KML-Forum (2007 – 2017)
Verschidden Themen
Filmer, wu dir fir d’lescht gesin hut
Barnig 24.11.2008 | THE BIG LEBOWSKY |
Franky 24.11.2008 | dat ass menger meenung no een iwerbewärten film. Kloer den Film ass gudd, mee wou en rauskomm ass huet all Kritiker desem Film extrem Lorbeeren ugehaang.. soit… CHANGELING BODY OF LIES |
Barnig 24.11.2008 | ey, ech hun dee film gescht fir d’eischt a mengem liewe gesin, an ech hun e MEGA fonnt. Den JOHN GOODMAN, ass dee beschten!! Dei Dialogen, dei Schauspillerei!! TOP (natirlech och den Jeff Bridges) mee et ass wirklech e film, wu een de glanz vun deenen 2 Akteuren bewonneren kann |
Franky 27.11.2008 | MIAMI VICE (2006) |
Franky 28.11.2008 | ass guer net sou vill, mettelmeissegen action flick |
petz 28.11.2008 | Deelen dem Marc seng Meenung. Big Lebowski ass fir mech een richtegen Kultklassiker deen exzellent geschriwwen, gespillt a gedréiht ass, wéi iwwregens baal all Film vun de Coen Brothers. @ Franky : zitéieren “Kloer den Film ass gudd, mee wou en rauskomm ass huet all Kritiker desem Film extrem Lorbeeren ugehaang..soit…”. Waat soll daat heeschen? Just well eng Majoritéit vu Kritiker den Film gudd fannen, ass hien suspekt? Well vill Kritiker de Film gudd fannen, mussen mir en automatesch schlecht fannen, fir ons Individualitéit ze ennersträichen? Daat ass dach keen Argument! Mir ass ett esou lang wéi breed waat Kritiker iwwer een Film schreiwen oder soen, Wann mir d’thema vum Film gefällt, man ech mer meng eegen Meenung. An dësem Fall fannen ech, dass de Film seng Lorbeeren absolut verdéngt huet. Heinsdo hun ech d’Impressioun, dass du een Film automatesch schlecht fënns wann d’Majoritéit (Kritiker oder grand public) hien gudd fënnt. So mer dass daat nët stëmmt an nenn mer 3 Mainstream-Filmer déi dir gefall hun an déi och beim breeden Public an bei de Kritiker gudd (oder op manst nët schlecht) ukomm sin |
Barnig 28.11.2008 | Hues de deen um RTL gekuckt, Frank Do war de Film neehmlech nees gekierzt! Dann hues de besser du keefs der winstens den DVD vu 4 Euro! Dann hues de original Versioun ongekierzt an ouni Reklammen zweschenduerch |
Franky 01.12.2008 | nee petz ne ganz weis de dat lo gesot hues. ech fannen den film Gudd (soen mer 7/10) mee kritiker fannen den film Extrem gudd(10/10). Dofier gin ech den kritiker zu 80% rescht, mee an mengen TOP10 huet den film trotzdem keng platz kritt Ech wees och net mei wou en an den kino komm ass ob d’majoriteit vun den spektateuren den film gudd fonnt huet. |
Franky 01.12.2008 | trash movies um weekend San Wa (jackie chan movie wou hien leider net regie feiert) What happens in vegas (stenknormal hollywood klamauk, wou ech muss zougin dass een gudden witz dran war) |
Barnig 01.12.2008 | SOMETIMES THEY COME BACK .. AGAIN |
Barnig 04.12.2008 | ANGEL-A |
Franky 08.12.2008 | The visitor |
Barnig 08.12.2008 | RAMBO (2007) BE KIND REWIND SOMETIMES THEY COME BACK … FOR MORE |
Barnig 16.12.2008 | BARTON FINK (vun de COEN Brothers) |
Barnig 23.12.2008 | O BROTHER WHERE ART THOU? |
Franky 29.12.2008 | CHILDREN OF MEN (strangen film, waat geil ass dass vill action szeenen ouni cut minuten laang daueren…) |
Barnig 29.12.2008 | SWEENEY TODD (iwerraschend: bessi enttäuschende BURTON) 1408 (iwerraschend: GAIL) |
Barnig 02.01.2009 | STEPHEN KINGS |
Philippe 03.01.2009 | LA Crash Requim Oldboy |
Barnig 03.01.2009 | Juno Fight Club |
Franky 07.01.2009 | Anger Management (fuerchtbaren skript) Yes Man |
Barnig 12.01.2009 | THE DARK KNIGHT PHONE BOOTH |
Franky 12.01.2009 | De l’autre côté du lit (2009) The Man in the Iron Mask (1998) Tunes of Glory (1960) |
Barnig 19.01.2009 | AMAZON WOMEN ON THE MOON THIRTEEN |
Barnig 02.02.2009 | A GOOD YEAR |
Barnig 10.02.2009 | THE LAST KING OF SCOTLAND BEVERLY HILLS COP |
Barnig 13.02.2009 | THE DOOR IN THE FLOOR |
Barnig 09.03.2009 | BEVERLY HILLS COP 2 BEVERLY HILLS COP 3 TALES FROM THE DARKSIDE: THE MOVIE FRIDAY THE 13TH |
Barnig 16.03.2009 | OCEAN’S ELEVEN FRIDAY THE 13TH -part 2 |
Philippe 16.03.2009 | Goodfellas The Wrestler (sou geilen Film) Wild at Heart Gran Torino |
Barnig 23.03.2009 | PAY IT FORWARD OCEAN’S TWELVE JOHN CARPENTERS “DARK STAR” (sain eischte LM — kult) FRIDAY THE 13TH -PART III |
Barnig 30.03.2009 | FRIDAY THE 13Th -Part IV: THE FINAL CHAPTER MAX PAYNE |
Barnig 06.04.2009 | OCEAN’S THIRTEEN FRIDAY THE 13TH -PART V: A NEW BEGINNING |
Barnig 15.05.2009 | SERAPHIM FALLS THE HAND THAT ROCKS THE CRADLE |
Franky 12.07.2009 | Just watched ‘Trouble no more’ Luxembourgish movie,3 prisoners trying 2 get the aches of there killed hero’Johnny Chicago’to Chicago een message vun engem ganz bekannten Letzebuerger…. därft 3x mol roden fir rauszefannen wien sou super gutt schreiwen kann |
Franky 30.09.2011 | www.youtube.com/watch?v=DezEGKp5U3M een trailer fir een festival vum David Lynch. De ganze “film” dauert just 1 Minute.. mee ass menger Meenung no einfach nemmen MEGA! |
Barnig 04.10.2011 | hues de en gesin? |
Franky 04.10.2011 | ma dat ass de film E film vun enger Minute |
Franky 19.10.2011 | the film DRIVE ! Si kee Frenn vu “Action auto filmer”. Mee Drive ass mega, awer NET Hollywood style. De soundtrack ass och de glanz E leeft nach am Kino, also net verpassen |
Aktuell am Kino
Claude 16.01.2007 | The Prestige Samschdes am Utopolis ass dei ganzen Zäit iwwer am Sall “Thunderball” an nemmen nach aaner 007 Musek gelaaf bevir de Film ugaangen ass. Herrlech an 1000x besser, wei wann do emmer Jupe-Schrott leeft. Dese Film geet em 2 Zauberer, wou een deem aaneren seng Show manipuleiert a saboteiert. E frëscht an onverbrauchtend Thema flott & spannend presenteiert. Deck cool almoudesch a gelongen Atmosphäre mat spaassegen Zaubertricker, dei leider all ganz ähnlech funktioneieren waat d’Methode ugeet, wei den Zuschauer ausgetrickst gett! Leider huet den Andy Serkis (op den “Herr der Ringe” Bonus-DVDs spillt hien de Gollum, deen speider mat Computer-Effekter esou get wei en am Film ass) nëmmen eng kleng Roll, hien wier secher genial als Zauberer an der Haaptroll! Dese Schauspiller passt einfach 100 % an seng Rollen an iwwerzeecht op ganzer Linn duerch säin extreemen Asaatz, well en sech mei wei drugett. 7,5/10 Stäeren |
Barnig 05.02.2007 | ROCKY BALBOA No senge legendäre Matcher, klemmt de Rocky eng leschte keier an de Ring, an daat geint den onbesiegbaren Heavyweight Champion “Du Jupe” De Rocky huet eigentlech scho laang opgehaal mat kämpfen, an ass sain eegen Patron an engem klenge Restaurant. Wei d’Gesellschaft awer per Computeranimatioun en “Analysekampf” gesin, zwescht desen 2 Boxer, get de Rocky “gezwongen” namol an de Ring ze klammen! Mir huet de Film ganz gud gefall, en ähnelt bessi dem eischte Rocky Film, well et hei och nees eng Art “Neiufank” ass, mee daat ass cool! Dei gail Rockymusek ass nees voll vertrueden. De Sly -zwar bessi aal schon- mee iwerzeegt mei wei jee! An exzellent Stemm, an drechen mee zéihend Wizer! (all 20min. nees e gailen Joke, vermescht mat emmer nees emotionallen Szeenen) E MUSS fir all, dei RockyFilmer awer gud fonnt hun! Eenzeg Kritik, de Sly hätt sech sollen e besseren Realisateur aussichen! 7/10 Stären |
Claude 15.02.2007 | – Decke Flop, wahrscheinlech de schlechsten Deel iwwerhaapt. Hätten se sech spueren kennen. – Jupen & Jupen-Musek sin grausam am Film an geheieren guer net dohinner. – Just een eenzegen Kampf am Film an just eng kleng Trainings-Szeen, mei huet de Film net mat Boxen an Rocky ze din. – De Rest get just mat doud langweilegen, depressiven Szeenen gefëllt, dei keen well gesin. – Wann de Film net Rocky giff heeschen an de Stallone giff matspillen, mee en X-beliebegen Boxfilm wier, hätt en nëmmen 1-2 Stäeren verdingt. Ausser d’Rocky- a Rambo-Filmer huet de Stallone net vill Gescheites fäerdeg bruecht. Vive den Schwarzenegger, deem seng Filmer all cool sin, egal op Action oder Parodie. 5 / 10 Stäeren |
Barnig 16.02.2007 | a claude, j’suis pas d’accord! am eischte rocky film war och just nemmen 1 kampf, an de film huet sech dorop opgebaut! an dofir passt daat!! ech fannen dee passt total an dei ganz reih! +++ >—>>> AN DES WOCH LEEFT DEN NEIEN DAVID LYNCH UN !!!! |
Jay-Ra 19.02.2007 | Ech muss hei mol mäin Pefferkät dobäiginn. Deen Boxmätch kann een jo mol guer net als deel vun Rocky Balboa ugesinn. Wann et jhust em d’Boxen geng goen dann hätten se den Film och kennen Rocky 6 nennen. Et schéngt mer hei vill méi em d’Sportspersonalitéit am Alldaag ze goen. Während den jonken Borscht matt senger “Posse” Party mecht an soss nix brengt kemmert den Rocky sech em d’Gesellschaft. Zielt den Leit Geschichten, schreiwt Autogrammer an kemmert sech em Philadelphia als dei Staad an där heen opgewuess ass. Den Film kemmert sech em d’raison d’être vun engem “Has been”. Net zulescht gesäit een daat wann den Spider (Deen aalen Boxer deen am Restaurant ronderemhänkt) D’Ärm eropstreppt an sech un d’Tellerwäschen mecht. Wann dem Stallone seng Karriere och nemmen ganz rar Pärelen produzéiert huet dann muss ech soen ass daat heiten awer eng vun deenen. Ennert aanerem well en mol eng Keier, noom eischten Rocky, en perséinlech Säit weist. Waat den Marc seng Kritik no enger besserer Realisatioun awer huet wees ech net. Fannen dass daat ganzt dem Kader gudd dingt an zu kengem Moment vun deem ooflenkt waat wiirklech wichteg ass. |
Claude 19.02.2007 | HANNIBAL RISING Firwaat get hien zum Kannibal? Wou keint dei Mask hir? Firwaat ass en esou gescheit a kennt sech esou gudd an der Medezin aus? Wei brengt en et emmer esou stilvoll fäerdeg seng Opfer ze folteren an gekonnt ze killen? All des Äntwerten an nach Villes mei liwwert desen schockanten an ofwiesselungsräichen Film, deen duerchgehend extreem spannend ass an keng Sekonn langweilt. Einfach e Meeschterwierk vir sech. Aleng schon dei cool Story an d’Iddeen… Et ass schweier nach mei ze schreiwen, well een soss seier eppes zevill verreit. Op kee Fall verpassen, well dese Film geheiert lo schon secher zu deenen beschten vun 2007, wann net esou guer de Film vum Joer, well daat doten get schweier ze toppen. An 10 Joer ass dese Film genau esou e groussen Klassiker wei dei aaner 3 Hannibal-Filmer, dei een ALL MUSS gesin hun. 9/10 Stäeren |
Franky 20.02.2007 | The Pursuit of Happyness Dese Film baseiert um Chris Gardner sengem Liewen an spillt an den ufank 80er. Desen 80er Flair get gudd agefaang(zb mam rubiks cube den deen moment deck in war)! D’Geschicht vum Film huet net vill Wendungen oder iwerraschungen, den Chris kämpft sech eben vun ganz ennen no ganz uewen; c’est plus ou moins tout. Waat mer net um Film gefall huet ass den Will Smith selwer, hien spillt einfach all roll GENEE selwecht, am Man in black and Wild wild west war hien genee den selwechten coolen relaxen Typ den alles mei oder weineg am Liewen meeschtert. 6/10 Stären Taxi 4 Als Anti-Taxi Fan(ech hun mengen just 1 oder 2 Filmer gesin, ech wees et schon net mei) muss ech soen dass den Film puer kleng lacher huet(den film geet extrem geint eis Belge matbierger), mee den gros vun den Witzer war einfach schon honnert mol ze gesin, an eis einfach extrem banal an primitiv. Et setzt een deelweis 20 minuten regungslos do nozekucken ouni eng mine ze verzeien. 2/10 Stären |
Barnig 20.02.2007 | THE PURSUIT OF HAPPYNESS Wei de Frank scho seet, ass och riichteg! Obwuel e relativ gude Scenario an eng usprochsvoll Mise en Scene vertrueden ass, su leid de Film extreem ennert dem Will Smith! OK, a munche Szeenen gesait een em of, dass en sech wirklech vill Meih mecht fir sai Charakter su gud wei meiglech ze representeiren.. daat gelengt him dann dei eng keier, an schwups .. huet en et nees vergiess (a form vu kommendem typeschen -onpassenden- will smith humor) ass leider deck schued, well soss wier de film mat secherheet e krack besser! Trotzdeem kriit de film vu mir locker 7/10 Stären! (weinst der geschicht, mise en scene, an dem professionellen “Acting” vum klengen jong) |
Philippe 22.02.2007 | Inland Empire vum David Lynch kann ee mir soen em waat et an der geschicht geet. hun den owend um fernseh eppes doriwwer gesin mee do gouf keng geschicht erklärt an et gouf gesoot dass de film net ze verstoe wir. dun hun ech um internet bessen rechercheiert an do hun ech och keng richtech geschicht fonnt nemmen sou pseudo-kritiker dei de film luewen bis an den himmel awer neierens schreiwen em waat de film geet. wees hei een em waat d’geschicht sech dreiht. et muss jo awer eng geschicht do sin well 3 stonnen ass jo genuch zeit eng geschicht ze entweckelen. dann well ech nach eppes zum claude soen iwwert den hannibal rising. hien seet dass an 10 joer deen do och sou een klassiker wir wei dei aaner 3 hannibal filmer. et gin awer schon 4 hannibal filmer. den manhunter vum michaell mann war den eischten. dun den silence of the lambs vum jonathan demme an den hannibal vum ridley scott an den red dragon vum brett ratner an elo den hannibal rising vum peter webber. daat sin am ganzen 5 filmer. |
Barnig 23.02.2007 | Philippe: Em waat geet et bei INLAND EMPIRE!?? Daat as dei grouss Fro. ech gin de film warscheinlech dese weekend, allerspeitstens neechste weekend kucken, mee ech si mer ganz secher, ech kann der dann net soen, em waat et am film geet! Konnt ech beim LYNCH sengem leschten “MULLHOLAND DRIVE” o net “wirklech” ! well all mensch, versteet oder interpreteiert dei LYNCH filmer op eng aner art&weis! Vill Leit, gesin do kee senn a senge filmer, mee aner leit (wei ech) fannen graad daat äusserst GAIL! Well bei kengem aneren Regisseur kann ee suvill dono diskuteiren wei beim LYNCH- An daas graad daat wat de Charme u senge Filmer ausmecht! Den Trick dobai ass einfach, vermech Gefiller oder Previsiounen oder Meenungen einfach optesch an dei selwecht Geschicht, wei dei eigentlech real Geschicht! Ech fannen dass daat waat iwer de film gesoot get, na äusserst vill ass. Ech hun dei eischt synopsen graad emol mat just engem eenzegen Saatz geliess An et ass einfach daat wat gail ass! Loos denger Imaginatioun fraie Laaf, a werf der dee Film op d’Longen! Freen mech! |
Philippe 23.02.2007 | ok marc. los et mech wessen wanns de gees. ech sin dann derbei. |
Barnig 23.02.2007 | yo man! |
Franky 02.03.2007 | Hannibal Rising stemmen dem claude an allen Punkten zou, den Film ass wirklech gudd gelongen an huet keen eenzegen (iwerflessegen)Witz. D’Akteuren am Film kennen och all iwerzegen. Wiesou nees eng Chinesin (Li Gong) nees eeng Japanerin spillt(wei am Memories of a geisha) ass mer een rätsel. Leider ass den Film kommerziel een totalen Flop, an am IMDB sin 50% vun den leit total geint den film, dei aner verteitegen en bis op d’lescht. (SPOILER) wiesou deet den hannibal dei japanesch Mask un? Dass en net erkannt get, kloer.. mee wiesou soll dat eng uspillung un dei Mask sin dei en am Silence of the lambs un huet? Well an deem Film kritt en dei Mask ugedo dass en keng Leit soll beissen(dat ass eng Mask vun den Flicken…) 8/10 Stären |
schwup 06.03.2007 | Number 23 En Mann liest en eelert Buch waat number 23 heescht an fennt abemol sain eegent liewen dranner erem…d’Buch hällt mat engem mord op… Mei well ech lo net dozou soen,well soss hellt een d’spannung… den Jim Carrey spillt seng role excellent,kennt sau-gudd eriwer an den film usech ass gudd an szene gesaat. ganz heiansdo vlait e bessen zeschnell gedreint waat bessen stresseg kann gin mee am allgemengen awa en super gudden film,deen zwa enner horror gesaat gett ,mee awa en liichten horror-film just ass definitif kuckenswert mir huet en deck gudd gefall,zumols den schluss 8/10 an zu gudder läscht all mensch deen am joer 1985 gebuer ass … 1+9+8+5 = 23 (versteet een nom film) an suguer eps fir iron maiden fans dem beast seng nummer kennt och fir |
Barnig 07.03.2007 | BABEL No laanger Zait hun och endlech ech dee Film gesin, a ka menge Kolleegen just main OK gin- De Film ass definitv TOP! As geschichtlech ganz gud iwersaat (mega sin: 3 Geschichten – 3 Sprochen) Minimal lücken am dreihbuch sin eenzeg meng kleng kritik, verschidden aktiounen wierken net ganz iwerluecht, mee ass awer am grousse ganzen en TOP Film! Schued dass en just 1 Oscar kruut (fir Musek) en hätt der secherlech mei verdingt! 8/10 Stären DREAMGIRLS Och dese Film war Gewenner bei den Oscar’en.. deem seng Meenung ech awer net onbedingt deelen! Zwar sin ech e klenge Fan vun de Supremes, mee dese Film huet mech net wirklech iwerzeegt! Ech denken et muss ee wirklech schon e Frend vu Musekfilmer sin, fir dese Film gud ze fannen: Sangend Dialogen an Azielungen, permanent Showoptretter si nemmen puer vu su Elementer! Et hätt een dee ganze Film kenne vill besser azielen, an deems een bessi mei op d’Handlung kuckt, a net daat domineierend Gesengs an de Vordergrund stellt! Et maach duerchaus sin, dass aner Leit (di meeschten) dese Film gud fannen, mee ech dee wirklech net souvill mat Musek- an Danzfilmer huet,… naja .. kriit dofir vu mir leider just 3/10 Stären! |
Barnig 27.03.2007 | 300 Yo! Komerziellen Kino deen sech ukucken leisst, virunallem well total iwerdriwen Effekter dra sin,.. dei mega inszeneiert sin. Hut mir perseinlech suguer e krack besser wei SIN CITY gefall! Muss ee kucke goen 7/10 (well et leider eng total imaginär onrealistech an iwerdriwen geschicht ass, dei sech awer besselchen serieux hellt,.. an sech doduerch net riichteg entscheede kann) |
Philippe 29.03.2007 | HARSH TIMES eigentlech wollt ech deen owend “number 23” kucke goen, mee dun sin ech awer “harsh times” kucke gaangen. den film handelt vun engem krichsveteran (christian bale) an sengem kollege dei eng aarbescht sichen an awer am ufank keng chance hun. dann gerooden dei zwee an eng kleng gangster affaire an dann zum schluss dreiht den christian bale duerch well en mat den folgen vum krich net eenz get. eng story ouni kapp an schwanz an dei geschicht kennt net vun der plaatz. an dei ganzen zeit kennt “fuck” oder “shit” oder fir bessen oofzewiesselen “ooooooooh shit”. ech sin een mega fan vum christian bale an ech fannen seng filmer geil an hien villt sech emmer voll an seng roll ran.daat beschten beispill ass “the mechanist” wou hien sech op 60 kg eroofgehongert haat. oder an “equilibrium” wou hien am mantel esou cool ausgeseit. wann ech een meedchen wir geif ech een pouster vun him an mein zemmer hänken. mee hei am “harsh times” geet hien mer einfach nemmen op de saak. vum dreihbuch autor vun sou engem stramme film wei “training day” haat ech mer mei erwaart. 4 vun 10 stären awer och nemmen well zwee stären fir dei eicht 5 minuten vum film sin an dei geil musek. |
Claude 11.04.2007 | Merci Philippe! Cool, ech wosst daat mam Manhunter net. De Film ass de Weekend um SAT.1 komm an ech hun en opgeholl. Get deemnächst gekuckt. |
Philippe 13.04.2007 | ech hun en och opgeholl get sech och demnächst engkeier rangezunn |
mildred 09.05.2007 | ech well deen film kucken mee wou leeft en?? |
Barnig 10.05.2007 | Leider leeft de Film net mei En ass just 2 Wochen um Lampertsbierg am UTOPIA gelaaf. Ech hun en leider och verpasst, mee warden dann eben op den DVD |
mildred 11.05.2007 | dank u well schwmmmh merdö…… bon dann waarden mer alt |
Barnig 14.05.2007 | ola— daat nervt zwar mat deenen signaturen! sorry hun domat naicht ze din !! |
Barnig 03.07.2007 | DEATHPROOF An desem Kultmovie geet et em de Stuntman Mike, deen mat sengem SuperAuto, onschellegen Jofferen nofiert, an dei ausspioneiert, fir speider en Duel mat deenen ze maan. Als Plot geet daat eigentlech schon duer, et sin u sech 2 verschidde Geschichten, dei op daat selwecht erauslaafen, ausser dass bei der 2ter Geschicht d’Jofferen mat aner Waasser gewäsch sin Typesch Tarantino Kult, get och hei nees gebueden: Gewollten Homage un B-Movies (mat falsche Schnett, Dialoglächer oder Kameraennerbriechungen) mee genau daat get dem Film alt nees en HIP! TopFilm, fir all d’Frenn vun de Roadmovies -> Saugail Verfolgungen si virgeplangt! 7/10 Stären DIE HARD 4.0 Am neien DIE HARD geet et em ee Psychophat dee ganz Amerika vun Energie a Stroum ausquetschen well. Den John McClain nees voll an Aktioun, an totaler materialzersteierung. Deijeeneg, wu geduercht hun dass DIE HARD 3 naicht mei kinnt sprengen, dei hun sech getäuscht, hei na vill mei Action, Explosiounen, Sprech an etc. Ouni langweil, iwer 2 stonnen ennerhaalung pur! 7/10 Stären |
Yves 03.07.2007 | McClane |
Barnig 03.07.2007 | pardon … |
Franky 03.07.2007 | Deathproof waat ech nach ze ergänzen hun: super geil dialoguer am ufank vum film, iwerflesseg appearence vum tarentino himself(passt net an d’bild) an een entäuschenden schluss Trotzdem: tarentino par excellence! 8.5 / 10 staeren Die Hard 4.0 ech fannen den film vill ze vill iwerdriwen… knallhart action ass gudd, mee zum schluss vum film get ze vill à la new james bond(mat CGI effekter). dat hätt den film wirklech net gebraucht! D’dauer vum film ass och ze laang an den ganzen plot em dei hacker story ass deelweis total lächerlech(sachen dei 100% NET machbar sin). D’verletzungen vum herr willis änneren vun szeen zu szeen(am ufank huet en dei schürfwonnen um kapp, dann rem net, dann huet en se,, etc..) Trotzdem een vun den besseren action filmer(dei wirklech rare gin…) 6.5/10 staeren |
Barnig 03.07.2007 | Den Tarantino als Schauspiller daacht souwisou naicht! Huet besser hannert der Kamera ze bleiwen |
Barnig 09.07.2007 | SHRECK 3 Am 3te Shreck, muss den Troll oder wei een en nennt, e Nofolger fir Kinnekraich siichen… Mei Story ass do eigentlech net do. Fir d’Frenn vun den Trickfilmer total ze empfeehlen, well d’Shreck-Reih nach zu deene Beschten geheiert, fir Familien idem. Fir mech ass et eng Retsch zevill Kitsch an “Being Happy” a sou, dass et net wirklech noudwendeg ass su ee Film ze kucken, obwuel et natirlech awer dei eng an dei aner flott Szeen huet. Leider och ganz vill topesch Witzer, dei nerven. 5/10 Stären |
Yves 09.07.2007 | Shrek |
Barnig 09.07.2007 | SHREK oh SHRECK |
Franky 09.07.2007 | schreck |
