KML-Forum (2007 – 2017)
KML Film
Two more Years – Tournage
Laurent 05.04.2010 | Sou den Torunage hued haut ugefang an alles hued gudd geklappt. Hoffen et geet sou weider ps. Fotoen sin na keng gema gin, wat awer an den näxten Dreideeg wärt gescheien |
Barnig 05.04.2010 | majo si ganz gespaant |
Franky 06.04.2010 | ganz gutt! am beschten d’Szeenen dei gedreint sinn owes doheem um PC emol durchkucken op alles geklappt huet. |
Gil. 06.04.2010 | gett gemach war ma den moien en neien computer kaafen fir daat ganzt kennen bei mir ze machen |
Laurent 07.04.2010 | yes ma hu lo op da kamera emmer gekukt doheem, mee ma haten lo nix um pc. |
Franky 19.05.2010 | Hu mer grad dei eischt Biller vum Film op der Homepage ugekuckt! Ech fannen dei gesinn scho wirklech stramm aus! |
Barnig 19.05.2010 | Meng Zoustemmung |
Gil. 19.05.2010 | Merci Merci Dann probeieren mir sou weiderzemachen |
Franky 31.05.2010 | Ech war de Weekend mol emol um Tournage! Ech muss zouginn dass e bessen KML retro stemmung bei mer opkomm ass Free mech wirklech lo schon op de faerdegen Film |
Barnig 01.06.2010 | An et ass elo schon doudsecher: Dee Film wäert bis an d’Häerz goen |
petz 12.10.2010 | Wou ass de Projet drun? Gët en op der Filmmaker’s Night gewiesen? |
Gil. 12.10.2010 | nee nee sou weit sinn mir nach net. an leschter Zäit ass et net sou richteg weider gaang… a wann en op der Filmmaker’s Night gewissen gett dann op däer vum nächsten Joer |
Laurent 12.10.2010 | Jo, leider as neicht gaangen dei läscht Zait. (Problemer mat den Hoer, Schauspillerin an wann deen een do war, war deen anren fort..). Normalerweis gett desen Sonnden rem gedreint |
Barnig 13.10.2010 | Tiptop! Vlait kinnt een en Trailer oder Teaser prepareiren … wat mengs de Gil/Laurent ? |
fuuss 13.10.2010 | lol problemer mat den Hoer , huet een d’Hoer verluer , sorry dass ech muss lachen mee klengt witzeg |
Franky 13.10.2010 | Mengen et huet een Acteur d’hoer geschnidden |
fuuss 13.10.2010 | ah jo daat ass emmer esou eng sach , an wann den FIlm dann sech iwer 2 Joer dreiht daan kann daat d’Schaulspiller schon nerven dass se sech net daerfen veraenneren |
Laurent 13.10.2010 | Jo sou as et Frank Domaat mussen se dann eben leider liewen |
Laurent 13.10.2010 | @Marc: Mam Teaser weez ech nach net, ech mengen do hun ma einfach nach ze weineg Material. |
Barnig 14.10.2010 | Jo hun dem Gil scho gescht geschwärmt,… da gid ierch mol na drun… dir hut jo na bessi bis enn des Joers |
Laurent 14.10.2010 | Joo voilà |
Two more Years – Preproduktion
Laurent 05.04.2010 | Nodeems Dreibuch faerdeg war, wollten mier eigentlech desen Meinden (5.Abrell) mam Drei ufänken. Mee eis Haptschauspillerin hued an leschter Sekonn ofgesot. Also muss den Start vum Drei nach ebessen waarden. Soss as eis Ekipp awer komplett. |
Laurent 04.04.2010 | Gudd Noricht : Eis Haptschauspillerin mecht awer nach mat. An haut as och schon eng Szeen gedreint gin. Geseit gudd aus bis lo |
T(w)o Friends – Kritiken
Franky 27.04.2012 | Hei kennt der äer Kritiken zum Film schreiwen. |
Franky 27.04.2012 | Meng Kritik zum Film: De Film ass technesch proper realiseiert ( de Petz analyseiert dat bestemmt nach emol mei am detail a vermesst bestemmt color correction :=). Vill Pläng sinn zwecksmeisseg gedreihnt mee et befannen sech och kreativ Pläng am 62 minuten Film. Längt vum Film ass och genee gudd well en ass genau zum richtegen Zaitpunkt faerdeg well an der Stonn dann och rem net sou vill geschitt. De Plot vum Film huet dei eng oder aner Wendung an ass och liicht ze verstoen. Dat Bescht vum Film ass menger Meenung de Schnett vu bild a Musek. Iergendwéi ginn vill Szeenen vun der ausdrucksvoller passender Musek gedroh a vermettlen een ganz besonnegen(positiven) verdreemten Flair. Julie Rodesch an den Raoul Christophe hunn eng super Arbescht geleecht. Lyrics vun de Lidder erzielen Geschicht am fong besser wei d’Acteuren selwer. Iwwerhaapt sinn ech stolz op de Mich dass hien et duerchgezunn huet sou een schweieren Film ze dreinen. Letzebuergesch Amateur filmer vun deem Genre kennen ech quasi keen eenzegen. De Film kann sech net hannert SFX effekter verstoppen oder mat top Locations an Aktion punkten. Fir dat Thema op Film festzehaalen huet de Mich wierklech eng super Leechtung fir sain aller eischten Film ofgeliwwert! A lo kommen ech zu 2 negativ Punkten, Saachen dei mech perseinlech gesteiert hunn. – Dialoguer tescht den Acteuren. Ech hu bewosst Dialoguer geschriwwen well se an den “Museksszenen” gutt harmoneieren mee an hieren Gespreicher oft holpereg riwer kommen. Virunallem d’Haaptacteuren kommen oft dem typeschen “Theaterstuff” Clichee no an et wierkt opgesaat an onnatirlech. Dialoguer hätten do vlait mei natirlech missten geschriwwen ginn oder eben un den Acteur ugepasst missten ginn. Ech well awer och soen dass Rollen wou een Gefiller muss weisen extrem schweier sinn, ech hunn do nach keng handvoll Letzebuerger filmer gesinn wou een op letzebuergesch seng Gefiller iwerzeegen a Wierder faasst (Action rollen an Comédie rollen sin dogeint extrem einfach ze spillen). Die total Katastroph ass et secherlech net, mee oft hunn des Dialoguer mech rem aus dem Film gerappt an mech drunn erennert dass et een “Amateur KML film” ass. Anner Niewerollen wessen awer oft extrem gutt ze iwerzeegen. D’Patronen beim Virstellungsgespreich spillen extrem gudd, och Schwester vum Haaptpersonnage (Michèle Schmitz) leisst dei aner am Film schwaach ausgesinn(bei Szeenen mat him gesait een de Kontrast vun den Acteuren extrem gutt). – Identifizeiren mat den Personnagen. All Personnage ennerleeft eng Entwecklung waat gutt am Film duergestaalt ginn ass. An all Film probeiert een (automatesch) sech mat deem engem oder aneren Personnage ze identifizeiren a matzefillen. Den Tim kennt dei eischt Minuten och sympatesch riwer, mee mat der Zait verkierpert hien eischter een (messlongengen)Fraaenheld an Sympathie zu him kippt extrem seier sou dass een eichter Nora an d’Haerz schleisst. Laura ass engem direkt no puer Minuten onsympatesch sou dass Tim/Laura zu Haasfiguren ginn. Fir de rescht vum Film hunn ech eischter just Matleed fir Nora entweckelt well et lenks laien geloss ginn ass. Drama em de Tim huet mech kaal geloss an ech hu just nach gehofft dass Nora den Tim och lenks leien leisst. Wei genee des Personnagen riwerkommen sollen wees ech net mee diskuteiren dat secher nach emol mam Mich. Den selwechten Problem haat ech och schons mat Cuddly toy wou den Haaptpersonnage zu enger richteger Haasfigur ginn ass. Fir KML verhältnisser ass et mol een aneren Film, souwuel technesch(Spiggelreflex) wei och Thema selwer. Si ganz frou dass KML endlech rem een Longmétrage kritt huet ! Weider sou Mich ! |
petz 01.05.2012 | Wor den Film leschten Freiden an den Ariston kucken an et woren zimmlech vill Leit do (ech schätzen eng 40-50). @Marc : Merci dass du extra de Wee bis op Esch gemach hues fir virum Film mat mer een huelen ze goen. Daat wor e ganz flott Gespräich. Meng Kritik zum Film wärd e bëssen méi kuerz ausfaalen wéi gewinnt, vu dass ech dem Frank seng Analyse gréisstendeels deelen. Fir d’éischt muss een mol ennersträichen, dass de Mich fir en éischten Film wirklech villes richteg gemach huet. Daat fänkt domat un, dass hien säin Film iwwerhaapt mol färteg gestallt huet. Et gin aaner méi ambitionnéiert Amateur-Filmprojet’n … hüstel, hüstel, … déi et nach nët bis zur Färtgestellung bruecht hun. Dofir Bravo! Et geet domat weider, dass de Mich (zesummen mat KML) et dann och direkt nach färteg bruecht huet säin éischten Film an den Kino ze bréngen. Och daat fannen ech eng stark Leeschtung an ech hoffen dass vill Leit de Film kucken gin, domat de Kinobedreiwer och op seng Käschten könnt a fir säin Courage an Ennerstëtzung vun der lokaler Indie-Szene belount gët. Gudd huet mir och gefall, dass de Mich eng Geschicht erzielt, déi een kloeren Ufank, eng Entwëcklung an een Enn huet. Vun der Geschicht hier ass et eng zimmlech ronn Sach, och wann elo keng wirklech grouss Iwwerraschungsmomenter dran woren (bis op – ouni eppes ze verroden – déi mam Auto). Och d’Musek huet mir – genau wéi dem Frank – ganz gudd gefall an huet perfekt op d’Szenen gepasst. Domat wieren mer dann bei den Opnahmen. Waat den reng techneschen Aspekt ugeet, muss ech soen dass ech zimmlech iwwerrascht wor, wéi gudd d’Opnahmen vun der Canon-DSLR op groussem Ecran ausgesin hun. Et konnt een zwar an eenzelnen Szenen den typeschen DSLR-Moiré a Sträifenmotiver erkennen, mee ech mengen nët dass daat engem normalen Zuschauer weider opfällt. Problematesch woren vun der Bildqualitéit hier eigentlech just e puer Nuets-Opnahmen wou een en zimmlech starkt Bildrauschen erkennen konnt. Daat hätt mat engem anstännegen Denoiser licht behuewen können gin. Waat elo d’Fotografie ugeet, hun ech näischt gesin waat mech schockéiert hätt, ganz am Konträr: den Cadrage wor ëmmer zweckméisseg an huet daat gewiessen waat den Zuschauer gesin soll fir d’Geschicht ze verstoen. Op jidde Fall huet d’Kamera-Aarbecht nie vun der Geschicht oofgelenkt, waat eng gudd Sach ass, well jo am Prinzip alles beim Film am Dëngscht vun der Story stoen soll. Eng Sach déi mech allerdengs gestéiert huet, ass de Giel-Stëch deen an ganz villen Bannen-Szenen am Bild ze gesin wor. Ass do keen Wäissoofgläich gemach gin? A wann nee, firwaat hutt dir daat nët an der Post-Produktioun corrigéiert? A moins dass ech mech total ierren, huet et fir mech esou ausgesin wéi wann bei Bannen-Szenen konsequent mat falscher Farwtemperatur gedréiht gouf… Haat irgendeen die selwecht Impressioun? D’Spill vun den Acteuren ass a bleiwt leider och fir mech den Schwachpunkt bei KML-Produktiounen. Ech wees nët firwaat, mee bei all den KML-Filmer déi ech gesin hun, gesäit et ëmmer esou aus wéi wann d’Schauspiller hieren Text opsoen géifen aplaz d’Szene wirklech ze spillen. Do ass dem Mich säin Film keng Ausnahm och wann et vläit manner flagrant wéi bei aanern KML-Produktiounen ass. Dofir meng Fro: Wéi schafft dir mat den Schauspiller? Aus menger (wéineger) Erfahrung, hun mir ëmmer die bescht Resultater vun de Schauspiller krut wann mir hinnen bei der Interpretatioun vun den Dialogen zimmlech vill Fräiheet geloos hun, daat heescht mir hun hinnen gesoot waat sie sollen awer nët wéi sie et soen sollen an sie encouragéiert roueg d’Sachen op hier Art a Weis ze soen (wéi sie daat eben am richtegen Liewen mache géifen) och wann sie sech dann nët méi 100% un den Text aus dem Dréihbuch haalen. All Kéier wann mer wirklech drop gepocht hun, dass eppes genau esou gesoot gët wéi et am Dréihbuch steet, ass et baal ëmmer an d’Box gang… Dofir nach eng Kéier meng Fro: Wéi schafft dir mat den Schauspiller? @Frank: an engem Punkt sin ech nët mat der averstan. D’Schauspiller déi d’Patronen an der Virstellungs-Szene spillen hun mir nët esou gefall. Besonnesch deen deen rieds am Bild soutz, huet totalen Overacting gemach an esou eng geschnitten, dass de ganze Kino huet lache missen. Wann daat gewollt wor, dann ok, mee dann huet et fir mech nët mam Seriö vun der Szene gepasst. Als perséinlechen Fazit géif ech festhaalen, dass “T(w)o friends” ganz sëcher eng vun den beschten KML-Produktiounen bis elo ass, waat emsou méi erstaunlech ass, dass et dem Mich säin éischten Film ass. Op e weideren Film vun him géif ech mech op alle Fall fréen. |
Franky 02.05.2012 | Fannen och dass vill Szennen extrem giel/waarm riwerkommen. Ech war net um Tournage, kann also net soen wiesou/firwaat. Waat Acteuren ugeet wees ech och naischt. An denen aneren Filmer konnten mol d’Acteuren emmer hieren Text selwer upassen a sou soen wei sie en geingen a wirklechkeet soen. Op daat bei 2F och de Fall war wees ech net. Witzeg an Extrem Rollen sinn keng Hexerei ze spillen (zb Zombie film rollen si menger meenung no net sou schweier ze spillen). Eng Roll wou een iwer seng Gefill schwätzt gett oft a seier lächerlech. D’Szeen mam Virstellungsgespreich war wirklech overacting, ech hunn mech bei der Szeen freckt gelaacht. Keng Ahnung op daat de Plang war vum Regisseur Ech bleiwen bei der Meenung dass Letzebuergesch Amateur Filmer mat serieuxen Dialoguer eigentlech baal emmer lächerlech oder opgesot riwerkommen. Iergendwei ass eis Sproch net dofier geegent Grouss Rieden à la Hollywood ze schwengen. Ech sinn bei Mr Knitty den Schauspiller bewosst aus dem Wee gaang (well ech bei mengem eischten Film Bigfoot mega schlecht erfahrungen domat gemach hunn). Mee a sou enger Story wei beim Mich sinn Akteuren an ee Koup Dialog onbverzichtlech. Ech wees awer dass de Marc ganz vill Dialoguen erausgeschnidden huet, an eben leiwer anhand vu Biller a Musek d’Geschicht weiderbruecht huet. Mee ganz ouni geet et leider net. Aner (eierlech) Kritiken sinn och all positive ausgefall. Et schengt mer dass desen Genre Film wirklech gutt bei de Leit ukennt. Haat eierlech gesot net domat gerechnet a duecht dass all 2ten de Film auserneen hellt. Hoffen de Mich schreift och mol eppes hei am Forum |
petz 02.05.2012 | Sin d’accord, dass et méi einfach ass eng witzeg Roll an engem Zombie Film ze spillen wéi eng seriö Roll an engem Jugend-Drama. Daat ass iwwregens een vun de villen Grënn firwaat mir deemols als éischten Film eng Horror-Komédie gedréiht hun (an du bei Mr Knitty ganz op Schauspiller verzicht hues). Bei onsem neien Film wärden niewt e puer witzegen och ganz vill seriö Szenen dran sin, dann wärd een eng Méiglechkeet hun ze vergläichen, vu dass och onsen Film just mat Amateur-Schauspiller gedréiht gouf. Wéilt awer elo nët, dass just die kléng Kritik um Schauspill vun den Acteuren zréckbehaalen gët. Wéi gesot ass “T(w)o friends” fir mech ee ganz beachtlechen éischten Film an och d’Spill vun den Acteuren wor ganz sëcher besser wéi bei den aaneren KML-Langspielfilmer déi ech gesin hun. |
Franky 02.05.2012 | ok ech duecht Luxembourg Mystery tale wier nees eng Horror Comédie. Mee gutt ze heieren dass och serieux Szenen an de Film fonnt hunn Si gespaant waat Presse-Kritiker (zb Telecran) iwer de Film soen. |
petz 02.05.2012 | Am Teaser wor jo nët vill vun Comédie ze erkennen (waat mer iwwrgens am Trailer corrigéieren mussen)… Waat d’Kritiken ugeet, stellen ech mech mol op lauwarm bis schlecht Kritiken an, vu dass onsen Film als Haapt-Objektiv d’Ennerhaalung vum Public huet (trivialen Popcorn-Kino also) an alléng dowéinst schon vun der Film-Intelligentsia mat engem Nasen-Rümpfen wärd zur Kenntnis geholl gin (wann iwwerhaapt). Muss awer och soen, dass mir daat esou lang wéi breed ass, mech interesséieren alleng d’Publikums-Reaktiounen. |
Franky 02.05.2012 | Dat ass eng gutt Astellung. Et kann een net mat all Film ee Wierk fir de Sender Arte erschaafen . Wiesou ginn d’Leit an de Kino? Fir ennerhaalen ze ginn. (dei aner Leit ginn eben an den Utopia ee franzeichen Film kucken…) Mam richtegen Marketing fennt de Film seng Unhänger, do sinn ech mer secher Zombie-film huet och honnerten vu Leit an de Kino gezunn |
petz 03.05.2012 | Wöll soss nach een zum “T(w)o friends” Stellung huelen? Mich, hues du Informatiounen déi’s du gär deelen géifs? |
Barnig 03.05.2012 | Moien, zum VER-GIELTEN look: Fannen daat o net gud, mee daat war dem Mich sai choix deem absichtlech sai fotoapp. sou agestallt huet. Meng HAAPTKRITIK vum Film: beliichtung an toun: Puntko opwand lait den 2F op engem liewensrees niveau, well hei weider mat spoten nach ext. mikro geschafft gouf. (wat een am film kloer mierkt) Ebess wat mech ufanks extreem gesteiert huet, ass awer och hei nees dem regisseur sai wonsch gewiercht et sou ze maan, dass et soll mei “real” wierklen. Menger Meenung no hätt dem film daat awer naicht gedoen. Akteuren: gin ech dem petz recht, allerdings virstellungsgespreich fannen ech absolut daat bescht wat ech bislo irgendwou gesin hun, op over-acting oder net, mir gefällt dei zeen, a sie seet genau daat aus wat et soll. Wann (puer) Leit an de’er zeen laachen, dann ass daat just well dei su eng art humor hun, an et witzeg fannen wann an engem virstellungsgespreich den interesseierten bessi zur sau gemaa get.. Fannen daat EXZELLENT !! Kamera: De Mich kann daat (meecht daat jo och scho laang genuch) Pläng sin also alleguerten tiptop. (dei wu lo na am film sin) wubai ech och hei namol well soen, dass eis FX1000 en ähnlecht gud resultat gema hätt, a villes während der produktioun vereinfacht hätt, och wann de film herno net op 1920 wier. Ebess nach geint de Frank: Zu dengen Akteuren am BIGFOOT: Do waren awer puer GLANZ-ROLLEN dabei, hoffen du vergess daat net |
Franky 03.05.2012 | ok ok … Wann de Mich zait fennt da schreift hien secher nach eppes hei |
petz 03.05.2012 | Keen externen Mikro??? Daat wonnert mech elo awer wirklech, well och wann den Toun nët ëmmer ganz propper wor, esou woren Dialogen dach gudd ze verstoen. Erënneren mech awer op manst un eng Astellung wou zwee Acteuren matenee geschwaat hun während sie getrëppelt sin a vu dass et sech em ee plan large gehandelt huet, ass et net méiglech dass den Toun do mat den In-Kamera-Mikro’n opgeholl gouf (do wor Distanz zu den Acteuren einfach ze grouss). Daat misst jo dann no vertount gin sin…? Ganz generell : op technesch Equipement oder Méiglechkeeten ze verzichten fir esou “real” wéi méiglech ze filmen, ass – verzeiht mer den Ausdrock – Quatsch! Film ass eben nët Realitéit an domat eppes “real” eriwwer könnt, muss beim Film vill getrickst gin… Erënneren mëch un Diskussiounen déi mer beim Zombie Film haaten well do Leit gemengt hun, mir missten bei den Nuets-Opnahmen op keen Fall Luuchten benotzen domat alles esou “real” wéi méiglech ausgesäit…. Deemols haat ech éierlech gesoot nach eng ganz limitéiert Ahnung vun den techneschen Aspekter vun enger Filmproduktioun, mee ech kann mech nach gudd un den surealisteschen Dialog erënneren : “Ehrm, jo mee wann mer keng Luuchten benotzen, gesin mer näischt!” “Dach, Kamera huet eng Grain-Funktioun, dann schalten mer déi einfach erop an dann geet daat” “Bon, ech hun keng Ahnung, dann komm mir probéieren einfach” Mir huelen eng Szene am Däischteren ouni Luuchten op (hun sie nach DV-Kassetten) an kucken ons d’Resultat un. Dono hun mer ons direkt op Sicht no Luuchten gemach… Grad esou wéi Belichtung bei donklen Szenen ee Must sin, sin bei Dialog-Szenen een externen Mikro een Must. |
Franky 03.05.2012 | witzegen Dialog ! Et ass eng Konscht Szeenen sou ze beliichten dass se natirlech wierken a gutt ausgesinn. et muss een eben wessen wei een trickst. Jo, Film ass effektiv keng real Welt. Et wier och louche wann een an Horrorfilmer stonnenlaang naischt geing erkennen well de Besch jo donkel soll ausgesinn an der Nuecht |
petz 04.05.2012 | @marc : Hun d’Visrtellungszene natirlech och witzeg fonnt, well sie als witzeg Szene gudd funktionéiert. Ech fannen eben just dass den witzegen Toun vun der Szene nët zu den dramateschen Auswierkungen gepasst huet déi dës Szene fir d’Liewen vum Protagonist an der Geschicht huet. Hien fënnt keen Job an rutscht dowéinst an eng geféierlech Schieflag wou hien sech ganz op sech selwer zréckzitt, ufänkt säin Selbstvertrauen ze verléieren an autodestruktiv Iddien kritt. D’Konsequenezen vun der Astellungsszene sin also ganz dramatesch an dofir ass – a mengen Aan – eng humoristesch Approche vun där Szene am Kontext vun der Geschicht déi erzielt gët absolut nët ubruecht. Mee wéi gesoot, alléng gesin funktionnéiert déi Szene natirlech eemenz gudd. |
Barnig 04.05.2012 | Daat ass wells du daat och sou “witzeg” fenns, ech selwer hun och gelaach. Mee et gin awer Leit dei an sou enger Zeen net laachen. Zur Beliichtung an zum Toun do haate mer och puer diskussiounen virun der produktioun doriwer, dest hätt natirlech de grain deen a villen Zeenen vum Film ass eweggeholl, an Biller wäern bei waitem VILL MEI PROPER. Et mierkt een den ennerscheed jo gud bei de baussenopnaahmen, wu bild “beliicht” ass, an de kontrast zu de bannenopnaahmen, ass schrecklech! Mee bon. De Mich haat en ext. mikro op sengem apparat selwer, awer keng perche |
petz 25.05.2012 | Keng Wuertmeldung vum Réalisateur fir zousätzlech Informatiounen zu sengem Wierk an sengen Choix’n ze gin… oder d’Kritiker hei am Forum ze vernennen |
Barnig 29.05.2012 | Jo !? |
Franky 29.05.2012 | Mich, mer waarden |
Franky 21.03.2013 | Hei nach eng Kritik vun engem Kolleg zur BluRay: – Bluray ass bei mir Problemlos gelaf, an ech hat och net deen Problem mat der falscher Opléisung – gudden Making-of + Interviews, asw.., leider ass d’Bild Qualitéit vun den Extras awer ziemlech schlecht (zumols wanns de vum Bluray dann op d’DVD wiessels) – wéi schon gesot, hun ech den Film net langweileg fonnt, well en wirklech gudd zesummengeschnidden an gefilmt gin ass. – D’ Hannergrond Musek vum Film huet och gudd gepasst, an huet och net gestéiert. – hun och ganz positiv fonnt dass op sou villen Locations gefilmt gin ass. Huet mech z.B iwerrascht dass och souguer den Accident owes dran war. – Story ass e bëssen faul, an onglaubwürdeg. Z.B dass den Tim sou schnell e beemol keng Suen huet, an séng Stroumrechnung net kann bezuelen. Sou aarm huet séng Famill net ausgesin – Dem Tim sein Charakter ass ziemlech onsympatesch, an den Charakter ass engem e bëssen egal. Ech wees net ob dat vum Skript hier gewollt war – Ziemlech schlecht hun ech den Sound fonnt. Et sin ëmmer vill Hannergrondgeräischer ze héieren. E puer mol ass et schwéier fir den Dialog richteg ze verstoen. Bei deenen Szenen wou lauter Leit gleichzeiteg schwätzen, wees en net wiem en soll nolauschteren. Alles an allem war den Film dann awer besser wéi erwaart |
T(w)o Friends – DVD/BluRay
Barnig 25.09.2012 | 22 12 12 |
Franky 12.03.2013 | BLu-ray ass ganz gutt gelongen ! Mega vill Material um bonus disk. Wien nach keng huet, zougreifen! |
Barnig 13.03.2013 | Daat freet mech, dass de kee probleem mam bluray hues |
T(w)o Friends – Release !
