KML-Forum (2007 – 2017)

KML Club

GENERALVERSAMMLUNG

Barnig
31.01.2007
Haalt Ierch mol alleguerten schon de SAMSCHDEN – 10.FEBRUAR frai!!!
Hei get zu 98% eis GENERALVERSAMMLUNG ofgehaalen!
More Details to come—-
Barnig
02.02.2007
CA Y EST:
GENERALVERSAMMLUNG 2007
SAMSCHDEN – 10.FEBRUAR
18h00 zu KOLER an der SCHOUL !!
Dir sid alleguerten häerzlechst Inviteieiert
Barnig
22.01.2008
Dese Samschden, 26.Januar:
GENERALVERSAMMLUNG 2008
Um 18h00 zu Koler an der Schoul!
Jidereen ass häerzlechst inviteiert. Dir kennt och Leit matbrengen!
Et gett e Patt ze drenken, an eng Klengegkeet z’ iessen!
Barnig
28.01.2008
Ganz vill nei Projeten stin op fir 2008.
Wäert e ganzt grousst Joer gin!
Och vill nei leit an Equipe!
Mir begreissen den ALAIN WELTER (als NEW GENERATION) och ab desem Joer am KML-Comitee
Wa nach Leit eng Memberskaart wellen, sollen se sech mellen!
De Rapport an eis NEWS gin demnächst geupdatet!
Barnig
11.02.2009
GENERALVERSAMMLUNG 2009
Freiden – 20.Februar um 20h00 zu KOLER an der Schoul
JIDEREEN ass wellkomm,… fir Gedrenks an de klenge Maufel ass gesuergt!
Franky
20.02.2009
BIS DEN OWEND– hoffen puer nei an aal gesichter ze gesin
Barnig
05.02.2010
GENERALVERSAMMLUNG 2010
Haut den Owend um 20h00 zu Koler an der Schoul.
Fir daat klengt Gebuffs, an den Duscht ass gesuergt!!
Sid alleguerten inviteiert!
Franky
05.02.2010
ech kommen
Gil.
14.02.2011
weini ass dei vun desem Joer
Barnig
15.02.2011
Jo daaat ass bessi duercheneen am moment…
ENTWEDER:
Freiden 25.FEBRAUR
Freiden 04.MAERZ
oder vlait na en 3 datum.-.
mee ass nach naicht konfirmeiert…
Kriit awer selbstverständlech BESCHEED gesoot
Barnig
22.02.2011
Multimedial:
GENERALVERSAMMLUNG 2011
SAMSCHDEN -> 05. MAERZ 18h30
(mei details glaich an de NEWS)
Franky
04.03.2011
MUER!!!!!!!!!!!!
Franky
30.03.2012
Generalversammlung 2012
14. Abrëll
Barnig
30.03.2012
merci franky

Kritik u KML

Franky
13.10.2010
Emmer mei oft stung den Veräin an läschter Zäit an der Kritik, zu Läscht vum Romain Hilgert, deen an sengem Communiqué iwwert d’lëtzebuerger Amateurfilmwelt betount huet datt
d’Memberen vun KML zwar emmer mi al gin, hier Filmer awer op gläichem Niveau bleiwen.
Den Romain Hilgert huet hinnen en Fusionnement ugeroden.
Franky
13.10.2010
12 Dezember 2009
Dest ass Meenung vun engem “Mister X” an huet dat der Welt bei bei lb.wikipedia.org/wiki/Koler_Movies_Lëtzebuerg Sait matgedeelt.
De “Mister X” huet och Biographie vun engem KML member bei Wikipedia freizügeg ergänzt.
Ech wollt dest einfach am Forum emol veröffentlechen (well ech net dovun ausgin dass sech vill Leit am Wikipedia.lu informeieren). Publikation am KML forum ass och secher am Interesse vum “Mister X” well soss hätt hien et wuel kaum bei Wikipedia publizeiert.
petz
13.10.2010
Tiens, deen Communiqué vum Romain Hilgert géif mech interesséieren. Hues du eng Kopie fir mer ze schécken oder fir hei ze posten?
Wikipedia.lu benotzen ech nie, wor awer mol grad kucken waat do iwwert onsen Zombie Film steet an ech kann absolut domat liewen.
Franky
13.10.2010
Ma mech giff deen och interesseieren . Ech wosst och net dass de Romain een vun eise Filmer gesinn huet. Ech perseinlech krutt dat net, mee “Mister X” ass do bessser informeiert wei ech.
Franky
13.10.2010
Petz, de Wikipedia Administrator huet d’KML kritik den dag drop (leider?) scho rausgeholl well Wikipedia artikelen emmer sachlech
sollen sin. Mee weis du scho sees, et wier interessant desen Communiqué emol ze gesin.
Nach een klengen Hinweis: “Mister X” huet den Artikel den 12 Dezember 2009 no 20h00 auer geschriwwen.
Petz, wees du waats du do gemach hues?
Ech wees et
fuuss
13.10.2010
an wien ass den Mister X ?
fuuss
13.10.2010
@ Petz du muss eisen Film an d’WIkipedia schreiwen
ech wousst emol net dass mir och esou en bloedsin hun
Franky
13.10.2010
gutt fro
Mister X kann theoretesch jiddereen sinn. Ech hoffen hien oder hatt mellt sech hei nach zu Wuert.
De 12 Dezember 2009 war Filmakers Night a jiddereen deen do war huet woll kaum seng zait domat verbruecht am Wikipedia Artikelen emzeänneren.
fuuss
13.10.2010
ha ech war do : ) an ech kann och beziehen den Franky war och do
fuuss
13.10.2010
ah merde nee daat war d’Joer firdrun wou mer do waren
Franky
13.10.2010
de Petz war mol secher do (kuck an der KML gallery

