KML-Forum (2007 – 2017)

Indie Film

Luxembourg Mystery Tale

petz
05.05.2008
Salut allegueden,
News zum neien Projet vun Obskura gët ett op www.obskura.lu. Fir déi déi Loscht hun matzeman: Casting ass 10., 18. an 24. Mee am Utopolis. Voilà, dann sidd dir elo die éischt informéiert.
Bis geschwönn
Petz
Franky
02.05.2008
hun grad aeren site ugekuckt!(inclusive mini trailer)
gesait extrem interessant aus, an filmer richting “mystery” gefaalen mer emmer
D’story vun film ass mer zwar nach een kleng Rätsel, mee ech mengen do kennt awer demnächst eng kleng synopsis
Fir den film op letz ze dreinen an soustitres ze machen ass keng schlech idee! (KML haat bei rendolepsis eng englech-soustritreitet Rendolepsis version rausbruecht).
Absoluten + fir äer extrem gudd geplangten Virgehensweis
klengen minuspunkt ass den teaserposter(?) vum film, bessen langweileg an rem schwarz/roud/weiss..
ech sin gespaant!
Mich
02.05.2008
Dat do gesäit jo mol villverspriechend aus!
Ech sinn och gespaant..
petz
03.05.2008
Merci fir den Feedback. Mir sin selwer gespaant an werden ons Méih gin, daat Bescht aus dem Film ze machen an d’Sach esou gudd wéi méiglech ze organiséieren. A Moment wöllen mer d’Leit just e bessi virwëlsech machen, domat och méiglech vill Leit sech fir den Casting unmellen (mir hun och d’Presse informéiert). Iwwer d’Geschicht können mer bei engem Mystery-Thriller aus verständlechen Grënn nët vill méi verroden ouni den Spaas ze verdierwen, soss ass ett jo keen Mystery méi! Den “Teaserposter” ass just als Illustratioun geduecht. Die richteg Teaser-Campagne gët eréischt 2009 gestart wann den Film (hoffentlech) färteg ass.
petz
03.05.2008
Ah, elo haat ech baal vergiess: onsen www.obskura.lu éischten Film gët et elo fir den fairen Präis vun 16,90.- EUR (aplaz 25.- an dunn 19,90.-). Méi déiw wärden mir mam Präis nët méi erofgoen. Hien wärd um Enn vum Mount Mee och an all den Supermarchén verkaaf gin. Mir wëssen zwar nët ob mer der do nach vill verkaafen können, mee ett ass een Versuch wärd an mir brauchen all Euro fir ons nei Produktioun.
Claude
04.05.2008
Nee merci, ech hun net wëlles bei der “Konkurrenz” matzemaachen.
Dei Schrëft am Trailer ass schon bal zevill klischeehaft, awer sou just nach akzeptabel, ausser et giff en 2. Zombiefilm gin, domat mengen ech dass et erem pueren TRASH & SPLATTER gemëscht mat vill zevill Komödie gett. Ech hoffen dass dat awer net de Fall ass, an des Kéier KENG Witzer dra sin an et duerchgehend doud-eescht bleift ouni dee geringsten Slapstick, deen all Spannung an Atmosphäre schon am Keim erstëckt.
An nach eppes waat elo schon mies ass an guer net zum äusseren Erscheinungsbild, also der Identiteit vum Film, beidréiht:
de Logo/Schrëftzuch ass am Trailer total aanescht wei ennen um Flyer.
Punkto Flyer: rem typesch lëtzebuergesch, wei de Cover vun engem lëtzebuergeschen Buch, waat iwwert d’Geschicht vun eisem Land geet. (same goes for Teaser) Bëllegen, aalmodesche Buchcover, wou null Spannung oder Mystery bei mer riwwer keint an den Aascht wierkt wei derbäi gepescht. Och d’Ufanks-Teaser-Bild geet fir mech an eng komplett aaner a falsch Richtung: den eischten Bléck an Androck war just: “Daat huet secher eppes mat Météo, RTL oder der Spuerkeess ze din.”! (Weinst der typescher Foto vun der Landschaft, dei och beim S-NET ass.) Iergendwei onpassend.
Schon erem “BLACK-WHITE-RED” ass deck null an soulues schon ausgeleiert.
Daat ass dann schon deen 3. Film no Grim an Of a Demon in my View. Wann een daat eemol all 6 oder 7 Joer mecht, ass et OK, mee 3x hannereneen ass schon langweileg an nerveg.
Ech fäerten ganz daat dooten richt staark no engem Cocktail gemëscht aus:
40 % Psyclist (S/W, gudd Opnahmen, zäitweis besse mysterieis)
40 % Bommelëeer (Police dei am Lycée an op typesche lëtzebuerger Plaatze vill domm schwätzt an alles ennersicht, –> Slapstick iwwert “Detektivaarbecht-Veraarschung” deen dorop uspillt dass se näischt kënnen)
20 % Zombiefilm (Blut an vläicht e Monster oder schwaarze Mann –> wei “NEAR YOU”, zevill aal Iddeen “recycled”, de Plot selwer an d’Pointe net extra a spannend genuch…)
Den Titel “Film à suspense et comédie noire” deit fir mech dorop hin an dann sin leider wahrscheinlech schon erem zevill “Witzer” fir mech dran, wei ech schon mei uewen geschriwwen hun. Sou stellen ech mer de Film vir an ech si mer ganz secher, dass daat allermeescht do och sou mei oder weineger stëmmt an ech net zefridden de Sall verloossen. Ech selwer gin och net vill Film an de Kino kucken, well ech oft schon genau wees, waat mech erwaard an ech bëssen wähleresch sin.
Allgemeng sin ech BIS ELO nach guer net iwwerzeecht vum neie Film, mee et ass nach vill ze fréih schon een finalt Urdeel ze zeihen. Mol ofwaarden waat sech do nach deet.
Zum Zombiefilm Banner ass mer de Kolli awer kräfteg heich gaangen:
– “The most successful luxembourgish amateur movie of all time”
Quatsch! Wourop baseiert des Aussoh dann? Dei meescht verkaaften Tickets am Kino? Oder dei meescht verkaaften DVDs? “SUCCESS” heescht fir mech och, dass en schon vill Präisser an Auszeechnungen muss hunn. (wei z.B. MONA ) Just kommerziell sin an eng (Markt-)Lücke, also Halloween ausnotzen, fannen ech, heescht nach laang net dass de Film gudd muss sin.
– “No experience and no money”
Ou? Daat ass och rem falsch: de Carlo huet secher schon Erfahrung mat der Kamera an net ze knapps. An dei aaner och, waat z.B. de Maquillage ugeet sidd der secher keng Newbies mei an a punkto Marketing get et och een vun iech, deen daat esou guer beruflech mecht, also secher dann och beherrscht oder sech mindestens relativ gudd domat auskennt. “No Money” giff ech och mat “Low Budget” ersetzen, well daat der Saach scho vill mei no kennt. Aleng äere Marketing huet scho wahrscheinlech mei kascht wei d’Produktioun vun engem vun eise Filmer.
– “best luxembourgish rock bands”
Naja, domat sin ech awer guet net awerstaanen. Thousand Lakes, OK (ass Heavy Metal a kee Rock) awer niemols dei aaner.
– einfach zevill zwanghaft versicht DVD ze pushen (“grosskotzegen Text” am Banner an all Kéiers erem Reklamm dofir bei eis am Forum), well der se onbedingt wëllt lassginn an der zevill eng heich Oplaach produzeiert haat. (siehe Soundtrack Liewensrees, wou och d’Erwaardungen ze heich waren) Der braucht onbedingt Suen fir äeren neie Film, wei de Petz scho soot.
petz
04.05.2008
Salut Claude,
Merci fir deng éierlech Meenung, déi koum jo vun Härz. Vu dass ech mech gär mat Kritik ausenee setzen an um Sonnden moien grad e bessi Zäit hun, hei e puer Erklärungen an Reaktiounen zu dengen Iwwerléungen:
– Iwwer d’Schrëft am Teaser-Banner kann een natirlech streiden. Daat ass eng Affaire de goût, ons gefällt sie well mer mengen dass sie zum Thema vum Film passt. Den Banner huet als eenzeg Fonktioun “Loscht op méi” ze machen, waat jo d’Ziel vun all Teaser ass. Dass daat nët bei all Mensch klappen kann, an vläit verschieden Leit sech vum Banner guer nët ugesprach fillen an suguer éischter enttäuscht sin, daat gehéiert eben zum Spill. Dorop hun mir keen Afloss. Hätten mer een aaneren Banner gemach, dann géif deen der perséinlech vläit besser gefallen an aaneren Leit vläit manner gudd. Ween wees? Mir können op allen Fall just daat machen, waat ons gefällt an hoffen dass daat dann och aaneren Leit gefällt. Schued wann ett däin Goût nët trëfft.
– Weder den Banner nach die roud Affiche sin Bestanddeel vun der spéiderer Marketing-Campagne. Iwwer den Marketing machen mir ons réischt Gedanken an der d’Postproduktioun an do wärd den Film natirlech mat engem kohärenten “Image” verkaaf gin.
– D’Foto vum Flyer hun mer uewen um Plateau vun der Rumm geschoss an deen Baam deen steet tatsächlech do. Ass irgendwéi witzeg, dass deen wéi “derbäi gepescht” wierkt. Heinsdo ass d’Natur den beschten Spezialeffekt.
– Waat den Choix vum Motiv ungeet, do huet ons d’Skyline vun der Stadt Lëtzebuerg wéinst sengem héichen Erkennungsfaktor eben grad interessant geschengt. Mee och daat ass een “artisteschen” Choix an also eng Affaire de goût, déi gefaalen oder nët gefaalen kann.
– Waat den Choix vun den Farwen ungeet, kann ech awer elo schon soen, dass onsen Film NET S/W wärd gin. Fannen S/W zwar vun engem artisteschen Standpunkt hier interessant, mee gudd S/W-Opnahmen sin nët einfach ze réaliséieren, an mat Digitalkameraen nach vill manner, well Digitalkameraen am Verglach zu echten Pélicule-Filmkameraen een wäit geréngeren Kontrastemfang hun, op deen ett jo awer bei S/W-Opnahmen grad unkönnt. Natirlech huet een séier een S/W-Filter op eng Digitalopnahm geluecht, mee daat wier een Topic fir sech alléng wert…
– Waat den “Cocktail” vum Film ungeet, do ass deng Meenung esou vill wert wéi all aaner. Ganz falsch léits du nët, ganz richteg awer och nët. Den Film ass jo als “film populaire” an “grand-public” ungekönnegt an an onser Opfaasung gehéiert dozou och ab und zu emol een Lacher, ouni dass den Film direkt an Slapstick ausart. Sin op allen Fall frouh, dass du mat dengem finalen Urdeel waards bis den Film eraus ass, och wann ech färten, dass hien dech wahrscheinlech vum Konzept hier enttäuschen wärd.
– Waat den ZF-Werbebanner ungeet sin ech dach e bessi iwwer d’Heftegkeet vun denger Reaktioun iwwerrascht. Eischtens geet ett bei engem Werbebanner drëms seng Iddien an Produit’n ze verkaafen. Dass een do probéiert grëffeg Formulatiounen ze fannen, daat ass – wéi d’Franzousen soen – “de bonne guerre”.
Waat d’Behaaptung “the most successful luxembourgish amateur movie of all time” ungeet, esou bezéihen mir daat ganz sëcher NET op die “artistesch” Leeschtung vum Film (mir sin jo die éischt déi mat der Qualitéit vun onsem éischten Film ganz kritesch sin) mee ALLENG op den “succès populaire”, also op den Succès deen den Film beim Publikum haat, an do mengen ech ass ons Formulatioun elo nët geklaut, wann een sech einfach d’Fakten unkuckt:
– 6 Wochen Exploitatioun am Lëtzebuerger Kinoréseau
– Film ass an 5 lëtzebuerger Kino’en an der regulärer Programmatioun (also hors festival) gelaaf : Utopolis, Kinosch, Kursaal, Le Paris an Orion
– e bessi iwwer 1.000 verkaaften Tickets
– elo baal 500 verkaaften DVD
– “DVD vun der Woch” bei RTL
– groussen Medieninteressi vun baal allen groussen Presseorganer
Heescht daat dass den Film dowéinst onbedengt gudd ass? NEE, natirlech nët! Heescht daat, dass een den Film dowéinst gudd fannen muss? NEE, natirlech nët! Heescht daat awer, dass den Film säin Publique fonnt huet: JO! An dorops an just dorops baséieren mir ons Ausso. Déi Critèren sin objectif moosbar Critèren déi een bei all Film unwenden kann.
Wann een awer elo vum “qualitativem Succès” vun engem Film ausgeet, dann gees du op een Terrain wou ett keng objektiv moosbar Critèren méi gët, ausser vläit Auszeechnungen op Festivalen an Kritiken an Zeitungen. Een Mona ass bestëmmt qualitativ besser wéi een ZF, guer keng Fro, mee daat sin einfach 2 verschidden Produit’n. Wann ech den Marketing fir den Mona machen misst, géif ech direkt d’Auszeechnungen déi hien gewonn huet an d’Vitrine stellen am genre “the most awarded luxembourgish amateur movie of all time” an dann all d’Auszeechnungen kuerz ablenden. Domat kéint een vill machen…
– Waat d’Marktlücke “Halloween” ungeet, daat wor just een glécklechen Zoufall. Onsen initialen Plang wor den Film an enger Séance um Cinénygma-Festival am November ze weisen. Wou déi en refuséiert hun, stoung just Halloween virun der Dier. Ett wier domm gewiecht, déi Geléenheet nët ze notzen.
– Zu “No Experience an no money” stin ech nach emmer. Ech haat perséinlech nach nie eng Kamera an der Hand virun ZF, Den Carlo an den Mike haaten schon e bessi mat DV-Video expérimentéiert, awer nach NIE een long-métrage gedréiht. Den Jean-Marc an ech schaffen zwar am Beräich vun den PR an Publikatiounen, mee haaten nach NIE een Film vermarkt. An een Budget vun 13.000.- EUR ass fir mech keen Budget an gët an Filmkreeser nët als Low- mee als No-Budget considéréiert. Onsen Marketing huet iwwregens +/- 1.300.- EUR kascht, waat knapp 10% vum Gesamtbudget ass. Normalerweis léit deen Ratio wesentlech méi héich.
– Ok, bei “best luxembourgish rock bands” hun mer vläit e bessi gefuddelt Ech kennen jo die Lëtzebuerger Bands nët all, mee wöll awer wéinstens fir déi, déi ons e mat vill Engagement ennerstëtzt hun, Reklamm machen. Vläit hätt een missen schreiwen “maybe the best…” oder “some of the best…”
– Verspriechen awer – vu dass daat jo onerwënscht ass – Thema ZF an ZF DVD NIE méi an ärem Forum ze erwähnen. Well awer verschiddener vun iech gesoot haaten, sie hätten keng Suen, haat ech geduecht d’Info wier vläit interessant, well den Präis nët an onsem schrecklechen Banner steet.
– Dass mer all Euro fir ons nei Produktioun brauchen, haat ech och méi am Witz gesoot (hätt vläit missen een Smilie hannendrun machen). Selbstverständlech fréen mir ons iwwer all Ennerstëtzung, all Sponsoring an all verkaaften DVD, mee den Projet ass erem zum allergréissten Deel eegenfinanzéiert. Also och wann mer keen DVD méi verkaafen, keen Sponsoring an keng Subsiden kréien, zéihen mir deen Projet mat onsen Moyen duerch, well mir ganz einfach un ons Projet’n gleewen, vill Spaas domat hun an dofir och bereed sin, eppes dran ze investéieren. An ett ass ganz sëcher net eng oder zwou Dozen DVD déi mer méi oder manner verkaafen, déi irgendeppes un der Réalisatioun vum Film änneren wärden. Ett ass ons och zimmlech egal ob mir ons Suen zréck gesin oder nët, mir machen ons Filmer aus Iwwerzeechung an Spaas an fir dobäi ze léieren. Fir Suen ze machen gin ett aaner, wesentlech méi efficace Methoden wéi Amateur-Filmer dréihen.
Esou, wéi géif den Trapatoni soen “Ich habe fertig” Ech hoffen, dass ett ons geléngen wärd Leit fir onsen Projet ze begeeschteren an hoffen dass d’Resultat och dech Claude – wéinstens deelweis – iwwerzeechen wärd können.
Bis geschwönn
Petz
Franky
04.05.2008
LOL, dat war rem eng heffteg Meenung vum Claude
Also punkto ZF: fannen schon dat dat deen “bekannsten” letz amateur film ass (gescht um büro sot ech zu engem dass ech filmer geing dreinen, sain eischten Saatz:” ah, sid der dei vum Zombiefilm? dat ass den eenzegen amateur film den ech kennen”.. mengen schon dass den Film richteg poplär ass/war.
punkto Reklamm: dach, macht roueg souvill reklamm hei wei der wellt, ass absolut net verkeiert(dofier ass jo den Forum do fir seng Projeten besesn ze erläuteren!!)
an nachemol zum neien Projet : mengen et ass nach vill ze freih fir doriwer een Fazit ze schleissen(schlisslech ass den Film jo nach net gedreihnt; fannen et awer richteg vum Petz sain Projet och hei am Forum virzestellen an sech den Meenungen ze stellen!
An sou Diskussionen geet och kloer hervier dass jiddereen (souwuel Regisseur oder Filmverrein) aner Buten huet (bekannt ze gin, spass ze hun, praisser ze gewannen, een mix tescht desen saachen, etc) an dofier och Filmprojeten ganz anescht upaackt.
an back to Luxembourg Mystery Tale topic
petz
04.05.2008
Merci Franky!
engen och, dass een kléngen Succès vun engem Amateur-Film am Endeffekt all den Amateur-Produktiounen zegudd könnt. Wann nämlech och just e puer Zuschauer sech soen “Mah fir een Amateur-Film wor daat guer nët esou iwwel” an dann aaner Leit unspornen fir den Film kucken ze goen, dann gët beim Publique vläit um Enn d’Bereedschaft méi grouss, och emol enger Amateur-Produktioun eng Chance ze gin. Dovunner profitéieren mir all!
Un ons allegueden, dem Publique eben esou interessant an kurzweileg Filmer wéi méiglech ze bidden. Mir hun effektiv keng wahnsënneg grouss könstleresch Unsprëch an wöllen d’Leit just gudd ennerhaalen. Ech perséinlech sin scho frouh, wann d’Leit aus dem Kino kommen an fannen, dass die 7 oder 8 Eur déi sie fir den Ticket bezuelt hun, nët fir d’Kaatz woren. An wann sie dann och nach gudd ennerhaal goufen an den Film weiderrecommandéieren, dann sin ass ons Equipe méi wéi zefridden. Wann een sie doriwwer eraus och nach positiv iwwerraschen oder zum Grüblen unregen kann, dann ass op menger Skala absoluten Top. Verstin awer, wéi’s du richteg sees, dass jiddereen mat sengen Filmer aaner Zieler verfollegt. Daat mëscht jo och d’Vielfalt an den Räichtum vun der lokaler Amateurszene aus. Ech fréen mech emmer op all neien Amateur-Film an hoffen eben dass ett ons ellegueden geléngt mat der Zäit emmer besser ze gin.
Mir probéieren den Forum op onsem neien Site nächst Woch un d’Laafen ze kréien an dann machen ech ee speziellen Topic iwwer Luxembourg Mystery Tale, wou ech regelméisseg iwwer den Fortschrëtt vum Projet wärd schreiwen, ech hoffen, dass daat och fir Aussenstehend interessant wärd gin an soen hei am Forum bescheed wann daat leeft. Géif mech fréen wann die ab und zu do géift bis eran kucken an är Kommentaren mat ons deelen.
Mich
04.05.2008
Petz Merci fir deng ausféierlech Erklärungen, ech hunn se mat vill Interesse gelies!
Fannen et wierklech impressionant wéi dir dee Projet ugitt a freeë mech déi neitste News driwwer ze liesen.
Zum Thema ZombieFilm an ZF-Film DVD Promotion hei am Forum maachen, sinn ech där Meenung, dass et hei am Forum eng Rubrik fir Amateur-Filmer gëtt an do gehéiert et SELBSTVERSTÄNDLECH och derzou Reklamm fir säi Film an DVD’s, etc…. ze maan. Also kanns roueg ëmmer och déi neitste News a punkto Merchandizing hei posten, dat intresséiert och vill Leit
bis demnächst,
Mich
Barnig
05.05.2008
Hola!!
Hun de ganze Weekend d’Breck gemaach, an da kriit een natirlech naicht mat, och wann Obskura hiere neie Projet lanceiren.
Huelen daat awa lo um Meinden moien no
Also ech sin total iwerzeecht. Wierkt wirklech ganz interessant, a geet menger meenung no nees an eng komplett nei Richtung vun Amateurfilm (wat emmer cool ass). Mystery mecht d’Saach dann natirlech nach besser!
Dir macht är Saach ordentlech a lues, huelt ierch vill Zait, an daat as och de richtegen Cocktail fir eng garanteiert erfollegraich Produktioun unzegoen.
Ech kann och wirklech just hoffen, dass et net zevill Slapstik get, well daat vertreid sech net gud mat Mystery, och wann daat de Grandpublic mei usprecht
Ech sin op alle Fall deck gespaant, op weider Infos a News, an hoffen dass mer weiderhin nach top informeiert gin
Deemno wei, wann ech Zait hun, wäert ech bis op de Casting kommen
(Awer just wann et och kleng Rollen ze vergin gin)
petz
05.05.2008
Salut Marc,
Merci fir die encouragéiernd Wierder. Sin frouh, dass onsen Projet bis elo grosso-modo ze gefaalen schéngt. Du an deng ganz Equipe sidd natirlech herzlech invitéiert fir um Casting matzemachen. Mir wärden probéieren den Tournage esou ze plangen, dass keen Schauspiller 2 Weekender hannertenee dréihen muss.
Bis geschwönn!
Franky
05.05.2008
nach meng meenung allgemeng zu obskura (och wann ech gewessen sachen schon soot):
ech fannen et allgemeng extrem gudd wei der mat aeren projeten emgidd; obskura spillt mat ganz offenen kaarten, Et spiert een och keng sou extrem hartneckegkeet fir onbedingt den knüller 2009 ze produzeiren, mee et get am viraus gesot waat den senn an ziel vum projet ass
deen projet get annonceiert, deadlines gin agehaal, an dat aller wichtegst: der INFORMEIERT d’leit iwer all étape (vun A bis Z; respektiv wou an weini JIDDEREEN matmachen kann, also keng geschlossen gesellschaft wou een aussenstehenen net matrankennt); sou kann een den verlaaf an fortschrett vum projet extrem gudd novollzeihen!
Dest wier wirklech och bei ALL den aneren Filmclubs ze wenschen!!!
aneren Punkt ass dass den Petz emmer seng Meenung zu all amateur film ofget(an sech och traut ze schreiwen waat en denkt);respektiv stellung hellt zu deelweis häfteger Kritik
sou wollt dat geschleims just nach lass gin
an lo äusseren ech mech just nach hei wann et wirklech eppes neies punkto LMT get
petz
06.05.2008
Merci Franky. Ech sin perséinlech iwwerzeecht, dass eng gudd interne Kommunikatioun (mat der Filméquipe) an externe Kommunikatioun (mat den potentiellen Zuschauer) eemenz wichteg fir d’Geléngen vun engem Projet – nët nëmmen Filmprojet – ass.
Mir wëssen selwer nach nët wou d’Rees ons um Enn hinféieren wärd, mee mir wöllen ons drungin fir einfach daat Bescht aus dem Film ze machen ouni elo grouss Verspriechen oder Unkönnegungen ze machen an mir wärden dann um Schluss dann den Film als daat vermarkten waat hien och ass. Mee entretemps sollen d’Leit awer bescheed wëssen waat leeft an iwwer den Projet um Courant gehaal gin. Mat e bessi Chance lancéieren mer nach virum Enn vun der Woch een Blog op onsem neien Site an do wärd ech dann een “production diary” à jour haalen wou ech éierlech, ouni Schönmalerei an hoffentlech esou objektiv wéi daat nëmmen méiglech ass iwwer d’Arbechten, d’Highlights awer och d’Problemer vun der LMT-Produktioun berichten. Ech hoffen, dass daat fir aaner Amateurfilmer interessant gët an sie dann vläit vun onsen Erfahrungen an Fehler léieren können. Die verschidden Anträg am Blog können dann vun den Lieser kommentéiert gin. Daat gët sëcher flott!
Ech mellen mech hei am Forum wann ett esouwäit ass.
petz
07.05.2008
Salut,
Mir hun grad een Blog agericht wou mir een “production diary” à jour haalen wärden an die verschidden Etappen vun onser neier Produktioun erklären wärden mam Ziel d’Leit informéiert ze haalen an hinnen eng Unleitung ze gin wéi sie eventuell selwer een Film dréihen können. Am Moment ass den Blog nach nët mat onsem site verlinkt mee dir könnt en schon ennert der Adresse blog.obskura.lu erreechen. Och wann dir daat alles schon vun ären Produktiounen kennt, hoffen ech dass awer nach die eng oder aaner interessant Informatioun wärd dobäi sin.
Bis dann
Barnig
08.05.2008
Gud gemaach, Petz
Mir hun och scho versiicht su Diary’s ze maan (op alle Fall mol bei deen 3 Besch-Filmer LIEWENSREES, RENDOLEPSIS a BLACK KINGS WAY)
Su en Diary fannen ech megacool, virun allem dann, wann een dei Saachen opschreift dei lo net geklappt hun, well ech mengen daat interesseiert eis Filmemaacher am meeschten, fir dasse mir des Feehler mat op de Wee huelen.
Si ganz gespaant
petz
08.05.2008
Merci! Mengen och, dass d’Fehleren mat daat interessantst ass, vu dass een dovun am meeschten léiert.
Wann dir natirlech Iddi’n zu Themen hutt, déi der gär géift am Blog behandelt gesin, dann sood einfach bescheed. Beim Liesen kommen jo oft Froen op oder ett seet een sech “Deen Aspekt géif ech nawell gär verdéifen”. Wann ett nëmmen méiglech ass, gréifen ech die Propositiounen op an maachen doraus eng Kéier een Thema am Blog. Den nächsten Antrag wärd ett wahrscheinlech em d’Thema Casting goen.
Barnig
09.05.2008
Ech mengen dat as wei an desem Forum, du fänks mat ebess un (denken en Diary ass do ideal), an do kenns de duerno op ganz verschidden aner Punkten (dei zum deel vlait guer naicht mei mam diary ze din hun), a wann daat dann emsu mi interessant get, kanns doraus e neie Bloc nees maan.
Barnig
20.05.2008
Wei leeft et mam Casting?
Ware puer Leit do di 2 eischt Deeg?
petz
20.05.2008
Die 2 éischt Casting-Séancen wor bis elo ganz ausgeucht. Mir hun nach een leschten Casting desen Samsden an ett ass gudd méiglech, dass mer Leit refuséieren mussen, wann sie sech an deem Rhythmus weider unmellen. Eventuell organiséieren mer och nach eng 4t Séance. Ech wärd och geschwönn en längeren Antrag an onsen Blog machen iwwer d’Organisatioun vun engem Casting. Grosso-modo sin mer bis elo ganz zefridden mat der Resonanz déi mer kruten a mat der Qualitéit vun den Kandidaten, déi sech deelweis richteg vill Méih gin hun. Daat ass och gudd esou well mir hun am ganzen 22 Rollen an ronn 80 Statisten ze besetzen…
Barnig
20.05.2008
olaaalaaaa— suvill?
get dat net zevill chaos?
weivill statisten sin da maximal an enger zeen?
petz
20.05.2008
Chaos ass do fir beherrscht ze gin Nee, ech mengen daat gesin mer wann ett esou wäit ass. Mat e puer Megaphonen, Funken an e bessi Disziplin misst daat ze géréieren sin. Ech bleiwen ëmmer optimistesch. Maximal werden mer wahrscheinlech fir 2 Szenen all Kéier 50 Statisten um Set hun.
Franky
21.05.2008
Tiptop!
Ech mengen am Ländchen hun mer een ganzen koup interesseiert Leit waat (amateur)schauspillerei ugeet.
Fir eng grouss Unzuel vun Rollen seier an gudd ze besetzen ass dat ganzt secherlech den richtegen wee! Et get een soumadder quasi all mensch d’chance sech virszestellen an matzemachen. Een aneren Virdeel ass dass dei leit dei schon d’mei extra machen fir op den casting ze kommen secher keng liddreg onmotiveiert Leit sin(soss wieren se bestemmt net komm).
Den nodeel(?) ass folgenden: op enger sait zitt een vill “rampensäue” un, also leit dei einfach just am film wellen sin obwuel hinen weder den film um Herz lait an se vlait och net dei greissten talenter hun. Also leit dei sech quasi an den mettelpunkt drängen.
Mee wann der eng kleng Jury hudd an vlait e puer Tester mat den Kanidaten maacht, mengen ech dass der bei sou enger grousser auswahl secher puer onendeckten Talenter fannt
KML huet fir hieren leschten Film een klengen obruff gemach(ouni casting), respektiv ass op nei Leit duer gaang fir d’haaptrollen (fir mol nei gesichter virun der Kamera ze hun). Waan een just 1-2 Rollen fir den Film sicht, dann kann een sech d’akteuren genee selwer raussichen. Leider kann een een just een neien Akteur an eisem Film gesin well et zu engem courtmetrage geschrumpft ass an dofier dei aner haaptrollen entfall sin.
ech wenschen obskura dass se eng flott equipe zesummen kreien, an wirklech MOTIVEIERT leit fannen dei och ZAIT fannen(dat ass emmer den haaptproblem wann den haaptakteur no puer meint d’handtuch werft weinst mangel un zait).
(sorry fir meng kleng ofschweifung vum thema, mee mengen et ass och interessant verschidden approchen mateneen ze vergleichen)
Sin gespaant op denblog eintrag!
petz
21.05.2008
@ Franky
Du hues do eng absolut richteg Analyse gemach an ech wärd och am Blog op all deng Punkten agoen an kuerz erklären wéi eng Moosnahmen mer geholl hun fir déi vun dir ungeschwaaten Risken aus dem Wee ze goen.
petz
17.06.2008
Wollt iech just matdeelen, dass Infos iwwer onsen Casting an onsem Blog ze liesen sin blog.obskura.lu/
Bis geschwönn
Petz
Franky
17.06.2008
informativ wei emmer
folgendes klengt interessant:” All Roll gët ëmmer op manst zweemol besaat fir de Fall, dass een vun den Kandidaten nët beim Projet matmaachen kann.”
Waat machen dei leit dann dei als remplacant virgesin sin? ofwarden an hoffen dass een ofsprengt? Mer selwer haten och schon wackelkanidaten dei ofgesprong sin ,ersaat gin sin oder während dem film no puer tournagen net mei disponible waren.
Mussen äer akteuren eppes ennerschreiwen an sech “verpflichten”? Waat geing gescheien wann een während dem film net mei well? kennt dann den remplacant oder wei?
dat sin Froen op dei ech keng äntwert wees, respektiv engem een Strech durch den ganzen Film kann machen
fuuss
17.06.2008
Dann gett Prügelstrafe emol erem angefeiert
Nee me serieux wann en “Acteur” wirklech waerend dem Dreih oofsprengt ass daat wirklech net esou einfach,
am schlemmsten fall mussen dei Scenen nei gedreiht gin mat engem neien Acteur , mee hoffen jo net dass daat
firkennt .
Slts
Fuuss
petz
17.06.2008
@franky
Daat sin natirlech die essentiel Froen déi’s du do stells. Eng definitiv Äntwert dorop gët ett nët, grad wéi ett keen Patentrezept gët fir sech géint een Ausscheeden vun engem Akteur oder Aktrice während dem Tournage ze schützen. Ett gin awer e puer Mesuren déi een huelen kann fir den Risiko op manst ze reduzéieren.
1) Op d’Perséinlechkeet vun den Schauspiller an op hier Begeeschterung zum Projet uechten. Um Casting froen mer all d’Leit, dass sie sech kuerz virun der Kamera virstellen an och kuerz erklären sollen, firwaat sie beim Projet matmachen wöllen. Do mierkt een dach zimmlech séier waat d’Motivatioun vun den Leit ass fir beim Film matzeman. Leit déi wirklech motivéiert sin an eng positiv Grondastellung hun, hun een Avantage. Sie mussen natirlech och beim eigentlechen Casting eng éignermoosen gudd Figur gemach hun.