Franky 12.04.2012 | T(w)o Friends leeft ab dem 27/04/2012 am Kino !! |
petz 13.04.2012 | Bravo! Hun mech mol iwwer FB ugemellt fir den 27ten op d’Avant-Première ze kommen. Sidd der zefridden mam Resultat? |
petz 16.04.2012 | Ausféierlech Kritik an Cover-Story (!) an der Télé-Revue (ab Mëttwoch am Kiosk). Respekt a Bravo, Jungs! |
Barnig 17.04.2012 | Merci Petz, Ech well reicht iwer de Film schwätzen, wann en opmanst 1 woch gelaaf ass |
petz 17.04.2012 | Just 2 Zitater aus dem Artikel: “Eindrucksvolle Bilder, ein rasanter Schnitt, eine spannende Liebes- und Leidensgeschichte – mit „T(w)o friends“ ist Mich Clemen ein meisterhaftes Debüt gelungen.” “Sowohl die beeindruckenden Bilder als auch der rasante Schnitt von Marc Barnig sind meisterhaft.” Méi schéin Komplimenter kann een sech jo baal nët wënschen! Chapeau bas! Fréen mech elo nach méi op d’AP. |
Franky 19.04.2012 | klengt jo super!… ech schreiwen meng Meenung vum Film och ereicht wann en bis leeft. |
Franky 24.04.2012 | De Film leeft quasi all Owend. Ech si gespaant waat mer an 2 Deeg ze gesinn kreien ! |
petz 24.04.2012 | Wéi dann Franky, du hues ären eegenen Film nach nët gesin? |
Franky 25.04.2012 | Nee Petz, ech hunn den faerdegen Film nach net gesinn Virun Joeren hunn ech Dreibuch emol duerchgeliess. An ech war 2x op engem Tournage. De Mich war Regisseur a Kameramann an engem an dofir waren och oft net vill leit um Tournage(just bei de Massenszenen). Eng Versioun vum Film hunn ech virun 4 Wochen gesinn, mee do sinn nach e puer ännerungen geschitt(an ech konnt de Film do net richteg op mech wierken lossen well ech mam Notizblock virdru sutz fir permanent meng Verbesserungsvirschlei opzeschreiwen). Bis op de Marc (deen jo de Film geschnidden huet) an de Mich huet nach quasi keen en gesinn. (an revue eben ) |
Franky 25.04.2012 | Haut ass een Artikel am POINT 24 (FR version) ! |
Barnig 25.04.2012 | Eng weider -net oninteressant- Auerzait a Projektioun kruute mer fir Premiere ze feieren: FREIDEN – 27.ABRELL 22h am CineARISTON (Tickets si bestellbar op caramba.lu och wann naicht dovunner an der presse steet) |
petz 25.04.2012 | Ech zitéieren : “… un film très professionnel bien que tourné par des amateurs…” Wou kommen mer dann hin, wann die ganz Presse elo ufänkt Lobeshymen op KML-Filmer unzestëmmen? O tempora, o mores! Freet mech natirlech fir ierch! |
Barnig 26.04.2012 | Ech hun allgemeng net gäer wann zevill geloobt get … nujee loost ierch selwer är meenung maan |
Franky 26.04.2012 | Huet Wort de film iwerhaapt gesinn oder just den trailer? Ech mengen Presse luewt ALL amateur filmer am viraus, egal wei gudd oder schlecht se sinn. A wann se dann 1 Woch am Kino gelaaf sinn dann zarappen Kritiker de Film! PS Ech krutt nach nie sou positiv Kritiken aus der Presse (( an elo sinn ech motzeg! |
Franky 27.04.2012 | Avant premier war gutt besicht, de Gros vun der Crew war do. Vill Filmclubs waren och vertrieden. Super ambiance a laang Diskussionen nom Film ! Petz wou wars du ? |
petz 27.04.2012 | Ach Gott, daat ass nët méiglech! Ech hun et fir haut den Owend a mengem Agenda stoen a haat mech réel drop gefreet de Film zesummen mat ärer Equipe ze gesin… Keen Mënsch Loscht en dann den Owend um 22.00 Auer nach eng Kéier kucken ze goen? |
Franky 27.04.2012 | eventuel, wann ech haut nach keier kreien. Mengen awer dass haut och vill leit do sinn vun der Crew! ganz bestemmt. Marc du bass jo do? oder..? |
Barnig 27.04.2012 | Jo da kommen ech wuel och Fränk komm och mat! |
Petz 27.04.2012 | Ok, sollen mer virdun een huelen goen? |
Barnig 27.04.2012 | Jo daat kann ee maan. Du hues deng GSM nummer jo net gewiselt am leschte Joer, da ruffn ech der geint der Owend un. |
petz 27.04.2012 | Jo, mach dat. |
Barnig 03.07.2012 | Fir dei wu de film na net gesin hun: Den Owend um 20h00 an der ALER SCHMELZ zu Stengefort am Kader vu Schmelzkultur Bescht Greiss |
T(w)o Friends – Trailer
Barnig 17.01.2012 | kennt ganz geschwenn online … (wann ech da mam plenneren bis meng Internetkonnexioun hun) |
petz 17.01.2012 | Majo, Damokles-Schwert vum Keeleclub hängt iwwert dengem Kapp |
petz 20.02.2012 | Gët et schon een Release-Datum? |
Barnig 21.02.2012 | A nexte Wochen! |
T(w)o Friends – Teaser
Barnig 19.11.2009 | .. soon .. |
Franky 02.12.2009 | Weilaang dauert en dann? |
Franky 15.12.2009 | majo, op der Filmakers Night ass den Teaser gelaaf. Leider zu engem schlechten zeitpunkt well grad jiddereen opgestaan ass… D’Musek gefällt mer mol ganz gutt am Film, d’expressionen vum Akteur kommen och gutt riwer. Dass et eischter een serieuxen Film gett kennt och riwer. Si gespaant op dei eischt richteg szeenen |
petz 15.12.2009 | Hun den neien KML-Teaser zwar wesentlech besser fonnt wéi die Teaseren vun virechten KML-Produktiounen, mee ett wor an mengen Aan nët genug Oofwiesslung dran. E fänkt gudd un, mee dann gët daat Spill mat den Textablendungen ze oft widderholl an d’Szenen dotëscht weisen leider baal ëmmer de selwechten Akteur mat verschidden Gesichtausdréck. Daat hätt a mengen Aan besser funktionéiert, wann ett méi kuerz gehaalen gin wier, andeems een z.b zwou Textablendungen an zwee Close-ups erausgeholl hätt oder eben bei selwechter Längt méi variéiert Astellungen gewiesen hätt, domat een eng Iddi kritt ëm waat ët am Film geet (daat ass zwar den Zweck vun engem Trailer a nët vun enegm Teaser, mee dann muss den Teaser méi kuerz gehall gin). |
Barnig 15.12.2009 | Daat war suguer am Gespreich, fir net all dei “Expressiounen” ze benotzen respk. der mindestens 2 erauszehuelen. |
Mich 15.12.2009 | Salut Petz. Merci fir deng Meenung iwwert den Teaser vum T(w)o Friends. Leider war en zu kengem gudden Zäitpunkt op der Filmakers Night gelaaf, éischtens waren d’Luuchten nach un an zweetens sinn d’Leit schonns opgestaanen. E kënnt demnächst emol online, da kann een sech e nach emol a Rouh ukucken Wisou ass just ëmmer de selwechten Akteur mat verschiddene Gesiichtsausdréck ze gesinn a wisou sou oft? Dat war eng Decisioun vum Regisseur vum Film, also mir Jo en Teaser sollt kuerz sinn, mee vill Biller huet ee jo och net gesinn, e besteet zur Hallschend aus Textpanneauen an zur Hallschend aus beweegte Biller. Ech wollt bewosst net vill verroode, just kuerz undeiten, wat de Film thematiséiert.. mat de Wuertspiller vun de Verben op herno den Titel “T(w)o Friends”. Hätt ech elo 2 Textpanneauen an 2 Close-ups eweg gelooss, dann hätt ech och Emotiounen eweggelooss, an da wier menger Meenung no en zevill eesäitegt Bild vum Personnage an zumols a Relatioun mat enger Frëndschaft entstaanen.. Frëndschaft huet vill Facetten, an an dëser Geschicht duerchliewen d’Haaptpersonnagen déi verschidde Facetten. A welche Situatiounen genau wollt ech natierlech lo net verrooden, do gesäit een am Trailer bëssi méi dervun, dass een sech e Bild ka maan wat de Film erzielt. Mee am Teaser wollt ech wéi gesot bewosst net vill weisen, dofir goufen och net vill verschidden Astellunge dra bruecht. Dat als kleng Erklärung… |
petz 15.12.2009 | Salut Mich, Merci fir deng Erklärungen. Ech wärd mer den Teaser nach eng Kéier genau ukucken wann en online ass. Ech hun en jo bis elo just eng Kéier gesin, mee verstin elo natirlech besser waats du mam Teaser erreechen wolls. Mengen awer, dass an dësem Fall awer vläit “Weniger ist mehr” den Teaser nach besser gemach hätt. Häss du z.B. just een Gefill gewiesen (z.b. Roosenheet) dann wier ech perséinlech vill méi intrigéiert an nach méi virwëllsech op de Film gewiecht wells du dann een interessanten Kontrast tëscht dem Titel an deem waat gewiesen gët geschaafen häss. Mee dass ass natirlech just mäin perséinlecht Gefill an éischten Androck deen ech haat. Ech hun den Teaser jo just eng Kéier gesin an effektiv wor et schued, dass d’Luuchten kuerz ugang sin an een do e bëssen oofgelenkt gin ass. Mee ett ass ganz sëcher een vun den KML-Teaseren deen mer bis elo am beschten gefall huet. Sin op jidde Fall gespaant op de Film! |
Barnig 16.12.2009 | Mat just engem Gefill wier dann d’Fro opkomm: “Wisou graad daat gefill” am nachhinein denken ech, mer hätte suguer kennen 6 verschidden Teaser vu Mount zu Mount online setzen emmer mat engem aneren “Gefill” |
petz 16.12.2009 | Daat hätt ech eng besser Solutioun fonnt, dann hätt een iwwert Distanz die verschidden Facetten vun der Frëndschaft an ganz kuerzen Clips entdecken können. |
Barnig 14.01.2010 | is online |
Laurent 20.02.2010 | ech fannen den teaser awer sou ganz gutt, an ech freen mech drop den ganzen film kenne gesin weini as en ongefeier faedeg ? nemme go mich ;D |
Barnig 22.02.2010 | Wann alles gud geet,… fir Chreschtdaag 2010 Mee wi gesoot “wann alles gud geet” Den neien HD-kapabelen PC ass op alle fall do |
Laurent 22.02.2010 | okaay |
Mich 22.02.2010 | Merci Laurent Jo de Marc huet unsech alles gesot… |
Laurent 22.02.2010 | okay, keen Problem. Hun u sech nach eng Fro, mee dei passt net heihiner, mee weez net wou ech soss soll froen, dofier froen ech einfa hei Wat genau as dei Flowcam an wat helleft se, an benotzt dier dei nach ? |
Barnig 23.02.2010 | Yes “FLOWCAM” ass a bleift eng preferenz zur steadycam ech mengen de mich kann der do bessi mei zielen: Ech fir main deel fir 100% dofir eng nei a mei kompatibel Flowcam nees ze bauen an och ze benotzen! Well dei huet sain Dingscht wierklech emmer zur voller Zefriddenheet geleescht ass e patent |
Laurent 23.02.2010 | ah okay, ma dann warden ech op da mich, dass hien ma et erklärt |
Mich 28.02.2010 | Majo Laurent, d’Flow-Cam ass unsech eppes wat ech mer emol sou ausgeduecht hat a gebastelt hunn… D’Kamera gëtt op eng Plattform geschrauwt, un där 4 Fisselle befestegt sinn, ähnlech wéi bei enger Marionett. Duerch d’Fissellen kanns du soumat erreechen dass d’Kamera quasi schwiewt an et bal keng Verwackelungen an den Opnahme ginn, wanns du mat der Kamera gees beim Filmen. Och gelénge Kamerafahrten just iwwert dem Buedem (z.B. wanns du just d’Schung beim Goen wëlls filmen) mat der Flow-Cam ganz gutt. Et ass halt eng präiswert, wann och net sou perfekt Alternativ zu enger Steadycam. Mat deiere Steadycamen kritt een natierlech vill besser a perfekt schwiewend Opnahmen, keen Zweifel, mee oft geet fir eisen Zweck eis Flow-Cam fir eis och duer. Am beschten ass ech weisen dir eis Flow-Cam emol am Asaz Iwwregens gouf d’Flow-Cam an der Schlussszeen vum T(w)o Friends, déi mer e Samsten gedréint hunn, och kuerz agesaat |
Barnig 02.03.2010 | ah bon …. dofier hun ech misse kuerz verschwannen … |
Laurent 04.03.2010 | ah okay merci mich, hun lo scho mol verstan wat se helleft jo weilt dei gaeren mol eng keier sou gesin ( hat se eng keier kuerz am making of vum rendolepsis gesin, mengen ech) |
Barnig 13.12.2010 | …neien teaser geschwenn online … |
Barnig 23.12.2010 | 2ten TEASER ass online!! Schreift roueg är Kommentarer! |
petz 23.12.2010 | Fannen ech schon mei oofwiesslungsraich wei den eischten Teaser, mee just 4 verschidden Kamera-Astellungen fannen ech suguer fir een Teaser e bessen weineg (et mussen jo keng 27 Astellungen wei beim LMT-Teaser sin, mee irgend eppes dotescht wier a mengen Aan optimal) |
Barnig 24.12.2010 | Ech hun den eischten Teaser besser fonnt. |
Franky 03.01.2011 | iergendwei gett sou extrem weineg am trailer iwer de film ausgesot, Den eischten trailer verreit menger meenung vill méi wei den 2ten. Si gespannt op een richtegen Trailer |
Franky 12.12.2011 | Hun de Samschten den TRAILER gesinn. E gefällt mer lo besser wei Teaseren an ech freen mech lo wirklech op de Film. Richteg virstellen wei dat Ganzt ausgesait am faerdegen Film kann ech nach net. Dialoger hu mech am Trailer just deelweis gesteiert well ech mer aus deenen puer Sätz kee richtegt Bild vum Ganzen machen kann a wei dat speider riwerkennt. Hoffen just net dass Diskussionnen um Familiendesch eng art “Weemseesdeet” gett |
Franky 12.12.2011 | Kennt deen lo online ? (youtube?) |
petz 12.12.2011 | Den Trailer huet mer am Fong zimmlech gudd gefall. Eng Sach, déi mech awer bei quasi allen KML-Produktiounen stéiert an déi mer och hei am Trailer opgefall ass, ass den heinsdo katastrophalen Choix vun Dékoren. All die Szenen, déi baussen gedréiht goufen, kommen wirklech gudd eriwwer, besonnesch déi, déi an der Natur gedréiht goufen. Firwaat? Well den Dékor flott ass an eemenz vill zu deem beidréiht waat d’Amerikaner “production value” nennen. An aaneren Wierder: Fanns du eng Szene an engem flotten Schlass dréihs, gesäit déi Opnahm direkt vill méi “deier” an “wertvoll” aus, wéi wanns du eng Szene doheem am Buedzëmmer oder an der Kichen dréihs (à moins dass du an engem Schlass wunns). Dofir, léiw KML-Kollegen, sicht ierch dach fir är Tournagen ëmmer flott Dékoren eraus an probéiert Opnahmen bei ierch oder Frënn doheem ze vermeiden- Ären Trailer huet zimmlech gudd ausgesin, bis op die puer Szenen déi an engem Zëmmer opgeholl goufen (2 Leit virun enger baal plaakescher Mauer) déi einfach bëlleg ausgesin hun. Dann hutt der besser esou eng Dialog-Szene dobaussen op eng Bänk am Park (oder bei schlechtem Wieder an engem flotten Bistrot) ze dréihen. Ech fréen mech op de färtgen Film. |
T(w)o Friends – Montage
Mich 23.03.2010 | De Montage huet den 22. Mäerz 2010 gestart an déi éischt Szeen ass och scho sou gutt wéi fäerdeg geschnidden |
Barnig 07.06.2011 | A neechste Wochen wäert de Rushmontage ofgeschloss sin! -> FinalCut: Mir kommen ! |
T(w)o Friends – Tournage
Barnig 04.04.2009 | Start normalerweis an 3 Wochen |
Franky 04.06.2009 | start ass eng zaitchen am gaang |
Barnig 08.06.2009 | asou? |
Barnig 11.08.2009 | All Mount (oder 6 wochen) versiiche mer puer nei Biller vum Dreih an evtl. Berichter online ze setzen Sid also gespaant! |
petz 04.11.2009 | Wéi kommt dir mat Ärem Tournage virun? De Film ass jo een long-métrage, plangt dir deen méi stark ze “pushen”, respektiv ze vermarkten oder gidd dir den normalen KML-Wee, also Release am Kinosch an dann DVD-Verkaaf? |
Barnig 05.11.2009 | Dann hängt natirlech vum Resultat herno of, mee ech denke schon dass de Film bessi mi “komerziell” wi eis lescht LongMetragen wäert gin. DVD + Kinosvirstellungen wäerte secherlech kommen, mee wat fir eng Form daat ganzt kriit, ass am moment nach ze freih doriwer ze schwätzen. Dovun ofgesin, wäert Postproduktioun eng relativ laang Phase undaueren (eleng nemmen weinst dem HD/FullHD emspronng) |
Franky 09.11.2009 | gutt fro, mee ginn dovun aus dass de Film secherlech mei zougänglech fir een groussen publique ass wei een deel vun aneren KML filmer alleng schon weinst dem Sujet/Thema vum Film. |
Mich 28.02.2010 | De Showdown vum Film ass leschte Samsten ënnert ustrengende Konditiounen ofgedréint ginn. Elo musse nach verschidde Szeenen aus dem Ufank vum Film gedréint ginn.. |
Franky 01.03.2010 | yeah gutt sou! den tournage kennt wirklech super virun |
Franky 01.09.2010 | E puer nei Fotoen vum Tournage sinn ab elo online! |
petz 12.10.2010 | Huelen un dass den Tournage jo nach nët oofgeschloss ass. Gët ët een neien Teaser op der Filmmaker’s Night? |
Barnig 13.10.2010 | Et verbleiwen nach 2 offiziell Dreihdeeg … Op der Filmakers Night get et op alle fall ebs ze kuckn … |
fuuss 13.10.2010 | niiice |
T(w)o Friends – Preproduktioun
Barnig 16.03.2009 | Preproduktioun ass voll um laafen, no engem eischten Treffen, virun enger Woch ass d’Equipe su gud wei komplett, a wann alles no Plang geet, start Produktioun an engem knappe Mount. |
Riddly 3: Haali Ba Dusi – den jupen sketch
Franky 20.07.2007 | seit den sketch bei Youtube online ass, krutten mer schon vill positiven/negativen feedback… souguer an letzebuergesch forumen ass schon driwer diskuteiert gin. (et sin nach emmer leit dei mengen mer wieren richteg rapper an mer wieren total iwerzeegt waat mer do geingen machen |
Riddly 3: Haali Ba Dusi – Auszeechnungen
Barnig 11.06.2007 | A wien hätt geduercht dass RIDDLY 3 och nach eng Auszeechnung kriit: 1schte PRAIS um CLIPSTAR Filmfestival an der Kathegorie “MINISPOTS” gewennt eise SUPER MARIO! (kann een op YOUTUBE ukucken) |
Franky 11.06.2007 | fannen dat och nemmen gerecht.. well den publique huet desen clip och am beschten opgeholl |
Riddly 3: Haali Ba Dusi – DVD-Release
Barnig 25.01.2007 | …very very soon! Stay Tuned! |
Claude 26.01.2007 | Cool, ech freen mech elo schon daat alles nach eng Kéier ze kucken! Ech well just fréih genuch d’Infos gemailt kreien fir mam Cover/Inlay/Label unzefänken… |
Barnig 26.01.2007 | Wann alles gud geet, brengt den Ouschterhues des DVD! |
Claude 03.03.2007 | Soubal ech rem bessen Zäit kreien maachen ech onbedingt weider um Cover. Scheck mer mol e Screenshot aus dem 1. Sketch wou dei 3 Alis um Teppech setzen. Bauen deen wahrscheinlech an… Gescht e Sketch um Comedy Central: e Mann, dee genau wei de Fridolin, d’Natur gäeren huet, d’Beem emärmt a seet se hätten eng Séil an och Gefiller… Baal wei am Riddly 3. |
Franky 08.03.2007 | den dialog war souguer deelweis baal ganz identesch(auch bäume haben gefühle und brauchen zuneigung) |
Barnig 22.03.2007 | Den DVD Release ass bessi verschoben gin, an zwar op Mett Abrell: Daat heescht fir Ouschteren wäert den DVD rauskommen! Als Special get et leider just TRAILER, TEASER a KAPITELWAHL |
Mich 28.03.2007 | Saucoole Riddly3-Logo! Top! |
Barnig 30.03.2007 | An enger Woch ass den DVD do! |
Barnig 04.04.2007 | Pünktlech fir OUSCHTEREN ass se do: DVD vu RIDDLY3 !! fir nemmen 15Euro, Laachen während 120min. als Special ze bewonneren: Teaser + Trailer! Deijeeneg, wu na keen Riddly op DVD hun, empfeehlen ech: “RIDDLY-DVD-TRILOGIE” fir nemmen 30 Euro! -> Elo oder Nie! (an den ouschterhues kennt o nemmen 1mol am joer) |
Barnig 13.04.2007 | kaafen! |
Barnig 17.04.2007 | Bestellt w.e.g. net alleguerten zesummen eng, soss musse mer nees eng 1000steck nobestellen! gid eis eng chance |
Franky 18.04.2007 | ma ech well eng den ralph och… an sou weit ech wees den gubius och |
Claude 25.04.2007 | Hun grad dem Gubius de RIDDLY 3 gin an bei him ass keen Inlay dran??? Wei ass daat dann meiglech? Ech hun gudd Reklamm gemaach an sin schon eng komplett Riddly-Box (3 DVDs) lassgin fir nëmmen 30 Euro. Marc breng de Weekend de Package mat! |
Barnig 25.04.2008 | Wei?? Keen Inlay `? das gibs doch nicht |
Claude 24.04.2007 | Gubius Zitat: “Beim Riddly 3 hun ech leider net esou vill gelaacht wei bei deenen aaneren zwee…, well awer net heeschen dass e schlecht ass!” |
Franky 03.05.2007 | ech hun een nogefrot aus menger classe waat den schreftzuch um cover heescht hei seng äntwert: salut, dans ce texte il ya des lettres arabes et des autres lettres qui ne se trouvent pas dans la langue arabe, en tous cas: c’est pas arabe. et je n’ai rien compris meme si j’ai essayé de rapprocher un sens avec les lettres que je connais. ciao dat heescht dat ganzt huet keng bedeitung(den claude huet och gewessen buchstawen emgeännert dass se mei schein ausgesin , dofier erkennt hien puer buchstawen net,. |
The Nebula Dawn – Meenungen a Kritiken iwwert de Film
Mich 16.01.2007 | De Nebula leeft jo aktuell am Kino. Hei kënnt dir lo äer Meenungen a Kritiken iwwert de Film hischreiwen. A mir wiere frou wa vill Leit eis géifen hei e Feedback iwwert de Film hannerloossen. Villmols Merci am viraus |
Barnig 16.01.2007 | Net scho nees! Meng 4-Saiteg Kritik steet am aale Forum.. pasten se awa namol garen heihinner |
Barnig 22.01.2007 | Wu ass dei cool DEBATTE mat den Auerzaiten???? |
Max 22.01.2007 | Salut Den Film war cool huet mech ob allefall net gelangweilt an woer witzech (sorry wann daat fleit net emmer sou geduecht war mee daat ass wei ech fannen awer den Charm fun sou engem Film) Schein explosiounen *g* D’Beliichtung huet (wann et Blo war) deck cool ausgesin! Ass bessie vill am Film getreppelt gin (waat een wierklech net brauch well do neicht geschitt) Den Foto Effect ass cool! Maat weider sou. (an ech well onbedengt mei sou scenen wou Statisten emmer remm erschoss gin!!! hehe super!) see you MAX |
gubius 23.01.2007 | Haha, du kans also d’Statisten nët leiden, oder wei soll een daat verstoen? Jo also daat mat dem Treppelen an den Filmer kann ech bestätegen…oft gesait ët just aus wei wann een probeiert den Film mei laang ze kreien esou….Huet awer nach emmer gepasst, sou soll ët jo op mannst sinn |
Barnig 23.01.2007 | KML = K.lammen M.arscheieren L.aafen dee slogan hu mer zenter BKW |
Mich 23.01.2007 | Déi steet an engem neien Topic! Am neie Forum gëtt bëssi méi drop opgepasst, dass net egal waat an egal welchen Topic gepost gëtt! Daat soll zur besserer Iwwersiicht bäidroen! |
Barnig 24.01.2007 | Ok,.. ass wouer fir dei eischt 2 Wochen, do muss een drop oppassen! |
Mich 24.01.2007 | Och no den éischten 2 Wochen, soll daat w.e.g. agehale ginn!! An lo back to Topic! |
Max 24.01.2007 | nee sou woer daat net gemengt Statisten sin Top |
Yves 25.01.2007 | Dat as dach puup-egal, wann dat lo en Forum mat 100erten User an pro Sub-Forum 20 verschidden Themen wären, misst een op sou Saachen vlait e bessen oppassen, mä an su engem klengen an iwwersiichtlechen Forum as dat dach komplett egal … |
Barnig 25.01.2007 | EgaaaaaaaAAAAAAAAal |
Yves 25.01.2007 | EEEEEEGAAAAAAAAAAAAAAAAAL hei EEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEGAAAAL |
Claude 11.02.2007 | Hun nach e fetten BUG vum Forum entdeckt! E besse rop scrollen an dann dem MAX (ass een NET-registreierten User) seng Signature kucken obwuel en guer keng dierft hun: eemol dem Marc an eemol dem Mich seng. |
Barnig 12.02.2007 | Skandal! |
Claude 18.09.2007 | Nebula DVD Reviews (soubal mer nach Leit e Feedback gin, schreiwen ech en heihinner) Meng Andreck: Desto öfters een de Film kuckt, desto besser gett en! Just e puer kleng Detailer stëmmen net: – Schrëften an d’Logos am Menu sin falsch/anescht wei dei um Cover – Dei kleng Animatioun mam X am Rondel virun den Outtakes verstin ech net – Am Trailer steet grouss: “e film vum Yves Steichen” (dann hätt ech do och “Film” grouss geschriwwen) + Soss awer coolen an interessanten Bonus, dee leider vill zevill kuerz ass + D’Idee fir eng transparent d’DVD-Box ze huelen an sou op den Inlay ze verzichten ass voll gelong Dem Gubius seng Meenung: (e soot am Ufank just: “De Film ass gudd!” bis ech och gäeren präzis negativ Saachen opgezielt hätt an wollt wessen waat him net grad esou gudd gefall huet) – Laaf-Intro wier besser – schlecht Novertounung, well een e Rauschen heiert während der Bësch-Szeen an d’Stëmmen net op gläicher Lautstärkt sin – Mündungsfeier virun de Waffen feelt – Novick Troopers sollen emmer oder nie bludden |
Barnig 18.09.2007 | Yo! Vill Leit hun nach keng NEBULA DVD!! Et sin der nach genuch do, graifft roueg zou! |
Claude 21.09.2007 | Ech hun de Jérôme Gillen haut kuerz begeint, bevir ech op d’Tankstell war (ech haat fir genau 6,66 EURO ) an e soot mer, dass en den NEBULA direkt schon gescht den Owend gekuckt huet, nodeems en e kaaft hat. Fir hien ass dese Film bei weitem daat Bescht waat KML je gemaach huet: spannend, cool Effekter, keng oneideg langweileg Szeenen… E grousse Schrëtt no vir! |
Yves 21.09.2007 | YEAH |
CArLO 21.09.2007 | Also ech gin emol meng kritik zu der Nebula DVD off: – Punkten: DVD leeft net op mengen laptop Menu opbau e bessen zefill einfach mat dene schwarzen balken Intro’s fun den Special Features Keng ennertitelen Foto Slide show (also do hud der bestemmt besser foto’en wei dei, dei op der DVD sin) Cover recksait (Inly) e bessen belleg, fier nemmen Kapitelen dran ze setzen. E puer fotoen mat text hätt ECH besser fonnt Den Film ass op mengen TV zefill iwwerbeliicht (kann awer och un mengem TV laien…. Outtakes einfach schlecht fier dei selwescht scene 5-7 mol ze weisen z.b. Grimassen fum Montana Cover misst op den saiten net dei (Filmeffekt Lächer hun (weiss karo’en)) dei sin jo schon am logo +Punkten Verpacken DVD Transparent DVD-Box Komenteiert Deleted Scenes fum Yves Zum Film äusseren ech mech net mee muss awer soen dass den Yves mam Grim e schratt no fier gemach hued an den Nebula jo och sain eischten Film war……. |
Barnig 28.09.2007 | Nebula war dem Yves sain 2te Film 31MIN. (dee mir suguer baal besser gefall huet) kriis de fir 15Euro op DVD –> punkto: Kritik zu de Specials: Ech si selwer och guernet zefridden, mee et huet missen alles am laaf vun engem Mount monteiert gin, well den Yves net wollt bis Chreschtdaag waarden. Meng Ufanksidee war eng 2DVD-Disc Editioun. Ganz vill Material (baal 50%) ass mol na guernet visioneiert gin fir des DVD Editioun. Get awer secherlech namol gema, well na vill witzeg Saachen dabei sin. Kennt dann alles op “ULTIMATE NEBULA EDITION” A Carlo, ech wees, dir sid nach emmer dei bescht mat ärem Booklet an der DVD, an do kennt keen dogeint un! |
Yves 28.09.2007 | Ech deelen di Kritik un denen schwaachen Specials. Bon ech sin nach emmer der Meenung daß och wann een nemmen 1-2 Meint Zeit haat fir di Specials ze maan, och besser Saachen hätt keinten fannen wi 10x hannerteneen iergendwelch Grimassen ze schneiden, d’Outtakes Archiven woren jo schließlech bis uewen hin voll mat kuerzen Clips. Dat as awer net sou dramatesch well dat Material jo net verluer as … et gett doriwwer eraus na gudd 10 Stonnen Making Of Material dat den Claude Hoffmann gefilmt huet an dat gett selbstverständlech och nach veröffentlecht. |
Barnig 28.09.2007 | Also suvill ech wees, haas du naicht ze bemängelen, bei der Previsioun vun der DVD. Di Grimassen hätt ee kinnten loosen, daat ass wouer, mee ech haat wirklech keng Zait fir ebess ordentleches ze maan (4 Wochen fir en DVD Authoring an dann warscheinlech och nach irgendeen 2te projet paralell laafen) A vue que dass et vu mengem Ufankskonzept souwisou rofgaangen ass, ass daat wirklech daat beschtent (a virunallem och daat SCHNELLSTENT) Resultat waat dobai rauskomme kann. Et war ganz kloer: Entweder Schnelle Release an Onkomplett, wei e Laangen Release an tonnesaachen, dei kee mensch interesseiert. |
CArLO 28.09.2007 | (4 Wochen fir en DVD Authoring an dann warscheinlech och nach irgendeen 2te projet paralell laafen) Hun dier Marc nach emmer gesoot mach net esou fill proje’en an engem joer mee dofier dei wous de mess ondständeg, losst emol dei SCHIEL Riddly luppy da fuddly ewesch well dei intresseiert souwisou keen an concentreiert Iech op dei grouss proje’en an dann kennt och eppes uerdentlech eraus. Mee bon dier macht wei der wellt mee wonnert Iech net wann naischt dobai eraus kennt…………….. |
Amateur- filmfan 01.10.2007 | Waat heescht hei, “wann naicht dobai rauskennt” A waat fir enger positioun stees du dann, fir esou ebess ze behaapten!? Sin deng Filmer da souvill besser, dass du daat mol hei einfach sou kanns behaapten? KML ass ganz secherlech net perfekt, mee winstens bretze sie sech net mat hiere Produktiounen, an zeien consequent all Joers (geschwen 10) hier Filmer duerch, daat soll mol een de Koler Movies nomaachen! |
Barnig 01.10.2007 | interessant idee, fir ennertitel vu RIDDLY 4 |
Franky 01.10.2007 | also ech fannen dei DVD an och den Film ganz gelongen… ok DVD ass keen komplett paket mat 3 special DVDs… mee soit (bei BKW-DVD ass emmer bemängelt gin dass ZEVILL making off+Bonus ass) an punkto iwerflesseg produktionen… ech mengen all Filmclub hei am land huet schon genuch sachen produzeiert op dei een hätt keinten verzichten oder dei einfach komplett an der Masse ennergaang sin, an wann KML een riddly 3 fir sech produzeirt am platz meintlaang NAISCHT ze machen.. an den Film ouni Tamtam emol zu garnech weisst…mengen ech dass mer domat kengem weih din… Sorry carlo mee ech verstin net wiesou mer lo hei sou eng op den Leffel kreien… Riddly 3 ass absoluten TRASH mat puer Cultmomenter (zb SUPER MARIO, den och am Youtube schon seng kleng fangemeinschaft huet) an secherlecht keen groussen KML moment (den “film”, also eischter dei CLIPSAMMLUNG ass eben niewenbei als pueren FUN gemach gin, an vereenzelt cliper haten zb. an diversen Openscreen hieren optrett an sin bejubelt gin….) an filmer wei Zombiefilm sin dach och PUEREN KLAMAUK-TRASH… Ausserdem dreinen mer lo desen Samsteg eisen neien Long métrage.. an niewenbei an iwer dei nächst joeren eng Masse un “serieuxen” court-métragen an ech hun nach cirka 5 selwergeschriwen courtmetragen am schaff leien Also bessen peace hei… aner leit ze bashen ass emmer einfach an schwachstellen ze fannen ass och net schweier… |