KML – De Klub

Barnig
02.02.2007
Neechst Joer kriit K.M.L. schon 10 JOER
Franky
02.02.2007
ech kommen mer lo schrecklech aal fir!
Barnig
02.02.2007
: (
Jeff
19.04.2007
Ech sinn nees do
Barnig
19.04.2007
Bienvenue, Professor Doktor Geschwind!
-> soon on DVD
Jeff
22.04.2007
hehe gut gut esou
Ech hoffen ech ginn des Keier an Mitgliederlescht agedro
Franky
22.04.2007
ehm wei ass deng nummer?
so mer d’joer + nummr an ech setzen et bei
Jeff
22.04.2007
2007 nummer 20
P.S. Setz linken fir youtube op homepage bäi
Franky
23.04.2007
ok cheff… ok jeff
Barnig
31.08.2007
KML ass den OWEND op der Fouer vertrueden!
Hoffe puer Leit ze gesin
Barnig
30.09.2009
D’Epoche vum HD fänkt och lo “LUES” bei KML un

Filmproduktioun

Barnig
30.04.2008
Leschte Samschden ware mer zu 4 Kameraleit de GRAND PRIX ELSI JACOBS filmen.
Eng super Erausfuederung, dei sech awer fir all Bedeelegt genotzt huet. Et war scho relativ cool, wann d’Sonn just net su staaaaaark gedreckt hätt
Barnig
06.03.2006
DESE SAMSCHDEN, 07.März 09 ASS ENG INFORMATIOUNSVERSAMMLUNG zu ENGEM NEIE LONG-METRAGE
T(W)O FRIENDS
Start um 15h00 zu Koler am Pompjeesbau (bei der aaler Schoul)
Kommt alleguer dohin !
Gin och na puer Rollen ze vergin
— OFFIZIELL NEWS KOMME GESCHWENN—
Barnig
09.03.2009
Wei all Joers, su och dest Joer: Nees nei Gesiichter, an eng Interassant Produktioun dei a net manner wei engem Mount theoretesch start…
*watch OUT*
Franky
11.03.2009
KML bleiwt seit iwer 10 joer um ball

Material

Barnig
10.12.2007
Mir hun eis endlech en externen HARD DISK ugeschaaft, fir mol all eis Produktiounen, suwei Rohmaterial vun aktuellen Produktiounen ze secheren
Franky
13.12.2007
sou dass dei katastrophe vun DY net nachemol geschitt…
Barnig
13.06.2008
Den Demonstratiounsvideo vum neie Material, kennt geschwenn online
Barnig
28.11.2008
Mer hun eist neit Stativ kriit.
Franky
28.11.2008
an et ass wuel stabil
Barnig
28.11.2008
fir eis VX .. mat Adapter fir Fotoobjektiv op jiderfall
petz
28.11.2008
Gudd Initiative. Ech wärd an engem vun den nächsten Blog’s eng Kéier beschreiwen wéi ons asbl finanziell organiséiert ass. Dann gesäit all Mënsch, wéi een och mat zimmlech wéineg Opwand een Filmprojet vun 20.000-40.000.- EUR duerchaus aus eegener Kraft bewältegen kann, ouni dass een den Riskio leeft Suen ze verléieren. Hmmm, am Fong missten mir ons fir dee Conseil bezuelen loosen…
Barnig
28.11.2008
Si gespaant op deen Blog
Also mir hu lo just 500 Euro investeiert
Ech si secher lo sin nees vill Leit, dei soen “oo mam,.. mir hun e vill bessert…”
Mee et hänkt jo och emmer vun der Kamera of. Fir eis Verhältnisser ass e Stativ wat 5kg Gewiicht aushällt duerchaus genuch, a mei brauch een dofir net.
hei eist neit stativ:
ecx.images-amazon.com/images/I/41B6AY1Y8HL.jpg
CArLO
28.11.2008
ENFIN; sin ech net schon lang hannert Iech dier sollt emol een Stativ kaafen
Franky
01.12.2008
carlo, dat doten ass schon stativ nummer 5. oder 6
CArLO
01.12.2008
Fier mech ass dat doten den eischten richtegen STATIV den dier hudd, dei anner sin der esou Playmobil Stativer………..
Barnig
01.12.2008
Nee et ass daat 2t riichtegt, also fir d’VX
dei playmobil stativer, carlo daat war dei zait vu mer mat de klengem Handycams gefilmt hun
ass e klengen ennerscheed
CArLO
01.12.2008
Ech hun mech vertsann