Claude 30.07.2007 | THE SIMPSONS MOVIE De Bart Simpson weisst allen aaneren wei e gudde Zeechentrick auszegesin huet an iwwertrëfft all Konkurrenz locker. Toy Story, Nemo, Shrek & Co. kennen appaacken an ophaalen. Den Matt Groening sein Humor trefft genau mein Nerf an ass allerbescht! Nach besser wei South Park! Eenzegaarteg Witzer, coole Zeechenstil an eng ganz eegen rieseg Welt mat ville verschiddenen Figuren an gudder Atmosphäre. Bal wei 3 eenzel Folgen vum TV hannerenneen. Simpsons rule, an Futurama och! 9 / 10 Stäeren |
Franky 02.08.2007 | an spill zum film |
Franky 03.08.2007 | HAIR SPRAY (dei eischt 15 minuten) dozou kann ech net mei vill soen…. Mer sin huel am kapp, sangen an sprangen an verkierperen eng künstlech Happyness.. Nee merci (1/10 staeren) Transformers (ab der 15te minute) Den film ass een katastrophalen mix tescht” kanner serie” an “US patrioten story”. Een film den sech zwanghaft versicht serieux ze sin, dann awer mat enger total lachhafter storyline all glaubwürdegkeet zur nichte mecht! Dann hätten se leiwer direkt sollten soen et ass fiction am platz domm argumenter ze sichen wiesou do lo roboteren kommen an sech an autoen verwandelen. Primitiven popcorn kino mat deelweis kranken kamerabewegungen( et kritt een kappweih dobai..) An filmer wou nie eng persoun stierwt(et get schoss an geklappt.. mee een doudegen gesait een net) kann ech guer net hun.. (3/10 staeren) |
Barnig 03.08.2007 | “Hair Spray” … waat gees du su saache kucken. Gouf et da winstens en ordentleche grond? |
Franky 03.08.2007 | jo sou een dreck leeft an der sneak d’leit sin massenweis aus dem sall gestiermt |
Claude 18.08.2007 | PLANET TERROR Deck cool geschter am Kino! Bal grad esou gudd wei DEATH PROOF (8,5 / 10) mat nach mei enger grousser an virun allem iwwerflësseger Appearence vum Tarentino himself. 8 / 10 Stäeren |
Barnig 21.08.2007 | THE SIMPSONS MOVIE Net su gud wei d’Serie! A well d’Serie megagail ass, gin et just 5 Stären an 1/2 5,5/10 Stären |
Claude 18.09.2007 | DISTURBIA Ech wollt am Ufank mol nach guer net mat an de Kino goen an wosst och net richteg waat dee Film wier bis ech gelies hun, dass en eng gewëssen Ähnlechkeet mam Hitchcock sengem Meeschterwierk “Das Fenster zum Hof” hätt. De Film ass extreem ennerhalsam mat e puer coole Witzer an spannende Momenter. Just de Schluss ass bessen iwwerdriwwen an net sou extra. De Schauspiller David Morse ass mer guer net gaangen, de Rest vun de Leit awer gudd ausgewielt, well se onbekannt sin an daat mecht ee Film oft besser an alles mei REAL wann se net schon an honnert aaner Rollen virdrun waren. 7,5 / 10 Stäeren @ Marc Fannen et eng Frechheet dem Simpsons-Film nemmen 5,5 ze gin… |
Barnig 18.09.2007 | Jo, Claude: Ech fannen et eng Frecheet, Louis DeFunes leiwer op daitsch-synchroniseiert wei op franseich ze kucken Mee DAVID MORSE ass mega cool! Top Akteur! |
Barnig 21.09.2007 | 4 MOIS – 3 SEMAINES – 2 JOURS An desem rumäneschen Film, deen an den Enn 80er spillt, geet et em 2 gud Frendinen, dei an engem Pensionat wunnen, a wu daat eent vun den 2 schwanger ass. Wei gin si lo domader em? Mei kann een dozou eigentlech net verroden. De Film ass mega gud gemach, a pocht vill op d’Armut an d’Elend deen a Rumanien an de Slums oder einfach nemmen an den aarmen Veirel herrscht. Suen hun die mannsten, an hier Liewens Art & Weis vergesst een oft schlecht, an eise Länner. Film absolut a voir, mat kompletter Filmriichtungswiesel-Iwerraschung! Palme d’Or zu Cannes gewonnen. 8/10 Stären |
Barnig 18.01.2007 | De 05.Februar ass AVANT-PREMIERE vu RAMBO IV En Hep op d’ 80er … (hoffentlech) |
Barnig 01.02.2008 | Des Woch leeft de COEN-BROTHERS hieren neie Film un: NO COUNTRY FOR OLD MEN suwei deen Forum-debateierten Film “Cloverfield” |
Franky 04.02.2008 | Cloverfield (ACHTUNG SPOILER) Iwer d’Handlung get et net vill ze soen, een Monster attackeiert eng Grousstaat.. c’est tout… Mei get een am Film och net gewuer(vun wou kennt dat Monster? wiesou treppelt et een ganzen Daag durch Staat? Wiesou mecht et Statue of Liberty als eischt futti??? WIESOU WIESOU WIESOU? Waat mer absolit positiv opgefall ass, ass den Erzielstyl(amateur Handcam)…. neutral, obersativ… mee leider ass dest och totalen Fake well no cirka 40 Minuten geet desen Styl och enner, an et geet quasi em eng “romantic” Geschicht vun engem 4er Truppe dei eng Frendin wellen retten goen. Dest fannen ech absolut SCHLECHT, et wier vill besser gin wann eng quasi neutral persoun alles gefilmt hätt. Ech krutt am Film richteg Kriesen wei schiel den Haaptacteur ass(et mierkt een saugudd dass dest eng künstlech persoun aus engem Skript ass, waat dei ganz Geschicht unglaubwürdeg mecht…). Desen Acteur nervt einfach nemmen:” I HAVE TO SAVE HER!” typesch amerikaneschen Held den alles mecht fir seng exfrendin ze retten.. an dei aner Acteuren: NO, YOU CAN’T DO THAT… NO.. YOU ARE CRAZY”… des Dialoguen zeien sech durch den ganzen film…. Typesch scheiss american helden…..(dat huet mech sou mega gernervt…ech krutt eng richteg roserei an mech….) Waat mer och ellen opgestouss huet, sin dei kleng parasiten monster(deelweis absolut unglaubwürdeg CGI effekter… respektiv kennen mer dei monsteren schon aus all Alien Film…). Dobai huet den Film extrem vill logesch Feeler: Wiesou filmt des Handcam op der Party extrem onscharf biller an get zum schluss zu enger absoluter MEGA CAM… et ass Donkel, et sin explosionen, sie setzen am Helicopter, Monster treppelt.. an et gesait een all nach sou klengen Detail an engem Kameraschwänk…… Wiesou ass Monster emmer hannert eisen Helden hier? Wiesou leien neirens Leichen am heichhaus?(dass den FIlm keng ab 18 rating kritt an mei leit an den kino zitt?) Wiesou freckt des HandKam nie???? Wiesou filmt den Typ mat der Handcam sachen dei nie eng sau geing filmen(wann se zb schwätzen…). Wiesou huelen sech cirka 5-6 Army chiefs zait fir mat eisen Helden ze talken ?(dat an enger Kriesen situation….) Dei geschicht em dei 4 Helden wirkt einfach lachhaft, den Film wier vill besser gin einfach engem normalen Zivilist des Cam ze gin… Ech fannen och dass d’Monster vill ze vill gefilmt get, weniger ist mehr…. Trotzdem fannen ech Traileren an den ganzen Internet viral marketing einfach nemmen absolut TOP… obwuel den faerdegen Film mech entäuscht huet… Zitt iech am beschten den original Nihon Godzilla film aus dem Joer 1954 ran…. respektiv een vun den Nofolger (et gin der mindestens 10 dovun).. D’macher vun Cloverfiled machen och keen Secret draus dass se kräfteg vun eisen Japaneschen Kollegen geklaut hun( dei uspillungen dass den haapacteur an Japan geet, den Tshirt vun engem op der party den reklamm fir een japanescht Gedrenks mecht, den Fact dass d’Monster aus dem Wasser komm ass(den Gozilla ass mat engem Eisblock un japanesch küste komm), dei Szeen wou een den Panzer gesait an den Fouss droptreppelt(dat war fir mech schon baal eng clicheehaft parodie….an dass dann nees grad eisen Amateur filmer des szeen sou hollywood haft encadreiert huet…). Eng bewertung gin ech net.. et ass een banalen Monsterfilm… net mei oder manner… typesch US style(9/11 elementer sin och dran)— |
Barnig 04.02.2008 | Majo gud dass ech dee schissi net kucke gaang sin, well ech hu scho geduercht: Wann daat ganzt eng Art GODZILLA soll sin, da floppt dee Film secher Dofir hun ech en absolut GAILE Film ze rekommandeiren: NO COUNTRY FOR OLD MEN Vun de Coen Brothers si mer jo scho relativ vill gailes gewinnt, mee dese Film iwerzeecht namol an alle Riichtungen. Et geet em e Jee’er deen op der amerikanesch-mexikanescher Grenz lierft, an deen enges Daags eng Plaatz fennt, wu Laichen, futtis Autoen mat massiven Drogen an tonne Geld leien. Hien iwerleet keng zweemol an hellt sech d’Geld. Ab deem Moment get en allerdings vun engem “KRASSEN” (an daat ass daat manst waat ee kan soen) Killer gejoot, dee vun naicht zreckschait. Ass eng Art Killer (Meschung zwescht “Jaws” am 007 an dem “GREAT KHALI” aus WWE) U sech e Kaatz a Maus spill, vill Gewalt mee och vill Hannergrenn, an zudeems sech och nach e lokale Sheriff (Tommy Lee Jones) amecht. Top Film 8/10 |
Paulie 04.02.2008 | ech kann dem marc just recht gin… den film wor wieklech gud!! gid en wieklech kuken, et as dowaert |
schwup 04.02.2008 | Wor den film (No country for old men) och kucken,hun en definitif och net schlecht fonnt,mee net graad sou gudd wei dir 2 den Killer ass wirklech daat waat een sech ennert engem Psychopaat firstellt…einfach nemmen kaalblüddeg (szeen mat der mënz an der tankstell huet mer ganz gudd gefall an seng ‘Waff’ ass net vu schlechten eltren) fir den recht fannen ech ass den film awer bessen viraussichtleg,och wann et definitif net un aktioun feelt,dei och erem richteg matrappt an wou et engem net langweileg gett,mee richteg iwweraschungsmomenter haat ech lo net. Firwaat se den Thommy Lee Jones graad an d’roll vum sheriff gesaat hun,ass mer bessen en rätsel ,fir eng bessen mei bekannten persoun dranner zehun?? well definitif seng roll as just sou eng randroll, fannen ech,mecht net graad vill emwärfendes.. Den Schluss ass awa dat waat mech am meeschten enttäuscht huet..et end wirklech op engem Punkt deen net sou extreem relevant ass(par rapport zum recht vun der story) an iergentwei mengt een daat kann et dach lo net sin.. Witzeg hun ech na fonnt,daat och bei sou professionnelen szeenen,hier verletzungen net emmer ganz glaubwürdeg sin Blut waar 1A (ok eis wor definitif zehell am film ),mee d’verheelung nujee (soe mer an der medezin klapt daat net esou gudd) Alles an allem ass den film awer ennerhaalsam giff em 7/10 gin |
Barnig 05.02.2008 | OK, de Schluss hätt wirklech kinnte mei knallen, mee den Asaatz vum Tommy Lee Jones fannen ech awa ganz ok, well fir mech ass den Akteur och scho net mei allzeaktiv (quit dass en lo 2 Filmer am Kino huet) mee hun en laaang net mei am Kino gesin, an dofir awa ganz ok. |
Barnig 19.05.2008 | Des Woch start de 4ten INDIANA JONES!!! Speitstens de weekend, misst een dee Film jo awa gesin hun. Gescht Owend ass de Film an Avant-Premiere um Festival zu Cannes presenteiert gin, fir dann e Mettwoch um 0h01 als Weltpremiere iwerall unzelaafen Get gail !!! |
Paulie 19.05.2008 | nujee leider kann een awa net soen das en schon extrem gud kritiken krut… mee kuken gin ma en awa |
Barnig 26.05.2008 | INDIANA JONES AND THE KINGDOM OF THE CRISTAL SKULL Ech mengen ech hu na nie su Schwieregkeeten gehaat e Film ze bewerten wei dese 4ten Indy. Den Haaptprobleem lait virunallem doranner, dass dese 4te Film quasi 19Joer nom 3ten a bekannt-“leschten” rauskennt. Den Harrsion Ford ass aal (ass net geniaal) – Gud, dann awer dass de Film och des 19 Joer a Kaaf hellt, an och speider an der Geschicht spillt, ass deemno nees positiv. De Film huet puer Zeenen, dei wirklech alles topen, an total 1:1 bei dei eischt 3 Indy Filmer passen (ganz fette Pluspunkt geet hei un dem John Williams sai Soundtrack, deen nierft dem Leitmotiv, och plaatzeweis Leitmotiver aus den eischten Indyfilmer nees kuerz zreck”awähnt” Sierf daat “LostArc-Theme” oder “Indy’s Dad”-Theme. Dreihbuch ass net terribel bombastesch muss ech soen well ee permanent -quasi 80% vum Film- en andauernd-ofwieselnd Kaatz- a Mausspill gebueden kriit: 1:0 fir dei Beis, dann nees 1:1 fir dei Gud, 2:1 fir dei beis …. Supergail ass och daat deelweist Respekteiren vun Indy-typeschen Merkmalen w.z.b. d’Paramount Ouverture, dei an de Film iwer geet, dei komplett identesch Schreftziich um Ufank vum Film, an och deelweis dei glaich Pläng (wzb.: Op der Uni) D’Sprech sin och emmer deck gail, an och net zevill iwerdriwen (wann och oft gefaaart get) Et geet ee wirklech 2 stonne laang permament ennerhaal! (TOP) sou, mee lo komme mer zu de negative Punkten: > Computereffekter, als Excuse gouf jo virum Release gesoot, et geingen der net zevill benotzt gin. Bon, ech muss soen, dass ech do anerer Meenung sin: Et huet mech fir -INDIANA JONES- baal ugeeekelt, wei ech verschidden Effekter gesin hun: Lamentabel schlecht, Null an total iwerflesseg!! Verschidden Zeenen lierfen wirklech just weinst dee Computereffekter, dei hätten se da wirklech kennen eweg loosen: Zeen just 3mol manner laang, an dofir mat Stuntmen an On-Location-Stunts schaffen!! Waat e Schaiss deelwais! Also wann een eng Zeen -ouni ze wessen dass een am Indy ass- einfach mol geing gesin, da geing een direkt soen: Typeschen, topeschen Amerikaneschen Hollywood-Schissi! (Mee da kommen duerno nees Indy-gail Zeenen, waat engem dann de Bordell nees an d’Vergangenheet werft) Mee et soll een sech bewosst sin, dass de Steven Spielberg mat desem 4ten Indy, deelweis och mei schlecht wei gud gemaach huet (Showdown vum Film ass totale Kaabes) Verschidde Pointen, dei een am ID4 aklärt kriit (dei aus den 3 eischte Filmer baseiren) sin och total blöd, an et huet een echt d’Gefill, si wollten daat wirklech einfach nemmen siichen. Fazit: De Film ass secherlech kuckenswert, an och superennerhaalend. Mee fir en Nofolger vun de gailen Indyfilmer, huet de Spielberg eng gud Retsch vu Feehler gemaach! Wirklech Schued! Versiichen trotzdeem eng heich Note ze gin: 8/10 (et ass einfach herrlech den indiana Jones nees eemol an engem Neien Adventure ze gesin) GID KUCKEN! |
Franky 02.07.2008 | The Happening 2008 absoluten TOP film, den leider extrem schlechtkritiken astecht. Den Night Shyamalan kann engem baal leed doen. Hien huet ugefaang mat Filmer wei Unbreakable an Village, Filmer mat enger saugudder Pointe. Leider ass en bei Village extrem kritiseiert gin emmer sou eng Pointe dranzebrengen dei all mensch direkt am viraus mierkt. D’Kritiker hun dunn gefuerdert dass hien filmer soll dreinen ouni sou pointen, waat hien mat Lady in the Water gemach huet.. folge: hien ass kritiseiert gin dass sein film keng pointe huet. Mat sengem neisten Film brengt hien een extrem interessanten Film eraus den sech nat an dei typesch hollywood productions anreiht. Seng Handschreft ass kloer ze erkennen(ganz vill elementer an thematiken erreneren un Signs). Et ass just schued dass den Knight zevill op d’Leit lauschtert amplatz seng eengen Filmer ze dreinen(een Regisseur soll emmer dat machen waat hien fir richteg hällt an net waat leit wellen… soss geet seng handschreft extrem am film enner) Fir mech een TOP film wou een vill soll nodenken an net als banalen katastrophen film soll ugesin, mee voller verstoppten indizen an Hinweiser…et soll een einfach net op d’Erklärung vum Film selwer lauschtren. Den film get deelweis mat the birds verglach… mee bon, ech geing mengen 95% vun den leit fannen den film dreck… 8/10 |
Barnig 02.07.2008 | … mat THE BIRDS verglaach Kann ech mer zwar net virstellen. Wisou? |
Franky 03.07.2008 | ma weinst der Thematik vum Film. |
Barnig 03.07.2008 | hmmm… bon mecht huet d’synopse total interesseiert, mee wu ech biller gesin hun, war den DEGOUT schon nees do. Ass bestemmt wouer, wanns de sees, dass hien zevill een op HOLLYWOOD mecht. Dofir gin ech dee Film och secher net kucken! |
Franky 03.07.2008 | nee, den film ass speziel, et ass keen typeschen hollywood film(och wann den trailer dat vermettelt..) |
Barnig 03.10.2008 | Mamma Mia An desem ABBA Musical geet et em 3 Typen, 3 Fraen an 3 jonk Meedercher. Si sin alleguerten op eng Hochzait inviteiert, wu eent vun denen 3 Meedercher bestued get. Leider wees seng Mamm (eent vun den 3 Fra’en) net wien vun deenen 3 Typen sai Papp ass … sou entsteet des Musical Comedie. De Grond wisou ech dee film kucke gaang sin, ass kloer: De beschten Akteur: Pierce Brosnan an engem Musical… Okey, et ass den total Kitsch (all 10min. fänken d’Akteuren u mat sangen). Mee et ass total ennerhaalsame Kitsch. Hu selten su vill gelaach wei an desem Film. Natirlech oniwertreffbar dem Brosnan an dem Meryl Streep hier Performance, dei heiamder beweisen dass se och ganz gud kenne sangen. Et ass ee Film wu ee ganz gud mierkt, wat fir eng schwiereg Aufgaab et ass, Schauspiller ze sin: Et geet net nemmen duer, sain Text ze leiren, mee sech och op eng Roll virzebereeden. Daat kennt hei super eriwer! Och um Niveau vun der Kamera gouf eng exzellent Arbecht geliwert (natirlech ze verdanken: de flotte griecheschen Inseln-Kulissen) De Film ass ganz secherlech net jiderengem sai Gout. Mee ass op alle Fall e “Koppel-Kinobesuch” wäert! Zenter laangem ee vun deenen wiitzegste Filmer, verdingt eng kräfteg 8/10 |
Paulie 03.10.2008 | do muss ech dem Marc total recht gin, kitch as genuch drann mee et kann een gud lachen an desem film. An obwuel ech lo net grad Abba fan sin, hun ech den film wieklech gud font. an iegensweich past den kitch gud zu Abba… den film muss een hun oder weinsdens eng keier gekuckt hun an schon nemmen wel die habt schauspiller grandios sin top top top |
Franky 12.01.2009 | De l’autre côté du lit (2009) (2/10) Eng koppel mecht eng kleng kries durch an fir desen Problem ze iwerwannen tauschen se hier rollen. Den Mann muss op kanner oppassen, Fra geet op den büro vum Mann schaffen. Souvill zum banalen Plot. An lo direkt zu menger Meenung: Sophie Marceau spillt extrem mies an desem Film, et brengt keen eenzegen Witz cool riwer an et wierkt allesfuerchtbar künstlech. Dovun ofgesin ass dat ganz dreihbuch/cut fuerchtbar. Den film hopst vun szeen zu szeen ouni rouden Fuedem. Et tauchen och leit am film op dei keng berechtigung hun, an den Film oneideg op seng 90 minuten zeien. Ween eng gudd Komedie well gesin soll den Yesman kucken goen. (obwuel ech guer keen fan vun topeschen US-komedien sin war desen Film bei weitem mei deifgrenneg an witzeg). |
Franky 12.04.2011 | www.imdb.com/title/tt1385633 De Film ass hei zu Letzebuerg leschte Weekend gelaaf an wees ze iwerzeegen. De Bernard Michaux (lucil) huet de Film matproduzeiert! |
Franky 23.05.2011 | Tree of Life De Film huet lo eng Auszeechung zu Cannes kritt, et wärt lo bestemmt jiddereen een kucken goen Ech war dese Film gescht kucken well mech den Trailer iwerzeecht huet. Ech wosst net em waat de Film geing goen a wollt mech einfach iwerraschen lossen. Et ass extrem schweier eppes doriwer ze schreiwen ouni ze spoileren mee de Film lait menger Meenung tescht Geniestreich a Schwachsenn. Wann een sech op de Film aleisst an net zevill nodenkt wees en wirklech ze iwerzeegen a konnt mech stellenweis wirklech matrappen. Leider konnten dest ganz vill Spektateuren net machen. No 30 Minuten sinn schon 5 Leit erausgaang. No 2 Stonnen haten schon am ganzen cirka 20 Leit d’Flucht ergraff well se naischt mam Film konnten ufänken. Haat nach nie gesinn dass souvill Leit de Sall verlossen (an dest net weinst Schocker szeenen well de film dei ganzen Zait weder brutal oder krank riwerkennt). Dofir gidd en kucken an macht iech selwer ee Bild. (et ass och kee Film fir de klengen écran doheem well d’megageil opnahmen just um groussen Ecran sou gutt riwerkommen. |
Gil. 23.05.2011 | war den Film virun puer Deeg kucken, bei mir sinn och puer Leit aus dem Sall gang. Mengen och dass de Rescht hues wanns de sees dass en just um groussen Ecran funktioneiert. Mee ech mengen leider och dass en schon bei däer zweeter Keier wou een en gesait un Qualiteit verleiert, well een do ganz genau wees op waat een sech aleisst an verschidden Deeler einfach keng grouss Iwweraschung mei sinn… trotzdeem hunn ech de Film relativ gudd fonnt an giff en och direkt recommandeieren |
Franky 04.07.2011 | Strangers in the night www.imdb.com/title/tt1896815 Ee letzebuergeschen Dokumentarfilm vun Lucil iwer den Cyber Piper. De Film begleet desen interessante Personnage a présenteiert eis sain Liewen am RL (real life) souwei am SL (second life, eng virtuel Welt aus dem Internet dei Milliounen vun Useren weltweit matgestallt). Méi well ech net verroden, kuckt iech den Trailer un, deen seet genuch aus. De Film huet mech 50 Minuten extrem gutt ennerhaalen. Mer (3 Persounen) waren de Film de Freiden Owend an den Utopolis kucken, also den eischten Owend wou de Film fir den Publique gelaaf ass. Leider sutzen mer just zu 5 am Sall, 2 dovun sinn während dem Virfilm(deen just op Deitsch war) opgestaan an gaangen. Richteg schued, well un der Qualiteit vum Film kann et net leien. Idem fir Promotion (Cyber Piper bei RTL 20vir, 1 ganz Sait am Telecran…) Dofier, fir all dei en nach net gesinn hunn, onbedingt kucken goen. |
Discovery Zone (Festival)
Barnig 06.05.2011 | Ech war gescht op der Short-film Night vum Discovery Zone, a si paff wat do vu Kuerzfilmer gewisse gouf. Do war keen een schlechte Film dabei.. Bon gud et si greissten deels letzebuergesch CO produktiounen, respk. filmer dei vun auslänesche Filmschoule kommen, mee PAFF** Eenzeg Kritik gescht, et huet vun 19h-23h15 gedauert, an daat fir dei (just) 7 Kuerzfilmer ze weisen. Ech hätt leiwer gehaat, sie hätten pünktlech gestart, Discouren baisait gesaat, an dann o nach dei 3 Kuerzfilmer gewisen, dei gescht NET gewise goufen, dei awer am offiziellen DiscoveryZone Programmbuch stungen. Nujee Mee wi gesoot, wann der emol di Chance hut, des Filmer op RTL oder sou ze gesin, maacht et: Et si Pärelen. Ee Film dee mech (a quasi jidereen) extreem bewegt huet war den “BETWEEN HEAVEN AND EARTH” vu de Nikos Kamera gema huet- oder Filmer wei “Der Solist”, “Legal, Illegal” (vum Eyleen byrne) oder “Heimspiel”. Top Top Fannen daass daat mat deem Discovery wi gesot eng mega idee ass, ech fannen et just um niveau vun der organisatioun leider emmer nees traureg, dass su eng Nuecht wi gescht ausverkaaf ass, an een als “normale Bierger” keng meiglechkeet huet, dest Event kucken ze kommen. An trotzdeem gesait een mat all deenen Invitéen dei deen owend solle kommen, de sall trotzdeem zu 1/5 nach eidel ass. Nuje,… an doriwer dass et keng “Amateurfilmrubrik” get. doriwer brauch ech mech jo net rem nees opzereegen |
petz 06.05.2011 | Konnt leider nët dobäi sin. Wor just den ganz exzellenten “Troll Hunter” op den Festival kucken an hun den Rescht missen sausen loosen. Jo, Marc, et wier schéin wann nächst Joër och eng Amateur-Sektioun dobäi wier. Haat hinnen proposéiert onsen Teaser am Kuerzfilmfestival ze weisen, hun awer nie eng Äntwert krut. Muss zu hierer Verteidigung soen, dass ech och zimmlech spéid u wor mat onser Demande. Vläit kann een daat jo den Owend beim Filmreakter-Meeting (www.filmreakter.lu) diskutéieren. Sidd dir den Owend dobäi? |
Barnig 06.05.2011 | Jo ech schaffe na bis 18h kommen dann awer no |
Amazon (Online Akaaf)
Barnig 26.11.2007 | Am moment kriit dir de Film 300 fir nemmen 5,95 €(!!) Leider ouni Specials, just Audiokommentar! Ass awer fir zouzeschloen! |