Admin2 01.10.2007 | an nach zu folgenden sachen: – et ass emmer mei einfach een gudden kuerz film ze dreinen wei een long métrage… een kuerzfilm kann een an enger Woch ofdreinen an all détail stonnenlaang plangen an virbereeden. Beim Long métrage den sech iwer puer meint kann zeien ass dat net mei den Fall. – Punkto cover: den Filmstreifen sin op all KML DVD… an net lo extra bei nebula beigesaat gin. Op dat lo schein ass oder net sei dohingestellt. sou an lo gin mer all een drenken an lauschteren IRON MAIDEN, dann geet dat rem |
Barnig 01.10.2007 | Carlo, wisou ass daat da schlemm Projeten paralell ze produzeiren? Mona a Nebula goufen paralell gedreihnt, an daat huet gud funktioneiert. (BKW an 31MIN mengen ech och) OK, et ass net ideal, mee et ass awer secherlech positiv, a weis de beim Resultat vu MONA jo gesin hues, brenge mer et duerchaus faerdeg anständeg saachen op d’Been ze stellen. Kann der also net Recht gin.. Riddly3 war just produzeiert gin, well mer deemoment an der laanger Postproduktiounsphaase vun NEBULA waren, an eise Memberen ebess hu missen bidden! |
CArLO 01.10.2007 | Dier hudd jo all rescht mee ech ziteieren just wat den Marc gesoot huet an ech NEMMEN DAT esou kritiseiert hun: Meng konklusioun zu dem wat den Marc sood ass, häss du den 2ten paralell projet ewesch häss du zeit gehat fier ordentlech um DVD ze schaffen. @Amateurfilmfan, et ass net eisen but fier all joer 1 LM an 5 CM ze dreien resp. ze produzeieren. Et well keen Iech dat no machen fier no 10 joer können ze soen mier hun awer dei meschte filmer gemach. Eisen motto ass Qualiteit net Quantiteit @ Marc, wann den nächsten riddly den titel kritt dann well ech an den offspann @Frank, ech well iech dach keng op den d’leffele schloen ech soen iech just dat wat ech mengen et ass jo nemmen eng kritik, mee ech mengen och dass dier dei negativ kritik einfach net wellt wouer hun. @Admin2, hun nach nie den geigendeel behaapt an ech wess et och dass et mei einfach ass een CM ze dreien wei een LM, an puncto cover ass eben net main gout ech fannen dat wierklech grausam ob dat iech gefällt oder net…… @ ganz KML equipe, meng kritik ass eben meng kritik an wann dier emmer mengt ech weillt iech eng ob d’leffelen schloen dann musst dier dat mengen, mee wann een emol hei am forum net seng egen kritik kann ausdrecken wou dann???????? LONG LIVE Independent Movie |
Barnig 01.10.2007 | Nee ech fannen daat gud, dass jidereen hei ka soen, wat en well. Ech mengen mir hun o na nie iwer irgend eng Kritik gekrasch oder waren rosen (am geigesaatz zu aneren gruppen oder leit, dei beemol de Forum doweins boikotteiren) Am Contraire: Si fir all Kritik EMMER grouss op! A well jo selwer bei all Film leiwer negativ wei positiv Kritik Mee zu deem punkt, dass ech just 4 Wochen Zait haat, do haat de Paralellprojet eben virrang!! An dei Nouvelle koum ganz spontaan mam freihzaitegen DVD-Release! Just well den Yves dee Release viru Chreschtdaag wollt, ass daat eben Stress gin! An ech haat em daat deemols och sou aklärt! Wann hien sech net sou duerchgesaat hätt, da wier de Film (laut KML Angaaben) och reicht fir Chreschtdaag rauskomm! Also geff mir w.e.g. net d’Schold doweins! Dat war eenzeg an elleng dem REGISSEUR sai Wonsch !! punkto DVD Mir kruuten bei BKW schlecht Kritik, do wier zevill drop!? Jo, waat solle mer daa maachen? Eng Special “Carlo–Palluca Verioun” oder waat? Du kanns kengem et gerecht maan, daat geet net bei KML an daat geet och soss bei kenger DVD-Distributioun! Daat ass e weltwaiten Probleem! A leider ass den Distributeur eben de Chef. an nach ebess punkto KML: Eist Ziel ass NET fir su vill wei meiglech Filmer ze dreihnen, (ass eng total blöd Theorie), mee Eist Ziel ass nie an der Vergiess ze geroden, an sech mat der Zait am eegen Hobby ze evalueiren, duerch Projet’en. (Also wuelverstaanen: Ech si net roosen oder well irgendeen erof maan, ech well just eemol gären mat dir doriwer diskuteiren, well ech denger Theorie net Recht gin) |
Yves 02.10.2007 | D’BKW DVD kruut net doweinst eng negativ Kritik well zevill Bonusmaterial drop as, mä well zevill oninteressant Saachen drop sin, dat as schon en Ennerscheed. Et kann een eng 3DVD-Edition vun engem Film erausbrengen an di DVDs föllen mat qualitativ hochwertegem Material, mä dat kann een nun wierklech net mat engem Amateurfilm maachen. Op den BKW Bonus DVDen woren zu iwwer 50% Insiderwitzer drop di keen Mensch verstanen huet deen net beim Tournage dabei wor. Do muss een eben beim Erstellen vun der DVD einfach filteren zweschen Bonus Material wat interessant as fir di 10 Leit di beim Tournage dabei woren an eben Material wat fir den Konsument dobaussen interessant as, an dei 2 Saachen sin eben beim Erstellen vun der BKW DVD gehöreg duerchaneen geroden an doraus resulteiern och di deelweis negativ Kritiken. An wat d’Nebula DVD betrefft, ech mengen do können ma frou sin (firun allem KML) dass ech deen Release en halleft Joer no vir gezunn hun well wann di DVD ereischt Enn 2007 erauskomm wär, an domat baal 3 Joer nom Ufank vun der Produktioun, hätten ma secher baal guer keng Exemplarer mei verkaaft kruut. Amateurfilmer soll een dann releasen sulaang sech d’Leit nach derfir interesseiern an de Film nach am Gespreich as … an net 18 Meint no senger Premiere. Mir sin hei schließlech net bei der Herr der Ringe wu all Mensch nemmen drop waard dass de Film endlech op DVD erauskennt … wann en Amateurfilm bis aus dem Interesse vun den Leit verschwonnen as, as den Zuch eben fort… |
petz 02.10.2007 | Verstin d’Argumenter vum Yves fir op een séieren DVD-Release ze pushen. Déi Duskussioun haaten mer och mat der Zombie Film DVD, déi mir am Fong och ganz séier wollten ob den Marché bréngen an dunn huet ett awer een Joer gedauert fir sie eraus ze bréngen well mer a) guer keng Erfharung mat DVD-Authoring haaten b) wollten eng wirklech flott an komplett Editioun machen mat Booklet, Soundtrack, Making of, TV-Beiträg, etc. Um enn mengen ech wor daat die richteg Entscheedung well ons DVD sech wirklech ganz gudd verkaaf huet an ons erlaabt huet d’Produktioun vum Film ze bezuelen. Daat géif ech eng nächsten Kéier nët aanescht machen, just eben méi séier… Insider-Jokes hun a mengen Aan effektiv näischt op enger Verkaafs-DVD ze sichen, ett kann een roueg Outtakes drop setzen mee dann mussen déi fir all Mënsch verständlech sin. |
Mich 02.10.2007 | Iwwert den Zäitpunkt vum Release vun der Nebula-DVD kann ee streiden, mee wat ech perséinlech immens schued fannen ass de Choix vum Bonusmaterial deen lo op der DVD ass. Do wier eindeuteg vill méi dra gewiescht an et gëtt masseg Material vum Making Of an Outtakes déi et einfach wäert gewiescht wieren fir op d’Nebula-DVD ze kommen Dat vermëssen ech einfach drop! Dofir hoffen ech emol op eng Special-Edition wou halt vill méi Bonus drop ass! Fir de Rescht fannen ech d’DVD ganz gelongen, zumols de Cover an den duerchsiichtege Boîtier. Ech perséinlech kucke bei grousse professionelle Filmer selten de Bonus op der DVD. Virwat? Ma well do oft masseg Bonus drop ass dee mech guer net intresséiert (an déi hunn sech bestëmmt ganz gutt iwwerluecht wat se als Specials op hiren DVD maan a wat net), kënnt also och bei de professionelle Produktioune vir. An dat ass halt well et immens schwéier ass jidderengem et gerecht ze maan, well halt jiddereen iergendwéi aner Usprëch un eng DVD huet. Dofir wa vill Bonus do ass, pickt een sech dat eraus wat ee wëllt kucken an de Rescht léisst ee sinn, oder et keeft een sech direkt déi einfach Versioun wou just de Film op der DVD ass ouni vill Specials! Bei Amateurfilmer intresséiert mech oft de Bonus vill méi, wisou?, wees net, vläicht well een einfach wëllt kucke wéi de Film entstaan ass ouni vill a grouss Mëttelen a wéi d’Stëmmung um Tournage war oder einfach well een sech kennt an der Amateurfilmszeen. An d’Verkaafszuelen vun enger DVD vun engem lëtzebuergeschen Amateurfilm gi jo lo awer och net an d’10000enden, sou dass déi meescht Leit déi d’DVD kaafen se kaafen, well se sech fir Amateurfilmer am allgemengen intresséieren, oder fir ee speziellen Amateurfilm oder well se d’Leit déi de Film gemaach hu kennen!? Oder leien ech do falsch?? Wa jo da ginn ech gär vum Géigendeel iwwerzeecht. Opmannst gesinn ech et bei eise Filmer vu KML sou. Dofir kann ech déi ganz Kritik un der BKW-DVD net sou ganz deelen, ok, vläicht war et däers gudden e bëssi zevill, mee et muss ee jo net alles kucke wann et ee net intresséiert a fir déi aner déi matgemaach hunn ass et e flotte Souvenir un eng flott Zäit während dem Tournage! An et gouf jo och eng Single-DVD-Edition vum BKW fir déi déi just de Film wollten hunn… |
Barnig 03.10.2007 | Ech mengen bei Nebula war jo do bessi de Regisseur de Chef, ech well awer och gär betounen, dass mer an Zukunft do vlait awer mei op de Klub kucken, a leiwer bis zu 1engem Joer (no Kinorelease) op den DVD waarden, an dann allerdings nees komplett gefellt ass, ouni dass irgendebess feehlt. Well wann och vill kritiseiert get bei massivem Bonusmaterial, su ass awer keen eenzegen gewiercht deen dei SINGLE-DVD-Editioun vu BKW deemols kaaf huet. |
CArLO 03.10.2007 | @Micheeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeeel, Weifill letzebuerger oder och international AMATEURFILM DVD’en hues du dann???? of gesinn fun den KML filmer Fun der ganzer KML equipe huet bis elo just een den ZF op DVD kaaf oder laien ech do falsch?? Gin der awer escht wanns du ses bei Amateurfilmer kucken ech leiwer d’bonus material wei bei professioneler mier get et nämlech d’selwescht |
Mich 03.10.2007 | Carlo, mengen do läis du richteg. Awer ech wäert nach eng Kéier eng Zombie-Film DVD kaafen, mee bis elo hat ech, wann eng Geleënheet do war, leider nie e Su an der Täsch |
Claude 10.04.2008 | Haut direkt no der Mëttespaus ass et am Gang gaangen: “Ahh de Victor!” Ech sin weider gaangen bis en nach eng Kéier geruff huet. “Firwaat hues du dech esou seier an ouni Geigewier embrengen geloss?” An dunn war et kloer dass en den Nebula gesin haat. E war deck zefridden mam Film a soot e wier gudd gemaach. Et war de Papp vun engem deen bei Seasons of Frost spillt, also e Kolleg vum Dan. |
Franky 26.05.2008 | een kolleg vun mer huet den film gekuckt an mer seng kritiken gesot: wat net sou gudd ass, ass dass zum schluss net vill blut dran ass, respektiv wou den nebula-geescht een mam schwert erschleit ouni dass blut um schwert ass. absolut gudd war den voiceoff um schluss. |
Barnig 06.05.2008 | Deen huet den DVD awer net kaaf, oder `? |
Barnig 26.05.2008 | Frank, haal op emmer illegaal Kopien ze maan, oder Filmer an Netz ze setzen |
Yves 26.05.2008 | Geil, merci!!! |
Franky 29.05.2008 | nee, hun et just engem kolleg een best of KML gewissen, mei net,(keng kopie, naischt am netz…) |
Barnig 30.05.2008 | Dann haaas de namol Chance |
The Nebula Dawn – NeeenBula Down
Barnig 03.03.2008 | Desen *very funny* Zesummeschnett, vum komplette Reschtmaterial wat na iwreg blouf, get des Woch faerdeg! ka just soen |
du_jupe 03.03.2008 | ech mengen ët schneit |
Claude 07.03.2008 | Deen mussen mer hun! A wei enger Form gett en dann released? |
Barnig 07.03.2008 | Fir d’25th Anniversary Edition Nee keng Ahnung, en deel wäert ee secherlech dest Joer na gesin |
Barnig 01.04.2008 | Klengen Ableck, ouni Kommentar: www.youtube.com/watch?v=YhQvukA3Y1Y |
The Nebula Dawn – Presentatiounen
Barnig 02.11.2007 | Um neechste KML-Owend vu SUNSET CINEMA >> FREIDEN, 16.NOVEMBER << kriit dir dese Film namol ze bestaunen, a selbstverständlech och den DVD ze kaafen, falls der na keen hutt! Noteiert Ierch! |
Barnig 15.11.2007 | DENKT DRUN: MUER DEN OWEND (FREIDEN – 16.NOVEMBER) GET ET DESE FILM NAMOL OP GROUSSEM ECRAN >> SUNSET CINEMA >> start 20h00 |
Barnig 19.11.2007 | De Frank, Ralph an ech, dei 3 eenzeg Leit vun der Produktioun, die winstens nach bessi hannert dem Film stin dass net mei Leit vun der Crew op de Sunset Cinema komm sin |
Franky 19.11.2007 | dat ass letzebuerger mentaliteit… ech mengen ech war schon op sou cirka 4-5 Open screenen.. an et waren just leit vun aneren filmpresentationen do wann sie och eppes gewissen hun waat se fabrizeiert hun… Traureg traureg |
Mich 19.11.2007 | Jo dat ass traureg… Mee wann ech op meng SMS keng Äntwert kréien op een dohi geet, sinn ech dovun ausgaang dass vun iech och keen dohi geet…. tjo domm gaang |
Barnig 20.11.2007 | Ou du wosst awa, dass mir do waren a kruut keng SMS |
Franky 20.11.2007 | krutt och keng soit.. nee ass jo net schlemm mich, du hues den filmchen schon öfters gesin |
Mich 20.11.2007 | Jo ech hunn et hei gelies, dass dir do waart Maja da bleiwt nach een iwwreg deem ech se geschéckt hat… Mee egal, ass net schlëmm |
Barnig 21.11.2007 | Dir hätt sollen do sin! (keng weider Excusen) Neechst Presentatioun get et reicht fir den 10ten Anniversaire Iwriens bei der eischter Noopnaahm vum Claude Hansen, huet een Hond fuerchtbar ugefaangen mat bilen! (duerno ass et dunn nees gaang) |
Claude 26.11.2007 | Daat ass KOMPLETT falsch an onfair. Ech stin och nach emmer zu 100 % hannert deem Film, sin e souguer nach eng Kéier Sonndes kucken gaangen, wou dei Pann am Kino war mam Hänkebleiwen an hun den Film deen Owend 1,5 mol gesin. De Marc an de Laurent dei mat mer dohinner waren, sin dei Zäit leiwer eppes drénken gaangen… Naja, et muss een eben Prioriteien setzen! Nach e groussen Grond fir mech net matzegoen. Dann haat ech jo Chance, dass ech net LIVE op der Plaatz war. Ech war deen Owend doheem an hun kräfteg fir KML geschafft. (Bild Montage ass mega vill Aarbecht…) |
Barnig 26.11.2007 | Pardon, Claude, war net un dech direkt gaang! Du bass warscheinlech deejeenegen deen NEBULA am ofsten op öffentleche Plaatze gesin huet! En HIP dorop! |
The Nebula Dawn – DVD-Release
Barnig 17.04.2007 | very very soon! |
Barnig 30.04.2007 | Den DVD ass fir Juni/July geplangt! Nierft Trailer an Teaser wäert 1-2 weider Specials um DVD ze fannen sin! more details to come… |
Barnig 12.07.2007 | Den DVD vum Film kennt an der Woch vum 23.July eraus! (Genau’en Datum get na konfirmeiert) Mir lanceiren hei en Treff, wu dei Interesseiert hier DVD ofhuelen kennen. Nierft dem Film (55′) mat Kapitelwahl sin zousätzlech 20′ Bonusmaterial drop: > Outtakes > Deleted Scenes (mat Audiokommentar) > Foto Slide Show |
Franky 12.07.2007 | ech well eng! |
Barnig 12.07.2007 | kriis awa keng |
Yves 13.07.2007 | De Film as iwwregens ab 18 Joer freigin. |
Barnig 14.07.2007 | Den DVD dee jo des Woch sollt erauskommen, ass weinst kuerzfristegem Congé Annuel vun eiser DVD-Firma (dei sech em Dublikater kemmert) leider verzögert gin. De Feehler lait also mol eng keier NET bei KML. Mir informeiren Ierch selbstverständlech subaal en neie Release-Datum do ass. Mir entschellegen eis. |
Barnig 14.08.2007 | DVD’s kommen neechst Woch endlech un … Wäerten dann Doneschdes (23.) warscheinlech ausdeelen. Ass awer nach net konfirmeiert! |
CArLO 15.08.2007 | Et wärt jo wuel eng DVD realese party gemach gin, well ech hun elo lang genuch drop gewaart |
Yves 16.08.2007 | Mir spillen eng Ronn Poker, dann verléiers de nees alles |
CArLO 16.08.2007 | Ech sin dobai an sin och schon 2 wochen am training |
Barnig 17.08.2007 | W.e.g. keen Asaatz: Nebula DVDs geint Zombie DVDs.. Eis DVDs sin neehmlech vill mei limiteiert |
CArLO 17.08.2007 | @Marc du hues awer erem guer naischt verstann mee glatt an guer naischt dat ass nämlech: Nebula DVDs mat Zombie DVDs.. Offiziell verkaafen ZF DVD’s 452stek (weifill Nebula’s sin iwwerhaapt gedreckt gin 200 ? ) |
Barnig 20.08.2007 | 12 |
CArLO 20.08.2007 | Dann bied alt dass do eng fier mech dobai ass………… |
Franky 21.08.2007 | carlo, dei 12 sin schon reserveiert.. sorry |
CArLO 21.08.2007 | Frank ech hun gudden droot zum regisseur fum film |
Franky 22.08.2007 | ok dann lossen mer der 13 pressen.. eng fir den carlo |
CArLO 22.08.2007 | 13 |
Barnig 24.08.2007 | Mat engem groussen LKW hun KML Studios geschter DVDs livreiert kriit! Ab neechster Woch kenn der se dann fir nemmen 15 Euro kaafen. Datum + Plaatz soe mer ierch geschwenn- |
CArLO 24.08.2007 | Matchbox LKW ? |
Barnig 27.08.2007 | Desen DONESCHDEN – 30.AUGUST kenn dir zweschen 20h-22h är DVD’s op Koler an d’Schoul siiche kommen. Sie kaschten 15 Euro. an et sin der genuch fir jidereen do! |
Franky 28.08.2007 | ech well eng |
Barnig 28.08.2007 | kriis awer keng |
Franky 28.08.2007 | ok dann huelen ech dem carlo seng |
CArLO 28.08.2007 | Frank, kenns du den Dr. Luxen???? |
Franky 29.08.2007 | ehm, pardon?`ween soll dat sin? |
CArLO 29.08.2007 | main Zänndocter…………….. |
Franky 30.08.2007 | lo gin ech mech awer verstoppen, ech well keen fight mam carlo ass awer gudd ze wessen wei dein zänndoc heescht |
Barnig 30.08.2007 | Rappel: Den Owend kenn der är DVDs ofhuelen |
Barnig 31.08.2007 | DVDs available! Hoffen dass na puer Leit eng DVD bestellen, si gesait neehmlech net schlecht aus a mir hun der och nach |
The Nebula Dawn – Nebula an der IMDB
Yves 12.04.2007 | Genau wi “31min.” befennt sech och elo “The Nebula Dawn” an der IMDB. german.imdb.com/title/tt1006924/ De Film as vun engem Bekannten vun mir angedroen gin an grad reischt akzepteiert gin, dofir fehlen am Moment di meeschten Angaben zu Schauspiller, Crew, etc nach. Di gin vun der IMDB nach iwwerprüft an dann schrettweis angebaut. Cool Saach |
Barnig 12.04.2007 | Da fro mol dee bekannten, wei daat geet well RENDO steet och dran, an ass eigentlech net riichteg agedroen, BKW steet na guernet dran |
Yves 12.04.2007 | Et muss een bei der IMDB eng Demande maachen fir dass de Film vun hinnen opgeholl gett. Dobei muss een suvill wi meiglech Informatiounen ungin di beweisen dass et de Film wierklech gett an dass een en och kann kaafen, an dann iwwerprüfen si daat an schalten de Film frei oder och net. Ech mengen bei “31min.” haat dee Bekannten 4 oder 5 x missen probeiern, eier se de Film akzepteiert hun, bei “Nebula” mengen ech 3x. “Nebula” hun se am Endeffekt opgeholl well en e Link vun RTL.lu dabei gemaach huet, deen bewisen huet dass de Film am Kinosprogramm gelaaf as. As nawell eng opwändeg an laangwiireg Prozedur an se huelen och nemmei alles un aus dem Amateurbereich. |
The Nebula Dawn – Am Kino
du_jupe 15.01.2007 | d’Meeschterwierk gläich am Kino |
Yves 16.01.2007 | Jo genau An wi den Härr Barnisch schons soot: Freiden, 19ten Samsden, 20ten Sonden, 21ten Januar jeweils ab 19h!!! Also kommt kucken |
Claude 17.01.2007 | Op der Säit 166 am Télécran steet 18.30 Auer an op der Caramba-Page 19.00! Waat ass dann elo richteg??? |
Mich 17.01.2007 | Ech hunn elo bei Caramba ugeruff an d’Madame um Telefon huet mir gesoot, dass op hierem Site e Feeler steet an dass wéi an den Zeitungen ugekënnegt de Nebula um 18.30 Auer am Kinosch zu Esch gewisen gëtt!! |
Yves 17.01.2007 | An da Reih, gudd ze wössen, dann setz dat am beschten och na sou op d’Nebula HP. Merci… |
Mich 17.01.2007 | Jop Yves, maan ech den Owend |
Barnig 22.01.2007 | klengen -na net offiziellen- Bilan! Mir waren 3mol présent, allerdings war de CLAUDE deen eenzegen, deen och 3mol am Kino sutz Freides, waren em dei 25 Leit do Samschdes, leider just d’hallschent, mee Gescht waren awer ca. 30-35 Leit do (e.a: och e Kolleeg aus der Presse) Leider ass den DVD gescht hänke bliwen, an d’Visiteuren hu virum Nebula Showdown, namol e Recksprong an d’Scheierszeen mat der Introduktioun vum Montana gemaach -> De Film also quasi eng 2te keier hanereneen gesin (fir dei eng, gud Geleegenheet fir Femm- oder Toilettepaus, fir dei aner “oh, lo gi mer heem”, an hun deemoment kee showdown gesin) Naja,… vive la premiere de Garnich! Gerüchter no, gouf och eng jett Blödsinn gescht an der Seance gemaach! |
Claude 25.01.2007 | Nee, ech war net deen Eenzegen, deen 3x do war, de Victor haat och 3x de Professor Hagen (Claude Peiffer) bei sech. Ass jo logesch. Ass elo schon deen Drëtten, deen op der Aarbecht zu mer soot op ech am engem Film matgespillen, deen am Kinosch gelaaf ass. Se hunn all d’Bild am Télécran gesin an do och mein Numm gelies. |
Barnig 25.01.2007 | Du stungs jo awa scho mei oft am Telecran, nee? |
Mich 31.01.2007 | An hei d’Iwwerraschung vum Dag: Wou ech haut den Telecran opgemaach hunn, waat gesinn ech do am Kinosprogramm: De Nebula leeft dëse Weekend nees am Kinosch, an zwar: e Freiden, 2. Februar 2007 um 19:00 Auer e Samsten, 3. Februar 2007 um 19:00 Auer e Sonnden, 4. Februar 2007 um 19:00 Auer |
Barnig 01.02.2007 | Am Virprogramm: De Video vun der Avant-Premiere zu Garnech an dem KLOD sain “U CNT C ME” |
The Nebula Dawn – Nebula an der Press
Yves 17.01.2007 | En Artikel iwwert Nebula/Mona as haut am Kinoprogramm vun den TV-Zeitschreften, ween as su gudd an scannt et an? |
Claude 17.01.2007 | So mer genau wou (wei eng Säit), dann maachen ech daat gäeren. Ass et am WORT, VOIX, Télécran, Tageblad oder …? Um weivill Auer kennt en dann elo??? 19.00 wei op der Homepage oder 18.30 wei am Télécran? |
Yves 17.01.2007 | Hun lo eppes gesin am “De Programm”, TV-Beilaag vum Tageblatt. Merci Claude! Wat d’Auerzeit betrefft, mir sin dabei dat ze checken, gin mol derfun aus dass et 19h as, su wi et och um Caramba Site steht… |
Claude 17.01.2007 | Schäiss, ech hun keng Meiglechkeet dodrun ze kommen. Dann musst du eis dei Beilaag eemol matbrengen. |
du_jupe 17.01.2007 | dann geet de claude elo op d’tankstell, keeft sech en Tageblatt, scannt alles an dann geckt en dei Konkurenz-Zeitung nidder |
Admin 17.01.2007 | De Mona/Nebula leeft de 19., 20., 21. Januar 2007 um 18.30 Auer am Kinosch zu Esch! |
Black King’s Way – Presentatiounen
Barnig 24.09.2007 | Eng 2007-Presentatioun get et dest Joer 13.Oktober ab 20h00 zu Bouneweeg am SUNSET CINEMA (Kontainer op der Haaptplaatz) |
Barnig 24.04.2015 | Klenge REVIVAL haut den Owend |
petz 24.04.2015 | Vill Spaas! Muss leider passen, gin den Owend engem Frënd säin neien Homecinema ausprobéieren |
petz 04.05.2015 | Wéi ass d’Séance gelaaf? Wéi wor et de Film no 10 Joër rëm ze gesin. Hun den Artikel an Journal gelies. Gouf et dann dës Kéier bei Kritiken? |
Black King’s Way – De Film
Barnig 23.01.2007 | Quasi 1.5 Joer mei speid, blecken ech zreck a soen “Daat wae awa nawell wuel e flott Wierk” |
Claude 14.03.2007 | Hun haut den “Black King’s Way”-Räiber an der Frittebud begeint an en huet fir d’allereischten Kéier op meng üblech Fro op ech den 2. Räiber aus dem Film sin, richteg mat NEE geäntwert a knaschteg gelaacht. Dei Roll passt wierklech wei d’Fauscht op d’Aa zu him. Gudd Casting-Aarbecht. |
Claude 13.09.2007 | Op der Säit 44 vum aktuellen Télécran ass eng riesegrouss Foto an en Text iwwert de Frank Schuler. Eisen vorbildlechen BKW-Schauspiller huet et zu eppes bruecht. |
Yves 13.09.2007 | Wurems geet et dann am Text? |
Franky 13.09.2007 | loss mech roden.. US ARMY stetzpunkt |
Claude 13.09.2007 | Baal richteg! Menschen unter uns: Offizier und Lehrer Ein Grundschullehrer aus Gilsdorf in der Uniform eines amerikanischen Offiziers? Frank Schuler unterrichtet als US Air Force Lieutnant am US-Stützpunkt Spangdahlem Militär-Studenten und Berufssoldaten. |
Barnig 13.09.2007 | Haat jo och e gude Regisseur, deen him de wee gewissen huet |
Franky 26.05.2008 | Meenung vun engem Kolleg(hien huet den film plus all bonus gekuckt) +dei szeen mam gamemaster op der buerg wann d’auer tickt folgend Froen huet hien mer gestallt: *wiesou gin sie un den Reiber obwuel se wessen dass et een harmlosen rally ass? *wat geing gescheien wann zait ofgelaaf wier? |
Barnig 26.05.2008 | Op di 2t Fro kriis de keng àntwert, an op dei eischt: Well en bewaffnet ass, an d’Grupp ganz genau wees, dass sie jo eigentlech an der Hütt vun de Reiber sin (also am Feehler) Well et awa just fir eng Nuecht ass, geet ee K.O. Schlo duer |
Franky 26.05.2008 | Waat dei aner fro ugeet, hun mer zesummen spekuleiert, an mer hun d’conclusion font dass wann een den rally net pünktlech packt, dann get een gefaang an kennt net mei raus. |
Franky 26.05.2008 | folgend sach sin ech och gefrot gin: “ass dat klengt Kand beim BKW den Mister Montana sein brudder?dei gesin ähnlech aus–” ech sot him dass den Pierre an den Alain definitiv net famille matenenn sin |
Barnig 26.05.2008 | schauspillerech vlait net dei selwecht famill, mee charakteriell vlait,… wouhier kennt dann de Montana? a wouhier kennt de Klenge Jong? Dei si bestemmt Famill mateneen |
du_jupe 27.05.2008 | also de Mr. Montana kennt aus Elysium … |
Franky 27.05.2008 | den jong vlait och…. vlait ass den rally eng aner dimensioun?… |
Barnig 27.05.2008 | OU!! Lo gi mer zwar ze wait: De Rally ass KENG aner Dimensioun! Daat eenzegt wat stemmt, ass dass een net wees wouhier de Jong kennt, vlait ass e jo e Geschöpf aus dem Montana an dem Alix. Vlait haaten dei jo ebs zesummen |
Yves 27.05.2008 | Dat rischt no engem SEQUEL!!!! |
Franky 27.05.2008 | am BKW gesait een emol den pierre schach spillen, vlait ass dat jo den Montana… an hien spillt geint den Dan Schach, also een kampf em d’Planeiten. Dobai scheckt hien sain eegenen Jong(alain) an den Rally fir een neit Dimensionsportal opzemachen. Den Reiber am BKW ass och keen Reiber mee den Bishop an enger anerer Form den durch Nebula an den Rally komm ass. Also kämpft d’équipe am rally ganz eendeiteg fir den Novick!! Am Nebula kritt den Dan jo och d’Paerd, dat ass dei Schachfigur aus BKW…. Aneren Indice gesait een an der Motelszeen, den Montana ass Weiss am gesicht…hien ass also den weissen spiller am Schach…. |
CArLO 27.05.2008 | Oder…………………………….. ………………….. komm mier bauen den klengen jong einfach emol mat an den film, dat klengt emmer gudd, et wärt schon keen froen fun wou den ass. |
Franky 29.05.2008 | hun grad dei eischtl Gamemaster besatzung op der stross begeint |
Barnig 28.07.2008 | Praktesch 3 Joer no der Premiere vu BKW, feliciteiren ech namol jiderengem deen an desem Film matgeschafft huet. Ass wirklech e gaile Film, an ech hun d’Gefill dass en sech mat de Joer’en emmer mei straam entweckelt. -> Fir jidereen, wu de Film op DVD huet, an an de leschten 3 Joer net mei gesin huet: Kuckt namol, a staunt |
31 Min. – Reviews
Franky 20.03.2007 | www.ofdb.de/view.php?page=review&fid=68033&rid=138112 een geilen review den ech haut reischt gesin hun |
Barnig 20.03.2007 | Dei Analyse ass jo mei professionell wei de ganze Film |
Rendolepsis – Revival
Barnig 23.10.2007 | Dese Samschden Fir dei, wu na keng Ahnung hun, setzt Ierch mat mir a Kontakt! |
Vivi 23.10.2007 | Wou treffen mer eis iwwerhaapt? an um weivill auer genau? as den restaurant nach emmer den wou mer emmer waren? wen kennt dann alles? uuh vill froen |
Barnig 24.10.2007 | Yeah! Hoffen dass alles na +/- selwecht ausgesait wei virun 4 Joer. (Sie wäerten jo d’schlass na net ofgerapt hun) |
Barnig 14.08.2013 | 14.SEPTEMBER 2013 grousse REVIVAL “10 Joer RENDOLEPSIS” am Huelmeser Schlass (original location) |
Rendolepsis – am netz