10 Joer KML

Barnig
05.06.2008
Dest Joer, ass jo d’Celebratioun ugesoot.
Mierken kenn der Ierch den 20.September 2008. Et kennt nach eng offiziell NEWS eraus, mee virob emol schon:
KAAFT KEEN R.E.M. TICKET, FÀLLT LEIDER OP DEE SELWECHTEN DAAG, MEE MER VERSIICHEN SIE DUERNO NACH OP GARNECH ZE KREIEN, FIR E KLENGE BONUS-CONCERT: VERHAANDLUNGEN LAAFEN
Franky
05.06.2008
den 50cent kruten mer jo schon!
den david h. haat leider ofgesot…
Barnig
22.08.2008
Samschdes, den 20.September hu mer eis Gebuertsdaagsfeier.
Jidereen huet normalerweis eng Invitatioun kriit, wann daat net de Fall sollt sin, mer w.e.g. Bescheed soen!
petz
04.09.2008
Salut Marc, salut KML-Team,
Félicitatioun fir är 10 Joër an villmols Merci fir är léiw Invitatioun. D’Obskura-Equipe géif dann mat 6 Leit langscht kommen. Ett ka just sin, dass mir e bessi méi spéid kommen well mer mëttes nach dréihen. Mir probéieren awer esou fréih wéi méiglech do ze sin.
Bis dann
Petz
fuuss
04.09.2008
Uii dann gratuleieren ech natirlech awer och emol
Barnig
04.09.2008
Okey, mir freen eis
Ey, Fuuus du kanns och kommen.
..et ka jidereen kommen!
fuuss
05.09.2008
Merci daat ass leif
ech machen mein bescht
Franky
09.09.2008
ech zielen op dech fuuss
fuuss
16.09.2008
Ech sin do , mee sin jo un sech schon iwert Obskura mat inviteiert : )
Barnig
16.09.2008
Ma ja, kuckt dass der schnell mat dreihnen faerdeg sid, mir waarden
Obwuel mer mat der Zait emmer mi schlecht gin …
Franky
18.09.2008
nach 3 deeg
Barnig
18.09.2008
Hues de deng Ried scho virbereed?
fuuss
18.09.2008
Jo ech hun der 2 firbereed wees awer nach net wei eng ech soll huelen
Franky
18.09.2008
nach 1x schlofen goen
Franky
19.09.2008
Merci un JIDDEREEN den komm ass!
Barnig
22.09.2008
Ech hoffen et huet jiderengem gefall, schreift wat gud war a wat mannergud war.
Et ware secherlech na puer Idee’en dei mer fir desen Owend net konnten duerchzeien, weinst Zaitprobleemer, (an naach hu mer quasi 5 Meint virun desem Daag ugefaangen mat plangen)
Claude, ech waarden och op dain detailleierten REVIEW
Um Niveau vu KML kenne mer e komplett positive Bilan zeien!
A fir 2009 steet elo schon TONNEN vill Neies op dem Plang!!
fuuss
22.09.2008
Wollt nach eng Keier merci soen fir Invitation an esou
Schued dass keng Zeit mei do war meng Ried ze haalen , mee dann machen mer daat eben dei next Keier
Fuuss
Franky
22.09.2008
geint 2.00 ass den karaoke ugaang
Fotoen vum owend kommen demnächst online, also ofwarden!
Franky
22.09.2008
an lo wessen mer all wien den Fuuss ass
een Mystery manner am Land.
Franky
22.09.2008
an natirlech een groussen Merci um Obskura, dei mat enger riesen equipe laanscht komm sin!
Barnig
22.09.2008
Merci u JIDEREEN wu do war
petz
22.09.2008
Salut KMListen,
Och vun menger Säit nach eng Kéier Merci fir d’Invitatioun ob die sympathesch 10 Joër-Feier.
De Marc huet a senger Ried d’Geschicht, d’Produktiounen an d’Roll vu KML an der Lëtzebuerger Amateur-Szene ganz gudd résuméiert a verkaaf! De 50Minuten-Videorëckbléck wor och ganz interessant gemach a huet eng gudd Iwwersicht iwwer 10 Joer KML-Wierken gin. Vu dass ech nët all är Filmer gesin hun, konnt ech do nach die eng oder aaner Pärel entdecken.
Mir wärden dann och versichen dem Marc senger Invitatioun Folleg ze leeschten a probéieren fir d’Avant-Première vum Dreamcell am Dezember een éischten Teaser/Trailer vun onsem neien Film färteg ze stellen. Mir machen ons Bescht, können awer näischt verspriechen, vu dass onsen Tournage sech nach wärd bis nächst Joër zéihen.
Ech wënschen Iech op alle Fall nach weider alles Guddes an hoffen nach vill weider Filmer vun Iech ze gesin.
sheepie
22.09.2008
Maja,
Merci och vu menger Säit fir d’Invitatioun.
Ech hun di 50 Minutte Flashback e bessen ze laang fonnt…
Aanerersäits ass et natierlech schwéier 10 Joër Aktivitéit kuerz ze resuméieren.
Vläicht hätt just de Volume vun der Präsentatioun missen e besse méi niddreg sin,
sou dass et éischter “am Hannergrond” gelaaf wier.
Soss war alles ok,
d’Ried war gudd virbereed (wann och ee moment e besse provokativ, mee nujee…)
Mir befannen eis eben hei an der AMATEUR Szeen, dann däerf ee wuel nach besse “kannereg” sin
Barnig
22.09.2008
Jo mat der Dauer vum Film,… 50min. ass wirklech laang, mee och wa mer irgendwann vlait eemol 20 Joer feieren, wäert daat dann awa doweins net 100 min. daueren..
Ass eben einfach:
Wa mer lo all Trailer uneneen gehaangen hätten, wiere mer nawell op baal 30min. komm, a well jo och sollt nees puer Zeenen gewisse gin an o nees “puer versteppsten Zeenen” raushuelen, war daat eben d’Idee dohanner. De Film ass jo och just nemmen 1x “riichteg” gewisse gin, duerno ass en jo weider am “Hannergrond” su gelaaf do huet en jo da kee gesteiert
Musek bessi ze haard – as wouer
Punkto Ried,.. “provokativ” ka virkommen, ass mer mol net opgefall
ech haat nehmlech ausser puer Stechwieder naicht um Ziedel stoen
CArLO
22.09.2008
Salut alleguerten KML’en
Obschon ech nach emmer am streik sin muss ech elo awer nach eppes posten………
…….Merci fier dei leiw invitatioun
Ech hun just een positiven punkt
All respekt fier är preisser
fuuss
23.09.2008
Firwaat bass du dann am Streik ?
Barnig
23.09.2008
Jo, ech froe mech dat och
Get d’Internetrechnung ze deier?
CArLO
23.09.2008
KML Forum–>Amateur-Filmer–>Luxembourg Mystery Tale–> Seite7 liesen
Barnig
23.09.2008
Jo mee Carlo ech hun der jo awa na emmer alles gegleeft (also baal)
Su weis du eis jo och emmer alles gleefs (oder baal)
denken bei engem Glaawen vun ca. 75% kinns du dai streik domader fort-pusten!
Barnig
26.09.2008
D’Foto’en vum Owend, suwei e klenge Clip vun 2minüten wäerten e Meinden online kommen.
Bessi Gedold also nach
Franky
30.09.2008
speistens muer….oder schon den owend…
Barnig
30.09.2008
da geff mol gaas
En 3minütege Clip kennt neehmlech och online vun der dokumentatioun vum owend
Barnig
02.10.2008
surft mol bessi op eisem site ronderem …
Franky
03.10.2008
oder einfach desen link benotzen an fotoen sichen
oder videoes sou kucken
oder zb eis super such funktion benotzen
an “gebuertsdag” tippen an op suchen drecken
Barnig
03.10.2008
So Franky et geet lo duer
Ma de Leit et naach mi liicht !!!!
NONDIJEU, jidereen ka jo awa ab und zu eise Site komplett duerchchecken… kommen permanent nei Saachen bei, mee mir musse jo net emmer alles de Visiteuren an de Schouss geheien …
fuuss
06.10.2008
Also ech fannen daat gutt : )
Merci Franky
CArLO
06.10.2008
Franky mach du roueg weider esou du bass main liebling
Barnig
06.10.2008
; )
fuuss
07.10.2008
En Hip hip hurra fir den Franky
Franky
07.10.2008
???
schwup
13.10.2008
Merci frank daats de och un dei aarm studenten (wow hun daat scho laang net mi konnte soen) denks an hinnen zait beim sichen erspuers Thx
(by the way, den NEU! ennert den fotoen ass extrem klaaass)
Barnig
14.10.2008
Ma wu war där dann…
mer hun ärch vermesst
schwup
14.10.2008
Ma daat haiten haat e bessen vill ronderem d’oueren sait deems d’uni rem ugefaangen huet (administratiounen, stage plaatz fannen, plus 40-42 stonnen wochen etc.) zumols an der eischter woch wor wirklech vill zemachen…an wor do deen ganzen daag ennerwee an wor mer dun owes e bessen zevill ,naja wann der är 15joer feiert oder dei 20 dann misst et besser klappen (wärt dann jo hoffentlech kee student mei sin)