Yves 26.11.2007 | Bestell ma eng mat |
Barnig 26.11.2007 | Okey… deemno wei ass se en Doneschden schon do |
Yves 26.11.2007 | Yeaaah, merci! |
Barnig 26.11.2007 | Sou wann nach Leit interesseiert sin, da soot mer haut bescheed, wa net muss der selwer kucken drun ze kommen! Schecken Bestellung reicht muer fort! |
Barnig 27.11.2007 | Bestellung ass ab! |
CArLO 27.11.2007 | Marc ech wollt dier soen dass ech KENG DVD well |
Barnig 28.11.2007 | Wisou ??? Hues de se winstens schon (Bestellung ass iwriens ON THE WAY) |
CArLO 28.11.2007 | Majo well ech guer keng DVD’s sammelen an dei wou ech hun verkaafen ech grad wei meng ganz CD sammlung |
Barnig 28.11.2007 | Daach du hues eng Sammlung … eng sammlung vun honnerten vun Zombie Film DVDs |
CArLO 29.11.2007 | Dei sin esou seiert fort gangen wei warm breidecher |
Barnig 11.01.2008 | Virun 3 Deeg war dem Hitchcock seng CINEMA-PREMIUM EDITION vun >> LIFEBOAT << fir 13 Euro ze kreien. Hun direkt bestalt. Ab gescht ass se nees op 20 Euro (suwei dei lescht 2 Joer) |
Claude 24.01.2008 | Existeiert eng Soundtrack-CD mat den Titellidder vun aalen Serie? (wei z. B. Knight Rider, Hulk, 6-Millionen-Dollar-Man, Ein Colt für alle Fälle, Ein Duke kommt selten allein, Chips…) E Kolleg vun der Aarbecht sicht sou eppes. |
Barnig 24.01.2008 | Kloer get et daat,.. mee en huet besser dofir an den Auchan ze goen (och wann dei Sampler-CD’en dann op franseich sin) Musek ass jo emmer dei selwecht. do get et ganz vill (mei jiderfalls wei an Daitschland) fro dai kolleeg, op en keen Liewensrees Soundtrack well ! Kriit och eng speziell Offer gemach |
Barnig 31.03.2008 | Sou no laangem Gewaards hun ech meng DVD-Box aus USA (NTSC) bestallt: THE COMPLETE SERIES: LAND OF THE LOST aus de 70er Joeren! Hoffen si kennt glaich un |
Barnig 06.05.2008 | Bei AMAZON, UK fenns de by the way, dei 3 eischt RAMBO deeler, zesummen an enger box fir nemmen 10 Englesch Pond |
Barnig 28.07.2008 | Momentaan si relativ vill Serien-Boxen fir nemmen 19,99 € ze kreien: Ech hu mer HULK (Season 1 +2) sou bestalt! Suwei OUTER LIMITS (Remake) Kennt een de Remake? Hu just den Original kannt, an dee war scho mol net schlecht. Hoffen dass mai BLIND-Akaaf sech renteiert Gid Gaas Jongen, an investeiert |
Franky 08.07.2008 | kennen dat net |
Barnig 16.12.2008 | JUST HAUT !!! DEI KOMPLETT RESTAUREIERT “GODFATHER” DVD-KOLLEKTIOUN fir just 18,95 € !!! (5 DVDs) Hun zwar schon mi eng al Versioun, mee hun hei direkt namol missen zouschloen !!! (EN IDEALEN CHRESCHTDAAGS CADEAU) |
Franky 25.02.2010 | Wien eppes spannendes bei AMAZON sicht, deem kann ech just folgendes empfehlen: PAYLA: DIE GOLDINSEL I www.amazon.de/gp/product/3839129966 ech hunn d’buch grad faerdeg gelies a muss soen dass et wuel ganz gutt ass! et ass vum Pierre Heinen (den Mr Montana aus Nebula oder den Holzhacker aus Liewensrees) den och S-Therapie gedreihnt huet. all infos zum buch fennt een hei: www.fiktive-welten.de/payla_home.html |
DVD Film Reviews
Claude 16.01.2007 | 4 DVDs de Weekend gekuckt: Theaterstéck vun der Schmunzelkëscht: Mama bleif cool! …waat eischter soll heeschen “Papa reeg dech net op iwwert dei Jong”, deen wei hien et ausdreckt “wei en Aaf” ausgesäit mat sengem Urwald um Kapp an emmer futtis an fatzeg Boxen undeet an net mei op der Uni weiderkennt an vill leiwer Konscht-Schreiner well gin an mat modernen Ausdreck em sech geheit a keng Maneieren hätt (e seet “Hi” am Plaatz vu “Bonjour” oder “Moien”. De Jong selwer ass Headbanger “”Metal-Smilie deen nach feelt”” (mat engem Maiden Killers Tshirt, Classic Versioun mam Eddie-Oscar hannendrop), deen gäeren mat sengem Kolleg Coco (Sepultura Tshirt) op en Open-Air Concert geet an sech senger eegener Aussoh no: “Saugudd an senger Haut fillt” waat säin Behuelen, seng Hoer an säi Gezeih ugeet. Deenen hir Astellung war mer direkt deck sympathesch. Se bleiwen trotz deenen villen Bekeierungsversich vum Papp an deenen aaneren standhaft an wieren alles locker of. Geint Maiden oder Heavy Metal am allgemengen gett awer zu kengem Zäitpunkt eppes gesoot, waat och gudd esou ass. Dei 2 Rockfans schwärmen vum nächsten Concert (get awer leider net gesoot wei eng Grupp), deen reischt dei Woch drop ass an sangen e Lidd vun AC/DC: “Deh, deh, deehh, deeehhhh, deh, THUNDER!” (3x widderholl während deem se headbangen, Loftguitar spillen an dat berühmtend Zeechen richeg maachen)! Waat awer guer net geet an OUT OF PLACE ass an extrem lächerlech wierkt, ass awer ganz kloer “Modern Talking: You are my heart, you are my soul” waat vun enger klenger Stereosanlage um Desch gespillt get an de Metaller mam Meedchen ufänkt ze danzen an duerno och nach mat der Mamm. G R A U S A M an onverzeihlech! Nerveg an vollkommen idiotesch ass och de Sprooch “Logo!” (fir “jo” ze soen), deen emmer erem vum Coco widderholl get. Den Ufank ass cool an et gett lues a lues emmer manner, de Schluss selwer get als “Happy-End” duergestallt, waat mech deck opreegt an ech schrecklech fannen (kitscheg/schnulzeg): de Metaller huet seng Hoer ganz kuerz mat Gel gestylt, e spiessegen Paltong/Hiem un, an alles nëmmen, well e verlobt get! Zäitweis eng schlecht Belichtung am enneschten Deel + Rauschen am Toun an der Mëtt vum Stéck, den Toun schwankt e bessen an der Lautstärkt an schallt op Plaatzen… All des Minuspunkten waren wahrscheinlech wierklech op der Plaatz esou an do kenn een bal näischt dergeint ennerhuelen. Ass awer deck gudd gefilmt, geschnidden an 10x besser ze kucken, wei a Wierklechkeet, wou et sauwaarm ass an wou een net gudd gesäit, heiert an mat engem Dreihhals erauskennt. De Marc haat Recht, dass et e Laacher wäert ass an dei eng oder aaner Saach op eis Famill selwer zoutrefft. Secher mei ennerhalsam wei aaner Stécker, well d’Thema mech interesseiert fir ze kucken wei eng falsch Klicheen iwwert Metal virkommen an et einfach nëmmen saucool fannen, dass 90 % vun der Zäit e Maiden-Tshirt ze gesin ass, soss awer emmer dei selwecht “Theaterstuff” ouni richtegen Highlight! Vun dohir keng Bewertung meiglech. PS: Schued, dass ech daat net eischter wosst, soss wier ech dohinner gaangen an d’Leit hätten mech secher nach mei komesch bekuckt, wei et schon heinsdo de Fall ass. Dei hätten secher gemengt ech giff och matspillen. (sou wei mer eemol no engem Concert no Autogrammen gefroot gin sin, well Leit gemengt hun mer giffen zu der Band geheieren) Road Trip mam Tom Green, deen op ganzer Linn iwwerzeecht, awer och leider just deen. Säin Kapp ass riesengrouss vir op der Packung an desen “MTV-Star” ass genial, cool & witzeg op seng ganz eegen Art a Weis an hunn emmer gudd gelaacht. Leider notzt dese Film daat schamlos aus an hien spillt net laang am Film mat; et ass eng fett Mogelpackung. Soss dei üblech Teenie-Komödie mat 2-3 richteg gudde Witzer, soss awer eischter duerchschnëttlech 90 Minutten. (et ass en orangen ATARI-Tshirt mat wäissem Logo ganz laang am Film; elo schon rem Atari nom Blade Runner. Saugudd!) Den Tshirt: www.imdb.com/gallery/ss/0215129/Ss/0215129/9?path=gallery&path_key=0215129 6/10 Stäeren Steve-O DVD Eng ganz Stonn mega-schockant Saachen vum Steve-O & co. virun senger Zäit bei Jackass. Desen ehemaligen Zirkus-Stuntman gesäit mega jonk aus an huet nach bal keng Tattoos an Narben, mee ass awer schon genau esou mell a geckeg wei mer e kennen. Vill Ofwieselung an krass Saachen bidd des DVD an ech hun et kräfteg spaassen geloss. Et vergin keng 3 Minutten ouni dass: gekatzt, geschass, gebludd oder gegeckt gett. Dest Material ass relativ bëlleg ouni vill Opwand gemaach gin, schlechte Schnëtt, Toun miserabel an op Plaatzen net leppensynchron, mat aale Kameraen gefilmt… eng mies Produktioun eben, mee dat steiert hei nëmmen weineg, well et net dorems geet. Geinter Schluss (de “Career-Ender” Deel) ass et nach 10x mei schro wei den Jackass 1 an 2 zesummen an kloer ab 18 an secher giff bal jiddereen hei am Forum, also 95 % vu de Leit, et zevill ruppeg an ekleg fannen a soen: “Wei kenn een nëmmen esou eppes maachen an kucken, daat ass jo voll krank.” 8/10 Stäeren Danny the Dog 2005 war en am Kino an mer hun e leider verpasst. Mer wollten en emmer kucken goen an elo hun mer dat endlech nogeholl. Saugudd Karate- an Aktionkläppereien, dei an enger düsterer Emgeigend (et ass villes bal just nach däischtergring an schwarz & wäiss) stattfannen an eng iwwerzeechend Story maachen desen Film zu engem Muss. E beisen Gangsterboss (deen allerbeschten, deen ech je an engem Film gesin hun, gespillt vun engem klengen, decken Glatzkapp), deen sech genial cool opreegt, huet e Mann zu sengem Hond gemaach an en zu engem staarken Kämpfer erzunn. Soubal hien him den Halsband ausdeeht an de Befeel zum Killen gett, follegt den “Hond” (Mann) och ganz brav. Mee speider keint alles ganz aanescht an de Mupp wend sech geint sei Meeschter an et kommen vill Geheimnisser zum Virschein. De Morgan Freeman spillt e blanne Mann an ass fir mech net relevant, den Highlight ass ganz kloer de Jet Li selwer als Danny the Dog an de Gangsterboss (Bob Hoskins, deen 1993 den SUPER MARIO am Film gespillt huet). De Gangsterboss: www.imdb.com/gallery/ss/0342258/Ss/0342258/PL246-02.jpg.html?path=gallery&path_key=0342258 8/10 Stäeren |
Claude 27.01.2007 | “Mario Barth LIVE Männer sind Schweine, Frauen aber auch!”-DVD Naja, ass alt esou eppes: verschidde Witzer a Grimassen sin einfach herrlech, mee daat ass net duerchgehend de Fall. Ass dei allereischt Komedie-DVD, dei ech gesin hun an esou eppes hängt emmer extrem vun der Art vum Humor oof. E fette Plus-Punkt: 3x mei witzeg wann een sech virstellt, dass de Mario Barth dem Frank Schuller (wou ass deen iwwerhaapt drun, war emmer deck cool um Dréih wann deen do war) ganz ähnlech ass an een dann vill mei laacht. Geff alles! 6,5 / 10 Stäeren |
Barnig 31.01.2007 | OMEN-COLLECTORS EDITION BOX Gescht koum meng OMEN Box un! Fir nemmen 35 Euro kriit der hei de Klassiker vun den Horrorfilmer: “THE OMEN” (vum Richard Donner) an enger 2Disc Special Edition “DAMIEN: OMEN2” “OMEN 3 ” “OMEN 4: THE AWAKENING” an de Remake aus dem Joer 2006 “OMEN 666” ass mat dabei,.. Daat alles zu engem ordentlechen Prais! Zougraiffen KNIGHT RIDER: THE FINAL SEASON 4 Dei lescht Knight Rider Box, ass leider och dei schlechtsten! Net emol, weinst dem Inhalt vun den Episoden (hei huet de KITT eischtmolleg sain “Super Pursuit Mode” oder den transparenten Daach) mee einfach iwer d’Opmaachung. Ei Ei Ei! D’Qualiteit glaicht enger aaler VHS: E flott Standbild, ass net ze fannen. Verschidden Szeenen si gekierzt, well se quasi 1:1 vun der TV-Versioun ofgefeilt sin! D’Boitier’en selwer faalen no 3molegem Upaacken auserneen… Ass wirklech enttäuschend! |
Claude 06.02.2007 | “I’ve seen things you people would not believe. Attack ships on fire off the shoulder of Orion. I’ve watched sea beams glitter in the dark near the Tannhauser Gate. All those moments will be lost in time, like tears in rain. Time to die.” Zitat aus BLADE RUNNER wou den Yves en Samschden op der Party driwwer geschwaat huet an de Marc nëmmen “Bahnhof” verstaanen huet. |
Philippe 20.02.2007 | THE ELEPHANT MAN vum David Lynch daat hei ass d’geschicht vum john merrick (john hurt) deen wirklech gelieft huet an deen un enger krankheet gelidden huet dei sein ganze kierper veronstaltet hun. et hu sech tumorer gebildet an sein rietsen arm ass immens grouss gin… also am grousse ganzen keen scheinen ubleck. hien get elephant man genannt weinst senger mutatioun an muss als attracktioun fir een mann an sein jong suen abrengen. bis en enges daags vum dr. treves (anthony hopkins) freikaaf get an an eng klinik bruecht get an do ennersicht get. hei fennt en schnell frenn awer et gin der och dei hien net sou akzepteieren wei en ass an nach emmer profit aus der saach schloe wellen. also un deem film wees ech elo op den eichte bleck neicht auszesetzen. de film ass schein a s/w gedreiht gin an wirkt mat den dekoren eichter wei eng dokumentatioun aus dem 19. johonnert wei elo een inzineierten spillfilm. d’schauspiller maachen een gudden job an den lynch huet hei eng iwwerraschend niichter an onspektakulär inszineierung gewielt. mee d’geschicht baseiert jo op enger wouerer geschicht an dofir huet en jo missen realistesch bleiwen och wann en verschidden fakten geännert huet an chronologesch net korrekt ooflaafen. op der dvd ass nach eng kleng dokumentatioun iwwert dem merrick sein liewen. ech hun 25th anniversary edition an ech kann de film nemmen jidderengem empfeelen deen sech fir onkonventionell filmer interesseiert. een scheinen film mat engem traurege schluss well den john merrick einfach nemmen engkeier normal wollt sin. |
Barnig 21.02.2007 | Kann ech total beschtätegen! Ech hun dei selwecht DVD (25th Anniversary Edition) a mengem Regal! Gud Bild, guden Toun a kascht just 9,99 Euro!!! En absolute MUST fir all Filmfrend! |
Barnig 13.03.2007 | STEVEN SPIELBERG presents “TAKEN – ENTFÜHRT” An deser 20stonneger TV-Serie get eng Geschicht iwer Ausserirdesch Begeinungen azielt, dei am Enn vum 2te Weltkriich start, a bis haut anhand vun 3 Generatiounen azielt gin. Insgesamt 8 Episoden (à 85min.) vun 8 ennerschittlechen Realisateuren, a ronderem de ganze globus zitt des Serie een foll an de Bann, an ass empfehlenswert! Op des Virstellung vun den Ausserirdesch wirklech der Realiteit entsprecht sierf mol dohinner gestalt, mee interessant ass, dass verschidden “Faits Reels” mat deser Fantasie vermescht gin, sou get z.b. iwer de Roswell Ofstuerz berichtet, dee jo anscheinden real war, dei komesch Zeechnungen an de Maisfelder, an dei Liichter um Himmel dei vill Zei’en bericht hun. Fir net vill Geld, kriit een hei 8 Soiréen gud opgefellt! Kann een sech roueg leeschten, als Special get et na en 45minütegen Making Of! |
Barnig 22.03.2007 | KNIGHT RIDER: SEASON 1-4 Geschter Owend hun ech dei 90t. a lescht Episode vu KNIGHT RIDER op DVD ragecheckt! Insgesamt get et dei komplett Serie vu 90 Episoden op 4 Season-DVD-Boxen. Ech ka just all Fan vun den 80er rekommandeiren, sech des 4 Boxen unzeschaafen! Et spaast vill, an et alierft een e flotte Recksprong an eng gail Kandheet! Des 4 Boxen misst ee fir ca. 100 Euro alleguerten kreien- Leider ass dei eischt Box (Season 1) dei bescht (Remasteriseiert Bild – Specials a mat Leift gemaach) Season 2 ass och flott, allerdings leisst d’Verpackung scho bessi ze wenschen iwreg. Season 3+4 sin inhaltlech TOP, allerdings ass hei qualiteit schlechter wei bei der Box1+2. D’Episoden sin an der TV-Editioun op deser DVD (= Commercial Intro virun all Episode, amerikanesch Breaks si rausgeschnidden) Ass bessi schued, och DVD’en selwer si ganz belleg verpack. Mee wi gesoot den Inhalt ass TOP, an dei ganz 90 Episoden si voll dawäert! Leider hun Produzenten vu KNIGHT RIDER net welles gehaat no deser 90ter Episode opzehaalen, well et feehlt un enger Ofschloss-Episode,… mee bon kann een net alles hun –> Uschaafen! |
Barnig 10.04.2007 | LOST (Komplett Season One) Ouni Zweifel dei gailsten aktuellsten Serie, an och daat Bescht u Serie wat et an de leschten 12 Joer gouf!! Dei eischt Season geheiert secherlech fir vill schon zu de Klassiker, mee fir all deijeeneg, dei des Serie na net gesin hun: Daat muss een sech kaafen: Fir net vill Geld (ca.30 Euro) kriit een hei dei eischt 25 Episoden (à 40′ pro Episode) mat gaile Specials (e.a. Nei Flashbacks, deleted Scenes, Making Of vun diversen Episoden a gail a witzeg Infos iwer d’Produktioun) Momentaan leeft dei 3 Staffel op der Tele, mee brauch ee guernet ze kucken, sulaang een net alleguerten dei viirecht Episoden am Detail gekuckt huet! Dei 2t Staffel ass och schon op DVD ze hun! Ass allerdings lächerlech an 2 verschidden Boxen ze hun, am plaatz eng komplett Season-DVD-Box: Do heescht et, sech nach bessi ze gedellegen! |
Barnig 16.04.2007 | DONNIE DARKO Wei scho vum Yves, Philippe oder The Hansen’s empfohlen, hun ech mer des DVD eragezunn. Kriit een iwriens fir nemmen 3,99€ am DARTY !! Ass also scho mol direkt ze empfeehlen. De Film ass -of course- total speziell, gefällt mer awer ganz gud, a net nemmen de gaile Soundtrack: Den Opbau ass faszinant, op wuel en net wirklech iwerraschend Wendungen unhellt, well daach awer alles besselchen vorhersehbar ass. Sin awer duerchaus gail Szeenen, an och di eng an dei aner Iwerraschung dran. De Film passt fir Ouschterdaag Leider hun ech d’gefill dass dei DVD-Versioun dei ech hun, net den Directors Cut ass. Meng Versioun dauert 108 Minuten, a vill elementer sin ze kuerz komm, e.a. z.B. wann den Typchen sech a sengem eischten “Draam” dei Nummeren opschreift: Dest gesait een an enger eenzeger Astellung an dann nie mei… ass do vlait beim DC mei ze bewonneren?? Op alle Fall de Film ass kuckenswert! |
Philippe 20.04.2007 | jo marc. effektiv. du hues dann dei normal kinosversioun op dvd. well ech hun den director’s cut an deen dauert 128 minuten an et ass eng doppel dvd mat immens villen extra’s. ech mengen ech haat 9 euro an eppes fir dei dvd bezuelt. den ennerscheed teschend der kino’s versioun an dem director’s cut sin mengen ech puer szeenen dei beigesaat goufen an dei zitater aus dem “the philosophy of time traveling” buck weisen an sou dei verschidden visiounen vum donnie erklären an och mie kloer maachen. ech hun d’kino’s versioun engkeier um fernseh gesin gehaat an kann mech leider net mei genau un all ennerscheed erenneren mee daat misst een um internet nosichen kennen. awer wei de marc schon soot de film ass eng absolut empfehlung. egal welch versioun een keeft de fiilm geheiert an all gudd dvd sammlung |
Barnig 24.04.2007 | BATMAN SPECIAL EDITION COLLECTION Op 8 DVDs fennt een hei dei eischt 4 Batman-Filmer “BATMAN”, “BATMAN RETURNS”, “BATMAN FOREVER” an “BATMAN & ROBIN”. All Film ass mat enger weiderer SPECIALS-Disc opgelueden. All Film ass an Topqualiteit, an bei all Film gin et ca. 2Stonnen Bonus. Su get et z.b. bei all Film en detailleierten Reportage iwer “Heroes” an “Villains”, suwei en ausfeierlechen Making Of, Videoclips, an DC Comics Emsetzung! Och wann dee leschte Film “BATMAN BEGINS” feehlt, su ass des Collectioun awer völleg empfeehlenswert, suguer wann een keen grousse Frend vum Joel Schuhmacher sengen 2 Adaptiounen “Batman Forever” a “Batman & Robin” war, su get een bei enger neier Visioun awer besselchen mei nees iwerzeecht, well su schlecht sin dei Filmer awer guer net! Eng flott Box fir all DVD-Sammlung |
Barnig 02.05.2007 | BATMAN BEGINS (single DVD) Fir nemmen 6 Euro kriit een desen neisten BATMAN Film op DVD (allerdings eng simple Film DVD ouni weider Specials an just Original- an Daitsch sprooch) Well ech mer dei komplett Box ragezunn hun, duercht ech dese Film dierft jo dann net feehlen, och wann en no der Kinosseance net gud war. Ech hu mech allerdings ge’iirt: Wann een sech den neiste Batman doheem namol op DVD eranziit, dann kriit een hei e wesentlechen besseren Androck wei am Kino (soll jo och eemol virkommen) Ech hun de Film lo eben namol a Rouh gekuckt, an en ass effektiv sau gud! Ech hoffen dass hei ähnlech wei beim Bond an de’er riichtung weidergemaach get! Mei kann ech net zur DVD soen, dei Special Edition hun ech neehmlech net! Zurück in die Vergangenheit – Komplett Season 1 Dei eischt Staffel vun “Quantum Leap” och op DVD: Leider gin et daat eischt Joer just 8 Episoden, mee dei sin awer total kuckenswert! Bild ass restaureiert, den Toun ass tiptop, a Specials gin et och (och wann dat fir dei 80er Joeren Serien eischter rar ass, sou arennert sech hei d’Crew un den Tournage vun deser flotter Serie) Des DoppelDVD ass ze empfeehlen! Well och wann engem d’Serie net vill seet (su wi mir am Ufank) su kriit een daach awer e gude Geschmaach, bei Ubetruechtung vun deser Staffel, an et kriit ee Loscht op mei! |
Barnig 14.05.2007 | MEIN NAME IST NOBODY – NOBODY IST DER GRÖSSTE (SPECIAL EDITION DOPPELPACK) àhnlech wei “Dollar-Box” ass och des “Nobody” Box mat den 2 Filmer a komplett restaureierter Fassung op DVD ze bewonneren. Dest gouf et an de’er Form na nie, an et sin zum Deel ongewissen ecken vum kamerabild eischtmolleg op DVD unzekucken. Wat d’Filmer lo usech ugeet, kann ee streiden: De Sergio Leone Still ass dran, obwuel et 2 ennerschittlech Realisateuren sin. Mee et geet jo hei eischter em den Terence Hill an den “Neie Western”, wu de Sergio Leone souwisou sech iwerflesseg virkomm ass. 2 witzeg Filmer (schlecht Dreihbuch) mee gail Dialogen! Den DVD Bonus Undeel ass total dawäert: Ganz interessant Dokumentatiounen dei iwer d’Analyse vun deenen 2 Filmer schwätzen, interessant Interviews mam Terence Hill an eng mega interessant Reportage iwer Restaureierung vun aale Filmer, an dei divers Etappen! Ganz empfeehlenswert des DVD (Aktuell fir 18,99 €) Ufanks war se 40 Euro (Dat wier vlait bessi zevill) |
Barnig 15.06.2007 | A HOLE IN MY HEART ( “ETT HAL I MITT HJÄRTA” ) Aus der DVD-Reih “KINO KONTROVERS” ass dese Film vum schwedeschen Realisateur Lukas Moodysson veröffentlecht gin. Zu senge bekannteste Filmer geheieren “Fucking Amal” oder “Lilja 4 Ever. Dese Film ass eischter mannerbekannt, op schwedesch gedreihnt, an azielt d’Geschicht vun engem Famill (Papp-Jong) dei an engem Apartement liewen, an net dei neideg Kommunikatioun hun. Sie hun een Typ an e jonkt Meedchen bei sech, mat deenen de Papp Pornofilmer dreihnt. De Papp sai Jong blaift dee ganzen Daag laang a sengem Zemmer verklemmt agespaart, a lauschtert NOISE Musek. Wei him awer daat jonkt Meedchen an der Wunneng opfällt, versiicht hien aus sengem Schleeckenhaus rauszeklammen. Keng bombastesch Geschicht, mee flott an experimentell en Scene gesaat. An der Form wei en Documentaire, representeiert dese Film eng Art asozial Reportage iwer des 4 Charakteren, dei sech alleguerten emmer mei an ebess eransteigeren. An engem Making-Of Special op der DVD, gesait een wei d’Akteuren massiv mam Realisateur streiden, well hien hinnen quasi keng genau Uweisungen gin huet, hie wollt just als Dokumentarfilmer des 4 Personagen festhaalen, fir dass sie sech selwer entweckelen a charakteriseiren sollen… Menger meenung no, hätt en solle bessi mei aklären, daat hätt mat secherheet naicht geschued. De Film muss een trotdeem eemol gesin hun! |