Franky 22.05.2008 | haut ass den saatz gefall: “so waat heescht rendolepsis? ech hun den op aerem site gesin.., get et dat wuert?” meng äntwert: “jojo, kuck am google” an taatsach, 1390 hits ech wees nach wou mer den film gedreihnt hun… 0 hits! ass krass wei dat sech verbreed souguer flott erwähnungen This paper seeks to broaden Staiger’s approach by looking at three levels of Luxembourgish horror film culture (international, national, and subcultural). Despite the fact that Luxembourg hosted the production of internationally renowned co-productions such as Dog Soldiers (Lux/UK) and Shadow of the Vampire (Lux/USA) it was only on Halloween 2005 that the first bona fide Luxembourgish Horror film, entitled Zombie Film, made its way to mainstream cinemas. Beyond, or rather beneath this, most prominent outing of the horror film in Luxembourg, I propose to have a look at other hardly distributed genre films such as Rendolepsis and Black King’s Way, made by independent filmmakers in Luxembourg, and the ways they are treated if the public eye notices them at all. |
Franky 22.05.2008 | ab 6:30 iwer zombiefilm the president who uses the picture of hitchcock… MARC waat hues du do rem gemach!! do get gesot du häss den Zombiefilm zur sau gemach do get och gesot du wiers een filmgod!! respektiv du geing an deitschland studeiren! |
Franky 22.05.2008 | ab 8.00 “fantastic” RENDOLEPSIS !!! an och BKW! |
Barnig 23.05.2008 | Mat Suen geet alles Nee mee dee Jong heescht Gerard, an huet eemol e Referat iwer letzebuergesch Filmer gemaach, a fir daat ordentlech hinzekreien, wäert en sech vum komplette Forum insprieiren geloos hun. E feliciteiert jo och, dei komplett positiv/negativ a grouss Filmanalysen, dei mir maan, an eben dann och de Feedback vun de Produzenten vum Zombiefilm a sou. An ech mengen e geet eischter op dei laangundauernd Diskussioun an, dei mir haaten, fir Amateurfilmer a klenge Kino’en ze weisen, a net am Utopolis oder sou… Bon, dass ech an Daitschland studeiren, stemmt wuel net Wat en awer soss iwer KML, Letzebuerg an eise Forum seet, fannen ech total cool |
Franky 23.05.2008 | Jo fannen sain ganzen speech och deck an der reih, well hien analyseiert wirklech extrem gudd den letzebuerger hier “kinobehuelen”, respektiv amateur film szeen |
The Next Riddly – De Film
Barnig 23.09.2008 | … Do gouf op der 10 Joer Feier jo nawell kuerz opgepasst, de Kapp geresselt, a gelaach … |
Franky 24.09.2008 | ….*blamage* |
Barnig 24.09.2008 | fir DECH |
Franky 24.09.2008 | an fir den KLOD |
Paulie 24.09.2008 | hehe … |
Franky 19.11.2008 | haut huet eisen Franzous op der Schaff mech sou geruff: “hey, Rahan!” …. |
Barnig 19.11.2008 | Ech nennen dech och lo emmer RAHAN |
Liewensrees – Meenungen iwer de Film
Barnig 23.09.2008 | Hei kruut ech och nawell ganz iwerraschend, positiv Echo’en… Een huet mer suguer gesoot, dass daat bis haut dee gailste Film wier Natirlech o net ze vergiessen dei gail Montage-Zait, an de Sprong vum analogen an den digitale Schnett |
Franky 24.09.2008 | ass affaire de gout, fir mech ass den geilsten long métrage nach emmer BKW. Eisen haaptacteur vun Liewensrees huet mer den Samsten gesot dass hien lo besser mam Film an mam Hype em den Film eenz get wei virun puer Joer (dei Foto wou hien nierwt dem auto setzt war jo quasi an all zeitung..) an gesait lo locker op des mega zait zereck. |
Barnig 24.09.2008 | Ma dat wier jo och schlem, wann et net su wier |
Paulie 24.09.2008 | also Franky, do gin ech da recht. fannen den BKW bis lo och den bechtenn long metrage |
Dangerously Yours Project – DVD Release
Barnig 23.01.2007 | Dest Joer brengt KML den DVD vun >> THE UNFINISHED DANGEROUSLY YOURS PROJECT << eraus!! An daat wäert scho relativ geschwenn sin Nei Versioun, nei monteiert, nei novertount, mei explosiv, an 100% Action, an dei gailsten Kulissen! |
Barnig 14.04.2007 | Daat komplett Rohmaterial vum Film oder besser “unfinished project” ass digitaliseiert. De “Film” get lo komplett nei monteiert a novertount! Bild ass quasi 100% proper! Et ass suguer gud meiglech, dass e komplett neie Skript entsteet, well vill Szeenen sin an der Endversioun an Poubelle geflunn! Freet Ierch |
Barnig 30.04.2007 | Den DVD-Release ass op Dezember verreckelt gin |
Barnig 20.08.2007 | De neie Montage a Soundbearbechtung ass voll um laafen. Daat get nees e fonkelneie Film…. dei gailsten Action !!! |
Barnig 24.10.2007 | Den DVD Release vun DY ass net virun 2009 geplangt !!!!! |
Franky 24.10.2007 | dat ass absoluten Dreck… hun gescht mat verschidden programmen nach probeiert eppes ze retten, mee technik ass mei powerful wei d’menschen an et ass einfach naischt mei do ze machen |
Barnig 24.10.2007 | F*** INFORMATIK |
Mich 24.10.2007 | Watts da lass??? |
Barnig 25.10.2007 | De Fichier FinalMaster.avi ass beim Raumen verseehentlech geläscht gin. Natirlech gouf et soss keng weider Secherung vum Film, well dee sou ofgeschloss war. Eng Recupereierung vun enger Datei ass leider och net meiglech wann e Fichier mei wei 4GB huet Eenzeg wat bleift sin 3 Specials (dei si komplett an ofgeschloss) suwei Titel- an Gunbarrel Sequenz vun DY. Vum rescht get et just nach 80% Rohmaterial, de rescht muss nei ragecapturet gin Wou bleifen dei gud aal analog HAMA-Schnettpult Zaiten |
CArLO 25.10.2007 | Marc du kanns mer net richteg leed doen well een halewwegs professionelen filmmacher huet obmannst eng secherheets copie gun sengem film. Beim ZF hate mer 3 secherheets copien op 3 verschieden HD Wei blöd musste sin fier dain egene film ze läschen |
Barnig 26.10.2007 | Wees de Carlo, winstens huet ee Forumgänger hei emmer all genau (an eierlerch) Informtatioun. Ech schume mech net sou ebess ze soen (soss hätt ech et wuel kaum heihinner geschriwen), an et ass och meng eege schold. An ech monteiren schon zenter 12 Joer! Geff mir een Numm vun engem, deem nie eng Pann geschiit. A wann dir 23 HD voller Kopien hätt, de moment, wus de aus dem montage deng eischt komplett AVI Datei renders, ass eben dee moment wou just eng Datei do ass!! Maach mol nach eng 20 weider Filmprojeten, no ZF; da schwätze mer namol iwer Pannen Mir haaten der scho ganz vill am laaf vun 10 Joer, mee nie hu mer Motivatioun a Courage verluer, waat bei masseg Leit a Gruppen leider villzeoft virkennt! A bedenk och, bei engem neie Projet, gin souwisou vun all Zeenen Masteren ugefäerdegt! Dierft also do souwisou net virkommen. |
petz 26.10.2007 | Salut Marc, Huel onsen aalen Stëppler nët ze seriö, mee hien stëppelt op manst grad esou gär wéi hien Filmer dréiht. Fir een Kameramann ass ett ëmmer liicht die haart an langwiereg Arbecht vum Montage (a seng Gefohren) ze ennerschätzen. (Fro den Carlo mol op him nach nie eng als Kameramann passéiert ass, wéi z.b…. ech wees nët… den Autofocus auszeschalten wann de Bildsujet nët an der Mëtt vum Bild steet). Mee ech sin awer elo interesséiert. Stëmmt schon, dass direkt no enger Render-Phase eben just eng färteg gerendert Versioun vum Film besteet an wann déi hops geet, dann haat een eben wirklech Pech! Mee waat huet dech dran drun gehönnert fir den Film einfach nach eng Kéier ze renderen? Woren die ganz Source-Files dann och gelöscht gin? A mach der keng Gedanken, wann mir bis een neien Film verbrach hun (wann mer daat dann iwwerhaapt packen), dann sin ech iwwerzeecht, dass och doranner genuch ze kritiséieren sin wärd an dann kënnt dir är Stëppel-Revanche op den Carlo an Obskura huelen. Haaptsach mir lachen gudd! |
petz 26.10.2007 | .. daat soll natirlech richteg heeschen: den autofocus VERGIESSEN auszeschalten wann d’Haaptmotiv nët an der Bildmëtt steet, nedu Carlo Souwisou dréiht keen seriöen Kameramann mat Autofocus, daat machen just Warmduscher-Kameramänner |
Barnig 26.10.2007 | Merci fir d’Info Petz, mee ech verkraaften su Saachen, en plus kennen ech de Carlo jo mettlerweil mat sengen CFL-Atelierarbechter-Sprech Ech konnt de Projet net namol nei renderen, well et eng eischt “Schlussphase” als AVI gouf, mee dei war net vertount! A wou dunn de komplette Projet vertount a gerendert gouf, war des provisoresch “Schlussphase-AVI-Datei” dei eischt wu geflunn ass (an daat maan ech och emmer, fir ze eviteiren, dass hanneno net dei als Original geholl get, well een hei changementer nemmen minimal bemierkt -> eben just dei winzeg Touneinlaagen) Well dei dunn eben och net mei dowar (Rohmaterial get souwisou direkt gelescht, subaal d’eenzel Szeenen gemastert sin) konnt ech de Projet och net mei nei importeiren Ass einfach domm gaangen, a vu su enger Montagepann kann een sech leider net drecken. An et leiert een emmer nees dozou… Bei RENDOLEPSIS ass den HD mat sämtlechem FinalCut Projet 3DEEG virun der KinoschPremiere gefreckt!! Well ärch lo net alles zielen, waat do geschiit ass, mee soen just daat waaren duerno Laaaaaaaaaang Deeg, a vill Coup d’Appel’en! |
petz 26.10.2007 | Aha, merci fir d’Erklärungen! Vu dass mir nach nët esou lang dobäi sin, well ech och keng Rotschléi gin, vu dass ech an Sachen Montage nach bluddegen Unfänger sin. Ech kann awer vläit kuerz beschreiwen wéi onsen Workflow am Filmschnëtt ausgesäit : mir machen während dem Montage, wéi den Carlo soot, ëmmer no all Schnëttdag owes 2 Sëcherheetskopien op 2 verschidden Harddisken, esou dass dann am ganzen 3 Kopien bestin (2 Seecherheetskopien an eben däi däi grad um Haapschnëttcomputer léit). Wann den Montage färteg ass gin all DV-Kassetten + 1 Harddisk mam ganzen Projet an eng grouss Köscht geluecht an déi sëcher an een Schaaf verstaut wou näischt drun kënnt wann nët grad d’Haus ooffaakelt. Haat och dem Maik eng färteg gerendert DV-Kopie op 4 DVD gin, an hun selwer esou eng Kopie gehaal. Wann den Film dann bis op DVD gepresst ass, dann hues du nach zousätzlech wéinstens vum färtegen DVD-Projet och nach eng Sëcherheetskopie an Form vun engem Glasmaster. Wann dann nach eng passéiert, dann kann daat am Fong just nach eng Laun vun den Götter sin. (Mengen awer, dass bei den Präiser vun Harddisken haut, wou’s du just nach +/- 50 cent pro GB bezills, een wirklech sollt op manst een Harddisk pro Projet kaafen als Secherheetscopie an zwar fir all Projet eenzel, dann kriss du daat och herno schäin propper archivéiert). |
Barnig 26.10.2007 | 1HD pro Projet Wier eng gud Idee, schwätze mol mat eisem President |
CArLO 26.10.2007 | Sou elo ass et erem un mier gell Marc du ses “winstens huet ee Forumgänger hei emmer all genau (an eierlerch) Informtatioun” Wei eng Informatioun(en) dann Ech machen zennter 9 joer filmer, mee mier sin lang net esou fill pannen fier komm wei dier bei engem projet Ech gin dier esouguer 2 niim, Carlo op der Kamera an den Master Himself Petz um montage Hei een artikel den an der presse stung www.zombiefilm.lu/uploads/press/journal2.pdf lies do emol den zweet leschten abschnitt Marc muss dier soen dass ech net nemmen ZF gedreit hun, sin schon bei mengem 12 projet ouni dei hochzeiten an anner privat filmecher dei ech gefilmt hun……………. an hun net den fehler gemach OUNI STATIV ze filmen den fehler hätt ech emol net mat 15 joer gemach dat ass den A fum Cameramann. Hun dier dat firun 3 joer gesoot dier sollt emol een stativ benotzen fier ALL opnahm dat heescht erreischt no 7 joer hudd dier gemierkt, nodeems een Iech gesoot huet dier sollt een stativ benotzen, dass der e fehler gemach hud JESUS MARIA am Himmel. Courage wärten mier NIE verleieren glew mier Sou elo ass et och emol un der Zeit fier dech PETZ AAL sin ech mee steppler nee………….. Dei affaire mam Autofokus war nach wei ech enner enger regie geschafft hun fier den ech Cameramann war, awer wuertwiertlech gesoot Cameramann, dat hescht beim ACTION muss schon Rec gedreckt sin an bei CUT muss den knäppchen nach eng keier gedreckt sin. Mengen dat war dei enzeg dei ech fleien geloss hun mee dei huelen ech net foll op meng kaap, wei gesoot hun ennert enger annerer regie geschafft. Bei mier brauch keen eng revanche ze huelen an laachen wärte mer geschwen och net mei, well dann get den echt erem lass an filmen ass ugesoot Jo Marc dei HD’en haut kaaschten drei mol naischt an do ass emmer alles proper archiveiert, ech hun esou guer eng Copie fum Film an menger Case op der Banque leien also och d’Banque kann offackelen mee gesechert ass den ZF. P.S. @Petz hues du schon kontakter zu engem anneren Cameramann ?? |
Barnig 29.10.2007 | Am Artikel steet, et wier dain “eischte Film” .. waat soll daat dann? Ech si ganz gespaant, op deng neechst Arbechten als Kameramann a gaalabox du leis eng kommen, da kriis de awa eng Kritik dei sech gewäsch huet! (A gleef mer passen op all kleng Detail op) by the way: Muss ech der soen, dass de wirklech besser hues bei der kamera ze bleifen, well gescht um KULTURDAAG hu mer dach net e Film gesin wus du als Boxer der ordentlecher op d’Nues kriis, mengen su eng schlecht Schauspillerei hun ech menges Liewdaags net gesin |
CArLO 29.10.2007 | Meng aarbescht als kameramann huet sech elo schon bezuelt gemach an du kanns op all kleng Detail kucken mee du wärts naischt fannen, keen wärt eppes fannen………………. Marc wess du nach wei ech ausgesinn?? mengen net… Nemmen fier ze soen mengem eischten geigner hun ech d’nues gebrach an den zweeten (dat een erfuerenen amateurboxer ass) hun ech op den teppesch krutt. An fun do un get keng SAU mei mat boxen. Ausser bei KML ass een herausfuederer do, dann sollen sech bei mier mellen. Den eischten den geint mech gewennt (3Ronnen), gewennt eng ZF DVD mee wann’en geint mech verleiert dann muss hien eng kaafen. Dat war nix ze schauspillerei dat war alles real, wann’s du mech als schauspiller eng keier wells gesinn do get et een film wou ech matgemach hun. PLAYBACK mee pass op den IQ fier den film leit zimmlech heisch |
Barnig 30.10.2007 | si gespaant! An hun och nach eng weider Propositioun Appel u jidereen: GRAIFFT ZUR KAMERA, BOXT DEM CARLO ENG OP D’NUES, GID EIS D’MATERIAL FIR “RIDDLY 4” AN DIR KRIIT DEI KOMPLETT KML-RIDDLY-TRILOGIE-DVD-BOX GRATIS |
Barnig 30.10.2007 | Mir wieren net zoufälleg am falschen TOPIC |
CArLO 30.10.2007 | Ech sin dobai mee falls keen geint mech gewennt den MUSS eng ZF DVD kaafen an zwar den follen preis fun 25€. KML dier gidd eidel aus An kommt net herno |
CArLO 01.11.2007 | Wollt emol just nach kuerz preziseieren dass et bei mier net get wei bei dem schielen wrestling, also den kampf get net an der vestiaire ofgeschwat, an och get et keen script fier den kampf. Muss awer och nach soen dass dier schein läppescher sidd et huet nach keen sech bei mier gemellt ausser een film team den dat ganzt well filmen……… |
Barnig 02.11.2007 | Majo keng Angscht — mir siichen nach Huelen schlisslech net egaal ween |
CArLO 02.11.2007 | Dann sich du mee wann ech Bopi sin dann well ech net mei boxen Du fenns keen |
CArLO 20.11.2007 | FRANKY |
Franky 21.11.2007 | ma 3/3/08 |
CArLO 21.11.2007 | Majo du kenns d’regelen du muss een ring an schiri organiseieren |
Franky 22.11.2007 | schiri… den MARC B. ring?.. brauchen mer net.. mer machen backyard boxing.. |
Yves 21.11.2007 | Ech hun d’Impressioun dir huelt et net sou eescht wi et dem Carlo gemengt as… |
CArLO 22.10.2007 | Ech hun keen problem domat mee wanns du FRANKY den 3.3.08 net prett bass dann machen ech Iech alleguer ferdeg, dier sidd jo lauter läppescher deck speinn spaizzen an naischt dohannert, et ass einfach eppes gesoot mee nach lang net esou einfach dat gesoten emzesetzen. Ech hun am mengem GANZEN liewen nach emmer dat gemach wat ech gesoot (verspraach) hun an dat wärt och esou bleiwen. Dier siid dach lauter LOOSER |
Paulie 22.11.2007 | MOIEN … keen komenter zu sou desem gebradels… |
CArLO 23.11.2007 | @ Paulie endeems du desst gesoot hues, hues du schon e commentar offgin tststststs |
Barnig 23.11.2007 | Ou kenn der keen neien TOPIC opmaachen “Dem Carlo sai Boxmatch” well ech denken net dass daat leiten vill mat THE UNFINISHED DANGEROUSLY YOURS Project ze din huet |
Paulie 25.11.2007 | et geht zwar … |
Claude 26.11.2007 | Oh Mamm, waat eng Päif! Du mengs secher LOSER mat engem “O”, well daat aanert gett et net. Net mol dein eegenen Numm kanns du richteg schreiwen. |
Dangerously Yours Project – Numm vum Film
Barnig 23.01.2007 | Am Forum steet den Numm falsch: “Dangerously Yours” ass den Numm vum desem KML-Projet deen produzeiert sollt gin. Na nie gouf en Dreihbuch su oft emgeschriwen, an emgeännert wei hei! Verfolgung mat Schnellbooter, BMW deen sech iwerschleit, e Sprong op en Ballon (à la THE WORLD IS NOT ENOUGH) sin nemmen 3 vun desen Highlights dei bei Dangerously Yours am Dreihbuch stungen! Well emmer nees aner Probleemer opgetaucht sin, a verschidden Szeenen dunn awer net realiseiert konnte gin, an Produktioun mettlerweil 2 Joer ugedauert huet, gouf de Projet vu KML annuleiert! –LEIDER– Mee dono koumen dei gedreihnten Szeenen (an dei hun wirklech alles iwertraff) trotzdeem an engem “Unfinished Project” eraus! Vun dohier heescht dese Projet “THE UNFINISHED DANGEROUSLY YOURS PROJECT” a net “DANGEROUSLY YOURS” |
Legend of Bigfoot – in the press…
Franky 17.08.2007 | wei schon vill leit wessen get et nierft dem film och eng reality action… (divers publicationen um internet sou wei deitsch magaziner). den zweeten video wert demnächt an engem neien mag optauchen… |
Franky 27.09.2007 | an der aktuellester ausgabe vum BEYOND THE MAGAZINE ass een flotten artikel ze fannen enner anerem get den video vun engem gewessen F.H analyseiert, awer och een mei neien video den am Schnei ofspillt den och hei am Land vun engem onbekannten gedreint gin ass(desen video huet schon iwer 40.000 hiten am youtube.) (ech hun den artikel als PDF, wann een en well liesen, dann mailen ech iech en,..) |
Claude 21.03.2008 | Ech heieren eng Bomm ticken, dei elo gläich platzt an zwar kräfteg! Ech zeihen mech elo leiwer seier a mei Bunker zreck… |
Mr. Miyagi 22.03.2008 | www.youtube.com/results?search_query=The+Luxembourg+Bigfoot+videos+-+REVEALED&search_type= Oh no |
Franky 08.05.2008 | Fedex kennt muer laanscht… an dann geet et richtung Canada… more to come |
Barnig 09.05.2008 | …a geschwenn richtung prisong |
Legend of Bigfoot – Bigfoot Filmer
Barnig 08.02.2007 | Hu graad de (Kanner)Film “LITTLE BIGFOOT” aus dem Joer 1997 gesin! An do gesait de Bigfoot suguer na schlemmer a belleger aus, wei bei KML! |
Yves 08.02.2007 | Ech fannen zwar perseinlech lo net dass de Bigfoot Kostüm an eiser Versioun belleg ausgeseit … |
Barnig 09.02.2007 | Daat hun ech jo o net gesoot Ech fannnen dass a grousse Produktiounen, d’Kostümer deelweis belleger ausgesin, wei bei eis (ouni Budget)! -> A Virunallem maner GLAUBHAFT |
Franky 09.02.2007 | jo… Hollywood kostümer gesin 100% perfekt aus, all detail, glaat, all hoer setzt wei gekämmt op der richteger stell The legend of bigfoot kostüm ass richteg ruppeg(vill verschidden faarwen, materialer) waat d’sach mei onheemlech an strange mecht. |
Barnig 09.02.2007 | Op der DVD gesid der iwriens e SPECIAL wei dee kostüm kree’eiert gouf |
Barnig 25.07.2007 | Och de Film aus dem Joer 1994 “BIGFOOT: THE UNFORGETTABLE ENCOUNTER” vum Corey Michael Eubanks kennt net un eise KML-Kostüm run! |
Legend of Bigfoot – DVD
Barnig 29.01.2007 | Ech weisen eemol dorop hin: Den DVD (mat nei-monteiertem an novertountem Film) suwei 4 Specials + Trailer ass aktuell bei KML fir nemmen 15 Euro ze kreien! Kaaft daach mol endlech een nees am KML-SHOP an! |
gubius 01.02.2007 | Hunn ech dach schon kaaf, läit schon sait enger gudder Woch bei mir doheem…sinn jsut nach nët zum Kucken komm |
Franky 02.02.2007 | Loss der zait mam kucken.. sou een Meeschterwierk muss genoss gin ! |
Mich 03.02.2007 | Och ech hunn daat Meeschterwierk schon op DVD kaaft Bigfoot mat neiem Schnëtt a coole Soundeffekter… einfach mega! Et sti nach e puer DVD’en beim Marc am Regal, déi op e Keefer waarden… also gräift zou, et lount sech wierklech! |
Lovely Days in April – Crew
Barnig 23.09.2008 | Decke Merci, un dei puer Crewmembren, dei vu LOVELY DAYS op der 10 Joer Feier waren. War flott, dei all nees no laanger zait rem ze gesin! Vun deenen heiert ee soss net vill Net ze vergiessen natirlech den (ex)Comiteesmember MISCHEL Fabeck, dee baal fir mech agespronge war, fir d’Ried ze haalen |
Show Time – Presentatioun
Barnig 23.08.2011 | Zenter dem Release vun desem Film gouf et mengen ech just 1 Virstellung,… lo 10 Joer mei speid get et de Film namol a restaureierter Versioun ze bestaunen: 01.Oktober 2011 Koler Schoul (20h00) |
Riddlypub da Fully – Presentatioun
Barnig 23.08.2008 | Ganz verstoppt – a Plafongs-projektioun – gouf RIDDLY op der 10 Joer Feier presenteiert |
Quantum of Solace – Presentatioun
Barnig 17.09.2009 | Dese SAMSCHDEN, 19.SEPTEMBER get de Film um 20h00 zu GARNECH am VERAINSSALL gewissen!! Den DVD ass ab dann available (inkl. 120min SPECIALS, e.a. Palma Trip, Making of, Outtakes, The PC Game, Trailers, North-Southengland Trip, Interviews….) vun 19h00-20h00 ass schon HAPPY HOUR! An de Film “Grand Prix Elsy Jacobs” get gewissen. |
Franky 17.09.2009 | Yeah, an ech ginn dovun aus dass praisser wei emmer extrem sozial sinn, zumols op der happy hour Free mech desen film no souvill joeren rem ze gesinn |
Barnig 21.09.2009 | Super Succes !!! Ech wo’en ze behaapten, dass de Film lo suguer na mei positiv Resonanz an Ennerhaalung kruut wei virun 10 Joer! Quasi jidereen konnt sech an Zait zreckversetzen, wu den Amateurfilm nach op sengen Wuerzelen war! TOP TOP |
Franky 21.09.2008 | genee! ouni lo ze iwerdreiwen, mee den owend war wirklech een (onerwarten) succées! Et ass just reklamm iwer internet gemach ginn(kml newsletter, facebook, KML.lu) an et sinn trotzdem vill Leit komm. An dat waren net nemmen leit dei desen film schon gesinn hunn, mee och ganz vill spectateuren dei desen aalen Amateur film nach net gesinn haaten. Ech war och frou zumindest e puer anner letz filmemacher zegesinn dei einfach wollten gesinn wei KML ugefaang huet. Dat bescht war dass de film immens gutt ukomm ass. Kloer, de film war vlait 1999 net schlecht, mee hautesdaachs ass een amateurfilm mat deitschen dialoguen an wakeleger kamera einfach total veraltet. Dofier em sou iwerraschend dass stemmung immens gutt war den d’leit sech richteg gutt amuseiert hunn. De charme vun sou aalen filmer kompenseiert einfach alles. (HD, gutt beliichtung, gutt kamera, gutt FX effekter sin net alles ) Souguer während dem making of (no 2 stonnen film) ass keen opgestaan obwuel luuten am sall uwaren. Dofier een groussen merci u jiddereen! |
Barnig 02.10.2009 | Fotos vun der REVIVAL NIGHT + exklusiv a rare MAKING OF biller vu 1999 kommen dese Weekend online ! |
Quantum of Solace – DVD Release
Barnig 11.03.2008 | Leider och nach net 2008… ass tonnevill arbecht, waat do nach op eis duerkennt… mee dofir get et eng MEGA-GAIL DVD |
Barnig 12.03.2009 | KONFIRMATIOUN: Et get eng Doppel DVD |
Barnig 30.09.2009 | DVD ass ab elo bestellbar !!! AVIS AUX AMATEURS |
Quantum of Solace – Trailer
Barnig 18.09.2008 | En allereischten exklusiven Trailer get et op der 10.Joer Feier! Et ass e Genoss des Biller nees zreckzegesin!! DOPPEL-DVD Release: Remasteriseiert 2009! |
Franky 19.09.2008 | dei eischt bewegten biller zum MGM Quantum of solace gin et och schons |
Barnig 19.09.2008 | Daat ass zwar en Thema fir sech! Mee ech denken,… meng Bond-Fan ära ass mam Craig definitiv zu Enn…. de KML “Quantum of Solace” Trailer ass besser, wi deen vun MGM! (waat maachen dei nemmen mat de Filmer momentaan …. !????) |
Barnig 25.08.2009 | Den offiziellen Trailer ass released!! Get et momentan awer leider just op Facebook- Wäert awer demnächst och op Youtube kommen.- Um Bonus DVD get et iwer 120min. SPECIALS |
Quantum of Solace – DVD Specials
Barnig 16.06.2009 | Interviews gi momentaan opgeholl. Verschidde Crewmemberen hun sech an deenen 10 Joer nawell net schlecht verännert |
Quantum of Solace – Remasteriseierung
Barnig 23.01.2007 | Dese Film wäert wuel als lescht op DVD erauskommen, dofir awer als Voll-komplett-ausgestatten DVD! Geplangt ass den DVD fir den 10ten Anniversaire vu QUANTUM OF SOLACE (also 2009) Gerüchter no, wier et awa eventuell scho meiglech, dass den DVD 2008 (also neechst Joer) am Kader vum 10ten Anniversaire vu KML erauskennt! Bleift ze hoffen! |
gubius 23.01.2007 | Mei schnell, ech wëll en kucken Dir wärt daat schon super hinkreien! |
Barnig 20.12.2007 | De gailste LOCATIONS-KML Film ass fir eng nei Versioun an der POST-PRODUKTIOUN Digitaliseierung huet des Woch gestart! A ka just soen, Biller si mei gail, mei farweg, wei de Film jee war (op VHS) |
Barnig 02.12.2008 | ..ech misst de projet mol sulues attackeiren… |
fuuss 10.12.2008 | Hm hues nach puer deeg, ech hoffen en ass faerdeg |
Barnig 11.12.2008 | ech versiichen en fir 2009 faerdeg ze hun … Da get eng “10 Joer QoS” Feier gemaa |
fuuss 11.12.2008 | Wei kritt en dei elo net ze kaafen fir en samsten |
Barnig 11.12.2008 | Daach di aal 120 minüteg VHS – Editioun |
fuuss 11.12.2008 | jeh jeh soll ech dozou nach eppes soen |
Barnig 11.12.2008 | Jo… freen op next Joer |
Barnig 06.01.2009 | D’Arbechten hun ugefaangen, vun engem vun deen opwändegsten KML Produktiounen. OK, et ass lo bessi gewoot, daat mol sou ze schreiwen, mee 1999 goufen et na baal keng digitial Schnettmeiglechkeeten, a sou gouf alles analog gemaach. Ech hun dei Zait mat 2 Videorekorderen Filmer monteiert, synchroniseiert a vertount. Versiiche a nexte Meint, wu ech un deem Projet hei schaffen, ärch heiansdo Anekdoten zum Beschten ze gin: Eng virop: EXPLOSIOUN vun engem HAUS Mettels Verlängerungskabel gouf e Kassetterekorder nierft Kamera gestalt. Wu mer dunn opgeholl hun, gouf glaichzaiteg de Kassetterekorder op PLAY gedreckt, wubai mettels MC-Kassette den Toun vun der Explosioun ze heiren war, (dee virum Dreih mat Mirko opgeholl gouf) an dunn soumader während dem Dreih vun der Kamera opgezeechent an agebaut gouf. Dei Zaiten waren einfach MEGA !! Et gi sellechen su Geschichten !! Ech bewonneren di Zait emmer rem nees! an natirlech jidereen dee sou an den 90er mat Filmen ugefaangen huet. Natirlech ass mer och bewosst, dass vill Leit doriwer laachen. Mee freier war daat eben sou, a ganz vill Arbecht war eng elle Kriiiis. |
Barnig 28.01.2009 | Si grad bei der gailer Auto Verfolgung! An der neier Versioun get de Schnett vill mei schnell, mei Action deelweis nei Pläng, a vill mi interessant |
Barnig 09.03.2009 | REMASTERISEIERUNG OFGESCHLOSS Dei nei bearbecht Versioun vu Quantum of Solace huet lo eng Dauer vun 105 min. Ganzer 16 min. sin also vun der VHS-Versioun eweg gefall -> Ass awer super positiv, WELL : KENG ZEEN ass verschwonnen, heechstens puer nei Pläng si bei komm, ass just alles mei rasant monteiert, a mei ennerhaalsam zesummegeschnidden! Freet Ierch!! |
Franky 11.03.2009 | Yeah, dat ass jo richteg seier gaang! (mach awer lo eng copy, net dass et rem sou geet wei mam DY…) |
Barnig 11.03.2009 | Film ass schon op BAND gesechert Den Owend kennt de Backup op ext. HD |
Barnig 03.04.2009 | Bessi Bordell get et beim DVD1 rendering: Et huet sech erausgestalt, dass ech während dem Montage eng kuerz Zait op Non-Interlaced Modus geschafft hun, a lo beim DVD op Interlaced Modus schaffen, wat als klenge Probleem falsch Frames beim Wieselen vun enger Zeen bewierkt (eben net emmer, mee heiansdo) Doweins get de Film lo namol am Interlaced Modus gecheckt, an all Frame deen “hallef” ass, nodreiglech eweg geschnidden. Schätzen sin der awa just eng 30-40 -> KENG PANIK ALSO! An ass herno baal guernet um DVD ze bemierken |
Quantum of Solace – Titel
Barnig 25.01.2008 | BOOM NEWS Offiziell bestätegt, dass dest Joer vu KML “QUANTUM OF SOLACE” erauskennt! Paralell dozou leeft den 22ten BondFilm geint Enn des Joers am Kino un, den Titel no “Casino Royale” (Bond 21) ass fir Bond 22: >>>> QUANTUM OF SOLACE <<<<< YEAH!! Virun 10Joer bei KML 10 Joer mei speid bei MGM |
Franky 25.01.2008 | den witz ass.. dass am letz google lo all mensch no QoS sicht.. an dofier kreien mer lo vill Klicks |
Barnig 25.01.2008 | yeah! Man! |
Quantum of Solace – Keng Parodie!