2) Ennerschreiwen loosen mir d’Leit virum Ufank vum Tournage just – wéi beim Casting – eng “Cession des droits” domat mir fräi iwwer d’Biller an den Toun verfügen können (daat ass Standard bei all Tournage). Kontrakter doriwwer eraus bréngen bei engem kléngen Projet nët vill bis guer näischt. Ett kann een jo keen Mënsch zwöngen bei eppes matzeman, wann hien daat nët méi wöll. Dass een vun den Haaptschauspiller während dem Tournage fortgeet (oder ewegfällt), ass natirlech fir die ganz Equipe den Super-GAU (dozou herno méi).
3) Ett muss een mat den Leit schwätzen a sie esou gudd wéi méiglech encouragéieren, motivéieren a responsabiliséieren. Ett gët vun kengem Mënsch Onméigleches verlangt. Ett gët just verlangt, dass een pünktlech um Tournage ass an sech Zäit fir den Projet höllt. Daat fonktionéiert ganz vill mat Vertrauen an Respekt virun der Arbecht vun der ganzer Equipe. Als Géigenleeschtung kann een hinnen eng ganz Réi vu Sachen offréieren: Invitatioun op d’Avant-Première vum Film, Méiglechkeet sech selwer um groussen Ecran ze gesin, Méiglechkeet Erfahrung virun der Kamera ze sammlen, nei Leit kennen léieren, gratis DVD vum Film gin, etc. Ons Erfahrung ass, dass Leit déi bei engem Casting matman fir een Film wou sie nët bezuelt gin, daat réng aus Pläiséier un der Sach machen. Genau déi Leit sichen mir an genau op déi Leit ass am meeschten verloos. Vermeiden muss een Profilneurotiker, Leit déi mengen, dass sie schon alles können an besser wéi all die aaner sin a generell Leit, déi vum Kino ungezun sin, fir hieren Ego ze pflegen. Mat esou Leit ass schwéier schaffen. Glécklecherweis hun mir där keng op onsen Castingen begéint. Leit déi bénévole schaffen, sin meschtens motivéiert.
Waat machen wann et dach zum Super-GAU könnt an een Haaptschauspiller während dem Tournage oofsprëngt (fräiwélleg oder gezwongen)? Och do gin ett just e puer Méiglechkeeten:
1) De Projet astellen (keng gudd Solutioun, kann awer virkommen, siehe “Lost in la Mancha”, een exzellenten Dokumentär deen erzielt wéi den Terry Gilliam den Tournage vu sengem “Don Quichotte” astellen huet missen well säin Haaptduersteller, de Jean Rochefort, den Tournage aus Verletzungsgrënn nët méi matmachen konnt)
2) de Scénario ëmschreiwen fir d’Figur vum Schauspiller am Film stierwen ze loosen (ass nët ëmmer méiglech).
3) den Duersteller iwwerzeechen, dach nach mat ze man
4) op schon gedréihten Szenen zréckgréifen an probéieren domat d’Szenen déi nach fehlen ze ersetzen (ass notamment beim “The Crow” gemach gin nodeems den Haaptduersteller, de Brandon Lee, während den Dréiharbechten gestuerwen ass.)
Déi Leit déi als Remplaçant virgesin sin, sin beim Tournage als Statist dobäi. Mir hun den Remplaçants nët gesoot dass sie Remplaçant fir eng Haaptroll sin, mee mir hun ons hier Nimm an hier Duerstellung um Casting gudd gemierkt vir ons nächst Projet’n…
petz
17.06.2008
An ett kann een natirlech, wéi den Fuuss, ganz richteg soot, d’Szenen erem all nei dréien… Wann daat am Ufank geschitt, ass daat keng Katastroph, wann et allerdengs no 3 Méint Tournage passéiert, dann ass ett quasi eng Sach vun der Onméiglechkeet.
Franky
17.06.2008
okey, stemmen do bei den meeschten punkten zou.
Mer haaten schon folgend Fäll:
Dangerously Yours – film konnt aus diveresen Grenn net mei faerdeg gemach gin, en ass annuleiert gin, duerno assa wer beschloss een Film drauszeschneiden wou Bildschirmer mat Text dei ganzt Geschicht an eenzel Szeenen mateen verbonnen (war keng ideal leisung, als kompletten Film ass dat ganzt nie riwerkomm)
Black King’s Way – D’Roll vum Gamemaster ass nei besaat gin während dem Tournage(grond: den eischten akteur huet net extrem gudd an dei Roll gepasst). Glecklecherweis war nach keng Szeen mam Gamemaster gedreint, dofier hat dat ganzt keng Konsequenzen.
Dreamcell – Haapakteur huet weinst Sportverpflichtungen/schoul net genuch zait gehaat waat den ganzen Torunage extrem verzögert huet. Een ersatzkandidat war net virgesin; an bis mer een neien Akteur font hätten deen och gepasst hätt, respektiv 4 dreihdeeg fir dei verlueren Szeen nei ze dreinen, wieren gudd 2-3 Meint weider verluergewierscht.
Den ganzen Projet ze chancelen wier och net an Fro komm(dat demotiveiert ganz Crew dei schon vill Arbescht an den Projet gestach huet. Mer haaten Gleck am Ongleck well mer just Szeenen ouni Dialogue gedreint hun an no extrem brainstorming eng nei geschicht op den Been stung dei mer mat just engem zousätzlechen dreihdaag ofschleissen konnten.
ech mengen dat hängt wirklech emmer vum Projet oof an eng ultimativ leisung (oder mossnahm geint sou problemer) get et leider nie.
Barnig
17.06.2008
Ech fannen et op alle Fall falsch e Projet mol ze cancelen!
Souvill Asaatz wei et eleng schon an enger Preproduktioun get, ass einfach ze schued, dat gefilmtent Material dann o nach eweg ze geheien. (heiren daat awer mol schon ab und zu, dass dee Fall awer scho puermol virkoum)
En inoffizielle Projet ze maan, ging ech NIE mei maan (war bei Dangerously eng absolut Exceptioun -> Gedreihnt gouf um Eiffeltuerm, zu Prag op engem Scheff … war also einfach ze schued fir dei Opnaahmen)
Dreihbuch emzeschreiwen ass eng Leisung, awer eben just wann et na meiglech ass (wat net emmer evident ass, an och baal onmeiglech ass ouni hellefs-verband a bloem Aa dobai ewech ze kommen)
Zeenen namol nei mat neiem Akteur ze dreihnen ging ech net maachen (Exceptioun: Et gouf biswell 1, max.2 Dreihdeeg gedreihnt) Sou deemotiveiert een leider d’Equipe.
Ersatz Schauspiller ass deemno och net emmer dei optimal Leisung (well een eben irgendwei emmer nees muss ee groussen Deel nei dreihnen)
Des ganz Probleemer, kennen och virkommen, wann einfach e Schauspiller en Akzident huet.. Daat huet mol na net onbedingt nemmen mat Extreemer De/ oder Motivatioun ze din. Dee motiveiertste Mann vun enger Produktioun kann awa sech e Been briechen, an dann ass et gescha**
fuuss
17.06.2008
Do kann ech just soen : daumen drecken dass alles klappt daat aaner wenscht en jo wirklech kengem
CArLO
17.06.2008
Marc, dat kann ech mer bei eiser Equipe schweier vierstellen, an bei eis get emmer alles an der equipe decideiert, wat schauspiller ugeet huelen ech un dass et get wei beim ZF dei sin herno mei oft um SET wei se sollen. “UN WEM DAT LEIEN SOLL?”
Franky
18.06.2008
mengen dat ass den absoluten virdeel bei engem court-métrage, schauspiller mussen just puer deeg/wochen um ball bleiwen.
Dass d’Schauspiller och do sin wann se net sollen ass gudd an schlecht. Gudd ass dass sie dodurch emmer dobai sin, all szeen matkreien an sech op dei aner Szeenen kennen upasse; nerveg kann et och gin wann zevill Leit um Tournage sin (beim BKW tournage haaten mer och emmer leit dei do waren och wann net hier Szeen war, mat der Zait ass et e bessen vill gin). Mee wei gesot, ech fannen des Diskussion interesaant och wann mer hei aner Meenung sin. Muss dem Marc rescht gin, wann een zevill muss nei-shooten ass den Wuerm dran(wann eng Szeen net gudd gin ass an mecht een se nachemol mam selwechten Akteur gesin ech keen Problem, well dann geet se vill mei seier virun).
Zum CArLo senger Remarque: dat freet mech dass bei “denger equipe” nie problemer sin Ech hoffen trotzdem dass an äerem Produktion Diary och d’Pannen an Problemer hinstoen kommen (sou wei dat bei eis üblech ass, wann den Film um HD gelöscht get, oder een Film annuleiert get, dann steet dat hei emmer brav an den news oder am forum) an der dat net “verstoppt” sou wei dat all dei aner et machen (“we are such a peaceful happy bunch of people, with no mistakes and errors, we are perfect, honest and open”
petz
18.06.2008
Keng Suerg, Franky. Ech wärd schon op die Problemer agoen op déi mer stoussen. Daat ass jo wahrscheinlech een vun den interessantesten Aspekter, an dann hoffentlech och Solutiounen beschreiwen können, wéi mer die eenzel Problemer dann geléist hun oder emgang sin. Mir huelen awer selbstverständlech esou vill Précautiounen wéi nëmmen méiglech fir Risiken ze vermeiden. Bis elo konnt jo nach nët vill schief goen vu dass den Tournage nach nët ugefaang huet…
Iwwer HD-Solutiounen haat ech jo schon eng Kéier hei am Forum geschwaat. Meng perséinlech Meenung ass, dass bei den Präiser déi haut HD kaschten, ett wirklech keng Excuse méi gët fir keen Backup ze hun. Um Mac hierem leschten OS hun sie mat *Time Machine* och nach eng zimmlech einfach an virun allem vollautomatesch Backup-Solutioun agebaut. Wéinstens hun Mac-User dann guer keng Excuse méi mee och op PC fannen ech et absolut irresponsabel fir just op engem HD ze schaffen. Ech wärd eng Kéier am Blog onsen Workflow am Détail beschreiwen, daat ka vläit interessant sin.
Mir sin honest and open, mee sëcher nët perfect, sëcher nët “shiny happy people” a machen ganz sëcher “mistakes an error” (wien ett nët gleewt, kann sech gär ons “Zombiefilm”-DVD nach eng Kéier ukucken). Fir deen Film kruten mer jo vun der “offizieller” Filmkritik der genuch langscht d’Baaken. Spaas huet et awer – oder grad dowéinst – gemach.
Mich
18.06.2008
Och ech fannen déi Diskussioun hei ganz intressant.
Ech géif awer och soen, dass wann ee schonns 2/3tel vun den Szeenen bei engem Long-Métrage gedréint huet an da fällt en Haaptduersteller aus (aus welche Grënn och ëmmer), dass et dann immens schwéier ass fir all déi Szeenen nach emol nei ze dréinen mat engem anere Schauspiller, zumols wann nach vill aner Duersteller an déi Szeenen inwolvéiert sinn an deemno wéi opwänneg déi Szeenen sinn…. Et probéiert een et dann genausou gutt nozedréinen a nach vläicht besser, mee meeschtens geléngt dat net sou ganz oder d’Leit hunn einfach net méi d’Motivatioun fir alles wat se schonn emol gemaach hunn nach emol nei ze maan (zumols am Amateurfilm-Beräich). Vläicht ginn et Situatiounen wou dat klappt, mee ech bezweifelen dat iergendswéi. Wann et just déi eng oder aner Szeen ass, dann ass dat machbar, mee anescht….. Dofir huet een och all Intérêt dass een seng Précautiounen virum Tournage hëllt, wéi de Petz seet, an dat souwäit et méiglech ass an dann muss een eben hoffen dass jiddereen bis zum Schluss KANN matmaan, well et kann ëmmer am Liewen een an eng Situatioun kommen, wou et him net méi méiglech ass, beim Projet weider matzemaan. Et hofft ee natierlech dass sou eppes net virkënnt!
Wat mech awer och nach intresséiert Petz ass, dir loosst d’Leit jo eng “Cession de droits” ënnerschreiwen, mee wéi ass et da mat der Responsabilitéit, wann um Tournage engem eppes geschitt? Wéi regelt dir dat da versécherungstechnesch? Loosse mir Holz upaken dass nie engem eppes bei engem Tournage geschitt, mee wann, wat dann?
petz
19.06.2008
@Misch
Waat d’Risiken während dem Tournage ungin, esou huelen mir och do all Sëcherheetsmoosnahmen domat kengem Mensch eppes passéiert. Mir loosen ganz sëcher keen Akteur eng och nëmmen e bëssen geféierlech Szene selwer spillen, och wann hien oder hatt daat wöll. Wann ee kléngen Stunt gemach soll gin, machen ons Leit daat selwer. Fir wirklech spektakulär Szenen schaffen mir mat digitalen Spezialeffekter (bluescreen, compositing, etc.) bei deenen de Risiko gläich Null ass. Doriwwer eraus schléissen mir fir den Tournage eng Assurance oof domat am Fall vun engem Akzident eng Versëcherungsgesellschaft opkönnt. Ass am Fong näischt aaneres wéi eng Haftpflicht fir ons a.s.b.l., déi kascht +/- 300 EUR fir den ganzen Tournage.
CArLO
19.06.2008
Hun ech gesoot dass bei eis NIE PROBLEMER sin???
NEE do sin ech falsch verstanne gin hun just op den posting fun der demotivatioun fum Marc geänwert…
Kloer wärten mier och problemer begeinen mee, wei den Petz et schon sood, huelen mier all precautioun fier dei ze vermeiden, (dofier dauert et bei eis esou lang fier een film ze dreien resp. fierzebereeden, well mier alles 3-4 mol nokucken ier mer een projet ugin, bei eis ass et net no dem motto “Komm mier filmen emol an dann gesinn mer weider”
Fier Backups, 3-4 pro dreidaag sin geplangt, hun mier gesuergt, also eierlech den fehler keent eis secher net fier dass mier dat versehentlech löschen…………………
Fier den rescht huet den Petz jo schon genuch explikatiounen gin wei mier fiergin, an bei dem budget wou den LMT elo schon huet spillen 300 euro haftpflicht wierklech keng roll mei………..
Franky du kriss schon freigenuch een posting fun eisen fehler
Barnig
20.06.2008
Waat fir ee Budget hut der dann?
An hutt der och Sponsoren fonnt? Oder bezuelt der nees alles aus eegener Täsch?
3-4 Backups pro Dag ass awer bessi vill. Also ech geing et scho vill fannen, fir wirklech no all Dreihdaag de Backup ze maan.
Ech wees jo net, mee normalerweis kennt jo awa naicht un daat gefilmtent Material, et sierf dann de Kameramann iwerspillt sain eegent Material, wat ech mer bei dir Carlo awer schlecht kinnt virstellen 1 Backup no all Dreihdaag wier deemno jo nach nozevollzeien
3-4mol pro Daag: D.h. während dem Tournage “STOP ALLEGUER, MAAN E KLENGEN BACKUP VUN DEM GEFILMTE MATERIAL”
oder wei
petz
20.06.2008
Salut Marc,
Also Budget ass emmer schwéier soen, vu dass keen vun onser Equipe bezuelt gët. Mee wann mer einfach d’Ressources humaines nët rechnen, a just Material an soss Käschten zielen, déi mat deem Projet op ons zoukommen, leien mer sëcher iwwert dem Budget vum ZombieFilm. Den Budget gët am Moment zum gréissten Deel (+/- 80%) vun de Memberen vun onser a.s.b.l. gedroen, mee mir hun dës Kéier och schon e puer Sponsoren u Bord, déi am Moment +/- 20% vum Gesamtbudget droen. Mir sichen och nach aktiv no Sponsoren an hun dofir och ganz komplett Sponsoring-Dossier’n ausgeschaff. Mir wärden bis kuerz virum Lancement vum Film (Enn 2009, Ufank 2010) no Sponsoren weidersichen. Ett ass sëcher méi einfach ee Sponsor ze iwwerzeechen wann een him e puer färteg Szenen weisen kann.
Waat backups ugeet, do hängt d’Solutioun jo och vun den agesaaten Kameraen oof. Wanns du op Band dréihs (DV oder HDV) hues du jo automatesch eng zimmlech sëcher Kopie op Band soubaals du den Capturing vum Footage op engem Computer gemach hues. Mir dréihen onsen Film am DVC Pro HD Format vu Panasonic op P2-Späicherkarten. Déi gin, soubaal sie voll sin (waat relativ séier passéiert) op en Laptop erofgelueden an dann op 2 verschidden externe Harddisken kopéiert. Déi Harddisken gin dann owes op 2 weider Harddisken op onsem Schnëttcomputer kopéiert an déi 2 Harddisken sin un engem automateschen Backup-System gekoppelt, deen nach eng Kéier daat Ganzt op een drëtten Harddisk kopéiert. Esou eng Solutioun kascht nët méi wéi den Präis vun den jeweilegen Harddisken, am dësen Fall 5 (2 portabel externe Laptop HD, 2 stationär Schnëttcomputer-HD an 1 groussen Backup-HD). Wann dann awer nach eng passéiert, dann brauch keen sech ee Virworf ze man, dass nët genuch Précautiounen geholl goufen.
Barnig
20.06.2008
OK effektiv … et muss scho wirklech eng extreem domm situatioun optrieden, fir dass dir ärt material verleiert
ass awa ganz ok
A mat de Spaicherkaarten, haat ech vergiess, do ass natirlech ganz kloer, dass direkt op 2 HD’s riwerkopeiert muss gin.
Ech ging gären eemol kucke kommen, wann der eng net zevill stresseg zeen ze filmen hut. Wann et ierch net steiert
petz
20.06.2008
Kee Probleem. Esou baal mir eng méi roueg Szene dréihen, soen mer der bescheed, dann kënns du kucken.
Mich
21.06.2008
Mech als Kameramann géif et och nawell intresséieren emol mat laanscht op ären Tournage kucken ze kommen…
CArLO
22.06.2008
Also et ass elo esou dasse mer höchstwarscheinlech entré’es kaarten wärten verkaafen fier op den SET fum LMT ze kommen. Den preis hengt och fun der scene of.
Ass et eng kleng scene ass et mei belleg ass et eng grouss scene ass et mei deier.
Eng kleng scene ass: z.b eng dialog scene
Eng grouss scene ass: Crash teschent 2 autoen (wei se am LMT geplangt ass) mat professionelen stuntman’s
fuuss
23.06.2008
freck daat waer mech dann awer eng deier gin Jungs , puuuhh
CArLO
24.06.2008
@ fuuss, wat soll ech dann soen? ech hun dei 2 autoen aus menger täsch bezuelt, ok si waren net deier mee fier se fresch ze spretzen an esou an d’rei ze setzen dassen se esou ausgesinn wei elo, dat huet mesch awer eppes kaascht.
An dat waren keng 200 euro, meng 2 vakanzen fier dess joer sin futsch
Franky
25.06.2008
carlo soll ech eng Spend fir dech organiseiren?
fuuss
25.06.2008
Also eng Spend fir den Fuuss waer och welkomm
CArLO
25.06.2008
Franky eng spend well ech net merci awer, mee wei gesott wann dier wellt dei crash scene kucken kommen mier machen och gruppe preiser fier Iech mee bon si sin net belleg (dat waren d’autoen nämlech och net)
Who to fuck is fuuss
sorry mee leider kennen ech dech nach net hei am forum stell dech emol fier please, wat mess de? wat kanns de? etc etc
wanns de schon eng spend wells muss du fier d’eischt d’froen beentweren
Franky
27.06.2008
gudd fro dat wees ech och net. dann lued den Fuuss op den tournage “gratis” an, dann gesais du wien et ass
Barnig
27.06.2008
Ech si wier Anonymiteit!
Fuuss, du brauchs guer net ze soen wiens de bass!
Ass besser sou, da gess de mei respekteiert
CArLO
28.06.2008
Ech mengen wann den fuuss giff faarw bekännen dass hien dann nach fill mei giff respekteiert gin, mee bon jiderengem saint.
Zereck zum Thema:
Den freiden 4 juli fängt den tournage un fum LMT wou dei eischt scenen zu Esch an enger maison de maitre gedreint gin…………..
petz
01.07.2008
@ marc
Wanns du als Präsident vun KML fir Anonymitéit bass, dann loost är Registréierung fir de Forum faalen, dann kommen vläit rëm méi Reaktiounen vun Aussenstehenden.
Barnig
01.07.2008
ma daat ass mengen ech zu engem deel nees opgeleisst
fuuss
01.07.2008
Den Problem fun der Registreierung huet nemmen indirekt eppes mat Anonymitéit ze gin. Ouni registration geif en hei enner goen fun Spam , ech mengen wanns de dech hei registreiers muss de jo net dein richtegen Numm ungin , et ass just wichteg fir bot resp automatesch Scripter oofzeblocken , oder waat haal dir dofin wann direkt ennert dem Luxembourg Mystery Tale oder esou geif buy Viagra geif stoen:-)
Lol ok dann bekennen ech emol farw , dann wart also hun momentant en schwarzt Hiem un
Bon zereck zum Thema
@ Carlo jo wien ech sin , ob jiddefall huet Konkurenz schon un menger Diir geklappt , ech soen just Papaver
Fir spend geht dach eng Kontosnummer duer oder ?
Btw ech sin weinstens registreiert net esou wei du –> CArLO Guest tse tse tse
Majo ech wollt froen weini en dann elo den Luxembourg Mystery Tale op DVD ze kaafen kritt . Maat emol firun ;-P
Fuuss
Barnig
01.07.2008
Jo, op den DVD waarden ech och
Also fir Amateurfilmer hu mer Registreierung opgeleist, fir dass een ons o mol nees ugoogelen kann
Natirlech wa lo SPAM Attacke kommen, get ganz schnell nees obligatioun.
A weiderhin zielt a gelt och emmer: Leit dei sech registreiren, sin einfach mei “oppen”, an hu mei ze auszesoen. Jidereen soll jo souwisou zu senger meenung stoen, da kann een sech och roueg registreiren.
Sech net registreiren, ass sou wei wann een ebess ze verstoppen hätt
CArLO
01.07.2008
Fuuss, Ass et esou besser ?? Kuck emol den Datum fun der registreierung
Wat ass dann Papaver
Franky
02.07.2008
carlo, sich am google images no papaver.. dann wees de waat lass ass
ech spueren mer hei mol meng zynesch remarquen
fuuss
02.07.2008
*Carlo jo lol ass schon gutt soen jo nix mei
Den Franky huet verstaan lol waat ech gemengt hun
CArLO
02.07.2008
Naja ok hun verstann…. mee dat heescht fuuss du was den leschten sonnden zu bitburg oder???
CArLO
02.07.2008
-3 deeg
Franky
03.07.2008
häH? waat ass an 3 deeg?
Barnig
03.07.2008
Ma Fränk !!!
Da pass dach bessi op
Mich
03.07.2008
Jo Frank, da pass dach bëssi op
Franky
03.07.2008
ma den carlo huet den 2/7/08 geschriwen: – 3 deeg
dat heescht den 5/7/08 wier eng mei lass..
am forum steet awer dass den tournage den 4/7/08 ufänkt waat stemm dann lo?
Barnig
03.07.2008
Ma si dreihnen an der Nuecht!
Franky
03.07.2008
AHHHHHHHHHHHHHHHHHHHHHHHHHHHH
okey lo verstin ech….
CArLO
03.07.2008
-1 Daag
Franky
04.07.2008
*0 daag
fuuss
04.07.2008
an waat hun mir dofunner , ass dei DVD dann elo endlech faerdeg liddereg Band do,
btw braucht der keen mei den en Biesenstill kann op der Nues Balanceieren ?
CArLO
05.07.2008
fuuss nee brauchen mier net machen dat an der postpro mat bluescreen asw
Barnig
07.07.2008
Wei ass et dalo gaang mam eischten Dreih?
petz
07.07.2008
Am goussen ganzen, wirklech gudd, och wann et fir die ganz Crew a Schauspiller een haarden Weekend wor, vu dass mir an der Nuecht vun Freiden op Samsden an vum Samsden op Sonnden zwee mol 12 Stonnen nonstop gedréiht hun. Ett sin e puer wirklech ganz flott Opnahmen dobäi eraus komm an virun allem wor den Asatz vun der Crew an vun den jonken Schauspiller virbildlech. Mir sin bis elo ganz zefridden. Ech wärd dës Woch, esoubaal ech e bessi Zäit kréien, een kléngen Ableck vum Tournage a vun onser Arbechtsorganisatioun an onsem Blog gin a vläit een oder zwee “production shots” publizéieren.
Barnig
07.07.2008
Tiptop, wier flott emmer 1-2 Production Shots ze kreien
Franky
07.07.2008
12 stonnen ass heavy, mee et schweesst d’equipe awer zesummen
een blog eintrag wier wirklech interessant
Mich
07.07.2008
Jo op dee Blog-Antrag sinn ech awer och gespaant.
Wéi al sinn dann är jonk Schauspiller sou duerchschnëttlech?
Well 12 Stonnen nonstop dréinen, dat ass zwar schonns vill… wéi war et dann do zum Schluss mat der Konzentratioun?
Dann hat dir jo e gudde Start an de neie Projet!
fuuss
07.07.2008
Ech mengen et ass normal dass Konzentratioun emmer mei oofhellt , mee et ass natirlech wichteg emmer Kaffi Pausen ze machen ( mat oder ouni Kaffikapsel) daat dreck Konzentration Schwächten no hannen, hellt se awer net eweg. Ech mengen als gudden Realisateur musst de och gesin wann et keen waert mei huet , an dann awer trotz stress besser huet fir den Daag opzehaalen.
Daat ass meng Mehnung ,
btw Carlo Bluescreen ass esou eppes fun Schw.. also ech haett daat jo souguer live kennen machen pfff
CArLO
07.07.2008
Zwee mol 12 st ?????????????????????????????
Also nach eng keier fier dei leit dei mei genau auer zeiten wellen kreien.
Fun freides 18.00 bis samsdes moies 6.00, ok dat sin 12 st.(Schauspiller an Crew)
Fun Samsdes 17.30 bis Sonndes 8.00, sin dat 12st ????????? (dat ass emol dei zeit wou ech um Set war an dun erem moies an mengem bett. leider hun ech dat ganzt material bei mier heiheem, esou dass ech emmer 2 autoen muss anraumen an ausraumen)
Mich kann dier een beispill ginn fun eiser jonker Haaptschauspillerin, dei een klengen nickerechen moies geint 3.00 gehall huet, wei mier den Seting prepareiert haten hun mer hat wackrech gemach, an et war direkt an senger roll erem dran (ouni verschloff aus ze gesinn). Et ass ganz fill den wellen fun der crew resp. schauspiller dei et aus machen.
Ech fannen den rythmus richteg gudd fier un ze fänken an ech hätt sonndes nach roueg keinten 2-3 st dreien
fuuss
07.07.2008
Jo mee meng Religioun verbidd mir Sonndes ze schaffen 🙂
CArLO
07.07.2008
no comment
fuuss
08.07.2008
Wei geseit et iwerhaapt aus dreiht dir just den Weekend oder och an der Woch
CArLO
08.07.2008
Mier dreien all daag………..
Barnig
08.07.2008
..am krees
Franky
08.07.2008
all daag? och haut`? hmm carlo carlo waat ziels du eis rem hei,, ech warden op een offizielen Petz blog
PS: weini kennt een update vun der besatzung vum Film op aerem site?
CArLO
08.07.2008
………….. meng nerven duerch
CArLO
08.07.2008
Also bis elo ass emol nemmen fier WE geplangt fier ze dreien, mee dat kann sech awer änneren esou dass mier och eventuell an der woch dreien.
Weini een update op den site kennt mier hun momentan anner saachen ze dinn wei een update op eisen site setzen.
Hun haut emol eist ganzt material geckeckt, an muss soen dass bis elo nach naischt drenner geliiden huet fun den eischten 2 dreideeg, hoffen dat bleift och esou.
Wat du emol op dem Petz sain blog, mee wart net ze lang……………
fuuss
09.07.2008
LOL dann stells de eng normal Fro an dann dreihen se schon duerch Daat faenkt jo gutt un.
Majo op den Blog muss awer Crew dropkommen , daat kann jo awer net esou fill arbescht sin oder ech sin och firwelzeg.
Fuuss
PS ass DVD dann elo faerdeg?
CArLO
10.07.2008
Also dier gidd schon alleguer mat zeit eppes gewuer, liest emol all daag zeitung do steed och fillaicht geschwen eppes dran
fuuss DVD dei ass schon lang ferdeg hues du nach keng
Barnig
11.07.2008
Wou get dann dese Weekend gedreihnt?
fuuss
11.07.2008
@ Carlo ma nee , ech wolltt ze iwert aeren Site bestellen , mee do ass just den Zombie FIlm , an den hun ech awer schon , awer den Luxemburg Mystery Tale steht nach nix do ,
Jo soe mir mol wou der desen weekend dreiht dann kommen ech mir meng DVD perseinlech sichen.
Franky
11.07.2008
wei kann eng DVD virun engem Film faerdeg sin?? dat ass wirklech een mystery..
Barnig
11.07.2008
ma as dach kee probleem!
CArLO
11.07.2008
Also ech wess och net wei et gangen ass mee et ass gang, dat ass den Petz den ass genial doranner.
Ech verroden naischt an patent leid bei Obskura, also wann dier wellt eng DVD machen befier den Film ferdeg ass muss der bezuelen
Wou desen WE gedreit get, also wann der kengem eppes sood dann verroden ech Iech et……………
…………….. Filmstudio’s zu Diddleng
fuuss
11.07.2008
Ok Jungs ech kommen , an dann waert der gesin dass der ouni mech desen Film net dreihen kennt , esou en zackeg Gesiicht an esou , btw ech kann och Hieselness mat mengen Arschbacken knacken , daat waer dach en Luxemburg Mystery tale
fuuss
14.07.2008
So iwerhaapt , bezillt Obskura hier Crew leit , resp hier Schauspiller , waat verdengt zum Beispiel en Camera Man , doranner sin ech net alt ze schlecht
Franky
17.07.2008
ech gin net dovun aus dass an engem “amateur film” iergendeen eppes verdengt.. Falls een Gewenn erziilt get , get desen Benefit fir Material oder dei nächst Produktionen benotzt.
Een Acteur kritt jo dofier gratis catering, eng invitation op première respektiv eng DVD.
An lo wuert un den Carlo, well just hien wees wei dat bei Obskura wirklech leeft.
Barnig
14.07.2008
Kleng Gage ass net verkeiert:
D´Maus, dei hier exzellent “Aal Hex” Roll am RENDOLEPSIS verkierpert huet, ass glaich no der Premiere mat engem decapotabelen Peugeot ronderem gefuer …
CArLO
14.07.2008
@fuuss: Dat waten si kreien kann een net Gagen nennen mee si kreien eppes dat kann ech garanteieren, mee erreischt wann den Film op dei grouss Leinwand kennt an den DVD erem an den üblechen Geschäfter leit, sou wei den ZF………
Dat wat den Kameramann betrefft do kann ech nemmen meng preisser nennen an dei leien bei 30/stonn ouni material, fier desen projet machen ech eng ausnamm an froen den Obskuren leit nemmen 20/stonn ouni material. Wen bass du dann?? dass du ses du wiers guer net esou schlecht dodrann, hues du schon eppes gemach scheck eis emol eppes………………………..
@Franky: Bei Obskura get alles annescht wei bei KML, mee du hues schon rescht wanns de ses dass d’Acteuren op AP inviteiert gin an eng DVD kreien gratis Catering (den net schlecht ass bei Obskura)
@Marc: no comment
Eppes verroden ech Iech awer, den budget no 4 dreideeg ass bis elo 150% mei heisch wei beim ZF, an mier sin nach nemmen beim ufank………………………………
Franky
14.07.2008
d’crew bei LMT get bezuelt? wei soll dat laafen? wien bezillt dat? sorry mee ech versin desen System net
wann ech een Film dreinen lossen ech mech selwer net dofier bezuelen…
Falls dat den Fall ass da jiddereen seng charge bezuelt kritt kann een definitiv net mei vun Amateur oder Verein schwäTzen..
ech hoffen dem Film selwer gesait een herno den heigen Budjet hun(an net nemmen dass een dem Carlo sain neien Auto op der Premiere gesait)
Petz, schwetzt mol een machtwuert hei, ech kann soulues den ennerscheed tescht ironie an realiteit net mei ennerscheeden
CArLO
14.07.2008
Franky, ech hun nie behaapt dass d’crew bezuelt get, hun just gesoot dass ech der Obskura A.S.B.L. 20/stonn froen ob ech dei je eng keier kreien dat sief dohinn gestallt, mee dat ass eben mei preiss den ech machen och wann et nemmen ass fier dass sie den preis an hieren budget dran setzen……………
Wei dat laafen soll?? iwwer contracter dei mier mat jiderengem machen sief et acteur oder crew….einfach oder??