Wichteg Froen zu KML

goldenfict.
19.10.2007
Also wei dei meecht vun irch wessen, studeieren ech den moment architektur.
An mir krutten lo en neien Projet ob, an deems et drems geht fir fir en Verein ein Clubhaus ze gestallten.
Dofir breicht ech onbedengt är hellef, an ech wir frou wann sou muncher Leit mir dofir pour froen keinten beentweren.
Also leen mol lass:
1.Weisou bass du bei Kml dobei?
2.Waat sin deng Erwardunen un Kml?
3.Wei laang bass de dobei?
4.Wat sin deng Aufgaben am Verein?
5.Weieng Reimlechkeeten misst Kml hun? (mat dei wichtegst fro, wou der irchvoll an ganz auslossen kent)
Gin mech iwert sou vill wei meiglech Entwerten freen, an am beschten och nach sou schnell wei meiglech
En decken merci am Firaus
So, see you soon
lg Véro
Barnig
22.10.2007
Fir all dei Leit, wou eng Memberskaart hun:
Zeckt net, an äntwert dem Vero
Yves
22.10.2007
Schon gema
Paulie
22.10.2007
ech och
Franky
23.10.2007
done

Tournage 2007-2008

Barnig
04.04.2007
Watch Out!
Barnig
18.04.2007
Eischt TREFFEN fir Geschicht
Dese SAMSCHDEN – 21.ABRELL um 17h00 zu KOLER an der SCHOUL!
Et ka jidereen kommen
Barnig
25.04.2007
Eng 2t Versammlung fir PRE-PRODUCTIOUN
dese SAMSCHDEN – 28.ABRELL
um 17h00 an der KOLER SCHOUL!!
Jidereen ass wellkomm, Idee’en mussen awer noteiert a struktureiert sin !
(Keng nei mendlech Idee’en mei meiglech!)
Barnig
09.05.2007
LESCHTEN APPEL:
Wann Leit interesseiert sin, u Chargen wei
DREIHBUCH
REGIE
sollen se sech dringend mellen!! Dreihbuchschreiwen start a speitstens 7 Deeg!
Dest ass är lescht meiglechkeet, bei dese Chargen fir den neechste Film ze assissteiren, an evtl. eemol selwer su eng Charge ze iwerhuelen!
D’Rollen an technesch Crew gin an enger Versammlung festgeluecht dei mir ufank Summer lanceiren, wu dann och Dreihbuch virgestalt get!
Genre vum neie KML-Film: Drama/Thriller!
Franky
09.05.2007
“D’Rollen an technesch Crew gin an enger Versammlung festgeluecht dei mir ufank Summer lanceiren, wu dann och Dreihbuch virgestalt get!”
eng riesen casting aktion
Barnig
09.05.2007
mat RTL an ELDORADIO
Franky
09.05.2007
ech sin dofier (keint een jo eng flyer aktion machen fir casting )
eldoradio muss net sin, do ass mandy jo nach am gaang
Barnig
28.06.2007
DREIHBUCH geschwenn ofgeschloss …
a nexten Deeg get et ebess ze kucken
Barnig
24.07.2007
INFORMATIOUNSVERSAMMLUNG
un all deijeeneg, wu interesseiert sin, um neie Projet matzehellefen:
e SAMSCHDEN – 04. AUGUST um 19h00 zu KOLER an der SCHOUL