Claude 18.01.2007 | “Den James Bond Parodie-Film aus dem Joer 1999” steet hei am Forum als Ennertitel… Operation: Icebreaker + Quantum of Solace + Dangerously Yours sin dach keng Parodien??? Et sin Homagen/Fanprojekter! Filmer vun Fans, vir Fans! |
Barnig 18.01.2007 | Jo et stin na eng jett Feehler an de Bezeechnungen dran… di gin awer hoffentlech geschwenn verbessert! |
Mich 18.01.2007 | Sou steet et awer och an deenen 3 Film-Historiken vun eisen 3 James Bond-Filmer hei um Site, an déi Historik-Texter krut ech vum Här Barnig héchstperséinlech! Gitt iech eenz welche Genre vu Filmer daat sinn! |
Operation Icebreaker – Mat Freed rem drun zreck aerennert
Claude 18.07.2007 | Eng kleng Story iwwert den Operation: Icebreaker! Sin endlech rem vun der 90-Joer-Feier vu menger Bom an d’Leit vun der Gemeng waren och all do fir ze Iessen an op d’Foto! De Fotograf huet eis Email gefroot, dass en eis d’Foto mailen kenn. (bond007@pt.lu) Wou de Giersch daat heieren huet, soot en grinsend: “Wei kommt der dann dorop? Daat ass jo eng ganz markant Email dei net jiddereen huet!” Ech dunn: “Mer hun eis virun Joeren un eppes Bestëmmtes inspireiert.” Hien: “Genau, ech wees och schon un waat: dem Marc seng Filmer mam James Bond wou hien mam Laurent am Weiher kämpft! (et war zwar just eng Schwëmm hannert engem Haus ) Hun ech emmer deck flott a witzeg fonnt, well et esou amateurhaft war an mat deem schroen däitsch Akzent… D’Geschicht war zwar richteg bëlleg, mee de Film awer amüsant, well een d’Leit eben kennt an och wees waat do hannendrun stecht an de Making Of war allerbescht.” |
Barnig 19.07.2007 | Hien huet jo selwer 1 Joer drop am QUANTUM of SOLACE matgespillt! (de KML Film per excellence!!) |
Status>ego – Tournage
Barnig 31.05.2010 | A wei gehofft hu mer de leschte Samschden gestart! (vlait komme puer Pics online) |
Franky 31.05.2010 | Jo, an den Tournage war wuel flott. Ech fannen eis brandnei Acteuren machen hier Sach ganz gutt… mee de Marc ass Regisseur, hien muss d’Pluspunkten verdeelen… |
Barnig 01.06.2010 | Bonuspunkten, Frank keng Pluspunkten ! |
Barnig 21.06.2010 | Houh Houh Houh Puer flott Pläng sin schon an der Kescht |
Barnig 20.07.2010 | a nexten deeg gin et puer NEI INFOS a vlait EISCHT BILLER |
Franky 22.07.2010 | dei ginn et ab haut |
Barnig 15.09.2010 | Eng Zeen bleift nach ze dreihnen Et riiiicht no Teaser |
Barnig 08.10.2010 | Leschten Tournage haut den Owend zu Klengbetten am Pub! Jidereen ass wellkomm, brauche nach puer Statisten |
Franky 08.10.2010 | kommt kommt kommt |
petz 12.10.2010 | A och hei meng Fro: Gët den neien court-métrage op der Filmmaker’s Night gewiesen? Ka schon eppes iwwer d’Geschicht verroden gin? |
Franky 12.10.2010 | gutt Fro, Filmakers Night eischter net well dat punkto HD schnett awer bessen knapp gett. An zur Story därf ech naischt soen. Marc klär eis mol op, net dass ech hei dommheeten zielen. |
Barnig 13.10.2010 | Jo also vu dass ech momentaan u ganz ville projeten schaffen, hun ech mer lo e klenge planing gemach. Et ass “NET” ausgeschloss dass de Film kinnt op der Filmakers Night gewise gin, et ass och “NET” ausgeschloss dass a nechste Wochen den Teaser online kennt, mee am moment ass einfach en zaitlechen an organisatoreschen Probleem do. Den Tournage ass ofgeschloss, den Owend gin di lescht Noopnaahmen namol nogedreihnt. An da si mer faerdeg. Postproduktioun huet och scho gestart Op alle Fall gelt: Op der Filmakers Night, get et ebess “NEIES” ze gesin Mer gingen jo all hoffen wann daat de Film integral wier, well awer do guernaicht verspriechen. Momentaan sin d’chancen wat punkto STATUS>EGO op der Filmakers Night leeft: 35% Film 65% Teaser Eng lescht Retsch Fotos + Synopsis wäert awer a nechsten Wochen online kommen ! |
petz 13.10.2010 | Tip top! Kanns du schon eppes iwwer d’Geschicht erzielen oder op manst waat fir een Genre de Film gin wärd? |
Franky 13.10.2010 | jo Marc, raus mat der Sprooch… |
fuuss 13.10.2010 | jooo dajjjjjjjjjjjjjjjjeeeeeeeeeeeeeee |
Barnig 14.10.2010 | Et geet (wi een am Titel vlait akenne kann) em d’Problematik zweschen de Jugendlechen an d’Veröffentlechungen vun privaten Donnéen op soziale netzwierker voila geet duer! |
petz 14.10.2010 | Daat ass een interessant Thema an am Moment jo absolut an der Aktualitéit. Domat léist sech op alle Fall eppes man, sin dann mol gespaant! |
Franky 19.03.2012 | Making Of Fotoen vum Film sinn online ! Et sinn e puer witzeger dobai |
petz 19.03.2012 | Macht dach w.e.g. een Link dobäi wann d’Leit Fotoen kucken sollen (ech wor bei de falschen Fotoen geland) Fotoen sin witzeg. Mir gefällt virum allem d’Nummer 10 wou de Marc voller Déterminatioun an Richtung Tournage schreitet. |
Barnig 20.03.2012 | Den JOHN MORRISON ass o net schlecht |
Status>ego – Auszeechnungen/Praisser
Barnig 27.01.2012 | Beschte Spillfilm um CreaJeune 2011 (leschte Mettwoch) an der Cinematheque |
petz 27.01.2012 | Félicitatioun, Marc! |
Status>ego – Presentatioun
Barnig 03.05.2011 | Aktuell leeft STATUS>EGO am Virprogramm vun “HALL PASS”, ab neechster Woch dann als Virfilm vum Film “WATER FOR ELEPHANTS” jeweils emmer am CineBelval Gid kucken, et gin nach saachen di een bei eischtem visionage net direkt akennt |
Barnig 07.06.2011 | Ech hun de Film an 2 Klassen am Lycee Robert Schuhmann mat anschl. Diskussioun presenteiert. Resonanz war relativ gud |
Status>ego – Presse
Franky 08.12.2010 | Muer RTL letzebuerg kucken fir bessen méi iwer de Film gewuer ze ginn! |
petz 08.12.2010 | Ok, wéivill Auer? |
Franky 08.12.2010 | sorry petz.. dat war haut… ech hunn et och verpasst |
petz 09.12.2010 | Vu dass een nët mam Auto op d’Stroos dierf, mengen ech wier den Zäitpunkt genau richteg fir mol rëm eng kléng an hoffentlech konstruktiv Polemik hei am Forum ze lancéieren. Also lass: Ech hun mer den Reportage deen gëschter Owend op RTL Télé Lëtzebuerg gelaaf ass ugekuckt a sin dobäi dach zimmlech nervös gin an zwar aus folgenden Grënn: 1) Et kann een nët Reklam fir den Amateurfilmfestival Filmmaker’s Night (FMN) man andeems een als eenzegen Auschnëtt een Extrait vun engem Film weist deen op deem Festival NET leeft !!! 2) Wann d’Absicht nët wor Reklamm fir den Festival ze man mee fir een neien KML-Court-Métrage, dann muss een do och méi Informatiounen präis gin wéi déi, déi souwisou schon am Trailer ze gesin sin, deen zanter Wochen um Internet leeft. 3) Ech gin awer dovun aus, dass och sollt Reklamm fir FMN gemach gin, mee esou wéi daat op der RTL verkaaf gin ass, zitt een keng Zuschauer un. Do muss een den Zuschauer erklären firwaat et sech lount op de Festival ze kommen an do muss een den Enthusiasmus vum Organisateur spieren. Wann een vun den Organisateuren schwätzt, dann soll een sie (kml, episclérite, pyrrhus) och beim Numm nennen (an nët nëmmen de Sponsor beim Numm nennen). Aplaz een Extrait vun engem Film ze weisen deen NET um Festival ze gesin ass an iwwer deen een KENG Infomatiounen gin wöll (ausser déi dass en eben an der Mach ass) hätt een z.B. können een Extrait aus engem vun den beschten Filmer weisen, déi dir fir d’Festival-Compétitioun erageschéckt krut an dem Zuschauer dann soen “A wann der wëssen wöllt wéi daat elo ausgeet dann kommt de Samsden Owend op d’FMN. Niewt dësem exzellenten Film gin et nämlech nach eng ganz Reih aaner ganz flott Filmer vun jonken Réalisateuren ze entdecken déi vläit die gang Grouss vun muer sin” (daat huet de Journalist missen soen) an dann vläit e puer Beispiller gin. Et sin am Moment an der Amateur/Independent Szene mengens Wëssen no just zwou gréisser Produktiounen am Kommen (“Heemwéi” vu Feierblumm an “Luxembourg Mystery Tale” vun Camera Obskura). Wann vun enger vun dësen zwou groussen Produktiounen Méint am Viraus een Teaser exklusiv op engem Amateur-Festival ze gesin ass, hätt een drun denken können daat ze erwähnen nët well déi Produktioun sech Pub erwönscht (d’Werbetrommel fir onsen Film werden mir selwer ganz gudd trommlen wann et souwäit ass) mee well daat eventuell Leit interesséieren an motivéieren kann op de Festival ze kommen. Ett verkeeft een een Festival andeems een seet waat do ze gesin ass an nët andeems een seet waat do NET ze gesin ass! 4) Wann den Journalist eng Fro stellt soll een him wa méiglech an d’Aan kucken wann een him äntwert (och wann daat nët ëmmer einfach ass wann een probéiert seng Gedanken z’artikuléieren) Bon, deet mer Leed wann daat elo vläit e bëssi brutal als Kritik kléngt mee sie ass ganz sëcher konstruktiv gemengt, schliesslech kann et just am Intérêt vun ons all sin wann de Filmmaker’s Night Festival een Succès gët an nach lang Joër bestoen wärd! |
Franky 09.12.2010 | yeah ! ech mengen de Marc wollt eischter reklamm fir Status>Ego machen… (an eben gelegenheet notzen niewenbei FMN ze erwähnen) mee weigesot, de Marc mellt sech secher an brengt Liicht an Donkelt |
Franky 09.12.2010 | Petz, du hues 2 Friends vergiess Ech mengen de Marc well express naischt iwer de Film soen… ech fannen dat eng gutt Approche well et Leit virwetzeg an nervös mecht well se net wessen waat op sie duer kennt. Dei anner néi KML filmer dei den Samschden laafen sin bis elo nach guer net erklärt ginn, bis op een Titel wees nach keen waat do op se duer kennt (an ech wärt fir main Film och keng Reklamm machen, deen leeft eben den Owend a faerdeg…wann ech rem emol een groussen Film machen, dann ass d’approche natirlech eng ganz aner.) A souwiesou: dei sech fir amateur filmer interesseieren wessen dass de Samschten FMN ass. Den normalen RTL zuschauer bleiwt souwiesou doheem an kennt net laanscht kucken. A wiesou de Marc sou geschwaat huet wees wuel just hien selwer Op de Marc lo als Marc privat do war oder als Status>Ego Regisseur oder KML member oder als member vum FMN comité wees ech och net… dofir marc, mer warden op Erklärungen |
Franky 09.12.2010 | an nach eng Meenung zum bestoen vum FMN…. ech sin positiv dass dei nach länger bestoen bleiwt. Aner (mei)grouss Festivalen hunn Flennt schon no 2 Joer weggeworf obwuel se vill mei grouss a besser(?) opgezunn waren, grouss an der Presse waren…. A kml ass schon mei wei emol als doud erklaert gin (sou sätz wei : KML mecht nie mei filmer” krut ech schon öfters vun villen Leit an de leschte joer ze heieren) oder dass mer reckstänneg an veralted sinn an net mei kennen mathaalen. Et gett eis iwer 10 Joer an der zait sinn schon vill Filmverainer enstaan an rem verschwonn… |
Barnig 09.12.2010 | hello … Also fir d´eischt eemol merci petz. Wi gesot mir heiren gären wann engem ebess net passt (leiwer daat, wei hannert dem reck ebes ze soen) an ech gin der suguer recht, MEE: -A lo kennt di ganz aklärung- Ech sollt reicht den owend an de studio goen, well awer geschter den invitée kuerzfristeg ofgesoot haat, hun se mech spontan gefrot fir anzesprangen. Natirlech war ech NET virbereed. De But op haut oder muer war fir STATUS>EGO virzestellen. WELL deen awer lo net faerdeg get, hun ech absichtlech dem Olivier gesoot, e soll bessleche MEI IWER filmakers night schwätzen. (zu genschten vu jiderengem) Ech (an dei organisateuren vun der FN) haaten awer lo naicht PRETT fir geschter direkt ze weisen, doweins haat ech o just de STATUS teaser um büro a konnt och deemno just dee weisen. Denken daat aklärt einfach alles, mee et war wi gesoot ni de But iwer d´FilmakersNight ze schwätzen, daat war just d´Occasioun fir NIERFENLAANSCHT reklamm bessi ze maan. Iwer LMT oder HEEMWEI ze schwätzen hätt ech egaal wei NET gemach, well dei einfach net do gewissen gin, gesin also dann o net den zweck doriwer ze schwätzen. Mir hu vill Filmer kriit, an dei kann ech o net all opzielen, well mer selektioun na net faerdeg hun, wäert awer lo gescheien. Haaptprobleem (wiederholl) Ech war op gescht net virbereed, an denken hun daat bescht gemeet, waat ee ka maan. Sponsor ze awähnen -> JO ass mei wiichteg, wei d´ASBL ze awähnen, well een dei souwisou sulues kenne muss, gesin also wi gesoot neirens e probleem. Gud dass RTL just 20min, an dovuner just 5 min un eis gewidmet sin, ech mengen daat ass emmer sou, do kann een o naicht änneren. Du schaffs an der Kommunikatioun, an ech si quasi secher dass du dei 5 min. besser häss kennen notzen, wei een deen einfach nemmen just “Techniker” ass, mee soit. Ech soen der trotzdeem merci fir deng Kritik, fannen daat ganz OK, mee hoffen du verstees och lo d´Uersaachen |
petz 09.12.2010 | Marc, villmols Merci fir d’Erklärungen. Elo verstin ech och firwaat daat esou gelaaf ass, wéi et gelaaf ass. Froen mech just ob et dann nët besser gewiecht wier, den Interview ze refuséieren well herno huet RTL zwar seng Sendung geföllt mee du gesäis nët gudd dran aus. Deet mer op alle Fall Leed, dass daat esou gelaaf ass. Kommunikatioun muss een nët onbdengt studéiert hun, daat huet vill mat gesondem Menschenverstand a mat Enthusiasmus fir d’Sach ze din. Een Mënsch deen begeeschtert iwwert eppes schwätzt wärd ëmmer besser riwwer kommen wéi den beschten Kommunikatiounspezialist deen sech nët mat senger Matière identifizéieren kann. Dofir hun ech och an onsem Videoblog ons Equipe schwätzen geloos well ech einfach wollt, dass sie hieren Enthusiasmus fir de Projet mam Publique deelen. Vun deenen huet och keen Kommunikatioun geléiert an déi hun daat dach ganz Tip top gemach. @ franky : wéineg iwwer een Film ze verroden fir d’Sach spannend ze machen ass jo schéin a gudd, mee sie guer nët ze erwähnen wanns du op der Télé bass ass a mengen Aan falsch, well d’Leit kënnen jo nët op eppes fiwëlzeg gin wann sie nët wëssen, dass et iwwerhaapt existéiert. An ze soen “Den normalen RTL zuschauer bleiwt souwiesou doheem an kennt net laanscht kucken.” fannen ech als Approche zimmlech défaitistesch. Wann een sie nët mat engem attraktiven Programm lackelt, dann kommen sie garantéiert nie langscht kucken… Waat dommt Geschwätz vun den Leit ugeet, am Genre “KML mecht nie mei filmer etc.” einfach näischt drop gin. Daat ass no onsem Zombie Film och iwwer Camera Obskura erzielt gin an daat léist mech éierlech gesoot zimmlech kaal. Meng Astellung dozou ass ëmmer: Loos d’Leit schwätzen. Ons Äntwert könnt um groussen Ecran! Fannen et op alle Fall top, dass dir mëttlerweil vill méi relax mat Kritik ëmgidd! |
Barnig 09.12.2010 | War nach emmer sou Petz Penibel war natirlech en plus o nach dass mer d´Lescht vun de Filmer na net faerdeg hun. Daat ass en organisatiounsfeeler deen och secherlech net mei wäert virkommen. Mee duerch Feeler leiert ee wigesoot ,… a mer versiiche nexte keier nees alles besser ze maan |
Franky 09.12.2010 | jo, d’lescht vun de Filmer sollt schon gescht online sinn.. mee weinst dem schnei Chaos huet dat och net geklappt… |
fuuss 09.12.2010 | genau |
Barnig 19.12.2010 | Ok hun och graad geliess, dass de frank vlait bessi zevill HOFFNUNG hei gepost huet … -> Frank, dai Feehler |
Franky 04.02.2011 | Fir dei nach net am Caramba waren… |
Franky 29.04.2011 | gescht war an der “voix du luxembourg” een Artikel iwer KML an Status>Ego. (ech setzen den Artikel demnächst online) |
Barnig 29.04.2011 | An haut get et nach e klenge “Witz” an der voix |
Status>ego – De Film **SPOILER**
Barnig 26.04.2011 | SPOILER ALERT: Just weiderliese wann een de Film scho gesinn huet! An der Hoffnung ierch den Owend alleguerten am CineBelval ze gesin, kenn dir hei är Kritiken an Analysen nidderschreiwen. Huelt kee Blaad virun de Mond a schreift wat der denkt, passt just w.e.g. op SPOILER op. Merci |
Franky 27.04.2011 | Haalen mech kuerz mat der “spoilerfreier” Kritik an zielen just op waat ech gutt an net gutt fonnt hunn (ech kann et och net 100% neutral beurteelen well ech oft mat um Set war). Plus: + Zesummenspill vum Schnett a Musek. De film geet immens gutt iwer d’Bühn, emmer passend zur Musek. 15 Minuten ouni Dialog waren a mengen Aaen trotzdem net langweileg oder laang. Et gett schnell eng gutt Spannung opgebaut wou de Spectateur nervös gett well en endlech well wessen waat leeft. (also fillt een sech wei Meedschen am Film waat mei well gewuer ginn..) + Acteuren. All grouss Rollen sinn vun Leit beluecht ginn dei nach nie an engem Film matgemach hunn. Fannen hier Mimik an Optrieden ganz gutt. Et kritt een seier eng Sympathie /Antipathie mat de Leit, an dat souguer ouni Dialog. Bescht Schauspillerszeen ass dei am Zug! Minus: – Extrem d’Rauschen an der Nuetsszeen (ee Kinos écran am HD verzeiht leider naischt…).. Mengen do muss an de KML studios an Zukunft och desen Problem an der Postproduktion nobearbescht ginn. Ech vermessen och puer szeenen am Film. Dest soll awer keen Minus sinn well den Spectateur dat jo wuel kaum vermesst well hien net wees waat nach alles gedreihnt ginn ass. Fannen de Film ganz gelongen an och anescht wei Mona(a villen Hinsichten) waat och gutt ass well keen Regisseur sech emmer rem selwer kopeiren soll. Freen mech also op dem Marc sain nächsten Film |
Barnig 27.04.2011 | Daat Rauschen haat ech gescht oft aklärt, daat ass deen Objektiv-Adapter, deen ech bei mengen banalen 2 Stereoboxen am Montage als minimal heiren /quasi iwerhaapt net, ass am kino leider extreem verstärkt.- Mee daat ass de praiss vu guder Qualiteit. Weider kleng technesch Feehler, di een am montage duerchgoen geloos huet, faalen hei deemno duerch HD-Projektioun verstärkt op. -> De VHS Zaitalter ass leider gestuerwen |
Franky 27.04.2011 | Ech mengen d’Rauschen am Bild. Waat de sound ugeet: Nächste keier “un-noisen” ech dei fäerdeg tounspuer. Dat helleft schon net schlecht |
Barnig 27.04.2011 | RAUSCHEN am Bild ass och eng nierfewierkung vun deem objektiv |
petz 28.04.2011 | Dann hei och mäin (nët ganz) klénge Pefferkär zu der Avant-Première an zum Marc sengem neie Film. Wat d’Avant-Première ugeet, esou kann ech KML an Caramba just félicitéieren déi am CinéBelval organiséiert ze hun. Daat ass wirklech e perfekten Kader fir een Film ze entdecken, siew et eng kommerziell oder eng Amateur-Produktioun. Am Ausland dreemen jonk Réalisateuren dovun Zougang op de groussen Ecran ze kréien. Zu Lëtzebuerg mache Caramba (an och den Utopia-Grupp) doraus quasi eng Selbstverständlechkeet… déi et awer ganz sëcher nët ass! D’Ambiance op der Soirée wor ganz relax an entspaant, esou wéi daat soll sin. Et huet een wéi ëmmer vill bekannten Gesichter rëmgesin an et wor einfach flott sech mat de Kollegen auszetauschen. Waat d’Filmer ugeet, wöll ech keng weider Wieder iwwer den Mr. Knitty verléieren. Ech hun schon hei am Forum alles Guddes gesoot waat ech vun deem Film haalen. Och bei enger zweeter Visioun huet hien mer nach ëmmer esou gudd gefall. SKiY wor nët esou menges, well daat éischter een experimentellen Film wor a mir do einfach eng Handlung gefehlt huet, mee hien huet als Clip funktionéiert. De plat de résistance vum Owend wor ganz eendéiteg dem Marc säin neien Kuerzfilm “Status>Ego”. Ech deelen am Fong dem Franky sengen Kommentären. Schauspiller hun sech fir Amateuren ganz gudd aus der Affäre gezun an dass de Film keen Dialog huet, wor mir mol guer nët opgefall, waat sëcher eng gudd Sach ass, well et beweist dass d’Geschicht och ouni Dialog funktionéiert huet. Technesch huet de Film e puer Macken, déi een hätt eventuell vermeiden können. Do wor een oder daat aanert Mikrorauschen ze héieren, waat eigentlech an engem färtegen Film näischt méi ze sichen huet. Mee daat wor nët wirklech dramatesch a léist sech mat engem kléngen Invest an e puer anstänneg Monitorboxen sëcher léisen. Waat mech perséinlech méi gestéiert huet, wor daat dach ganz déitlech Bildrauschen, daat an den donklen Bild-Ausschnëtter ze gesin wor. Daat ass natirlech eng technesch Beschränkung vun den HDV-Kameraen (an iwwregens och vun enger HVX wéi mir sie fir “Luxembourg Mystery Tale” benotzt hun) mee do hätt een eventuell mat engem aaneren Cadrage, méi Luucht oder engem “Denoiser” an der Postproduktioun wéinstens daat gröbsten Grieselen vermeiden können…. Absolut iwwerzeechend hun ech d’Opléisung vum Film fonnt. Et soll wirklech keen mir erzielen, dass eng HDV-Opléisung nët héich genuch fir een groussen Kinosall ass. Daat wor schon een beandrockend proppert Bild waat d’Opléisung ugeet. An ee Beweis, dass och BlueRay am Kino ganz flott ausgesin kann. Gudd gefall huet mer och, dass de Marc dës Kéier ee Colorgrading gemach huet, deen vill Szenen einfach méi stëmmeg ausgesin geloos huet och wann heinsdo mat den Filteren e bëssen iwwerdriwwen gouf (notamment e puer Szenen wou d’Gesichter vun den Schauspiller duerch den Asatz vu Farwfilter iwwerbelicht goufen… mee ech wees nët op daat engem normalen Publique iwwerhaapt weider opfällt) Waat elo de Film selwer ugeet, esou huet mer deen e bëssen manner gudd gefall wéi den “Mona”. Thematik vum Film fannen ech wirklech exzellent ausgewielt. Waat ech awer – besonnesch bei esou engem aktuellen, jonken Thema – vermësst hun, ass einfach e bëssen méi Courage. An daat souwuel bei der mise en scène, déi dach ganz klassesch an zweckméisseg wor (awer eben och nët schlecht), wéi och beim Choix vun den Biller. Ouni elo vill iwwer d’Geschicht vum Film ze verroden, esou wier de Sujet vum Film ganz sëcher eng super Virlag gewiecht, fir de Publique emol mat krassen Biller wirklech wachzerësslen. Ech wees dass daat ee choix artistique ass, mee hei hätten e puer plaakeg/bluddeg Choc-Szenen wirklech perfekt gepasst. Wann et ufänkt dreckesch ze gin, dann mengen ech sollt een deen Dreck och weisen können (selbstverständlech an Oofsproch an am Accord mat den Schauspiller vun deenen dann och vill Courage gefroot gët). Daat Ganzt ass mer um Schluss bildméisseg zevill brav bliwwen an daat kann jo nët wirklech am Sënn vum Message vum Film sin, wann dann duerch fehlenden Courage am Choix vun deem waat een dem Zuschauer zoutraut een eigentlech grave Sujet bildlech dach verharmlost gët. Wann et wéih deet, muss et och dem Zuschauer wéih doen, soss verfehlt de Film seng Wierkung. Daat ass op alle Fall meng Meenung zur Filmmacherei. Als Fazit géif ech soen, dass de Film sëcher seng Qualitéiten huet (ech hun mech keng Sekonn gelangweilt an daat bleiwt fir mech nach ëmmer den Haaptcritère) mee awer bei mir e bëssen den Androck vun enger verpassten Geléenheet hannerloos huet, waat d’Ausreizen vun der Thematik an d’Erwardung vun engem kloer erkennbaren filmtechneschen Progrès ugeet. Mee et ass ganz sëcher eng (vun esou lues villen) besseren KML-Produktiounen. Bravo op alle Fall fir dësen neien Film, sin schon op den nächsten gespaant! |
Franky 29.04.2011 | gutt kritik, kann deem och zoustemmen. Et ass emmer schweier anzeschätzen waat een dem Publique weist a waat een senger Imagination iwerleist. Dat ass menger Meenung afaire de gout mee ech selwer sinn eischter Frenn vun “wann eppes extremes geschitt, da weis et”. Bei Mona war dat och och net de fall, den aalen Mann kennt bei Kand a faerdeg ass de Film (waat an deem Fall awer de bessere choix war). Nom Film haat een Spectateur sech bei mer bessen opgereegt wei mer sou eppes “krasses” keinten filmen an souvill weisen. Et ginn also dei 2 Saiten. |
Barnig 29.04.2011 | Merci fir d’analyse, Petz. Fir “mei” ze weisen, ass effektiv su eng saach. Du muss wessen, am beschten interpreteiert get meeschtens am spectateur sengem kapp, wanns de also saache weis, kenn een och liicht herno enttäscuht sin, well et am amateurkino net sou riwer kennt, ech haat z.b. nach eng super szeen (suguer ee vun de beschte pläng aus dem ganze film) vu 5min (!!) dei herno rausgeschnidde gouf, wat mer secherlech 2-3 gro Hoer mei um kapp wuese geloos huet, mee wat einfach hätt misse sin, dem Film zuleifst. Et ass mei einfach an et ziit besser, wanns de dei Imaginatioun am kapp behälls an net direkt um ecran alles gesais. A mai genre ass et souwisou net, de Leit emmer alles ze weisen an ze aklären, daat mecht fir e Film oninteressant, an onwiichteg. Vun dohier war dat wi gesot mai Choix. Wat lo “dee genre” ugeet, do sin ech op alle fall interesseiert drun, a neechste Filmer dee baizebehaalen, a mech lues a lues do anzeschaffen an ze verbesseren. Mee wi de frank och scho soot, ech krut effektiv puermol gesot, et hätt een net misse suvill weisen, aner leit sutzen mat gänsehaut do, an daat ass fir mech absolut di beschten reaktioun. Et wäert secherlech net namol 4 Joer daueren bis de nexte Projet kennt, mee preparatiounen fänke scho geschwenn un… D’Loscht um Filmemaachen, an e klengen schrett zreck am montage ze goen, su gesin ech op alle fall di next joeren … (vlait schon enn 2011) |
Status>ego – Release
Barnig 09.12.2010 | Domader ass et dann och offizell, dass de Film LEIDER NET op der Filmakers Night dabei ass, mee reicht fir Januar presenteiert get… Mei Infos soon … |
Barnig 19.01.2011 | Affiche en preparation |
Franky 25.01.2011 | Wou ass de film drun?????? |
Barnig 26.01.2011 | 2014 |
Franky 08.02.2011 | Weini kennt en…WEINI??????????????????????? |
Barnig 09.02.2011 | Sou gescht ass de PROJET definitiv OFGESCHLOSS gin! Et huet ganzer 4 Wochen gedauert: Haat de Film virdrun faerdeg, mee waren emmer irgendwei detailer oder saachen dei net sou sollten sin, wei geduercht, an hu ganzer 4 Wochen na missen dru feilen, fir lo endlech eng 15minüteg Endversioun vum Film ze kreien! Ass en absolute Rekord fir KML Verhältnisser, mee daat war wiichteg, eischtens well na keen Datum fest war, an zweetens well ech begraff hun, dass de Monteursgeescht absolut virrängeg ass, par rapport zum Regiegescht an der Postproduktioun ! DATUM vun der PREMIERE ganz geschwenn gereleast!! |
Barnig 18.02.2011 | Affiche, Screenshots, a vill INFOS online— op der KML Page vum Film Feehlt nemmen nach en Datum |
Barnig 09.03.2011 | A Speitstens enger woch misste mer en Datum hun! De Film ass wi gesoot awer scho baal 4-5 Wochen ofgeschloss -> Nach bessi ofwaarden also |
Barnig 18.03.2011 | Voila sou ass den datum dann och lo endlech do, ech hoffe jidereen ka sech desen Datum su schnell wi meiglech noteiren a reserveiren. Ech ging mech freen |
Franky 18.04.2011 | … nach puer mol schlofen goen, dann ass et souweit! |
Franky 19.04.2011 | www.caramba.lu/index.asp?pageclass=movieInfo&idfilm=1300470690 |
Status>ego – Trailer
Barnig 04.11.2010 | Haut den Owend … |
Laurent 04.11.2010 | ech sin op da lauer |
petz 07.11.2010 | @Marc: Félicitatioun fir den Trailer. Gesäit wirklech gudd aus. De Verzicht op eng allze bombastesch Muzék wéi der daat mol an der Vergangenheet gemach hudd, kënnt dem Trailer zegudd. An och de stëmmegen Colorgrading wirkt kléng Wonner fir den Trailer méi professionnel wierken ze loosen. Eenzegen (kléngen) Kritikpunkt: d’Schrëftanimatioun ass nach nët 100% flësseg. Sin op alle Fall gespaant. |
Barnig 08.11.2010 | Merci Petz Wat fir eng schreftanim. dei um Ufank ” A boost for every …” |
fuuss 08.11.2010 | Jo wirklech nice |
petz 09.11.2010 | @marc Nee, den zweeten Titel (Shattering the true status…). Et schéngt mer wéi wann den Titel fir d’éischt ageblend an dann réischt animéiert gët. Ideal géif daat zesummen passéieren. Mee ech kann mech ierren, et ass wirklech nëmmen e ganz kléngen Détail. De Trailer ass wirklech top! |
Barnig 10.11.2010 | Ka sin dass d’Acceleratioun liicht mi lues ass, dass den Titel steet ass op alle fall net sou geplangt gewiercht. Ka sin dass een daat -op der net perfekter qualiteit- net su gud bemierkt. |
Barnig 23.03.2011 | Vun desem Weekend un leeft den TRAILER am ARISTON a CINEBELVAL |