Wien dat beziilt?? Majo den produzent……..Wien ass den Produzent?? Obskura A.s.b.l. Wei een roll huet den Produzent???? (do well ech eng entwert)
Sorry mee ech verstinn den system net??? Wat verstess du do net?? Ass dach einfach A.s.b.l. dreit een film……. Obskura ass den Produzent………Wat hues du do net verstann???
wann ech een Film dreinen lossen ech mech selwer net dofier bezuelen Dat ass esou wei KML schafft, mier bei Obskura hun nomm ZF gesoot dass mier net wellen esou weider schaffen an mengen mier wieren um richtegen wee fier………………………………………………….
Falls dat den Fall ass da jiddereen seng charge bezuelt kritt kann een definitiv net mei vun Amateur oder Verein schwäTzen.. Dat ass deng meenung mier als A.s.b.l. schaffen eben anneschters……………….
Ech investeieren meng suen dei ech bei Obskura verdengen an anner saachen wei an Autoen, ausser et sin Auto’en dei fier stunt fiergesinn sin……………
Ech wess wierklech net wat den Petz mat dem ganzen ze dinn huet, fierwat soll hien een machtwuert schwetzen?? Nemmen well hien REGIE mescht?? Pffffffffffffffffff Nach decideieren ech wei eng Scene wei gedreit get well schliesslech sin ech fier d’opnahmen verantwortlesch, (wann een scene schlescht gefilmt gin ass get jonet gesoot.. Wen huet do Regie gemach, mee leider wen huet do d’Camera gemach) esou fill ech wess hun ECH grad esou fuill ze soen wei hien un desem projet……. Wann net mei, well schliesslech hun ech 2/3 fum gesamt budget bis elo aus menger täsch bezuelt, oder stemmt dat net Petz?????????????????????????
Dier fun KML misst emol eng keier kucken kommen wei bei OBSKURA geschafft get, dier gifft staunen
CArLO
14.07.2008
Nach eppes den posten fum Regisseur get jo zu 99% als beschten bezuelt, dofier erwart dier net ze fill machtwuert fum Petz………………………..
Kann dier och soen wat den Petz un desem projet verdengt, schliesslech sin ech jo caissier bei Obskura…………………………………………..
Dier vergott den Petz ze fill, leiert den emol eng keier richteg kennen dann schwetzt dier och ganz anneschters fun him………………………
LOVE TO YOU PETZ
Franky
15.07.2008
ma ech hun et einfach onlogesch fonnt dass een selwer den budget vum Film stellt, dann sech awer och selwer astellt an sech bezuelen leisst (du hues jo selwer geschriwen dass du een deel vum budget stells, an dass de awer och deng 20 euro vun obskura wells)
erennert mech bessen un dei aal spuervereiner an den gemengen wou d’leit all woch suen an een spuerschwein geheien an an enn vum joer mat desen suen een kleng rees machen dat ganzt hin an hier mat den finanzen hun ech bislo nach nie verstaan
petz
15.07.2008
Ech géif prinzipiell näischt gleewen, waat nët hei steet : blog.obskura.lu
Franky
15.07.2008
jo ech gleewen dem carlo souwiesou just emmer d’haltschend, an bei der anerer haltschend sin ech mer nach net secher
majo felicitatioun zu äeren eischten Blog zum tournage selwer! Dei eischt dreihdeeg sin meechtens dei schweierst, duerno kennt sech crew besser an dann geet et ommer mei fex.
Ech sin gespaant waat nokenntm an un all dei dei den blog nach net gelies hut; gidd en liesen !
(fannen dat virbildlech emmer eng retsch informationen no zereeschen, ass besser wei just ze soen: shooting has started”
CArLO
15.07.2008
OK keen problem, wann keng S** mier eppes glewt dann huet et jo keen wärt dass ech eppes hei an den forum schreiwen…………………….
fuuss kuck dass du dei nächst info’en fum Petz kriss
…………………….. ech gin an den streik
CArLO
Franky
15.07.2008
LOVE TO YOU CARLO TOO
Barnig
15.07.2008
Hey, Carlo!
Ech gleewen der alles! an ech wier wanns de net mei geings deng Top-geheim Infos hei posten!
Ma w-e-g- weider
fuuss
16.07.2008
Tjo waat awer esou enf Fro eppes unriichten kann
also ech mengen bei Amateur Filmer daerf en leiwer net froen op en eng Gage kritt daat aart jo just hei aus.
fuuss
18.07.2008
Uii ech gesin grad aeren blog ass upgedated gin , ma tiptop Carlo daat geseit jo schon emol endlech no eppes aus.
BTW wou kann en den Filter do eroflueden , wollt och emol esou eppes testen.
Btw du bass esou roueg , du hues schon laang neischt mei geposted , bass de krank oder gouf de erausgeheit.
petz
18.07.2008
Wees nët op hei nach een sech wirklech fir LMT oder iwwerhaapt Filmmachen am groussen Ganzen interesséiert, mee ech hun mol eng nei Notiz op onsen Blog gemach blog.obskura.lu
PS: An ehrm, nee, den DVD kënnt nët virun Enn 2009 eraus
muffpuff
18.07.2008
Salut, ech wor grad den Obskura Blog liesen! …
Franky
18.07.2008
Filteren sin soulaang gudd soulaang een net domat iwerdreiwt. Desen Filter fannen ech gelongen, et gesait mei no “nuecht” aus an bild ass net sou fad an dofier mei düster/geheimnisvoll
Admin2
18.07.2008
Emmer beim Topic bleiwen, Merci
Barnig
18.07.2008
Ou!!
Hei huet dach kee Mensch den TOPIC gewieselt!!
Wann ee vum Thema liicht ofkennt, ass daat awa net verkeiert
petz
18.07.2008
Deen Korrektur-Filter deen mer am After Effects do zesummengebastelt hun ass keen einfachen Faarwfilter deen daat ganzt Bild uniform afierwt, mee (och wann een daat bei deem klengen Bild nët esou gudd gesäit) corrigéiert d’Faarwen verschiddendlech je no Bildberäich. Do ass souwuel eng primär Faarwkorrektur (iwwer daat ganzt Bild), wéi och eng sekundär Farwkorrektur (no Bildberäich an op verschidden Faarwen limitéiert) mat agefloss. Ass awer – wéi gesoot – nach nët definitiv. Do gët nach Finetuning gemach a vill exeprimentéiert bis ett onsen Virstellungen entsprëcht. Ass op allen Fall eng interessant Aarbecht.
fuuss
18.07.2008
Tjo den glecklechen den dei mecht weilt ech awer och net sin
Barnig
18.07.2008
Jo ka mer och virstellen, dass dat wuel net dei flottsten Arbecht beim Film ass
muffpuff
18.07.2008
Also ech muss soen dat daat fir Amateuren guer net su schlecht ass! Ween huet daat da gemeet? Fleit brauchen mir herno och sou eppes fir eisen Film?
petz
18.07.2008
Fannen Faarwkorrektur eng wirklech interessant Aarbecht, do gin (mat der Musek) den Stil vum Film definéiert an richteg flott Ambiancen crééiert, mee ass vläit keen Job fir jiddereen a verstin dass een daat vläit nët gär huet.
fuuss
18.07.2008
den Petz fun Obskura huet daat gemach
Mich
18.07.2008
Ech fanne Faarwkorrektur och eng wichteg Saach, réischt dat gëtt de Biller déi passend Atmosphär an dréckt dem Film e Stempel op. Déi normal Roh-Biller aus der Kamera wierken oft vill ze onspektakulär a normal, iergendwéi “flaach”. Dofir sollt ee menger Meenung no, och bei engem Amateurfilm, der Faarwkorrektur schonns eng gewëssen Opmierksamkeet schenken!
Barnig
28.07.2008
An?
Wei leeft et?
Franky
29.07.2008
warden op nei infos punkto tournage an progès
petz
30.07.2008
Nei Infos gët ett geschwönn am Blog. En attendant, hun ech mol eng englesch Versioun online gesaat blog.obskura.lu/category/production-diaries-english-version
Franky
30.07.2008
oh great! that’s great
Barnig
31.07.2008
Ech hoffen dir behaalt dei letzebuergesch awa och nach bai, muss ee jo awa bessi zu sengem land stoen
petz
31.07.2008
Lëtzebuergesch gët natirlech beibehaal, mee alleng ass Lëtzebuergesch einfach ze restriktiv fir ee méi breeden Publikum.
petz
31.07.2008
Ganz kuerz News am Blog:
Englesch : blog.obskura.lu/category/production-diaries-english-version
Lëtzebuergesch : blog.obskura.lu/category/production-diairies
Barnig
31.07.2008
Interessant.
De Gros ass awa dann an der Altersklass 25-35 (denken ech mol) wat vu virdeel kinnt sin.
fuuss
31.07.2008
Freck jo wat sin dei nach all esou Jonk an schein
Barnig
31.07.2008
A salut Fuuss, da wees ech jo o lo mol wens du bass
fuuss
31.07.2008
Siehste mal , un sech ass et einfach ze erklaeren ech sin dem Petz sein Alpdraam
Barnig
19.08.2008
Wi ass et mam Tournage?
Get et na keen Teaser (also een vu ee bessi mei gesait)
petz
20.08.2008
Dësen Weekend wärd den 8 Weekend sin wou mir hannertenee um LMT dréihen. Leschten Weekend wor zimlech haart well ett en 2 Deeg langen Nuetsdréih wor. Vu dass onsen Elektrogenerator matzen an der Nuet de Geescht opgin huet, sin mir och fir die éischten Kéier mam Planning a Retard komm (Mir sin den Dag drop 2 neier kaafen gang). Dofir steet dësen Weekend rëm en Nuetsdréih un. Daat gët zwar rëm ustrengend mee och flott. Mir léieren vill béi an trotz aller Middegkeet hun mer och nach Spaas beim Dréih, waat jo nët emmer evident ass. Mir wéilt just allegueden méi Zäit hun fir um Film ze schaffen. Leider hun mir am Moment die Méiglechkeet nët, also gin d’Sachen lues awer bestänneg virun.
Fréen mech och schon op d’Postproduktioun, mee déi fängt réischt Enn vum Joer un (bis op een, zwéi “rough cuts” déi ech mol man fir ze kontrolléieren ob verschidden Szenen fonktionéieren). Teaser/Trailer könnt réischt nächst Joer wann d’Postproduktioun baal färteg ass an onsen Marketingplang steet. Do starten mir dann och eng zweet Recherche fir Sponsoren vu dass ett vill méi einfach ass déi ze fannen wann een hinnen eppes weisen kann. Wéi gesoot, am léiwsten wéilten mir all just nach fir den Film schaffen, mee daat ass leider nët méiglech.
Wéi steet ett mat àrem Dreamcell?
Barnig
20.08.2008
Aaah jo, dei Generator’en kenn ee schon un verzweifelen brengen.
Mee Haaptsaach d’Equipe versteet daat!
Zu Dreamcell:
De Film ass “eigentlech” faerdeg monteiert, mee mir hu lo na ee Koleeg fonnt, deen sech bessi a Faarfkorrektur auskennt, an dee versiicht do na puer Filteren dropzesetzen… Dierft awer Enn September ready sin.
Ech kucken dass mer Enn September/Oktober dann och na irgendwann eemol eng kleng Soiree organiseiren, wu jidereen seng aktuell Teaser/Trailer oder Kuerzfilmer matbrenge kann.
Nierft deen 2 klengen premieren vun DREAMCELL an STREET ART wäert da warscheinlech relativ secher o namol den TURTONE gewisse gin, suwei na e neie Kuerzfilm vun engem Kolleeg.
mee bon, ass na naicht fest
petz
21.08.2008
Tip top, haal ons um Courant! Merci fir Är Invitatioun fir op 10 Joër Feier. Mir wärden ons nach umellen, mussen just kucken wéi mer mat onsem Tournage langscht enee kommen.
Barnig
22.08.2008
Okey,.. checkt daat
petz
28.08.2008
Ett ass nët ëmmer alles eitel Sonnenschein. Nei Infos zum LMT op blog.obskura.lu
Barnig
28.08.2008
Jo gud do kann ee wirklech naicht maan,… mee wann een awa dann no trotz laangem waarden, a puer Opnaahmen alles duerchcheckt, huet een op alle Fall eng Top Arbecht gema… (dei zeenen gin normalerweis emmer relativ gud, well een nach mei Zait huet iwer Zeen nozedenken, wei wann ee lo bei voll gudem Sonnenschein alles dreihnt)
An donierft wierken se och besser well een dei typech “After-Raining”-Atmosphäre aschaaft huet
So wi ass daat mat der Musek?
Daat ass awer keen “Made in Luxembourg”
petz
28.08.2008
Déi Musek ass – wéi alles waat mir an de Blog setzen – just fir Illustratiounszwecker an könnt vun irgendenger CD Musekkollektioun. Mir hun onsen eegenen Muséker deen Stécker fir de Film schreiwt. Doniewt schaffen mir mat ganz villen Filmsound-CDn déi een iwwer Internet (inklusiv Rechter) ze kaafen kritt.
fuuss
28.08.2008
Cool Jungs emmer weider esou
CArLO
26.09.2008
HEY……………………………..
LMT rocks no esou langen dreideeg sin mier frou esou schein opnahmen gemach ze hun datr get mega an mier freen eis schon’s elo op dei eischt traileren……………..
Franky
29.09.2008
jo op traileren warden mer och alleguerten!
petz
29.09.2008
Ech wöll jo keen enttäuschen, mee vun engem Teaser oder Trailer sin mir am Moment nach wäit eweg. Mir hun elo an 12 Weekender +/- 65 Prozent vum Film oofgedréiht. Post-Produktioun ass parallel lues ungelaaf an wärd sech op manst bis Hierscht nächst Joer zéihen. Mir schaffen esou séier wéi ons disponibel Fräizäit ons daat erlaabt, mee ett ass nët ëmmer einfach d’Ruder riit ze haalen… Wann ett nëmmen irgendwéi ze man ass, probéieren mir op d’Invitatioun vum Marc hin fir d’Avant-Première vun “Dreamcell” een éischten Teaser zesummenzestellen… Verspriechen können mer awer näischt.
CArLO
29.09.2008
Emmer dat d’selwescht, tschöööööööööööööööööööööö.
Ech well gären een trailer gesinn…………………
sheepie
01.10.2008
Hei ass e Link op en Trailer fir unzekucken: www.titleist.com
Franky
02.10.2008
geil mee wou soll dat sin? et gesait sou sonneg do aus…
Barnig
02.10.2008
bestemmt net zu letzebuerg
CArLO
02.10.2008
sheepie sollen dei fotoen wou do gemach gin sin NET online gesaat gin
fuuss
06.10.2008
eieie emmer daat selwescht
@ Barnig hues de schon en Datum fir dei Chrechtfeier ?
Dann kennen mir jo offizielle eisen eischten Teaser bei ierch oofspillen.
Zackeg Zackeg
Barnig
06.10.2008
Ma warscheinlech 13.Dezember, Samschdes owes…
ass awa na net konfirmeiert.
Deet sech awa a neechsten Deeg.
Schecken de Filmverainer souwisou o nach eng Mail, fir dass mer puer Trailer/Teaser kreien…
Barnig
09.10.2008
Ey wisou setz der keng Fotos online ?
Et muss jo net vun all Dreih sin, mee ab und zu eng online setzen (vun der Produktioun oder Screenshot) wier awa vlait net schlecht, oder?
petz
09.10.2008
@ marc
E puer Fotoen an 2 Video-Clips stin jo schon am Moment op onsem Blog. Ech wärd nach e puer Fotoen an Clips posten, esou baal ech rëm e bessi Zäit hun, fir an de Blog ze schreiwen. Am Moment mussen mer ons op den Tournage konzentréieren, fir onsen Planning anzehaalen. Esoubaal ech eppes online setzen, liest dir ett als éischt am KML-Forum.
petz
26.11.2008
E puer News zu “Luxembourg Mystery Tale” gin ët op blog.obskura.lu
Barnig
26.11.2008
hmm… ass scho flott, mee bei 2000 Fotos hätt der awa kinnten “bessi” mei weisen dir verrood jo naicht mat dese Fotos. Et kriit ee guerkeng Impressioun vum Film, wou lait also d’Gefoor fir mei ze weisen?
a jo: Bei wat fir engem lycee hut der do gedreihnt ?
petz
26.11.2008
D’Infomatiounen wou mer iwwerall a mat weem mer alles gedréiht hun, haalen mer ons fir ons Marketing-Kampagne fir den Iwwerraschungseffekt esou grouss wéi méiglech ze haalen. Daat ass een Choix, deen mir virum Tournage gemach hun. Feierblumm mëcht ëtt z.B. ëmgekéiert a kommunizéiert eemenz vill am Virfeld an ech verstin och firwaat sie daat man. Fir een Kriegsfilm mat historeschen Hannergrond fannen ech daat de richtegen Choix, fir een Mystery-Thriller géif ech daat awer nët esou glécklech fannen. Ech erënneren mech och drun, dass mir beim ZombieFilm hei am Forum virgeworf kruten, dass een schon den ganzen Film am Trailer an um Site verrooden krut hätt. Daat wöllen mer dës Kéier besser man.
Fannen och nët, dass een keng Impressioun vum Film kritt. Die 2 Video’n, déi bis elo am Blog ze gesin sin, gin eng zimmlech gudd Impressioun vum Film.
An die Foto ganz uewen am Blog mam Titel “I know what you did…” ass iwwregens och een Screenshot aus dem Film…
An d’Teaseren vun onsen neien Produktiounen wärden ett EXKLUSIV op der KML-Filmnuecht gin
CArLO
26.11.2008
@Marc du bass awer och NIE zefriiden…………
…..wei den Petz schon sood beim ZF hud dier gemengt mier hätten schon zefill verroden an elo beemol mussen mei verroden……………………
CArLO
26.11.2008
Wann ech den Petz wier dann giff dier emol keen BLOG ze gesinn kreien
petz
21.11.2008
Ett geet mir jo am Blog NET drëms Informatiounen iwwer de Film ze gin mee iwwer d’PRODUKTIOUN vum Film. Ech wor z.B. ganz erstaunt, waat sech an 21 Dréihdeeg alles un Film-Minuten usammelt. 1.200 Minuten fannen ech perséinlech villl an wier frouh wann ett der e bessi manner wieren, well ech wees ween sech daat alles am Montage ukucken muss… Daat sin Détailer déi ech interessant fannen a gär am Blog deelen wöll.
Och dass mir an 21 Deeg +/- 70% vum Film gedréiht hun, fannen ech interessant. Da kann een dovun ausgoen, dass mer nach eng Kéier 10-12 Dréihdeeg arechnen mussen fir den Film färteg ze dréihen. Et kritt een einfach e bessert Gefill dofir wéi lang een Tournage vun engem Long-Métrage dauert. Mengen, dass daat Informatiounen sin, déi fir een ugehenden Filmmacher können interessant sin.
Ett kéint een och vill iwwert d’FX soen, mee dann zerstéiert een d’Iwwerraschung total. Mir werden um Verkaafs-DVD (no der Kino-Exploitatioun) am Détail op d’Spezialeffekter agoen, well verschiddener an där Form nach a kenger Amateur- oder Semipro-Produktioun ze gesin woren (hoffen ech mol).
Franky
27.11.2008
weivill een vun engem film verreit ass emmer schweier.
Merci fir den blogupdate, wann ech zait fannen liesen ech dat duerch.
1200 fannen ech wirklech vill, ech wees zwar lo net weivill KML longmétragen vun minuten verschlong hun, gin awer dovun aus dass et maner war. Den Nodeel bei zevill material ass natirlech dei immens arbescht beim cutten. Den virdeel ass dass een een greisseren choix vun astellungen an szeenen zu verfügung huet an just dei perfekt szeen an den Film geholl get.
nachemol meng meenung zum “foto weisen” oder iwerraschung bis zum schluss haalen. Beim zombiefilm hun ech et sou an erennerung: ech hat nie eppes vun dem film heiren, an zack war eng mini broschüre an een site mat trailer an filmfotos. Ech sin dunn regelrecht iwerrannt gin, an den WOOOW effekt war do. Souvill zombien, souvill nei gesichter an eng crew wou ech keen kennen, een trailer mat neier musek, nei locations, nei acteuren…
Waat ech dunn net sou gudd fonnt hun war wou ech den film gesin haat: do war den WOW effekt weg, an zwar well ech quasi schon alles(an eenzeleen Zombie, all acteur, d’locations) am trailer an op den fotoen gesin haat. Kloer, story war nei, mee sou deiw grenneg war se jo och rem net ;P
Bon , et kann een och KML virwerfen se geingen zevill verroden (vlait huet een och schon alles vun Mona gesin wann een fotoen an den trailer ukuckt) mee et ass jiddenfalls wichteg keng pointen oder iwweraschungen am film ze verroden. Hätt een lo am zombiefilm trailer zombien net gewissen, wier d’iwwerraschung am kino grouss gewierscht, mee den trailer mei langweileg(een zombiefilm trailer ouni zombien?? dat geet och net).
Souvill zu mengen gedanken op engem donneschden moien
jiddenfalls sin ech gespaant, d’set fotoen veroden net immens vill(just dass stemmung awer gudd war an dass d’material net vun schlechten eltren ass
Franky
27.11.2008
just nach eng mini kritik dei ech als informatiker awer muss lassgin.
GIF biller ze benotzen ass secher net den beschten choix, 256 faarwen gin oft net duer fir eng foto (waat een deelweis gesait durch verpixelung)
fuuss
27.11.2008
Tjo an den Fuuss ass och esou guer op enger Foto tadaaaa
Barnig
27.11.2008
Frank, mir weisen net zevill Fotos!
Bei MONA an och lo bei DREAMCELL goufe just Fotos (Screenshots/Making of) veröffentlecht dei net zevill veroden a wat dem Film emmer nach den neidegen Iwerraschungseffekt leist.
Vill gail Fotos kennen dohier NIE online gesaat gin! Ass schued, mee daat muss een eben a kaaf huelen. Des Fotos kenn een freistens 10 Joer no enger produktioun eemol weissen, well da souwisou jidereen de Film gesin huet.
Zu de Minutte, Frank:
DACH, KML huet fir Nebula insgesamt em di 26 x60′ MiniDV verpolfert daat entsprecht 1560 min. (fir e Film vu 55 min.)
Ech perseinlech fannen daat iwerdriwen vill! An et muss een sech d’Fro stellen, wisou een suvill Rush brauch!!
Wann ee gezielt wees, wei ee Film hanneno soll ausgesin + d’Akteuren genau wessen, waat se ze soen hun, an sech net ze oft verschwätzen, dierft daat net suvill gin.
Franky
27.11.2008
jo, hun ech gesin, lauter petzen an fuussen
fuuss
27.11.2008
hmm nee just 1 x den Fuuss muss en jo net alles iwerdreiwen
petz
27.11.2008
@franky : gudden Résumé vum Dilemma tëscht ze vill weisen a näischt (oder baal näischt) weisen. Regen mech perséinlech ëmmer op wann een an amerikaneschen Traileren schon all d’Schlësselszenen vum Film gesäit. Daat wärd ons dës Kéier ganz sëcher nët virkommen an den Mystère wärd erhaalen bleiwen…. huuuuhuuuhh
@marc : Daat ass die klassesch Fro vum “shooting ratio” (en.wikipedia.org/wiki/Shooting_ratio). Wann een dovun ausgeet, dass mir bis elo ronn 70% vum Film gedréiht hun, also eng ronn 60 Minuten, bei 1.200 Minuten Gesamt-Opnahmen, dann hun mir een shooting ratio vun 1:20 waat effektiv héisch ass. Deen mussen mir an Zukunft erof kréien, mee mir sin eben nach Ufänger an huelen oft Szenen aus Sëcherheetgrënn e puer mol op. Waat mer méi Erfahrung werden hun, waat onsen shooting ratio méi erof goen wärd. Ideal fannen ech een ratio vun 1:5, also fir all Minute déi am Film ze gesin sin, gin 5 Minuten Filmmaterial opgeholl.
Franky
21.11.2008
hmm marc, wei ass dann ratio vun eisen aneren filmer?
bei Legend of Bigfoot war se ongefeier 1:2 (mei wei d’haltschend vum film material ass och am film Dat war natirlech fatal well een oft just den choix tescht enger schlechter an enger nach mei schlechter szeen haat
1:20 ass häfteg, ech hoffen(ech gin dovun aus) dass der alles schein struktureiert an numereiert hut, well soss kann dat beim cut scheinen chaos gin
CArLO
27.11.2008
Fier mech keinten et nach mei minuten sin
@Frank lee dai kaap anrou den Petz den numereiert alles 3 mol (3secherheets kopien)
petz
27.11.2008
Vu dass ech de Montage selwer man, man ech mer nët allzevill Suergen. All ons Clipen sin kloer no den Szenen aus dem Dréihbuch gegliddert a numeréiert an ech léen vill Wert op eng ganz strikt Uerdnung um Harddisk an am Montage-Programm. Sin zouversichtlech, dass mer daat Bescht aus den Opnahmen eraushuelen. Mir wärden awer och méi wéi sëcher nach eng oder die aaner Astellung, haaptsächlech insert-shots a cutaways (en.wikipedia.org/wiki/Insert_(film)) nodréihen wa mer mengen, dass daat eng Szene méi liesbar machen kann.
CArLO
27.11.2008
Petz, du bass main liebling
Franky
01.12.2008
get et den teaser schon ? oder get den lo an 2 wochen reicht gemach
petz
01.12.2008
Een Teaser gët ett nach nët, mee mir probéieren EXTRA FIR D’KML-SOIREE een färteg ze schnëpplen deen dann och EXKLUSIV bei iech ze gesin ass (d.h. mir setzen sie herno NET online). Geséis du? Esou sin mir mat iech!!!
Barnig
01.12.2008
Merci, Petz!
petz
01.12.2008
Wa mir färteg gin, dann soen mir Merci. Ett ass nämlech eng exzellent Geléenheet fir een kléngen “test screening” vun onsen Iddin ze man
muffpuff
01.12.2008
Uiiiii wou ass daat, kann ech och kommen deen Teaser gesin? Sin mega OBskura Fan, an well daat net verpassen!
Barnig
01.12.2008
Ma du misst dei Informatioun awer su lues kriit hun oder bass de na net an der offizieller an informativer KML – NEWSLETTER
da maach dech bai, a scheck mer e mail
Franky
01.12.2008
all mensch kann kommen , all infos hei:
www.kml.lu
muffpuff
01.12.2008
Oh super. do muss ech kommen! Merci
Barnig
01.12.2008
Frank, lo demisioneiren ech geschwenn als President!
De Site ab und zu ze visiteiren ass net verbueden, an daat soll o net nemmen vun dir a vu mir gema gin
Barnig
01.12.2008
Mir hun dei neisten NEWS emmer op der Haaptsait stoen, a wann een dorop klickt, kriit een Details!
an och do kann een och emmer na weider zreckkucken bis 2006
Franky
01.12.2008
den Muffpuff häTt et soss net fonnt… een mei den den samsten owend kennt.. dat ass jo gudd
CArLO
01.12.2008
muffpuff, main aller aller beschten lieblings greissten Obskura Fan…………..
………… dann gesinn mier eis jo net den samsden
fuuss
02.12.2008
Also ech fannen daat gutt fir hei direkt en link ze kreihen , anstatt iwert dei tonnen fun Html seiten ze bliederen
Barnig
02.12.2008
Jo ech gleewen
ass o mi einfach…
dobai steet all neien UPDATE direkt op der Ufankssait, hellt engem 3 sek. vir do kuerz kucken ze goen, wat et neits get respk. upgedate gouf
fuuss
02.12.2008
tjo mee daat nennt en einfach service direkt den Link tadaa
also Franky ech fannen du mess daat tiptop esou
Franky
02.12.2008
d’leit am forum vergiessen oft dass et nach een site get
ech gin och net all daag op den LMT blog fir no engem update ze kucken .. mer hun jo den Petz service den eis emmer seet wann een update do ass
Barnig
02.12.2008
jo okey,…
ass awa selwechte prinzip
fuuss
02.12.2008
majo ass dach alles tiptop esou
Barnig
02.12.2008
ass awa och schei krass an interessant, wei een vun engem TOPIC ofkennt
CArLO
02.12.2008
Fannen och tscheft, hei ass strikt fier LMT reserveiert………………
…………macht dier ären egenen ***** topic op.
Muss zwar soen dass mat iwwer 2500 klicks ass den LMT den TOP Topic
fuuss
03.12.2008
Hey eisen Topic iwerhellt nach den Wrestling Topic LMT Rulez
Barnig
03.12.2008
Lo so net, dee wäer op eischter plaatz!
petz
03.12.2008
Ech bleiwen beim Topic an wollt just kuerz mellen, dass die englesch Versioun vum Blog och online ass ennert blog.obskura.lu/category/production-diaries-english-version
fuuss
03.12.2008
Tiptop eisen Petz
CArLO
03.12.2008
Petz sos bass du dach nie esou seier
Ass eppes geschitt? Hues du congé? Hues du keng aarbescht?
Philippe
03.12.2008
3) Budgeting the movie
Even for a low- oder no-budget production…
mist daat net sin: even for a low- or no- budget production…
mee ech fannen den blog mega interessant wollt ech nach soen. wirklech geil.
fuuss
03.12.2008
Ech mengen ech muss och do emol acces kreihen fir eppes daerfen an den blog ze schreiwen
Barnig
03.12.2008
jo … ech mengen da geet daat sou seier aus dem context wei hei
petz
03.12.2008
@ Philippe : Merci, de Fehler ass verbessert. Schéin, dass der de Blog gefällt. An den nächsten Episoden wärd ech mech méi mat der Postproduktioun beschäftegen an eventuell eng Kéier eppes iwwer den Financement vun engem Lowcost-Filmprojet schreiwen.
@ Fuuss : Ech mengen mir mussen fir d’éischt emol ons Traileren färteg man fir d’KML-Nuecht an dann kriss du gär een Accès op…. däin eegenen Blog, deen dann z.B. “The Untold Truth about Luxembourg Mystery Tale” heeschen kann…
fuuss
04.12.2008
UIuiuiuiui ass gutt Chef , ech gin weider schaffen
petz
04.12.2008
Fir all déi Leit, déi nei am Forum sin an Obskura a.s.b.l. vläit nach nët kennen, hei einfachheetshalber e puer Links zu onsen schlëmmsten Verbriechen:
Site vun Obskura a.s.b.l. : www.obskura.lu
Produktiouns-Tagebuch vun onsem neien Film “Luxembourg Mystery Tale” :
– lëtzebuergesch Versioun : blog.obskura.lu/category/production-diairies
– englesch Versioun : blog.obskura.lu/category/production-diaries-english-version
Site vun onsem éischten Film : www.zombiefilm.lu
Die schéinsten Kritiken vum éischten Film :
– Revue : www.zombiefilm.lu/uploads/press/revue.pdf
– RTL Radio : www.zombiefilm.lu/uploads/press/dvdvunderwoch.mp3
– Feierkrop : www.zombiefilm.lu/uploads/press/feierkrop.pdf
– 100,7 : www.zombiefilm.lu/uploads/press/interview100komma7.mp3
Wou a wéini gët ëtt EXKLUSIV eppes Neies vun Obskura ze gesin : www.kml.lu
CArLO
14.12.2008
PETZ, Himmel nondi Tschöööööööööööööööööööööööööööööööööööööööööööööö,
Leit sollen einfach emol iwwert eisen site surfen an dann fannen se dei saachen schon eraus, an iwregens bei eisen news fennt een emmer nei saachen.
Du mess hinnen dat fill ze fill einfach
fuuss
05.12.2008
esou daat doten woren awer elo genug smilie’n fir dest Joer
Franky
05.12.2008
WOOT?
carlo du schreiws genee wei den Marc
petz
05.12.2008
Tjo, Franky, waat wölls du hun? De Carlo an de Fuuss déi säen esou lang u mengen schéinen Stull bis ech eng Kéier op mäin Allerwertesten plumsen an eréischt dann gin déi zwee sech zefridden. Ech hun ett hei bei Obskura op manst esou schwéier wéi de Marc bei KML, wann nët méi…
Aaaner Sach: Elo bréngen mir dach tatsächlech KML-exklusiv Teaseren op är KML-Soirée an dann gët daat nët mol op ärer Affiche annoncéiert, dobäi sin ons Teaser nët nëmmen exklusiv fir d’Filmakers Night mee och niewt den 2 neien KML-Produktiounen daat eenzegt wirklech neit Amateur-Material daat een op der Soirée ze gesin kritt. Eng Annonce am Genre :
Exclusively on Filmakers Night : Discover the Secret New Feature Movie of the Makers of the 2005 Smash Hit Zombiefilm !!! Miss it at your own peril !!!