KML – PRESENTATIOUN

Barnig
15.01.2007
Mona / Nebula
am Escher KINOSCH
desen Freiden, Samschden a Sonden (19.-21. Januar)
jeweils um 19h00!
be there
Mich
17.01.2007
Opgepasst de Mona/Nebula leeft vum 19.-21. Januar 2007 um 18.30 Auer zu Esch am Kinosch!!!

Neie Kuerzfilm

Barnig
21.04.2010
… coming soon …
petz
21.04.2010
Salut Marc,
E bësse méi Informatiounen muss du schon gin, soss ass et keng News. Wéinstens eppes iwwer den Inhalt verroden oder wien Réalisateur ass. Einfach “coming soon” ouni näischt, daat geet nët!
Barnig
22.04.2010
-> An de KML News steet bessi mei …
Realisateur ass e gewessen “Marc B.”
(mei news gin et a nexte wochen)
petz
22.04.2010
Ah jo, wor daat elo an d’News liesen. Mach nächsten Kéier einfach een Link hei an de Forum, daat vereinfacht dem Lieser d’Sach enorm. Bonne Chance mam Tournage dann!
Franky
22.04.2010
wann dei eischt informations versammlung laanscht ass kommen och wuel e puer infos… bis dohinner TOP SECRET
D’Dreihbuch ass ganz vill verspriechend…
Paulie
18.06.2010
den Marc as e fullenmaetti :p
Paulie
18.06.2010
vum Marc
Barnig
21.06.2010
jeee jeeee jeeeeee
Paulie
24.06.2010
hehe du bas den, dem dat agefall wor
dann arzielt mol eppes neiers…
Franky
25.06.2010
de Marc ass kee Fullemetti
Barnig
02.12.2010
Dest Joer Chreschtdaag, 2 Weekender virdrun, brengt KML seng eischt Chreschtdaagsgeschicht
Franky
02.12.2010
Dei awer net wirklech eppes mat Kreschtdaag ze dinn huet
Ass eischter eng Kanner geschicht, si gespannt wei et beim Publikum ukennt

Filmopnaahmen mat Gyrocopter

Barnig
07.04.2010
Hei e klengen Appel u jidereen, wu et interesseiert.
Mir si gefroot gin, fir e Projet per Gyrokopter ( =eng Art Helikopter fir 2 Leit uewen frai; alias “Little Nellie” aus dem 007 Film) ze filmen.
Dest ass während dem desjoregen Event vum “Grand Prix Elsi Jacobs” (01 + 02.Mee), mee geet virun allem drems d’Groussregioun per HD festzehaalen-
Huet schon irgendeen daat eemol gemaach? Op waat ass opzepassen? Wat sin är Experienzen? Wier een interesseiert eis ze hellefen?
E Link zu dese Gyrocopters kenn der kucken op www.fliegmituns.de
Gil.
07.04.2010
also ech wier intresseiert mat ze machen wees awer nach net secher op ech Zait hunn soen nach bescheed
sinn och schon mat eppes ähnlechem matgeflunn, just ouni kamera

Vakanzefilmer

Barnig
02.12.2008
Mir haate jo am Spaas den Freiburger Sauf Video vum Koler Club des Jeunes agescheckt bei den Dikkrecher Filmdeeg (Vakanzevideokontest)
Ennert dem Numm “Die letzte Schifffahrt in Freiburg” hu mer trotzallem nach Plaatz 12 vu 19 kriit
olaaaaalaaaaalaaaa
Franky
02.12.2008
LOL, serieux?
Do gesait een waat gudden schnett alles ausmecht
Barnig
02.12.2008
Jo, well Biller ware be”gladert” vu fir bis hannen

CLIP

Barnig
30.01.2008
Dese “Clip” ass momentaan a Postproduktiun.
E Clip vum KML-Grennungsmember Laurent Schmit, deen hei mat sengem eischte Projet, en totalen independent Foto-Clip mat Hiphop Beats vu Letzebuerger produzeiert.
Titel ass nach net bekannt, Dauer och net!
Barnig
10.07.2008
Ennert dem Titel “STREET ART IN BRUSSLES” wäert desen 2minütegen Clip zesumme mat Dreamcell veröffentlecht gin.
Franky
10.07.2008
ah cool
respekt loron! endlech no 10 joer kml och een “film” faerdeg gemach !
misst awer STREET ART IN BRUSSELS heeschen
Barnig
10.07.2008
ass kee Film !!
mee en experimentelle Clip