petz 24.03.2011 | Félicitatioun! Et ass ëmmer ee ganz besonnescht Gefill, wann een seng Arbecht endlech op groussem Ecran gesin kann. Dann muss ech jo baal dësen Weekend e Film op Belval kucke goen |
Franky 25.03.2011 | virun weiengen filmer dann? |
Barnig 25.03.2011 | Keng ahnung … *Hoffe mol* virun all Film |
petz 03.04.2011 | @marc: Mir hun de Weekend däin Trailer am Ciné Belval gesin. Deen ass um groussen Ecran exzellent eriwwer komm. Och den Toun wor tip top! Félicitatioun! An och e Bravo un de Raym a seng Equipe, déi sech wirklech méi gin den Amateur- an Independent-Film zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen. |
Barnig 04.04.2011 | Tiptop Ech fannen effektiv, dass Caramba sech imens vill Meih mecht, op fir Idee’en (deelweis nei Essaien) a wirklech mat groussem Häerz beim Kino ass, denken su ee Lob kann een net oft genuch ausdrecken! Maacht su weider |
Franky 04.04.2011 | dat ass och dei grouss differenz tescht Caramba an Utopolis. Caramba war schon virun Joeren extrem op fir speziell Soiréen an dei ganz independant Filmszeen. An dei Astellung huet sech trotz mega Belval Kino net geännert. |
petz 04.04.2011 | De Raymond Massard a seng Equipe vu Caramba machen ganz vill fir den Independent Kino zu Lëtzebuerg an daat muss een hinnen héich urechnen, mee et kann een awer nët soen, dass den Utopia Group ronderëm dem Nico Simon näischt mache géif. Sin hun 10 joër lang den Cinénygma-Festival an d’Nuit du Film Fantastique ënnerstëtzt an hätten daat sëcher weidergemach wann d’Regierung de Geldkrun nët zougedréiht hätt. An am Amateur-Beräich hun sie souwuel den Zombie Film wéi och den Who’s Quentin programméiert. Ech mengen, Lëtzebuerg huet vill Chance mat sengen Kinosbedreiwer. fir Filmclubs ass Lëtzebuerg op alle Fall een ganz interessanten Terrain. |
Status>ego – Montaggio
Barnig 14.12.2010 | De Montage ass zu 87% faerdeg —- |
Barnig 04.01.2011 | Den eischte Rohschnett ass finito ….. Eng provisoresch Dauer vun 31min. lait fiir. |
Barnig 09.02.2011 | Ganzer 5 MASTER’en goufe gemaach: Di eischt Versioun (31min.) war virun 1 Mount ofgeschloss gin. Dono gouf en op 14min gekierzt, Dono op 16min ropgeflickt, dunn nees op 15min gekierzt, eng leschte keier nees op 19min ropgesaat, a lo definitiv: 15MIN !! and very proud of! |
Franky 10.02.2011 | ok… an lo bleiwt et awer definitiv sou… ech well de faerdegen film lo gesinn |
Status>ego – Preproduktioun
Barnig 26.05.2010 | Dreihbuch ass ofgeschloss! Haaptbesatzung fest! Statisten gi während 2 Deeg gebraucht! Tournage Start vlait schon dese Samschden! Details a Story bleift fir e Kuerfilm leider geheim |
Franky 28.05.2010 | ech wees em waat et geet!!! yeah si stolz drop dass kml am moment 3 filmer a produktioun huet! |
Mr. Knitty and the cardboard house – Festivals
Franky 14.02.2011 | De Mr Knitty gett um International Short film festival of India(ISFFI)2011 présenteiert! Dese Festival weisst eng Reih vun internationalen Kuerzfilmer aus der ganzer Welt an dauert 2 deeg (25. & 26.Februar). Mr Knitty konnt sech an der Virselection duerchsetzen a gett elo virum groussen Publique gewissen. Bleiwt ze hoffen dass en vlait een Prais gewennt! Et ass déi 2t présentatioun vum Film no der Filmakers Night. (pour info: Dreamcell ass lescht joer bei desem Festival an der Virselectioun gescheitert). |
petz 14.02.2011 | Félicitatioun Franky! Daat beweist jo, dass d’Jury an den Publique vun der Filmmaker’s Night dëst Joër guer nët esou falsch loungen mat hierem Choix. Ech drécken der Daumen, dass däin Film ee Präis gewënnt. Verdéngt huet en et! |
Franky 15.02.2011 | Merci Petz, hei ass de Listing mat alle Filmer dei do gewissen ginn (Mr Knitty ass Film nummer 57, leider mengen eis indesch kollegen dass Letzebuerg an der Belge leit ….. ech hunn hinnen dese klengen Feeler matgedeelt an hoffen se kennen dat nach änneren.) |
Barnig 16.02.2011 | Kuck dass de schnell do reklameiers… wei humer’dann?? |
Franky 16.02.2011 | ech hunn bescheed gesot… hoffen dat änneren se nach. Ech hu mol gekuckt weieng “net indesch” filmer do laafen… do sinn en retsch Filmer drenner dei net amtaeur sinn.. The pizza miracle (vum Tony Grisoni, deen den screenplay vun Fear and Loathing in Las Vegas matgeschriwwen huet..) Dat gett nach witzeg |
Barnig 17.02.2011 | Mir gewannen! |
Franky 17.02.2011 | Jo mir gewannen fir d’Belge |
Franky 18.02.2011 | Sich de KML film |
Barnig 18.02.2011 | hun klengt haus fonnt |
Barnig 18.02.2011 | hun klengt haus fonnt |
Franky 21.02.2011 | …an de Poster |
Franky 01.03.2011 | hei d’resultater vum festival Leider huet Mr Knitty naischt gewonnen. Chennai, Feb. 28. The Fifth International Short Film Festival of India came to a fitting finale with the Award Ceremony on the 26th Feb 2011. The second day of screening featured 28 short films from various countries such as Srilanka, India, Romania, UK, Spain, Bulgaria, Luxemborg, Chile, South Africa and Thailand. The two day short film extravaganza was no doubt a feast to all film lovers to get a glimpse of the best of the fest. weinstens war d’Land eischtmoleg an Indien vertrueden |
Barnig 01.03.2011 | Dass awer gud dass se LUXEMBORG geschriwen hun am plaatz vun der BELGE |
Franky 01.03.2011 | Sinn awer schon stolz dass de film um festival gelaaf ass. Et waren iwer 500 Asendungen an dovun ass just een klengen deel selectionneiert ginn den nächsten Festival kennt bestemmt |
Barnig 02.03.2011 | Nächste keier gi mer mat dohin! |
Franky 05.05.2011 | de Mr knitty ass um amateur “festival Inconnu” net ugehol ginn. Dofir krutt ech awer haut d’Bestätigung dass en op der Phoenix Comicon gewissen gett!!! Dest ass ee Comic festival wou de Film an der Kategorie “Modern Fable” leeft den 28tn Mai. dann ass de Mr Knitty schon op 3 Kontinenter gelaaf ass cool ze gesinn dass dese Genre Film och an aneren Länner gutt ukennt |
petz 05.05.2011 | Gudd Filmer kommen eben iwwerall un |
Barnig 06.05.2011 | Wisou sollt en och net gud ukommen Dass jo keen typesch letzebuergesche Film, oder? |
Franky 06.05.2011 | jo stemmt och nees |
Franky 19.05.2011 | nächste weekend ass et souweit: et schengt een ganz bizarren programm ze sinn… 5:00 PM Phoenix Comicon Film Challenge 5:00 PM Mr. Knitty and the Cardboard House 5:07 PM Paranoid Onion Laboratories Training Video 5:21 PM Back From Hell 5:29 PM Victor Victorious and the Naked Ambition 5:44 PM Devi-Vicious vs. the Fast-Food Thugs 5:59 PM Devi-licious 6:10 PM Children |
Franky 09.06.2011 | ech hunn nogefrot wei et mam Mr knitty zu Phoenix war: Hi Frank, We are working on updating our site this week. We had no pictures or video in the theatre as it was restricted to prevent anyone filming any of the features. Your feature was received well and positively. The winner of the challenge went to another production but overall, the Film Challenge was met with a lot of positive reviews overall and happened to attract one of the larger viewing audiences for the entire con. Thank you again for your participation. Tony Sabal Film Challenge Coordinator Phoenix Comicon |
Barnig 10.06.2011 | Wei si haate keng filmer? Oder net genuch? Uewen stung jo e programm?? |
Franky 14.06.2011 | nee ech haat gefrot op et fotoen vun der Filmvirfeierung ginn. An dorops krutt ech äntwert dass keen Fotoen huet dierften machen. De Mr Knitty ass gelaaf virun engem riesen Koup Leit |
Franky 19.10.2011 | Nom Optrett an America kennt den Knitty rem zereck an d’Land: De Film ass vun der “konschtkescht” selektionneiert ginn an leeft lo den 11/11/2011 um Festival d’Art am CNA. Hien gett zesummen mat enger Retsch aner Filmer(meeschtens Premieren) virun enger Jury gewissen. Bleiwt ze hoffen dass en sech duerchsetzen kann |
petz 21.10.2011 | Ma, ech drécken der Daumen! Wann d’Jury nët blann ass (oder d’Konkurrenz an allen Hinsichten exzellent), gewënns du een Präis! |
Franky 26.10.2011 | Vidéos nominées au D’Konschtkëscht 2011 Dans les squares en été – Thierry BELLIA Catharsis – Thierry BESSELING Klaus Kermesse – Daniel DANIEL The Key – Jeff DESOM 1’06 – Catherine EGLOFFE Les préceptes anguleux – Pierre FAEDI Energie! – Thorsten FLEISCH Métempsychose – Marc GÉRARD Mr. Knitty and the cardboard house – Frank HANSEN Entre les fils – Jingfang HAO Abécédaire – Paul HEINTZ Déshabitation – Zhenqian HUANG P est amoureux de B – LES SOEURS H Mushroom Autobahn – Holger REISSIG Deconstruction: Le Langolier – Jonathan RESCIGNO Sag mir Himmel/Dis-moi ciel – Volker SCHÜTZ/Janina Elena KOTLORZ Egotuning – Lena Lieselotte SCHUSTER Ceux qui marchent contre le vent – Bastien SIMON Flotter dans le noir – Lingjie WANG Little Stories – Trixi WEIS |
Franky 26.10.2011 | MErci PEtz ma ech kennen just de film vum Jeff Desom (fennt een op youtube, ass awer keen amateur film). Mengen dass de Gros vun de Filmer aus der Groussregion kennt an net direkt aus Letzebuerg. |
Franky 08.11.2011 | den trailer mat de filmer an Regisseuren… vimeo.com/31076315 mengen “konkurrenz” ass grouss.. |
petz 09.11.2011 | Daat gët effektiv nët einfach dech do duerchzesetzen, mee onméiglech ass et nët. Wéinstens bass du do an illustrer Gesellschaft! Ech wier deen Owend ganz gär dobäi mee sin op engem Gebuertsdag invitéiert. |
Franky 11.11.2011 | De Mr Knitty mecht dat schon Den Sonnden leeft de Film dann op den Dikrecher Filmdeeg an am Dezember am Cader vum “Creajeune”. |
Franky 17.11.2011 | Mr Knitty huet um Konschtkescht festival gewonnen hei ass den communiqué de presse (fir dei dei den artikel an der Zeitung verpasst hunn) ass interessant ze liesen waat d’jury iwer de film sot Den owend alles gelaaf, vun genial bis extrem kurios. Op der Facebook grupp vun der Konschtkescht ass am moment bessen schlecht Loft; e puer (getreppelt) Kenschtler reegen sech iwer den eischten Prais op an kennen d’Entscheedung vun der Jury net novollzeien… Lait och dodrun dass een Autodidakt den studeierten Kenschtler an Cinéasten ee Prais weggeholl huet… |
petz 17.11.2011 | Hah, ech wosst et! Féliciatioun, léiwe Frank! Et ass einfach schéin ze gesin, dass och eng professionnel Jury d’Qualitéiten vun dengem Film erkannt an ausgezeechent huet. Nom Prix du Public op der leschter Filmmaker’s Night, elo also quasi eng Bestätegung vun “offizieller” Säit. Bravo! Ech bleiwen dobäi: Mr Knitty huet “burtonesque”-Qualitéiten a wor op der leschter Filmmaker’s Night och mäin perséinleche Favorit! An nach eppes: Mr. Knitty bestätegt waat mir an deem aanern Thread diskutéiert hun: nämlech, dass et nët op d’Kamera oder FX ukönnt mee dass alléng Talent virun an hannert der Kamera entscheed ob een Film den Zuschauer emotionnel usprëcht! An daat ass jo Sënn an Zwëck vun all Film. Kann just mäin Hut zéien an soen : Bravo Fränky (an deng ganz Equipe) a Bravo KML! |
Franky 17.11.2011 | Merci Petz deng Aschätzungen sinn emmer richteg ! Du muss mol als Orakel oder Warsager schaffen, mengen domadder kanns du vill Geld verdingen Et ass schon witzeg dass Knitty dei klengsten crew an dat spontanst ass waat ech je gemach hunn (meng 2 aner “wierker” dreamcell an bigfoot waren vill mei Frust fir ze filmen an ze schneiden). Den tournage war ee knappen nometten, novertounen mol keng stonn an den cut war och just 2-3 owender. D’Idee selwer ass spontan komm, d’ausschaffen vum skript huet och net eiweg gedauert..) Just mat de Bastelarbeschten vum Haus war ech puer Stonnen am gaang. |
Franky 14.12.2011 | Mr Knitty leeft lo de ganzen Dezember nonstop op folgenden platzen : Abtei Neumünster (Luxemburg) Cercle-Cité (Luxemburg) CNA (Centre national de l’audiovisuel, Luxemburg) CIGL Esch (Luxemburg) CIGR Grevenmacher (Luxemburg) CIGL Hesperange (Luxemburg) CIGL Sanem (Luxemburg) CIGL Steinfort (Luxemburg) Gemeinde Sierck-les-Bains (Lothringen) Stadtgalerie Saarbrücken (Saarland) TUFA, Tuchfabrik Trier (Rheinland-Pfalz) |
Mr. Knitty and the cardboard house – Film
14.12.2010an enger letzebuergescher versioun ….
“Bop, hues de Zait?”
Barnig 11.12.2010 | Am Kader vum Challenge vun den “100 Sekonne Filmer” fir Filmakers Night, huet KML 2 Filmer gedreihnt di awer net op 100 sekonnen ze schneiden waren, doduerch spontan des 2 nei Kuerzfilmer entstaanen sin, dei exklusiv op der FILMAKERS NIGHT 2010 presenteiert gin. Free´en eis op de Feedback … |
Franky 12.12.2010 | Also, de film heescht: “Mr Knitty and the Cardboard House – A Spider’s Fable” “Mr Knitty and the Cardboard house” geet awer och, respektiv “Mr Knitty” bleiwt eischter hänken Während dem Owend hunn ech vill versionen vum Titel heiren: “Miss Knitty” oder “Mr Kitty” Puer Leit waren iwwerraschen einfach mol een neien Film vu mer ze gesinn. Wei et dozou koum ass seier erklärt. Ech wollt am fong just een 100 sek film dreinen fir FMN. Mee während dem Dreihbuchschreiwen ass mer extrem vill agefall fir dei kleng Story auszebauen. Den Tournage huet 3 Stonngen gedaueren, d’Postproduktion waren cirka 3-4 Deeg Schnett an 1 Stonn novertounen. D’Preparation vum Decors huet länger gedauert, mee am groussen ganzen ass et een Nobudget film deen weder vill Opwand nach Arbescht/Stress kascht huet. Mai leschten richtegen Film (Dreamcell) war eng heeden arbescht mat ganz vill Problemer (akteur huet keng Zait mei gehaat, dreihbuch ass emgeschriwwe ginn…). Dee Film war ganz vill Arbescht, Kritiken waren extrem ennerschiddlech:” Interessant”, “Ech verstinn iwerhaapt naischt”, “Waat war dat doten dann fir eppes” bis “enttäuschend”. Dofir war ech extrem iwwerrascht iwer dei gutt Kritiken dei ech während dem Owend krutt. Ech hu wirklech net domat gerechnet dass en sou gutt ukennt. Mee oft sinn dei mei einfach Saachen dei beim Publique hänken bleiwen. Eng kleng Geschicht originell verfilmt wees oft mei ze iwerzeegen wei een komplexen (a komplizeierten) Film. De positiven Feedback huet mer lo och extrem vill Motivation ginn mat bessen mei opwännegen Projeten weiderzemachen! Dofir groussen Merci! Ech sinn gespaant wei de Film op aneren Festivals ukennt! |
Franky 12.12.2010 | Petz wrote: Miss Knitty and the cardboard house Haat jo d’Hoffnung schon baal opgin, dass ech daat jemols soen géif, mee deen Film, deen mech am meeschten iwwerzeecht huet, wor d’KML-Produktioun “Miss Knitty and the cardboard house” vum Frank Hansen. Vu dass ech deem Film meng Stëmm fir den “Prix du public” gin hun, huet et mech natirlech gefreet, dass och aaner Leit d’Qualitéiten vun deem Film erkannt hun an dass en herno den “Prix du Public” och tatsächlech gewonn huet. Dass de Film och den “Prix du Jury” krut, weist dass d’Zuschauer sech nët geirrt hun. De Film ass originell, huet interessant Figuren (d’Rollen vun der Spann a vum Miss Knitty sin exzellent besaat , huet eng flott Geschicht, déi filmesch originell ëmgesaat gouf an vum Vivi wirklech ganz uerdentlech op Englesch erzielt gouf. Esouvill ech mech ustrengen, ech fannen keen wirklechen Kritikpunkt an zéien mäin Hut virum Iwwerraschungshit vum Owend. Deen Film haat fir mech schon baal burtonesque Qualitéiten. Bravo! Merci Petz, dech ze iwerzegen ass net einfach an dass mer dat gelong ass deed einfach nemmen gutt Vlait bidd de Film keng Ugrefffläch well en onkomplizeiert ass a virun allem keng akteuren dei schlechten spillen! |
petz 12.12.2010 | Also fir mech huet “Mr Knitty and the Cardboard House – A Spider’s Fable” einfach bewiesen, dass een nët onbedengt groussen Opwand ze machen brauch fir een wirklech, wirklech flotten Film ze dréihen. Eng gudd Iddi (an d’Iddi vum Film hun ech exzellent fonnt) geet am Fong duer. Waat mer einfach och um Film gefall huet, ass dass hien nët – wéi esou vill aaner Amateurfilmer ëm donkel Themen – dréiht (Mord, Selbstmord, Killer, do wor jo baal alles gëschter Owend vertrueden) mee eppes Märchenhaftes an trotzdeem irgendwéi Traureges huet well ATTENTION SPOILER : d’Spann sech um Schluss freet de Mr Knitty rëmzegesin an guer nët matkritt, dass sie allen zwee oofgestouss goufen… Den Schluss mat der openen Dier léist dann op een Happy End schléissen… Daat Ganzt wor einfach nëmmen schéin an huet mech (an ech mengen och vill aaner Zuschauer) emotionnel beweegt. Einfach eng stark Leeschtung! Mee no esouvill Luew, och nach eng Warnung : keen Dreamcell méi w.e.g. |
Franky 12.12.2010 | wann een am viraus wisst op de film gutt oder schlecht geing ginn, da geingen wuel nach kaum schlecht filmer rauskommen. A et ass extrem schweier dat ofzeschätzen. Dreamcell war (an der Ursprungsfassung als longmétrage) um Blaat een mega gudde film, dat wat duerno dobai nach rauskomm ass(als courtmétrage) war fir den gros vum Publique leider guer net méi gutt. Mee wann ech rem een neien Film machen gett et secher rem eppes ganz aneschtes (ech fannen et net gutt wann een zevill hänken bleiwt, ass oft besser nei Sachen auszeprobeiren an sech selwer net emmer rem ze kopeieren). Mengen och dass de Film grad viru Kreschtdag gutt rapasst |
Barnig 13.12.2010 | Ech soot der vun ufank un daat wier e Chreschtdaagsfilm !! Ma su weider! Waarden op de “Mr.Knitty 2: The Return” |
Barnig 14.12.2010 | Denken dass een de Film vlait och mat enger letzebuergescher “aaler Mann”-Stemm hätt novertoune kennen … da wier de chreschtdaagsflair na vlait mei raus komm |
Franky 14.12.2010 | jo eventuel mee eng hell jonk meedeschers stemm mecht de film mei kannerfrendlech a manner traureg keinnt een jo emol nei novertounen |
Lightning strikes twice – Film
Barnig 11.12.2010 | Am Kader vum Challenge vun den “100 Sekonne Filmer” fir Filmakers Night, huet KML 2 Filmer gedreihnt di awer net op 100 sekonnen ze schneiden waren, doduerch spontan des 2 nei Kuerzfilmer entstaanen sin, dei exklusiv op der FILMAKERS NIGHT 2010 presenteiert gin. Free´en eis op de Feedback … |
Franky 27.04.2012 | ass seit enger Zeitchen op youtube |
petz 27.04.2012 | The first and only shortfilm by Claude Hansen? Keng Loscht méi? |
Franky 30.04.2012 | Keng Ahnung. De Marc huet seng Leit bessen “forceiert” een Film vu 100 Sekonnen ze dreinen |
Dreamcell – Presentatioun
Barnig 12.12.2008 | Sou d’Avant-Premiere get et wei gesoot dese Samschden, muer an der FILMAKERS NIGHT Vu que dass eis Emfro um site, relativ speid koum, get de film OUNI letzebuergesch Ennertitelen gewisen. DVD rendert! |
Franky 12.12.2008 | an wann een keen englech versteet, dann printen ech him ennertitelen raus |
Barnig 12.12.2008 | ech well se rausgeprint |
fuuss 12.12.2008 | Wei ech kucken just filmer op Russesch |
Barnig 02.04.2009 | Neechst Presentatioun um INDIE HORROR de 25.Abrell. Leider just ouni Intro+Outro |
Franky 23.04.2009 | oder awer mat in an outro wee wees |
Barnig 27.04.2009 | Insgesamt goufen 3 DVD Copies fir Presentatioun vum INDIE HORROR 2009 verscheckt,… emmer no de Wensch, a fir um neisten standart vun der technik ze bleiwen, suguer och als digital AVI + WAV datei! And finally: Funktioneiert et kee spoun, den typchen deen eis proper AVI ragespaichert huet, huet scheinbar vu Videotechnik net dei geringsten Ahnung, a kennt den ennerscheed mol net zweschte 16/9 a 4/3! All Respekt! Neechst Joer kriit en eng VHS, dei ass bai waitem mei daitlech wei eng falsch-ouni ahnung-komprimeiert digital AVI Datei! Toun, war allerdings verwonnert TOP! |
Franky 09.11.2009 | desen Sonnden (15. November) leeft de film am Nationalconcours. Start ass moies um 10h20 am SCALA zu Dikkrech (méi detailer an den KML news…) |
Franky 08.11.2010 | Dreamcell ass zu Malta gelaaf…. ass leider awer bei iwer 300 Filmer bessen ennergaang Trotzdem cool dass Letzebuerg weinstens mat engem Film representeiert war |
Barnig 09.11.2010 | Wat fir een Daag ass de Film gewisse gin? Wees de daat? |
Franky 09.11.2010 | öffentlech guer net….eng Jury huet filmer all ugekuckt.. just gewenner ginn an 2 wochen gewisen. |
Barnig 10.11.2010 | damned! |
Dreamcell – Kritik
fuuss 16.12.2008 | Ech geif gaeren wessen waat deng eegen Idee hannert dem FIlm ass. Waat wolls du selwer do ausdrecken. |
muffpuff 16.12.2008 | Ech hun den Dreamcell guer net verstaanen |
fuuss 16.12.2008 | (wars du och do Muffpuff ????) |
Franky 16.12.2008 | hmm ech schreiwen lo secher keng erklärung hei hiner… all film kann een interpreteiren wei een well.. mee all szeen get senn, all detail huet sain zweck, den monolog leed gudd durch den film an ween schon aner filmer wei 80min hollywood filmer gesin huet misst do awer iergendeppes verstaan hun. ech hun nom film selwer mat 3 leit geschwaat.. jidereen hat eng erklärung zum film.. vlait nach mat 1,2 fragezeichen dei op stin, mee soss ass awer den gros ukomm… Den toun zu garnech waat den voiceover ugeet war net super… ech lossen leiwer mol bessen raum fir spekulation! |
fuuss 16.12.2008 | Jo mee ech haett gaeren gewousst waat deng eegen interpretation zum film waer du kanns , wanns de se net oeffentlech wells schreiwen mir och PM ech soot jo net dass ech niescht verstaan hun ? |
Franky 16.12.2008 | ech schreiwen lo nach net meng interpretation heihinner… zu engem speideren zeitpunkt bestemmt, ech well dem film nach een funken magie lossen mee all dei aner kennen gaeren hier interpretation niderschreiwen. |
Barnig 16.02.2008 | Ech mengen den Haaptpersonnage ass een, wu dreemt … |
muffpuff 17.12.2008 | Mir kennen net spekuleieren wann mir net wessen an nix verstinn. An wann den Dialog sollt explicatif sin, huet een jo nemmen halschent verstaan waat deen gesoot huet? An dat en dreemt krut warscheinlech all Mensch mat mee trotzdem net verstaanen. |
Franky 17.12.2008 | war effektiv een problem mam Toun… zu garnech am sall verstellt den theaterclub emmer nees touanalag… dofier ass den dialog ennergaang (problem ass op tele net, respektiv hoffentlech net an aneren säll, jiddenfalls get den MasterDVD iwerschafft.) |
Franky 17.12.2008 | @Mich, Petz,Fuuss,Philippe,… der kennt jo mol schreiwen waat der verstaan hut (och wann et just 1-2 zeilen sin) |
muffpuff 17.12.2008 | Also ech haat geduet, dat vu que dat en su angscht huet an onsecher asw ass, geif en dann am Draam den Abriecher besiegen, an dann erwechen, an dann waer et wirklech geschitt, an dann geif en mieken dat en trotzdem kann gengt seng Ängscht ukommen. Mee bon, so wor et jo herno awer net |
Franky 17.12.2008 | an dem do wenkel hun ech den film nach nie gekuckt…mee fannen dei approche wirklech interessant |
petz 17.12.2008 | Waat ech verstan hun: Den Protagonist vun der Geschicht gët vun Alpdreem an Ängschten geploot (personifiéiert vun der donkler Gestalt). Hien stellt sech dësen Ängschten an gewënnt géint die donkel Gestalt. Um Enn stellt sech awer eraus, dass hien seng Victoire just gedreemt huet an hien an der Realitéit d’Affer vun sengen Alpdreem gin ass. Die lescht Astellung (d’Foto vum Protagonist mat senger Frëndin oder heemlech Léiwt) léist mech drop schléissen, dass hien doud ass (vläit suguer aus enttäuschter Léiwt Selbstmord gemach huet well die Dämonen déi hien bekämpft huet seng eegen ennerlech Dämonen waren déi hien awer nët bezwëngen konnt). Waat ech vun der technescher Réalisatioun haalen: – Titelanimatioun am Ufank hun ech zimmlech flott fonnt. – De Cadrage an d’Réalisatioun hun ech zweckméisseg mee wéineg originell fonnt. Ett gesäit esou aus wéi wann enner Zäitdrock gedréiht gouf an sech nët allezvill Gedanken iwwer d’Kameraastellungen gemach gouf an ouni Storyboard oder Shot-Lëscht gedréiht gouf. – D’Bild selwer wor ze donkel an ett wor vill Grieselen (op englesch “noise” ) dran. Daat léist mech drop schléissen, dass d’Szenen nët genuch ausbelicht goufen. Ett ass besser ZEVILL Luucht ze benotzen wéi ze man, well ett ass an der Postproduktioun méi einfach een iwwerbelichtent Bild ze korrigéieren wéi een ennerbelichtent. Die zwee Extremer sollen awer am Idealfall vermieden gin (ausser wann ett stilistesch begrënnt ass, mee suguer dann ass ett besser daat an der Postprod ze man) . Dofir gët et op all hallefwegs seriöer Kamera eng Zebra-Funktioun, déi die iwwerbelichten Deeler uweist. Vu dass d’Zebrafonktioun just erlaabt iwwerbelichten Bildberäicher ze korrigéieren ass d’Optimal-Léisung een Waveform-Monitor ze benotzen deen souwuel uweist waat fir eng Beräicher iwwerbelicht wéi och ennerbelicht sin. Esou een Monitor kann sech awer baal keng Amateur-Produktioun leeschten. Eng Léisung ass op Software zréckzegréifen déi um Laptop een Waveform-Monitor simuléiert. On Location vun Adobe mëcht daat z.B. – De Sound wor nët gudd. Ett huet een den Haaptduersteller schlecht verstan. – Een lëtzebuerger Akteur englesch schwätzen ze loosen, fannen ech keng gudd Iddi. Den Akzent wor dach ganz stark erauszehéieren an lenkt vun der Geschicht oof. Wann englesch, dann w.e.g. mat engem engleschsproochegen Akteur oder mat engem nativ-engleschem Voiceover. Oder eben daat Ganzt direkt op lëtzebuergesch man. Waat ech vum Konzept haalen Ech sin perséinlech keen Frënd vun Filmer wou een deen Zuschauer zevill alléng léist. Meng Opfaasung vun Kino ass, dass een an éischter Linn eng Geschicht erzielen soll an zwar eng Geschicht déi den Zuschauer ennerhällt. Dofir soll een den Zuschauer bei der Hand huelen an hien duerch d’Geschicht féieren. Daat heescht nët dass een een Holzhummer benotzen soll an alles iwwerdéitlech machen a weisen soll, mee ett muss een dem Zuschauer genuch Elementer mat op de Wee gin domat hien d’Geschicht verstoen oder wéinstens novollzéihen kann. Wann zevill Zuschauer soen, dass sie näischt verstan hun, dann huet sech a mengen Aan den Réalisateur nët déitlech genuch ausgedréckt. Ett ass fir mech keng Léisung ze soen: Tjo, dann ass den Zuschauer eben ze blöd fir meng Konscht ze verstoen, mee am Konträr dann muss een op den Zuschauer zouschaffen, domat hien verstoen kann waat leeft. Ass daat nët de Fall, dann soll een keng Filmer mee Konscht man an daat an engem Musée an nët an engem Kino (oder enger Leinwand) weisen. Beim Film muss den Zuschauer d’Geschicht verstoen. Daat ass iwwregens och de Grond firwaat d’Publicitéiten, déi eng Geschicht erzielen am beschten funktionéiern. Daat ass awer just meng perséinlech Opfaasung vum Medium Film. Waat ech vun den aaneren Filmer gehaal hun Den interessantesten AmateurFilm vum Owend wor fir mech “The Brain”. Firwaat? Ganz einfach, well hien mat enormer Léiwt zum Kino (a speziell zum Horror-Genre) gedréiht gouf. Den Dr. West aus dem “Re-Animator” als eng vun den Haaptfiguren ze benotzen wor e flotten Hommage, de Film haat eng ganz flott Pointe, e puer wirklech amüsant Szenen, zimmlech gudd Schauspiller an originell Charakteren déi och beim Publique gudd ukomm sin. Den Film wor just vill ze lang an kéint mat engem méi straffen Montage eng richteg Pärel vum subversiven Kino sin. Sin gespaant op hier nächst Produktioun. Den Videoclip vum Rebecca wor einfach flott a professionnel gemach an kéint ouni Problem op der Télé laafen. Ricky haat een interessant Konzept a wor propper réaliséiert. D’Arbecht vun onser Equipe soll ech nët bewerten, mee huet mech perséinlech sëcher zouverlässeg fir d’Zukunft gestëmmt. Voilà! Domat könnt der man waat der wöllt. |