Claude 14.07.2007 | Da Ali G Show (Borat Edition) 180 Minutten nëmmen Ali-Blödsinn, deen mat senger onschëlleg-frecher Näiviteit an och oft grousser Laatzegkeet dei aaner veraarscht. Als schwulen Bruno danzt hien als Cheerleader nierft deenen richtegen Dänzerinnen an e kritt schon Frechheeten geruf an Fangere gewissen. Souguer den Donald Trump get kuerz verarscht an ennerbrecht den Interview direkt well e schro gereizt ass. Den Ali ass souguer esou mell, dass en an engem Gespräich mat Leit vun WWF (Naturschutzverein mam Pandabierlogo) schwëtzt an hien kennt dann op eemol mat “Hulk Hogan” an “Wrestling” an mengt et wier WWE, dei fréiher WWF (World Wrestling Federation) geheesch huet. Hun wierklech gudd gelaacht, just dei Jupe-Passagen am Studio wou e sängt an danzt sin null. 7,5 / 10 Stäeren (Mich, dei DVD als Gebuertsdaagsgeschenk huet gespaasst!) |
Mich 15.07.2007 | Claude, da sinn ech frou |
Claude 16.07.2007 | Borat, the movie Dese Film haat ech am Kino gesin an dei 2. Kéier doheem op DVD ass en nach genau sou cool. D’Bonusmaterial ass genial: 8 komplett nei Szeenen mat super Dommheeten, dei net am Kino ze gesin waren. An och nach Material wou de Borat op der Premiere war an d’Leit niddergelaatzt gin. 8 / 10 Stäeren (Wann ech mech richteg kann erenneren hu mer des DVD vum Paule/Tania kritt. All d’Geschenker egal ob DVD oder Poster hun wierklech mei Genre getraff!) |
Barnig 31.07.2007 | THE HILLS HAVE EYES (2006) Am Remake vum Wes Craven sengem Horrorfilm, get eng amerikanesch Famill vu “Biergleit” terroriseiert, matten an der Wüst. Relaxen Horrorfilm, deen am 2ten Deel iwerhaapt keng Limiten mei weisst, an nemmen drop lass schleit. Flott ass awer, dass mat diversen Techniken am Film geschafft gouf (su wi och de MAKING OF um DVD aklärt) wu die eng Effekter op der Hand gema sin, a liicht CGI Effekter nemmen ganz raffineiert agebaut sin. Am Darty fir 9,99 Euro ze kreien! Ganz secherlech kee Meeschterwierk, mee fir en Horrorfilmowend wärmstens ze empfeehlen. Ee vun deenen krankste Filmer dei ech a leschter Zait gesin hun, an daat virunallem weinst den total reusseiert- an echtwierkenden Masken vun deenen “Biergleit” an dei total krank TOMANDANDY Filmmusek! |
Barnig 17.08.2007 | BAYWATCH: THE COMPLETE FIRST SEASON Virurdeeler baisait! DVD ranlee´en! Recksprong an 80er! Gail! Kinowelt huet imens virun gemaach, an huet mettlerweil dei 9 Seasons vu Baywatch rausbruecht. Dei 10. (Baywatch Hawaii) ass fir Oktober geplangt. Fir dei Leit dei denken, Baywatch wier daach su riichtegen Schaiss, dei sollen sech einfach mol nees puer episoden ranzeihen! Och wann ech vlait lo bessi mei Hasselhoff Fan sin, wei munch aneren, su well daat awer naicht heeschen: Interessant Geschichten, Flott Meedercher, Gail Musek, an Top Ennerhaalung garanteiert des eischt Season vu Baywatch! Fir knapp 30 Euro kriit een hei op 6 DVDs ca. 1000min. gebueden. Flott! an en HIP op 80er |
Barnig 27.08.2007 | CALVAIRE (F, 2004) E berühmten Museker muss fir e Chreschtconcert duerch ganz Frankraich fueren, wei hien irgendwou an de Bierger eng Autopann kriit. Hie get vun engem Duerfbewunner an eng Herberge gescheckt, an de’er hien net terribel frendlesch begreisst get. Den Dag duerno, schengt alles peace. Den Herbergebesetzer probeiert dem Museker sain Auto ze flicken, a seet him hien soll bessi spazeiren goen, awer op guer kee Fall an Duerf goen. Wei hien remkennt, ass sain Auto total futti, an e get vun dem Herbergebesetzer gefoltert, an als seng “vermessten Fra” ugesin. Den Horror start, wei dei Duerbewunner op de Geschmaach kommen, …. Den DVD ass net speziell: Ausser Making of an Trailershow soss naicht ze fannen. De Film ass awer sehenswert, spannende franseichen Horror, mat Homage un d’60er 70er Joeren, deelweis bessi krank, gail Pianomusek an enger Duerfbar! Den Yves Vaucher spillt eng Statisteroll. Hien huet bei KML ( “IceBreaker” ) ugefaangen! |
Franky 28.08.2007 | serieux?? den Vaucher am film? |
Franky 28.08.2007 | Muyeong geom (shadowless sword) Een koreaneschen Film à la house of flying dagger/ hero. Een vergiessenen Kinneksjong muss den Wee zereck an sain Kinneckreich fannen, dobai kennt en vun enger Kämpferin beschützt. Och wann Story net wirklech weltbewegend ass kann den Film trotzdem iwerzeegen durch extrem cool Kampfscenen an visuell prächteg Szeenen. Ech hun zwar nach nie eppes vun desem Film virdrun heiren mee en huet mech trotzdem iwerzeegt. 7/10 |
Barnig 06.11.2007 | OPGEPASST! Enn des Joers geet et nees ab mat 2 GAILEN 70er 80er SERIEN op DVD!! First of all (an endlech) dei komplett DVD-Serienbox vun: >> DIE SPEZIALISTEN UNTERWEGS << aus den 80er an da kennt och dei eischt SEASON vun > THE INCREDIBLE HULK < |
Barnig 08.11.2007 | LOST SEASON 2.1 a 2.2 Endlech och dei 2t Season op DVD komplett gekuckt. Gail Specials, nie gewissen Flashbacks, an en interessanten interaktiven Special, wu een Charakteren aus der Serie ka mateneen verbannen, a kucken wei a vu wou dei sech kennen! Zu Serie selwer get et net mei vill ze soen: Et muss een se gesin hun! Leider huet TOUCHSTONE, Daitschland dei topesch Mannie eng Serie an 2Deeler op de Maart ze brengen. Ass relativ null, mee bon. Inhaltlech op alle Fall TOP, an dei gailste Serie dei momentaan um Marché ass! |
Barnig 03.12.2007 | APOCALYPTO (Vum Mel Gibson) An desem Film geet et em d’Maya Kultur, an zwescht 2 Zivilisatiounskriicher. Ech hun de Film fir d’eischt lo op DVD gesin, a kann nemmen soen, dass dee Film Supergud ass! Leider haat de Film net de grousse Kinosucces, mee menger Meenung no, ass daat well vill Leit elo Mel Gibson mat “Passion of the Christ” verbannen. An daat ass absolut falsch! Fir mech war dee Film och wirklech total oninteressant, mee et ass falsch dem Mel doweins e schlechten Instinkt ze iwerbrengen, well dee Mann huet emmerhin och “Braveheart” realiseiert, dee jo ouni grouss Iwerraschung de Kinorenner vun 1995 war. Fir mech zielt Apocalypto eischter zu deene Filmer dei ee wirklech kann roueg ukucken. Dei Previsiounen, mat zevill Brutaliteit kann ech just ofstreiden, well de Film huet net mei Brutal Zeenen wei all annern Geschichtsepos! Kuckt Ierch dee Film roueg un, nierft Braveheart ganz secherlech 2t beschte Mel Gibson Film. Um DVD get et nierft dem Film just e 25minütegen Making Of, deen och ganz interessant ass, well wann ee bedenkt dass a verschidden Zeenen bis zu 700 Statisten um Set waren, kann ee selwer kalkuleiren, weivill Maquilleuren a Kostümgestalter do pro Statist um Set waren! |
Barnig 24.01.2008 | DAVID LYNCH: INLAND EMPIRE ? Gaile Film. |
Barnig 30.01.2008 | ALFRED HITCHCOCKS “LIFEBOAT” Endlech zielen ech och zu deenen, dei LIFEBOAT op DVD hun an de Film och genoss hun. Wei all Hitchcock get et net vill neits iwer den Opbau ze zielen: Et ass einfach Mega, wat fir en Aa de MASTER fir Detailler huet, fir kamera oder Toun. De Film spillt 94min. laang op engem Rettungsboot (an deser Zait gin allmeiglech Kameratechniken agesaat), emmer nei Prisen, an top spannung! (ass baal onmeiglech fir sech daat virzestellen) Zur Geschicht get ze soen, dass de Film am 2.Weltkriich spillt. En amerikanescht Scheff get vun engem daitschen U-Boot ugeschoss, wat kuerz drop och explodeiert. 6 Amerikaner fannen sech an engem Rettungsboot erem,… bis e 7ten Mann u Bord kennt, deen awer en “Daitschen” ass Top Ennerhaalung vum Feinsten! 2 DVDs insgesamt an deser Cinema-Premium Editioun, mat e.a. engem 20minütegen Making Of, an engem vu ganz raren Interviews mam Hitchcock (45min.) Ass Total ze rekommandeiren, ass zwar leider och relativ deier (ca.20EUR) mee voll dawäert! |
Barnig 11.02.2008 | PLEIN D’ESSENCE Aus der Reih “Films made in Luxembourg” azielt desen Documentaire den Alldaag vun der greisster Raststätt an Europa: D’Aire de Berchem. An enger stonn fliit een hei an dei ennerschittlechsten Situatiounen op deser Aire, an gesait een en Ableck hannert d’Kulissen vu su enger Organisatioun. Als Documentaire net wirklech proper, awer als Reportage eischter besser! Top Ennerhaalung op alle Fall, a vill Fakten an Azielungen get ee gewuer. Dese Film kriit der fir 14,99 Euro ze kaafen. An ass awer duerchaus kuckenswert an ennerhaalend! |
Barnig 06.05.2008 | Fir den DVD-Release vum 4ten a leschte RAMBO Film, huet Warner sech nees eng super Idee afaale geloos: Insgesamt 4 verschidde DVD-Versiounen kommen raus: FSK 16 DVD (83′) staark gekierzt, an absolut NET ze kaafen! FSK 18 DVD (85′) liicht gekierzt, trotzdeem NET kaafen! JK DVD (87′) kann een sech zoulee’en. De Film ass hei uncut. Nierft der ongekierzter JK-Versioun wäert awer och en Special Edition Steelbook rauskommen, wat fir d’Fans e MUSS ass, och hei ass de Film ongekierzt drop. voila, gud geschaft nees: Warner, Germany! |
Yves 06.05.2008 | Mat der Spio/JK DVD gif ech och nach warden, erfahrungsgemäß kennt do nach méi wi eng Extended-Unrated-Director’s Cut Versioun. Besonnech wann een sech iwwerleet weivill Material aus den Traileren net am färdegen Film geland as (u.a. en Truck-Crash, den Rambo deen firun engem explodeiernden Auto ewechsprengt, nach mei Explosiounen bei der “Tallboy”-Sequenz, Flammenwerferaction beim Iwwerfall op d’Duerf, etc…) |
Barnig 06.05.2008 | Jo also ofgesin dovuner, dass no all DVD-Release souwisou emmer na weider DIRECTORS CUT / ULTIMATE EDITION / EXPLOSIV EDITION a waat och emmer Neierdings soll suguer na bei CASINO ROYALE eng 3 DVD-Disc Edition rauskommen (misst dann dei 5t oder 6t editioun sin) Ass einfach eng Verarschung vis-a-vis zu de Fans…. mee bon, kann ee naicht maan |
Franky 06.05.2008 | dei steelbox ass et och schon fir den Rambo 1-3 gin… an wann rambo 5 wirklech emol soll rauskommen, kennt nees eng nei an besser box eraus… et waart een dofier am beschten bis endlech eng FINAL version rauskennt |
Barnig 06.05.2008 | Daat huet guer kee Senn !! Well Filmer, wei Rambo oder Indiana Jones, kanns du der jo nie op DVD kaafen. Stell der vir du wäers 10 Joer eischter op Welt komm, an häss der nom LAST CRUSADE na emmer keen Indiana Jones Film kaaf, trotz dee’er cooler Trilogie. Da waarts de lo baal 20 Joer bis dass de ebs keefs- Daat ka wirklech NET d’solutioun sin. punkto RAMBO: Steelbooks dei an Daitschland rauskomm sin, gesin zwar gail aus, mee si leider total verschnidden. Su dass de momentaan souwisou keng ordentlech DVD-Box respk. Film fenns: –> Solutioun: Kaaf bei AMAZON, UK an |
Barnig 09.09.2008 | BAND OF BROTHERS An deser Serie iwer den 2te Weltkriich vum Steven Spielberg an Tom Hanks produzeiert, get d’Geschicht azielt vun der “Easy Company”. Kann na net ganz vill soen, si reicht bei Episode 5/10, mee et ass knallhaart: Et gin 10 Episoden à 50-65 min. Awer mega interessant gemaach. All Episod start mat Zeienausso’en dei wirklech mat dabei waren, wu di folgend Episod och bericht. (Zielen na mei wann ech faerdeg sin) |
Barnig 07.10.2008 | SAW 1 – 4 Hu mer an de leschten 2 Wochen mol endlech nom Kino des 4 SAW Filmer op DVD ragezunn. Et ass kloer, dass deen eischten Deel dee beschten ass, a wirklech en TOP Film ass. Haat biswell schon alles am kino gesin ausser den Deel 4, deen ech aus UK importeiert hun, weinst deen topeschen Kierzungen an Indizeierungen. An der “Extreme Edition” gesait een doweins awer praktesch alles gud, an de Film fannen ech iwerraschenderweis vill besser wei munch aner leit su soen. Et get emmer gesoot de 4ten Deel wier schlecht. Ech fannen e geet vill mei an de Charakter vum John Kramer an,.. wat deck interessant ass! Gud, en ass deelweis degeu. an zevill iwerdriwen a mat den “HOER” abaigezunn mee bon … Mega gud inszeneiert fannen ech op alle Fall den Szeenewiesel am Film, deen 1 Decors mam nexten Decors verbennt. Mega gud gema, an eng flott Idee. An hun ech biswell na neirens su intensiv gesin… Dei 4 Deeler sin insgesamt ganz gud (wa bei munch aner Horrorfilmer d’Suiten net mi sugud funktioneiren, da klappt daat mat SAW awer tiptop) E schlechten Deel get et biswell net… Kann een sech roueg kaafen … w.e.g. awer UK-Versiounen! Loose mer op de 5 waarden … |
Barnig 29.01.2009 | Huet irgendeen dei US-serie “ROME” scho gesin (2 staffelen) a kann ebs doriwer zielen ? Haat mer welles, ze kaafen |
Franky 30.01.2009 | leeft(oder ass) um RTL2. Huet zwar gudd inzeneiert gewierkt, awer bessen langweileg well Thema mech net sou interesseiert(lauter Reimer dei morden oder verhandlen) |
Barnig 26.10.2009 | ILLUMINATI huet mech mega positiv iwerrascht: SUPER SPANNENDE FILM, an ech fannen en suguer eng grimmel besser wei den DA VINCI CODE |
Kult – Serien
Franky 31.01.2007 | Ween kennt des Serie nach? MAN FROM ATLANTIS? den super intro mat der musek sau geil effekter(hun dat soss emmer cool fonnt) |
Barnig 31.01.2007 | YEAH Also daat war definitiv eng gail Serie!! Hoffen dass irgendwann eemol een sech d’Meih mecht, des komplett Serie op DVD ze setzen! Wien kennt des Serie dann nach: VOYAGERS ( “Die Zeitreisenden” ) eischt an eenzeg a lescht diffusioun op RTLplus 1989 |
Barnig 31.01.2007 | An eiweg net mei gesin: DEN GENERIQUE VU “STREET HAWK” Daat waren Zaiten! www.youtube.com/watch?v=_C58TazP1m0 No hanne lee’en a geneissen .. a net vergiessen: Musek VOLL opdreihnen! a wa mer schon vu KULT schwätzen, checkt des Szeen aus STREET HAWK allez kommt, ech wees, dir hutt nach 30sek. Kuckt just nach hei des Szeen, wann den Street Hawk sain “Hyperthrust” asetzt: O N V E R G I E S S E R L E C H www.youtube.com/watch?v=nvfnBlcfx2w |
Franky 31.01.2007 | Die zeitreisenden war emmer genial leider kann ech mech net un vill folgen erenneren(mengen dat ass um deitschen RTL net laang gelaaf) Street hawk: yeah den virspaan rockt, leider fannen ech dei serie net immens top, well se iergend wei bessen zevill Knight Rider copy ass, an characteren aus der serie net extrem cool sin(den david huet dach vill mei charme) |
Barnig 31.01.2007 | Jo vu StreetHawk goufen et och just 13(!) Episoden … net mei ! Daat ass graad emol eng Staffel! Kloer kennt se net un KNIGHT RIDER run… mee ass awa su no 20 Joer ganz kloer KULTEG !! Bei den “DIE ZEITREISENDEN” goufen et och just 20 Episoden ! dest dreiht natirlech emmer dozou bai, dass Serien ganz schnell an de Vergiess geroden! Bei Knight Rider goufen et emmerhin baal 90 Epiosden à 4 Joer! |
Barnig 02.02.2007 | “GEMINI MAN” Serie aus den enn 70er! En Typchen deen sech 15min. am Daag unsichtbar maache kann, bleift en mei laang unsichtbar, da stierft en. Hien aktiveiert seng Unsichtbarkeet per Auer!! MEGA SERIE !!! an EIWEG net mei gesin!!! Hei de gailen Générique: www.youtube.com/watch?v=hTWLDa5DnpQ |
Mich 03.02.2007 | A wee kennt dës gäil Serie nach: BUCK ROGERS in the 25th Century Hunn ech ëmmer gäer gekuckt, leider gëtt et se bis dato just an der englescher Versioun op DVD! 🙁 Gekuckt gouf se deemols awer ëmmer um RTLplus op däitsch |
Barnig 15.02.2007 | YO YO YO !!! Gescht ass eng grouss Ära zu Enn gaangen! Ech hun meng lescht “THUNDERCATS” Episode gekuckt: Ech war baal 1 Joer am gaangen, an hun et all Owend kräfteg mat deenen 130 Episoden (24 DVDs /4 Boxen) spaase geloos Ka just jiderengem rekommandeiren, des gail Serie aus den 80er ze kuckn! (Flott Geschicht mat Ufank, Schluss, a Mett) Insgesamt 2 Seasons wubai sech dei eischt em “3eme Terre” befaast, wou se alles mussen an Ordnung brengen, an sech aliewen, well hieren Planeit “Thundera” komplett ofgestuerwen ass. An der 2ter Seasson, bauen Thundercats dann zesummen mat neien “restlechen” Thundercats vun Thundera, nees dese Planeit op a brengen och hei Fridden eran! T O P T O P T O P De Feeling, fir namol bei Episode 1 unzefänken ass och do, wann een des Serie ofschleisst; obwuel vun 130 Episoden ca. 20-25 Episoden net su gud waren! |
Barnig 15.02.2007 | Fir dei wou THUNDERCATS och kennen (oder o net) hei ass e Video vun engem fiktiven selwergedreihntnen FILM iwer Thundercats! Gesait gud aus,.. mat ausnaahm vum Haaptpersonnage “Starlion” ! Denken den DESSIN ANIME ass besser!! ass awa witzeg a villverspriechend: www.youtube.com/watch?v=a_4Ju6ZqKPU …an fir bessi bei der anim.aus den 80er ze bleifen: hei och e amateurnogedreihntenen Teaser fir GOLDORAK !! Dee gesait zwar megagail aus!! TOP TOP (30sek.) |
Franky 04.03.2007 | 6 Milllion Dollar man dei super bekannten szeen mam Bigfoot¨! |
Barnig 08.11.2007 | O LAAALAAAA—– quelle Nostalgie: Wien kennt des um RTL Plus gewissen Samschden Metten Serie nach: ULTRAMAN: MEIN GEHEIMES ICH! Kuckt Ierch den Intro namol un, an da soot der “Wueeeeeeeeeeeeeeeh” www.youtube.com/watch?v=NfFKwylOsLU |
Barnig 06.12.2007 | Hei na eng kitscheg 80er Cartoon Serie, dei awer emmer fir dei neideg Ennerhaalung gesuergt haat: >> NOOZLES << (Titel seet vlait naicht, mee kuckt ierch de Generique un) Ech hun se jiderfalls als Kand mega gäer gekuckt! |
Franky 06.12.2007 | yeah.. mee dat ass awer just emmer op Franzeich komm mengen ech |
Franky 23.05.2009 | www.youtube.com/watch?v=ApeUKreQmKI&NR=1 kennt een dat nach? PI & PA.. 2 katzen am ufo dei emmer landen an deiren ennersichen :)*gut* telechat.. ech hun et gehaasst.. |
Barnig 25.05.2009 | so ey: TELECHAT ass allergailst !!! Ech hun di 3×77 episode alleguerten namol an dem leschte Joer gesin, an ech ka just soen, dass dei Produktiounsleit eng mega drop hun, ass genial absurd gemaach… mee ass sou sauer, dass et wirklech scho kult-eg ass! An de Gros-Chat ass de MASTER VUM LAATZ !!!! M E G A Wann et DVDs geing gin, wieren se bei mir an der ANIME-sammlung |
Wien et interesseiert …
Barnig 22.01.2007 | Dese SAMSCHDEN, 27.Januar ass um 11h00 zu Koler an der aler Schoul GENERALVERSAMMLUNG vum Club des Jeunes Koler! Jidereen ass inviteiert! E Patt ze drenken an e Maufel ass garanteiert! p.s.: De Club des Jeunes ass de Partnerklub vu KML ! |
Murmel 22.01.2007 | moies um 11:00h ??? |
Barnig 22.01.2007 | Jo bon.. mir hu keen aneren Datum fonnt |
Barnig 14.02.2007 | Ech hun de Film faerdeggeschnippselt: “DE KLOD AN DEN HUNG” …vu laachen! Mee fir munch leit, ass de film grausam, sou stellen dei sech danierft! (ouni lo wellen irgend-een-nebulösen NUMM ze nennen) |
Vivi 14.02.2007 | what? wat is datt denn? |
Yves 14.02.2007 | Wann dee Film gewisen gett, gin ech raus Ech mengen dat wär suguer mir zevill ders Gudden |
Claude 15.02.2007 | Cool! Ech well an muss dese Film gesin, och wann e krass ass, mee EEEGAAAAAAAAAL!! Ech hunn cool “ATARI ST-Këschten” gebeut, daat ass d’Haaptsaach. OK, wei wier et dese Weekend mat enger Session? Ass jo soss net vill lass ausser nach vläicht den neien HANNIBAL am Kino. @ Vivi: Daat ass dee Film um Ralph sengem Gebuertsdaag wou ech bal eng ganz Flësch gesoff hun. |
Vivi 15.02.2007 | uuuuuuuuuuuuuu well den och gesin!!!! |
Barnig 16.02.2007 | an daat schlemmst ass,… de KLOD ass zwar am “schlechsten” drun, mee annerer stellen sech vill mei de “Batti” |
Vivi 08.03.2007 | Also, fir dei wou et interesseiert wat aus dem klengen Harry Potter gin as…hem hem… Also…ehm,ech war schockeiert… |
Barnig 09.03.2007 | daat funktioneiert jo guer net |
Vivi 10.03.2007 | oki sorry dann gin ech iech den link vun der ganzer säit… www.rickey.org voilà,hoffen dat geet! |
Barnig 12.03.2007 | Bass du GECKeg… waat ass daat da fir eng schwul Sait! a waat mecht sou e scheint mädel, mat su engem klengen harry’chen |
Franky 12.03.2007 | dat sin dach biller aus engem aneren film, wou et em “bezeiung” tescht dem typ an sengen paerd geet |
Barnig 12.03.2007 | Den Harry Potter steet jo och op “Kierbiichten” am beschten de’er, dei direkt heich an d’Luucht fleien |
schwup 12.03.2007 | @ Frank,well ech geduecht hun daat doten wir definitif fotomontage hun ech bessen nogesicht gehaat,mee et handelt sech em en theater steck eben the equus (oder sou ähnlech) wou den Harry-Daniel eben dei doten szenen spillt… An daat mat 17 joer,wei verduerwen ass eis societeit dann wirklech,opwuel ass och erem natur hmmm…. hun definitif lo en gedanklechen-konflikt mat mer selwer… |
Franky 13.03.2007 | dat ganzt huet jo naischt mat harry potter ze din… et ass just den selwechten schauspiller den daat geil fennt do am Stall den pfaerd nozekucken |
Barnig 29.03.2007 | Dese SAMSCHDEN 31.MÄRZ a SONDEN 01.ABRELL ass zu Garnech am Verainsall eng Ausstellung “GEMENG GARNECH: FREIER AN HAUT” mat ville Foto’en an engem Film, dee vu mir monteiert gouf! An op deen ech besselchen stolz sin! (sulaang Musek ordentlech opgedreihnt ass) Kommt och dir kucken: SAMSCHDES: 16h – 20h SONDES: 15h – 19h (Entree ass frai) |
Barnig 02.05.2007 | Dei franseich ELECTRO-POP Grupp AIR kennt op Letzebuerg an d’Abbaye de Neumünster!! –> 26.July Wann ee well matgoen, sech bei mir mellen! Kasscht 33 Euro! |
Barnig 19.06.2007 | Desen DONESCHDEN 21.JUNI ass ab 20h30 um KNUEDLER e Concert vum OPL, dei e speziellen JAMES BOND FILMMUSIC Owend hun! Muss ee kucken a lauschteren goen!! |
Barnig 20.06.2007 | Fir deijeeneg, wou un engem 3tägechen FILMWORKSHOP interesseiert sin, kennen sech lo mellen: Et geet em Themen “MEINE HEIMAT” oder “LEBEN IN DER GRENZREGION” Wann der do eng Filmidee hutt, kenn der zesummen mat enger Filmequippe als Regisseur, Kamera oder Toun schaffen An enger eischter Etappen (11.-13.Juli) get Idee emgesaat mat der ganzer Failmequippe zu Letzebuerg Duerno (31.August – 03.September) get de Film monteiert zu Esebuer beim SNJ Am Oktober/November soll dann am Kader vun enger Videoinstallatioun dese Projet an der Staadt presenteiert gin. Participatiounsalter: 16-30 Joer Einsendeschluss fir d’Idee ass allerdings schon den 22.Juni .. mee kann och nach iwerzunn gin. Avis aux Amateurs! |
Barnig 23.07.2007 | SAW III op DVD De Witz vun de RELEASE-DVD’s get et mat Secherheet fir “SAW 3” Insgesamt 5 DVD-Versiounen sin ab elo scho virbestellbar: > Dei total gekierzten “FSK 16” Version, dei ech wirklech GUER KENGEM Mensch uroden, wei kann een dei iwerhaapt kaafen, wäert warscheinlech fir net vill Geld op de Maart kommen > Dei liicht gekierzten “FSK 18” Versioun. An hei suckt et wirklech total voll an der DVD-Welt, well wat soll dee Kack, fir FSK18 DVDs namol ze kierzen ( ähnlech war jo och dem Kane sai Film “See no Evil” ) Daat beweist einfach nemmen wei blöd verschidden DVD-Distributeuren sin. Des Editioun get et als normal Editioun an als Collectors Editioun An dann dei Versioun, dei der onbedingt musst kaafen, wann der welles hut, SAW 3 op DVD ze kaafen, > “JK/SPIO” gepreiften Versioun (!!) onbedingt dorop oppassen, well des lescht Editioun ass an der Originallängt vun 104 Minuten (!!) ze bemierken bleift: Dei “normal FSK18” Versioun dauert just 99 Minuten (also 5 MINUTEN gekierzt!!) a lo de Witz: Dei “FSK 16 Versioun” dauert nach genau 83min. waat insgesamt 21min. verschneppelt !! froen mech, waat do na punkto story iwreg bleift |
