), Ideen, Entschlossenheet deen Projekt duerchzezeihen an do kommen am Endeffekt ganz wuel Filmer eraus di sech ganz staark an der Qualiteit ennerscheeden, an wu een ganz wuel kann soen dass se besser oder eben schlechter sin wi anerer.
Selbstverständlech kann een och d’Leit an hiirer Evolutioun betrachten, do gin ech der Recht. An wisou et Leit gin dei sech selwer mi heisch anstufen? Et as e bessen eng onglecklech, negativ Wortwahl, mä ech verstin waats de wells soen. Ech sin der Meenung wann eng Persoun oder en ganzen Grupp vun Filmfreaks sech iwwer Joerern ewech mat der Kritik un hiiren Filmer auserneen gesaat huet an doraus geléiert huet, wisou soll se dann net dat Recht hun sech als mei erfahren anzestufen?
Dat wat ech enner “Amateur” verstin as dass een mat mi einfachen Mettelen muss schaffen wi eng prof. Produktioun, mä dat heescht nach laang net dass een dofir technesch, erzieleresch an inszenatoresch gesin stagneiern muss.
Barnig
02.10.2007
mmh.. nee
Ass riichteg dass de bei verschiddenen Gruppen en Ennerscheed feststelles um Niveau vun der Organisatioun, Technik, Equipement a Budget, mee gloobal gesin mierks de awer direkt en Ennerscheed zwescht “professionellen” Amateurfilmer aus dem Ausland an deenen aus Letzebuerg.
Also ech wo’en mol ze behaapten, dass ech bei 2 Kuerzfilmer (vu Letzbg an engem aus dem Ausland) direkt geing mierken, waat Letzebuerg ass, a waat deen aneren ass.
Well et gin jo och Professioneller dei Kuerzfilmer maachen (an oft budgetbegrenzt sin) Mee trrotzdeem mierks de daat dann do direkt eraus. Ass fir mech eng riesen Differenz
Fir Letzebuerg kann ech just soen, dass et um Niveau vun der Qualiteit keng wirklech grouss Ennerscheeder gin, bei kengem vun de bekannte Gruppen. (Sin all am Deppen) Ausser natirlech du bass (semi)professionnell, hues e Produzent an e Filmfong hannert dir
Du muss daat scho wirklech studeiren, bis dass de en Ennerscheed mierks! (A virunallem mat Auslänner dreihnen)
Fazit
Sulaangs du Filmer an der Fraizait mess, -a net beruflech oder studeiernd- bass de Amateur
Franky
02.10.2007
hmm ech gesin dat alles net sou strikt mat punkten an kriteren…
Konscht huet weder grenzen nach stufen an soll nie een “produkt” sin.
Musiker dei keng nouten kennen, kenschtler dei perspektive net richteg duerstellen kennen¨….kommen vlait nie ganz grouss raus mee kennen mech oft mei begeeschteren wei perfektionisten…
Pressionnell filmer brengen d'”konscht” eben besser riwer, an schlecht amateur filmer brengen et net ronn des Konscht un den Zuschauer ze iwermettlen.