fuuss 18.12.2008 | Waat ech verstaan hun : Den Haapdarsteller haat ob jiddefall ” Problemer” mat senger Frendin, daat ass jo am moment erem um Fleischmarkt (SingleHomepage)ass. Hien gouf jo do als perversling duergestallt.Hien huet problemer mat der Realiteit an Problemer mat sengen Dreem. Am laaf fum Film faenken dei Problemer dann un ze iwerlappen, hien wellt eppes sin waat hien an der Realiteit net kann sin , an sengen Dreem sech awer geingt seng Dämonen behaapten kann. Bis zu dem Zeitpunkt wou eben seng Dämonen an der Réaliteit iwerhand kreihen. Waat ech gaer wessen geif: Wei weit gouf Story gekierzt fum Longmétrage op den Court métrage? Wei weit gouf Story geännert fum LM op den CM? Waat waren deng hannergrenn ? Esou daat war en kuerzen Résumé Fum Concept : Ech sin eigentlech do och eischter der Mehnung dei den Petz huet. An mengen Aan ass et guerneit einfach en Film ze machen den an d’Konscht faellt. Daat ass en schmuelen Grad den ganz seier kann an den Nonsense oder an zevill Insiderscene erangeht. All Mensch soll sech selwer eng Idee machen waat hien mengt dass den Réalisateur sech bei dem Film geduet hun. Daat ass net menges , ech hun leiwer eng gutt firgeknaaten Story , mat engem Fuedem den mech duerch ganz Geschicht zitt , an dei och net grad 36280800 Froen opleist. Daat ass awer eng perseinlech Sach an huet mam FIlm nix ze din Fun der Qualiteit: Iwert den Toun brauch ech net ze schwaetzen den Franky huet et jo elo schon oft genug gesoot. Et waren wirklech fill Video Noise dran waat wirklech bessen schued ass mee daat haengt natirlech och erem domatter zesummen wei eng Camera et ass oder esou guer wei daat ganzt herno gerendert gouf ( well do haat ech och schon emol beis iweraschungen ( zumols wann en schlecht Codec’en benotzt)oder daat falscht format hellt ) Waat ech fun denen aaneren FIlmer gehaal hun THe Brain war wirklech an laengt gezunn , huet mir zwar elo net esou immens gefall , ok war puer witzeg Scenen dobei mee naja Den Videoclip vum Rebecca hun ech tiptop fonnt , Den Ricky huet mir guernet gefall , ech hun fonnt den war am unfank iwerblend , duerno noise , schlechten Makeup ( ech wees the brain sein Makeup war och net top mee ech mengen daat war gewollt) fun der Story hier war den Ricky awer nach ok , obwuel ech dei “verschaffungswirker” net gaeren hun . Well dei FIlmer an mengen aan dem Publique probeieren ze weisen waat fir en Looser de wars oder bass ( ouni hei elo een ze mengen ) Am Résumé hun ech et awer en gelongenen Owend fonnt , an all Mensch huet sech mei gin eppes ze présenteieren. Hanner all Film war Arbescht an Zeit dei dropgangen ass . Ob et dem engem oder aaneren elo den een Film besser oder schlechter gefällt ass jo egal ,le goût et les couleurs, ça ne se discute pas, ech hun mech ob jiddefall ennerhaal an daat ass daat waat zielt. |
Franky 18.12.2008 | okey kuerz äntwerten: @Petz: deng deitung vun der Story kennt dem Skript bislo relativ no! -storyboard ass et net gin – den noise problem ass an den donkelen szeen vorhanden, um klengen bildschirm quasi net existent, op der grousser leinwand mat mannerguddem projektor deelweis fatal. – jo den sound ass ennergaang(kucken dat nach auszebesseren, respektiv alang emzestellen. – um letzebuerger akzent, mer hun eis do emgekuckt, d’female voiceover get vun enger englechproff gemach, d’male voiceover vun engem typ den (anscheinend) perfekt englech geing schwätzen(krutten den vun enger anerer zukünfteger englech proff empfuel) – ech bezeechenen DC net als konescht, an ech soen och net dass een blöd ass wann een net versteet, den film leisst spillraum fir d’Deitung, mee vlait reischt beim 2t ukucken kennt een hannert den leschten detail. @Fuss – d’story ass fatal gekierzt gin, den skript ass nei geschriwen gin an et ass eng zousatz szeen beigesaat gin. Den aalen skript huet quasi just nach zu 10% mam neien skript eppes ze din. Story ass ganz anescht, den genre vum film och. Et ass quasi eng nei geschicht op vorhandend videomaterial geschriwen gin. -meng beweggrenn? dat geing den forum hei platzen lossen… mee speider schreiwen ech nach emol meng gedanken zur thematik vum film |
Franky 18.12.2008 | an merci fir dei kritiken! |
Barnig 18.12.2008 | De NOISE probleem ass och um klengen Ecran! Daat war well mir fir d’allereischt mat Faarfkorrektur geschafft hun, an do warscheinlech verschidde Reglagen zevill iwersteiert! |
Franky 19.05.2009 | Dreamcell (Frank Hansen; KML) traite du sujet des rêves, et comment ils peuvent influencer notre réalité quotidienne. Ce drame aux inspirations freudiennes voire jungiennes livre une bonne analyse de notre vie intérieure. Or, les moyens cinéastes employés ne parvenaient pas toujours à nous convaincre… mat der kritik kann ech liewen… |
Dreamcell – Affiche
03.12.2008den loron style vun der affiche ass gudd ze gesin
Barnig 02.12.2008 | Waat haal der vun der Affiche? (bon kann een eigentlech reicht drop äntweren wann een de film gesin huet) Sie sin opalle fall lo do! Wien eng well, kriit eng! |
petz 02.12.2008 | Wanns du eng Foto vun der Affiche aplaz vum Alfred géifs posten (oder een Link op d’Affiche), dann kéint een der eng Meenung gin… |
CArLO 02.12.2008 | Petz, please naischt geint den Alfred |
CArLO 02.12.2008 | Tschöööööööööööööö et muss en Iech alles posten Ech wier dofier fier dass dier emol duerch den KML site surft |
petz 03.12.2008 | Merci Carlo Also ech fannen d’Affiche wirklech interessant a flott. Mëcht ganz “art movie” an hiewt sech agréabel vun den üblechen Filmposteren of. Just de KML Logo wöll nët esou richteg dra passen well d’Faarwen vum Logo nët eemenz mam Rescht vun der Affiche harmonéieren, mee vun deem Détail oofgesin, fannen ech sie wirklech ganz gelongen. Sie intriguéiert op allen Fall a mëcht virwëlsech, waat jo Sënn an Zweck vun enger Affiche ass. |
Barnig 03.12.2008 | Allez Carlo, gesais de wi schlemm daat as |
CArLO 03.12.2008 | Marc jo mee bon ech wosst dat schon mei lang, si jo och mei aal weis du |
Dreamcell – Postproduktioun
Barnig 08.02.2008 | A sait gescht ass Postproduktioun um laafen. Den Trailer, deen um INDIE HORROR PICTURE SHOW seng Premiere haat, wäert dann och a neechsten Deeg endlech online ze downloaden sin, da kennt der deen rasanten Teaser namol a Rouh ukucken Respektiv fir dei Leit, dei d’Meiglechkeet net haaten, op de Festival ze kommen. |
Barnig 25.03.2008 | Montage ass am vollen laafen … |
Franky 25.03.2008 | ah stemmt |
Franky 28.03.2008 | sou eng postproduktion kann extrem konfus sin |
Barnig 28.03.2008 | Frank, ass scho laang hier, dass de fir d’lescht dei Postproduktiounsetappen matgemaa hues Ass emmer sou |
Franky 09.04.2008 | jo den leschten film wou ech mat régie gemach huet leit schon mei wei 5 joer zereck |
Franky 07.05.2008 | 16:9.. MOIEN..et ass een awer frou wann een problem geleist gin ass |
Barnig 07.05.2008 | Jo, besonnech wann d’Assisstenten net ordentlech oppassen |
Barnig 20.05.2008 | De Film wäert a neechsten Wochen faerdeg sin… Et huet besselchen mi laang gedauert, well dee ganze Film op eng komplizeiert Montageprozedur opbaut. Get krank |
Franky 20.05.2008 | ass krank |
Franky 27.05.2008 | dem franz seng “nues rumpfen” szeen ass aus dem film geflunn |
Barnig 27.05.2008 | Wien ass dee Schellegen |
Barnig 06.06.2008 | De Montage ass ofgeschloss! Lo kennt awa nach e Farffilter, Tounmeschung mat Touneffekter, a nei Voice-Offs! |
Franky 06.06.2008 | an bildeffekter an intro*outro an an an an |
Franky 01.07.2008 | Den KML Tounstudio ass gescht nees benotzt gin |
Barnig 01.07.2008 | Nexte Keier, wu mer ebess ophuelen bleift d’Pokerspill doheem. |
Franky 01.07.2008 | dobai huet den speaker seng Gage verdingt well hien eischten gin ass! |
Barnig 01.07.2008 | Deck Fuddeler ! |
Franky 12.11.2008 | wei steet et mat der postproduktion? |
Barnig 12.11.2008 | et get gemunkelt … et wier ofgeschloss! Screenshots an en Internetupdate sooooooon…. |
Franky 14.11.2008 | endlech |
Franky 01.12.2008 | d’affice vum film ass och schon faerdeg |
Barnig 01.12.2008 | ey di ass na net zentreiert kuck daat mol no.. steet bei mir hannert dem numm, an dobai soll se ennert dem numm stoen |
Franky 01.12.2008 | hmm nee ass alles richteg ganz secher |
Barnig 01.12.2008 | op mengem PC hei op der schaff, ass et falsch… |
Dreamcell – Titel-change
Barnig 28.09.2007 | Wei der all wesst ass “DREAMER’S DREAM” en absoluten Arbechtstitel. Dir kennt awer an desem Topic, roueg Propositiounen maachen |
Philippe 28.09.2007 | -incubus -anguish -anxiety state oder sou eppes an deem stil. een oder zwee wieder dei knallen. BENG BENG. eppes wou dei ganz angscht vum remgespigelt get. einfach BENG BENG :p |
Franky 01.10.2007 | anxiety state gefällt mer!…eppes an dei richtung ass secher gudd an klengt maner “soft” wei DD. mee ech mengen den Titel get reischt an der postproduktion festgeluecht… |
Barnig 01.10.2007 | speitstens |
Barnig 13.02.2008 | A neechsten Deeg kennt den offiziellen Filmtitel endlech eraus! |
Barnig 14.02.2008 | x x x x x x x x x x x x x x x x x |
Yves 14.02.2008 | As et e Porno? |
Barnig 14.02.2008 | Daat häss de wuel gär |
Yves 14.02.2008 | oder deen 15. Sequel zu “xXx” ? |
CArLO 14.02.2008 | KML dreint e kuerzfilm Porno…………………. Ech verstinn guer naischt mei |
Barnig 14.02.2008 | Jo den Yves Steichen huet der d’Haaptroll leider virun der Nues eweg geholl, Carlo! Wars ze speid un. Mee zur Berouegung: Mir hun och keng Aktricen |
Yves 14.02.2008 | Degölass an niveaulos. |
Barnig 15.02.2008 | Mee back to TOPIC dese Weekend kennt den Titel eraus |
Barnig 27.02.2008 | Den numm ass do, a versprecht nawell vill |
Dreamcell – Trailer
Barnig 07.01.2008 | … soon … |
Admin2 12.02.2008 | Trailer ass online |
Barnig 13.02.2008 | allez. soot eis mol wei vorbildlech der den Trailer fannt! |
petz 13.02.2008 | Fir mech ass daat éischter een Teaser wéi een Trailer. Egal wéi een daat elo nennt, d’KML-Handschrëft ass rëm déitlech ze erkennen am zimmlech stark pronocéierten Minimalismus vum dem Ganzen (erënneren mech ëmmer rem mat Freed un den Teaser vun “Nebula Dawn” wou een just een Kämpfer gesin huet, deen sech an Zäitlupe op die bombastesch Musek aus dem Carl Orff sengem ‘Carmina Burana’ op d’Kamera zougedréiht huet). Hätt vum “Dreamer’s Dream” léiwer een richtegen Trailer gesin, mat Dialog-Szenen an e bessi méi Hannergrond-Informatiounen zur Geschicht. Als Teaser inspiréiert daat mech nët esou vill well mäin Firwëlls bis elo nach nët eemenz ungereegt gouf. Kucken wärd ech den Film awer kommen an loosen mech dann och gär positiv iwwerraschen. Wéini soll den Film dann färteg gestallt gin? |
Barnig 13.02.2008 | Ech mengen du vermeschs NEBULA mam BKW Teaser/Trailer De Film ass an der Postproduktioun (get jo e Kuerzfilm) a wäert an 2-3 Meint ready sin. vlait kennt dann och nach Text an den Teaser |
petz 13.02.2008 | Richteg. Daat wor den BKW-Trailer, mee dir produzéiert esou vill, dass ett schwéier ass den Iwwerbléck ze behaalen. Mee wéinstens kommt dir virun… |
Franky 14.02.2008 | ma et ass een kuerzfilm.. do ass et heavy een richtegen TRAILER ze machen an zur Geschicht haalen mer eis bewosst bedeckt… typesch KML gesin ech net als schlecht un.. mer hun eben eng handschreft…eisen Style.. |
Dreamcell – Tournage
Barnig 04.10.2007 | Dese Samschden geet et lass …. |
Barnig 08.10.2007 | Eischten Tournage ass gepackt! Fotoen kommen demnächst… -> W AT C H _ _ _ O U T <- |
Franky 08.10.2007 | Huet awer schon gudd geklappt wann een bedenkt dass sech dat neit Team mol muss anspillen an och mam deelweis neien MAterial eenz muss gin… an puer wochen leeft dat tiptop! |
CArLO 08.10.2007 | An e puer wochen leeft dat tiptop Dier sidd mier eng witzeg band, ech giff alt fier d’eischt test opnahmen machen eier ech giff mam film ufänken nujee jiderengem saint. Een fehler den mier net machen well mier fier d’eischt test opnahmen machen respektiv schon amgangen sin, mee eng fro hun ech: wat mach dier wann dei eischt wochen an den sand gessat gin?? sin awer emol gespannt op ären neien LM, steed scon een provosoreschen datum????????? |
Barnig 11.10.2007 | Testopnaahmen a Proufen goufen längst virum Dreihstart gemaach ! De Frank mengt domader, dass mer puer leit hun, dei na nie bei engem Amateurfilm matgemaach hun, dei awer biswell toparbecht geleescht hun, a scho relativ gud am Film a virunallem mam neie Material eenz gin!! Keng Angscht, Carlo: Mir maan net dee selwechte Feehler wei dir, dass mer reicht um Schluss vum Projet mierken, dass iwerhaapt keen Toun opgeholl gouf an dann nosynchroniseiren Si vun dohier also mindestens graad su eng “witzeg Band” wei dir An en Release Datum get a wäert et na laang net gin! Tournage wäert sech neehmlech relativ laang an onregelmeisseg verzeien… |
Franky 11.10.2007 | lol.. Carlo waat soll dat grimmegt gesteppels do ? …. dann sin mer eben den Underdog den naischt kann (ganz niewenbei machen mer schon 10 joer filmer… an do virdrun hun mer och schon filmer gemach ennert dem numm Bolfach… insider kennen des filmer nach…) |
Barnig 11.10.2007 | BOLFACH PRODUCTIONS Gegrennt 1995 !! Puer saugail Filmer mat dabei -> DVD: “BOLFACH CLASSIC’S vol.1” am KML-Shop fir 15Euro ze kreien |
petz 11.10.2007 | Jungs, hutt der nach ëmmer nët matkrut, dass onsen Carlo een houeren Stëppler ass? Allez, ech bidden der ganzer KML-Gruppe eng Friedenspfeife un an Form vun enger Spezial-KML-Offer op dem DVD vum Zombie-Film. Wien zum harden Kär vum KML-Team gehéiert, kritt onsen DVD fir 15.- EUR aplaz vun 25.- EUR. Bestellungen w.e.g. direkt un den Carlo riichten Peace! |
CArLO 11.10.2007 | Frank dat ass keen gesteppels mee meng eierlech meenung mee ass dat net schein wat ech domader errescht hun ????????????? DIER kritt eng ZF DVD fier 15€ transport matbegraff Nee Marc mier rembourseieren dier dei 10€ NET Vive den letzebuerger Film egal wen an SCHAISS egal wei en e mescht an nach fill mei SCHAISS EGAL op e gudd ass oder net haaptsaach et get sech amüseiert, (an haaptsaach ech hun eppes ze lästeren) |
CArLO 11.10.2007 | PETZ; steppeler jo HOUEREN steppeler NEEEEEEEEEEEE |
Franky 11.10.2007 | ech laachen mech futti hei |
CArLO 11.10.2007 | A neee fier deischt an elo beemol |
CArLO 11.10.2007 | PETZ, mengen meng Obskura e-mail ass futti oder et huet nach keen eng DVD bestallt |
petz 11.10.2007 | Also esou eng Offer gët ëtt soss just fir Chrëschtdag (a nach!). Fir all déi déi gär wéissten waat um Zombie Film DVD drop ass www.obskura.lu Esou eng komplett a schéin opgemachten DVD kritt een fir deen Präis néierens. An ett géif mech nët wonneren, dass déi een gefrooten Sammlerartikel no der Sortie vun onsem 2ten Film gët nom Motto: – Deen Film wor genial! Vill besser wéi hieren éischten! – Wéi? Déi hun nach een aaneren Film gemach? – Jo, erënners du dech nët méi? Déi haaten dach den Zombiefilm gemach? – Zombiefilm? Nie héieren? Waat ass daat dann? Kritt een deen irgendwou ze kaafen? – Deen kruss du soss mol op hierem Site ze bestellen, mee elo ass keen Stock méi do. Schued fir dech, ass nämlech eng super Editioun – Schäiss! Da gin ech eben op e-bay kucken… (klimper, klimper) – Waat? 300 Eur fir eng original Editioun… ech mengen dann lueden ech mer einfach eng Kopie eroof… jo mee schäiss, dann hun ech awer keen Booklet |
CArLO 11.10.2007 | Ech bestellen mier nach eng………………………….. Tiens Tiens herr Barnig fierwat bestellen mier dann direkt 3 ZF DVD’s. A du bass den den op ebay dei ZF DVD’s fier 300 € verkeeft |
Mich 11.10.2007 | Oho, dat do ass jo eng intressant Offer! |
Barnig 12.10.2007 | Ganz genau Carlo Mee mengt der wirklech dir geingt nach 1000 DVDs verkaaf kreien ?? Well ech är lescht Hoffnung net ewech zeien, mee bon gud dass der optimistesch sid! A menger Meenung no lait daat och guernet um Prais! Entweeder et ennerstetzt een eng Amateurfilmgrupp oder net, an ech denken daat ass och ee vun deen decksten Grenn, wisou die DVDs iwerhaapt verkaaf gin! |
Franky 12.10.2007 | gin et keng obscura aktien?… Bon back to topic awer.. DREAMER’s DREAM.. |
Barnig 23.10.2007 | Maacht Ierch pret: DESE SAMSCHDEN GET NEES GEDREIHNT !!! |
Barnig 05.11.2007 | NEW PICS online an et kommen der na … |
Franky 05.11.2007 | muss lo nach een groussen luef un eisen neien Haaptacteur lass gin…. hien ass spontan an den Projet rangerutscht(an war nach greng hannert den ouren waat Filmer ugeet) an huet mech TOTAL op den leschten Tournagen iwerzeegt! Fannen och dass eis nei Crew soulues zesummen fennt an no puer weider wochen awer total gudd zesummenschaffen wärt! |
Philippe 13.11.2007 | ech kann dei begeeschterung leider net ganz deelen wann ech eierlech sin… ech hun schon mat villen neien leit u filmer geschaft mee irgendwei fannen ech net dass daat esou wei ech et soss gewinnt war ze schaffen wei zum beispill bei “etre et vivre avec” oder “grim” oder vlaicht och nach “31 min.” ech spieren am moment net dei neideg motivatioun vun den leit dei mech matrappt… ouni dem marc seng aarbescht un dessem film wellen an den dreck ze zeihen sou spieren ech och bei him net dei motivatioun dei ech vun “bkw” oder “mona” hier kennen… ech well ganz eierlech sin an ech schwetzen elo nemmen vum filmeschen hier an net vun eiser frendschaft ausserhalb vun kml. verschidden saachen am dreihbuch fannen ech gudd an och interessant mee ech fannen och dass d story puer schwächen huet, trotsdeem wollt ech dem dreihbuch eng chance gin mee ech verleieren lues a lues vertrauen an dei story… an daat vertrauen war ni grouss… ech verstin dass filmer maachen spass soll maachen mee ech vermessen deen neidegen eescht. an deenen 4 stonnen dei mir dreihen gin wei ech fannen immens quantiteiten un szeenen gedreiht, dei mer freier an engem ganzen nometten gedreiht hun an ech zweifelen dass daat qualitatif duergeet fir dei lescht kml filmer notament “mona” oder “nebula” ze iwwertreffen oder op manst gleich gudd ze gin…et ass mer einfach zevill forceiert… wei wann elo onbedenkt eppes misst gemaach gin aplaatz een richtegt geilt dreihbuch ze schreiwen an eppes ze maachen wou all mensch geif soen: geil… bei dreamers dream sin ech mer net secher dass een daat soen wärt… ouni dei nei elo wellen ze demotiveieren oder soss een. |
Barnig 14.11.2007 | Jo Philippe daat do ennerscheed, den Newcomer vum Aalen Humer Du bass reicht zenter 2004 an der “Amateurwelt” aktiv, an hues dei Mentaliteit emmer nees besser a mei perfekt alles ze maan. Daat ass och ok! Mee du muss wessen, dass mir eng nei Equippe hun, an dass bei eise leschte Projeten emmer nach e ganz groussen Deel vun der “aaler Klass” mat dabei ass. Hei ass lo e komplett neie Projet, ey: Mir dreihnen neechst Joer zenter 10 Joer Filmer, daat soll mol irgendeen eis nomaan. Mat de’er dooten Mentaliteit, kenns de hei zu Letzebuerg nehmlech zu GUER NAICHT !! Mir hun mat eise Long Metrage-Kinosseancen (wat wells du mei ??) Eis Kuerzfilmer gewannen mei Praisser wei mer wellen (waat well ee soss mei ??) Eise leschte LongMetrage huet och ganz ville Leit net gefall, Mona mat 5 praisser gefällt och nach net jiderengem, mee schaiss drop, dass daach egaal: Haaptsaach, d’Raad rullt! oder net? Also ech wees do wirklech net waats du der virstells? Ech maan no deenen MONA Praisser ganz secherlech namol e Kuerzfilm (schon a neechste Meint) deen mindestens graad su vill niderrapt wei MONA, ech brauch dofir awer Leit, dei interesseiert sin, a besselchen Experienz hun. Waat ass da wanns de mat enger neier Equipe ufänks, wu et vlait bessi mi lues weider geet, mee wus de awa opmanst nees Leit hues! Ech fannen sie maachen hier Saach mei wei gud! Secherlech geing ech mat (grousser Experienz) vlait aner Sachen anescht maan, mee ech loosen se gewäerden, well ech hinne vertrauen, an ech wees, dass daat doten GANZ SECHERLECH eis KML LongMetragen nees iwertopen wäert. Well daat wiichtegst iwerhaapt beim Film ass eng Equipe dei hannert engem Projet steet, an daat mecht se bislo !! De Frank an ech hun dee Projet hei just doweins attackeiert, fir speiderhin nees mat neie Court-Metragen eis bekannt ze maan. Du kanns als Fotograf maachen weis de wells, bass eis jo net verpflicht! Mee du muss och wessen waats de an dengem Liewen welles hues!? |
Barnig 14.11.2007 | An naach ebess: Ech hun iwer 1 Joer beim SNJ mat Gruppe geschafft, dei och 0-Experienz haaten, mee dofir gin Filmer awer net onbedingt schlecht! Mee falls de awa dono Leit hues, dei sech welle mei spezifesch dru gin, da kanns de deenen soumader awer eng Chance gin! Hätt ech dir se nom SNJ-Stage net gin, da wäers du secherlech nie an dei Branche hei geroden, a vun dohier fannen ech et onfair dass du graad elo “dei Leit” su kritiseiers |
Franky 14.11.2007 | ech fannen et schon einfach falsch een tournage vun engem kuerzfilm mat engem long metrage ze vergleichen. Wann KML den neien Longmetrage sou genee geplangt hätt wei bei kuerzfilmer, dann wier den tournage reicht fir enn 2008 geluecht gin(an dann geingen nees dei unkenruffer kommen:” KML mecht naischt mei”.) Punkto dreihbuch: ech mengen KML huet do genuch versammlungen gemach wou jidderen seng Ideen kann beisteiren an sech bereed erklaeren selwer regie ze feiren… D’Interesse war extrem kleng, dofier hun ech an den Marc eis eben gesot dass mer lo eben desen Projet lanceieren. (wann ech bedenken waat letzebuerg amateur szeen an den leschten joeren KATASTROPHAL “dreihbicher” fir longmétragen verfilmt huet, sin ech souguer richteg stolz op DD, waat jiddenfalls bessen tiefgang bidd. Ech gin souguer souweit ze soen dass nierft psychlist an den leschten 3 Joer JUST KML longmétragen mat bessen “niveau an tiefgang an eegenen Ideen” rausbruecht huet. An waat den virworf ugeet leit bei DD häten net genuch motivation oder whatever… ECH war live dobai wou Grim trailer an etre et vivre avec trailer fir d’eischt öffentlech gelaaf sin….hun awer schmerzlech iergend een aneren vun der ganzer riesencrew vermesst. Beim longmétrage geet et em den laangen otem, eisen haaptacteur muss dei nächst 6 meint fir den film do sin waat net an der relation zu engem “verlängerten weekend Tournage” steet. Sorry wann mein ganzen beitrag bessen ironesch klengt, ganz onrecht huet den philippe secher net, mer hun eng quasi nei an jonk equipe op d’been gestallt dei sech awer seier fonnt huet an hier sach gudd mecht. Ob den film lo een meilen stein get sief dohin gestallt, mer pushen den projet net künstlech an dreinen eben regelmeisseg drun ouni do grouss Sprech ze klappen. An wanns de den Dreihplang kucks mierks de weilaang den tournage trotzdem dauert. Ob et lo mei richteg ass een Projet joeren laang virzebereeden(zb Obscura, dei dreinen just all Schaltjoer een groussen decken Projet) oder eben wei KML sech vun vill sachen glaichzaiteg ze wagen sief dohingestallt. |
petz 14.11.2007 | Ahhhh Jungs, eppes muss een KML loosen, ären Forum ass ëmmer rëm een Bléck wert. Vu dass Obskura (gët iwwregens mat “k” an der Mëtt geschriwwen) namentlech zitéiert gët, machen ech einfach emol Gebrauch vun onsem “droit de réponse” =) 1) Kann daat elo nët einfach esou am Raum stoen loosen, dass onsen éischten Film, op deen jo hei ganz kloer och gezielt gët, een KATASTROPHALT (an Kapitalschrëft) Dréihbuch haat. Ett haat am schlëmmsten Fall een schlecht Dréihbuch, mee wéinstens haat ett am Usatz e bessi Humor dran, eppes waat ech bei aaneren Amateur-Produktiounen emmer eemenz vermëssen, mee daat léit vläit do drun dass Obskura sech nie wärd ganz eecht huelen (waat iwwregens nët oncompatibel mat engem Qualitéitsusproch ass) 2) ZF haat vläit keen Niveau an Tiefgang haat, dofir wor en awer hallefwegs originell an mir hun vill eegen Iddien mat eran bruecht: lëtzebuerger Zombie-Première, lëtzebuerger Humor, Säitenhiebe op Arméi an Horrorfilmer am allgeméngen, etc. Ett wor einfach een zimmlech schlecht gedréihten Lëtzbuerger Hommage un die Genre-Filmer déi ons gefall hun. Punkt. 3) Wann dir iech vun aaneren Leit (“KML mëscht näischt méi!” hetzen lost, dann sidd der selwer Schold. Nët aaner Leit sollen décidéieren wéini dir prett sidd fir een Tournage unzefänken, mee dir selwer sollt daat machen. Obskura ass ett esou lang wéi breed wann d’Leit (wann dann iwwerhaapt nach een vun ons schwätzt) soen “Obskura mëcht näischt méi”. Mir machen, awer eben an onsem Rythmus, schliesslech gimmer mer all ganzdags schaffen an dann daueren d’Sachen eben déi Zäit déi sie daueren… bis mer dann vläit eng Kéier vun onsen eegenen Filmer liewen können =) 4) Psyclist huet keen “h” an der Mëtt =) 5) Maacht dach einfach waat iech gefällt an loost die aaner Leit (ons inclus) domm sabblen =) Am Endeffekt musst dir mat ärem Produit liewen können an houfreg drop sin. Dofir ass ett awer och wichteg, dass der Kritik aus den eegenen Reihen seriö huelt… Bis dann eng Kéier Petz |
Franky 14.11.2007 | @petz. sorry fir dei schreiffehler.. war bessen midd wou ech et geschriwwen hun. an sorry dass aeren ZF emmer nees eng mat der Schlapp kritt! ech hun mech bessen extrem ausgedreckt an wollt just domat soen dass eisen aktuellen Film eben een gewessen obbau, handlungsschin, pointen, iwerraschungen, Aha-effekt an aner sachen ze bidden huet waat een natirlech net bei enger Komédie/witz film huet. Ech sot dat einfach well den Philippe sou geklong huet wann eisen neien film extrem usprochslos wier (nachemol, ZF ass net usprochslos, am contraire, der hudd domadder genau den Nerf vun villen letzebuerger filmfans getraff, mee ech wollt einfach soen dass zb ZF, WIQ an co eben filmer sin dei op dreihbicher baseiren dei anescht sin wei eist aktuell dreihbuch an vlait manner Tiefgang bidden(waat eben sou genre vun filmer un sech hun))) bon kreien mech lo net besser ausgedreckt, ech mengen der verstidd waat ech mengen |
Barnig 14.11.2007 | Ech fannen dass daat eben wei de Petz seet, an der Reih ass, dass jidereen seng perseinlech Idee’en huet. Wann Obscura nemmen all 5 Joer ee Film dreihnen wellen, kennen se daat roueg maan, mee eiweg hällt daat net, well wann der am Seniorenalter sid, mach der bestemmt naicht mei, an do z.b. POCHT KML awer drop, dass mir weiderhin Filmer dreihnen, mir sin och keng Masseproduktioun, mee welle just vum “Jonk-Motiveierten-Filmdreih” profiteiren Ech fille mech jo selwer schon iwerfuedert LongMetragen ze maan, (maan daat dofir jo mam Frank zesummen) mee meng Energie bleift fir deen eenzeg guden Zweck: 1-) Eng nei Generatioun an eisem Klub unzeleieren. 2-) Emmer nach weiderhin besser Kuerzfilmer ze maan, a wisou net (dei nei Generatioun do mat abauen) |
petz 14.11.2007 | @frank Keen Probleem, verstin däin Standpunkt absolut. An engem Forum sollen d’Sachen jo kontrovers diskutéiert gin an daat mëcht och Spaas. Gin der Recht, dass all die Amateur-Produktiounen vun den leschten Joer eben aaner Usprëch haaten an sech dowéinst och schwéier vergläichen loosen. Ech sin op allen Fall, wann ech nëmmen kann, op der Première vun Dreamer’s Dream dobäi. An ech hoffen, dass är Equipe dann och bei onser nächster Première wärd dobäi sin… Enn 2009…ehrm, pardon… 2010… wollt soen 2011… =) Ach, whatever, wann en eben färteg ass an mir nach all bis dohin liewen! |
petz 14.11.2007 | @ Marc Marc, d’Obskura-Equipe ass dach schon baal am Senioren-Alter mat sengen Enn 30 =) Wann mir dann am richtegen Renten-Alter nach gesond sin, dann hoffen ech jo stark, dass mir bis dohin nach ëmmer Loscht hun Filmer ze dréihen well dann huet een jo am Prinzip gudd Zäit… an och d’Wäisheet an d’Gedold daat richteg gudd ze man =) |
CArLO 14.11.2007 | Ech muss onbedengt main päfferkär elo bei leen…. Jidereen fun denen 997 leit dei den ZF am Kino kucken waren wessen den ZF ass SCHAISS mee wierklech SCHAISS, an awer huet den ZF eppes wat keen anneren film huet, an zwar wann et den KML site an den FORUM nach an 20 joer get dann get narwell fum ZF geschwat………………………………. |
