KML News
Generalversammlung 2026
KML invitéiert Iech op d’Generalversammlung 2026. Treffpunkt ass de 13. Mäerz um 19h00 am Kinoler zu Koler. No der Versammlung gi mir zesummen Iessen. Sot eis bis de 5. Mäerz Bescheed ob dir mat Iesse wëllt goen. Mir brauchen dëst Joer och en neie Comité–member! Kommt bis laanscht!
Filmpresentatioun 25 Joer CIGR DIREGA
Freides, de 26. September ass de Film d’Anniversaire vum Hexemeeschter zu Reckeng op der Mess presentéiert ginn. KML huet dëse Film produzéiert.
Generalversammlung 2025
KML invitéiert Iech op d’Generalversammlung 2025. Treffpunkt ass de 16. Mee um 19h00 am Kinoler zu Koler. Kommt bis laanscht!
Fotoen Filmpresentatioun Black King’s Way
Virun 20 Joer hu mir de Film Black King’s Way gedréint. De Film ass den 7. Oktober mat der Presenz vun der Crew am Kinoler nach emol präsentéiert ginn.
Filmpresentatioun Black King’s Way
Méindes de 7. Oktober spille mir 20 Joer no der Première eisen Kinosfilm Black King’s Way nach emol zu Koler am Kinoler.
Ticketen op kinoler.lu.
Generalversammlung 2024 – Neien Datum!
Wei all Joer invitéiert KML op seng Generalversammlung. Treffpunkt ass de 15. März um 19h00 am Duerfzenter zu Koler. Kommt bis laascht!





