Mee ech schreiwen lo net rem saitenweis meng Meenung hei hinner well ech dat schon oft gemach hun… an ech wees och net waat dat brengen soll wann leit mat verschidden meenungen hei saitenweis diskuteiren…
petz
02.10.2007
Sin mam Yves senger Interventioun wäitgehened anverstaan. Ech mengen am Endeffekt könnt ett just drop un ob een ons Filmer gesin wöll oder nët. Selbstverständlech gesäit een léiwer een Film deen filmtechnesch propper réaliséiert gouf, mee ett gin och ganz vill 100+ Millionen $ Produktiounen déi technesch remarkabel sin an mech den Zuscheur trotzdeem ganz einfach nëmmen langweilen. Fir mech bleiwt den Ennerhaalungswert den entscheedenden Critère fir een Film. Wann een Film nämlech net den Interessi vum Zuschauer oprecht erhält, dann ass den Zweck verfehlt. Ech wees awer och dass verschidden Könschtler gären “l’art pour l’art” nachen an sech een dreck drëm scheren (soen sie mol) ob hier Konscht gefällt oder net. Bei Obskura wöllen mir op allen Fall dass ons Filmer engem méiglech breeden Publik gefaalen. Ech hun och keen Problem mat Terme “mainstream” well ech net gesin waat dorun soll falsch sin. Produktiounen déi “mainstream” sin, mussen net onbedengt schlecht sin. Ett get get an der Musek z.B. Mainstream-Gruppen déi ganz flott Sachen machen och wann sie mainstream sin… Waat ech par contre absolut net ausstoen kann, daat sin Leit déi eng Gruppe (oder een Réalisateur) genial fannen, wann hien nach net vill Succès huet an hien dann abémol schäiss fannen wann hien soi-disant “mainstream” gët, well waat ass “mainstream” am Endeffkt? Fier mech ass “mainstream” eppes waat vill Leit erreecht, well ett eben vill Leit unsprëcht… daat muss net ondedengt schlecht sin awer och net onbedengt gudd, ett gefällt eben einfach engem groussen Publik. “American Pie” an “Something aboutr Mary”ass bestëmmt total mainstream, hun mech awer gudd bei den 2 Filmer ameséiert…
Fir op d’Fro vum Marc ze äntweren: Wann mir ons selwer operluechten Critèren nët anhaalen können, dann passéiert… näischt. Dann sin mir eben nach nët gudd genuch fir semi-professionnel ze schaffen. Wichteg ass fir mech awer, dass mer een Ziel hun an daat dann och probéieren ze erreechen, well soss kéinten mir ons och soen: Komm mir dréihen Zombie Film 2, well deen ass jo gudd gelaaf, mir kruten onsen Invest erem angespillt an also können mer op där Schinn weidermachen… Daat wöllen mer eben just nët. Mir wöllen einfach alles e bëssen besser machen beim nächsten Projet, och wann daat guer net einfach wärd gin well – wéi den Marc seed – mir allegueden och nach een Beruf “niewenbei” hun.
Marc, gin der Recht, wanns du sees dass een sech gudd iwwerléen soll ob een een Amateur-Film profesionnel promoten soll, wann een wees dass d’Qualitéit net genial ass. Mir haaten ons déi Fro beim ZombieFilm selbstverständlech och gestallt, well on initial Iddi wor den Film an enger Séance um Cinénygma-Festival ze weisen. Déi hun en awer refuséiert well sie en ze schlecht fonnt hun. Dunn ass ons als Méiglechkeet just nach bliwwen: 1. Den Film ze begruewen 2. Den film probéieren an d’Kino ze bréngen an den Publik iwwer säin weider Schicksal entscheeden ze loosen. No all der arbecht déi mir ons gemach haaten, hun mer ons dunn awer fir Solutioun 2. entscheed… Mir sin jo dann och vun villen Säiten ganz harsch kritiséiert gin, mee bon, domat muss en liewen können soss brauch een nie unzefänken Filmer ze dréihen.
CArLO
02.10.2007
WOOOOW,
Fier mech ass desen diskur schon konscht!!!!!!!!!!!!
Wollt just dem Marc seng fro nach beentwerten op eis kriteren falls mier dei net anhaalen:
Wei den Petz gesoot huet geschitt guer naischt, ausser dassen mier (oder ech emol) als equipe dann nach mei motiveiert sin fier eisen dretten projet dann duerch ze zeien…………
Fierwat mier eis kriteren esou heisch gesaat hun kennt ganz einfach doduerch dass mier eng equipe sin wou en den anneren vertrauen kann, an jidereen wess wou en nach mei Motivatioun an Qualiteit bei dem anneren eraus zeien kann.