… hätt dach bestëmmt ageschloen wéi eng Bomm! Tz, tz, nët seriö daat. Dann hoffen mer alt , dass wéinstens e puer Leit dësen Forum liesen…
Franky
05.12.2008
all LMT fan wees souwiesou dass den teaser nächst woch gewissen get
ech hoffen just dass um 20h10 net den sall eidel ass wann all LMT fans op hier käschten komm sin
petz
05.12.2008
Wéi ass dann de genauen Ooflaaf vun der Soirée? Mir mussen onsen Teaser (deen ganz kuerz ass) jo nët direkt am Ufank weisen… à voir wéi mer ons do eenz gin…
Barnig
05.12.2008
Petz, mir hätten daat ganz secherlech drop gesaat,
mee well mer zu 3 Gruppen daat organiseiren, gouf leider glaich um ufank gesoot, dass mer KENG affiche maan (och wann eng um internet circuleiert) ass daat awa keng offiziell (!)
Et soll nexte weekend einfach nemmen mol en Test sin, fir ze kucken wien kennt, op vill leit kommen, an op een daat next Joer namol mei grouss anonceiert (dann och mat Affiche an alles wat dozou geheiert, fir de neidegen Recht vum Land ze informeiren)
Mee egal wei: ebs ass secher, fir den exklusiven Teaser, hätt der egaal wei scho missen virun 2 Meint dann 100% wessen, op deen dalo faerdeg get oder net. An daat war op der 10 Joer Feier vu KML jo nach net de fall, do wosst der et jo na net. Ech mengen et ass lo reicht 1 Mount fest, dass deen exklusiv weise kennt, an daat ass och bei enger Affiche ze speit. Da kann een heechstens na Sticker drop päschen, wu daat dann drop steet …
verstees, de ?
Mee et get wi gesoot keng offiziell Affiche! Jidereen mecht op seng Art & Weis dei neideg publiciteit, fir ze kucken wat dobai rauskennt … ass jo och eng flott surprise dann duerno, oder net
Barnig
05.12.2008
Fir dain Teaser, dee geing ech am leifsten un den ufank vun der 2ter partie hänken
dann ass de carlo awa na vlait rechtzaiteg do, an d’leit laafen net direkt all fort
daat gesi mer…
mir treffen eis namol dese weekend, fir lescht details kloer ze stellen, an dann ufank der woch, kann ech hei all Infos an Donnéen vun der Soirée praisgin!
fuuss
05.12.2008
Cool , hues de heieren Petz den Marc mecht elo stickeren fir drop
deck cool
Also ech geif eisen Teaser gutt an der Mett fannen firum KML Film , well et jo exclusiv fir KML ass
Barnig
05.12.2008
Dat kenn der och annonceiren, wann der wellt.
All Regisseur mecht jo eng Introduktioun zu sengem Film, wisou net ee vun ärch eng kleng Intro virum Trailer
A su kinnt am ufank vum owend scho mol direkt vun 3 premieren geschwaat gin, am plaatz just vun 2
fuuss
05.12.2008
daat heescht du weils den direkt am unfank brengen ?
Barnig
05.12.2008
Nee et sin jo 2 Deeler
An am 2ten deel leeft just de 60minütegen TURTONE .. do kinnt ee virdrun den Trailer setzen…
obwuel de Romain o na ee clip vun 10′ matbrengt.
Mir gesin daat… mee ganz un den ufank (also vum eischten deel) geing ech en net onbedingt setzen.
Breng dir dalo e Laptop mat? DVD? oder waat?
(dei 2 saachen wieren am sechersten
petz
05.12.2008
Marc: kee Problem mat der Affiche. Nächst Joër man mir dann méi fréih mat…
Mir bréngen dann DVD + Laptop mat an dann kucken mer sur place waat am beschten funktionéiert. Als AP kanns du onsen Teaser souwisou nët verkaafen (och wann en soss néierens leeft) well dofir sin die puer Sekonnen Film dach ze kuerz. Vu dass ons heinsdo virgeworf gët, dass mer näischt produzéieren oder näischt vun onsen Projet’n weisen, wöllen mir eben einfach och onsen kléngen Mini-Beitrag zum Owend leeschten.
fuuss
05.12.2008
Jo ass jo un sech och en Teaser an keen Trailer
Ech geif soen dass mer en fun der DVD oofspillenw aer mei einfach
esou fill qualiteit gewannen mer net wann et keen High End Projecter ass
Franky
05.12.2008
souvill obwand weinst puer sekonne
dat material ass jo nach mei begeert wei szeenen aus engem neien 007 film oder Spielberg
ech fillen mech jiddenfalls geeiert dass den owend eppes exklusives gewissen get!
fuuss
05.12.2008
Hei an dir daerft net vergiesse ( ausser ech soen eppes falsches) mee ech mengen dei Teaser kommen nach net op den Site gell Petz
just exklusiv do an dann gin se erem angepackt bis next Joer
CArLO
05.12.2008
Esou elo soen ech et fier d’lescht dat hei ass LMT topic……
TSCHÖ
CArLO
05.12.2008
Sos get den owend guer naischt gewisen
petz
05.12.2008
@ Fränky : Glups! Nu ward léiwer bis du Teaser gesin hues, éiers du dech geéiert fills… mir wöllen keen enttäuschen
Et geet ons jo just drëms, dass Obskura nët ganz vergiess gët bei der Filmnuecht am Genre :
SCENE 1 : EXT. VIRUM PROJEKTIOUNSSALL
Den Zuschauer 1 gesäit een Autocollant op der Fimmakers Night Affiche, wou den Last-Minute Teaser vun Obskura ugekönnegt gët.
ZUSCHAUER 1
Obskura? Ween ass daat dann? Nie héieren!
ZUSCHAUER 2
Man déi nët deen neien Krichfilm do?
ZUSCHAUER 1
Ma nee, daat ass dach Feierblumm!
ZUSCHAUER 2
Ah, richteg, Obskura daat mussen dann déi vum Bommeléër sin!
ZUSCHAUER 1
Ma nee, Du hues och guer keng Ahnung! Daat ass Pyrrhus.
ZUSCHAUER 2
Ah jo richteg, waat huet Obskura da gemach?
ZUSCHAUER 1
Keng Ahnung, wahrscheinlech Turtone?
ZUSCHAUER 2
Quatsch, hei op der Affiche steet daat wieren d’Jungs vun Turtle Stone!
ZUSCHAUER 1
Ah bon, da wart ech froen mol de Mich (…) De Mich mengt déi hätten anscheinend virun Ur-Zäiten mol een Zombiefilm gedréiht an daat op lëtzebuergesch.
ZUSCHAUER 2
Zombiefilm? Een lëtzebuerger Zombiefilm?? Connais pas! Wann daat eppes gewiecht wier, hätt ech ganz sëcher dovun héieren!
ZUSCHAUER 1
Jo, ech och! Wahrscheinlech sin ett irgendwëlleg Vakanzenfilmer déi elo gär hieren Film vun hierer leschter Sauf-Tuer zu Mallorca als Action-Film verkaafen wöllen…
ZUSCHAUER 2
Har, har! Komm mir gin ons mol eng Béier sichen éier ett lass geet.
De Fuuss iert sech nët. Ett bleiwt eng KML-Exkusivitéit a mir hun nët wölls Teaser herno op onsem Site ze publizéieren. Voilà! Da MUSS all Mënsch deen onsen Mini-Teaser gesin wöll op d’Filmaker Night kommen
Barnig
05.12.2008
Tiptop Petz,…
du mess der jo wirklech fir alles dai Scenario!
All Respekt!
mee ech huelen awer un, dass am Teaser dee saatz steet “Vun de maacher vum Zombiefilm”
oder iiiren ech mech
petz
05.12.2008
Vläit… vläit och nët
Franky
05.12.2008
haha ze gudd dei diskussion, mee sou ass et awer!
ech kennen vill leit dei do (net mei) durchblecken well et momentan extrem vill “filmproduzenten” gin
an dobai meschen vill leit bei villen platzen mat, respektiv wiesselen verainer oder cooporeiren bei aneren projeten.
an lo back to LMT, soss get eisen gudden Carlo queesch
CArLO
06.12.2008
Ech soen just een:
Ech mengen, ech mengen, ech mengen…………………………….
CArLO
06.12.2008
………………………….. dier kommt elo mol all zereck op den buedem fun er realiteit, Amateur bleift Amateur, mee et gin och ausnahmen
Franky
12.12.2008
der sidd dei bescht, dat ass bekannt, an 99% huet LMT dem carlo weinst sengen superopnahmen ze verdanken
CArLO
12.12.2008
OH Frank mengen dat net an iwwerhaapt ech sollt naischt soen mee elo kommen ech net mei dolanscht.
Carlo ass NET den Kameramann fum LMT
Franky
13.12.2008
WAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAT?
Franky
15.12.2008
SPOILER ALERT
ok, als eischt groussen merci fir dei exklusiviteit!!!!!!!!!! an fir grouss KML an engem obskura teaser ze liesen mecht mech richteg stolz
nom teaser war ech bessen durcherneen…
Technesch war dat ganzt absolut un der spetzt(och wann 60% net gefilmt war mee aus dem PC komm ass).. mee waat do lo genee gewissen gin ass , ass mer een rätsel… een Acteur aus ZF ass ze gesin, een Petz den d’Welt rett… et hat jiddenfalls een WOW effekt, mee ech sin mer vir komm wei am falschen film.
– Ass dat just eng à la Tarantino/Rodriquez Grindhouse?
– ännert den LMT sain working title an entpuppt sech zum ZF2 oder zu engem superhero movie?
– laafen des teaseren vlait am Film selwer(als draam sequenz oder op enger Tele am film?
keen wees et..
dei eenzeg negativ kritik dei ech dann hun ass dass dat ganzt net mei vill mat europäeschem (Amateur) film ze din huet… et geet total richtung hollywood(schon alleng den speaker). Ech well och net wessen waat dat kascht huet(et kann keen mer zielen den teaser wier spontan an 5 minuten gemach gin) D’erwardungen op den LMT gin doduerch EXTREM heich gestallt
ech sin gespaant!
Barnig
15.12.2008
ären Exklusiven Teaser war total cool.
All Respekt dofir, an och fir dei Arbecht (a Budget) vu do hanner stecht. Et kann ee wirklech soen, dass all deijeneg vu net op der Filmakers Night waren DEFINITIV eng verpasst hun, ech hun allerdings eng Remarque ze maan:
“Wisou, si der ALLEGUERTEN no ärem Teaser heem gaangen? Huet bessi su gewierkt: Ok lo hu mer jo eise Video gewisen, da kenne mer lo goen”
Oder sid der alleguerten op mysterieis art&weis verschwonnen , geheiert daat zu ärem Konzept?
Barnig
15.12.2008
Frank, keng 60% mee mindestens 85% war PC Arbecht
petz
15.12.2008
Salut Marc, salut Frank,
Merci fir die positiv Kritiken an Ureegungen. Wärd kucken fir spéider am Dag oder den Owend zousätzlech Infos zu onser Trailer-Show ze gin an op är Froen an Remarquen ze äntweren. Mir sin ons bewosst, dass ons kuerz Trailer-Show méi Froen opgeworf wéi Äntwerten gin huet, mee ech wärd alles am Forum hei erklären esoubaal ech e bessi méi Zäit hun. Wor op alle Fall een interessanten Owend an sëcher eng Initiative déi der weiderféieren sollt (vläit zesummen mat Open Screen?).
Bis geschwönn
Petz
Franky
15.12.2008
mol dovun ofgesin op mer den speideren LMT gefällt oder net… et ass jiddenfalls den Film wou ech gespaant sin wei een Flitzebou!
ähnlech wei virun puer joer mam ZF mengen ech dass den Film lo schon extrem polariseiert well ech nees guer keen plang hun waat mech lo do wirklech erwaart. Waat marketing oder opmierksamkeet ereegen ugeet ass fir mech OBskura einfach total den King hei am land an wert secher dei aner longmétragen 2009 bessen an den Schied stellen waat den groussen Publique ugeet.
wei gesot, ech sin gespaant, an ech kann just warden bis den faerdegen film raus ass, dann kennt meng haart Kritik, respektiv an nach vill mei kneppelhaart kritik vum Claude
CArLO
15.12.2008
Wann Obskura elo schon 85% pc Aarbescht mescht dann kann ech jo an den chomage goen
Franky
15.12.2008
ech duecht du wiers net den cameraman vun LMT?
CArLO
15.12.2008
Jo ech sin nach emmer den Kameramann fun Obskura och wann ech net Kamera bein LMT machen
sheepie
15.12.2008
Solle mer hinne verroden dass et em den Zombie-Superhero “Captain Knightro” geet, oder ass et dofir nach ze fréi?
CArLO
15.12.2008
Dat doten war awer elo net leiw, dat war net ofgemacht fier dat esou frei ze soen……………………..
petz
16.12.2008
Hei wéi ugekönnegt e puer Remarquen an Informatiounen zu onser kuerzer Teaser-Show.
Fir d’éischt emol e puer (nët all) d’Äntwerten op d’Fro : Firwaat déi Teaser-Show?
1) Well KML ons invitéiert huet, mir d’Invitatioun ugeholl hun a mir ons Verspiechen haalen wollten exklusiv op ärer Filmnuecht neit Obskura-Material ze weisen.
2) Well “Luxembourg Mystery Tale” (LMT) nach lang nët prett ass…
3) Well mer onsen Workflow fir d’Post-Produktioun vun LMT testen wollten. Mir hun an nei Software investéiert fir d’Post-Produktioun, de Compositing an d’FX ze machen a wollten einfach un Hand vun e puer Teaseren probéieren wéi mer domat eenz gin an wéi mer am beschten domat schaffen. Mir schaffen esouwuel op PC wéi op MAC (sorry Fuuss) an ons Projet’n mussen op deenen zwee Computeren laafen a compatibel bleiwen, domat die verschidden Etappen vun der Postproduktioun vun verschiddenen Leit können gemach gin. Fehler man mir léiwer op engem Teaser wéi um LMT.
4) Well mer schon e puer mol vun verschidden Säiten virgeworf kruten nie bei Amateur-Evénementer mat ze man. Mir wéilten jo gär méi oft matman, mee mir können leider näischt weisen waat nët existéiert, nët prett ass oder wou mer mat der Qualitéit nët zefridden sin.
5) Well mer zanter Zombiefilm näischt produzéiert hun an einfach testen wollten ob daat Wëssen waat mer zanterhier gesammelt hun, ons och wirklech erlaaben géif d’Qualitéit vun onser Arbecht ze verbesseren. Gläichzäiteg wollten mir natirlech och wëssen wéi mer ons qualitativ par rapport zu den aaneren Clubs positionéieren.
6) Well mer d’Leit virwëllseg machen wöllen
7) Well et ganz einfach Spaas gemach huet an daat wuel den Haaptgrond ass firwaat mir iwwerhaapt Filmer man.
@Franky:
– Merci fir den “WOW Effekt”. Daat ass daat schéinsten Kompliment daats du ons machen kanns well onsen 8. Grond fir d’Teaser-Show ze man wor natirlech ze probéieren den Publique nët nëmmen kuerz ze ennerhaalen mee och probéieren hien ze beandrocken (waat fir een Filmmaacher wöll daat nët?).
– Deng 3 Theorien zum Sënn an Zweck vun den Teaseren sin iwwregens all héich interessant… Méi kann ech dozou nach nët soen
– Mat der Kritik, dass mer zevill a Richtung Hollywood gin, kann ech perséinlech eemenz gudd liewen well daat empfannen mir als Kompliment fir ons Arbecht, schliesslech wöllen mir mat LMT een rengen Entertainment-Film a keen Arthouse-Film man, an daat heescht, dass mer herno am Kino géint ganz haart Konkurrenz mussen probéieren ze bestoen. Dofir färten ech och, dass d’Kritiken vun dir a vum Claude effektiv “knëppelhaart” werden ausfaalen. Ech din mech schon mol warm un
– Den ZF2 Teaser hun mir an 2,5 Stonnen gedréiht. Wien opgepasst huet, huet gemierkt, dass den ganzen Teaser aus just 3 Astellungen an een Shot vum Mound (deen mer iwwregens just gemach haaten fir d’Kamera ze testen) bestoung. Ganzen Montage an Vertounung wor an engem Owend gelaaf. Wien selwer montéiert, wees dass mer do keng Geschichten erzielen.
– den Knightro huet just an der Postproduktioun wesentlech méi Arbecht (+/-2 Deeg) verlangt wéinst den ganzen sichtbaren an onsichtbaren FX déi an deem kuerzen Clip dra woren. Onsen FX-Junkie Fuuss haat do e puer Doping-Pëllen an eng Nuetsschicht angeheit an einfach e bessi gezaubert… och wann hien herno ganz bescheiden gemengt huet: “Oh Petz, daat wor dach guer näischt”.
@Marc
– Merci fir den “total cool”. Sin natirech frouh, wann den Teaser och dir gudd gefall huet. Mir wollten jo och virun der Filmnuecht e bessi Spannung opbauen ouni awer d’Leit herno ze enttäuschen an trotzdem de Mystère honderem LMT irgendwéi ze bewahren. Ech mengen och nët dass mir d’Leit enttäuscht hun, och wann mer vläit nët daat gewiesen hun waat verschidden Leit sech erward haaten. Wor eben eng Iwwerraschung, déi e bessi fir Gespräichsstoff suergen sollt.
@ Marc an Franky
– Budget fir die ganz Teaser-Show wor – believe it or not – quasi null, waat beweist, dass een och ouni vill Moyen’s mee mat enger motivéierter Equipe an e puer originell Iddien eppes Flottes machen kann (bon, sëcher eng Kamera an een PC brauch een ëmmer)
– Dass een Deel vun der Show aus digital generéierten Biller besteet ass keen Zoufall, an deem Domäne wöllen mer nämlech onsen know-how nach ausbauen fir ons nächst Projet’n.
– Dass mir no der Paus gang sin wor effektiv nët eemenz héiflech, sorry, mee de ganzen éischten Deel haat dach méi lang gedauert wéi erward a keen vun onser Equipe haat eppes giess an dunn wollten mer nach séier eppes happen goen éier alles zou wor…. Nächsten Kéier huelen mer ons een casse-croute mat esou wéi d’Zuschauer daat bei den éischten Editiounen vun der “Nuit du Film Fantastique” (RIP) gemach hun.
@Carlo: Du an de Chômage bei Obskura? Just iwwer meng Läich! Ausserdeem musst du nach deng Scholden bei Obskura oofschaffen an daat heescht op manst nach 20 Joër Zwangsarbecht bei Obskura.
@sheepie: Dofir ass ett nach definitiv ze fréih!!!
fuuss
16.12.2008
Ech schleissen mech dem un ,
Jo sorry @Marc dass mer esou freih gangen sin , mee mir haaten deelweis nuecht duerchgemach firdrun ( fir mat Zeit faerdeg ze gin) mir waren Hongerech an gebrach,
an et ass keen Witz dass mer DVD um 18 40 ereischt faerdeg haaten, do haaten mer och net fill Zeit fir ziessen.
@ Petz jo scheiss Mac ( esou domaater well ech all Mensch soen ech schaffen net mat Mac )
@ Jiddereen ech soen och nach eng Keier merci , den Owend huet mer gutt gefall
Fuuss
Franky
16.12.2008
okey okey, lo kann ech owes rem roueg schlofen well ech wees em waat et geet…
punkto FX nach een Kommentar: den Coment/explosion vum 2ten teaser kennen ech. Ech hun dei och an menger library Hudd der dann licsensen fir des “effects out of the can” sou an den faerdegen Film ze setzen? Dei meescht effekt libraryen kritt een just durch een happegen opprais, respektiv steet am klenggedrockten se dierften net fir kommerziel zwecker benotzt gin. Ech hun eng jet open source effekter(dei enner anerem vum Pierre an den 31 min. virkomm sin) mee dei sin net den brüller. NAtirlech kann een effekter sou parametrisieren dass een den standard effekt net mei remerkennt,….
bon just puer gedanken vun engem informatiker….
MAC ass wirklech dreck, do huet den Fuss rescht.
fuuss
16.12.2008
Apropos Fx fun 2ten Teaser
Also ech wees net wei weit ech elo hei daerf auspacken , mais un sech
1) Jo mir hun licensen an daerfen dei och benotzen
2) Daat sin un sech keng complett effects out of the can och wann et dono ausgeseit huet
a) Comet daat war Particle Effect ( ech sin net zefridden domatter well den problemer gebaut huet mat menger actueller Program Version ( Problems an de Z AXIS) an konnt en net esou dran setzten wei ech wollt vue que dass natirlech mir am Zeitdrock waren hun ech et einfach esou geloos
b) Explosion war just een out of the can effect dran ( aus Zeitdrock ) , den recht waren erem Particle Effect (fir Damp , Fire , an Stecker dei brennend eroffaalen
Ech wees dass et bei weiten net perfekt war mee Vue que dass ech domaater ereischt Samstes moies um 3 Auer an der Nuecht ungefangen hun war et esou hallef zefridden
Thanks Franky fir den Mac Dreck
Franky
16.12.2008
dach et gesait stramm aus.
Jo ech gin dovun aus dass dat particle effekter sin (scheck vun A aus 500 partiklen mat enger geschwindegkeet vun 15 an engem radius vun 15° dei sech no 0.5 sekonnen opleisen)
mee waat ech soen wollt, bei sou parametriseiert particleeffekter gesait keng sau wei een programm der benotzt. Wann een lo awer sou faerdeg effekter hellt an keng lizenzen huet an den film een oscar kritt, dann keint een problemer kreien
wien lo net mei nokennt soll zereck op sain MAC goen ;P
petz
16.12.2008
Ah, endlech eng richteg Diskussioun hei am Forum. De Fuuss huet daat alles richteg erklärt. Mir machen ons FX baal ëmmer selwer (ausser wann Zäitdrock ons zu schnellen Solutiounen zwëngt). Firwaat? Well selwer gemachten FX einfach besser ausgesin wéi agekaaften Sachen. Fir alles waat mir benotzen, bezuelen mir och d’Rechter (och wann ett einfach ass die Sachen gratis am Internet ze fannen). Dofir schloofen mir roueg, egal wou onsen Film herno laafen wärd. FX am LMT werden ALL original Obskura-FX sin, dorop haalen mir. FX werden mir och just do asetzen wou sie eppes zur Geschicht beidroen.
Wöll keng Mac/PC Diskussioun hei lass trëpplen. Ech schaffen op den 2 Systemer an keen ass perfekt. Wöll just soen, dass die Mac-Jünger déi emmer soen, Mac géif méi stabil laafen wéi PC ganz einfach Äppel mat Bieren vergläichen. MAC sin standardiséiert Computeren op deenen ass ett wesentlech méi einfach den OS ze optimiséieren. Windows oder Linux muss op Milliounen verschidden Maschinen stabil laafen. Daat ass eng ganz aaner Herausfuederung. Ech erkennen souwull Virdeeler vum PC wéi vum Mac a probéieren béid Systemer zu onsem beschten Avantage ze notzen.
Mir schaffen iwwregens mat der Adobe Production Suite well déi souwuel op PC wéi op MAC leeft an a mengen Aan der Konkurrenz a Sachen Integratioun vun de verschidden Programmen (Schnëtt, Compositing, Audiobearbechtung, DVD-Authoring) einfach wäit viraus ass. Mee am Fong ass de Programm egal, waat zielt sin d’Iddien an dass een eben mat senger Equipe ee Workflow fënnt mat deem all Mënsch liewen kann.
Barnig
16.12.2008
ech hun dei Teaser(show) sou ugesin, wi wann et wirklech zwar verschidden Szeenen sin, dei net onbedingt ebs mat LMT ze din hun, dir awa an all enzelnen Teaser/Show een vun ganz wiichtegen Effekter benotzen oder teste wellt, dei eben hanneno am faerdege Film eng wiichteg Roll spillen.
Punkto Iessen, kucken dass mer neexte keier e Grill opriichteg
fuuss
16.12.2008
An nach eppes klenges zu den FX
@ Franky jo esou ongefeier
Wann et een interesseiert kann ech och emol eng Keier puer erklaeren op eisem Blog zu FX oder PArticles gin , et wees en jo nie waat leit interesseiert
ech kann ierch eppes verspriechen et waerten puer genial Sachen am LMT dran sin fir FX Junki’en
dorop gin ech ierch mein Wuert
Nee ech well och keng ScheissMac an Geilen Pc diskussion hei hun ( dei hun ech schon aal daag wann ech mam Petz um telefon sin )
Mee et ass wirklech eng gutt erfahrung gewiercht fir ze testen wei Mac an PC kennen zesummen schaffen ( och wann mein Pc just 15 minuten gebraucht huet fir daat selwescht ze Renderen wei den Mac an 1 Stonn( bloed wann en vergesst Multicore Rendering anzeschalten))
Et keint en Natirlech och um Blog eng keier eppes iwert den Workflow schreiwen , soufern daat iergendeng S.. interesseiert
petz
16.12.2008
@marc :
– Du hues daat zimmlech richteg gesin…
– Grill ass eng fantastesch Iddi!
@fuuss :
Enn détailléierten Blog iwwer FX? Firwaat nët wann mer Zäit dofir kréien an wann daat een interesséiert. Dann missten mir awer baal den Teaser online setzen domat een wees iwwer waat een schwätzt an dann wier ett keng KML-Exlusivitéit méi.
Franky
16.12.2008
nee iwer FX wees ech genuch
mee ganz selwer macht der dei secher net, der benotzt programmer, respektiv particle effects aus den programmer(dei een kombineiren, configuereiren, editen kann)…
wann der dat alles selwer macht, dann musst der dei programmer och selwer schreiwen an net op professionnel programmer zereckgreifen.(mee dat mecht keng sau vlait pixar an co…)
am nebula dawn waren d’effekter och all “selwer” gemach… d’modeler vun den raumscheffer selwer am 3d opgebaut, d’explosionen an d’schess mat particlen erstallt.. etc.. an waat particle effekter ugeet, do gesait een tescht den programmer quasi null ennerscheed.
Fuss, kuck der den nebula mol un(oder hues du den schon gesin?), fannen dem pierre seng arbescht waat zersteierung vun den kirchbier heichheiser ugeet nach emmer oniwertraff
ech hun freier an filmer d’effekter einfach besser fonnt… Indy4 ass verschass durch FX.. FX an aalen filmer wei Terminator 2 sin haut nach besser wei zb am neien spiderman wou een direkt gesait:” do ass FX, do ass real”
Am beschten emmer souvill filmen wei et geet, an just am noutfall FX huelen (dei astellung huet hautesdaags keng sau mei)
Franky
16.12.2008
punkto mac vs PC.
ech schaffen mat engem clavier an enger maus op engem MAC an engem PC op 3 verschidden bildschirmer.. an et geet
mee trotzdem.. ech hassen mac
Barnig
16.12.2008
kirchbier
mengs de net et wier KIRCHBEIER ?
bon.. zreck an de Forum!
Also ech haalen a filmer guernet vill vun fx-effekter!
Zu den *GOLDEN* Hitchcock Zaiten, konnt een ALLES per Bild, Kamera, Schnett an Toun duerstellen, ouni “ze fuddelen” an sech d’Liewen duerch CGI oder FX mi liicht ze maan
petz
16.12.2008
@Franky: Iwwer FX wees du genuch? Et ben, Félicitatioun! Esou wäit sin ech nach nët an wöll ech ganz éierlech och nie kommen, well waat ech mech méi an d’Matière aschaffen waat ech méi feststellen, dass ett eemenz vill Beräicher vun den FX a vum Filmmachen gët déi ech an ons Team nach nët gudd genuch oder guer nët kennen (dofir machen mer jo Tester an probéieren Sachen aus) an ech hoffen, dass mir nach ganz vill ganz lang béiléieren können, domat mer ons Arbecht nach lang verbesseren können. Wann een genuch wees, dann heescht daat, dass een mat deem waat een erreecht huet, zefridden ass. Wann dir mat ärer Arbecht zefridden sidd, da freed daat mech fir iech.
Wann ech mer haut ZombieFilm ukucken, sin ech nach ëmmer houfrëg drop mee ech soen mer awer och, dass ech nach eemenz vill léieren muss, wann ons nächst Produktiounen sollen besser gin. Ech mengen ett ass um Enn just eng Fro waat fir eng Zieler een sech setzt a waat fir Ambitiounen een huet.
A wann mir soen, dass mir ons Effekter selwer machen, dann heescht daat, dass mir keng Effekter akaafen mee sie mat den verschidden dofir entwëckelten Softwaren selwer fabrizéieren. Du kanns z.b. digital Farwfilteren fir eng Software wéi After Effects kaafen oder eben am AE däin eegenen Farwfilter erstellen, du kanns z.b. mat agekaaften Schrëft-Animatiounen schaffen oder deng eegen Animatiounen erstelle. Du kanns fir zimmlech wéineg Suen färteg Logo-Animatiounen kaafen wou’s du just nach däin Numm agin muss oder du kanns deng eegen Logo-Animatioun vun Null op erstellen. Eng Logo-Animatioun wéi déi déi mir gewiesen hun, kanns du néierens kaafen. Du kanns héchstens een Spezialist deier bezuelen fir sie ze man. Mir man daat alles selwer wells du dann méi kreativ Méiglechkeeten hues.
Bon, ech verabschieden mech. Sin midd an hongreg.
Franky
16.12.2008
ma eis filteren, effekter, logoen, titelanimationen sin all och net kaaft, mee selwer gemach an dat seit eiser grenung.
ech sot net dass ech gudd am FX sin,(den pierre war do eisen meeschter) mee ech werklen awer schon laang mat dem geschier rem. KML logo animation ass am combustion an am 4D erstallt gin(natirlech rem vum pierre
klammer op: (Dreamcell haat vill FX effekter.. mee konscht un der sach war dass een den gros net gesin huet… dat waren frame fir frame retouchen (zb stativ am spigel wegretoucheiert oder 2 szenen zeitversaat an eng gesaat). am fong just sachen fir feeler dei um tournage geschitt sin speider ze korrigeiren oder Dreihbuch ennerungen nom tournage um PC ze korrigeieren).
Ech wees waat et do alles get, et wees wei et geet(oder keint goen), an ech wees dass et TONNEN vill zait kascht, an nerven… an dann wierkt et oft nach künstlech… (idem waat alles an den bereich fällt.. bluescreen opnahmen gin emmer verwuselt op den ränner(siehe nebula) do muss een pixel fir pixel alles wegretoucheiren… 3d modeller wierken zumols am amateur bereich extrem fad ouni dei gudd texturen)… an mam HD get den Job nach vill mei heavy!!
FX ass an bleiwt een zwispalt fir mech: effekter peppen filmer extrem op, mee oft wierken se total feel op der platz an zersteiren d’atmosphere. Et ermeiglecht amateur filmer vill sachen dei anescht net machbar wieren…
Mee ech schätzen nach emmer leit dei sou weit wei et geet drop verzichten.
ZF, sou weit ech mech errenneren kann huet just 1-2 CGI effekter.. kann mech just nach un den Strom erenneren den aus dem PC komm ass. Den rescht vum Film war alles real,(de worf vun der trennscheif, d’hütt dei verbrennt.. etc) mat miniatur opnahmen, mat klasseschen kameratricks…idem fir zombien..
d’filme machen huet sech geännert..och an der amateurszeen… 1999 hun mer nach benzin an d’sandkaul geschleeft fir säck unzefänken(dat war pain in the ass).. haut geet et duer wann een skriptkiddie 2 clicken op sengem neien Macbook mecht…
Barnig
16.12.2008
Ech schleeefen och haut benzinkanister mat op den dreih, wann ECH e film dreihnen.
Mee niemols eng Computeranimeiert explosioun
CArLO
16.12.2008
Frank’s zitat “stativ am spigel wegretoucheiert”
Aua wen war do Kameramann, elo mol eierlech dat sin saachen dat dierf net fier kommen an do gin et och keng ausnahmen………….
…………….. ech nerven um drei mei wei nemmen den Petz dommader fier dass esou saachen NET fier kommen.
Fier den rescht muss ech soen gefällt mier den forum emmer besser…………………
……………….
……………………………………………………………….
also ech sin fum pc op mac emgestiegen an kann Iech nemmen soen dier hudd dach keng ahnung
Franky
17.12.2008
lol
ech fueren dei PC-mac diskussion net weider …. ass affaire de gout… an ech sin nach emmer fir PC
Barnig
17.12.2008
Soll ech fir KML fir den HD-Umstieg e PC oder e MAC kaafen?
Franky
17.12.2008
PC
Franky
07.01.2009
mol einfach sou fresch an den Raum gefrot: get et een release datum vum film`? oder zumindest eng vague schätzung weieen joer/Quartal den Film seng Premiere feiert?