petz 14.11.2007 | @ carlo: Jo, mir 4 hei am Forum wärden nach driwwer schwätzen, mee ob nach irgend eng aaner armen Sau wärd driwwer schwätzen, woen ech – einfach esou – mol ganz stark ze bezweiflen… An nët esou negativ, mäin allerléiwsten Kameramann, den ZF ass keen SCHAISS, mee einfach eng zimmlech schlecht, dofir awer stellenweis wirklech witzeg Produktioun. Leit déi een Film SCHAISS fannen, applaudéieren nët um Schluss vum Film. Esou, elo awer zréck bei den Topic vun dësem Forum : Dreamer’s Dream. Em waat geet ett dann do iwwerhaapt? Iwwer een Mënsch deen dreemt, dass hien dreemt, fir dann awer erauszefannen, dass säin Draam am Draam am Fong d’Realitéit ass? |
CArLO 14.11.2007 | @Petz Dann woen ech emol einfach esou emol hei ze soen dass (wann den Obskura site nach an 20 joer besteed) nach emmer leit do wärten sin fier online ZF DVD bestellen……………… Jo zereck zum topic em wat get et dann do am dreamers dream?? |
Barnig 15.11.2007 | Gail Debatte — ass vill mi interessant iwer Zukunftspläng ze schwätzen, wei iwer ee Film! An ech denken dass et KML naach ganz ganz laaang get, a soulaang get et och dese Forum, a soulaang stierft “Obskura” an hieren “ZF” ganz secherlech net, well sulaang mir 4 eis och nemmen e bessen fir amateurfilmer interesseiren, wäerten mir eiweg nees zreck op des Diskussiounen kommen (egaal a waat fir engem Topic). Keint mer gud virstellen, dass mer namol an 30 Joer iwer den “Amateurfilm” debateiren. Hoffen op alle Fall dass bis dohin kee vun eis den Interesse verleiert! Em waat geet et an DD? boafff…. Ech geing soen em Dreem, a virunallem em een dee gären oder och net gären dreemt |
Philippe 15.11.2007 | ok… keen kommentar zu deem waat ech geschriwwen hun… opwuel ech daat immens wichteg fannen an ech laang no den wieder gesicht hun fir keen ze verletzen an kengem ze no ze trieden… |
Barnig 16.11.2007 | Nee ass scho gud a riichteg, dass du daat geschriwen hues Philippe. Nur denken ech, dass de daat no 2 Sessions na net kanns beurteelen- |
Franky 16.11.2007 | nee du hues keen verletzt an wei gesot bei villen punkten gin ech der rescht, obwuel ech villes waats du als negativ duergestallt hues ech net wirklech als negativ gesin. KML ass an bleiwt motiveiert(soss geingen mer keng filmer mei dreinen) mee et soll een net vergiessen dass mer awer schon 10 joer filmer machen(eigentlech mei laang, virdrun just net ennert dem Label KML). Mengen am moment gin et vill nei produktionen dei EXTREM motiveiert un d’sach run gin, mee wou bislo awer nach emmer keen endprodukt rauskomm ass(kuck mol am Forum an lies iwer aner produktionen…dei schleefen deelweis schon 1-2 joer an do ass motivation total raus) |
Philippe 16.11.2007 | wann ech drun denken wei mer bei “grim” oder ” etre et vivre avec” geschaft hun, do hun ech mech no 2 stonnen schon richteg wuel gevillt… an hei villen ech mech no 2 sessoiunen nach emmer net wuel an daat leit net drun dass et nei leit sin… dei aaner zwee filmer waren och vill friemer fir mech mee do haat ech een aaner gevill wei am moment… ech gouf mei matgerappt…an daat huet mech dun zu leeschtungen bruecht vun deenen ech selwer iwwerrascht war… |
Franky 17.11.2007 | hmm mengen dat hängt och emmer vun engem selwer of wei weit een sech do drop anleisst an sech matrappen well lossen… et gin KML tournagen wou ech mech extrem onwuel um set gefillt hun, op aneren hun ech mech besser gefillt.. mengen dat huet all mensch seng preferenz |
Barnig 11.12.2007 | Nei Fotos kommen, soon. Leschte Samschden huet de Kevin sain debüt gin! |
Barnig 13.12.2007 | Nei Fotos online! Dese Weekend, get SONDES gedreihnt, a NET Samschdes !! bis dann, dir GECKEN |
Claude 05.02.2008 | IMPLODEIERTE GUMM! (Insider-Witz vu leschtem Tournage!) Et war allerbescht an gegeckt wei e Groussen. |
Dreamcell – Dreihbuch
Barnig 01.02.2008 | Aus dem Long-Metrage Dreihbuch, gouf e Court-Metrage Dreihbuch |
CArLO 02.02.2008 | an wei dat dann |
Barnig 04.02.2008 | Ma mir maan kee Secret draus, mee eisen Haaptakteur, deen och an engem Sportverain zu 120% aktiv ass, ass relativ oft duerch dee Verain blockeiert. Well mir net wollten, dass eisen Tournage su laang sech verziit (wär am endeffekt iwer 1 1/2 Joer gaangen) -> Akteuren änneren zevill, Coiffuren, Ausgesin, etc. … Du hu mer gekuckt, op et iwerhaapt technesch meiglech ass, e Kuerzfilm aus dem Long-Metrage ze maan. De Virdeel war, dass mer sämtlech Zeenen zu engem Bezuuch ofgedreihnt haaten. Doweins konnte mer dunn duerch deen Punkt, e komplett neien Kuerzfilm maan. Hu lo puer komplett nei Zeenen nozedreihnen, an eng gedreihnten Zeen fliit och an d’Dreckskescht. Mee am Endeffekt, ass des Solutioun wirklech nach dei beschten bliwen. An ech maan net de Geck, wann ech soen, dass Dreihbuch lo suguer na besser ausfällt wei virdrun |
Franky 04.02.2008 | emmer newsletter liesen, dann ass een um courant |
CArLO 04.02.2008 | @ Marc dierf een froen wen dat ass an wei een sport den guden jong mescht ???????????? |
Barnig 05.02.2008 | Du wäerst geschwenn an der Zeitung liessen E geet lo op Malta |
CArLO 05.02.2008 | Asou esou weit ech informeiert sin spillt den gudden jong dann handball………………… Dann so mier wen et ass ech als aalen handballer….. |
Barnig 05.02.2008 | Ma de Fränz, Ou et ass net verbueden sech besselchen ze informeiren op eisem Internetsite |
Dreamcell – Crew-Info
Barnig 11.10.2007 | Neien Dreihplang ass an ärer Mailbox ukomm! Tournage ass verlängert bis mettlerweil Enn Juni (22 Dreihdeeg bleiwen) |
Dreamcell – Neit Material
Barnig 01.10.2007 | Mir hun nierft fonkelneiem Tounmaterial (Riichteg Tounaangel, ordentlechem Mikro) och nei Beliichtungsmaterial kriit, nierft 3 grousse Spoten (ähnlech wei beim Nebula Dreih, just besselchen mi staark) hu mer nach e professionellen Neonstype kriit, fir dei passend neutral “bannebeliichtung” ze maan Fotos kommen demnächst, oder speitstens ab neechster Woch, wa mer den eischten Dreihdaag gepackt hun! |
Dreamcell – Pré-Produktion
Barnig 07.08.2007 | Och wann et just en Arbechtstitel ass, an d’Preproduktioun reicht knapp ugefaangen huet. Kenn der hei lasslee’en mat Froen an Diskussiounen! Ech perseinlech hu vill Awaardung an dee Film, well et eemol net den -mettlerweil- typesch Fantasy-Beschfilm ass, mee vill mei op Charakteren an Usproch gepocht get, wu Natur net mei am Mettelpunkt steet! (get dann am nexte kuerzfilm nees nogeholl … ) Hoffe mer dass daat ebess get, och wann et kee Court-Metrage get, an en 20tägechen Dreihplang kennt. Ganz vill Statisten gi gebraucht an enger “PARTY-Zeen”, wu mer frouh wieren jidereen als Statist um Set ze begreissen |
CArLO 07.08.2007 | Wei gesait et mat catering aus fier dei party scene? Wann genuch beier an gegrills do ass kommen ech |
Barnig 08.08.2007 | Keng Angscht! |
Barnig 09.08.2007 | Location Visit ass um laafen… Hu puer mega gail Plaatzen scho fonnt, a ka just soen, wann daat su klappt wei mer eis daat virstellen, da knuppt et Fotos kommen demnächst |
Franky 09.08.2007 | ech richen no schwain |
Barnig 07.08.2007 | Dei neechst 2 Wochen gin Decors´en opgeriicht. e.a.: vill Zemmeren APPEL: Wa Leit Miwelen oder Geigenstänn hun, dei mir während 6 Meint kenne geleihnt kreien, nemmen hei damat! Mir hun een aalmoudescht Zemmer, an ee mei modernt Zemmer. Mellt Ierch roueg, mir gecken o naicht nidder a kriit alles an normalem Zoustand nees zreck |
S-Therapie 18.08.2007 | majo brauch der keng Patientenhiemer? well bei ierch jo och zoufällegerweis 3 Patienten matspillen braucht der vläicht esou eppes? Gesäit aus wéi déi aus dem Spidol an esoubal den Dréi fäerdeg ass, kinnt ech ierch ze léinen |
Barnig 20.08.2007 | Nee brauche mer leider net, heechstens 1 fir de Psycholog an och nach… Die benannten Patienten sin ganz normal Leit dei an enger Sall d’Attende waarden, mussen also normal bekleed sin mo kucken |
Franky 20.08.2007 | eventuell Decoration? |
Barnig 22.08.2007 | Gail Locations stin nees um programm Fotos online! |
Barnig 01.09.2007 | Huet nach irgendeen en aalt Bett, waat ee kinnt transporteiren ? am beschten zesummeklappbar? |
Barnig 19.09.2007 | DESE Samschden ass eis eischt Prouf! Dreihstart dann de Samschden drop Hun eis 2 Appartementer faerdeg ageriicht, falls nach irgendeen d’Innendeco well verbesseren, kann e kommen |
Mona – Artikelen
Barnig 14.10.2008 | Hei ass en gailen Artikel am Tageblatt. Kruut nees kee mat |
Franky 14.10.2008 | Der Applaus für „Mona“, den letzten Beitrag; war kaum zu überhören. Dieser erhielt am folgenden Tag von der Jury eine Silbermedaille, sowohl als den Preis des besten Jeunesse- Film. „Mona“ dreht sich um Kindesentführung bzw Kindesmißhandlung, ein leider sehr aktuelles Thema. Der Film schafft es dieses heikle Thema mit großer Stimmungsdichte aber ohne Effekthascherei zu inszenieren, so die Meinung der Jury. yeah! genee dat schätzen ech och sou um film! |
Mich 14.10.2008 | Relaxen Artikel |
petz 15.10.2008 | Stark Leeschtung! Félicitatioun! Geschwönn kann een d’Präiser déi “Mona” krut huet nët méi zielen. Firwaat nët een neien Promo-Clip fir de Film man mat Ablendung vun all den Auszeechnungen déi hien krut huet? |
Barnig 15.10.2008 | Jo ass eng gudd Idee. Praisiwerreechung (vun der Mme.Ministech) ass reicht am November, da kinnt ee vlait ebs prepareiren Merci |
petz 15.10.2008 | Op allen Fall mol ee Communiqué mat Foto vun der remise de prix un d’Presse schécken. Ett kann een nie genuch op d’Leeschtungen vun der Amateur-Szene zu Lëtzebuerg opmierksam man. |
Barnig 12.02.2009 | Hei an der eischter Minutt gesid der PROMO fir e Samschden: |
Franky 13.02.2009 | gesait richteg GUDD aus!! ass wirklech een groussen succès fir KML, besser kann d’joer net ufänken |
Franky 16.02.2009 | huet een den film um RTL gekuckt? ech nach net, hun et awer opgeholl. Wei ass qualiteit? |
Barnig 16.02.2009 | Jo ech hun heiren, e wier schwarz/waiss diffuseiert gin Den Toun war awa ordentlech gemescht. Di aner filmer waren och cool: natirlech alles ARRI Material, daat mierkt ee gud! Dem Govinda sai Film “JOSH” hun ech o mol gesin,.. ass interessant an alle Generique mindestens 50-80 Produktiounsleit, bei MONA sin et der 12 |
Mich 16.02.2009 | Ech hat MONA um RTL gekuckt an och déi 3 aner Filmer. Ech muss soen d’Qualitéit vum Bild an souguer och vum Toun war optimal um groussen TV-Ecran!! Tiptop! |
Franky 14.04.2009 | Huet een 20vir um RTL gesin? hun mer dat grad um RTL site ugekuckt ass interessant, och dem joy hoffmann seng remarquen zu kuerzfilmer(mat oder ouni budget), iwer Amateur akteuren |
Mona – Presentatiounen
Barnig 15.01.2007 | MONA/NEBULA Offiziell KINOSCH – Presentatiounen Dese FREIDEN, SAMSCHDEN a SONDEN (19.-21. JANUAR) jeweils um 19h00! Et soll jidereen kommen! |
Mich 17.01.2007 | Vum 19.-21. Januar 2007 laafe Mona/Nebula um 18.30 Auer am Kinosch!!! |
Franky 01.02.2007 | MONA(zesummen mat Nebula) leeft dëse Weekend nees am Kinosch, an zwar: e Freiden, 2. Februar 2007 um 19:00 Auer e Samsten, 3. Februar 2007 um 19:00 Auer e Sonnden, 4. Februar 2007 um 19:00 Auer |
Barnig 05.03.2007 | METTWOCH – 14.Mäerz 19h00 an der KOLER SCHOUL zesummen mat THE BRAIN vum Frederic Sauvant! (2 Filmer vun 2 Koler Regisseuren) |
Barnig 24.09.2007 | Nechst Presentatioun: FREIDEN – 13.OKTOBER 2007 um 20h00 am Kader vun SUNSET CINEMA zu Bouneweeg op der Haaptplaatz |
Barnig 02.11.2007 | Nierft dem FGDCA-Programm e Sonden (11.November) zu Schieren, get de Film och namol zu EUPEN gewissen, an daat den 23.November. De Film ass jo hei net an d’Renne komm, well sech eischter Schoulvideos ugemellt haaten. De Film get doduerch awer an engem Spezialprogramm gewissen. Wann der also an der Geigend siid, kommt roueg kucken |
Barnig 06.02.2009 | E Samschden, 14.Februar um 21h “FILMS MADE IN LUXEMBOURG” op RTL TeleLetz |
Franky 06.02.2009 | yeah, endlech weisst RTL een guden film |
Mona – Praisser
Barnig 12.11.2007 | 3 NEI AUSZEECHNUNGEN FIR MONA Geschter um Concours National de la FGDCA: -> Médaille pour la 3eme place au concours national -> Prix Spéciale pour meilleure photographie (FGDCA Concours 2007) -> 1er Prix du Ministère de la Culture (CNA) du meilleur film non-professionnel 2007 S U P E R a Felicitatioun namol un dei ganz Equipe ! INSGESAMT HUET “MONA” BISLO 5 AUSZEECHNUNGEN |
Franky 12.11.2007 | mengen den film mona huet den owend och am meeschten praisser kritt |
Paulie 12.11.2007 | gud geschaft |
petz 13.11.2007 | Bravo! Daat ass eng staark Leeschtung! Hut of an weider esou! |
Philippe 13.11.2007 | geil ass wirklech stark |
Barnig 07.07.2008 | UNICA 2008 SELWER MEDAILLE am Concours International + PRIX JEUNESSE |
Mich 07.07.2008 | WOW…………………………GENIAL |
Franky 07.07.2008 | selwer medaille?? 2t platz oder waat? international? oder “just” 2t platz vun den letz filmer?weivill länner waren dann do ? ech well detailler! |
Barnig 20.11.2008 | Hut der schon all eisen tunescheschen Oscar gesin? |
Mona – Festivals
Barnig 20.02.2007 | Participatioun beim 21.BENELUX FILMFESTIVAL vum 16-20.Mee zu Ostende cat.: FILMS A SCENARIO dreckt Daumen! |
Barnig 02.04.2007 | De Film leeft FREIDES – 18.MEE zu OOstende um BENELUX FILMFESTIVAL –> 22h13 A lo Daumen drecken! |
Murmel 02.04.2007 | TOP! |
Barnig 27.04.2007 | Eng weider Participatioun um CLIP STAR Festival zu Iechternach am CinéSura! Samschdes, 9.Juni (Mona an der kathegorie THRILLER/DRAMA) an de Riddly3 – sketch “SUPER MARIO BROS” an der kathegorie COMEDIE/SKETCH och heifir DAUMEN DRECKEN !!! |
Barnig 18.05.2007 | Den Owend heescht et: DAUMEN DRECKEN “MONA” leeft um 22h13 zu Oostende um Benelux Fimfestival!! Wann der zoufälleg zu Oostende sid, gid kucken |
Mich 20.05.2007 | A weess du scho wéi et mam MONA ausgaang ass um Festival? |
Barnig 21.05.2007 | keng ahnung resultater missten awer demnächst gescheckt gin! |
Barnig 22.05.2007 | GEWONNEN!! Bon, iwerdreifen well ech zwar lo net, well um Benelux Filmfestival si vill Praisser verdeelt gin, mee soit: KML kriit fir d’allereischt eng Auszeechnung, an daat fir de Film “MONA” Den “Paul Breyne, Gouverneur vun der provence West-Vlaanderen – Prais”, fir d’Behandelung vun engem aktuellen Probleem |
Franky 22.05.2007 | YEAHHHHHHHHHHHHHHHHHHHHHHH kreien mer do suen?= auszeechung? dat kennen mer an zukunft op DVD /HP schreiwen wei sin dei aner lux filmer ofgeschnidden? |
Barnig 22.05.2007 | anner letzebuergesch gewenner: GOOGOL (fir kreativiteit mat kanner) TRAIN 1900 (fir generique) BLANC (fir d’fotographie) HOMOTEC (Prais vun der FCVFB) + (Fantasiefilm /prais) ESPACE VITALE DES BUSES (fir informatiounsfilm /prais) a frank: Suen gin et keng Just eng Auszeechnung |
Franky 30.05.2007 | ok.. ech well dei festivaler net all schlecht machen… mee wann een een preis fir besten generique kritt….. wei vill dei preiser gin et iwerhaapt? |
Barnig 30.05.2007 | et gin der vill, mee et sin awer och vill filmer dabei.. Mee daat sin alles “Spezial Praiser” +++ MONA ass nomineiert beim Clipstar Festival e samschden Owend an enger Woch!! Wa Leit welle matgoen, ONBEDINGT na virum Freiden bei mir umellen!! De Film get am CineSura zu Iechternach presenteiert, an anschl. ass o nach eng Afterparty Prais Awuesener 7 Euro Prais Studenten 5 Euro Mona ass an der Rubrik DRAMA,HORROR,ACTION,THRILLER Super Mario an der Rubrik MINISPOTS (Des Rubriken si leider ganz ganz oberflächlech, mee och hei nees de probleem, dass net genuch filmer pro kathegorie dobannen waren; dee moment get dann eben alles nee an en Deppen gehait) –> DAUMEN DRECKEN!! |
Yves 30.05.2007 | Mona & “ACTION”? |
Barnig 31.05.2007 | jo si hun just eng Rubrik: “ACTION-HORROR-THRILLER-DRAMA” hätt och leiwer eng proper DRAMA Rubrik gehaat, mee bon |
Barnig 11.06.2007 | 1schten PRAIS Gewenner vu CLIPSTAR Festival an der Kathegorie DRAMA/HORROR/THRILLER/ACTION Maacht weider sou!! DOMADER HU MER EIST 2t AUSZEECHNUNG |
Franky 11.06.2007 | und die nächste kommt sogleich |
CArLO 11.06.2007 | awer nemmen wann ech an der jury setzen |
Barnig 12.06.2007 | Dann hu mer schon eng Stemm manner |
Franky 12.06.2007 | den carlo wunnt zu L.A… |
CArLO 15.06.2007 | Marc dat hängt ganz dofun off wei eng anner filmer nach dobai sin. Hat ech net zu dier gesoot du solls mat MONA op festivals goen An der Jury setzen ass net emmer einfach, ech hat eben anner aspekter gekuckt wei meng anner JURY’s kollegen. Mach der naischt ze dinn den PREIS hudd dier Iech 100% verdengt den film MONA ass TOP wenschen mier mei esou filmer fun Iech. Franky hun een riesegt haus hei zu L.A. wanns du wells erof kommen so mier nemmen bescheed plaatz hun ech, dann rocke mer mer emol mam BRUCE, den iwregenz, lescht woch bei mier am gaart seng nei solo CD fiergestallt huet. Wanns du wells kann ech dier foto’en schecken….. |
Barnig 15.06.2007 | De Film get lo mol op DigiBeta gesaat |
CArLO 16.06.2007 | AAAAAAAAAA Marc get den dann elo um TV gewisen ?? |
Franky 16.06.2007 | scheck mer dei foto! |
CArLO 21.06.2007 | wei ???? op TTV ?? |
Franky 22.06.2007 | Franky hun een riesegt haus hei zu L.A. wanns du wells erof kommen so mier nemmen bescheed plaatz hun ech, dann rocke mer mer emol mam BRUCE, den iwregenz, lescht woch bei mier am gaart seng nei solo CD fiergestallt huet. Wanns du wells kann ech dier foto’en schecken ech well dei foto! |
CArLO 22.06.2007 | Frank hues du dei foto’en nach net kruut ?? |
CArLO 22.06.2007 | hun se elo fort gescheckt si sin |
Barnig 29.06.2007 | Vum BENELUX FILMFESTIVAL kruute mir: E Buch “Brugge en de renaissance” (ofreiert vum Gouverneur Paul Bryne) souwei eng Lithographie vun Oostende |
Barnig 03.10.2007 | De Film sollt namol elo am November um CINEFLEUVE/JEUNESSE Festival zu Eupen (B) mat participeiren, wei ech gescht en Uruff kruut, wu d’Organisateure mer proposeiert hun de Film hors competition ze presenteiren Ursaach: De Film wier anscheinend vu professionnelle gemaach, waat ech natirlech total ofgestridden hun, am Endeffekt huet se mer et och gegleeft. Well mer warscheinlech zu 99% Praisser all matheem geholl hätten, si mer eis dun eenz gin, dass de Film wei gesoot net am Rennen ass, mee awer am Spezialprogramm presenteiert get! Soumader kreien dei -vill- Schoulklass- a Jugendprojeten och eng Chance |
Franky 03.10.2007 | Waat een scheiss! |
Barnig 02.11.2007 | Hoffnung op e weideren Prais `?? E Sonden, 11.November leeft “MONA” am Kader vum Concours National 2007 vun der FGDCA zu Schieren am Festsall. Presentatioun ass geint 11h45! Um Enn vum Daag get et natirlech nees ebess ze gewannen. “Mona” leeft hei an engem Zesummengesaatenen Programm vum SNJ (Service National de la Jeunesse) –> DAUMEN DRECKEN |
Barnig 13.03.2008 | E weideren Festival steet virun der Dir: Den 24.Abrell get Mona am KINO 8 1/2 zu Saarbrecken gewisen. Nierft engem Jurysprais get och e Publikumsprais vergin. Insgesamt 10 Kuerzfilmer hun et an d’Finale gepackt alt nees eemol: DAUMEN DRECKEN |
Barnig 22.04.2008 | Dese Freiden leeft MONA zu Saarbrecken am Kino 8 1/2 am Kader vum BANDSALAT – Filmfestival Ze gewannen get et e Juryprais an e Publikumsprais. Preselectioun hu mer gepackt, elo Daumen drecken |
CArLO 26.05.2008 | Wei ass et dann mam MONA um festival ausgang??? |
Barnig 27.05.2008 | De Film gouf gewisen, kruut awer kee Prais, well et quasi just su Schoulprojeten vu Schoulklassen waren dei participeiert haaten Ware besselchen Feehl um Plaatz. Et sollt och na eng NEWS kommen, mee eise Fotograf huet Fotos versof. War awer trotzdeem eng gail Experienz, well d’Veranstalter eis dunn na duerno e Patt zum Beschte gin hun, an eis drop opmierksam gema hun, dass de Film eben besselchen “speziell” zu den anere Filmer war, a mer net sollen enttäuscht sin. Bon, mir waren och dei eelst An de Kinoschef war voll iwerzeecht, an huet mech a sai “gellent Buch” schreiwe geloos, wou Legenden wei “Andy Bausch” an “Genevieve Mersch” schon ennerschriwen hun |
Franky 27.05.2008 | Bandsalat Filmfestival zu Saarbrecken: absoluten TOP, gudd organiseiert, extrem sympatesch Organisateuren!!! D’qualiteit vun den Filmer war den Owend ganz verschidden, et ass gaang vun serieuxen an extrem gelongen dokuen, technech gudd animations filmer, bis hin zu jugendproduktionen Et war ideal fir nei kontaker ze knüpfen an sech ausserhalb vun letzebuerg ze presenteiren an geigenseiteg informationen iwer den amateurfilm auszetauschen. Interessant war och dass no all Film an Froen ronn mam regisseur war! sin gespaant op bandsalat 2010 |
Barnig 04.06.2008 | De Wee op UNICA 2008 ass gestart!! Namol de Rappel, dese Festival ass vum 28.Juni – 6.Juli an Tunesien |
Paulie 04.06.2008 | an weini gin MIR dohin ? |
Franky 05.06.2008 | KML memberen kennen roueg matgoen |
Barnig 05.06.2008 | Et wollt jo kee matgoen! |
Barnig 27.06.2008 | E Sonden den Owend ass et suwait: MONA um UNICA 2008 an Tunesien |
Barnig 17.11.2008 | Gescht Owend kruute mer eis Praisser vun der UNICA… (pas mal) soe just “tuneesechen Oscar” Fotos kommen geaschwenn online. |
Franky 17.11.2008 | Mona huet et souguer op dei officiel unica dvd gepackt! Op der 2008er dvd ass juist eng selection vun den beschten Filmer yeah www.unica-web.com/selection_of_films_of_unica_2008.htm domat huet KML lo guer keng kontrolle mei iwer den film |
Barnig 17.11.2008 | Wann deen DVD am Emlaaf ass, get dee vu mega ville Leit (ronderem d’Welt) gekuckt. Daat as mega positiv Muss eben lo akzepteiert gin, dass een net selwer mei wees wu dee Film wäert optauchen a presenteiert gin. Den Horizont vu MONA ass lo sou wait op, dass een sech nemmen na wonneren kann, wat domader wäert gescheien… Suguer den DVD-Menü vun der UNICA 2008 huet eis jo schon un d’rätselen bruecht, op dei Noopnaahm vun Aaen dei een do gesait, net dem Laura Bever seng waren ass scho gail … |
petz 17.11.2008 | Stark Leeschtung! Félicitatioun vu menger Säit! |
Franky 18.11.2008 | bei den dikrecher filmdeeg steet nach folgendes: A noter que lors de la remise des prix prévue pour 18.00 heures le dimanche, l’auteur Marc Barnig se verra remettre sa médaille d’argent obtenue lors du dernier festival UNICA en Tunisie pour son film « Mona » qui a été classé premier film mondial dans la catégorie « Jeunesse ». yeah |
Mona – DVD Release?
Claude 04.01.2008 | De Gubius huet mech gefroot ob iwwerhaapt, an weini eng DVD rauskennt mat allen Videoclips a Kuerzfilmer. Hien well dei onbedingt gesin an ech wier och frou dei all nierft den aaneren KML DVDs am Schaaf stoen ze hun. |
Barnig 07.01.2008 | Mam neechste Kuerzfilm, wäert warscheinlech dei eischt Kuerzfilm DVD Kollektioun erauskommen, Muss sech also na bessi gedellegen |
Franky 07.01.2008 | 2008 |
Mona – Kritik?
Barnig 22.01.2007 | An och fir alldeijeeneg, dei dese Weekend “MONA” fir d’eischt gesin hun: Ech wier ganz frouh, eng Analyse oder Kritik hei kennen ze liesen! (dir kennt och knallhaart sin) |
Max 24.01.2007 | Hallo ganz kuertz nach zum Mona ganz schein gefilmt an ch soss ganz schein gemeet susst ze laang! Et wees een em waat et geet schon no 2 min. an Musek get mat der Zeit bessie naja net schlecht mee mier huet et net sou gefall get zevill (huelen un daat woer sou geduecht dass se dann eben bessie mei beklemmend oder sou soll gin? huet bei mier mol net sou funktioneiert) awer am allgemengen ganz schein. bis dann |
Barnig 25.01.2007 | Daat ass ganz gewollt esou! D’ Musek soll -genau wei den Oflaaf vum Film- emmer mei aggressiv gin.. vun dohier ass daat absolut sou gewollt! En plus soll dei verzerrten Musek engem beim Uschain vun deenen Szeenen total an de Kapp dröhnen, su wi daat och zu deem Thema soll passen! Waat d’Längth ugeet,… daat soll den “Openthalt a Gefaangener Isolatioun” duerstellen! (eben duerch emmer nees ähnlechen Flashbacks, a Siichs no Aklärungen) ok |
Lost – Presentatiounen
Barnig 02.11.2007 | KML @ SUNSET CINEMA (an daat fir dei 2te keier) Sid alleguerten do: Freides den 16.November get och dese Kuerzfilm “LOST” namol presenteiert! Occasion à ne pas rater! |
Wanterhoffnung – Presentatioun
Barnig 21.09.2007 | WANTERHOFFNUNG get lo den 28.Oktober fir dei 2tsten Keier presenteiert!! Daat ass total rare, biswell gouf et keen DVD, an de Film ass just eng eenzeg keier presenteiert gin, an daat als Virfilm vu RIDDLY2! Well de Film mei wei jee an eis aktuell Zait passt, get en den 28. eng 2te keier gewissen, och wann ech eemol soot “Dese Film geif nie mei presenteiert gin, bis dass dei 3 next Sequels ofgedreihnt wieren” Ass also eng TOTAL SPECIAL PRESENTATION !!! |
Wanterhoffnung – …an der realiteit
Franky 22.03.2007 | do feelt awer nach den Schocky an een Aapel |
Barnig 22.03.2007 | wars de da schon hannert eist haus kucken |
Wanterhoffnung – Analyse
Barnig 29.01.2007 | …dese Film get wuel ab desem Joer knallhaart Realitéit! |
Franky 30.01.2007 | jo iergendwei schon, mee am film ass awer vill vill schnei, hei nach net. |
Barnig 30.01.2007 | Jo mee deemols war daat de Message vum “REAGIR” |
Paper Dream – Presentatiounen
Barnig 02.11.2007 | Nodeems PAPER DREAM jo um Kulturdaag den 28.Oktober namol presenteiert gouf, ass 2007 wirklech d’Joer: Eng 2te keier, get desen eischte “KML Kuerzfilm” namol presenteiert, an daat FREIDES den 16.NOVEMBER am Kader vum SUNSET CINEMA! Sid alleguerten do, a geneisst dese Film namol a relaxer Ambiance |
Vivaldi
Barnig 16.12.2010 | Jidereen de Film verstaanen ? |
Franky 16.12.2010 | mengen do gett et net vill ze verstoen |
Barnig 17.12.2010 | OU HHHHHhhhh !!! |
Last of the Cornets – seng Bridder
Franky 31.12.2007 | www.youtube.com/watch?v=lTxsIJBVCD0 |
Vivi 04.01.2008 | Den Video as mega berouegend!! Ech sin sou freckt haut, war baal dobäi agepennt |
Last of the Cornets – De Regisseur
Barnig 03.10.2007 | De Philippe Schockweiler (Regie-Assisstent) vu Rendolepsis, huet desen Court-Metrage spontan wärhend dem Dreih vun RENDOLEPSIS produzeiert. Hien ass mettlerweil net mei an der Amateurfilmwelt aktiv, an huet sech der Politik (Gring) zougedreihnt. Ech kruut lescht eng Mail, wou hie mer soot, dass e momentaan op engem Kongress an der Schwaiz war, an dunn huet hien dach net folgend Plakat gesin: Naja, wann hien do net seng Hänn mat am Spill haat -> De Film “LAST OF THE CORNETS” get et iwriens namol ze bewonneren, an daat den 28.Oktober um Kulturdaag zu Garnech! Fir deijeeneg wu dest Meeschterwierk na net gesin hun: OCCASION A NE PAS RATER! |
SKiY
Barnig 26.04.2011 | Ab haut dn Owend, och dese neie Clip vum Loron Schmit! |
Franky 27.04.2011 | Hunn de clip ganz flott fonnt. virun allemd’Faarwen an Musek. Op de Clip ee message huet bleiwt mer awer nach ee Rätsel |
Barnig 27.04.2011 | Wei? Du hues kee Message do akannt? |
Franky 27.04.2011 | Nee… |
Street Art in Brussels
Barnig 12.12.2008 | Prepareiert Ierch och alleguerten op dem Laurent schmit sain eischte Clip: > STREET ART IN BRUSSELS dauert just 2’30” mee ass ganz ennerhaalend. Och hei PREMIERE muer SAMSCHDEN an der FILMAKERS NIGHT |
Barnig 12.03.2009 | Dese rezensten Clip vu KML wäert geschwenn als STREAM hei op eisem site ukuckbar sin |
Franky 19.03.2009 | ech warden op den clip |
Barnig 19.03.2009 | jo du hues en gescht net matgeholl |
Franky 30.03.2009 | ass online |
KML Musekclips fir Bands
Barnig 02.11.2007 | APPEL: Wa Musekgruppen e Video vun eis produzeiert wellen hun, da setzt ierch roueg mat eis a Kontakt: Mei Infos iwer eis Musekclips fannt dir op eiser Homepage ennert der Rubrik CLIPS. Biswell hu mir Musekclips zu de Gruppen: IMPROVIDERS B.S.E. BLACKMAN UNCLE RICH a SUB SONIC produzeiert |
Barnig 07.10.2008 | Eis Musekclips wäerten geschwenn komplett online kommen. Fir dei wu na kee gesin hun… do si puer flott a puer mannerflott Saachen dabei |