Mier machen awer och intren ennert eis formatiounen wou een dem anneren sain wessen mat op den wee get, an dat ass bei weitem guer net schlecht, dat hun ech selwer net gduecht……….
Mich
02.10.2007
All Amateursfilm huet säi Charme, jiddereen op seng Art a Weis, soulaang e gewësse Basis-Regele vum Filmmaache respektéiert. Wann all Film perfekt wier, da géif et séier langweileg gi, well alles steril géif wierken an et wéisst een dass de nächste Film um selwechte Level oder awer just méi schlecht kéint gi, well keng Steigerung méi méiglech wier. A genau dat ass dat wat fir mech den Amateurfilm ausmécht, well een einfach un de Biller gesäit, wéi d’Leit déi dat an hirer Fräizäit maan all hir Energie an sou e Projet stiechen an da sinn déi Onperfektheeten a gewësse “Feeler” guer net méi sou dramatesch. Si gehéieren einfach derzou a maan de Film iergendswéi intressant well ee bei engem “Feeler” direkt denkt, hmmm wéi kéint een dat selwer d’nächste Kéier anescht oder besser maan. Dat ass dach dee ganzen Challenge derbäi a sou motivéiert een deen aneren fir seng eege Filmer nach méi besser gutt ze maan
Nee mee lo mol serieux, ech fannen all Amateurfilm wou ee gesäit wéivill Arbecht derhannert stécht huet Respekt verdingt, op en lo engem säi Goût trëfft oder net, well mir alleguer déi sou Filmer maan, wësse welchen Opwand hannert sou enger Produktioun stécht. Also wa mir eis géigesäiteg respektéieren a konstruktiv, sachlech a gutt gemengte Kritik ophuele kënnen, da kënne mir all an déi ganz Amateurfilmszeen dach nëmmen dovu profitéieren an eis Qualitéit vun de Filmer no a no verbesseren, oder? Et soll een sech géigesäiteg ënnerstëtzen an sech net bekämpfen, well eng fair Konkurrenz ass jo als Motivatiounsschub net verkéiert!
Voilà, meng Meenung zu där Diskussioun hei..
PS: mat Kritik kënnen ëmgoen ass eng Konscht, déi laang net jidderee beherrscht
petz
02.10.2007
Gudd geschwaat, Mich! Deelen absolut deng Meenung an mat dengem PS hues du (leider) och Recht! Daat ass iwwerhaapt een Probleem deen ech dachs allgemeng am Film festgestallt hun, nämlech dass vill Leit ganz einfach aus den falschen Grënn bei engem Filmprojet matmachen. Dofir fannen ech ett perséinlech eemenz wichteg, dass een sech mat enger Equipe ëmgët där een och wirklech 100% vertrauen kann. Esou eng Equipe zesummen ze stellen, erfuedert vill Zäit an op manst am Ufank vill Wiessel an der Equipe.
schwup
03.10.2007
Fannen dei diskussioun hei zimlech interessant an och wann ech lo wirklech net souvill ahnung hun wei dir ,wollt ech awa main pefferkär dobai leen (falls erlaabt)
Daat eischt waat ech usech soe wolt ass an punkto marketing promo etc. fannen all film op amateur oder professionnelen soll sech promeiren,well wei schons gesoot gin ass stecht jo mol vill arbecht hannert al projet an dei kann och roueg gewisen gin. An eben graad wat mei leit en gesin waat een mei kritiken kann kreien,an och wann se vernischtend sin,bild daat net eischter den charackter an spornt een un eben graad seng feeler zeverbesseren?
Dobai ass et jo och na gewosst daat et en amateurfilm ass,an net all mensch kann vun sech behaapten daat en en film op d’been giff gestalt kreien.
Natirlech giff ech lo net mat engem amateurfilm op hollywood laafen muss natirlech e bessen ugepast sin daat ganzt.