Grand Prix Elsi Jacobs

Barnig
23.05.2008
Mir hun de 26.Abrell des Fra’encycliste-Course zu Garnech mat 4 kamera’en dokumenteiert.
De Film ass aktuell an der Post. a wäert demnächst veröffentlecht gin
Barnig
30.05.2008
De Film ass faerdeg, an dauert ca. 45min.
(Course, Animatioun, Praisverdeelung, Gruppepresentatioun, Receptioun)
Barnig
11.06.2008
De Film get muer (Doneschden /12.Juni) um 21h00 zu Koler an der Schoul presenteiert.
Wien interesseiert ass, ka kommen!
Barnig
10.07.2008
Den DVD wäert fir den 15.July erauskommen.
Wien et interesseiert: Et ass e flott Steck

2 Nei Kuerzfilmer fir 2008

Barnig
29.11.2007
Ugekennegt, nierft dem Long-Metrage sin 2 weider nei Kuerzfilmer fir 2008:
> En experimentele Videoclip, mat 60er Joeren Bildmaterial
> E neie Kuerzfilm vu mir, wu Details na net offiziell sin: Et wäert allerdings nees mächteg knuppen

Dokumentatiounen

Barnig
15.11.2007
Gescht hu mer dei eischt Produktioun am Escher Theater opgeholl
Visuell Kee Probleem
mee Akkuschtesch, daat bleift ze kucken …

Sunset Cinema / Kulturjoer 2007

Barnig
12.03.2007
Am Kader vum Kulturjoer get de Projet “SUNSET CINEMA” presenteiert!
Dest ass eng Art Open-Air-Kino-Kontainer deen an d’Cour du Couvent op Bouneweeg stoen kennt.
Vum 29.September bis 02.Dezember laafen hei all Doneschden, Freiden a Samschden Filmprojeten vun Jugendlecher (Letzebuerg, mee och aner Natiounen si wellkomm)
Mir als KML, hun eis glaich 3 Freides Soiré’en organiseiert!
wubai folgendes presenteiert get:
12.OKTOBER
RENDOLEPSIS
02.NOVEMBER
PAPER DREAM
BLACK KING’S WAY
23.NOVEMBER
LOST
THE NEBULA DAWN
MONA
..more details to come
Barnig
13.03.2007
LOST
THE NEBULA DAWN
MONA
net den 23.11 mee den SAMSCHDEN, 17.NOVEMBER
Franky
29.08.2007
28.09.2007 – FRI
Open Screen
29.09.2007 – SAT
From Our Archive and Our Friends
04.10.2007 – THU
Pot Pourri de Yann Tonnar
05.10.2007 – FRI
Who’s Quentin
06.10.2007 – SAT
Anne Lindner presents
11.10.2007 – THU
VHS on the Road show
12.10.2007 – FRI
KML – Paperdream Black King Ways
13.10.2007 – SAT
Der Wald vor lauter Bäumen
18.10.2007 – THU
VIDEOSPOTTING
19.10.2007 – FRI
selection by Florian Wuest
20.10.2007 – SAT
Beryl Koltz presents…
25.10.2007 – THU
selection by Apolonija Sustersics
26.10.2007 – FRI
Open Screen
27.10.2007 – SAT
Pyrhuss presents
01.11.2007 – THU
Commercials and Adds
02.11.2007 – FRI
TENT. Academy Awards
03.11.2007 – SAT
E-Flux Video Rental
08.11.2007 – THU
selection by Krzyzstof Wegiel
09.11.2007 – FRI
Lost Film Festival
10.11.2007 – SAT
6th Annual Indie Music Video Festival
15.11.2007 – THU
Videodokument: Video Art in Slovenia 1969-1998
16.11.2007 – FRI
KML – The Nebula Dawn
17.11.2007 – SAT
Feierblumm Owend
22.11.2007 – THU
Govinda’s Turkey Evening
23.11.2007 – FRI
Max Jacoby presents…
24.11.2007 – SAT
Open Screen – Musicclips
28.11.2007 – WED
Jeff Desoms Wednesday
29.11.2007 – THU
Following Sean
01.12.2007 – SAT
Open Screen
Barnig
29.08.2007
Opgepasst ass nach net riichteg
Mona leeft zesummen mat BKW (WARSCHEINLECH 11.Oktober)
Paper Dream – Nebula – Lost de 16.November
Barnig
19.19.2007
Et ass elo nees alles ordentlech geupdatet:
“MONA” a “BLACK KING’S WAY” Freides 12.Oktober
“PAPER DREAM”, “THE NEBULA DAWN” a “LOST” Freides 16.November
ass allgemeng e ganz interessante Programm. Renteiert sech op alle Fall dohiner ze goen.
Op der Plaatz gin och DVDs verkaaf.
Daat ganzt start Freides, den 28.September mat OPEN SCREEN
an endegt Samschdes, den 01.Dezemeber nees mat OPEN SCREEN
Barnig
24.09.2007
Den aktuelle Programm vum eischten Deel vun de Sessions SUNSET CINEMA, dei ganz interessant schengt
kann hei gedownloadt gin:
sunsetcinema.files.wordpress.com
NATIRLECH (an et ass och schon ze speit) ass emmer nach e FETTE FEEHLER ze liesen:
am plaatz KML, steet KLM do
gud!
Franky
25.09.2007
oh mei… an wiesou sin biller vun filmer drop dei guer net gewissen gin?
GANZ GROUSSEN TENNIS..
an dann kuck mol wei Pyrrhus geschriwwen ass !!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!! (emmer anescht-……)
an och net am Stand iergend een internetsite dohinzeschreiwen (just bei blumm)
naja..
KML KML KML
Barnig
25.09.2007
hoffe mer das filmer winstens ordentlech op DVD funktioneiren
Barnig
01.10.2007
Dese Weekend war de Lancement vu SUNSET CINEMA mat engem “OpenScreen”, an et war scho relativ flott.
A gailer Atmosphäre gin hei d’Filmer via eng Mauer projezeiert. Den “Holz”Container ass fir frai an Open-Air.
Kaal get et engem awer net, well op all Stack vum Container Heizungen installeiert sin.
Flott Ambiance
Franky
12.10.2007
waat leeft dann haut?
Barnig
12.10.2007
HAUT DEN OWEND BEI SUNSET CINEMA ab 20h00
de praisgekreinten leschte KML Kuerzfilm
>> M O N A << gefollegt vun TrilogieOfschloss Film >> BLACK KINGS WAY <<
alierft dese Revival namol am halwen Open Air Plaseier!!! Entree gratis!
Barnig
08.11.2007
DES WOCH BEI SUNSET CINEMA
DONESCHDEN 08/11
SELECTION BY KRZYZSTOF WEGIEL
FREIDEN 09/11
VIDEO ART IN SLOVENIA 1969-1998
SAMSCHDEN 10/11
6Th ANNUAL INDIE VIDEO FESTIVAL