Philippe 23.07.2007 | wei krass ech verstin och net wei een eng gekierzten fsk 18 versioun kann rausbrengen. mee merci marc dass de eis daat erklärt hues. ass wirklech hellefreich fir dass een och dei dvd keeft dei een schlussendlech well gesin. |
Yves 24.07.2007 | Di ennerschiddlech Versiounen hun haaptsächlech wirtschaftlech Ursaachen: – Eng FSK16 Versioun därf problemlos an all Aldi, Müller, Karstadt, Saturn etc un jiddfereen verkaaf gin, oftmals och immens belleg fir weit enner 10 EUR. Endegt meeschtens als Grabbeltischware. – Eng FSK18 Versioun därf och öffentlech verkaaf gin, allerdengs geint d’Vorzeigen vun engem Personalausweis. Vill grouss Ketten wi Saturn an co. huelen och nemmen bis FSK18 an hiirt Sortiment op, alles waat dono kennt as hinnen ze gewagt oder bedenklech, eng Image-Saach eben. – Eng Spio/JK Versioun fennt een deemno an denen groussen Buttiker eischter nemmei. Des Versiounen därfen zwar na emmer frei verkaaf gin, können awer och op den Index kommen, dann därfen se nemmei öffentlech ungebueden gin, dat as meeschtens den finanziellen Doud vun enger DVD. Et gin suguer Filmer wu d’Spio/JK Versioun nach emmer gekiirzt as, do muss een dann schon op eng auslännesch Versioun zreckgreifen fir de Film komplett ongeschnidden ze gesin. Deitschland as am allgemengen an Europa secherlech eent vun denen Länner di am heftegsten kierzen. Mei liberal sin do zB Frankreich an firun allem Holland wu een nahezu all Film komplett ongeschnidden kritt. Groussbritannien huet an mengen Aan di bizarrsten Schnettpolitik: Während Gewalt an Sexszenen meeschtens komplett unangetastet bleiwen, kiirzen d’Briten awer rigoros aus all Film minikuerz Anstellungen eraus wu zB asiatesch oder aner Waffen verherrlecht gin (zB wann een an enger No-Opnahm mat engem Nunchaku oder engem Butterfly ronderemwirbelt) oder Anstellungen di Gewalt géint Déiern beinhalten. Su fehlen zB bei Braveheart menges Wessens no an der UK Versioun Anstellungen vun stiirzenden Pärd. De Prinzip as also ähnlech wi bei den Kino-Freigaben: Je niddreger eng Freigabe as, desto méi Leit können se kaafen. |
Franky 24.07.2007 | dei deitsch hun se net mei all!! ech wees nach virun etlechen joeren haten mer emmer problemer gewessen nintendo spiller ze kreien (weinst dem Index). Souguer eng Nintendozeitschreft (dei mer eis emmer geleescht hun) dei een artikel iwer Mortal Kombat 3 bruecht huet ass um Index geland!… Ech wees nach an der Primär schoul wou een Freddyien huet missen op franseich kucken well se do net geschnidden sin |
Barnig 25.07.2007 | Ab elo leeft nees all Weekend am COUR du THEATRE DES CAPPUCINS, e Film um groussen Ecran, an daat OPEN AIR !! hei de programm: 27/Juli “M” vum Fritz Lang 28/Juli “Manhattan Murder Mystery” vum Woody Allen 03/August “The Fortune Cookie” vum Billy Wilder mam Walter Matthau an Jack Lemmon 04/August “L’Amant” vum Jean-Jacques Annaud ..more films to come D’Filmer laafen jeweils um 22h. Den Entree ass frai! Kann des Sessions just voll rekommandeiren, an och d’Ambiance! |
Barnig 31.07.2007 | Hei d’Suite vum Programm vun den OPEN-AIR SESSIONS am Cappuciner Theater: 10/08 DUCK SOUP 11/08 ALIEN 17/08 CITIZEN KANE 18/08 THE GREAT DICTATOR |
Barnig 11.09.2007 | ALSO MÄR SIN AUS DER VAKANZ EREM |
Barnig 21.09.2007 | punkto SAW 3 -DVD An der Belle Etoile kriit een dei 3-4 Editiounen alleguerten zum selwechte Prais vun 16Euro!! (ass total onlogesch) Denkt drun onbedingt daat “waisst” Cover ze huelen, mat der Durée 104 min. (An Daitschland ass des Versioun verbueden.) Wann der awer de Film an daitscher Sproch wellt, da gid dei DVD kaafen. Ansonsten importeiert aus England oder kaaft se a Frankraich! Net mei iwerall ass des Editioun ze fannen. |
Barnig 26.09.2007 | Wien nach net de leschten JAMES BOND “CASINO ROYALE” op DVD huet, dee kriit, des 2-DISC-SPECIAL EDITION zesummen mat engem komplette 007-Pokerset fir nemmen 14,90 € bei AMAZON Ass total gaile Prais! |
Barnig 04.10.2007 | Dese Samschden feiert de Koler Club des Jeunes seng 35 Joer Felicitatioun! |
Barnig 08.11.2007 | APPEL D’Gemeng Garnech siicht een Interesseierten (m/w … Alter egaal) fir op Manifestatiounen vun der Gemeng digital Foto’en ze maachen. Des Manifestatiounen haalen sech a Grenzen (ca. 6mol pro Joer), mir vu KML sin zu 80% emmer bei alles dabei fir Filmdokumentatioun. Et geet drems, bei su Manifestatiounen kuerz lanscht ze kommen, besselchen eng Fotodokumentatioun ze maachen, an da gin dei Foto’en duerno an de Gemengebuet gesaat. Dir gid hei natirlech op d’Stonn bezuelt, a Kontraktklausen gin et keng Wann der also en digitalen Fotoapperat doheem hutt, Ierch bessi Geld wellt verdingen, an interesseiert sid, da mellt ierch roueg bei mir! |
Barnig 12.12.2007 | Den neien (4ten) INDIANA JONES soll fir Enn Mee 2008 rauskommen, a spillt zur Zait vum Kaale Kriich. Nodeems also d’Nazis am Indiana Jones 3 “dei beis” waren, sin et lo hei d’Russen, dei dem Indiana Jones op der Spuer sin, fir nodeem glaichen “Schaatz” ze siichen Weider Details sin leider nach total “Top Secret” gehaalen! > MIR FREEN EIS SCHON! |
Barnig 04.02.2008 | am DARTY an der Staadt kriit der dei komplett JAMES BOND – ULTIMATE DVD EDITIOUN (42 DVDs + Pokerspill) fir nemmen 179 EURO Daat ass dei bellegsten Offer dei ee dofir ka kreien. Ech hu mer e Samschden direkt eng Box gesechert!! An daat ass einfach nemmen gail! D’Fra an der Kees soot “Oooh, main Liebling! Do hutt der en ordentleche Choix getraff!” Ech hun dei zweetlescht geholl (dese Samschden). Et ass nach just eng do! also: AVIS AUX AMATEURS !!! |
Barnig 12.02.2008 | Kann daat sin dass de feinen Herr Steichen haut an enger Reportage iwer Alkoholkontroll am ESSENTIEL ze fannen ass ?? (Klengt Bild op der Titelsait, mi grousst Bild bei der Reportage selwer) |
brumm 12.02.2008 | www.lessentiel.lu/news/luxembourg/story/12714750 |
Paulie 12.02.2008 | yves haes awa weinsdens keinten lachen |
CArLO 12.02.2008 | @Marc: du kanns der net emmer neideg op dei anner sin wann se an der zeitung sin, och du kenns eng keier dran………… Den Yves ass eben dei lescht zeit mei oft dran wann net mat sengem wonnerscheine film dann eben beim “BLOSEN” Verschiede Leit kenne weder dat eent nach dat annert P.S. Dat huet elo einfach missen sin |
Barnig 13.02.2008 | Ey Carlo ech war schon oft dran, emmer wann Razzia’en a sou Szeenen sin, oder wann PLACEBO e Concert gin huet, a gesoot gouf “D’Fans waren ausser sech” (gell Frank) Ech stin weinstens dozou |
CArLO 13.02.2008 | HEHE den YVES steed och zu sengem gebleis dat kann ECH dier verroden |
Barnig 27.02.2008 | Den 18.Abrell hu mer wei all Joer op der Arbecht TELEVIE Daag, wu de ganzen Dag um Velo gestrampelt get Ech organiseiren eng Equipe, a breicht na 1-2 Leit fir mindestens 30min. oder 1 Stonn ze strampelen. Wien interesseiert ass, soll sech mellen! Fir all Kilometer gin 4 Euro an Kees vum Televie. Ass also fir en guden Zweck |
Franky 27.02.2008 | 15 euro vum poker gin schon un televie… |
Franky 11.03.2008 | R E F R A C T A I R E CASTING FIGURATION POUR UN TOURNAGE DE FILM HISTORIQUE (2 ÈME GUERRE MONDIALE) On cherche 100 jeunes gens entre 18 – 35 ans du type «étudiant d’université» pour un tournage qui se deroulera Samedi le 25 Avril, à Liège. Vous serez transportés à Liège en bus de Luxembourg et renumérés pour la journée de travail. Vous avez envie de voir un plateau de tournage et vous faire maquillés et habillés? Alors contactez-nous: Synopsis du film: François a vingt et un ans et il vit dans un petit pays qui vient d’être annexé par l’Allemagne Nazie. Son père, collaborateur du régime fasciste, l’a obligé à aller à l’université Allemande. Mais François a commis un premier acte de désobéissance : il est parti de cet endroit qui professait la haine raciale. Maintenant se pose à lui ce choix cornélien : devenir un « enrôlé de force » et partir sur le front russe tirer sur les Alliés ou bien se transformer en « Réfractaire » et se terrer au fond d’une mine pendant de long mois sans voir la lumière du soleil, dans le froid et dans l’humidité, avec comme seul espoir celui de la Libération. « Réfractaire » est un drame psychologique haletant qui nous fait vivre le chemin suivi par un jeune homme dépersonnalisé par un lourd passé familial, mais qui réussira à se retrouver au prix du sacrifice de sa propre vie. |
Barnig 26.03.2008 | 2009 soll KULTSERIE aus den 80er >> A TEAM << als Kinofilm de Kino kommen Get bestemmt gail, mee leider bestemmt nees zevill hollywoodiseiert. Nach keng Besetzung ass fest, et gin awer Gerüchter dass de "Natural Born Killer"- Woody Harrelson de Murdock spille soll, an den Rapper ICE CUBE de Mr.T Get nach spannend! |
Barnig 01.04.2008 | Hun eng gail MORRICONE Soundtrack Box bestallt, dei op 500 Exemplarer just limiteiert ass Versprecht ganz vill, a konnt se fir 158 Euro beuten (Amazon prais lait bei 220 Euro) Insgesamt 24 rare Soundtracks vum Master of Filmcomposing! |
Barnig 19.01.2009 | …besser: WIEN ET INTERESSEIERT HUET Leschten Doneschden war an der Philharmonie e Film aus den 20er Joeren “PICADILLY” mat Live Orchester projezeiert gin. Gespillt huet den BRUSSEL JAZZ ORCHESTRA (waren eng ca. 20 Leit) a ka just soen: “Daat war alt nees MEGA” De Film hun ech u sech guernet kannt, si positiv iwerrascht gin. De Film war vlait bessi an d’Length gezunn, “Danz-Theamtik”, mee duerch de gailen Jazz Soundtrack, war et e Glanz! Nexte Live-Cinema Orchestra ass de 15.März mam Chaplin sengem MODERN TIMES (och wann ech dee schon eng hallef doze keieren gesin hun, DVD am Regaal hun, su ass daat awer alt nees e MUSS, a kann net oft genuch gekuckt gin) Noteiert Ierch deen Datum, a kommt och dir kucken !!! Ass dawäert (eleng nemmen de Live Concert zu de biller) |
*Den Boxmatch*
Franky 23.11.200/ | voilà… also ech wees et net.. ech geing mech schon geint den carlo an den ring stellen, mee ech hun keng erfahrung an kennen mech do net aus.. ech brauch een coach |
Franky 23.11.2007 | sou hei meng kleng lescht vun sachen dei ech lo nach brauch: -boxhändschen -mundschutz -boxbox -casque -ring -ringrichter wann ech dat alles zesummen hun melden ech mech rem! (wann een eppes dovun am keller huet, hier domat) an dann nach folgendes dass ech iwerhaapt een hauch vun enger chance hun: -trainer -trainingstonnen -ausdauertraining -krafttraining -gewichtszounahm |
Franky 23.11.2007 | an dann mussen mer nach een contract opstellen mam carlo, mat datum, ennerschreft an weini an wou dat ganzt lo statt fennt. voilà…. dann heescht et endlech: LETS GET READY TO … SUCK IT |
Franky 23.11.2007 | PS: op weivill kilo muss ech mech ropschaffen fir an deng gewichtsklasse ze kommen? PSS: daerf een mat openen Hoer kämpfen? |
Barnig 23.11.2007 | LLLLLLL…. LETS GET READY TO SUCK IT Allez Frank, ech kann der en RKO baibrengen, e PEDIGREE, oder och en SPIRE |
CArLO 23.11.2007 | HAHA Net schlecht net schlecht gesinn du bass motiveiert an dat alles fier nemmen eng ZF DVD ze kreien Majo du muss op 95kg kommen kloer dierfs du mat openen hoer kämpfen (mech nervt et net, eischter dech wann se andauernd am gesiit hänken an du net gesais meng riets GEFLUNN kommen) Gesinn op der foto hues du zwar dei falsch hänchen et mussen der mat OZ 12 sin, deis du op der foto hues ass 6 oder 8, mee bon dat giff ech der nach duerch goen lossen |
Franky 24.11.2007 | lol.. dat ass eng fotomontage, ech hun dei händschen net du schengs jo een profi ze sin dass du dat so ugenee gesais…. |
CArLO 25.11.2007 | Hehe jo dat hun ech och gesinn dass dat e montage ass Dat gesait jo all mensch dass dat sparings händschen sin…….. Ech schecken dier eng keier eng foto fun mier Mee so hues du wierklech net besser leiwer eng DVD ze kaafen |
Paulie 25.11.2007 | also wanns de en trainer wells… kp an ech wetten drop das du den Herr kao schleits |
Franky 25.11.2007 | Sparring,? waat ass dat? nee machen den geck.. ech wees waat dat ass mee een ennerscheet tescht den händschen gesin ech net… |
CArLO 26.11.2007 | Gesais de FRANKY: Ech kann main numm net richteg schreiwen An Du hues keng ahnung wat an dem sport leeft Nach emol: 1. Ech hun boxhändschen fun 12OZ an du muss dei selwescht hun also och 12OZ 2. Ech kommen fier naischt op falls du beim kampf eppes geschitt |
CArLO 26.11.2007 | Jo ech wess ech kann emol net richteg letz. schreiwen: …… falls DIER beim kampf eppes geschitt |
CArLO 05.12.2007 | Wei steed et mam training ? |
Franky 06.12.2007 | am moment net gudd Carlo… hat mol eng mogrippe(an nees bessi kilo verluer) an ass bessi stressy zur zait… mee starten awer glaich bessi duerch |
CArLO 27.12.2007 | FrankyBoy wei get et mam training? also ech kann der soen dass main kampf zu breissel net schlecht war an ech no punkten KLOER gewonn hun an main geigener eng open wonn iwwert dem Aan hat, mee bon main nächste kampf steed och schon fest…….. |
Franky 28.12.2007 | give me time… |
Barnig 06.03.2008 | Wei steet et mam Training? |
CArLO 06.03.2008 | * |
Franky 06.03.2008 | ma tiptop… an puer(1-100) meint sin ech ready |
Franky 17.12.2008 | Kennt keen hei am forum een den hobbyboxer ass? oder deen soss geboxt huet an ahnung huet? |
JAMES BOND …never dies
Barnig 16.01.2007 | Och desen TOPIC … is not enough |
Barnig 22.01.2007 | SONY Pictures huet ugekennegt dass den DVD vu CASINO ROYALE fir März 2007 um maart wäert sin! Bonusmaterial get et keen! Mee wee wonnert et? Speitstens puer Meint mi speid wäert dann eng Special Edition rauskommen, a fir Enn des Joers secherlech och eng ULTIMATIVE EXTENDED DVD EDITION! -> Dei Houer Ofzocker! |
gubius 22.01.2007 | Jo ass jo dei üblech Method, alseicht geld kreien, dann nach eng keier geld kreien…dan fir eng extra editioun geld kreien, an 20 joer rem fir en remake 3 mol geldkreien oder mat engem NostalgieCollection bessen mei froen….also emmer nëmmen geld..graad bei Sony wonnert mech daat am moment nët |
Barnig 12.03.2007 | Fir den DVD-Release vu CASINO ROYALE (23.März) gin et mettlerweil scho 4 verschidden DVD’s: > NORMAL SINGLE-DVD > COLLECTOR’S EDITION (2 DVDs mat Specials) > COLLECTOR’S DECKS-POKERKAARTEN EDITION (2 DVDs + Pokerspill) > COLLECTOR’S BUCH EDITION (2 DVDs+ Buch iwer de Film) mee merde,… waat leeft! Am plaatz eng ordentlech grouss DVD rauszebrengen |
Barnig 14.08.2007 | HAPPY BIRTHDAY bondgirl “HALLE BERRY” D’Joffer aus dem DIE ANOTHER DAY feiert haut (schon) seng 41 ! |
Franky 14.08.2007 | dat schielsten bond girl ever |
Barnig 27.08.2007 | Een vun de flottsten Bondgirls: BARBARA BACH (aus “The Spy who loved me” ) feiert haut seng 60 ! HAPPY BIRTHDAY |
Barnig 15.01.2008 | Am Rhytmus vun 2 Wochen, kennt lo all 2t Woch eng nei 007-Zeitung mat Miniatur-Auto eraus! Ass eng TOP Initiatioun. Dei eischt Editioun mat “Goldfinger” war/ass fir 5,50 EUR an allen Zeitungsbutteker ze kreien. “Die another Day” ass dei neechst, a mat de’er musse mer da leider och 13,50 EUR bezuelen. Mee daat ass ganz egaal, well et renteiert sech. Dei Miniaturauto’en sin einfa MEGA, a super fir ze sammelen! An desem Ryhtmus soll et mol na während 6 Meint su weider goen! Den neie Bondfilm (2ten mam Daniel Craig) ass a Produktioun …. |
Barnig 25.01.2008 | D’News ass einfach ze schein, fir se just an engem TOPIC festzehaalen, also namol DEN TITEL VUM 22.BOND FILM ASS QUANTUM OF SOLACE (wei KML 1999) Bleift ze hoffen, dass’en se vlait och en neien 007-Akteur benotzen (Vlait dee selwechten, deen deemols schon am “Quantum of Solace” matgespillt huet) |
Franky 25.01.2007 | PC spill vun Quantum of Solace kritt een schon joerenlaang bei KML |
Barnig 10.03.2008 | Dese Weekend: YOU ONLY LIVE TWICE an ON HER MAJESTYS SECRET SERVICE um groussen neie Fernseh gekuckt! En herrlecht Gefill, Filmer wieren deelweis wei mat enger Homecamera gefilmt, an et mengt een des Filmer wiere reicht zenter puer Joer gedreihnt gin, su kristallkloer a schaarf ass d’Bild |
Barnig 08.04.2008 | Wat e Gerücht war, ass lo awer offiziell konfirmeiert: AMY WINEHOUSE sengt daat neit Titelliid “Quantum of Solace” ka jo ebs ordentleches gin |
Barnig 01.07.2008 | En eischten Trailer zu QUANTUM OF SOLACE Passt perfekt zu CASINO ROYALE,… mee leider ass den Bondimage scho sou verännert, dass een leider net mei mat den aale Klassiker verglaiche kann. Fannen daat total schued, waat awa net well heeschen dass QOS schlecht get, am contraire: Get bestemmt nees gail, mee fannen et allerhand, wei dei momentaan Filmindustrie sech dreihnt |
Mich 03.07.2008 | Cool Biller! |
Barnig 18.11.2008 | Waat haal der vum neie Bond? |
Franky 18.11.2008 | naischt ass een typesch amerikaneschen platten langweilegen action film mat just 2-3 coolen szenen.. ech vermessen britesch spionaction, geil geigener, leit mat Charisma, Dreihbuch ass flaach, nei Ideen net vorhanden. Kloer ass et interessant nees een brutalen Bond ze gesin(sou wei den Timothy, den krutt seng 0 lizenz och schon weggeholl) mee bis op den Fakt huet den Film nix ze bidden. fir een bond film kritt en vun mer 1/10 (den slechsteten bond…) fir een normalen film gin ech dem film alt 3/10 (wou bei all brucewillis film besser ass) |
New KNIGHT RIDER
Mich 13.12.2007 | Voilà, lo ass et offiziell, am Februar 2008 gëtt an Amerika de Pilotfilm fir eng eventuell nei KNIGHT RIDER Serie op NBC ausgestrahlt An hei ass dann och lo endlech de neie KITT (Knight Industries THREE Thousand): jalopnik.com/cars/knight-rider/first-video-of-knight-riders-kitt-revealed-live-333192.php?autoplay=true Si schonns op är Meenunge gespaant |
Barnig 13.12.2007 | em…. Also deen aalen war secher mei kulteg, desen neien ass *of course* massiv gail, mee wees net op dei serie dee glaiche succes kriit wei an den 80er! Well d’Idee ass neehmlech jo keng nei, an just weinst engem mei flotten Auto, wees ech net op daat ziit, a schoguernet an deser Epoche Loose mech iwerrasche, mee si net ganz iwerzeecht. Vlait wa mer Kanner hätten, misst ee mol kucken wei dei daat ganzt gesin, mee ech stin nach wie vor beim Original, an Remake … ! ??? mol ofwaarden |
Yves 13.12.2007 | Fannen deen neien Auto deen de KITT soll duerstellen total langweileg … absolut neischt besonneches, en typeschen modernen 08/15 “Muscle Car” |
Franky 13.12.2007 | Filmer wei FAST AND FURIOUS hun d’autoswelt total op den kapp gestallt.. gidd mol op eng Tuner/auto messe kucken… an op genee sou sachen flippen dei jugendlecher.. ech bezweifelen dass dei sech fir KITT interesseiren well den “langweileg” schwarz ass an ouni neonstuben..etc Ausserdem kann zb den auto an engem neien James Bond vill mei wei deemols den KITT… hun also meng zweifel dass haut nach een ausflippt wann een auto kann fueren wann keen dransetzt(dat get et jo hautesdaachs souwiesou schon). Meng Prognose: dat ganzt floppt! neien publique interesseiert et net… an d’kanner aus den 80’er fannen den neien auto stylos(sou wei den yves grad sot..)… an ouni HASSEL THE HOFF? |
Paulie 13.12.2007 | ech sin och deier meenung (also wei den Yves an den Franky) … den auto geseit net sou extra aus an froen mech iwarhabt wisou se dat machen? naja… mol kuken mee mech zitt et net grad un. |
Mich 09.01.2008 | Voilà hei sinn e puer Teaseren vum New KNIGHT RIDER Also mir gefällt dat ëmmer besser!! An iech? |
Franky 10.01.2008 | den schauspiller as NAJA.. hien well mat der frisi bessi un den David run kommen… mol kucken waat dat get… |
Mich 11.02.2008 | Nach manner wéi 1 Woch bis de neie Knight Rider-Film op NBC leeft. Dat kéint nawell e richteg gudde Film gi, wann een déi Traileren hei kuckt. Ech hunn mol déi beschten Traileren a Video-Berichter erausgesicht: Hei gesäit een ënner anerem dem KITT seng nei Voicebox: www.knightrideronline.com/news/2008/02/new_knight_rider_commercial.php Hei héiert een och am Ufank vum Clip de neie KR-Theme: www.knightrideronline.com/news/2008/02/kitt_is_back_new_commercial.php Hei de KITT an der Show Jay Leno’s Garage. Do héiert een och dem KITT seng nei Stëmm, déi iwwregens vum Val Kilmer geschwaat gëtt. Zum Schluss vun dësem Video gëtt et richteg cool, wann de Leno selwer um KITT fiert www.jaylenosgarage.com/video/video_player.shtml?vid=215960 Hei gesäit een the Hoff emol kuerz um Schluss vum Video Kuckt iech dat roueg mol emol un |
Franky 12.02.2008 | sin gespaant waat dat get |
Mich 04.04.2008 | De Pilotfilm huet mir nawell gutt gefall, an elo ass et och offiziell: NBC huet eng ganz Staffel New Knight Rider an Optrag ginn. Déi nei Serie soll am Hiescht an Amerika ulaafen! |
Barnig 17.04.2008 | Hun de Pilot vum Remake vun der neier Serie jo mettlerweil och gesin, a meng Gefiller si vermescht: > Et ass kee schlechte Pilot(!) Am contraire, duerch dese Start, kriit een onmooseg vill Loscht dei nei Serie endlech wöchentlech unzekucken. Ass interessant gemaach, spannend an ennerhaalsam > Effekter dei sin deelweis total verschass. Am schlemsten ass et suguer an enger Zeen, wu den Mustang einfa nemmen Gaas get, an Kamera no hannen geet, kennt d’Zeen aus dem Computer! Total iwerflesseg. Blöd ass och dass de neie KITT seng Faaarf wieselen kann, ass net terribel schlecht, mee einfach nemmen schlecht. > Guden Effekt, ass allerdings, wa Leit op den Auto scheissen: Hei gesait ee fir d’eischt eng Art Aschosslaach, wat sech dann automatesch nees flickt. Ass total gail! > Turbo Boost (Kult aus den 80er) feehlt leider. Ass awer och doweins net duerch een CGI-belleg-effekt representeiert. > Schauspiller,… naja mat puer frendt een sech schnell un, mat aneren awer net. Muss ee wirklech kucken, waat Serie lo matsech brengt. Alles an allem awer naicht schlechtes (war zwar och während dem ganze Film mat enger negativer Virahnung geploot) |
Barnig 01.07.2008 | Hu geliess, dass den Hasselhoff guernet mei zefridden mam Remake ass. Hie soot “Et ass wei wann een en neien Indiana Jones Film dreihnt, ouni Indy” Hien huet domat NBC virgewarnt, nemmen net d’Serie lo kommen ze loosen. De Flop wier virgeplangt |