Barnig
07.01.2009
SUMMER 2009
sheepie
12.01.2009
Am Hierscht 2009 soll en erauskommen…
Franky
03.03.2009
any news?
weivill % bleiwen nach ofzedreinen?
petz
03.03.2009
Die leschten Détailer stin nach emmer ennert blog.obskura.lu/lb
Bis elo sin ronn 70% vum Film gedréiht. Die restlech 30% gin am Fréihjoër a Summer gedréiht. Wéi gesoot notzen mir den Wanter fir un der Postproduktioun ze schaffen, dofir gët ett och nët vill News. Vun deem waat bis elo gedréiht gouf, ass den Réihschnëtt zu +/- 75% färteg, waat +/- 45 Minuten Film mëcht. Wann de Réihschnëtt vun deenen éischten 70% vum Film ganz färteg ass, kommen mir op ronn 60 Minuten. Dann gët vertount, FX agesaat an de Feinschnëtt gemach. Vill méih gët ett leider nët ze soen. Mir schaffen drun a probéieren esou gudd a séier wéi méiglech virun ze kommen. En détailléierten Blog iwwer d’Postroduktioun publizéieren mir nächsten Mount.
Barnig
03.03.2009
Ma da gin et jo NEWS:
De Film kennt net mei 2009 eraus… waat jo ufanks sou geplangt war, oder
petz
03.03.2009
Ech gin ett op! Erklär een aaneren him daat. Ech haat geduecht onsen Blog wier kloer. Daat ass anscheinend nët de Fall.
Franky
04.03.2009
den film kennt hierscht 2009 Marc
wann sie manner filmen dann schneiden se eben.. dat ganzt leeft parallel.. also ass 2009 nach emmer dran
Barnig
04.03.2009
..get awa 2010
CArLO
06.03.2009
Marc dass du nach emmer net gemierkt hues dass guer keen film gedreit get an mier och keen film fier 2009 oder 2010 an den Kino brengen.
dat ganzt ass een riesen FAKE……………..
Franky
11.03.2009
… ech wosst et vun ufank un
alles ass een fake..
souguer den Carlo ass bestemmt nemmen een internetBOT
sheepie
17.03.2009
]— SYNTAX ERROR —
Retry? ( Y / N )
…wou wier dann den Ënnerscheed ob de Film Enn 2009 oder Ufank 2010 erauskéim?
Waat e Blödsinn…
PS @ obskura: D’Maquette fir d’Raumschëff vum Zombieplanéit ass och lo fäerdeg
petz
17.03.2009
@ Franky : Du hues alt nees als Eenzegen verstan waat ech probéiert hun ze erklären. Merci dass du mäin onkohärent Gesabbels op KMLesch iwwersetz!
@ Carlo : LMT een Riesen-Fake? Eng interessant Theorie. Vläit, mee nëmmen vläit, gët een jo eppes Neies op der nächster Edition vun der “Indie Horror Picture Show” gewuer…
@ Sheepie : Wéi géif d’Mia Wallace am Pulp Fiction soen “That’s a little bit more information than I need”… Mir sin all enthusiastesch iwwer onsen neien Film, mee mir mussen lues man mat der Diffusioun vun Infos, bis mer prett sin fir eng anstänneg Campagne ze man.
@ everyone: De Film könnt eraus wann en färteg ass an mir mam Resultat an der Qualitéit zefridden sin. Ugepeilten Release Termin ass Enn 2009. Wann ett méi lang gët, gët ett eben méi lang, mee am Moment leien mir nach an onsem Planning dran.
Barnig
17.03.2009
Bei der INDIE awa w.e.g. des keier ebess aussoendes … soss get geboooooooooooooot
p.s. a w.e.g. net nees dat selwecht
petz
18.03.2009
Ons Teaser-Show ass bis elo just op der KML-Filmnuecht gelaaf. Ett gin also nach vill Leit déi sie nach nët hun können gesin. D’Kollegen vun Feierblumm hun ons gesoot, dass daat fir sie keen Problem wier, fir die selwecht Teaser-Show nach eng Kéier bei hinnen an enger HD-Versioun ze weisen. Vläit faalen iech jo bei enger zweeter Visoun nei Détailer op. Ech fannen d’Ausoën tëscht den Zeilen woren zimmlech kloer…
Franky
18.03.2009
okey ech machen d’aaen grouss op, vlait endecken ech een detail mei
petz
18.03.2009
A wann der näischt Neies entdeckt, dann einfach nëmmen kräfteg buhe Haaptsach mir hun Ambiance am Sall! Wärd KML dann och eppes weisen?
Barnig
18.03.2009
Da steet awa des keier net mei Filmakers Night do, mee Indie Horror …
Ma mir hun den Dreamcell mol ageliwert .. kruten awa na naicht gesoot.
Episclerite huet och de MARIE SIDE dabei
Franky
30.04.2009
hmm ech hun den teaser net gesin
Franky
07.07.2009
och wann ech dem Petz lo een schrett viraus sinn:
et ass seit kuerzem een neien update um blog mat villen interessanten detailer. Dass de budget oft verstoppten käschten mat sech brengt ass mechtens de fall.
Biller op der filmreakter sait gesinn geschätzen 10xbesser aus wei ZF.
Mengen wann d’story nach iwerzeegen kann, dann steet dem erfoleg naischt mei am wee
petz
09.07.2009
@ Franky
Merci fir den Ecouragement! Mir sin frouh wann der ons Opnahmen gefaalen… ech gin mol dovun aus dass “10x besser wéi ZF” fir dech heescht dass du d’Opnahmen op manst gudd fënns =). Selbstverständlech ass de Film nët duerchgehend an där Qualitéit an et sin natirlech och vum visuellen Standpunkt hier vill méi banal Opnahmen dobäi, mee ett geet ons drëms e gudden Mix tëscht den Opnahmen ze fannen déi d’Geschicht virun bréngen an deenen wou mer wirklech probéieren eng visuell flott Ambiance ze schaafen. Déi 3 Biller an der Filmreakter-Gallery gin awer eng zimmlech gudd Iddi vum der Mystery-Ambiance déi mer a verschidden Szenen vum Film probéieren ze schaafen. Fir ons ass och dësen Film e grousst Experimentéier-Feld wou mer vill verschidden Techniken an Aarbechtsmethoden ausprobéieren. Verschidden Sachen klappen gudd, aanere manner, mee gross-modo sin ech bis elo zefridden mat deem waat mer an der Köscht hun.
Waat Story ugeet, hun mir ons Méih gin eng Geschicht zesummen ze stellen déi vun Ufank bis Schluss spannend an virun allem ennerhalsam bleiwt. Ob ons daat gelongen ass, muss letzendlech de Publique décidéieren. Op d’Kritiken vu KML fréen ech mech elo schon.
Ech wöll ierch och drun erënneren, dass der och bei ons am Blog Kommentare schreiwen könnt vun deenen dann all d’Visiteuren vum Blog profitéieren… mengen zwar nët, dass daat der am Moment schon vill sin. Bis geschwönn.
petz
17.08.2009
New Blog Entry
blog.obskura.lu/category/production-diaries-english-version English version
blog.obskura.lu/category/production-diairies Luxembourgish version
Cheers
Barnig
17.08.2009
Kruut daat scho per Facebook mat…
Gesait wirklech stramm aus-
Franky
17.08.2009
gesait wirklech top aus.
an der amateurszeen sin grouss “massenszeenen” eischter ganz rare. Et ass net evident souvill motiveiert leit fir 1 dag ze fannen(och wann platformen wei facebook et mei einfach machen).
kleng kml anekdot:
Dei eenzeg massenszeen dei KML bislo haat war Black King’s Way (Dei szeen am pub, dei an der faerdeger version quasi net mei dran ass) wou mer 50(?) statisten haaten. Den opwand ass wirklech rieseg all seng statisten enner kontroll ze hunn an oft enner zaitdrock ze schaffen. De virdeel war dass Statisten an engem cafe eben net wirklech eppes schauspillen mussen.
Barnig
18.08.2009
Dofir awer mindestens 4-6 nei gro Hoer op mengem Kapp, well an engem Café d’Leit drenken, an drenken, an drenken… an an all opnaahm nees d’Gedrenks vum Statist “F” ännert, de Statist “G” huet ausgedronk etc… daat ass mengen ech schlemmer,.. um Begriewnis hues de de virdeel, dass jidereen roueg a calme a nodenklech do stoe muss
petz
18.08.2009
Ons Kierfecht-Szene wärd definitiv am Film ze gesin sin, well sie essentiell fir de Développement vun der Geschicht ass.
Wou mir Dréihbuch zu “Zombie Film” geschriwwen haaten, haaten mir ons vun vir eran beim Choix vun den Dréiplazen a vun der Geschicht limitéiert (wéineg Dréihplazen, wéineg Schauspiller, wéineg Dialog an wéineg Spezialeffekter), fir sëcher ze sin, dass mer daat waat um Blaat stoung och herno dréihen konnten. An daat wor schon nët esou einfach wéi mer ons daat am Ufank geduet haaten…
Beim Schreiwen vun “LMT” hun ech mer guer keng Grenzen gesaat an einfach déi Geschicht geschriwwen, déi ech Loscht haat herno op der Leinwand ze gesin. Eréischt wou Dréihbuch färteg wor, hun ech mer mat onser Equipe Gedanken driwwer gemach, wéi die verschidden Szenen iwwerhaapt ze réaliséieren wieren. Daat wor eng echt Herausfuederung a mir können ons glécklech schätzen, dass bis op e puer ganz onwichteg Détailer wirklech alles bis elo am Film ze gesin ass, waat mer ons virgestallt hun. Doriwwer fréen mir ons, an den Zuschauer herno hoffentlech och. Et bleiwen awer nach e puer ganz wichteg Szenen ze dréien an mir wärden ons déi Zäit huelen, déi mer brauchen, fir och dës lescht Szenen propper an ouni falsch Kompromësser ze dréien. Daat Flott un engem Amateur- oder Semi-Pro-Film ass jo, dass du keen Zäitdrock hues, well jo keen vun ons dovun liewen muss an du der d’Zäit huelen kanns, d’Sachen esou gudd wéi méiglech ze man mat eben deenen Moyen déi’s du hues.
Infos iwwer d’Entwëcklung vum Projet werden wéi ëmmer an onregelméissegen Oofstänn op onsem Blog ze liesen sin.
petz
04.11.2009
Ett gesäit aus, wéi wann de Marc awer Recht géif behaalen: Release Datum vun LMT ass elo op éischt Halschend 2010 ugesaat. Mat e bësse Chance kréien ech dësen Weekend Zäit fir e puer News an onsen Produktiounsblog ze schreiwen.
Demno: bis geschwönn
Franky
09.11.2009
den üblechen Problem…egal wei laang a gutt een alles plangt, een delais kennt EMMER! (vun cirka 30%..)
Ech mengen et ass souwiesou besser emmer virsechteg mat Datumer emzegoen, oder just ganz vague ugaben ze ginn am platz am viraus een fixen datum rauszeschloen.
Et geeet oft duer dass een aus der Crew kuerz ausfällt(zb weinst iwerstonnen am beruf), een Acteur emol net kann kommen(well en deen dag krank gett) oder einfach een technechen deffekt antrett… a schon hängt een a muss den dreihplang emänneren an dat ganzt verschiebt sech no hannen. Bei baussenszenen spillt dann oft wieder net mat …
an an der postproduktion kann dann och nach villes schief goen waat verzögerungen matsechbrengt.
Filmermachen ass einfach onberechenbar an nie ze ennerschätzen
ech freen mech op den nächsten blog
petz
09.11.2009
Leider keen neien Blog, vu dass ech de Weekend um Büro verbruecht hun. Ons Dréihbuch huet 68 Szenen, dovun sin der 64 gedréit. Mir hoffen nach 2 weider Szenen dës Joër oofzedréien an die lescht 2 Szenen mussen mer dann wahrscheinlech Ufank nächst Joër dréien. An daat geet och just well et sech ëm Bannenszenen handelt, soss hätten mer nämlech carrément missen bis nächst Fréihjoër warden, vu dass onsen Film am Summer spillt. Ons ganz Equipe a Schauspiller sin op alle Fall frouh, wann den Tournage gepackt ass. Dono hoffen mer dann séier mat der Post-Produktioun an mam Marketing virun ze kommen. Ech kann just verspriechen, dass villes esou nach nët an enger Lëtzebuerger Produktioun ze gesin wor.
Barnig
10.11.2009
Mir gleewen dir Petz!
petz
11.12.2009
Eng kléng awer hoffentlech fein nei Säit am Blog.
Barnig
11.12.2009
wat ass dem Yves dann do op der eischter foto geschiit?
petz
11.12.2009
Ett wor die éischten Kéier, dass irgendeen sech um Set wirklech wéi gedoen huet … wannn een mol vun der Kéier oofgesäit, wou onsen léiwsten Kameramann Carlo an enger Freehand-Actionszene voll an een Stull geknallt ass a säin Been dono eng Riesenbölz haat… Den Yves haat sech déi Nuecht – trotz Secherheetvirkéierungen – de Fouss op 2 Plazen gebrach an huet 3 Wochen missen mat Krätschen goen. Hien huet trotzdeem drop gehaal seng Szenen déi Nuecht färteg ze spillen an wor och schon rëm die nächst Nuecht um Set fir seng Dialog-Szenen ze dréien. Fannen daat absolut bewonnerenswert, och wann ech nie esouvill Engagement vun engem Schauspiller verlangen géif. Den eenzegen Trouscht deen mir fir den Yves haaten, wor dass die Opnahmen wirklech zu den flottsten a stëmmungsvollsten am Film gehéieren…
Franky
11.12.2009
dat nennen ech engagement.
Verletzungen kennen emmer virkommen ,egal wei een sech virbereed
De marc haat schon een lach am kapp, an den fouss gebrach.. dat war awer nach alles an der PRE-KML phase..
mee seit dem ass awer naischt mei graves geschitt oder hunn ech do eppes verdrängt?.
Wei ass dat dann wann een sech richteg verletzt.. zb ee statist deen sech net sou fir de film opfert? kennt do eng assurance op? Ass de filmclub dann am fall dass hien fir alles muss opkommen? Oder losst der virum tournage jidderen ennerschreiwen dass hien fir sech selwer responsable ass?
Franky
11.12.2009
a gutt besserung!!!!
petz
11.12.2009
Daat ass iwwer die normal Krankenversechrung gelaaf, eng zousätzlech Assurance hun mir dës Joër nët oofgeschloss. D’Szene wor zwar eng Action-Szene mee u sech weider nët geféierlech oder mat irgendwellchen Risiken verbonn. Ett wor – wéi ëmmer bei Akzidenter – einfach ganz onglécklech gelaaf.
Barnig
14.12.2009
Bei eis ass och all Akteur fir sech selwer responsabel. Denken daat ass och total riichteg fir en Amateurfilm, bedenk wat daat kascht fir eng komplett assurance fir dei komplett crew un engem Filmtournage vu +/- 1 Joer!
Bei BKW gouf et e klengt Accident (villmei: ZWEE ) wu ech awer lo net well drop agoen
Franky
25.02.2010
Ech wir mol gespaannt wei et em de Film steet? sinn nach vill Szeenen ze dreinen?
Barnig
25.02.2010
Wini kennt en Trailer ?
petz
26.02.2010
Ett gët am Moment leider keng gréisser News zum Projet, ausser dass mer weider um Film schaffen. Vun den 68 Szenen vum Film bleiwen der elo nach 3 ze dréien. Perséinlech sin ech eemenz frouh, dass mer de Showdown vum Film oofgedréiht hun. D’Enn vun den Dréiarbechten ass also nët méi ganz wäit eweg an wann et esouwäit ass, gin et sëcher e puer Impressiounen zum ganzen Tournage a Wuert a Bild an onsem Blog.
A Moment mussen mir op de Retour vun enger vun onsen Haaptschauspillerinnen warden, daat am Ausland studéiert a just all 2-3 Méint op Lëtzebuerg zréckkommen kann, fir den Tournage oozeschléissen. Die Zäit dotëscht notzen mer fir um Montage vum Film ze schaffen an d’Vermarktung virzebereeden. Ausserdeem hun mer am Dezemebr a Januar 2 Optragsfilmer gedréit fir Suen fir d’Promotioun vum Film an d’Kees ze kréien. Mir schaffen och nach un engem neien Website, deen an e puer Wochen – zesummen mat éischten ganz konkreten Informatiounen zu onsem neien Film – wärd online goen. Wéilt gär méi verzielen mee am Moment mussen mer einfach weider schaffen, domat et och eppes Interessantes ze erzielen gët. De Projet geet virun, ech muss zougin méi lues wéi ech daat gär hätt, dofir awer bestänneg a sëcher. Wann ett interessant nei Informatiounen gin, mellen ech daat selbstverständlech hei am Forum.
Bis dohin wönschen ech ierch alles Gudds a vill Erfolleg bei ären Projet’n!
Franky
26.02.2010
ok dat klengt jo gutt. Do schengt eppes grousses op eis(op d’filmwelt) duer ze kommen.
mer si gespannt!
petz
04.09.2010
Wéi ëmmer gin die leschten News zu LMT als éischt hei am KML-Forum ugekönnegt : Et ass een neien Blog-Episode online!
– op englësch : blog.obskura.lu/category/production-diaries-english-version
– op lëtzebuergesch : blog.obskura.lu/category/production-diairies
Bis geschwönn!
Franky
06.09.2010
Merci fir den Update! De leschten update war nach vu 2009.
Et ass schued dass äeren Computer streikt, mee et muss een eben emmer mat allem rechnen(och an der Postproduktion).
Ee festen Datum am viraus festzeleen ass bei sou groussen Projeten einfach nemmen fatal…dee Feeler machen mer och net méi…
Merci fir déi cool Bloggen.. d’Hommagen un aaner Hoolywoodprodutionen sin einfach nemmen top
petz
06.09.2010
Schéin, dass de Blog (an d’Hommagen) der gefällt.
Wor selwer erschreckt wéi ech festgestallt hun, dass de leschten Update schon vun Enn 2009 ass! Ech wéilt och gär méi dachs eppes schreiwen, mee daat höllt mat den zwou Sproochenversiounen dach zimmlech vill Zäit an Usproch an daat ass natirlech Zäit déi ech nët um LMT schaffen kann. Fehlend Zäit ass iwwregens DEN Haaptgrond, firwaat den Projet nët méi séier virun geet. Wann mir haaptberuflech un onsen Filmer schaffen géifen, wieren mer elo schon mam 3ten, wann nët 4ten Film am gang. Mee mir wärden probéieren, elo méi regelméisseg News zum LMT ënnert d’Leit ze bréngen. Daat wärd awer nët ëmmer a Form vun engem Blog-Update geschéihen. Am Moment warden ech emol drop onsen Mac zrëck ze kréien an dann kucken mer mol wéivill vun den Daten a Programmer nei installéiert mussen gin, domat mer iwwerhaapt weiderschaffen können. Wärd ierch hei am Forum um Courant haalen.
petz
06.10.2010
RED HOT NEWS !
You read it here first : Obskura will die before the end of the week!
Hei steet et fir d’éischt : Obskura wärd virum Weekend stierwen!
More news in 2 days!
Weider Infos an 2 Deeg!
fuuss
07.10.2010
ooooooooohh nooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooo
Barnig
07.10.2010
riicht no TEASER
petz
07.10.2010
We wish! Leider nët! Wa mer een Teaser géifen virstellen, dann natirlech als éischt op der Filmmaker’s Night… Die richteg Infos gin – wéi versprach – fir d’éischt hei am Forum ugekönnegt!
petz
08.10.2010
As of today Obskura is officially dead! The new guy in town is Camera Obskura!
NEW NAME – NEW LOGO – www.cameraobskura.lu/fr/news/good-night-obskura-and-good-luck-camera-obskura
NEW VIDEO BLOG on NEW VIMEO CHANNEL -vimeo.com/channels/cameraobskura
NEW CASTING DATABASE – www.cameraobskura.lu/fr/casting
2 NEW STILLS of our upcoming feature film – www.cameraobskura.lu/fr/accueil
Barnig
08.10.2010
Okey,… gesait gud aus, mee wisou dee Wiesel?
petz
08.10.2010
Also de Grond firwaat mer Numm a Logo gewiesselt hun, steet jo kloer op der neier Websäit :
www.cameraobskura.lu/fr/news/good-night-obskura-and-good-luck-camera-obskura Par ce changement de nom, l’a.s.b.l. souhaite afficher plus clairement ses objectifs et activités. Depuis sa création en 2004, l’association a pour ambition de produire, réaliser et diffuser des courts- et longs-métrages indépendants au Luxembourg et “plutôt que d’expliquer l’origine du nom Obskura à chaque nouvel interlocuteur que nous rencontrons, nous avons préféré carrément changer de nom, de façon à ce qu’il n’y ait plus d’équivoque possible quant à son origine”, explique Patrick Ernzer, l’actuel président de l’a.s.b.l. “Tout un chacun a en effet du moins déjà entendu parler de l’appareil optique camera obscura (ou chambre noire) et même s’il ne connaît pas forcément le principe optique sous-jacent, il sait que cela a un rapport avec la projection d’images.”
Doriwwer eraus, mengen ech muss een Klub sech jo stänneg weiderentwëcklen an daat doten huet ons den nächsten logeschen Schrëtt ze sin geschéngt. Eng ganz pragmatesch Ursach gët et och: mir wollten de neien Site aus de Féiss hun, domat mer ons voll a ganz op onsen Film konzentréieren können an ons iwwer eng flott Webpräsenz keng Gedanken méi machen mussen wann mer endlech esouwäit sin fir de Film eraus ze bréngen, well do hun mer dann genuch mat der Promotioun vum Film ze din. Ausserdeem woren mer mam aalen Site nët ganz zefridden.
Et ass och einfach drëms gang nei Funktionalitéiten anzeféieren (casting database, méi Video’n, eng Newsletter, een eegenen Vimeo Channel).
An natirlech wëllen mer mam neien Videoblog d’Leit um Courant haalen iwwer ons laafend Projet’n.
fuuss
08.10.2010
Why does each era end and a new one begins ?
Franky
08.10.2010
ok… meng Kritik haalt iech un.
TOP
– den design vun der neier hompage ass em welten besser wei dei aal. Dei aal Homepage huet emmer iergendwei bessen eidel an ofärdeg ausgesinn.
– den inhalt ass och besser, ech freen mech mer mol dei nei videoen unzekucken(geet op der schaff leider net)
– nimm an fotoen vun de leit hannert obskura ass eng ganz gutt idee
TOP/FLOP?
– neit logo, neien Numm. Ech fannen et keng gudd Idee den numm vun engem club emzeänneren. Domat verstoppt äer och indirekt äer vergangenheet. An 10 Joer wees vlait keen mei dass der den Zombiefilm gemach hutt well do eben nach Obsukura steet an net Camera Obskura.
KML huet emol den design vum logo geännert an dei meescht hunn sech schon domadder schweier gedo. Vlait brauch dat ganzt einfach och bessen zait fir se sacken. Ech hoffen just net dass Camera Obskura hier erscheinungsbild virun all neiem Film ännert
KML ass einfach een schaiss numm fir een filmclub(Marc schlo mech net) an leit fannen de numm Koler Movies Letzebuerg
oft lächerlech. Mee wa mer de Numm lo geingen änneren hätten mer 10 joer filmer hannert eis gelos.
Ech fannen hei zu letz ginn et och Leit dei 5-6 verschidden clubs hunn, dei hieren numm an optrieden sou oft änneren dass een net mei wees wou een drunn ass.
Weiderentwecklung ass gutt, zevill änneren an sech net mei trei bleiwen bestemmt net.
Ech wees dass do vill leit anerer Meenung sinn Mee zb Episclerite ASBL huet de selwechten problem. De Fred gett nonstop gefrot waat dat ass a waat dat heescht. Mengen awer dass dat gutt ass, wann hien engem et dann erklärt huet verhält een et sain liewenlaang.
Franky
08.10.2010
an nach eppes: ass dei “casting datenbank” just Camera Obskura only? oder ass dei och zougänglech fir aner leit
Franky
08.10.2010
an nach eng lescht saach. Wiesou hutt der professionnell Leit gefrot fir Logo an d’homepage
Sinn am LMT och professionnel Leit ongageiert(zb hutt der een musiker bezuelt iech musek ze machen oder ee Schauspiller kaaft?)
Kommen mer mat eiser selwer gebastelter Homepage am moment bessen schäbeg fir
ech hoffen just dass lo mei oft updates kommen(waat dann och leider mei opwand gett well et lo 3 sprochen sinn)
nach eng lecht fro: kritt de neien Film dann och eng eenzel homepage wei den ZF?
ps: ech updaten dann mol äert logo ennert de KML links..
fuuss
08.10.2010
Ech aentferen dann emol hei puer Sachen ( ier den Petz dann och waert Wuert an den grapp huelen )
fir d’eischt soen ech der emol merci fir d’Kritik
Un sech ass et jo keen richtegen neien Numm , mir nennen eis jo elo net fun Obskura op Komeschen Schissi mat Loft, Obskura op Camera Obskura ass jo eigentlech net mei wei eppes klenges firun den Numm gesaat ( waat un sech ziemlech oft gemach gett). An daat genau fir deen Problem fun Episclerite ASBL , elo brauchen mer un sech den Numm netmei ze erklaeren, den problem ass jo och bei Obskura hun d’Leit net gefroot mee ungeholl.( Obskura — Dark EVIL Splatter ….blah blah blah ) An ech geif och soen dass d’Leit ouni problem den lien fun Obskura op camera Obskura machen.
Den neien Logo war neideg ( meng perseinlech Mehnung) well Obskura eigentlech nie en richtegen Logo haat ( pardon Petz ) daat ass mer un sech opgefall wei ech probeiert hun eng animatioun ze machen . Den allen Logo ass Zeitlech einfach net mei ok . en représenteiert net mei daat waat Camera Obskura ass.
Ech mengen Obskura an scifi Lovestorypass einfach net.
Et ass nie einfach ze soen mir wiesselen den Numm an den Logo , mee besser elo wei an 10 Joer . KML geif ech wirklech net wiesselen.
Fir Casting Datenbank do daerf all Mensch sech anschreiwen , mee sie gett net publique gemach. Eischtens emol weinst dem Datenschutz.
Den But ass un sech dass mir emol eng proper Datenbank hun , wou mer daat kennen sichen waat mer brauchen.
Firwaat hun mer fir Homepage bezuelt ?
Ganz einfach , mir hun eng Homepage gebraucht dei speziellen Kritèren erfellt. Ech haett och kennen eng Homepage obstellen , mee daat hellt Zeit dei ech am Moment net hun. Den ganzen Backend proper ze configureieren, datenbanken ze installeieren , ect . Mir hun dann leiwer eng Homepage machen gelooss an mir kennen eis mei op den Film konzentreieren.
Soss gett keen bezuelt ausser ech ( mee esou soll et jo och sin)
Updaten waerten kommen , mee awer och net aal Daag , den Film ass am moment op 1ter Platz .
an fir den Recht : who knows ?
Merci fir dein commentaire
Fuuss
ps @ Petz waat wells du dann weisen op den Film-akers Night ?
Franky
08.10.2010
ok, lo liicht mer alles an
ech mengen de Fuuss soll den Camera Obskura Sprecher ginn!
petz
08.10.2010
Salut Franky,
Merci fir deng Kritik a vill Ureegungen! De Fuuss huet jo schon zimmech vill Äntwerten gin. Ech probéieren dann och nach e puer Äntwerten ze gin:
Sin schon mol frouh wann den Design der gefällt, ech sin perséinlech och ganz zefridden domat. De Site ass endlech esou wéi ech mer daat ëmmer gewönscht hun.
Waat de Wiessel vum Numm a Logo ugeet, esou wor daat am Ufank och bei ons am Team kontrovers diskutéiert gin. Ech perséinlech sin awer iwwerzeecht, dass mer op Dauer nët dolangscht kommen konnten. Wann däin éischten Film “Zombie Film” heescht an deng a.s.b.l. Obskura, dann assoziéieren d’Leit daat an hierem Kapp automatesch mat Gothic-Hardrock-Punk-Underground-Devil worshipper, bref mat zimmlech donklen Biller. Daat ass een Image deen mir awer nie wollten hun, well mir ons ganz sëcher nët op schlecht Horror-Filmer reduzéieren loosen wöllen. Ech géif z.B. an Zukunft ganz gär eng richteg Komédie dréien. Obskura huet als Numm einfach nët wirklech daat représentéiert waat mir gär wöllen sin. Ausserdeem sin ech iwwerzeecht, dass een Numm deens du ëmmer rëm erklären muss, keen gudden Numm ass! Een Numm muss selbsterklärend sin oder op manst déi Emotiounen an déi Bildwelt suggéréieren, déi zu der Aktivitéit vum Klub passt.
An am Géigensatz zu aaner Filmmacher, déi sech ganz oft fir hier éischt Filmer schummen an probéieren déi aus dem Verkéier ze zéien, wärden mir nët zouloosen, dass onsen éischten Film vergiess gët mee mir soen eben just (wéi zB. elo op onser Vimeo-Säit oder um neien Site) dass Zombie Film eng Produktioun vun der Camera Obskura a.s.b.l. ass (déi deemols eben nach Obskura geheescht huet). Mir wollten op alle Fall den Link zur Vergangeheet behaalen an dofir hun mir “Obskura” am neien Numm beibehaal an och méi Videon vun onser éischter Produktioun online gesaat. Een Site soll jo och als Mémoire an Archiv funktionéieren.
Fannen perséinlech nët dass KML een schlechten Numm ass an géif deen och nët wiesslen well hien vun senger Tonalitéit hier neutral ass an ierch erlaabt all Genre vun Produktiounen ennert deem Numm ze verkaafen. Wann dir eng Kéier den Numm erfrëschen wöllt, kéint der daat jo machen andeems der KML beibehaalt mee den Buchstawen einfach eng aaner Bedeitung gidd, wéi z.B.. – ech soen elo irgend eppes – : KINO MAT LÉIWT! Bon, ech wees daat ass elo keen gudd Beispill, mee mat e bëssen Imaginatioun kéint een do sëcher eppes Flottes fannen.
Also mir hun elo och nët wëlles onsen Numm a Logo all 5 Joer ze änneren…
Episclérite fannen ech perséinlech een zimmlech oséierten awer ganz flotten Numm. An et ass een Numm deen wirklech hänken bleiwt!
Waat Casting Datenbank ugeet, sin die Donnéen natirlech aus Datenschutz-Grënn nët fräi zougänglech, mee daat heescht awer nët, dass Camera Obskura die Donnéen nët och benotzen kann fir Schauspiller a Statisten fir Projet’n vun aaner Filmklubs oder Produktiounsfirmen ze sichen. Ons Philosophie ass souwisou aaner Filmmacher ze ënnertëtzen wa mer daat können. Mir hun z.B. schon oft Material fir Feierblumm-Produktiounen zur Verfügung gestallt an ech mengen ons kléng independent Szene hei zu Lëtzebuerg huet all Intérêt sech géigensäiteg ze höllefen, wann sie gemeinsam wuesen wöll. Ech haat deemols virgeschloen eng Datenbank fir eng eventuell Fédératioun opzebauen. Aus der Fédératioun ass zwar bis elo nach näischt gin, mee daat heescht nët, dass d’Iddi vun enger Datenbank falsch wor. Filmreakter huet jo och eng Datenbank opgebaut vun där (souwäit ech informéiert sin) all Filmmacher profitéieren kann wann en sech unmellt an eng Ufro mëscht. Ons Datenbank ass einfach een weideren Outil deen mer fir ons nächst Produktiounen wollten hun.
Mir hun professionel Leit gefroot fir den Logo an d’Websäit, well mer gär Qualitéit wollten. Die Leit déi ons beim Logo a Site gehollef hun, sin Leit déi ons Initiative sympatesch fannen an ons hier Höllef gratis oder fir ganz wéineg Budget proposéiert hun. Wann wirklech gudd Leit ons hier Höllef ubidden, soen mir ganz sëcher nët nee. Wéi gesoot, hätt de Fuus och d’Kompetenzen gehaat fir den neien Site ze man, mee mir brauchen hien um Film.
Beim LMT sin keng professionnel Leit um Wierk. De Film gët vun deenen Leit gemach déi’s op onser neier Homepage als Member vun Camera Obskura stin.
Mir wéilten gär méi oft Updates gin, mee daat ass – vum zäitlechen Opwand mol oofgesin – ëmmer een schwieregen Balance-Akt tëscht nët genuch Informatiounen gin an zevill ze verroden. Bei engem Mystery-Film soll och e bëssi Mystery dobäi sin, mee ett werden ganz sëcher nach weider Informatiounen bis zum Kinostart gin. Dovun sin mer (leider) awer nach zimmlech wäit eweg.