Pyrrhus a KML Session

Barnig
19.09.2007
Sondes, 28.Oktober ass am Kader vum Kulturjoer zu Garnech e Kulturdag vun der Kulturkommissioun organiseiert, wou een de ganzen Daag Filmer ze gesin kriit.
An eischter Linn sin daat Filmer iwer an em d’Gemeng, mee owes ab 20h30 presenteiert PYRRHUS a KML eng Retsch vu Kuerzfilmer. Hei de Programm:
vu KML:
Paper Dream – Wanterhoffnung – Last of the Cornets – Lost – Mona
vu PYRRHUS:
Mots croisé – Zaldot – Maggie Park “Roll with the Punches” Clip (incl. Making of) – Bommeleeer (Eps 111) – Psyclist
duerno get et warscheinlech na e Long-Metrage (falls Zait nach bleift)
Yves
19.09.2007
An zwar Nebula!
Barnig
19.09.2007
Bass du dann anwesend?
Yves
19.09.2007
Uh dat as na laang hin, do kann ech lo na neischt verspriechen
Barnig
19.09.2007
Denken eischter dass “31 MIN.” leeft.
Mee daat bleift warscheinlech bis deen owend selwer “BIG SURPRISE”
Franky
19.09.2007
the legend of bigfoot please
CArLO
19.09.2007
Jungs dann weist leiwer den psyclist an senger foller längt fun 65 min.
Barnig
20.09.2007
65min
get et sou eng versioun??
(ass jo na mei laang wei kinoversioun, nee?)
CArLO
20.09.2007
Do gin et e puer versiounen
Barnig
21.09.2007
Hei de Programm vun de Filmer vum Kulturdaag (28.Oktober) zu Garnech:
14h00 Gemeng Garnech: Freier an Haut (Garnech-Duelem an de 60er – 80er)
14h55 Club des Jeunes Koler – 35 Joer (1972 – 2007) Doku.
15h30 Gemeng Garnech (Divers Aktiviteiten 2000 – 2007)
16h50 Aweiung “Elsi Jacobs” Schoul- a Sportshaal 1999
17h40 Gemeng Garnech: Freier an Haut (Garnech-Duelem an de 60er – 80er)
18h35 Club des Jeunes Koler – 35 Joer (1972 – 2007) Doku.
19h10 Gemeng Garnech (Divers Aktiviteiten 2000-2007)
20h25 KML Productions Kuerzfilmer
Paper Dream – Wanterhoffnung – Last of the Cornets – Lost – Mona
21h00 PYRRHUS Movie Productions Kuerzfilmer
Mots croisé – Zaldot – Maggie Park Musikclip “Roll with the Punches” (incl. Making of) –
Bommeleeer (Episode 111) – Psyclist
22h00 “RENDOLEPSIS” oder “31 MIN.”
kommt roueg laanscht!
Barnig
23.10.2007
RAPPEL!!
Dese Sonden vun 14h – 22h zu Garnech an der Epicerie /Verainssall
–> SPECIAL SCREENING ROOM vu Pyrrhus a KML
Sid roueg do, dir kriit ebs gebueden, ass och gail Musek am Verainssall, falls der Filmer net nemmen wellt kucken!
Barnig
29.10.2007
Dir hut gescht eng verpasst!
Et war relativ flott, och wann net vill Leit do waren, mee Originalen Dress vum Psyclist war ausgestalt, an de Raum haat daach eng gud Ambiance!
Kleng Kanner an der eischter Reih hu sech ängstlech während “MONA” ugekuckt an hiere Bleck huet praktesch alles gesoot …
Hier Mamm no der Projektioun “Daat dooten sin awer schon delekat Filmer …”
Barnig
29.10.2007
( Kuerz virun “MONA” gouf et “LOST” )