Mich 01.07.2008 | Dat gouf awer scho nees dementéiert an de folgende Video beweist de Géigendeel, Hasselhoff supports new Knight Rider: Et gëtt vill geschriwwen, ech gleewe just nach Videoen déi ech gesinn… |
Mich 23.07.2008 | Hei ass lo en éischte Video zur neier Knight Rider-Serie: Uiuiui, villes zimmlech modern a gewöhnungsbedürfteg, mee hmm iergendwéi nodeems een de Video puermol gekuckt huet, dach iergendwéi cool…. mol ofwaarden… Wat mengt dir…? |
Barnig 28.07.2008 | Fannen et vu News zu News emmer mei schlecht! Wierkt lo als “SCI-FI Serie” a net mei wei dei 80er dei mat SCI-FI net vill um Hutt haaten. An da vun de Maacher vun “FAST AND THE FURIOUS” Dei Transformatioun ass total lächerlech, an denken net, dass d’Serie e succes wäert kreien. (Ass wei den Hasselhoff jo soot) RTL huet jo schon sugud wei ofgesoot, a PRO7 kucken, wei se lo funktioneiert, befier se Rechter eventuell kaafen. (ging mech awa wonneren) |
Konkurenz
fuuss 18.07.2008 | Emol eng aner Fro , wei geseit et iwerhaapt aus mat der Konkurenz zweschen den Amateur Film Productionen Helleft do een dem aaneren oder ass daat streng geheim . Osbkura gin jo ziemlech fill Informationen iwert hieren Block , KML ect do gett en eischter dann eppes gewuer wann den FIlm quasi faerdeg ass . Sin Dreihbicher geheim ? oder circuleieren dei zweschend den Leit? Fuuss |
Franky 18.07.2008 | Konkurenz ass dat falscht Wuert. ech schwätzen mol vun KML aus: |
petz 18.07.2008 | Obskura a.s.b.l. deelt gär Informatiounen iwwer den Entstehungsprozess vun sengen Filmer (blog.obskura.lu/), well mer mengen dass daat kann interessant sin an eventuell aaner Leit motivéieren, fir sech och ze lancéieren. Ee Konkurrenzdrock spieren mir nët. Mir suivéieren zwar mat groussem Interessi waat die aaner machen, loosen ons bei onsen Projet’n awer vun kengem beaflossen oder enner Drock setzen, mee dréihen einfach déi Filmer, déi mir Loscht hun ze gesin. Mir sin prinzipiell och interesséiert fir mat aaneren Film-Cluben zesummen ze schaffen, mee soubaal mir an der Produktioun vun engem vun onsen Filmer sin, huet deen absolut Prioritéit. Daat ass aanescht och nët machbar, well mer ganz wéineg finanziell, materiell an personell Ressourcen hun. Iwwer d’Geschichten déi mer verfilmen, probéieren mer méiglech wéineg am Virfeld ze erzielen, aus deem einfachen Grond fir dem Zuschauer den Spaas an d’Spannung nët ze verdierwen. D’Geschicht soll den Zuschauer herno op der grousser Leinwand entdecken. Aaner Cluben, wéi z. B. Feierblumm, sin do vill méi op. Daat ass eng perséinlech Décisioun. Ech fréen mech wirklech op hier nei Produktioun “Heemwéi”, mee ech muss éierlech soen, ett wier mir léiwer gewiecht ech hätt de Schluss vum Film nach nët gelies well dann d’Spannung méi grouss wier. Mee och esou fréen ech mech op deen Film. |
Philippe 18.07.2008 | also ech denken mir sin all eng grouss famill an mir kennen eis all och wann et verschidden vereiner sin. mir gesin eis op festivalen, filmpresentatiounen oder aaner geleegenheeten. an et hellefen och verschidden verreiner aaneren. beim film “grim” vun feierblumm huet de carlo vun obscura an de mike vun pyrrhus matgeschaft. oder beim film “kurze nacht” waren och verschidden verreiner an produktionsfirmen täteg. ob een clun elo eng co-produktioun well agoen oder net ass jidderengem selwer iwwerloos mee ech sin absolut dofir. et kann een nemmen beileieren. an keen vun eis wees schon souvill dass ech behaapten kann en breicht neicht mei beizeleieren. ech schaffen gär mat neien leit zesummen. besonneg interessant fannen ech et mat leit aus dem ausland ze schaffen. wei bei “etre et vivre avec” wou den regisseur schauspiller h.p. plais aus parais an den produzent aus ägypten an bei “kurze nacht” mam schauspiller marlon kittel. mat sou leit ze schaffen kann nemmen vun virdeel sin. an och beim neien projet “heemwei” besteet d´equipe aus villen internationalen leit. all club huet seng aarbescht an seng methode ze schaffen an dei meescht verreinen hellefen aaneren verreiner well se genau wessen dass si och gehollef kreien wann si mol hellef brauchen. sou leeft daat hei. wann een keng hellef well unhuelen ass daat pech well sou leiert een net bei an et mecht een emmer dei selwescht fehler. mee wei gesoot. mir sin eng grouss famill am mir verstin eis ennerteneen ganz gudd. |
Barnig 19.07.2008 | Bon ech ka just soen, dass mir just selten en dreihbuch vun engem aneren film kruuten, fir ze checken. kennen also dohier mol lo direkt net matschwätzen. Fannen et awer net terribel interessant, lo en Dreihbuch vun z.b. LMT ze kreien, well ech dann wirklech net mei sou gespaant wier, fir de film ze gesin, a mer souwisou meng eegen Filmversioun virun Aaen ging haalen. All Verain oder Produktiounsklub muss och bessi seng Iwerraschung baibehaalen. Ech ging wirklech net gären Leit Dreihbiiicher am viraus schecken, souwisou wann ech en Dreihbuch schreiwen, verstin just ech et genau (wei daat ganzt soll ausgesin) mee bon… Also mir vu KML hun jo z.b. keen Dolly, wa mer do heiansdo kinnten ee geleihnt kreien wa mer ee breichten, wier jo relax… |
WHO is WHO
Franky 18.07.2008 | Ech hun mettlerweil e bessen den Iwerbleck hei am Forum verluer wien lo wien ass. Et sin een ganzen Koup nei Leit hei (muffpuff, Penelope, fuuss, paddes, klinsi..) an ech hun keng Ahnung wien daat ass. Also wann een Loscht huet kann een sech kuerz hei virstellen Muss awer net sin, anonym Beiträg sin geneesou Wellkomm! |
Franky 18.07.2008 | Ok, ech stellen mech mol kuerz vir: Hun genee den selwechten numm wei mein nickname hei am Forum, sin Matgrenner vun KML an dodurch och an diversen Chargen am Amateurfilm aktiv. |
fuuss 18.07.2008 | Ech sin den Fuuss , ( esou gin ech genannt fun jidderengem ) ech sin keen Matgrenner vun KML hun awer den Video fum 007 doheem 😉 hei ass jo schon eppes , tjo an soss keng Ahnung wollt einfach emol bessen hei liessen iwert Amateur Scene fun den Filmer hei zu Letzebuerg. Nach froen ? |
Franky 18.07.2008 | okey weieen 007 hues du dann doheem? |
fuuss 18.07.2008 | denn allllllereischten Icebreaker mengen ech heescht’en |
Franky 18.07.2008 | YEAH! |
fuuss 18.07.2008 | ech wousst emol net dass et der puer gin sin lol *shame on me* naja elo gleich waert erem den Moderator kommen an soen mir sollen um Topic bleiwen lol |
Franky 18.07.2008 | Icebreaker waar den eischten, duerno sin der nach 2 rauskomm. nee nee den Moderator ass ganz brav |
fuuss 18.07.2008 | ach so lol naja sorry hun just den eischten gesin 🙂 |
Great Movies
Barnig 13.07.2007 | >> DELTA FORCE mam Chuck Norris ! ass nawell kee schlechten 80er ACTION |
Yves 13.07.2007 | en typescht Produkt aus der Reagan Ära: rassistech, einseiteg, awer mat knalleger, brutaler Action wi se haut nemmei gemaach gett Wat mech allerdengs un Delta Force stéiert as dass et baal 1 Stonn dauert bis iwwerhaapt eppes nennenswertes geschidd. Nach besser fannen ech iwwregens Delta Force 2 – The Columbia Connection, dirigeiert vum Chuck sengem Brudder Aaron Norris. Ultrafett Zeitlupenballereien, Explosiounen, Stunts, dee Film kann einfach alles. Och interessant sin Missing in Action 1 an 3. |
Barnig 13.08.2007 | SISTERS (vum Brian DePalma) Dese Kultfilm aus den 70er azielt d’Geschicht vun Siameteschen Zwilingen dei getrennt goufen, an wu daat eent Beis gouf, an daat anert Gud… Eng interessant Geschicht an totalem DePalma Style zesummegesaat! Mei wei nemmen 1 Homage un den Hitchcock kriit ee gebueden. TOP FILM ! DVD ( FSK18 ) fir 10 Euro schon ze hun! Leider keng weider Specials drop, bis op Info-Texter |
Philippe 13.08.2007 | mengs de deen film geif een och am darty kreien? |
Barnig 14.08.2007 | Ech mengen net,… kann der se awer bestellen, bei der neechster Occassioun! |
Barnig 01.10.2007 | A HISTORY OF VIOLENCE Am David Cronenberg sengem -mengen ech- leschte Film geet et em e klengt Duerf, wou alles Peace ass. Geschicht azielt iwer eng Famill, wou de Familiepapp an engem Café schafft. Wei enges Owes, 2 Gangster erankommen, an nach ebess wellen bestellen trotzdeem dass de Café zou ass, gin si emmer mei domm, an et kennt zu Gewalt. Dei 2 Gangster sin entschloss Leit emzebrengen, mee dee moment brengt de Papp dei 2 Gangster em, a get kuerzdorop als Held ugesin. Leider ass dest just den Ufank vun enger Retsch Virfäll, dei dann an deem liblechen Duerf gescheien… Gude Kino! 7/10 STEPHEN KINGS “DESPERATION” An deser King-Verfilmung geet et em e verloosent Gebiet an Amerika, wu en skurillen Cop sämtlech Touristen unhällt, an se a sain Reveier an de Prisong geheit. Mee naicht schengt zu Desperation echt ze sin. Lauter Henn, dei bei der Ankunkt an enger Reih setzen, lauter Kueben, an aggressiv Deieren sin och do. D’Menschen schengen all doud. Dei puer Prisoneier, versiiichen aus dem prisong ze entkommen, mee net nemmen d’Policereveier ass su mysterieis a shockeiernd … Grusselech a Makaber! 7,5/10 |
Barnig 26.10.2007 | SMOKEY AND THE BANDITS Mat deser leschteger Roadmovie Comedie, hu mer gescht owend nees eis Weekly-Filmsessions gestart. De Film ass relativ wiitzeg, an eng permanent Autoverfollgung suergen fir Ennerhaalung. Onvergiesserlech sin allerdings dei Sprech, |
Barnig 19.11.2007 | BROKEBACK MOUNTAIN An desem oscargekreinten Film geet et em 2 schwul Cowboys … Super Film!! Fantastesch Biller, properen Montage an exzellen Schauspillerei, machen dese Film zu engem Meilesteen an der Filmgeschicht! |
Barnig 25.01.2008 | Huet een de Film “DIE GROSSE STILLE” ( “La grande Chartreuse” ) gesin ?? Ass e Film vu baal 3 Stonnen, deen an engem Klouschter a Frankraich spillt. Ass quasi keen Dialog just “Stille” a Biller. Kriit een momentaan fir 7,90 ze kaafen, a geing mech nawell interesseiren. Huet een dee Film gesin (virun 5-6 Meint am UTOPIA)? A kann ee mer e klengen Statement gin? Wier relax! Soss get en awer kaaf |
Barnig 13.02.2008 | Bon, vue que dass keen dee Film gesin huet, hun ech en lo kaaf! |
CArLO 13.02.2008 | Den Film ass an mengen aan einfach ze lang fier dat wat et ass mee bon jidereen huet en anneren gout |
Barnig 13.02.2008 | OK graad daat interesseiert mech waat mei speziell waat besser |
Barnig 20.05.2008 | THE OMEGA MAN mam Charlton Heston. Den eischte Remake vum “LAST MAN ON EARTH” (mam Vincent Price), aus de 70er Joeren. Ech hun den Original zwar nach net gesin, op wuel en bei Amazon bestalt ass, mee desen eischte Remake ass ultimativ!! Natirlech vill besser wei den Will Smith Remake “I AM LEGEND”. OMEGA MAN huet eng besser Besetzung, d’Monsteren kommen net aus dem Computer, mee stellen eng Art Vampir duer, d’70er Joeren Atmosphäre ass quasi net ze iwertopen! Ordentlech gude Film, deen een fir e klengen 5Euro Schain iwerall ze kaafe kriit! |
Nei Traileren
Yves 19.02.2007 | Hei as deen neiesten Simpsons – The Movie Trailer: images.apple.com/movies Fannen ech mettlerweil vum Humor hiir mei iwwerzeegend wi di éischt Teaseren … lossen ma eis mol iwwerraschen |
Barnig 20.02.2007 | Ech awaarde mer net vill vum Film “SIMPSONS” och duerch den trailer, get daat suguer na verstärkt! SIMPSONS ass eng gail Serie,.. mee Kino … |
Philippe 20.02.2007 | ech sin och ganz skeptesch. et ass sou ähnlech wei bei x-files. ech sin een groussen x-files fan. dun ass de film rauskomm ouni d’serie awer entscheedent weider ze brengen. daat war rem sou eng saach fir suen ze maan. awer doduerch gouf weeder dem mulder seng schwester rem bruecht nach ass d’perseinlechkeet vum cigarette smoking man irgendwei mei kloer gin. also de film war ennerhaalend mee huet de ganze konzept vun der serie net weiderbruecht. bei de simpsons ass et jo elo aanescht mee ech wees och net genau firwaat elo een film muss kommen. si sollen sech vlaicht eichter op d’serie konzentreieren well dei leider net besser get mat der zeit. an ausserdeem hun ech am trailer gesin dass vill mam pc geschaft gin ass. vill effekter. an daat steiert mech bessen. daat ass de charme vun de simpsons an futurama an american dad an family guy. dei 2D welt an der de witz mat all meiglechem klischee an gesellschaftlecher dommheet an onsenn gemaach get. doweinst hu mer se all gär. an well se sou einfach gemolt sin. an wann elo zevill 3D dra firkennt dann ass dei kleng 2D welt zersteiert. an daat wir schuert. mee d’witzer am trailer gefaale mer zimlech gudd muss ech soen. ech hoffen just dass der nach puer mei derbei sin dei bessen mei deif gin. |
Franky 21.02.2007 | also ech geing soen den film ass weder entäuschent nach besser wei serie, et ass einfach eng laang simpsons serie mat besserer grafik! (zb south park der film war och net wirklech anescht, et waren just extrem vill musekpassagen dei genervt hun) punkto Xfiles: den film war net immens, an wei den philippe schon sot ass et net wirklech wichteg fir dei ganz Geschicht weiderzebrengen(mee dat war och net ziel vum regisseur, den Film sollt och fir Leit dei Xfiles nach nie gesin verständlech sin) Dei 3D effekter bei Simpsons sin just genotzt gin well et soss VILL ze Vill zait gebraucht hätt.(zb wann eng persoun no fir kennt hun se einfach “gezommt” oder leit “copy paste” dohin gesaat. 3D elementer sin just bei komplexen maschinen/heiser benotzt gin(dass den grafiker net bild fir bild muss molen wann Kamera em sou eppes schwenkt)Dat ass schon vill bei Futurrama benotzt gin(zb hier d’raumscheff) an huet menger meenung guer keen Styl mei(dofier hätten se einfach roueg Kameraastellungen wei an der Serie sollten huelen) |
Yves 20.05.2007 | Voila, en eischten Trailer zum 4ten Rambo film “John Rambo”. Leck mech am Arsch, wat as deen Trailer fett Oldschool, brutal, handgemaachen Action ouni CGI, den Sylvester Stallone mat 60 Joer scheinbar an Topform an lauter Unspillungen op di 3 Filmer firdrun. Bis elo secher een vun denen Filmer op dei ech 2007 am meeschten waarden. Et gif mech allerdengs wonneren wann d’MPAA di divers Sequenzen (zB dat mat der Kanoun bei 2:10) ouni e Wiirtchen matzeschwätzen durchwenkt. Sou geseit dat nämlech eischter no NC-17 Rating aus wi no R-Rated. Mä vlait hun se jo och e bessen Verständnis fir sou eng Kultserie wie Rambo Opjidderfall decken Respekt fir den Herr Stallone deen hei konsequent op Oldschool Flair setzt statt op Moderniteit an High-Tech wi deen neiesten Die Hard 4.0 |
Vivi 21.05.2007 | www.youtube.com/watch?v=14KlsramMHg Natierlech muss den hei och sin! Den Film gett einfach den Glanz an deen den desen Trailer kuckt an keng positiv Reaktioun kritt dann gin ech all meng Ustrengungen einfach op an haalen alles fir mech ab elo Freen mech sou!!!! |
Yves 20.11.2007 | www.empireonline.com/movies/news/new-cloverfield-trailer CLOVERFIELD, Trailer #2 |
Franky 20.11.2007 | 1sten trailer dovun huet mech mei iwerzeegt.. desen ass mer zevill des gudden(mat der armei an co…) gesait aus wei sou een Emmerich movie, an ech hun grad bessi zweifel op den film d’erwardungen erfellt…sin trotzdem gespaant |
Barnig 21.11.2007 | De Film get SECHER net besser, wei den Trailer ! An iwerzeecht mech net su ganz, och wann JJ Abrahams drop steet Wei ass et mam RAMBO 4 an INDIANA JONES 4 Maat bessi virun, amerikanesch Kolleegen! |
Yves 03.01.2008 | Nei Cloverfield Posteren: Also bei dem zweeten kéint ech ma virstellen mer een dofun an d’Kummer ze hänken |
Philippe 03.01.2008 | publicity vum film ass genial… keen wees waat dei staat do ungreift… 100.000 theorien awer keen wees eppes genaues… gudd gemaach an ech fannen dei zwee traileren top an do kennt menger meenung no eppes geiles op eis duer… |
Franky 03.01.2008 | hmm ech mengen ech hun schon virun 4 meint gelies em waat et geet.. an zwar…. (naja soen et lo net…) |
Barnig 03.01.2008 | Naja, mo kuckn … Si mer awa ganz secher, dass duerno 80% vun de Leit seet: “Traileren a Virfreed war mei grouss” Mee mol hoffen, vlait kennt jo wirklech nees e guden amerikanesche Film an Kino’en |
Franky 03.01.2008 | bon hun schon laang laang gelies dat em den Godzilla geet, falls dat den fall ass dann sin ech krass entäuscht. |
Barnig 03.01.2008 | Nee daat wier MEGA schiel wann et su ass…. denken awa net |
Yves 03.01.2008 | Hehe di Godzilla Theorie as net di eenzeg Et as bis elo absolut nach NET gewosst wat fir eng Kreatur et as, an dat 2 Wochen firum Filmstart … beachtlech. D’Theorien emfassen bis elo den Godzilla, Gigantor, en Robotor, su eppes wi den HOST, su eppes wi den HOST gekreizt mat engem Buckelwal (!), en Cyclop, en Alien, … mä et wees wierklech keen wat et wierklech as.. |
Franky 03.01.2008 | bon meng theorie ass(also et ass net meng, mee dei ech fir plausible haalen) dat et 3 Monsteren sin: den godzilla, een Deier waat flitt(drach) an een ennerwassermonster(giganteschen rochen oder sou) wiesou: ma well am trailer gesot get dass iergendeen een cadeau aus Japan matbrengt… also dei monsteren Falls dat wirklech sou ass.. dann ass et lächerlech… Mee den eischten teaser an dei Posteren fannen ech MEGA GUDD…. naja ofwarden |
Philippe 06.01.2008 | et ass meng mamm. sou elo ass et raus. |
Yves 06.01.2008 | Freck jo, lu wu’s de et sees! |
Franky 06.01.2008 | ech duecht et wier dem ****** seng mamm?… ok… |
Vivi 08.01.2008 | www.youtube.com/watch?v=kk2-ntNyZaY Ech wees dass et wahrscheinlech keen interesseiert mee den Trailer vun Sex and the City as eraus. Et as schon eng Zäitchen hier, mee haat bis elo keng Zait fir en ze posten…mee hei as en! ENJOY!!! Cuz I will… |
Paulie 08.01.2008 | ech freen mech schon deck dorober fir en kennen kuken ze goen… (do kennt den Marc net dolancht hehe) |
Barnig 15.02.2008 | An hei den TRAILER vum 4ten INDIANA JONES (ofgesin vum CGI ass de Rescht EXZELLENT) |
Aktuell Serien
stivi 07.02.2007 | Also ech fannen wann dir hei schon iwwer Kultserien schwätzt,da kann een och iwwer aktuell Serien diskuteiren well menger Meenung no gin et där momentan genuch. Fir mech ass zum Beispill am oment den absoluten Highlight den Dr. House. Deen ass einfach nemmen sou herrlech ironesch, sarkastech an super am Emgang mat Menschen, top. Absolut kuckenswert!!! Ausserdem get et och naischt besseres wei Gilmore Girls.Allerdings wärt daat wuel eischter eppes sin daat mei d’Meedecher kenne. Ass awer och fir all “Frauenversteher” an “Lebenmeisterer” en absolute Muss. Wat soot dir dozou oder weieng aktuell Serien sin soss nach ernimmenswert? |
Yves 08.02.2007 | Dr. House fannen ech och genial … mega zynesch Wat ech soss nach vill kucken as CSI:Miami, 24 an LOST. Firun e puer Joer wor och Band of Brothers zimmlech genial … do gett d’Geschicht vun enger ganzer US-Kompagnie am WW2 vun der Ausbildung, iwwert d’Landung an Frankreich (mega brutal), bis hin zu Gefechter am Schnéi zu Bastogne, d’Entdeckung vun KZer an d’Anhuelen vun Brechtesgarden nogezeechent … also amfong die Haapteventementer vum WW2. As mengen ech lo firun kuerzem op RTL2 gelaaf, mä nemmen net kucken do, well d’Folgen sin wierklech zum Deel extrem realistech an do as wierklech alles gekierzt. Eng aner absolut Kult Serie, awer schon bessen mi aal: Twin Peaks |
Barnig 08.02.2007 | ^ Aktuell Serien, zeien bei mir just L O S T An dann nach “THE DEAD ZONE” (Serie iwer den David Cronenberg Film aus dem Joer 1983) dei ab 2003 (biswell a 4 Seasions produzeiert gouf) |
Franky 08.02.2007 | ech kann mech mat kenger aktueller serie ufrenden.. dei hun net mei den charme vun soss. X-Files war nach ganz OK, duerno hun ech keng serie(ausser cartoons) interessant fonnt. |
Barnig 08.02.2007 | Net ze vergiessen SIMPSONS, dei emmer nach laafen an emmer nees T O P sin! |
schwup 08.02.2007 | also aktuell serien definitif den Dr.House ass top en plus ass et fir d’studien sauinterressant well et reel krankheeten sin,an nawell gudd duergestalt ass (also och na klengen intelektuellen wärt) dann natirlech och top lost an dead zone soss eeehhh sex and the city wor och ennerhaalsam an friends kennt definitif nie aus der moud |
CArLO 05.07.2007 | Prison Break MEGA HAMMER GEIL freen mech schon op dei zweet saison……………….. |
Philippe 11.07.2007 | prison break ass wirklech geil. d’meedercher kucken nemmen weinst dem schauspiller mee vlaicht mierken se dann wei originell dei serie ass |
schwup 11.07.2007 | Heyhey daat stemmt jo net esou also ech hun lo wei se ugelaaf ass um RTL gekuckt well et mech interesseiert huet waat su gudd un der serie soll sin,an ent weinst dem Schauspiller an hun festgestalt daat d’serie wirkelch deck gudd ass |
Barnig 08.08.2007 | 3t SEASON vu LOST war T O P !!!! 4t SEASON start reicht am Januar an Amerika Hu welles am Wanter puer “NIGHT-SESSIONS” z^organiseiren mat den eischten 2 (vlait schon 3) Seasons vu LOST !! (an der Originaler Versioun) 50 Episoden à 40′ daat gin: 8 Episoden pro Session (oder vlait na mei) AVIS AUX AMATEURS fir Kenner oder fir Interesseierter un der Serie! (di wärten no 8 Episoden guernet mei wellen ophaalen) |
schwup 08.08.2007 | Ok dann machen ech schons direkt eng ufro fir dei 2t season dann emmer op weekends zeverleen, well dann kann ech och kucken di eischt hun ech ganz gesin dei 2t en deel an dei 3t nemmen 1 oder 2 folgen…fannen et nemmen mega |
Barnig 09.08.2007 | Wann da maan mer souwisou just de Weekend! Verstin zwar net, wei ee kann Episoden aus der Season 3 kucken, wann een Season 2 net komplett gesin huet Mee bon, kriis dann hei eng nei chance a verstees dann warscheinlech och mei |
schwup 09.08.2007 | ganz einfach well net alles emmer op der tele gelaaf ass wann een zait haat et ze kucken |
Barnig 15.10.2007 | Dreiharbechten vum Kinofilm “SEX AND THE CITY” hun ugefaangen ! for those who may be concerned |
Franky 07.01.2008 | net mei TOP aktuell. mee amoment aktuell um deitschen comedy central ass d’Comedie Serie LITTLE BRITAIN absoluten Kult PS: dei 2 Komiker spillen d’haaptroll am Petshop boys video :”I’m with stupid” |
Barnig 07.01.2008 | typesch “Hansen’s” Series |
Franky 07.01.2008 | nee nee TYPESCH english humour… fannen dat MEGA geil fir mecht absolut dat bescht |
Star Trek an HD am Utopolis
Jay-Ra 29.10.2007 | Den Denschden 20. November em 19h30 weist den Utopolis D’Menagerie (1scht Season) Episode vun der Original Star Trek Serie vun 1966. Digital Remastered an matt en puer Extraen souwei 5.1 Dolby Surround ass dest eng eenzegarteg geleenheet klassesch Science Fiction am Groussformat ze erliewen. Mei Info (coming soon) |