An fir op deng lescht Fro ze äntweren: Jo, den LMT wärd seng eegen Homepage kréien. Mir fannen dass do kee Wee dolangscht féiert.
A nach eng Sach : Ee ganz wichtegen Grond fir den neien Site an den neien Logo haat ech dach tatsächlech total vergiess ze erwähnen. Wann mir elo op Sich no Sponsoren fir onsen neien Film gin, dann wöllen mir eng méiglech seriö Impressioun gin an dozou gehéiert een méiglech professionnellle Site an een Numm deen d’Leit nët schon vun vir eran oofschreckt =)
An eng allerleschte Sach: Mir werden ons wirklech ustrengen fir eventuell endlech een offiziellen Teaser vum LMT op der d’Filmmaker’s Night ze weisen. Verspriechen machen mer awer näischt, well ech hun éierlech gesoot keng Ahnung ob mer daat iwwerhaapt packen können. Och lescht Joët hätten mir schon gär eppes gewiesen an elo ass schon rëm ee Joer ëm… Zäit flitt…
Franky
08.10.2010
ok lo liicht mer alles an Ech mengen d’logo ass och eng Saach vu gewunnegt, a puer Meint ass den aalen Logo menger Meenung no souwiesou total vergiess an et trauert och kee mei dem no.
Ech zeien mer d’videon den owend nach ran, da kann ech dat och nach beurteelen
petz
08.10.2010
Genau, nächst Joër schwätzt kee méi vun Obskura =)
Sin gespaant waats du vun onsem neien Videoblog hälls…
Barnig
08.10.2010
Salut dir Leit…
hu mer de Video graad eragezunn … (bessi laaang) mee sauinteressant, virunallem well et aus dem Haus “Obskura” (Numm wiesel hin oder hier, dir bleift emmer “Obskura” nie vill Infos kommen, wa mer eis net zoufälleg iwer de Wee laafen Vun dohier war daat trotz der Length ganz interessant.
Wosst net dass de Carlo kinnt e serieuxen Interview maan
Duerch är Aklärungen mam nummwiesel ass lo alles ok .. dir hutt är grenn an di sin vollkommen OK, ausser de Frank, dee kriit nexte keier e fouss an den arsch vu mir (KML Remarque)
Hu den VIMEO Channel mol direkt enner meng Favourites gepost. su dass ech och a nechster zait o namol de rescht kucken.
Mat Infos updaten … kann ech ierch 100% verstoen. Och ech hu während deenen 2 Tournagen di mer momentaan hun, keng wirklech riichteg Zait fir Teaser vu mengem Kuerzfilm ze maan (en plus nach zur 40h Woch) idem- och fir emmer di neisten Biller online ze setzen
Daat ass an der zait emmer gud gaangen, mee hautzdaags gaapst een alt mei an ass een emmer mei beschäftegt
Voila hu leider net mi vill Zait, well ech na all är Comments geliess hun, muss lo op “mai leschten” Tournage. Ech feliciteiren ierch op alle fall fir deen neien “Re-Boot” Ass naicht auszesetzen, a freen mech nach emmer mei op den LMT
virun allem di Kuliss an der Kierch do (wu den Yves do sain Interview gouf)
dorop sin ech gespaant
Allez maacht et gud a bis glaich mat NEWS
sheepie
09.10.2010
Deen Interview gouf bei mir doheem an der Garage opgeholl, net an enger Kiirch.
Yves.
CArLO
09.10.2010
Marc, dat war den LESCHTEN interview den ech gin hun.
Ech wollt awer och nach Camera Obskura feliciteieren an wenschen hinnen alles gudds fier zukunft.
Fuuss NACH sin ECH Budget responsabel an iers du eppes kriss hun ech schon alles geplemmt…..
CarlObskura
petz
10.10.2010
Vergiesst nët ierch an ons www.cameraobskura.lu/fr/abonnez-notre-newsletter Newsletter unzemellen, dann sidd der die éischt déi bescheed kréien, wann et News gët.
@Carlo:
Décken, du gëss nach genau esou vill Interviews wéi et néideg ass, bis mir den LMT am Kino hun an dann loosen mir dech mat dengem Liewen man waats du wölls!
Franky
10.10.2010
d’homepage geet net richteg am IE 8
petz
10.10.2010
Ech benotzen Firefox an hun just eng aal Versioun vun IE. Waat ass dann de Problem?
Franky
11.10.2010
ma d’sait huet sech net ganz opgebaut .. ass komesch… windows XP mat IE 8. op aneren plaazen geet se awer. mengen dann ass net net sou grave
Franky
11.10.2010
Zu dem video:
Ech hu mer mol dei knapp hallef stonn eragezunn.
Et ass wirklech top dei wichtegst leit hannert der Kamera kennezeleieren. Dei aal Homepage war richteg anonym, mee dei nei page mam Videoblog mecht dat ganzt mei greifbar. Et freet mech och ze gesinn dass erwähnt gett waat der mat deem Film errechen wellt an de Film net als mega perfekten US Profi blockbuster duerstellt.
Den ZF2 teaser nachemol zegesinn ass och top (dat ass jo schon baal 2 Joer hier wou ech deen fir lescht gesinn hunn).
aller eenzegen Kritikpunkt: d’videoopnahmen schengen schon puer meint aal ze sinn,.. war do den Tournage iwerhaapt schon ofgeschloss?
petz
11.10.2010
Merci fir de Feedback! Zu denger Fro: Dréiharbechten goufen den 19. August 2010 ofgeschloss. D’Interview’n goufen am Laaf vum Summer gedréiht, die meescht virum finalen Ofschloss vun den Dréiharbechten, mee 98% vum Film woren schon an der Këscht wou mir d’Interview’n gemach hun, esou dass Team ouni Problemer iwwer de baal ganzen Tournage schwätzen konnt.
Sin iwwregens frouh, dass de Projet duerch den Videoblog elo méi greifbar gin ass. Et wor mir perséinlech wichteg, dass een gesäit dass hannert engem Film eng ganz Equipe stëcht an nët nëmmen een Réalisateur oder een Dréihbuchauteur, an dass dës Equipe och ganz vill ze erzielen huet. Ech hun ët och einfach interessant fonnt, den Film duerch d’Aan vun der Equipe nei ze entdecken an einfach gewuer ze gin, watt die eenzel Leit fir sech aus dem Tournage eraus gezun hun. Daat ass een vun den Haaptgrënn firwaat ech der Equipe virgeschloen haat esou een Videoblog ze man. Deen aaneren Grond ass natirlech d’Leit firwëlsech op de Film ze man. Mee wéi gesoot, et ass ëmmer schwéier bei esou engem Exercice d’Balance ze fannen tëscht genuch ze soen, domat et interessant bleiwt an nët zevill ze verroden fir d’Spannung nët ze zerstéieren. Am Idealfall soll een Videoblog (oder Teaser/Trailer) Loscht gin op méi an also de Firwëlz vun den Leit nie ganz zefridden stellen. An och wann ons Mëttlen begrenzt sin, ass den Idealfall daat waat mir bei allem waat mer man ustriewen.
Camera Obskura werd seng Filmer och ëmmer (op manst esou lang ech dobäi sin) als daat verkaafen waat sie sin. LMT gët ganz sëcher keen US Profi Blockbuster (wéi sollt en och? mir sin weder Profis nach hun mer d’Mëttlen mat deenen Profis schaffen) an dofir werden mir hien och nët als professionellen Film verkaafen. Mee daat soll ons awer nët drun hënneren, de Film (als daat waat en ass) esou professionnel wéi méiglech ze verkaafen (mat flottem Site, Affiche, Flyer, Teaser, etc.). Aus dem Videoblog geet jo kloer eraus, dass mer de Film aus Spaas man fir de Leit Spaas ze gin. Een könstlereschen Usproch hun mer nët wirklech, just een Entertainment-Usproch (mee mir beméihen ons natirlech dass d’Szenen gudd ausgesin an gudd kléngen). Vill Wert hun mir dës Kéier op d’Geschicht vum Film geluecht.
Elo kucken mer mol ob mer nach eppes fir Filmmaker’s Night zesuimmengebastelt kréien.
Franky
11.10.2010
ok top
Wéini ass mat dem nächsten Video blog ze rechnen? Geing mech interesseieren eppes vun den Acteuren ze heiren
Wier cool wann eppes op der Filmakers Night ze gesinn wir
fuuss
11.10.2010
oh freck dann kreihen mer jo nach bessen Arbescht
@ Petz hues de schon eng iddee waat de wells weisen ?
petz
11.10.2010
@frank
An +/- 2 Méint neien Blog-Episode mat der Equipe. Den drëtten Episode (mat den Schauspiller déi mer jo nach nët offiziell virgestallt hun) gët Deel vun der Marketing-Campagne vum Film, gët dowéinst och wesentlech méi opwänneg wéi Episode 1 & 2, wärd kuerz Ausschnëtter (oder Fotoen) aus dem Film enthaalen an könnt dofir réischt ganz kuerz virum Film eraus fir de Film e bëssen ze pushen. Mir organiséieren elo réischt d’Interview’n.
@fuuss
Hun schon eng ganz präzis an ganz flott Iddi, mee die eigentlech Fro ass: hun mir nach genuch Zäit fir ze ëmzesetzen? Ech kontaktéieren dech an den nächsten Deeg. Wéi ëmmer: entweder mir machen eppes Flottes oder mir machen näischt. Eng hallef Sach kënnt nët a Fro!
petz
11.11.2010
UIIIIH, 16.000 Klicks ! Géifen mer nëmmem esouvill Zuschauer kréien…
Barnig
12.11.2010
Ma ech hu mer graad dei selwecht fro gestalt
Franky
12.11.2010
only the sky is the limit
petz
08.12.2010
Camera Obskura a.s.b.l. will show an exclusive teaser of its upcoming feature film LUXEMBOURG MYSTERY TALE (working title) this Saturday 11th December at the Filmmaker’s Night, starting at 19:30 at the Verainssall 13, rue des Sacrifiés in Garnich. The teaser will not be released on the Internet in the next several months, so if you’re interested in luxembourgish independent movies, join the Filmmaker’s Night this Saturday. The Camera Obskura team thanks the organizers of the Filmmaker’s Night for their continuous efforts in supporting the local independent cinema!
Barnig
09.12.2010
Fannen ech eng cool initiative, eng Produktioun wu et weider geet …
Franky
12.12.2010
Fir d’eischt felicitatioun fir den Trailer!
Ech hunn och ganz eierlech gesot net mat engem “richtegen” Trailer gerechnet mee rem eischter mat engem Fake
Dofier war d’iwerraschen immens grous endlech mol Opnahmen aus dem Film ze gesinn.
Immens vill gett een net gewuer, d’biller lossen awer erahnen dass et sech em een extrem qualitativ heichwärtegen film handelt. Biller sin all 100% proper an durchduercht an et gouf extrem vill mat Filteren/Belichtung geschafft. Mein greisst luef gellt awer den Decoren an Kostumer!!!! Hei gesait een eng extrem Leift fir Detailer (an dat schon am Trailer!!!)
Dat ganzt bleiwt awer nach mysteriös an ech wees nach net wirklech waat punkto Story op een duer kennt. Et huet mech bessen un “angels and demons” erennert wou verschidden Characteren op der sich sinn d’mysterium an de mörder ze entlarven.
All dei net konnten kommen: der hutt wirklech eng verpasst!
Ech freen mech wirklech op de faerdegen film…an ech mengen et bleiwt spannend
Et ass jiddefalls een Quantensprong verglach mam Zombiefilm.
petz
12.12.2010
Merci fir die léiw Wieder! Ech wor – éierlech gesoot – nämlech zimmlech enttäuscht iwwer den dach ganz mauen Applaus deen den Teaser krut huet an et wor och wirklech schued, dass een keng Méiglechkeet haat e puer Wieder zum Film ze soen éier den Teaser lancéiert gouf (esou wéi die Joër virdrun).
Ech hun mir suguer dono d’Fro gestallt, ob d’FMN wirklech de richtegen Kader wor, fir een exklusiven Teaser ze présentéieren well bei all der Méih déi ons ganz Equipe an onsen zweeten Film stëcht, de Teaser effektiv um Schluss zimmlech ennergang ass. A wéi ëmmer wann mir eppes présentéieren, hun mir ons Présentatioun eemenz soignéiert a vill Arbecht dra gestach. Um DVD wor eng eemenz flott Menügestaltung déi esou séier eweggedréckt gouf, dass een sie guer nët erkennen konnt. Wann een déi och nëmmen 10 Sekonnen hätt laafen geloos, hätt een eng wirklech gudd Iddi vun der Ambiance krut, déi mer probéieren ze schaafen. Esou vill Zäit wier bestëmmt nach gewiecht…
Am Fong wollten mir esou lang Zäit virun der Sortie vum Film och nach guer näischt weisen (dofir wärd den Teaser och ganz lang nët um Internet ze gesin sin an mir hun hien gemach fir potentiellen Sponsoren eppes weisen ze können, waat am Fong nët direkt fir den Publique geduecht ass) well et einfach nach ze lang virun der Sortie vum Film ass, mee vu dass mir d’Initiative vun der FMN flott fannen an einfach mol d’Reaktioun vun engem “publique averti” testen wollten, hun mer ons dunn entscheed doraus eng richteg Exklusivitéit fir d’FMN ze man. (Et haaten effektiv keng 10 Leit den Teaser virdrun ze gesin krut). Dofir wor et emsou méi schued, dass en einfach “unter ferner liefen” gelaaf ass.
Ech sin awer frouh, dass den Teaser gefall huet an virun allem dass hien säin Zweck erföllt huet, nämlech Loscht op den Trailer an op den Film ze man. De Marc haat gemengt, mir hätten schon baal zevill am Teaser gewiesen… mee ech kann ierch versëcheren, dass an deenen 27 verschidden Astellungen vum Teaser wäit iwwer d’Halschent vun den Schauspiller a Dréihplazen guer nët ze gesin sin…
Barnig
13.12.2010
Feliciteiren o namol!!
War wirklech cool … An ass op alle fall e projet wu een sech scho kann dropfreen, an als Organisator vun der FN e grousse Lob un Obskura, dass sie su Spillereien mat exklusiv Biller emmer maatmaan
Dass daat schnell ofleeft an ennergeet, denken ech zwar net, well et huet mech nach iwerrascht, dass et zimmlech roueg während den Trailer/Teaser war, hat geduercht et wär wirklech sou, dass hallschent doruner net interesseiert wier, a scho geing riichtung comptoir laafen,.. mee daat hun ech nach cool fonnt, dass jidereen daat awer nogekuckt huet.
Daat mam Menü wosst ech net, soss hätt ech der en nach vlait bessi mi laang geloos, Petz
Dass een naicht kann dozou soen, ech denken daat wier eng iwerleeung wäert, fir editioun 2011-
Waat ech mengen vun de Biller aus -storymeisseg- ze denken:
Et geet em mysterieis Fäll vu Mord, an e geheimt Buch get fonnt.
Beim Liesen vun deem Buch, kann ee Geeschter ruffen, a sou ass eng partie Leit motiveiert, hannert des Mysterien ze kommen ( ? )
Voila souvill zu menge Prognostiken, wat sech hannert der geschicht kinnt verstoppen (vlait leien ech lo komplett falsch) mee an desem Forum, ka jo och spekuleiert gin, em waat et wäert goen
nach eng aner sach:
Sin ech deen enzegen, oder haat een och su eng Art “Nebula-Geescht” aus dem Waasser operstaanen gesin ?
Franky
13.12.2010
also ech mengen de Publique war no deem laangen owend einfach bessen iwersätegt.
Virdrun sinn genee 33 Filmer/Clips gewissen ginn an et war schon spéit.
Kloer kann een dann net all regisseur zu wuert kommen lossen oder all Film eenzel ukennegen.
Dass den Trailer ennergaangen ass kann ech awer net zoustemmen. En huet eischter ervirgestach an ech krutt och vu 2-3 Leit dei a menger Reih sutzen mat dass sie iwer den Trailer geschwaat hunn(positiv).
De Menu hunn ech gesinn (mengen do stungen lauter Personnagen vum Film) mee et wir natirlech interessant gewierscht méih dovun ze gesinn.
Mengen et ass och ze iwerleen op Traileren a zukunft net rem virun Filmer kommen oder virun der Paus.
petz
13.12.2010
Bon, et ass jo am Endeffekt ons Décisioun waat mir mam Teaser man. Ech wärd an Zukunft op allen Fall nët méi d’accord sin fir een Teaser zu engem fir Lëtzebuerger Verhältnisser dach ganz ambitionnéierten Amateurprojet ganz um Schluss vun enger Soirée ze weisen. Dann weisen ech léiwer näischt. Ett ass jo nët wéi wann mer onbedengt eng Extra Wurscht wéilten gebroten kréien (quoi que mir hun ierch jo schliesslech och eng gebroten) mee ech mengen schon dass een den Teaser am Kader vun der Soirée hätt können besser verkaafen/présentéieren/plazéieren, well ech iwwerzeecht bleiwen, dass LMT am Amateurberäich dach eppes zimmlech Ongewéinleches ass a wann schon nëmmen duerch d’Envergure vum Projet (iwwer d’Qualitéit oder Nët-Qualitéit vum Film kann een dann no der Sortie vum Film streiden).
Et ass eben wéi alles am Liewen, et ass ëmmer donnant-donnant. Du kriss waats du gëss. Fir déi Arbecht déi mer an den Exklusiv-Teaser gestach hun hätt ech mer einfach eng bëssen méi flott Tribüne oder op manst eng besser Zäit gewönscht (virun der Paus oder no der Paus wier schon wesentlech besser gewiecht oder firwaat nët ganz einfach wéi am Kino d’Teaser an d’Trailer virum eigentlechen Progranmm weisen). Mee Entäuschung ass ëmmer nëmmen d’Resultat vun enger nët erföllten (vläit ze héicher) Erwardung an ett ass jo gudd méiglech, dass mer vläit e bëssi ze héich op onser rosa Wollek geschwieft sin…
An ärer Plaz géif ech mer trotzdeem d’Fro stellen, ob een bei nächsten Editiounen nët Exklusiv-Clips and Première-Clips (onsen Teaser wor jo nët daat eenzeg Exklusivt op der Soirée) och als solch kennzeechnen soll (waat mir jo an onsem Clip gemach hun) am Genre “Exclusively for tonight’s FMN” (mat enger cooler Off-Voice an engem kuerzen dramateschen Soundclip). Domat géif dier och d’FMN besser valoriséieren well de Publique dann wees, dass sie op der FMN ëmmer eng Reih exklusiv Sachen ze gesin kritt.
Flott as eben, dass een d’Sachen ëmmer nach besser machen kann (daat ass jo och waat ons Equipe bei onsem zweeten Film undreiwt)
@Franky; schéin dass du wéinstens kuerz erkannt hues waat um DVD-Menü ze gesin wor. Daat wor een Ausschnëtt vun der offizieller Film-Affiche (déi iwwregens och nach keen Mënsch ze gesin krut an déi och bis kuerz virun der Sortie vum Film nët méi ze gesin wärd sin).
Voilà, ech gin elo nach e bëssen an mäin Eck kräischen.
Franky
13.12.2010
also am owend waren ganz vill exclusiv saachen…
Et war eng handvoll premieren vu Filmer dei nach nie iergendwou gewissen goufen.
Och punkto trailer wees ech dass den T(w)o friends teaser nach nie gewissen ginn ass a bis op de Marc nach keen en virdrun gesinn haat.
op Traileren lo vir oder hannen kommen spillt menger meenung net souvill roll. Et sinn och leit no 8 auer komm, dann hätten dei den Trailer schon direkt verpasst. (oder et kennen technesch problemer optauchen, sou wei bei Adi sengem Film, deen daat awer ganz professionnel geholl huet an souguer mat engem Prais belount ginn ass trotz dem Problem…)
Ech mengen och dass lo naischt extra soll virgestallt ginn well dat net fair denen aneren geigeniwer wier. Wann dann zb bei all Exclusiv film eppes doriwer mei gesot gett hätt dat afloss op den Publique an och op Jury.
den LMT trailer ass menger meenung opgefall (an dat ouni ukennegung) a jiddereen den net op de Kapp (oder op seng Aaen) gefall ass huet gesinn dass do ganz vill Arbescht dra stecht.
Den En gore en Gore clip huet bei Youtube iwer 1.000.000 hits an ass zu Pareis anscheind absoluten Kult. Mee wiesou sollt een dat am viraus grouss ukennegen? et huet de leit trotzdem gefall, och ouni dat wessen.
Ech ginn och oft gaeren een Film an de Kino kucken ouni eppes doriwer ze wessen. Wann ech dann am nachhinein gewuer ginn dass et eng Avant premiere war oder de Film zb schon divers auszeechnungen krutt ass dat zwar emmer interessant mee ech well mech net vu sou Fakten am viraus zevill beaflossen lossen. Ech sinn schon mei wei emol voller erwardungen an e Film ragaang well ech gelies hunn dass deen Oscaren en mass krutt. Ech konnt de Film net mei neutral geneissen an war souguer oft entäuscht.
Mee bon, ech hunn naischt mat der organisatioun vun der FMN ze dinn mee sou schlecht war den Owend dann och rem net organiseiert. D’Leit mat de Videoclips hunn och bis zum schluss missten warden…
Franky
13.12.2010
Mee petz, ech kennen de Problem wann een ganz stolz op een Teaser ass an deen dann net sou gewissen get oder riwerkennt wei een dat well oder sech erhofft.
D’Premiere vum Dreamcell teaser (ech war ganz stolz drop) ass ouni Toun gelaaf. Kloer war ech dee moment rosen, mee am nachhinein ass net net wirklech tragesch gewierscht. Et bidden sech nach ganz vill meiglechkeeten den trailer oder Teaser iergendwou ze weisen…
petz
13.12.2010
Tragesch wor daat ganz sëcher nët. Mäi Gott, sin mol nët sëcher dass et iwwerhaapt erwähnenswert wor, vu dass et – sin mer éierlech – just Gemeckers op héichem Niveau ass, daat dësen Forum alt e bëssen alimentéiert. D’Soirée wor wirklech flott an d’Filmer déi gewiesen goufen och an daat ass daat Wichtegst. Einfach weider sou!
Franky
13.12.2010
mat 16.734 clicks ass desen topic och wirklech den meescht diskuteiersten !!!!!!!!
an et wärten der nach vill dobai kommen bis de Film hoffentlech geschwenn raus kennt
Barnig
13.12.2010
Reihenfollg … ass egaal wei emmer NET GUD oder GUD!
Wär en ganz um ufang geplangt gewiercht, da wier iwerhaapt net gewisse gin, well mer dann mat Teaser/Trailer um 19h30 gestart hätten, fir pünktlech um 20h mat de Filmer ze starten … Mengen, de Petz war reicht um 20h ukomm.
Wier also naicht gin (ganz ze schweigen vun den Tounprobleemer)
Et muss een och awähnen, dass bei souvill Filmer, mer den Horaire super agehaal hun, an daat war och eng vun eisen ängschten. Wann all Realisateur na ebs zielt da komme mer op ca. 60min. mei (Programm Owend)
Ech hun Idee mat den Trailer um Schluss doweins besser fonnt, well da jiderereen nach eng kleng Surprise um schluss kriit an eben och (mee daat thema ass jo schon diskuteiert gin: Dass kee kennt, den Trailer weist, an dann nees geet)
Also ech mengen et ass emmer e Virdeel an en Nodeel do … denken daat hei war gud.
En “exklusiviteits” Sigel bei verschidde Filmer ze maan … ging ech och cool fannen, mee eigentlech ass alles “FILMAKERS NIGHT-exklusiv” …
CArLO
15.12.2010
Salut,
Gefällt mier emmer erem hei är Kritiken ze liesen, wär och leiwer selwer op der nuecht do gewiecht mee war leider verhennert.
Wollt awer just kuerz eppes soen:
Marc et ass NET den Nebula Geescht, an wats du am Teaser eraus gesinn hues gefällt mer richteg gudd.
Merci
Carlo
πr
15.12.2010
de Kropemann, oder?
Weider esou!
Barnig
15.12.2010
An du kruus den Teaser net ze gesin, Carlo
petz
15.12.2010
Aye Caramba! Kropemann gefällt mer gudd, géif op alle Fall op d’Biller déi een gesin konnt passen. Jiddenfalls besser wéi de Nebula Geescht (sorry Marc). An nee, et wor och nët de Swamp Thing wéi een mer nom Teaser gesoot haat…
fuuss
15.12.2010
wei net den Swamp Thing , buuuhuuuuu , firwaat gin ech emmer ungelunn ?
Barnig
16.12.2010
Geing gären namol alles gesin
Franky
16.12.2010
den teaser keinnt een jo online setzen….
respektiv et sutz een virun mer deen huet mam iphone gefilmt (wann ech mech net ieren….)
petz
16.12.2010
Den Teaser wor eng Exklusivitéit FMN. Wéi gesot wor desen fréien Teaser am Fong fir potentiell Sponsoren geduecht, domat sie wëssen ob wat sie sech aloosen (oder net). Teaser kënnt an HD Qualitéit op Vimeo réischt kuerz virun der Sortie vum Film eraus an dat wärd leider nach daueren. Wat haaten die Leit déi op der FMN woren eng Chance
petz
18.03.2011
Et ass am Fong erstaunlech wéi seelen hei am Blog iwwer Cinématographie am Sënn Bildkompositioun, Cadrage, Belichtung, etc. geschwaat gët. An der Mëttenstonn sin ech op een (engleschen) Artikel gefall an deem een Filmkritiker klipp a kloer freet, dass Réalisateuren an décken US-Produktiounen endlech mat der onsäglecher “Shaky-Cam”-Filmtechnik ophaalen sollen. Eng Fuederung déi ech voll a ganz ënnerstëtzen. Den Artikel www.salon.com ass hei ze liesen.
Vu dass den Film oofgedréiht ass, können mir verspriechen, dass ët am LMT definitiv keng “Shaky-Cam”-Opnahmen gin werden (bis op eng Ausnahm wou mer leider aus Zäitdrock nët aanescht dréien konnten an daat werden mer nach probéieren an der Post-Pro esou gudd wéi méiglech auszegläichen).
Barnig
18.03.2011
Ech sin och total dogeint…
fannen daat total onnotz… mee d’amerikaner hun daat agefouert, fir sou mei Dynamik = mei Loscht ze kuckn anzebauen.
Nujee … hoffen dass domader glaich schluss ass, an nees op aal Techniken mat propren a rouegen Biller zreckgegraff get, well och sou konnt een deemols Action, Paralelles a Verfolgungsjagden duerstellen
Petz, dass dir daat net hut, wonnert mech net. Ka mer de Carlo net firstellen, sou ze filmen
petz
18.03.2011
Hun ëmmer mam Carlo all d’Kamerastellungen genau duerch diskutéiert an daat meeschten e puer Deeg am viraus. Oft haaten mer een Storyboard, deen mer mat Fotoen zesummengestallt hun déi mer am Virfeld um Dréihuert geholl hun. Heinsdo haaten mer just eng Shotlëscht an heinsdo wor weder fir een Storyboard nach fir eng ganz détailléiert Shotlëscht genuch Zäit bliwwen an dann hun mer eben den Dag vum Tournage improviséiert.
Ons Erfahrung ass, dass och improviséiert Szenen absolut iwwerzeechen können an heinsdo sin suguer aus dem Zäitdrock eraus ganz interessant Opnahmen zustan komm. Am séiersten schafft sech awer mat engem Storyboard well et der technescher Equipe d’Arbecht onheemlech erlichtert wann sie visuell op Papeier gesin kann, waat fir een Resultat erward gët. Mir perséinlech gefällt am beschten wann ech 1-2 Deeg virum Tournage mat enger Fotokamera kann op de Set goen an an aller Rouh am Kapp de Film oofspillen an d’Kamera-Astellungen mental oder duerch de Viseur vun der Fotokamera duerchgoen kann. Mëscht einfach Spaas… an d’Resultat hutt der usatzweis schon am Teaser op der Filmmaker’s Night gesin.
Barnig
21.03.2011
Hud dir wirklech fir alles Storyboards gemaach??
Also ech soen der ganz eierlech, ech hun daat bislo och ugewand, mee emmer nemmen fir verschidden Zeenen. (ausser “MONA” do gouf et praktesch komplett storyboard)
Fannen dass daat imens Arbecht ass, well ech deelweis dei storyboards selwer gemolt hun, an och deen eenzegen war, deen domat eenz get (zeechnen ass net meng stärkt) Mee helleft op alle Fall!
An haut zu daags, maan ech daat just bei opwännegen Zeenen, fir sou direkt ze wessen, welch Pläng prioritär sin.
Wubai ech och als Kameramann heiansdo gären deen een oder aneren zousätzleche Plang nach filmen, fir sou herno namol mei Choix am montage ze hun-
Franky
21.03.2011
storyboard kann emmer eng hellef sinn. Den realisateur huet jo mechtens fest Biller am Kapp an kann des dem Kameramann iwer d’storyboard einfach vermettelen.
De Marc ass jo meeschtens realisateur a Kameramann zu gleich bei sengen Filmer, also wees hien jo am beschten wei en et gaeren hätt.
Fir een Long métrage wei aeren ass dat secher eng ganz grouss hellef! Si wirklech op résultat gespaant.
Storyboard hellt einfach vill zait eweg. Mee Camera Obskura hellt sech des zait jo!
De Carlo hasst gewackels, hien sot dat och schon mei wei emol zu KML wann dei rem emol ouni stativ gefilmt haaten.
petz
21.03.2011
Jo, mir haaten baal bei all Opnahmen een Storyboard dobäi. Daat huet allerdengs nët ëmmer selwecht ausgesin. Mir hun um Enn 3 Instrumenter benotzt fir ons Dréihaarbechten a Kamera-Astellungen ze koordinéieren :
1) Gezeechent Storyboard : bei den komplizéiersten Szenen (z.B. eng opwänneg Tatort-Szene zimmlech fréih am Film) hun ech oft een Storyboard selwer gezeechent. Daat wor meeschtens ganz rudimentär, mee et brauch och nët eemenz élaboréiert ze sin. Wichteg ass, dass de Kameramann (an dësem Fall de Carlo) gesäit, wéi d’Opnahme cadréiert soll sin a wéi d’Kamera d’Aktioun afänken oder verfollegen soll. Den Avantage vun engem gezeechenten Storyboard ass, dass den Réalisateur oder Kameramann daat alleng mache kann. Vill Réalisateuren zeechnen hier eegen Storyboards an déi sin oft ganz einfach gehaal (mat besseren Strëchmännercher).
2) Fotograféiert Storyboard : waat den Tournage méi virun gang ass, waat mir ëmmer méi oft mat engem Storyboard geschafft hun, daat aus Fotoen bestoung, déi mir op den jeweilegen Dréihplazen geschoss hun. Daat ass eng Methode, déi ganz gudd funktionéiert a wou keng Zeechenkenntnisser gebrauch gin. Allerdengs muss een dofir zu e puer Leit sin. 2 bis 3 Deeg virum Tournage sin mir dann zu 3-4 Leit op Dréihplaz gang an hun do die verschidden Kameraastellungen einfach mam Fotoapparat festgehaal. Ons Leit hun dobäi d’Roll vun den jeweilegen Schauspiller iwwerholl an ech hun d’Fotoen herno um Computer an die richteg Reihenfolge gesaat an dann um Printer ausgedréckt an mat op den Tournage geholl. Eng zimmlech einfach awer efficace Methode.
3) Shotlëscht : Eng einfach Lëscht wou die verschidden Kameraastellungen kuerz beschriwwen sin. Wichteg ass dobäi, dass Kameramann a Réalisateur die selwecht Definitiounen vun Kameraastellungen a Cadrage benotzen. Daat ass am Fong déi Methode, déi ech persénlech am mansten gär benotzen. Sie funktionéiert zwar, mee mir fehlt dobäi einfach die visuell Duerstellung.
Mir benotzen Storyboard a Shotlëscht ëmmer als allgemengen Plang fir een Dréihdaag, mee et ass nët seelen virkomm, dass mer um Tournage dann och mol aaner Astellungen ausprobéiert hun, siew et well nët genuch Zäit wor fir all die gaplangten Astellungen ze dréien, siew et well mer zevill Zäit haaten an esou och mol mat aaneren Astellungen experimentéieren konnten. Ech wärd am Blog oder herno um DVD e kuerzen Beitrag iwwer d’Plangen an d’Virbereedung vun enger Prise de vue machen.