Projet 2007 – 2008 Prevision

Admin2
30.06.2007
Hei ass dei richteg platz fir iwer d’Previsionen vum neien Film ze diskuteiren
Barnig
06.07.2007
Nei Previsioun soon ….
Barnig
09.07.2007
Eng 2t ass online!
Sid net su schai, a schreift roueg heihinner wat dir denkt!
Ee muss den eischte schrett maan
Claude
09.07.2007
Ech fannen se deck cool, spannend a mysteriös zugläich!
Dei seltsam Fotoen zesummen mat de Videos an de Sätz an der Musek brengen eng ganz extra Stëmmung riwwer.
Voll gelongen.
Philippe
11.07.2007
ech stelle mer elo graad eng fro: ass daat nach emmer dei geschicht dei den franky an der versammlung presenteiert haat oder ass elo awer eppes aaneschtes geholl gin. klär een mech w.e.g. op.
Barnig
11.07.2007
si vun de’er geschicht ausgaang,… mee dei ass ver-re-formt gin
Franky
11.07.2007
Wanns du den faerdegen film gesais(an dech nach un eis versammlung erenners), dann sin bestemmt elementer dei der bekannt virkommen(also puer iwerraschungen maner) mee et kann awer och sin dass mengs:
” ahh, lo wees ech waaat kennt!!” an dann geschitt awer eppes aneschtes (well eben struktur geännert huet, an alles puer mol durch den mixer gaang ass)
Barnig
18.07.2007
D R E I H B U C H
ass ofgeschloss!
Maacht Ierch READY fir d’Presentatioun!!!
very very soon —
Franky
18.07.2007
yuhu
Claude
20.07.2007
Deck cool och den 3. Deel!
Leider huet sech do e Feeler mat der Schrëft ageschlach:
wäiss Schrëft mat schwaarzem Schied war et beim 1. an 2. Deel an elo ass et eng wäiss Schrëft mat enger schwaarzer Outline. (Kontur)
Philippe
21.07.2007
weini ass dann mat enger versammlung ze rechnen?
Barnig
23.07.2007
Den E-Mail kennt muer!
Versammlung warscheinlech dese Weekend!
Barnig
01.08.2007
opgepasst:
INFOVERSAMMLUNG vun desem SAMSCHDEN – 04.AUGUST ass net an der Koler Schoul, mee am Koler POMPJEES-BAU !!
(ass awer dei selwecht plaatz, just daat gebei hannert der Koler Schoul)
19h00
Franky
06.08.2007
thanks for coming people!

Neisten DVD’s

Barnig
15.02.2008
Ab haut (15.Februar) huet KML 2 nei DVDs veröffentlecht.
Sin och ab elo ze kreien
> ENG ASPRO FIR ZWEE
Theatersteck vum Escher Liewensfrou, waat am November 2007 am Escher Theater opgeholl gouf. Homage un de Woody Allen an “Play it again Sam”
> Athletico Steinfort “Gala Gymnique 2007”
Akrobatesch an Dynamesch Turnveranstaltung, opgeholl am Dezember 2007 zu Stengefort
Mei Infos enner eisen DOKUS

DVD

Barnig
20.02.2004
Den DVD lierft, an ass emmer nach dee beschte Moyen e Film roueg an eleng namol unzekucken an z’analyseiren. Och 2006 hu mer nees eng jett DVDs verkaaf. Bis zum 1.Januar 2007, hei de Punkt.
DVD-HITLIST 2006 (KML Produktiounen)
10 – Legend of Bigfoot ( 1x )
09 – Showtime ( 2x )
08 – Operation IceBreaker ( 3x )
07 – Lovely Days in April ( 4x )
05 – Riddlypup Da Fully ( 10x )
05 – Liewensrees ( 10x )
04 – Riddlypup Da Fully2: The next Riddly ( 14x )
03 – 31 Min. ( 20x )
02 – Black Kings Way -3Disc Special Edition ( 33x )
01 – Rendolepsis: Special Edition ( 79x )DVD-HITLIST 2006 (KML DOKUMENTATIOUNEN)
10 – Hochzait vum Nathalie Karger a Christian Giersch ( 17x )
08 – Schmunzelkescht „Alles Paletti?“ ( 18x )
08 – Club des Jeunes Koler: Aktiviteiten 1998 – 2002 ( 18x )
07 – Athletico Steinfort: Gala 2003 ( 19x )
06 – Kart O Manie „ClipDVD“ ( 20x )
05 – Kommioun zu Medernach ( 22x )
03 – Kart O Manie ( 50x )
03 – Gala Dudelange 2005 „Flight to Fantasy“ ( 50x )
02 – Athletico Steinfort: Gala 2004 ( 53x )
01 – Athletico Steinfort: Gala 2005 ( 56x )

VHS

Barnig
24.01.2004
Fir dass et och am neien Forum onvergiesserlech bleift:
VHS ass “praktesch gesin” ofgestuerwen, KML produzeiert keng mei, trotzdeem bleift VHS an deifster Erennerung en eisem Gedächtnis!
Hei TOP10 vun de KML-VHS-Kassetten
10-) Riddlypup Da Fully 2: The next Riddly ( 17 )
09-) Aweiung vun der Sportshaal “Elsi Jacobs” ( 18 )
08-) Athletico Steinfort: Gala 2003 ( 19 )
07-) Paper Dream ( 21 )
06-) 30 Joer Club des Jeunes Koler ( 37 )
05-) Expo Gast 2002 ( 43 )
04-) Operation: IceBreaker ( 49 )
03-) Quantum of Solace ( 65 )
02-) Lovely Days in April ( 69 )
01-) Liewensrees ( 73 )