Barnig 30.10.2007 | Klengt super interessant, an haat neirens dovuner heiren… Leider sin ech net dee groussen “Star Trek – Serien Fan” D’Filmer si jo naach gaang, mee d’Serie war net su gaanz mai genre. Mol kucken! Merci fir d’Info |
Wouss der schon…
Barnig 22.01.2007 | D’Produzenten vu “LOST” (menger Meenung no daat BESCHT u SERIE, waat a leschten 12 Joer rauskoum!) si lo relativ iwerzeecht un engem Enn vun deser Saga … Et stellt sech emmer nees dei selwecht Fro: Well een eng Serie sulaang verzeien, bis se endlech floppt, sprech: keen se mei kuckt oder Stoppt een eng Serie Rechtzaiteg MAT Ofschloss, an et kriit een domader eng flott continueierlech an ennerhaalsam Geschicht, an iwerzeecht Fans mat ugekenegtem Schluss! D’äntwert ass kloer, a ganz nom Motto “Leiwer mi kuerz a gud, wei laang an ustrengend” ass de Produzent Damon Lindeloff momentaan am Gespreich mat den ABC-Studios (dei jo d’Suen zu verfügung stellen, an dei am leifsten emmer emmer emmer nees weider produzeiren) Momentaan leeft an Amerika dei 3.Staffel op der Tele! Dei 4.Staffel ass a Produktioun! Den Lindeloff soot donierft, dass wann dei 4.Season ofgeschloss ass, hu mer 92 Epiosden! Dest ging duergoen, fir sämtlechen Geheimnisser dei der Insel vu LOST nach zur Fro op stin, och eng Leisung ze gin! Duerch d’Alternative, fir eng evtl. 5.Staffel nach ze produzeiren, leisst de Poduzent mat sech rieden, falls een dei da ging vill mi kleng maachen wei die 4 eischt Staffelen, fir am Endeffekt op insgesamt 100 Episoden ze kommen! Et bleift also lo ofzewaarden, waat entscheed get! Ech hoffen si schleissen die komplett Saga mat 100 Episoden gloraich of! Well all LOST Fan wees, wei topescht et heiansdo ass, wann een Episoden kuckt, dei just weinst dem Geld gemaa goufen, a net weinst der Geschicht! |
Barnig 23.01.2007 | PLAYSTATION 2 brengt lo eng SEGA-MEGADRIVE-COLLECTION eraus! Op deser Kollektioun sin aal Klassiker wei SONIC, GOLDEN AXE, ECCO THE DOLPHIN, ALTERED BEAST, ALEX THE KIDD, SHINOBI … ganz am 2D a 16Bit Grafik! Fannen daat absolut a si staark um iwerleen, op ech mer keng PS2 soll kaafen doweins! Mee daat eleng ass mer leider momentaan zemaan! (Haat SNES just kaaf weins MARIO KART an INDIANA JONES) (Haat N64 och just kaaf weinst GOLDENEYE a MARIO KART) Also, naach een ordentlecht Spill (oder 007-Game) da sin ech dabei fir PS2! |
Claude 26.01.2007 | Bass du dann geckeg!!! 1. Kriss du dei Spiller och um neien NINTENDO via Download! 2. All dei Spiller an nach vill mei hunn mer schon laang an vill besserer Automaten-Qualiteit um PC um M.A.M.E.! (an zwar gratis) Dei SNES hues du secher och weinst SUPER STREET FIGHTER II kaaft! |
schwup 27.01.2007 | neien nintendo mengs de dommader d’WII ?? well dei ass wirklech mega cool,mecht extreem vill spass dommader zespillen an kann een sech krank laachen also ps2 ass awa och net schlecht marc,dann kanns de der och den buzz jo zuleen,ass nemlech fir ps2 och singstar,an eye-toy wou een sech och na sportlech betätegen kann,an dann vill aner gudd spiller na an preislech gesin ass ps2 jo wirklech d’halschent vum prais vun enger WII |
Barnig 29.01.2007 | D’Biene Maja ass a grousser Trauer! Den tcheschechen Komponist Karel Svoboda, wu Titellidd zu deser -warscheinlech- bekanntester Béih geschriwen huet, huet sech selwer d’Liewen geholl wisou? su schlecht war daat Lidd guer net! |
Vivi 29.01.2007 | und diese biene die ich meine die heisst Maaaaaajjjjaaaa, kleine, freche, schalue Biene Majaaaaaaaa, Maja fliegt durch ihre welt…bla bla bla bla |
Franky 30.01.2007 | schalue biene maja yo vivi back in da house yo |
Vivi 30.01.2007 | dat lidd as esou fuerchtbar schiel…mir waren eng keier mat engem kolleg ennerwee duerch d’staad an en huet dat lidd op volltueren gedreint, d’fensteren erofgemach an duerch d’stroosen gedüüüüst… d’Leit hun all sou witzeggekuckt,mee et war awer eng fuerchtbar blamage doweint hun ech dat lidd net sou gär… |
Franky 30.01.2007 | geih mol an den aalen forum bei RIDDLY3 ideen liesen.. do steet genee dat selwecht |
Barnig 02.02.2007 | IKEA rifft 2 Modeller vu Vasen zreck: PARODI an APELSIN … des 2 Marquen hellt IKEA komlpett aus dem AKAAF zreck! IKEA ziteiert: “Sie zerbriechen liicht, a kennen blesseieren. De Buedem ass scho puermol ouni Grond erausgebrach” Mettlerweil sin 600.000 däer Vasen verkaaf gin! -da gid dach eis se pardon |
Barnig 06.03.2007 | …dem Britney sain EX: K-Fed (Kevin Federline) haat net nemmen e Gastoptrett bei RAW, mee e spillt och bei den EXPERTS (CSI) /SEASON 7 am 4ten Episode “FANNYSMACKIN'” mat o la la |
Barnig 09.03.2007 | den Tom Hanks well nees e Museksfilm produzeiren, an zwar deen vun ABBA “Mama Mia” An den Haaptrollen si virgesin: Meryl Streep an .. .. … PIERCE BROSNAN dat get bestemmt cool! sie sollen e.a. en duett zesumme sangen |
Barnig 05.04.2007 | Wouhier kennt den Ouschterhues? >Fir Chreschtdaag, wann Chocolat’s Kleesercher rauskommen, dann sin daat der jo vill … ne… an dei wu net gebufft gin, dei bleiwen stoen a schmelzen sou a sech an, bis dass nemmen na e flapp Chocolat do lait (daat ass dann am Summer) MEE: Befier de Summer kennt, ass jo Abrell an Ouschterdaag, dee moment ass de Kleeschen na net ganz geschmolt, an huet su eng ähnelnd Form wei en Hues -> An dohier den Hues mat Ouschterdaag! |
Franky 13.04.2007 | …dass American Idols (Deutschland sucht den superstar) an Finnland vill mei cool ass? Ech keint mer dat hei an deitschland/frankreich net virstellen dass do LIVE iron maiden gecovert get |
Barnig 08.05.2007 | Elo ass et offiziell: “LOST” kriit 120 Episoden! Ufanks wollten Produzenten jo vun 5 Staffelen an insgesamt 100 Episoden alles zu Enn azielen, haaten allerdings nach keen OK vun ABC (Produktiounsstudio’en). Dei 2 Saiten sin sech awer elo eenz: Et gin weider 3 Staffelen an deemno also insgesamt 120 Episoden! Produzenten si frouh doriwer, well se lo eng Ziellinn hun, wei a bis wini se sämtlech Geheimniser vun der Insel gelüftet mussen hun. An deem Senn: Gid Gaas, Jongen, et bleift nach gaaaaaanz gaaaaaanz vill ze aklären! |
Paulie 08.05.2007 | juhuuuuuuu nach mei ze kuken |
Barnig 11.05.2007 | D’RTL Serie “Gute Zeiten Schlechte Zeiten” feiert haut op den Dag genau 15 Joer (…scho su laang …) Eischt Diffusioun war 11.Mee 1992 An deenen 15 Joer ass nawell vill geschiit, mir sin bei der Episode 3738 mettlerweil goufen et: 15 Hochzaiten 37 Doudesfäll an insgesamt 3238 Akteuren dei suwuel Grouss wi och Gastoptretter hannerloos hun! (Interesseiert vlait keen, mee zielen et awer mol) |
Franky 11.05.2007 | jo.. dat ass jo genee sou interessant wei eng tutt plakesch mecken(een ausdrock vum ralph) |
Franky 27.06.2007 | dass et KML production schon get? www.kmlproduction.com dei firma huet och eng vertriedung hei am land… waat soll deen scheiss? |
Barnig 27.06.2007 | Mengen dei vlait, dass wa KML succes hätt, geingen si och succes hun, andeem se sech sou nennen?? |
Barnig 27.06.2007 | hei, die klauen jo aeren numm !! |
Franky 28.06.2007 | net grad.. mer sin KML productions sie sin KML production |
Paulie 28.06.2007 | eee pardoon ?? |
Franky 29.06.2007 | KML PRODUCTIONS an dei aner heeschen KML PRODUCTION ass een ennerscheed |
Paulie 02.07.2007 | et geht zwar… |
Barnig 08.08.2007 | den amerikaneschen Actionfilm “THE POINT MEN” aus dem Joer 2001 vum John Glen (mam Christopher Lambert) spillt op megavillen internationale Plaatzen, Baussenopnaahmen allerdings si quasi alleguerten hei zu Letzebuerg gedreihnt gin… Fir Letzebuerger bessi Vill Actionszeenen gouf hei am Land op alle Fall gedreihnt |
Barnig 20.08.2007 | den akteur JONATHAN KE QUAN (daat klengt Kand “Shorti” aus Shanghai vum Indiana Jones and the Temple of Doom) kriit haut schon seng 35 Joer! mee bon, et bleift een jo net eiweg jonk |
Mich 01.10.2007 | …dass anscheinend NBC/Universal eng Neioplag vun der Serie KNIGHT RIDER an Optrag ginn huet. Wéi déi lo soll ausgesinn a ween soll matspillen ass nach net bekannt… Och de Glen Larson soll lo intensiv dru schaffe fir e Knight Rider-Kinofilm ze produzéieren. Anscheinend ass d’Dréibuch scho fäerdeg… Och do si nach keng weider Détailer bekannt! Oder ass dat ganzt alles nees just e Gerücht Fakt ass jiddefalls, dass lescht Woch an Amerika op NBC eng Neioplag vu “Bionic Woman” (Die 7-Millionen-Dollar-Frau) ugelaaf ass! Wat halt dir da vun där neier 7-Millionen-Dollar-Frau? |
Barnig 02.10.2007 | Naja ech gin do net zevill Hoffnung! De Promo Trailer vu BIONIC fannen ech flott, mee fier Leit dei Die-7-Mio-Dol-Frau kennen, ass et e Witz! An deen Trailer beweist och, dass och wann eng Neioplaag vu KNIGHT RIDER geing erauskommen, ech mer baal net ka virstellen, dass se do op CGI verziichten. An daat get natirlech dann deem ganzen en aneren Look. Secherlech get et fir *NEW GENERATION* bestemmt eng gail Serie, mee fir d’Kenner vun den 80er denken ech eischter e Flop! Stell der mol nemmen fir, sie geingen op de Pontiac verziichten … a geingen vlait ebess mei modernes huelen… Also Remakes sin emmer gud fir Leit dei sech net allzevill an der Geschicht auskennen, mee fir dei aner warscheinlech eischter eng schlecht afaahrung |
Barnig 11.10.2007 | Den Hasselhoff David haat nees en Alkoholgout a sech En ass awer direkt an Klinik gaangen, an et geet em lo nees besser …. |
Fehler bei den Blockbuster’s
CArLO 05.07.2007 | Salut, Hun mier emol geduecht fier een neit thema hei eran ze setzen mam titel “Fehler bei den Blockbuster’s”. Et gin jo leit dei nemmen an den Kino gin fier esou fill fehler wei meiglech bei engem film ze siichen, kucken. Ech fier main deel fannen dat zimmlech witzeg dass bei esou MegaMonsterHollywoodBudget’en nach emmer esou fill fehler fier kommen, mee net nemmen esou fill mee och nach esou blöd fehler……. Swat wann iergend engem eppes bei engem film opfällt dann kann hien jo hei posten. Merci |
Yves 06.07.2007 | An Die Hard 4.0 sin d’Dialoger an minimum enger halwer Dosen Szenen net leppensynchron am Original, zB an dem Dialog no der Explosioun an der Gasraffinerie … dem Justin Long sein Text passt an der Szene su gudd wi guer net op seng Leppenbeweegungen. An natiirlech divers Blessuren beim McClane, di mol kommen, mol gin, mä dat wor amfong nach an all Die Hard Film esou. Am eischten Deel wiesselt suguer eenmol radikal d’farw vun sengem Hiem vun weiss op brong. |
Barnig 06.07.2007 | Puer Feehler aus BOND-FILMER (dei zwar TOP doraner sin) > KRASSTE PANN: “DIAMONDS ARE FOREVER” (1971) An enger Autoverfolgung fiert de Bond mam roude Mustang op den 2 rietsen Pneue’en an eng Sackgass, a kennt op den 2 lenksen Pneu’en nees eraus “FOR YOUR EYES ONLY” (1981) An der Verfolgung mat der gieler Deuxchevaux duerch d’Felder änneren ständeg d’Aschosslächer hannen op der Mall (dest sin nemmen 2 Feehler vun engem ganze Lexikon u Feehler) Typesch: “BEN HUR” Nierft dem Fliger deen am Hannergrond vum Decors fliit, gesait een ausserdeem eemol engem Akteur seng Armbandauer |
CArLO 10.07.2007 | Am neien DH 4 hun schon spezialisten iwwer 40 fehler fonnt. Top nummer 1 ass nach emmer SM 3 mat +- 800 fehler (also och mei fehler am SM 3 wei am Zombiefilm) |
Philippe 11.07.2007 | jo. een krassen plot fehler ass dass si opeemol awer kennen telefonneieren an den auto starten loosen obwuel daat ganzt kommunicationsnetz doud ass. do hàtt ech mer eppes afahle geloos well sou logikfehler kann een vermeiden. |
Harry Potter
schwup 23.01.2007 | Hu lo just gesin daat een daat 7ten buch schons op englech bei amazon kann virbestellen,zwa wessen se na net wini et eraus kennt,mee den titel as awa endlech bekannt heescht Harry potter and the deathly hallows en.wikipedia.org/wiki/Deathly_Hallows |
Franky 24.01.2007 | ahjo harry potter.. am neien buch bestued den harry potter sech, speider get en vun enger riesen grousser spann betäubt an sain beschten frend, den Marcel, geet dann op den eisbierg an sicht him een geigengeft dat en just kritt wann en dem harry seng fra geint den Zauberrank vun den druiden antauscht. Duerno stellt sech raus dass den marcel een beisen doppelgänger vum bösewicht aus den harry potter 2(der feuerkelch) ass. Zum schluss get den harry dank senger Fra gerett, dat op engem iwer dimenensionalen schachbried geing den marcel gewennt well desen vum Schwarzen drach grisuis ofgelenkt get an an schluchten vum Maliuk darak fällt. Am leschten kapitel stierft dann och den harry, well geigengeft net gewiert huet an d’zauberschoul vum Gen Patricks(aus dem 4ten buch :der blutbruder) niddergebrannt gouf. |
Barnig 24.01.2007 | serieux? |
Franky 24.01.2007 | Jo, mee wei gesot ech well den harry potter fans et net schon veroden! |
Barnig 24.01.2007 | Daat hues de jo awa dann lo gemaach |
schwup 24.01.2007 | Also ech muss zwa soen franky daat doten ass net leif,an och na verspötend,mer sin jo awa all hei ganz tolerant vis à vis vum maiden-thema |
Franky 24.01.2007 | jo pardon, et kennt net mei fir….. et war ironesch.. mee sou harry potter unkenner wei den marc hun mer et souguer gegleewt |
Barnig 24.01.2007 | Wei stierft den Harry Potter dann? Explodeiert eng Bomm? am Newcastle (oder wi den numm ass) Schlass |
Franky 24.01.2007 | back to topic: Weieen film kennt der dann engem NET-harry potter empfehlen? |
schwup 24.01.2007 | wei lo?? wei een harry potter film een engem net harry potter fan empfehle giff?? daat hengt ganz vun der persoun dann nemlech oof |
schwup 24.01.2007 | by the way, den numm vum schlass ass hogwarts oder bei den fransouzen poudlar |
Barnig 25.01.2007 | Also wirklech gudd fannen ech keen vun de Potter Filmer… muss awer soen dass ech se all an de Kino kucke war! Mee ech kinnt niemols rausfannen, beim Ubetracht vun enger Szeen, aus weiengem Potter daat war Ass irgendwei alles emmer d’selwecht Ausser natirlech et weisst ee mer den Harry selwer .. deen als Teenie ugefaangen huet, a warscheinlech als Senior als Potter stierwen wäert |
Franky 25.01.2007 | majnee. ech well just wessen waat d’harry potter fans engem “newbie” wei ech empfehlen. Wei kritt een am beschten een NETfan vum harry potter universum iwerzeescht? ech mengen dat geeet am beschten mat engem film. |
Barnig 25.01.2007 | Awer kengem Potter |
schwup 25.01.2007 | also weis de am beschten giffs iwerzeecht gin,wier definitif mat engem buch do giff ech mengen ech dann natirelch soen fänk mam eischten un,mee kanns awa roueg dei eischt 30 saiten mol mi schnell iwerfleien dei sin e bessen mi an d’längt gezun vun den filmer hier giff ech dir warscheinlech lo soen fänk eischter ab dem 3ten un,oder den 4ten, well dei eben scho bessen mi düster sin,den 1t an 2ten sin na bessen mei verzaubert ,ass mei “kannerech” also ech fannen zwa daat se auserneen haalen zesin dei verschiden szeenen aus den filmer mee et muss jo och net all mensch en fan sin, all mensch huet eben en aneren gout |
Franky 25.01.2007 | wann deen dann emol um free-tv leeft dann kucken ech en an schreiwen meng kritik heihinn dass ech an d’librarie mer een buch kaafen gin bezweiflen ech mol lo.. |
Barnig 25.01.2007 | Kann der den DVD leihnen Een aus menger Famill soot: “DEN harry potter, dei musse mer ALL hun” |
schwup 25.01.2007 | kann der se och leinen ,wanns de wells,hun se och all dei bis elo eraus sin,an ech sin stolz drober,idem fir d’bicher,mee dei sin entweder op franseich oder op englech |
Joelle 26.01.2007 | Also dozou muss ech soen, dass ech Harry Potter TOP fannen, wann een een Buch bis ufänkt kann een net mei ophaalen…Se sin flott a spannend geschriwwen. Vun den Filmer war ech bessi enntäuscht…mee ech denken et ass och schweier fir dei ganz Spannung vun de Bicher an een Film emzesetzen. An ech fannen et soll een d´Bicher als eischt liessen ier een uerteelt, well bis lo hun ech nach vun kengem heiren, deen bicher gelies huet, an gesoot huet se wieren schlecht. |
Barnig 02.02.2007 | Allez: Puer Prognosiken Den 21.Juli kennt jo daat lescht Harry Potter Buch eraus_ Stierft den Harry oder Iwerlierft en? Ech setzen e kloeren “HIEN STIERFT” |
schwup 04.02.2007 | hmmm also menger ansicht no stierft hien zwa net,mee eben den voldemort,wien awa och na wärt stierwen kinnt ech mer mol den lupus an den ron virstellen |
Franky 05.02.2007 | ech verstin just bahnhof ech hun heiren den neien harry potter film wier extrem sexuel an net fir kleng kanner .. |
Paulie 05.02.2007 | frankyyyy… dann wees de jo das du en net daerfs kuken goen ne |
stivi 07.02.2007 | Also, ech outen mech dann och mol op deser platz als Harry Potter-fan.Mee am fong kann een daat net outen nennen,well ech si stolz drop!Di Bicher sin einfach super spannend, flott geschichten a perfekt fir alles anescht ze vergiessen. Also,ech ging soen dass hien definitif net stierwt. Ob jiddefall freen ech mech mega op daat Buch. |
Vivi 09.02.2007 | ech hun och su dat blöd gefill dass den harry zum schluss stierwt ech wees net wisou…mee ech mengen fir dass hien den voldemort kann besiegen muss hien och stierwen, well sie 2 jo irgendwei gebonnen sin duerch eps… mee mol kucken…sin meeega gespaant op dat neit buch an freen mech meeeeega op den film!!! |
Barnig 20.03.2007 | Ou, dir POTTER fans… waat hun ech do heiren: D’Emma Watson ( “Hermine” ) well net mei an dee leschte Filmer matspillen! tzzztzzztzzzz |
Paulie 20.03.2007 | An wisou ?? |
Barnig 20.03.2007 | War en “ONE DAY-Gerücht” Warner Bros,.. huet de contraire behaapt |
Vivi 21.03.2007 | Jo den Christian koum och beemol: D’Emma Watson hällt op!! an ech mee dun war ech awer kucken an et stemmt erem absolut net! et wier och blöd wann et geing ophaalen, mat der gage dei et kritt!! eierlech… an ausserdem…ech hätt mer dat guer net kennen firstellen, hatt schwärmt emmer vun sengem job um potter set…dat wier effektiv e bessi komeg gewiecht!! |
Claude 25.04.2007 | Muer ass den “Harry Potter und der Stein der Weisen” riesengrouss op der Titelsäit vum Téléhebdo. Hun deen missten maachen. Also all d’Fans sollen sech daat elo als Poster ophänken. |
Barnig 06.07.2007 | Dese Mettwoch leeft schon nees en neie Potter un… sulues nerven dei zwar |
laatzeg
Claude 14.03.2007 | laatzeg (net verwiesselen mat “latzeg” waat “langweileg” bedeit) Hei ass d’Erklärung an dann well ech kee mei heieren dee wei de Marc geschter seet: “Waat ass daat dann elo genau?” Eng laatzeg Persoun: – wees vun Dommheet an/oder Middegkeet net waat se soll maachen. – nervt an deems se sech domm behellt an emmer erem dei nemlecht schlecht an ofgeleiert Witzer mecht. – sengt z. B. andauernd e Lidd un wei den Yves gescht mam Cena Song. – laacht iwwer all klenge Schissi. – huet d’Flëmm an dass hir einfach alles egal an zevill chaotesch an well just nach Heem an seng Rouh hun. – De Laatz trett meeschten owes speit op, zemools bei Leit dei gesoff hun! Ass net ganz liicht ze erklären, mee et ass sou eng Mëschung aus all deenen Merkmaler. Vun elo aus un get jiddereen emmer all Woch hei beigeschriwwen, ween, weini, wou an firwaat laatzeg war. Zum Schluss vum Joer muss deen Allerlaatzegsten wei z. B. de Marc oder den Yves dann eppes Extraes maachen. (eng Ronn spendeieren) |
Barnig 14.03.2007 | No denger definitioun misst des glaichung stemmen: laatzeg = voll sin oder??? |
Paulie 14.03.2007 | sou hun ech dat och vorstannen… dat passt awa net |
Claude 15.03.2007 | Dat stëmmt net. Et huet guer näischt domat ze din. Ob Alkohol oder net den Yves war z. B. nom WWE laatzeg an der Stuff wou en emmer d’Cena-Musek gesongen huet an domm Froen gestallt an gelaacht huet. Ass e groussen Ennerscheed. |
Barnig 15.03.2007 | Claude du bass och heiansdo laatzeg: “Dajee … komm mer gi lo heem” |
Vivi 15.03.2007 | ech verstin iech net mei…. |
Paulie 15.03.2007 | jo, ball all week end wu ma eppes machen… |
Franky 16.03.2007 | den ganzen topic ass schon extrem laatzeg |
Claude 16.03.2007 | Genau, de Frank seet et. |
Barnig 21.03.2007 | Ech fannen d’Leit sin alleguerten LAAAATZEG !!! Hei as jo guernaicht mei lass,… gi mer awuesen, oder waat? (Laatzeg = Awuesen gin) stemmt des theorie, claude? |
Vivi 21.03.2007 | ech sin dofir! |
Claude 23.03.2007 | QUATSCH! Weder nach! Hun just net vill Zäit hei an de Forum ze kommen. Dei Theorie stëmmt net! Ech hun gescht de Laatz-King gesin. De Bam Margera vun Jackass/Viva la Bam soll bestued gin an well net esou richteg an dofir mecht en alles freckt an geckt vorbildlech. An senger neier Sendung “Bam’s Unholy Union” ass hien esou laatzeg, daat iwwertrefft alles waat ech je gesin hun. |
Franky 28.03.2007 | den yves huet leschten sonnden nees perfekt dat Wuert laatzeg verbildlecht. |
Yves 29.03.2007 | Eng Erklärung w.e.g.! Su ganz blecken ech na emmer net duerch |
Vivi 31.03.2007 | OH my god, hei gett et jo emmer mei komeg |
Claude 02.04.2007 | Dese Weekend war de Marc deen Allerlaatzegsten am zwar de Samschden Mëtten. Hien huet et esou guer selwer zougin. |
Claude 23.04.2007 | Nom Concert war den Yves laaaatzeg, awer sou richteg latzeg! Wees du nach eppes dovunner Yves? |
Yves 23.04.2007 | LOL, ehe, laatzeg my ass, ech hun am Sprinten geint dech gewonnen! |
Franky 29.10.2010 | fir all dei laatzeg sinn… www.yaplakal.com/uploads/post-3-12874627184383.jpg Wien fennt Kaatz um Bild? an et ass eng drop, ouni schaiss.. |
Laurent 30.10.2010 | as se net ganz uewen bessen mei lenks? oder as dat en steen? |
Barnig 02.11.2010 | daat ass e steen … hun daat o geduercht |
Franky 08.11.2010 | ok.. hei ass d’opleisung (ech hunn se och net fonnt.. ass mega schweier) |
Laurent 08.11.2010 | woow, ech hat se mol do net direkt erkannt, misst dunn mol genauer kucken |
Franky 09.11.2010 | et ass quasi onmeiglech d’kaaz selwer ze fannen… mee wann een se emol gesinn huet gesait een se emmer direkt |
Laurent 09.11.2010 | Jop, dat ass emmer sou |
Franky 12.03.2013 | een Thread wou 3 Joer net mei dra gepost ginn ass. ech mengen Foren sinn a puer joer ganz doud. Haut gett just nach getweet, gebloggt a gefacebooked. |
Barnig 13.03.2013 | Daat ass well kee mei ebs ze soen huet GelAAAATZ get na mei wei deemols !! Kann daat konfirmeiren Googelt mol den HARLEM SHAKE LUXEMBOURG ..do si glaich 4-5 äntwerten |
Franky 13.03.2013 | jo.. harlem shake ass eben den LAATZ danz |
Du Jupe!