Ech mengen wann een ganz vill Erfahrung huet (waat sëcher nët onsen Fall ass) dann kann een och ganz op een Storyboard verzichten. An Interview’n déi ech iwwer Dréih-Techniken vun groussen Réalisateuren gelies hun, wor ech erstaunt ze léieren, dass ganz vill vun hinnen ganz ouni Storyboard dréihen an een détailléiert Storyboard am Fong just nach fir opwänneg FX-Sequenzen benotzen. Perséinlech géif ech nëmmen ganz ongär ouni Storyboard dréihen och wann een daat herno vläit just nach als Fallback-Plang benotzt, wann keng Inspiratioun do ass.
petz
24.03.2011
Camera Obskura huet elo eng offiziell www.facebook.com/Camera.Obskura Facebook Page. Léiwer spéid wéi nie. A Moment steet nach nët ganz vill drop (déi Fotoen déi schon bekannt sin), mee daat wärd sech an den kommenden Deeg a Wochen änneren.
Mir hun och een vun dësen chicen Friends’Kasten op onser www.obskura.lu Homepage intégréiert (ënnen lënks). Do kann een ons elo “liken” oder och nët
Franky
25.03.2011
ech sinn do schon seit puer deeg Fan
petz
25.03.2011
Merci, et hun sech bis elo eng 16 Leit als Fans ge-outet =) Mol kucken waat do iwwert die nächst Méint zesummen kënnt.
Hun selwer eng zimmlech réservéiert Meenung zu deem ganzen FB- an Social Media-Hype. Ech verfollegen daat zwar vun ganz no (ass jo mäin Beruf) mee ech bleiwen eemenz skeptesch. Et funktionéiert technesch zwar alles schéin wonnerbar an et ass esou einfach wéi nach nie fir een Mënsch oder ee Club seng Messagen eraus an d’Welt ze bréngen an domat een potentiellt Millioune-Publikum ze erreechen, mee d’Fro déi ech mer dobäi stellen ass : Wien lauschtert wiem iwwerhaapt nach no, wann all Mënsch matenee schwätzt?
De Risiko, dass dobäi wirklech wichteg Messagen am allgemengen belanglosen Dauer-Blah-Blah ënnergin, ass dach zimmlech grouss wann nët die aal (an oft schon doudgesooten Medien) sie nët opgréifen (wéi z.B. am Fall vum jonken Blogger Mohammed Nabbous, deen ennert Doudesgefohr live aus Lybien bericht huet an vun all de groussen internationalen Sender opgegraff gouf, mee säin Courage leider herno awer mat sengem Liewen huet missen bezuelen). Bon, mee do sin mer elo schon wäit eweg vum eigentlechen Thema vun dësem Forum.
Franky
25.03.2011
gutt Thema petz.
D’leit kommen lues a lues mat der zait. Ech hu puer facebook groupen ennerhalb vu puer meint op 5.000 Leit kritt ouni iwerhaapt een anzelueden oder reklamm ze machen. (dest waren awer gruppen vun relativ onbekannten Museker dei awer international bekannt sinn). Dest geet ganz einfach well facebook emmer ee Schneiball effekt huet. Ech machen eng Gruppe, 5 Leit “liken” se. Des 5 Leit hunn 300 friends (also 5×300 Leit gesinn dass et eng nei gruppe gett) an et “liken” dann zb 15 aner Leit….
D’Kml grupp huet sou 300 Leit wann ech mech net ieren, an et ginn der just puer mei pro Mount.
Skeptesch sinn ech och well se de Format vum Facebook Gruppe/grupp schon puer mol änneren. Eng FB gruppe ass keng Facebook page, mee waat do lo genee den ennerscheed ass a wou virdeeler leien ass net evident well se dat alles no puer meint rem op kopp werfen.
Idem fir Twitter den grad rem een Hype erliewt. Myspace ass sou gutt wei doud, obwuel se virun 1-2 joer absolut de renner waren an quasi all gutt Musekgrupp dei eppes op sech gehaal huet eng Myspace saiit haat.
Mengen dat bescht ass einfach eng richteg Homepage ze hunn ! Do ass een secher dass dat ganzt net emol offlaut! An dei wichteg sachen soll een net per facebook ukennegen mee iwer d’Presse, email oder Breif!
petz
25.03.2011
@franky:
Sin mat denger Analyse sou wäit averstan. Fir mech ass eng anstänneg Homepage och wesentlech méi wichteg wéi eng FB-Fanpage. Och iwwer onsen Vimeo-Channel sin ech ganz frouh, och wann en elo nët deen groussen Zoulaaf huet. Wa mer de Film lancéieren, wärd natirlech d’Pressearbecht absolut Prioriéit hun. An eng gudd Pressearbecht ze man, ass natirlech vill méi einfach wanns du dech do op eng anstänneg Websäit mat Videoen a flotten Inhalter stéipen kanns. Ech mengen awer och, dass klassech Reklame-Medien wéi Affichen, Flyers an Dépliant’n nach ëmmer eemenz wichteg sin. Contrairement zu den neien Medien, ass daat nämlech eppes waats du konkret upaaken kanns an een flotte Filmposter gesäit einfach besser aus, wann en dobaussen op der Mauer oder am Kino hänkt wéi wann en um PC-Ecran affichéiert gët.
Am Endeffekt kënnt ët op de richtegen Medien-Mix un : et muss een die traditionnel Medien (Presse, Radio, Télé) fir den Film interesséieren, domat Lieser, Nolauschterer a Fernsehzuschauer firwëlseg gin, dann eng anstänneg Internetsäit bereed stellen, domat die firwëlseg Leit sech weider informéieren können an do och beweegten Biller (Teaser, Trailer, Interviews) gesin können an dann nach daat Ganzt iwwer sozial Netzwierker verbreeden… an dann natirlech hoffen, dass daat waats du den Leit weist, hinnen och genuch gefällt domat sie an de Kino gin. Jo, jo, an der Theorie ass alles ëmmer esou einfach… Ech verspriechen op alle Fall eng flott Campagne fir de Start vum LMT.
petz
27.03.2011
Kuerz News gin ët blog.cameraobskura.lu am Blog
Franky
28.03.2011
schéin opnahmen!
petz
05.05.2011
Haat mech nach nët bedankt: Sin ëmmer frouh, wann Opnahmen gefaalen. Merci also.
Am Moment léit de LMT-Projet rëm braach, well ech geplënnert sin a mäin Späicher, wou ech gär onsen kléngen Post-Pro-Studio arichten, nach nët färteg rénovéiert ass. Also wärd et dësen Mount nët vill Neies ze erzielen gin. Dofir gët de nächsten Video-Blog awer bestëmmt live aus dem fusch-neien Camera Obskura-Schnëttstudio gesend… oder baal live…
Nach eng Quiz-Fro zur der vimeo.com/channels/cameraobskura#21460009 Ennerwaaser-Opnahm : Wéi déiw mengt dir, sin mir do mat der Kamera enner Waaser gang?
Barnig
06.05.2011
Kann een sech dee studio eemol ukucken, oder biller gesin, well ech sin neehmlech och am plangen fir a mengem neie keller su eng art studio ze maan, hun natirlech schon eegen idee’en, mee wier intersseiert eemol äre faerdege studio ze gesin
Waasser-Opnaahmen: Ech tippen op 3m (hun zwar o net mei genau biller am kapp)
(wees net wi laang kamera daat aushällt)
petz
06.05.2011
Jo, du kanns dann roueg eng Kéier langscht kommen, wann et souwäit ass. Studio ass och vill gesoot. Et ass einfach e Späicher , deen ganz fir d’Post-Produktioun vun onsen Filmer wärd réservéiert sin, wou eng Mac-Pro Workstation an een PC stoen wärden. Daat Ganzt mat enger www.blackmagic-design.com/products/multibridge/models Black-Magic Multibridge Pro fir allméiglech I/O-Uschlëss ze hun an e puer KRK Monitorboxen. Wärd wahrscheinlech och nach ee Groussbildschirm dohin stellen fir eng Kontrollméiglechkeet op enger normaler Consumer-TV ze hun (ass jo wichteg ze gesin wéi däin Film op engem nët calibréierten Schierm ausgesäit).
D’Ennerwaaseropnahm kann een op onsem Vimeo-Channel (vimeo.com/channels/cameraobskura) gesin. Ons Camera kann laut Hiersteller bis 60 Meter déiw filmen.
Du bass notéiert mat 3 m, mol kucken ob nach aaner Virschléi erankommen.
Franky
06.05.2011
Wann de Carlo gefilmt huet da tippen ech op iwer 10 M well de Carlo huet dat drop
petz
06.05.2011
Onse Carlo ass de beschten Independent-Kameramann deen een sech wënschen kann: onermiddlech, ëmmer asatzbereed an 100% op hien Verloos. Hien huet ons ganz flott Opnahmen um LMT gemach, wéi www.cameraobskura.lu een hei gesin kann.
Waat de Quiz ugeet, hun mer elo 2 Äntwerten:
– Marc: 3 Meter
– Franky: 10 Meter
Loosen mer de Quiz nach de ganzen Weekend laafen an wien die richteg Äntwert fënnt, gët op d’Première vum Film agelueden
Wien d’Fro verpasst huet : Wéi déiw sin mir mat der Kamera enner Waaser gang bei vimeo.com/21460009 dëser Ennerwaaseropnahm?
petz
21.08.2011
@Marc: Fir op deng Fro aus der Rubrik “Filmmaker’s Night” ze äntweren : Jo, ech montéieren de Film selwer. Am ganzen sin mer zu 3 Leit fir d’Post-Produktioun :
1) De Fuuss mëcht digital FX (et sin der eng ganz Reih am Film) + Titelanimatiounen
2) De PYK (Patrick-Yves Kleinbauer) mëcht d’Musek (Original Soundtrack an musekalesch Begleedung vun de Film-Szenen)
3) Ech selwer man de Montage, Color-Grading, Soundmixing, Ennertitlen, Teaser & Trailer
petz
30.09.2011
Et kann een nët ëmmer nëmmen gudd Norichten bréngen, also hei mol eng manner gudd Noricht: Luxembourg Mystery Tale kënnt ganz sëcher nët méi 2011 eraus. Ech sin deen éischten deen doriwwer schwéier enttäuscht ass well de Film elo tatsächlech ganzer 3 Joer Retard kréien wärd (ugepeilten Sortie wor Enn 2009/Ufank 2010). Eppes Positives gët et awer ze berichten : Post-Produktioun leeft elo endlech rëm ganz normal 2 (heinsdo 3) Owender pro Woch.
Waat ech op dësem Projet kennen geléiert hun (an ech wärd sëcher irgendwéini am Blog driwwer schreiwen) sin wou d’Limiten leien vun deem waat am Amateur-Beräich mat Amateur-Moyen ze machen ass. Et wärd fir eng nächst Produktioun awer interessant gin, Wéer ze fannen fir déi Limiten ze ëmgoen.
Zum Quiz: Marc, du wors mat denger Äntwert vun 3 Meter am nosten un der richteger Distanz. d’Ennerwaaser-Opnahm gouf a just 40 cm Déiwt gedréiht. Domat bass du op d’Avant-Première vun onsem Film agelueden.. irgendwann 2012…
Franky
30.09.2011
dat ass schued…. mee haaptsach de Film kennt dann nächst joer
Bei Amateurfilmer ass menger Meenung no d’ZAIT den allergreissten Problem. (Finanzen sinn eigentlech net mei sou de Problem, gutt Kameraen sinn mettlerweil bal fir jiddereen erschwinglech, “Schauspiller” sin oft bereed dat ganzt freiwelleg ze machen…).
Ouni Zait geet de Projet natirlech net virun. Et ass schweier ee Kompris tescht ZAIT/QUALITEIT ze fannen. Wann een mei Zait an de Film stecht gett en natirlech emmer mei makellos. Et muss een sech do iergendwei selwer limiten setzen(zb eng deadline). Natirlech ass et dann och schued wann ee Film Qualiteits mängel huet dei mat genuch Zait einfach ze verbesseren wieren.
petz
01.10.2011
@frank
Deelen deng Meenung dass die Ressource déi am meeschten bei engem Amateur-Filmprojet fehlt d’Zäit ass. Heinsdo denken ech zréck un Studentenzäit a soen mer, dass een deemols wirklech Zäit gehaat hätt seriö op engem Projet ze schaffen. Meng Studentzäit wor awer kuerz éier et iwwerhaapt Digital-Kameraen an anstänneg Schnëtt-Soft- an Hardware gouf an do wor un eng Amateur-Kinofilm-Produktioun guer nët ze denken. Mee bon, daat ass Schnéi vun gëschter a waat zielt ass waat een haut mat deenen Moyen mache kann, déi engem zur Verfügung stin.
Eppes hun ech op allen Fall beim LMT-Projet geléiert an daat ass nie méi een Tournage op iwwer 2 Joër zéien. Daat dauert nämlech einfach ze lang, zerrt vill ze vill un der Energie vun der ganzer Equipe an et ass baal onméiglech die héich Motivatioun, déi am Ufank vun all Projet besteet iwwer die ganz Distanz ze retten. Well mer wossten, dass de Projet schwéier géif gin, hun mer selbstverständlech ambitiös Planningen gemach, mee beim geréngsten Problem, kanns du déi Planningen vergiessen. An Problemer gin et vill op esou engem Projet: Leit plënneren, hun abémol aaner Prioritéiten, gin krank, hun privat Réckschléi, mussen beruflech méi schaffen, kréien Kanner, etc. Bref, daat ganzt normalt Liewen schwätzt säin Wierdchen bei esou engem langen Projet mat. Dofir wier et sécher besser den Tournage an engem Stéck ze man (andeems e puer Leit aus der Crew Congé dofir opferen) oder dass een eventuell eng Demande fir een Congé culturel mëscht.
Mee suguer wann de Film an der Köscht ass, gin et nach Défi’n ze léisen: Do fueren Harddisken eweg, do mussen Computer reparéiert an ge-update gin, do mussen schwach Opnahmen digital verbessert gin, Musek geschriwwen gin, Special-Effekter réaliséiert gin. Do brauch een eng eisern Disziplin wann een wöll, dass et virun geet. Ech haalen mir 2 Owender an der Woch fräi wou ech just Montage man an daat geet dann och gudd awer lues virun.
Mir hun dës Woch den Feinschnëtt vun den éischten 2 Deeler vum Film (vun 5 Deeler am ganzen) färteg gemach an die gudd Noricht ass, dass déi zwee Deeler wirklech ganz gudd funktionéieren. Kann nëmmen hoffen, dass de Rescht och esou gudd klappt. Mellen mech wann et Neits gët.
Franky
03.10.2011
den Zombie film haat der jo un engem Steck gedreihnt (an 2 wochen wann ech mech erenneren). Ass eng gudd Idee, mee leider ass et och schweier genuch Leit ze fannen dei bereed sinn fir eng lägner Periode all zesummen congé ze huelen.
petz
03.10.2011
Fir Zombie Film haaten mer ons 3 Wochen Congé geholl. Mee et misst een sech mol nët onbedengt 3 Wochen Zäit huelen. 2 Wochen géifen wahrscheinlech duer goen, wann een virdrun alles ganz genau plangt. Et géif just drëm goen die wirklech schwéier Szenen aus dem Film beinenee ze dréien esou dass déi aus dem Wee wieren an nët duerch irgendwellech Emstänn un de Schluss vun engerm 2-Joër-Tournage rutschen wou d’Equipe schon midd ass.
Bref, wann een an engem Stéck wéinstens eng gudd Halschent vum Film dréien kéint, dann wier de Rescht nët méi grad esou schwéier ze organiséieren. Mol kucken wéi mer ons organiséieren no dësem Projet. Deemno wéi d’Resonanz beim Publique ass, starten ech vläit och einfach eng eegen Produktiounsgesellschaft.
Barnig
04.10.2011
Yuppppi fir AP !!
Huel der deng Zait, Petz. De Film get duerch daat konstant News-fidderen nie zum Vergiessnis!
Eng eegen Produktiounsgesellschaft ze grennen do ging ech mer d’saach zwar imens gud iwerleen… haat dee gedanken puer joere och am kapp, a si frou dass ech et net gema hun, wubai ech oft denken (waat wier wann..) mee ech soe mol sulaangs de an denger fraizait desem “hobby” kanns nogoen, wisou sech dann als independant selbststänneg maan, well do lierfs de secherlech manner gud (permanent op der siich no neie projeten…)
Ging mer dat wirklech gud iwerleen!
Franky
04.10.2011
Mat Videoclipen, Hochzaiten oder Produzeiren vu Reklammen-Spots kann ee secher gutt liewen
Mat der ennerstetzung vum Filmfond ganz secher och
Mee leider spillt hei am Land ee Film mol net ansatzweis dat eran waat en kascht huet.
Franky
04.10.2011
An net dass ee mech falsch versteet. Ech fannen et mega gutt dass mer hei am Land de Filmfond hunn deen masseg Geld an Produktiounen stecht
Et ass just schued dass kee Film et packt (sou wei an Hollywood) rem dat anzespillen waat en kascht huet.
Hei am Land gett de Filmfond dann 1 Millioun fir ee Film aus; d’Produktiounsteam gett gutt bezuelt an et kennt meechtens ee super Film eraus. De Succès vum Film ass dann niewensach a spillt dann 10.000 euro rem an. Leit dei kee Frenn vu Film sinn resselen bei sou eppes zwar de kapp, mee fir Filmliebhaber ass et einfach nemmen super dass mer sou vill Resourcen hei am Land hunn.
petz
04.10.2011
@Marc : Daat sin genau déi Grënn, déi mech bis elo dovun ofgehaalen hun et bis elo ze man. Mee et seet jo keen, dass du däin Job onbedengt un Nol hänken muss, fir dann vollberuflech Filmproduzent ze gin. Vläit léist sech eppes jo a Richtung 50/50 man. Mee wéi gesoot, daat sin just Gedankenspillereien. Mol oofwarden wéi iwwerhaapt onsen 2ten Film beim Publique ukönnt … wann e dann endlech eng Kéier ukönnt.
@Franky : Fannen et och eng gudd Sach, dass et e Film Fong gët deen Lëtzebuerger Produktiounen ënnerstëtzt. Fannen just, dass Projet’n och – awer nët exklusiv – op hiert kommerzielt Potential am Sënn “Wöll iwwerhaapt een esou eppes kucken goen?” bewert missten gin, éier Suen fléissen. Ett dierf nämlech nët esou ausgoen, dass de Film Fong zur enger Beschäftegungs-Therapie verkönnt. Do gin nämlech heinsdo Produktiounen mat Milliounen Steiergelder ënnerstëtzt an dann gët nët mol richteg Pub gemach wann de Film an de Kino könnt, esou dass de fehlenden Marketing an den fir de groussen Publique onattraktiven Sujet dozou féiert, dass keng 100 Leit sech daat ukucken gin…
petz
06.10.2011
Mat e bëssen Gléck gët et onsen Teaser (deen op der leschter Filmmaker’s Night gelaaf ass) geschwënn nach eng Kéier op engem groussen Ecran gewiesen (just eenmol). Esoubaal ët confirméiert ass, soen ech bescheed waat, wou, wéini a hoffen, dass mer ons dann all do gesin fir e bëssen ze poteren.
petz
17.10.2011
Esou, elo steet et och offiziell am Banner op onsem Site. LMT kënnt definitiv eréischt 2012 eraus www.cameraobskura.lu/fr/accueil A wann mer et bis dohin nët packen, dann léisen ech mäin Verspriechen an a machen aplaz engem Filmclub ee Keelenclub op… wou dir natirlech och all wëllkomm sidd
Franky
18.10.2011
Halloween 2012???
petz
18.10.2011
Daat géif passen, mee hoffen jo stark dass mer et schon fir den Fréihjoër/Summer nächst Joër packen. An ech hoffen och dass een dem färtegen Film oofgesäit, firwaat et esou lang gedauert huet… A wann nët, dann bleiwt jo nach ëmmer de Keelenclub
petz
18.10.2011
A well et jo nach bis nächst Joër dauert, hei mol eng nei Foto vum Film (mat ennert aanerem dem Sofia Lopes aus WSD) :
www.cameraobskura.lu/typo3temp/pics/711fe000d3.jpg
petz
18.10.2011
Fir der Rescht :
www.cameraobskura.lu/typo3temp/pics/0b413cb731.jpg
Barnig
19.10.2011
Wei wier et mat enger klenger Zeen (wanns de keen Trailer faerdeg kriis) fir op der FilMakers ze weisen ?
Franky
19.10.2011
LOL, hetz de Petz (dat reimt souguer) dach lo net nach mat sou eppes. Hien ass frou all frai Minute an de Montage vum FILM ze stiechen an net mat Teaser/Trailer ze verplemmperen
petz
19.10.2011
Die eischt 30 Minuten vum Film si jo schon bis op e puer Detailer faerteg, mee do eppes aus dem Kontext ze raissen brengt naischt, vu dass LMT eng richteg fortlaafend Handlung huet.
petz
08.11.2011
Schéin ze gesin, dass nom James Cameron elo och den www.facebook.com/notes/peter-jackson/48-frames-per-second/10150222861171558 Peter Jackson d’Virdeeler vun enger méi héicher framerate bei Filmproduktiounen erkannt huet.
Wou mir den Choix haaten, den LMT op 1080p24 oder 720p50 ze dréien, hun mir ons no e puer Test-Opnahmen an den zwee Formater, ganz séier fir die méi kleng HD-Opléisung mat méi héicher Framerate entscheed (50 progressiv Vollbiller an der Sekonn aplaz die filmüblech 24 Vollbiller) well d’Bewegungen (besonnesch Kameraschwenks) vill méi propper eriwwer kommen.
Et gët also Hoffnung, dass am Digitalkino die zwee lescht Iwwerbleibsel vun der analoger Filmtechnik (24 Biller pro Sekonn) an TV-Technik (Interlaced oder Zeilensprong-Opnahmen) endgülteg verschwannen werden an daat kann just zu engem wesentlech besseren Kinoerliewniss beidroen.
Barnig
09.11.2011
…wann een dann och dei neideg moyen’ en huet …
petz
09.11.2011
1080p50 ass am Moment nach d’Ausnahm bei Prosumer-Kameraen (et gët daat awer schon bei Consumer-Modellen), mee 720p50 bréngt all hallewegs modern Kamera ronn. Wann ech tëscht 1080p24 an 720p50 wielen muss, wielen ech 720p50.
Léiwer géif ech natirlech op 1080p50 dréien an am allerléiwsten op 3K fir bei engem 2k-Endprodukt eng gewëssen Latitude ze hun fir d’Opnahmen an der Post-Pro ze recadréieren. Dofir schéngen mer die reduser.net/forum/showthread.php?66210-Scarlet-X-Data-Sheet nei Spezifikatiounen vun der Red Scarlet X interessant ze sin, zemols well déi Kamera mat +/- 15.000.- US$ (mat Accessoiren) nach esou just erschwenglech bleiwt an 3K mat 48 Biller/Sekonn opzeechnen kann.
Barnig
10.11.2011
An et muss een dann och e Montage-programm hun, deen daat ennerstetzt
Franky
11.11.2011
besser opleisung, mei biller an der sekonn…
alles natirlech schein a gutt fir d’Spektateuren.
Fir (amateur)filmemacher heescht et dann awer rem oprüsten bei de Kameraen an natirlech och PCen (oder MACen).
Och fir Special Effekt Fraktioun ass et rem mei arbescht. Bei szeen wou een Frame fir Frame eppes retoucheiert setzt een dann wuel duebel sou laang do remzepiddelen.
A wann Hollywood emmer weider oprüst ginn vlait Kinospraisser nach mei an d’Luut (ech meiden schon am viran dei meescht 3D Filmer well ech net nach 2 euro mei well bezuelen an dobai 2 Stonnen Kraatzen op der Nues hunn…)
petz
13.11.2011
Ech mengen daat éiweg Oprüsten huet och geschwönn een Enn. Am Moment gin all Digitalkopien an den Kinoen mat 2K-Opléisung projezéiert an ech fannen daat geet méi wéi duer. Enn propperen 1080p (deen just bëssen manner Opléisung wéi 2K huet) geet och nach déck duer fir am Kino eng anstänneg Qualitéit ze hun. Meng Ideal-Kamera wier eng 3K-Kamera (fir an der Postpro ouni Qualitéitsverloscht recadréieren oder zoomen ze können) mat minimum 4:2:2 Farwopléisung, Wiesselobjektiven, XLR-Mikrouschlëss, eng gudd Lichtempfindlechkeet fir och bei wéineg Luucht ouni schwéier Spoten dréien ze können an een Intra-Frame Codec als Opzeechnungsformat fir an der Post-Pro séier an onbeschwéiert virun ze kommen. An daat Ganzt w.e.g. fir een Präis ëm die 5.000.-7.000.- EUR. Technesch ass esou eng Kamera schon lang ze machen. Bis elo haalen sech die grouss Konstrukteuren awer zréck well sie sech hieren Profi-Marché (mat Kamera-Präiser vun 20.000-80.000.- EUR a méi) nët selwer futti machen wöllen.
Ech erwarden mer esou eng Kamera, wann sie dann kommen soll, héchstens vun Panasonic. Daat ass fir mech de Konstrukteur deen nach am meeschten op seng Klient’n lauschtert. Ganz erstaunlech ass och hier neisten Full HD 3D-Kamera fir een Wahnsinnspräis vun 3.500.- EUR (www.slashcam.de/artikel/Test/Panasonic-HDC-Z10000—FullHD-3D-Camcorder.html Test ass hei ze liesen) Red Scarlet X ass am Fong déi Kamera, mee wéi ëmmer bei der RED Scarlet: seeing is believing…
An esou wichteg ass am Endeffekt Kamera och nët. Wanns du talentéiert Leit virun an hannert der Kamera hues, dann wärd Resultat schon gudd gin egal ob waats du dréihs.
petz
13.11.2011
D’Kamera (Panasonic HVX 200) an d’Format (720p) mat deenen mir LMT gedréiht hun, ass mëttlerweilen schon hoffnungslos veraalt. Trotzdeem gleewen ech un de Film
petz
14.11.2011
An hei och eng interessant Independent-Kamera vun engem independent Hiersteller mat erstaunlechen 1080pRAW mat 12Bit Farwdéift fir nëmmen 8.500.- EUR. (www.slashcam.de)
Also un potenten Kameraen gët et am Moment kee Mangel un Choix. Muss een just nach eng flott Filmidée hun…
Franky
17.11.2011
ech hoffen du hues Recht an dat Oprüsten huet een Enn… well iergendwei hinkt een dem Standard emmer Joeren hannendrann…
Franky
12.01.2012
Sou, 2012 ass do.
Dest Joer fällt also d’Entscheedung: Blockbuster oder Keeleclub?
petz
13.01.2012
Waat kann ech soen? Gin 3.000 Entréen duer fir een Blockbuster? (Zombiefilm haat der 1.000)
Franky
13.01.2012
3.000 geet duer!
Wollt just wessen wei et ausgesait…. release dest Joer oder Keelenclub (wou KML dann gaeren matmescht)
petz
13.01.2012
E könnt dës Joër eraus. Promis, juré! Kann der just nach nët soen wéini! Vläit den 21ten Dezember 2012
Daat eenzegt waat sëcher ass, ass dass mer nie méi een Long-Métrage just iwwert d’Weekender dréien wärden. Daat zitt d’Sach zevill an d’Längt an ass eng organisatoresch a logistesch Plo. Et muss een allerdengs och soen, dass niewt ganz villem waat saugudd gelaaf eben och ganz villes nët no Plang gelaaf ass, well d’Liewen eben och während enger Produktioun weider geet, mee daat spillt alles um Enn wann de Film dann endlech färteg ass kee Rouleau méi. Wann de Publique mam Film zefridden ass, gin ech een huelen…
Barnig
16.01.2012
Pet: 1 ?
Franky
16.01.2012
ok gutt! Ech huelen dech beim wuert…
petz
17.01.2012
Nächsten Mount gët et e neien Schnëtt-PC deen endlech onsen MacPro oofléisen wärd, deen elo iwwer 3 Joër um Bockel huet a leider – op gudd lëtzebuergesch – aus dem leschten Lach peift. Ech sin frouh wann de Mac nach bis dohin hällt an dann können mer ech endlech rëm mat Vollgas weiderschaffen. Waat ech beim Mac schon zimmlech erstaumlech fonnt hun, ass dass hien pünktlech nom Ooflaafen vum deier bezuelten 3-Joëres Care-Plang ugefangen huet Macken ze machen. Et mengt een baal die Maschinen wieren programméiert fir den Leit d’Suen aus der Täsch ze zéihen. Dann léiwer zréck op PC. Wann do eppes futti fiert, keefs du eben einfach ee neit, nët iwwerdeiert, Stéck an ersetz et. Et kéint esou schéin sin wann alles ëmmer esou gudd laafen géif, wéi ons daat an den schéinen Broschüren an Promo-Siten verklickert gët… Et ass schon erstaunlech wéivill Zäit een bei engem Filmprojet verléiert nëmmen fir technesch Problemer ze behiewen.
Franky
18.01.2012
richteg!
Den ganzen techneschen obwand ass leider emmer extrem grouss. Iergendwei tauchen emmer problemer op, et geet eppes futti, et ass eppes net kompatibel, donnéen gi verluer…
ps: mengen schon dass MACen mat der zait futti ginn. Dat leit oft dorunner wann een updates vum betriebsystem mecht(dei een automatesch ugebueden kritt). No enger zaitchen gett d’Maschin emmer mei lues an et geet naischt mei. Op dat lo wirklech stemmt wees ech net.. klengt awer no Verschwörung
petz
15.02.2012
Waat de Montage méi avancéiert ass, waat de Projet méi schwéierfälle gët. Wanns du just deng DVC PRO HD Opnahmen editéiers, leeft alles einwandfräi. Daat heescht däin Réihschnëtt a Feinschnëtt kriss du zimmlech locker hin. En einfachen Colograding packt een 3 Joër aalen MacPro och nach zimmlech locker. Wanns du dann awer ufänks ee sekundären Colograding ze man, do virdrun nach een Denoiser aktivéiers, e puer FX-Szenen iwwer ee gelinkten After Effects-Projet mat abaus an och den Sound nach mat Filteren beaarbechts, dann geet den MacPro definitiv an d’Knéien. Du kanns natirlech d’Sequenzen zwëschenrenderen, mee daat a) kascht vill Zäit an b) muss bei der kléngster Ännerung erem nei renderen. Dofir léen mer ons een neien Schnëttcomputer un. A baal 4 Joër zanter dem Kaaf vun onsem MacPro huet sech dach enorm vill gedoen waat d’Performance vun den Computer ugeet. Een neien Update zum Projet gët et wann die nei Maschine installéiert ass.
Franky
15.02.2012
HD ass eben eng kleng Peng. Eng grouss Opleisung a vill Effekter kaschte eben ganz vill Zait an Nerven (a Rechenpower).
Ech hunn fir eng Szeen aus dem Two Friends (ass och eng heich opleisung) e puer digital retouchen gemach mam Adope After Effects. Mai Computer ass nach keen Joer an huet baal 2.000 euro kascht.
Ech sinn erfeiert dass dat ganzt fir ze renderen trotzdem nach baal 1 Minute gedauert huet obwuel Szeen mol keng 10 Sekonnen haat. Dobai ass mein PC wirklech eng absolut Powermaschin mat quasi maximaler Rechenpower an och dem KML standard cut PC iwerleen.
Iergendwei wenschen ech mer dei aal “Hama Cut” zaiten zereck…
petz
15.02.2012
After Effects ass wirklech ganz rechenintensiv, dofir awer och eemenz stark. Colorgrading machen ech mëttlerweil direkt am Premiere Pro. Deen huet elo méi wéi genuch Tools fir e professionnellen Colorgrading direkt an der Timline ze man, an den Premiere Pro huet eben den Avantage dass hien beim Rendering – richteg Garfikkaart virausgesaat – op d’Cuda-Engine zréckgréifen kann waat déi Opératioun dach eemenz beschleunegt. Just fir Compositing- an FX-Shots könnt den After Effects nach zum Asatz, dann awer massiv. “Hama Cut”-Zäiten hun ech nët kannt…
Franky
15.02.2012
De Problem bei der ganzer Saach ass emmer dass sech alles sou seier weiderentweckelt dass een no puer Joer scho rem extrem veraltet Saachen doheem stoen huet.
Wann een 5 Joer un engem Film schafft da kann een secher sinn dass de Film (waat Technik ugeet) net mei dat aller neitst vum neitsten ass. Et hinkt een deem ganzen emmer bessen hannendran.