Annerseits duerch d’promoten gin engem och erem vill dieren mei op,muss een sech just d’mei machen an op deenen verschiddenen stellen nofroen op se net interesse hätten reklam fir een zemaan,an mat bessen gleck krit een dann och na mei ennerstetzung vun där sait aus.
An punkto wou den marc seet daat souwisou nemmen dei leit kucken kommen dei sech fir en bestemtnen amateursklub och wirklech intersseiren,giff ech net sou soen. Wann ech kucken wei frenn a bekannten fu mir reageiren wann ech mol gesoot hun ech wor op en drei vun kml kucken oder lo selwer matzehllefen bei s-therapie, daat interesseiert vill mei leit zu letzebuerg weis de vlait mengs,ass eben just daat vill Leit net weider bescheed wessen iwert d’amateursszen zu letzebuerg (wessen mol net daat et dei zu letzebuerg iwerhaapt gett) an daat leit jo awa dann och bessen um manktum un marketing. Frees de awa leit op se mol eppes vum Zombiefilm geheiert hun, do soen der dei meescht jo.
an fir den rescht kann ech just soen daat ech dem Mich vollkommen zoustemmen,den amateurfilm huet an behällt emmer sain eenzegaartegen charme,well et eben net professionel ass,an mol feeler firkommen,an den akteur sengem text villeicht net 100% meeschter ass,an daat ass och gudd sou,soss wir et jo nemmen professionnel,an dei dreiarbechten sin bei waitem net sou flott wei vun engem amateursfilm (dixit main cousin,also ass mol seng meenung an daat waat ech vun him geheiert hun leist mech och esou denken) (sou genug der worte)
Franky
05.10.2007
bon nach zum schwup sengem kommentar:
Promotion ass an der Reih, soulang dat ennert dem Motto “AMATEUR” film leeft… Wann leit awer hieren Amateurfilm als professionnel Film “verkaafen” an soumadder een groussen Deel vum publique an d’kaalt Waasser geschmass get, fannen ech dat rem net mei OK.
petz
05.10.2007
Richteg! Dofir hun mir och onsen Zombie Film och iwwerall (Presse, TV, Internet) als “Amateur-Trash-Komédie” verkaaf, esou wees den Publik op waat hien sech anléist… awer och esou een Message soll een marketing-méisseg propper eriwwer bréngen.
CArLO
05.10.2007
Franky du wärts eis domader mengen, obschiddefall ass et esou erriwer komm, mee bon…………
Häss och du eisen DVD kaaf an dei verschiden Extras drop gekuckt, spriech TALK mam Felix, dann häss du dat och selwer matkrut wat den Petz firun mier hei gesot huet.
NACH ENG KEIER
Dat enzegt wat bei eis professionel war, (an nach wärt bleiwen) ass dass mier eis mediencompagne professionel opgebaut hatten (nach wärten esou bedreiwen) pasta
Barnig
05.10.2007
Ech mengen de Frank huet net ierch domader gemengt
An ech fannen et total cool, waat dir vu Marketing mat ärem Zombie gemaa hutt, do ka wirklech keen ebess dogeint soen
petz
05.10.2007
Merci Marc, mengen och net dass den Frank ons domat gemengt huet… Dofir Frank, wier ech awer frouh wanns du d’Kanner beim Numm nennen géifs wanns du Kritik unbrëngs. Ech kann mer gudd virstellen, dass du domat Feierblumm gemengt hues, mee ech fannen déi hun hieren Film gudd verkaaf an esou wäit ech d’Sach an der Presse verfollegt hun, huet den Sasha an seng Equipe och emmer gesoot, dass ett sech em een Amateur-Film handelt. Eenzeg den Frank Grotz huet am Land (www.land.lu) d’Merchandising-Approche vun Feierblumm kritiséiert an eben och indirekt den Kino-Bedreiwer gerügt, dass sie an hierer Programmatioun-Auswiel nët selektiv genuch wieren. Doriwwer kann een streiden. Ech hun ett deemols vum Utopia Group (op déi jo soss gären geklappt gët) ganz couragéiert fonnt, den Zombie Film ze weisen an ons ganz Equipe ass hinnen dofir dankbar. Daat hätten sie nët missen machen an sin hun domat een Risiko geholl deen sie ganz liicht hätten vermeiden können. Ech bleiwen bei menger Conclusioun, dass ett um Enn just un der Amateur-Szene léit ze beweisen, dass sie progresséieren an och unspriechend an ennerhaalsam Filmer produzéieren kann. Ech sin gespaant “auf die Dinge die da kommen”.