Franky 16.01.2007 | Alles iwer eis lieblings boxen KEEP IT REAL! |
Claude 17.01.2007 | Jupen sin do: am Dreier-Pack! War elo grad iessen an do waren zwou 2-Mile, dei domm op franseisch gelallt hun nierft mengem Dësch an dunn ass nach eng 4-Mile erankomm (sauschlëmm: Kaap op halwer 7, Pelz um zevill groussen Mantel, Jupe ganz deif, an ech hun e Moment laang onfraïwëlleg sein Kalzong gesin, deen 10 cm iwwert der Jupe eropgezunn war). Deen huet net normal geschwaat, mee emmer e bëssen esou gerappt an direkt eng Tappe mat deenen aaneren gemach. |
Claude 25.01.2007 | Bei der Kellerraumerei soot dem Marc sein Papp: “So brauchs du des CD nach? Do steet EMINEM drop.” De Marc: “Nee!” An dunn huet sein Papp d’Single-CD direkt dohinner geheit wou se och hinpasst, nämlech an d’Dreckskëscht! Des Geschicht geet een vun villen Klassiker, dei emmer erem witzeg sin. Allerbescht! |
Barnig 25.01.2007 | U sech soot mai Papp: “Brauchs du DEEN HEITEN nach” -“Oaah Nee” *plätsch* du lung se an der schwarzer Drecks-tuut! Ei! |
Barnig 06.04.2007 | Meng Madame vum Büro huet e 6jähregen Bouf, a seet mir: “Oaah, je voulais lui acheter un pantalon, avec des poches plus en bas que normal, tu vois, des pantalons rappers” … mei konnt ech op deen eischte Bleck net aussoen… duerno soot ech: “Laisse lui sa propre Liberté de choisir les pantalons,… je trouve ca si nul (…) on déteste cette generation de jeunes, qui portent les pantalons si bas..” (…) -“Oui, de toute facon, il n’a pas trop envie de ces pantalons” (..) “Ne le gâche pas!” |
Franky 20.04.2007 | www.youtube.com/watch?v=pDsd9tvnEv0 DON?T MISS IT (ass iwregens op der neier riddly3 DVD an besserer qualiteit ze hun) hei ass schon een rosenen Gangsta rapper den sech ugepisst villt an eis net fir REAL hällt. SmileyAdam2007 wtf u guys got hanaka’s hangin from ur neck nd what language r u speakin.. and raps supposed to smoothness 2 the lyrics and that aint cuttin it |
Vivi 23.04.2007 | kann ech weg eng keier den text vun dem lidd kreien? et versteet een nämlech net vill… |
Franky 23.04.2007 | steet RIETS … bei youtube(klick op “more” |
Franky 25.04.2007 | nees 2 flott komentarer zum jupen video bei Youtube roudeleiw1945 haha haaptsaach eng gäns. ech fanen et gut dat de 50 cent knascht opt d schep gehol get. daumen hoch guinnessdrenker: gud jongen weider sou |
Claude 02.11.2007 | Nidder mat de Jupen! |
Claude 05.09.2008 | www.thesmokinggun.com/archive/years/2008/0903081pants1.html Saugudd! 150 $ Protokoll weinst senger Jupe an bei der 2. Kéier 30 Deeg Prisong. |
Franky 05.12.2008 | et gin emmer mei jupen… |
Barnig 05.12.2008 | duercht et geing der emmer manner gin … |
Franky 05.12.2008 | kuck WWE…souvill Jupen wei nach nie.. komm mol an staat kucken.. |
Franky 17.09.2010 | haut am Essentiel een artikel iwer JUPEN : change-production.s3.amazonaws.com/photos/wordpress_copies/criminaljustice/2009/04/baggypants.jpg |
Geck, Geck, GECK!
Claude 17.01.2007 | A punkto Niddergecken ass mer elo grad agefall, dass de Bruce och e ganz groussen Geckert ass: beim Bonus-Material op der zweeter DVD vun Rock in Rio get et eng kuerz Opnahm wou hien an engem Hotelszëmmer steet, e Stull an den Hänn hält, “Rock & Roll” seet a knaschteg laacht an de Stull dann ganz locker duerch e klengen Glasdësch faalen leist, deen direkt futti geet. Deemnächst 2 nei GECK-Smilies!!! Ei. |
Claude 19.01.2007 | Net weider lesen wanns du e Meedchen bass, well soss gess du erem rosen an raps eis all d’Panz. Hun elo mein Bauch weih vun Laachen an sin erem voll erwecht! D’Ursaach dovunner: de beschte KML-Client an säin Kolleg hun mer eng genial Idee gin fir e Riddly-Sketch mam Titel “Die Ritter der Keyboard-Runde”: – 3-4 Ritter (dat sin ech an nach aanerer, dei gecken wellen wei de Frank, Yves a Marc…) stellen sech engem Tourneier bis just nach 1 iwwreg bleift, deen dann zum Geck-Kinneg ernannt get. – Jiddereen huet en aalt Keyboard (oder en neit waat een schon fir 8 EURO kritt) an enger Hand als SCHËLD vir ze blocken mam Kabel e puer mol rondremgeweckelt, dass et hält. – An der aanerer Hand huet jiddereen e Flegel/Morgenstern, deen aus 3 PC-Mäuse besteed, dei um Wutz zesummengestreckt sin. Dann kenn een mat engem Schlag direkt 3 Plaatzen mateneen nidderbeetschen, esou dass d’Mauskugel erausflitt an d’Tasten vun der Tastatur ewegfleien an et kräfteg klaakt. EI! Och wann d’Meis vum Kabel lassgin, get weidergefacht, wei mat enger 3-schwänziger Peitsch. – All High-Tech-Ritter huet natierlech och eng modern an zäitgemeiss Rüstung un, dei an eisem Fall entweder aus Mauspads oder aus Loftpolster-Plastik (dat woumat technesch Saachen an Enveloppen bannendran gepolstert sin) besteet. – D’Verleierer kreien, genau esou wei am Gefängnis, eng Kugel un de Fous gestreckt, dass se net mei fort kommen als Bestroofung. An eisem Fall ass daat dann en decken, fetten a schweieren PC-Bildschirm, deen fest mam Kabel um Been ungemaach get. Waat eng Freed. Stellt ierch alles bildlech vir. Ech hun e Grinsen bis un d’Ouren am Gesiicht, wann ech daat d’Ganzt a Gedanken duerchgin. D’Material kreien mer secher am Recyling-Center. Waat haalt der dovunner? Deck beis, neh? Ech hun et rem deck neideg, esou vorbildlech ze gecken… |
Barnig 22.01.2007 | Claude, DU bass eise beschte KML-Client |
Murmel 22.01.2007 | EY, ech hun guer naischt bis lo gesoot |
gubius 22.01.2007 | Salut, ech wollt mech dann och mol zu wuert mëllen(ech war gemengt mat dem “beschten” KML-Klient). Natiirlech huet hien gemengt das ech den ebschten wär, no him…schliesslech setzt een sech nët selwer mei deiw wei dei aaner Jo, also dei Idee dei haat sech sou opgebaut, wou ech an en Koleeg en Shoki umgaangen haaten, dunn ass ët komm…ech froen mech emmer erem waat an deenen Saachen dran ass dei ech iessen oder drenken… Objidefall, Salut mol aleguerten, dann ass daat hei einfach mol main Opening Thread |
Barnig 22.01.2007 | Bienvenue à bord! |
Claude 26.01.2007 | Ei waat war daat elo flott. Ech hun vorbildlech gegeckt a ganz onerwaard ass mer eng genial Idee komm wou ech haut de Mëtten um Wee vir bei d’Frittebuud war. Do ass virun e puer Meint e grousst Gebei ofgerappt gin (ech war daat leider net) an do op der Baustell ass just nach e rieseggroussst Lach waat elo mat Waasser gefëllt ass vum Reen an ausgesäit wei e Weier mat enger “radioaktiv verseuchtener” hell-gringer Fuerf. Den eischten Daag war dei eng Halschend gefruer, den Daag drop dei aaner och nach an haut ass eng mega deck a fest Eisschicht drop. Ech konnt der Versuchung einfach net widderstoen (an wollt daat och guer net) an sin hannert d’Ofsperrung gaangen an hun een vun deen villen Steng an Zillen, dei do luchen geholl an mat voller Wucht am heigen Bogen an d’Lach gegeckt. Zou menger Erstaunung ass de Steen um Eis opgeschloen an ewechgeflunn an nach eng 2. Kéier opkomm an dunn leie bliwwen. Resultat: 2 mini kleng Téitschen. Waat eng Frechheet an ech haat mer fest virgeholl, deen allereischten ze sin, deen do alles niddergeckt! Ech hunn alles gin an et ass net genuch geschitt. 20 Minutten mei speit nom Iessen um Wee fir rem zreck op d’Aarbecht konnt ech mengen Aaen baal net trauen: Et waren iwwert 20 Steng, dei um Eis ennen luchen an alles voll grousser, fetter, wäisser Flecken op der Eisschicht, dei vum Opprall komm sin, wou aanerer sech un mengem Steen inspireiert haaten an et och net gepackt hun e Lach an d’Eis ze maachen. Elo flitt all Dag e weideren Steen drop bis d’Eis futti ass oder eben dat ganzt Lach zougekippt ass. Schlussfolgerung an d’Moral vun der Geschicht ass: 1 GECK mecht der 100! (an zwar vill mei seier wei een mengt) Daat doten hätt een missten filmen oder genau wei de Steve-O op senger eegener DVD sech schein undin an dann mat Schlittschung dodrop fueren goen. |
Claude 26.01.2007 | Gudd esou! Mee du hues de GECK-Sketch am Riddly 3 jo och nach net gesin an wanns du dann nach emmer NET rosen gess, dann bass du häerzlech wellkomm vir am Riddly 4 “Gecken bis der Arzt kommt!” matzehëllefen. |
Franky 06.02.2007 | een ongutbaren geck deen naischt gin ass: www.youtube.com/watch?v=4N2fV–2OW8 |
Franky 10.02.2007 | den christian huet mech gescht nees positiv iwerascht! En huet eis erzielt hien hätt mat engem Hummer(!!) een aalen schaaft futti gemach! Speider am owend, wou nees dat Wuert “Schaaf” gefall ass, huet hien als reflex een 50 cent Champesglaas gesprengt! Geck geck geck geck! |
Franky 11.02.2007 | dei testen IKEA sachen |
Barnig 12.02.2007 | Freck, Jong! Deen huet zwar laang gebraucht… bei eis huet daat puer Sekonnen gedauert A sai Video ass miserabel monteiert |
Vivi 12.02.2007 | du häss en missen gesin wou en mir dat gezielt huet, en haat stären an den aan vun freed! dir jongen sidd einfach nemmen agressiv!! (dat mam glaas war zwar net schlecht!) |
Claude 09.03.2007 | An eiser GECK-Kimmerchen befannen sech am Moment schon: – 2 Keyboards – 2 Mouses Wann alles voll ass geet de Spaass lass. More to come. Sin bis elo alles aal Saachen, dei schon futti sin. An nach e groussen Merci un jiddereen, deen eis dei aal Saachen gett. |
Barnig 09.03.2007 | Ech hu main aale PC (Tower + Kabelen an alles nach bannen dran) soll ech der deen en Denschden matbrengen -> Et get awer drop opgepasst an net heemlech ver-GECKt |
Claude 05.04.2007 | Hun elo grad e Gecke-Bleistëft um Büro nierwendrun entdeckt. E ganz normalen Bleistëft mat engem Schëllejokerkapp aus roud a bloe Stoff mat zwou Schëllen drun. Ech giff deen deck gäeren niddergecken… |
Vivi 06.04.2007 | NEWS!!! ech haat meng eischt geck gefiller!! ech haat eng billards queue am grapp an et stoung en meedchen do mam christian ze schwätzen an hatt as em iwwert den bauch gefuer! ech wollt et esou krass niddergecken mat der queue dir kennt iech dat net firstellen!!!!!! BANG!!! an him op den kapp!!! ech war suuuu roooooosen!!! |
Barnig 06.04.2007 | Et geckt ee keng Meedercher, just Material! |
Paulie 06.04.2007 | also Vivi ech vorstin dech ech haet et freckt gegeckt |
schwup 06.04.2007 | Dach net sou gewaltäteg häss just missen d’queue gudd areiwen mat der kreid an dann widerstoussen,dei geet nemlech guer net gudd eraus wier dach stroof genuch |
Franky 07.04.2007 | yeah.. sou kritt een also meedescher zum Gecken! |
Claude 10.04.2007 | Dach, ma natierlech, och Persounen kenn een niddergecken: ech weisen iech daat an ganz genau 10 Deeg wann ech de CENA frecktschloen. My GECK is now! PS: ech hätt d’Viv gäeren gesin gecken. |
Paulie 10.04.2007 | hehe ech wees schon wenn nieder gegeckt get… den KLOD |
Vivi 13.04.2007 | marc, sou meedercher sin nemmen saachen fir mech!! also get et niddergegeckt wann ech next keier gesin gleew mer!!!! paulie: sin frou dass du mech weinstens verstees… amy: ech war esou eps vun rosen, dei klengegkeet wier mer net duergaang!!!! |
Franky 24.04.2007 | nom WWE zu mannheim huet sech folgendes ofgespillt mecht een een CENA MOVE.. an tokyo hotel girl dreint baal durch |
Barnig 24.04.2007 | schued, dass een eis net gesait |
Claude 04.05.2007 | Haut de mueren hun ech um Wee fir schaffen ze fueren eppes Cooles gesin fir nidderzegecken! Virun 3 Heiser luch masseg Gerümpel: e ganzen Schaaf, eng Couch, Spaanplacken… Et war e riesengroussen Bierg. Ei! E puer Meter weider war e Schüler mat engem Maiden “The Early Days” Tshirt op der Bushaltestell. |
Claude 23.01.2008 | De “Crown Kocher” aus dem Geck-Video spillt an enger Grupp (KILLER), dei net schlecht ze sin schengt. Cool Fotos op senger Säit: www.killermetal.ch Hien an de Lemmy Kilmister vun Motörhead Och d’Covers gesin relativ cool aus vu sengen CDs. |
Laurent 19.02.2010 | Hei kennt lo och mein ‘Opening Thread’ Hut dier dei Idee na emmer ? Oder as et scho geschitt ? Hun all Geck-Videoen schon gesin an et as zimlech witzeg |
Franky 23.02.2010 | Also dei idee gett et nach emmer. Mer hunn schon eng kleng kummer voller saachen(Bildschirmer, Computeren, Tastaturen, Maus…) an dat gett secher alles emol niddergegeckt! |
Laurent 23.02.2010 | okay, ech freen mech drop dat ze gesin |
Barnig 24.02.2010 | Da sammel roueg schon genuch saachen |
Laurent 24.02.2010 | Wann ech da fannen, dann gin ech ierch se |
Laurent 17.03.2010 | ech war geschter am cactus an war zoufälleg grad bei den pc-mais..an do gesin ech ganz aaler fier je 50 cents ! do misst ech direkt un desen sketch denken also wann da nach mais braucht dann wesst da io wou dier da schnell fannt |
Wann ech grouss gin, dann gin ech…
Franky 16.01.2007 | Wann ech grouss gin, dann gin ech …. een Blaat! |
Franky 16.01.2007 | eng BamiNuddel eng Hänsch aus dem Adler eng Axe eng Bucheecker een Geckebengel en Italiener eng Pizza een Kompliment eng Aldi-chipsen-tuut e Baamstamm dem pinto sain punkt eng Pizza-hawaii dem ralph seng kummer dem murrel seng hochzeit een jupe-freien Baal eng täscheluut eng durchsichteg Kescht mat 4 rieder an engem 50€ deieren simpsons comic eng “c’est une bonne tactique” een rouden loftballon den hary! eng noss eng dreppenness eng CD mat Been an Feis(dei dann am CDplayer sprengt) een Moby-Stär eng doudeg Pizza eng Pink Floyd DVD (dann gin ech an enger tuut am ralf seng kummer bruecht) een schwarzen billards dreieck een matrous dem philippe sain avatar (well dann gesin ech all Woch anescht aus= een panda op engem cornet een caro um yves sengem vollpullover eng giel tiegerenten-trotinette eng hondslenkt um P. LARGE sengem reck den Hans Meiser en bild (waaat ausgesait wei een vulkan, een hond hanert engem fleesch steck, een adam hannert engem appel, eng kleeschen schong mat engen rouden kleeschen kostum, een eskimo mat sengem schlitt) een witz-buch ouni witzer eng spiral (fir an eng broschür) den DJ SAM een bierger vun Nouspelt den DJ jaaki eng alpinehütt wou eng après ski party ass een speziellen baal den net speziell ass een thüringer (vum bernard an d’zaang geholl, vum günni an d’breidchen gedreckt an vum raab un eng persoun serveiert) Keng jupe ! eng diamantenbesteckten Creoul 4 euro dei um bueden leien een Hieselter een hiesel-hacker äppel-drecker eng ‘plackeg’ creoul den Tare panda den Cinamoroll den mashimaro den Pochacco den Keroppi den Kogepan dem paulie sain handy den atelier eng zigarette dem enrique iglesias sain digitalen micro aus dem clip mam kournikova eng homepage eng äsch dei op enger zitroun schwemmt dei am philippe sengem glass ass de Straubejitzer englishspeaking Englishman broutpabeier een kannergebuertsdaach am quick een schmelzenden astronaut (fusion) eng auto’s tuut eng Bierbegeisterung eng Kerz vun Lourdes mat der Mutter Gottes dem Sté sain roude-neellack-halter een klengen toaster eng limon-querflütt eng 3 zangeg-eiszaang guer naischt mei well et net mei witzeg ass (ausser kompliment) eng hunnegdrepp den bour rotché dem muriel sain offizielen eberhardt faber schminke halter den Schnippslie eng Gargoul den austerlitz den hotel poussain den Ferschweiler Jugendzeltplatz eng Merz Spezial Dragee bessen metal een haltewunsch een vanille-thüringer dem murrel sain offziellen waasser-stop-halter fir ze schminken deen mat der jacket beim blonden Blonden den kleeschen deen musek mescht eng zweckmillchen den IKIRITZI ISIBO DARKCHILD een MArien-Körper een only-registered-users-can-post-and-other-users-can-only-read eng kacka-frendschaft een Käer op den Keppchen een erdbeerbecher een eisbärbecher zu venezuela een “kuck den full” |
Vivi 16.01.2007 | Oh mei…dat haat ech jo komplett vergiess…et stin saachen do dran do keint ech mech rullen vun laachen!! mee dat bescht bleiwt nach emmer d’kompliment!! |
gubius 01.02.2007 | Ech gin eng Kaatz wann ech grouss sinn! |
Vivi 11.02.2007 | franky?? aaan? nach keng inspiratioun? ech hun den topic emmer esou fir ze laachen fonnt, all keiers wann ech dain post liesen laachen ech mech krank!!! |
Franky 12.02.2007 | -een elton john lidder sänger |
Franky 04.03.2007 | -eng brong KK-kugel |
Vivi 04.03.2007 | hä?? wei as et mat der verdauung? |
Franky 04.03.2007 | -eng verdauung |
Vivi 05.03.2007 | wat war dann nach? deck fett baaken dei net mei ophaalen mat knaaen?? |
Franky 05.03.2007 | – een hamster |
Vivi 05.03.2007 | aaaaah jo richtiiiiiig! |
Paulie 05.03.2007 | an eng bowling panda bull ? |
Vivi 05.03.2007 | ohhhhhhhhhhhhhh di bull, dei war esou süüüüs!!! also franky wannste sou eng gess dann sin ech neideg op dat meedchen wat dech kritt!! |
Barnig 06.03.2007 | .. et geet zwar |
Vivi 06.03.2007 | huest du dei panda kugel iwwerhaapt richteg gekuckt?? |
Franky 08.03.2007 | – eng bowling panda bull (merci paule, hat dat schon vergiess) |
Franky 30.03.2007 | – d’Löwenmama Araxie |
Franky 05.04.2007 | – singstar GAY CLASSICS |
Barnig 05.04.2007 | oh freck… an du arenners dech na drun |
schwup 05.04.2007 | Wien erennert sech net dorunner deen do wor |
Barnig 05.04.2007 | Wells du da keen PINSEL gin, wanns de grouss bass |
Yves 05.04.2007 | @ Fränky: www.bartime.de/shopbilder/wodka_absolut.jpg “Du hues jo do waats de brauchs” |
Paulie 05.04.2007 | keint een och mol eng arklaerung kreien ? |
Franky 05.04.2007 | ech krutt panz gerappt well eng ganz vodka fläsch eidel war dei ech awer weder kaaft nach gedronk hun!!!!!!! |
Yves 06.04.2007 | Gedronk derfun hues de wuel |
Barnig 06.04.2007 | Jo ! |
Franky 06.04.2007 | jo , 1 becher… an dobai krutt ECH deen satz op panz geheit! an den herr batista krutt keng remarque |
schwup 06.04.2007 | Jo mee Frank du bass einfach mei opgefall mat denger “Sonn” an haas bestemt eng touche gema |
Barnig 06.04.2007 | … jo also bei engem ganz secher! “Beat It…” |
Franky 17.04.2007 | – eng noss-schuel |
Franky 29.04.2007 | – een Blaat vun engem Mamer baam mat schaiss drop, vum philippe durchgeknaat an rausgespaut |
Philippe 29.04.2007 | looooooooooooool jo genau sou war daat |
Franky 07.05.2007 | – den Popopaulo – eng Lousiana dreps dei et brengt – een Erbiers-Pichet |
Vivi 07.05.2007 | oooh mei oh mei franky… One drop “is enough”! |
Franky 15.05.2007 | – eng geklauten signature |
etGeetZwar 15.15.2007 | jo, voila, et geet zwar… |
Franky 22.06.2007 | – le charmeur de la nature |
Franky 08.09.2007 | – dem BEN sain brudder |
Franky 28.12.2007 | – eng sammeltaas – vervaine |
Franky 06.02.2008 | – een IMPLODEIERTE GUMM! |
Vivi 07.02.2008 | wat as en GUMM?? |
Franky 08.02.2008 | eppes waats de hannen am mond hues.. |
Claude 08.02.2008 | de Gumm = der Gaumen Dei Partie UEWEN am Mond genau iwwert der Zong! Daat wat sech de Cédric Letsch all Sonndes Owes beim Pizza iessen verbrennt, well se esou lecker ass an en net ofwaarden kenn bis se kaal ass. De Marc ass och e groussen Kandidat wann et drems geet sech d’Zong beim seieren Iessen ze verbrennen. |
Franky 21.02.2008 | – eng carte BUZZ |
Paulie 21.02.2008 | awa eng franseisch |
Franky 05.04.2008 | – een opfällegen Turn inside T-shirt (merci vivi ) – een Atelier- Kucker |
Vivi 05.04.2008 | mei blöd kann et jo baal net sin…et heeescht jo guer naicht!!! et reegt mech jo baal op…as genau su wei dei debil jupen mat hierem sonnenbrell op engem baal, owes um 11 auer an der däischterer haal…IMMENS! |
Franky 13.04.2008 | – eng Samschstes mettes um halwer 3 vum Philippe ugebassen Pr7 Patis-schmier. |
Franky 03.07.2008 | – eng Giampulli |
Franky 22.07.2008 | – a finger in the a** |
Franky 02.09.2008 | – eng pulpe – eng cooperation – une petite mustique – un Spar à draps |
Sprech
Barnig 27.03.2008 | Hei kennt der dei topeschsten Sprech, Kommentarer oder wat och emmer niderschreiwen: “WHAT DID YOU SAY, WE MAKE LIKE A BANANA AND WE SPLIT” vun deuce&domino mei kann een dozou net soen |
Franky 01.04.2008 | “kucks du och DEN SPORTS FERNSEH?” |
Barnig 02.04.2008 | “An waat kucks du haut den Owend?” -“Oaah, ech kucken Den Sports Fernseh” |
Paulie 02.04.2008 | ? ee moien dir zwee… wat leeft? |
Franky 04.04.2008 | I W Q ok dei meescht verstin dat secher net… mee et huet mech DECK rosen gemach wou dem mankind sain balloon clown desen sproch bruecht huet |
Barnig 04.04.2008 | waat heescht I W Q |
Claude 04.04.2008 | Ech mengen et war I Y Q: wann een daat op englesch liest, also all Buchstaaw eenzel dann kennt “i like you” eraus. I = i Y = like (ausgeschwaat wei “why” ) Q = you (ausgeschwaat wei “queue” ) Daat erënnert mech un nach mei eppes Dämleches waat ech freier eemol an der Schoul heieren hunn: Je coq table lion. (d’Leisung besteet doranner alles op lëtzebuergesch ze iwwersetzen. Do geet mer de Kolli heich.) Arummen teschend de Stäeren fir d’Leisung: ***Ech HUNN DESCH LEIW.*** |
Barnig 04.04.2008 | Wees o nach ebs gailes, di Zait vu mer op der Gemeng geschafft hun (su 1998 misst daat gewiergt sin), an de Marco kennt bei eis an den Atelier, an de Gemengenarbechter “Huuuh: Flott nei Schung hues de do” (Marco stolz a laacht) Gemengenarbechter schwätzt weider: “Gees du gud doranner ?” Marco äntwert e stolzen “JO” Gemengenarbechter: “Ma dann treppel” |
Franky 06.04.2008 | Virun engem TAG-TEAM wrestling match sin equipen jeweils als 2er team erankomm Claude: Dei do zwee sin zesummen Alain:daat heescht, et sin Lesben? |
Franky 10.04.2008 | op engem leschten mettwoch owend: L’inter c’est mort, l’inter c’est mort…. |
Barnig 10.04.2008 | la naissance du LAATZ |
Paulie 14.04.2008 | heiiii !! dat as keen latz bei eis gewiecht… an dir huet suguer mat gemat… an suguer nach drei daeg mie speit |
Franky 04.04.2008 | L’inter c’est mort, l’inter c’est mort……. lal lalalalal |
Franky 07.05.2008 | *und wie du wieder aussiehst, der P**** in der Va**** |
Franky 03.07.2008 | ech kennen een, deen wunnt zu Mamer, hien heescht DAVID FLAATI |
Barnig 05.08.2008 | Aus wat fir engem Kultfilm, kennt dese gaile Saatz: “YOU’RE ONE UGLY MOTHERFUCKER” Hun dee Film dese Weekend fir d’eischt an der Originalversioun gesin, an ass relativ gail (80er) *klengen Tip |
Yves 05.08.2008 | Predator natiirlech |