Franky
06.10.2007
@Carlo, nee ech hun aeren Z Film 100% net gemengt!
ech wees nach wou ech aeren film an den utopolis kucken komm sin, do huet den Monsieur Petz eis nachemol drop hingewissen dass den Film KEEN prof. film ass, mee TRASH wou een sech einfach dobai soll amuseiren (an dat war och den fall, ech hun mech dropagestallt an krutt dat dunn och sou ze gesin).
dat war einfach een allgemengen statement(ech mengen jidereen fennt genuch beispiller an der Szeen dei op meng ausso kennen passen) vun mer ouni do eng gewessen produktion oder film unzegreifen. Et soll een seng Filmer emmer als dat verkaafen waat se sin, net mei oder manner. An ob een dat ganzt grouss opzitt oder net sierf natirlech jidderengem selwer iwerloss, mee sou laang een bei den Fakten bleift ass dat nie verkeiert d’Werbetrommel ze schloen.
schwup
08.10.2007
@ Frank jo kloer do sin ech och dommader averstaanen daat een eben betounen muss daat et en amateurfilm ass,an mengen all gewessenhaften regisseur giff daat och machen well soss ass et jo direkt firprogrammeiert daat just schlecht kritiken kommen well d’leit sech en blockbuster do firgestalt hun.

Podium.Lu

Barnig
27.06.2008
Dest ass eng letzebuergesch Internetplattform, wu Artisten hier Wierker kennen online setzen.
Net nemmen am beraich Film, mee och aner Formen.
Interesseiert, da gid kucken op:
www.podium.lu
***
Aktuell NEWS
Podium.lu organiséiert e Concours bei dem et dorems geht e Video Clip vun maximum 3 Minuten zum Thema
“News-Bericht” anzeréchen.
Die 5 Bescht Filmer gin de 24. Juli um 22:00 an de Kinnegs-wisenausgestrahlt.
Ett gi vill flott Praïsser ze gewannen!
Op podium.lu sin d’Detailler vum Concours.

Zombiefilm + Psyclist Screening

Barnig
11.04.2007
Dese Freiden, 13.Abrell gin des 2 Produktiounen zu Keelen am SHINY’S CAFÉ presenteiert!
start ab 21h00
fir all deijeeneg, wu des Filmer emmer na net gesin hun!

She.He.It

Barnig
20.02.2007
D’Independent Group “I.L.L.” (Independent Little Lies) presenteiert d’Premiere vun hierem eischte Long-Metrage
“SHE.HE.IT”
Dese Freiden, 23.Februar um 20h30 am Ariston zu Esch!
(e film vum Christian Neuman)
(eng koproduktioun vun filmreakter & focusart)
Op der Plaatz get et och den DVD ze kaafen!
mei infos op:
www.caramba.lu
oder
www.ill.lu
–> Klengt Interessant!
Paulie
20.02.2007
hmmm… et geht zwar.
Philippe
21.02.2007
ween geif dann mat dohi goen?

Call for Films: Science Fiction

Jay-Ra
19.02.2007
Hey,
Ech sichen no Letzebuerger Science Fiction Filmer. Egal op hard oder eischter douce SF, deelweis kann ech och fantastesches gebrauchen.
Et geet drem fiir en Owend iwwer Science Fiction Filmer am Allgemengen ze illustreieren.