Ee PC deen haut mega ass, gett a puer Joer als aal Ressel ugesinn. Eng Kamera dei virun puer Joer eng super Opleisung haat geet a puer Joer just nach ausgelaacht well een Handy dat schon besser hikritt.
petz
15.02.2012
Richteg, mee ech bleiwen iwwerzeecht dass och déi Entwëcklung eng Kéier op natirlech Grenzen stéisst. Wann ech eng 3K Kamera hätt (mat Minimum 4:2:2 Farwopléisung an Wiesselobjektiver) domat ech an der Post-Pro d’Méiglechkeet hätt op 2K ze recadréieren (wann néideg) an op 2K-3K fir de Kino ze montéiren (mat Echtzäit Colorgrading), dann kéint ech mer schon virstellen dass ech mat esou engem Equipement 8-10 Joër roueg schaffen kéint. Wéi gesoot all Digital-Projektiounen am Kino laafen am Moment mat 2K Opléisung waat absolut ok ass.
Franky
16.02.2012
…an iergendwann kann d’Aa vum Mensch souwiesou keen ennerscheed mei erkennen
petz
16.02.2012
Fir die trei Lieser vum Forum zwee exklusiv Biller vum Tournage vum LMT :
petz
16.02.2012
Tiens, kann keng Jpg oder Gif als Dateianhänge eroplueden ? Kann een hëllefen?
Franky
16.02.2012
Tatsach, dat ass net fraigeschalt!
Probeier lo mol nachemol, ech hunn gif an jpg fraigeschallt.
petz
16.02.2012
2ten Essai: Fir die trei Lieser vum Forum zwee exklusiv Biller vum Tournage vum LMT
Franky
17.02.2012
sou gesait et hannert de Kulissen aus ! Merci fir dei exklusiv Biller ! (vlait zitt datt lo puer weider Leit hei an de Forum)
Barnig
17.02.2012
Merci Petz
petz
15.05.2012
Dir könnt onsen Film ënnerstëtzen andeems Dir op www.ing.lu (« Camera » am module de recherche uewen rieds agin) fir d’Camera Obskura a.s.b.l. eng Stëmm oofgidd. Am Viraus Merci.
Franky
16.05.2012
der krutt grad meng Stemm
petz
16.05.2012
Villmols Merci! Ech mengen et gët ganz hart sech ennert die éischt 40 ze klasséieren…
Franky
16.05.2012
jo.. effektiv.. do sinn jo tonnen Organisationen ennerwee…
Barnig
21.05.2012
Ech si ganz eierlech ech muss fir eng aner ASBL wielen, wu eng frendin mech scho vill eischter gefroot huet, a wou et em ganz villes geet!
Trotzdeem bonne chance
petz
21.05.2012
Ass keen Problem, Marc. Wou ech gesin hun, dass haaptsächlech Vereiner aus dem sozialen Beräich um Concours deelhuelen, hun ech mer am Nachhinein gesoot, dass déi et souwisou éischter verdéngen ënnerstëtzt ze gin. Mir machen jo just Entertainment, die aaner probéieren wirklech Mënschen a Schwieregkeeten konret um Terrain ze höllefen. Mengen schon, dass daat eng Prioritéit virum Kino sollt sin. Ech hun selwer eng vu mengen Stëmmen der asbl vun enger Arbechtskollegin gin, déi sech fir arm Kanner asetzt.
Franky
21.05.2012
… sinn ech dann lo den eenzegen hei den seng Stemm un Obskura ginn huet? …
petz
22.05.2012
Nee, daat hun iwwer 30 Leit gemacht an ech sin deenen och dankbar
Franky
10.09.2012
meng üblech Fro: WEINI???
Halloween ????? (sou wei Zombiefilm) D’Auer tickt…. 2012 ass och net mei sou laang
(Drock machen ass emmer gutt )
petz
12.09.2012
Huch, ech muss onbedengt deen Banner vun onsem Site erof huelen! Mee du hues Recht, KML muss ëmmer d’Drock-Kulisse oprecht erhaalen soss geet daat mat deem Faulenzer-Paak vun Camera Obskura nët virun…
Spaas bei Säit, et gesäit am Moment nët grandios awer och net katastrophal aus. Zwar schaffen mir um Projet, awer mir kommen nach lang nët esou séier virun wéi mer ons daat wönschen. Positiv ass, dass mer – zanter mer een neien Schnëtt-PC kaaf hun -, nët méi duerch technesch Problemer opgehaal gin, déi ons lescht Joër an Ufank dës Joër vill Zäit a Nerven kascht hun. Postproduktiouns-technesch stin mer elo gudd do.
Am Moment ass de Problem éischter een vun Zäit fannen. Mir sin all am Moment beruflech a privat ganz stark agespaant, esou dass mer leider just ganz onregelméisseg um Film schaffen können. Daat waat bis elo steet, schengt de (ganz wéinegen) Leit déi ee Bléck drop geheien konnten ganz gudd ze gefaalen. Leschten Kommentar deen ech krut “Djö, daat huet jo guer näischt méi mat Zombie Film ze din!”. Daat spornt ons natirlech un, esou gudd a séier wéi méiglech virun ze schaffen. Vill hängt awer och dovun oof, ob et mer gelengen wärd bis virun Enn vum Joër nach 1-2 Wochen Congé ze huelen fir exklusiv um Film ze schaffen. Et ass nämlech nët ideal wann tëscht 2 Arbechtsséancen ëmmer rëm e puer Deeg an heinsdo suguer 1-2 Wochen vergin. Daat Lescht waat mir elo färteg montéiert hun wor d’Intro-Credits-Sequenz mat der Original-Musek vum Patrick-Yves Kleinbauer, deen schon d’Musek beim Zombie Film gemach huet an och beim LMT eng – wéi ech fannen – ganz stëmmesch a passend Original-Kompositioun oofgeliwwert huet. Parallel schaffen mer un der Intégratioun vun den Digital FX um éischten Deel vum Film an un enger neier Logo-Animatioun fir Camera Obskura. Och ass schon 3/5 vum Film färteg sous-titréiert (UK & F) an 2/3 vum Film färteg vertount (ouni Mixage deen mer ganz um Schluss man) an färteg agefierwt.
Wann ech dësen Weekend Zäit kréien machen ech een genauen Update am Blog an posten daat dann hei.
Bref : No surrender!
Franky
25.09.2012
mer bleiwen um ball…
Barnig
26.09.2012
Um Ball?
Franky
31.10.2012
Weini kennen mer den Keelenclub opmachen ?
…. ech well nei letzebuerger filmer
petz
31.10.2012
Working on it… Here are some exclusive never before seen pictures just for KLM-Forum…
Barnig
06.11.2012
Merci PETZ,
HALLOWEEN 2013 awer lo wirklech, soss monteiren ech dir de film
petz
06.11.2012
Mir machen jo keng Ukönnegungen méi wéini de Film eraus könnt bis en wirklech färteg ass an mir och gréng Luucht vun den Kinoen hun, dass sie en och programméieren, mee Halloween 2013 gefällt mir gudd als Datum. An deng Offer ass ganz léiw. Mir sollten wirklech eng Kéier op engem méi kléngen Projet zesummen schaffen, just for fun.
petz
06.11.2012
Konnt lescht Woch och eng Woch Congé huelen wou ech zimmlech vill um Film schaffen an notamment eng komplizéiert a ganz wichteg Szene, déi an enger Bibliothéik spillt, färteg stellen konnt. Et geet also virun
Franky
14.11.2012
Mir warden!!! Biller gesinn Stramm aus.
Mee ech hoffen wirklech dass Obskura mei wei just 1 Film all 5 Joer erausbrengt !
petz
14.11.2012
Hoffen ech och. Dann mussen mer awer – wéi gesoot – ons Arbechtsmethode ëmstellen. Die einfachst Ännerung wier schon mol NIE MÉI nëmmen Weekender dréien. Ech perséinlech hätt z.B. keen Problem domat 3-4 Wochen Congé se afferen fir een Film ze dréien. Die aaner Ännerung wier sech zousätzlech Verstärkung un Bord ze huelen. Oder einfach ons nächst Dréihbuch enger établéierter Firma virzeléeen…
Barnig
15.11.2012
De Probleem lait jo awer net beim Tournage? Oder?
Ass jo eischter är Postproduktioun
petz
15.11.2012
Jein. Well den Tournage sech esou lang gezun huet, huet och d’Post-Produktioun sech verschleeft. Tournagen préparéieren an Dréiharbechten coordinéieren an dobäi gläichzäiteg seriö un der Post-Produktioun ze schaffen wor nët esou einfach wéi mer ons daat virgestallt haaten, well einfach nët genuch Zäit (an Energie) do wor fir béides seriö ze man, och wann mer schon während den Dréiharbechten um Réih-Montage geschafft hun. Wou den Tournage endlech oofgeschloss wor, goufen et abémol technesch Problemer mat onsem Schnëtt-Computer… Bref: den Tournage huet sech méi lang gezunn wéi geplangt an d’Post-Produktioun ass lang Zäit duerch technesch Problemer an duerch eng Plënner-Aktioun opgehaal gin.
Franky
16.11.2012
De Problem ass och wann sech allles mei laang zitt dass oft Leit bessen u Motivation verleieren an dann och manner seier schaffen. Die eischt Motivation an Energie kann no 1 Joer emmer bessen verpuffen. Ech mengen dest ass nie ze vermeiden, et muss een eben seng Acteuren an Crew dorop virbereeden dass et laang kann daueren an sie dat sollen a kaaf huelen.
Dat positivt bei laanger Aarbescht: et kritt een mat der Zait emmer besser Ideen wei een dat ganzt zb monteieren kann. Theoretesch kann een eeen Film quasi all woch rem besser monteieren, bis zum totallen perfektionnissmus.. an dann och nach kann een emmer eppes aneschtes ausprobeiren nom motto:”wei geing et dat sou ausgesinn mat der musek an desem schnett?”
Fir dat virzebeugen kann een sech selwer deadlines setzen(dei een dann zwar och rem net anhellt) oder eben soen:” ok et ass lo gutt… natirlech geet et besser … mee bon”.
dann geing ech mer awer leiwer zait huelen egal wei rosen d’crew gett well de film eben net seier erauskennt.
petz
17.11.2012
D’Motivatioun nët ze verléieren bei engem Projet deen esou lang dauert, ass effektiv eng vun den Haapterausfuederungen. Ech muss zwar soen, dass et mir bei LMT bis elo nach nie wirklech un Motivatioun gefehlt huet. Daat eenzeg waat heinsdo mol batter ass, ass wann technesch Problemer optauchen. An där sin effektiv méi während der Post-Produktioun wéi während de Produktioun virgefall. Zwar wor op engem Tournage de Bildwandler vun enger vun onsen 2 HVX duerch een Mini-Kuerzen gegrillt gin, mee daat wor schon esou zimmlech die eenzeg gréisser Panne (wann een e puer Stroumausfäll nët matzielt) déi ons während dem Tournage passéiert ass. Dass mir dunn d’Opnahmen vun där Kamera verluer haaten, wor nët esou dramatesch well mer mat den Opnahmen vun där zweeter Kamera d’Szene awer montéieren konnten.
Totalen Perfektionismus ass nët meng Sach. Ech wöll zwar dass de Film esou gudd wéi méiglech gët, ech wees awer och wéini eng montéiert Szene a Vertounung gudd genuch ass, fir un aaner Sachen ze schaffen. An ech hun och kee Problem domat, wirklech flott Opnahmen erauszeschneiden wann sie d’Geschicht nët wirklech virunbréngen oder beim Montage einfach nët passen. Verschidden Biller déi op onser Homepage ze gesin sin, wärden nie am Film ze gesin sin, och wann die Szenen wou déi Opnahmen geholl goufen selbstverständlech am Film sin. Die Astellung wou d’Mendaly virun der Traap am Bësch steet, gefällt mer z.B. ganz gudd, huet et awer nët bis an de Film gepackt, well sie am Montage nët wirklech funktionéiert huet. Die ganz Szene ass awer och ouni déi Astellung ganz flott gin.
Kucken elo nach eng Kéier virum Enn vum Joër Congé ze huelen fir erem e gudd Stéckchen mam Film virunzekommen. Haalen ierch um Courant.
petz
28.01.2013
vimeo.com/channels/cameraobskura
Barnig
29.01.2013
I wanna be a part of it
petz
29.01.2013
Du bass jo schon Deel vum Projet, vu dass du eng Invitatioun op d’Avant-Première gewonn hues
Barnig
30.08.2013
Voila, mer hu lo geschwenn den Datum areecht!
Wini kenns de laanscht, Petz: Da fänke mer un! Da kreie mer de Film HALLOWEEN 2014 an de Kino!
petz
30.08.2013
Eng Äntwert op déi Fro ginn ech der iwwernächst Woch vu dass ech nächst Woch endlech Congé huele kann fir um Film ze schaffen. Vu dass och Fra an Kand nächst Woch aus dem Haus sinn, misst ech ongstéiert schaffe können. Ideal wier wann ech die éischt 3 (vu 5) Deeler vum Film géif färteg kréien, also die éischt 55 Minutten. An die zwee lescht Deeler dann bis d’Enn vum Joër, waat een Release fir Halloween 2013 awer onwahrscheinlech mëscht. De Keeleklub konkretiséiert sech emmer méi…
petz
30.08.2013
En attendant 2 nei Fotoen vum Film.
Barnig
02.09.2013
..raue Paschtouer..
petz
02.09.2013
Daat ass de Jérôme vun der Band “Rome”. Deen huet ons frëndlecherweis e wirklech genialen Begleitsong fir d’Kirfechtszene wou hien de Paschtouer spillt zur Verfügung gestallt.
Franky
03.09.2013
Wéini gi mer Keele spillen?
ech well dee Film lo endlech hunn..
Halloween 2014 ass och nach sou just ok fir mech—
petz
03.09.2013
Sin grad am gang ganz intensiv drun ze schaffen. Soutz hënnt bis 3 Auer moies um Schnëtt-Computer, haut de moien erëm ab 9 a sin och elo no eng kuerzer Mëttespaus erem am gang eng Sequenz zwëschenzerenderen. Et geet virun. Eng Avant-Première (oder een Testscreening) gëtt sëcher virun Halloween 2014 organiséiert, an do sinn du an de Marc jo schon invitéiert
Franky
09.09.2013
Yeah! Emmer schein alles Backupen!!!
De Popcorn steet schon prett
petz
10.09.2013
Daat ass gudd. Mir mussen effektiv kucken, dass all Mensch gratis Popcorn kritt
Am Endeffekt konnt ech lescht Woch just 2 Deeg (am ganzen 20 Stonnen) lang um Film schaffen, mee et ass e Stéck viru gang. Vu dass ee Kolleg aus den USA bei mir op Besuch ass (deen ennert aanerem 3 Joër lang fir Dreamworks geschafft huet) hun ech d’Geleenheet genotzt fir him 80% vum Film ze weisen fir eng éierlech Meenung ze kréien, well ech wees, dass hien zimmlech schwéier zefridden ze stellen ass waat d’Qualitéit vu Filmer ugeet. Och wann hien vill Remarquen an Verbesserungsvirschléi am Détail gemach huet (déi mer deelweis direkt ëmgesaat hun), wor säin Gesamturdeel dach ganz positiv well de Rhythmus vum Film an d’Storyline hien iwwerzeecht hun. Ausserdeem huet hien seng Hëllef ugebueden fir op enger ganz wichteger Animatiounssequenz vum Film ze schaffen. Daat ass eng schéin Motivatioun fir weider Gas ze gin. Esoubaal et News gët, mellen ech mech hei zréck.
Franky
10.09.2013
Top !
petz
04.11.2013
Haat lescht Woch eng Woch Congé just fir um Film ze schaffen, mam Resultat dass elo die zwee éischt (vun 5) Deeler vum Film (34 Minuten) komplett färteg sinn. Esou skeptesch ech iwwer onsen Zombiefilm wor, esou enthusiastesch sinn ech iwwer daat waat bis elo steet. Och wann ganz vill an der Post-Pro huet missen ge-tweakt a gezaubert ginn, ass daat onsen éischten Film wou ech mam Resultat – compte tenu vun den Moyen’en déi mer haaten – dach bis elo grondsätzlech zefridden sinn. Eng knapp Handvoll Leit hun lescht Woch de fäerteg gestallten Ufank vum Film gesin können an hier Reaktiounen stëmmen mech eemenz zouversichtlech, zemols dass och e weidere Mann vum Fach bei dëser éischter ganz selektiver First Viewer-Auswiel dobäi wor, waat natirlech eng onheemlech Motivatioun ass.
Rechnen elo domat, dass de Film März/Abrëll 2014 färteg gestallt wäert könne ginn, awer aus Marketing-Grënn eréischt Halloween 2014 eraus könnt, an irgendwann dotëscht eng grouss Premiere fir daat ganzt Team organiséiert gët wou ons 2 treisten Supporter vu KML natirlech och dobäi wäerte sinn.
Och wann mer die wirklech flottsten Opnahmen vum Film nach nët verëffentlechn können ouni eppes Entscheedendes ze verroden, hei en attendant eng nei Foto vum Film (leider mat engem Zeilenraster deen am Film natirlech nët virkënnt).
Barnig
05.11.2013
aaah de guden aale KINOSCH!!
d.h. de film kriit 70-80 minuten?
petz
05.11.2013
A senger aktueller Fassung huet de Film 92 Minuten. Dorun wäert sech och nët méi vill änneren (maximal 2 Minuten erop oder erof), esou dass die final Längt tëscht 90 a 94 Minuten variéieren wäert. An dobäi ass de Montage wirklech schon eemenz gestrafft, esou dass d’Geschicht och permanent viru gedriwwen gëtt a keng Langweil opkommen kann. Temps morts wéi et der dach eng ganz Reih am Zombiefilm gët (deen mer probéiert haaten e bëssen ze strecken fir op Langspielfilmlängt ze kommen), wäerten am LMT guer nët virkommen, soss géifen mer locker iwwer 100 Minuten kommen, waat ech ze lang fannen.
Contrairement zum Zombiefilm wou mer probéiert hun alles Méigleches nach anzebauen, hu mir beim LMT alles erausgehéit waat nët absolut noutwendeg fir d’Verstoen vun der Intrige ass. Dofir woren die puer Leit déi bis elo eppes gesin hun, och wirklech ganz positiv vum Rhythmus vum Film iwwerrascht. Ech kann nët verspriechen, dass de Film jidderengem gefaalen kann (daat mëscht souwisou kee Film), mee ech kann verspriechen dass de Film wesentlech besser rhythméiert, oofwiesslungsräich a generell méi “ronn” wäert sinn wéi de ZF. Wann et ons geléngt de gudden Rhythmus vun den éischten zwee Deeler och bei den aaneren 3 Deeler bäizebehaalen (an ech sinn ganz zouversichtlech, dass daat ons geléngt) dann wäerten d’Zuschauer wirklech nët enttäuscht ginn
Barnig
06.11.2013
An daat war keng Schwieregkeet: Zeenen eweg ze geheien am Montage wanns du selwer och regie gefouert hues?
Well daat maan ech nie mei
Regie + Montage ass net emmer kompatibel respk. do muss een e feedback vun enger dretter persoun hun dei sech just em de choix vun den zeenen kemmert, dei selwer net um tournage war
petz
06.11.2013
Gudd Fro. Hun op ganz villen Siten an a ganz villen Interviews mat Réalisateuren gelies an héieren, dass “to kill your babies” mat daat Härtst wier waat engem Realisateur passéieren kann. Muss soen, dass ech daat perséinlech nët novollzéihen kann. Tournage ass fir mech eng Sach a Montage eng ganz aaner. Verschidden Opnahmen déi sech am Storyboard gudd ugesinn a Sënn ze mache schéngen, passen oder funktionéiere herno am Montage guer nët (daat ass seelen) oder op manst nët esou gudd wéi een sech daat virgestallt huet (daat ass schon manner seelen). Wann daat de Fall ass, fannen ech et nëmmen ganz normal, dass een déi Opnahmen eraushöllt, egal wéi gudd sie engem gefaalen.
Montage ass eng Konscht fir sech a fonktionéiert no eegenen Reglen (woubäi ech nët soen wöll, dass ech déi all kennen oder beherrschen) mee et schéngt mir evident ze sinn, dass et beim Montage just drëms geet dem Spectateur an enger méiglechst optimaler Reihenfolge vun Opnahmen a Biller – gemëscht mat guddem Sound – eng interessant Geschicht ze erzielen. De Film könnt jo réischt am Montage richteg zum Liewen an ech gesinn nët an firwaat een den optimalen “Story-Flow” duerch onpassend Opnahmen an d’Stocken brénge soll. Bei enger färteg montéierter Szene stellen ech mer am Montage just d’Fro : Klappt die Szene elo? A wann ech déi Fro mat Jo beäntweren, dann stellen ech mer d’Fro : Kann een die Szene nach méi efficace machen (am Sënn : Kann ech do nach Sachen eraushuelen ouni dass doduerch d’Verständnëss vun der Szene zerstéiert gët)? An bei dëser zweeter Fro, mierken ech, dass et ganz oft méiglech ass, d’Szenen nach ze straffen obwuel sie prinzipiell schon funktionéieren. Hun wirklech keng états d’âme fir dobäi och flott Opnahmen erauszehuelen, ech man daat jo domat d’Film-Erliewness um Enn besser gët.
Ech schécken awer all Szene déi färteg montéiert ass un e Kolleg a Filmspezialist deen zu L.A. schafft, fir eng Meenung vun engem Aussenstehenden ze kréien. Deen huet meeschtens nach Détailverbesserungsvirschléi, déi ech och beherzegen an abauen wann et mer dann méiglech ass (an 80% vun de Fäll ass et méiglech).
petz
14.11.2013
Sin kee groussen Frënd vum Wim Wenders senge Filmer (fannen sie ze lues a kontemplativ), mee ech sin e groussen Fan vun sengen “50 rules of filmmaking” (besonnesch n° 37 mee all die aaner ennerschriewen ech och, ausser vläit n°15) :
1. You have a choice of being “in the business” or of making movies. If you’d rather do business, don’t hesitate. You’ll get richer, but you won’t have as much fun!
2. If you have nothing to say, don’t feel obliged to pretend you do.
3. If you do have something to say, you’d better stick to it. (But then don’t give too many interviews.)
4. Respect your actors. Their job is 10 times more dangerous than yours.
5. Don’t look at the monitor. Watch the faces in front of your camera! Stand right next to it! You’ll see infinitely more. You can still check your monitor after the take.
6. Your continuity girl is always right about screen directions, jumping the axis and that sort of stuff. Don’t fight her. Bring her flowers.
7. Always remember: Continuity is overrated!
8. Coverage is overrated, too!
9. If you want to shoot day for night, make sure the sun is shining.
10. Before you say “cut,” wait five more seconds.
11. Rain only shows on the screen when you backlight it.
12. Don’t shoot a western if you hate horses. (But it’s okay to not be fond of cows.)
13. Think twice before you write a scene with babies or infants.
14. Never expect dogs, cats, birds or any other animals to do what you’d like them to do. Keep your shots loose.
15. Mistakes never get fixed in post!
16. Final cut is overrated. Only fools keep insisting on always having the final word. The wise swallow their pride in order to get to the best possible cut.
17. Other people have great ideas, too.
18. The more money you have the more you can do with it, sure. But the less you can say with it.
19. Never fall in love with your temp music.
20. Never fall in love with your leading lady!
21. If you love soccer, don’t shoot your film during the World Championship. (Same goes for baseball and the World Series, etc.)
22. Don’t quote other movies unless you have to. (But why would you have to?)
23. Let other people cut your trailer!
24. It’s always good to make up for a lack of (financial) means with an increase in imagination.
25. Having a tight schedule can be difficult. But having too much time is worse.
26. Alright, so you’re shooting with a storyboard. Make sure you’re willing to override it at any given moment.
27. Less make-up is better.
28. Fewer words are always better!
29. Too much sugary stuff on the craft table (or is it Kraft?) can have a disastrous effect on your crew’s morale.
30. Film can reveal the invisible, but you must be willing to let it show.
31. The more you know about moviemaking, the tougher it gets to leave that knowledge behind. As soon as you do things “because you know how to do them,” you’re fucked.
32. Don’t tell a story that you think somebody else could tell better.
33. A “beautiful image” can very well be the worst thing that can happen to a scene.
34. If you have one actor who gets better with every take, and another who loses it after a while, make sure they can meet in the middle. Or consider recasting. (And you know whose close-ups you have to shoot first!)
35. If you shoot in a dark alley at night, don’t let your DP impose a bright blue contre-jour spotlight on you, even in the far distance. It always looks corny.
36. Some actors should never see rushes. Others should be forced to watch them.
37. Be ready to get rid of your favorite shot during editing.
38. Why would you sit in your trailer while your crew is working?
39. Don’t let them lay tracks before you’ve actually looked through your viewfinder.
40. You need a good title from the beginning. Don’t shoot the film with a working title you hate!
41. In general, it’s better not to employ couples. (But of course, there are exceptions!)
42. Don’t adapt novels.
43. If your dolly grip is grumpy or your electricians hate the shot it will all show on the film. (Also, if you’re constipated…)
44. Keep your rough cut speech, your cast and crew screening speech and your Oscar speech short.
45. Some actors actually improve their dialogue in ADR.
46. Some actors should never be forced to loop a single line. (Even Orson Welles wasn’t good at that.)
47. There are 10,000 other rules like these 50.
48. If there are golden rules, there might be platinum ones, too.
49. There are no rules.
50. None of the above is necessarily correct.
Franky
30.11.2013
Dat gett schweier des 50 Regelen anzehaalen
petz
31.03.2014
Den eenzegen Trailer, deen et am Moment vum LMT gët, wor de Samsden op der 1. Editioun vun der Lux-Con ze gesin am Kader vum Ronndëschgespräich iwwer de Lëtzebuerger Film Fantastique, wou de Romain Roll, de Julien Becker an ech iwwer den quasi nët-existenten Genre-Film zu Lëtzebuerg diskutéiert hun. Lux-Con wor wirklech eng eemenz flott Veranstaltung an ech hoffen, dass daat elo een regelméissegen Rendez-Vous zu Lëtzebuerg gët.
Barnig
01.04.2014
Hätt ech daat gewosst
Nee konnt leider net kommen, hun awer gesin an heiren dass et en 100%egen succes war!
Teaser, net Trailer oder?!
petz
01.04.2014
Et wor de selwechten (provisoreschen) Trailer deen schon bei ierch op der Filmmaker’s Night gelaaf wor, du hues also näischt verpasst. Lux-Con wor wirklech eng super Veranstaltung.
petz
30.04.2014
Kléngen Testshot vun der neier Titelsequenz :
Barnig
05.05.2014
ass daat de logo?
petz
05.05.2014
Nee, et ass een Ausschnëtt aus der Haapt-Titelsequenz an där d’Haapt-Titlen vum Film aus dem Niwwel erschéngen. Daat muss die drëtt oder véiert Titelanimatioun sin. Die éischt déi mer haaten, hun mech nët 100% iwwerzeecht, mee die heiten gefällt mer gudd a passt och gudd zum Film, esou dass et méi wéi wahrscheinlech och bei dëser bleiwen wäert.
D’Camera Obskura Logo-Animatioun, waat daat éischt ass waat ee am Film gesäit, ass schon eng länger Zäitchen färteg an do rüttlen mer och nët méi drun well déi huet direkt gepasst waat Design, Animatioun an Vertounung ugeet.
Krut am leschten Mount leider keng Zäit weider um Film ze schaffen, mee hoffen dëse Mount erem e Stéckchen virun ze kommen.
Barnig
06.05.2014
Courage!
petz
06.05.2014
Merci Genau daat brauch ech, Courage, Zäit an Disziplin. Haalen iech um Courant wann et Neits gët.
petz
24.12.2014
Kléngen X-mas Special vun Camera Obskura : vimeo.com/115332950 vimeo.com/115332950
Franky
28.12.2014
2015 ! Finger crossed!
Halloween 2015 ?
petz
28.12.2014
Spéidstens, hoffentlech. Schaffen aktuell un der Endtitelsequenz (déi e bëssen speziell ass an dofir méi Aarbecht freet) an un Teaser, Trailer a Marketingcampagne. Warden awer och nach op e puer Contributiounen aus onsem Team. Lescht 20 Minutten hun nach keng Musek, et fehlt nach eng Animatiounssequenz vun 3 Minutte an nach 3-4 Special FX. Un all desen Deeler schafft ons Equipe awer. Hoffen fir März e komplett färtege Film ze hun an dann hänkt alles vun den Kinoen an Medien-Partner of. Mir wäerten och eng Cast- a Crew Avant-Première (eventuell als double feature mat ZF & LMT) mat Party man. Du an de Marc gidd agelueden.
Franky
02.01.2015
ok mega! Top!
Dat klengt wann der kuerz virum Ziel wiert!
Weider sou, dei lescht Meter packt dir och nach!
petz
02.01.2015
Merci. Ech mengen jiddereen deen um Film matgeschafft huet, wäert frouh sin wann en endlech färteg ass. Sin perséinlech eemenz gespaant wéi de Film beim Public wäert ukommen…
Barnig
05.01.2015
Daat klappt!
Gesait immens gud aus! Freen mech
petz
05.01.2015
Merci Marc! Mir haalen iech um Courant esoubaal et Neits gët an op der AP gët dann anstänneg gefeiert, egal ob de Film gefällt oder nët
petz
24.01.2015
D’Ouvreuse wot dës Woch am Feierkrop een Ausbléck op daat Lëtzebuerger Filmjoër 2015 :
2015 devrait néanmoins être une année faste pour le cinéma luxembourgeois. Avec Mammejong de Jacques Molitor, Bab(y)Alone de Donato Rotunno et Eng nei Zäit de Christophe Wagner, trois productions de prestige op Lëtzebuergesch devraient remettre les pendules à l’heure. À moins qu’un petit film d’épouvante underground réalisé en Camera Obskura par quelques dingues de cinoche ne vienne mettre un gros pavé dans la mare.
Barnig
26.01.2015
Io ech haat daat matkriit, mee Petz lo ass et un dir:
Keng Excuse mei fir 2015
petz
26.01.2015
Mir loosen ons nët ënnert Drock setzen Du hues jo ons Äntwert op onser FB-Säit gelies :
“Aïe! Dans l’édition Feierkrop d’aujourd’hui, Marie-Amandine, dans son bloc-notes de l’ouvreuse, met perfidement la pression sur Camera Obskura en terminant son billet (rarement doux) par ces mots : (Début de citation) 2015 devrait néanmoins être une année faste pour le cinéma luxembourgeois. Avec Mammejong de Jacques Molitor, Bab(y)Alone de Donato Rotunno et Eng nei Zäit de Christophe Wagner, trois productions de prestige op Lëtzebuergesch devraient remettre les pendules à l’heure. À moins qu’un petit film d’épouvante underground réalisé en Camera Obskura par quelques dingues de cinoche ne vienne mettre un gros pavé dans la mare. (Fin de citation).
Ce qui pourrait être perçu par un non-initié comme un énorme compliment, voire un adoubement, avant l’heure pour une production fauchée (qui n’est même pas terminée et dont on ne sait pas si elle verra jamais le jour) n’est évidemment – pour celui qui connaît la vraie nature fourbe et sournoise de l’affreuse ouvreuse (tiens quelle coïncidence, ça rime…) – rien d’autre que sa façon de nous dire que nous n’avons mais alors pas le moindre droit à l’erreur. Nous avons envie de lui rétorquer : Pff, tu verras, au moins 29.201 entrées et n°1 au box-office luxo en 2015! Mais nous nous garderons bien de lui faire le plaisir de cette réponse qu’elle nous ressortirait à la seconde même où nous terminerons notre course au box-office à 237 entrées…”
Ech mengen awer dass onsen Film verflucht ass. En attendant huet sech nämlech dëse Weekend de Video-Raid vun onser – mëttlerweilen drëtter – Workstation opgehang. Keng Méiglechkeet méi irgendwéi un de Video-Raid ze kommen, wou de ganzen Projet samt Video- an Sounddaten drop ass. Och wann mir selbstverständelch Kopien vum Schnëtt-projet hun, wees du jo waat fir eng “pain in the ass” et ass an engem Schnëttprogramm erem de Link zu all de Video- a Sounddaten op engem aanere Computer hierzestellen. Do geet dann die penibel Sich no de missing files un… Guer nët ze schwätzen vun all de plugins déi an de Richtegen Versiounen mussen installéiert sin, etc. Bon, warden mer mol of, wou de Problem genau léit an op de Accès op de Video-Raid erem hiergestallt kann gin. Wann nët, verléieren mer rëm locker 1-2 Meint…
Barnig
27.01.2015
Uhhhhh,,,…
Daat ass wirklech keng chance!
Hätt een daat alles gewosst, hätt ee kennen e film dreihnen vun der postproduktioun vum LMT .. mat all ären Zeenen wu der bislo schon alierft hutt
Mee all des negativ Omen, wäerten dem Film secher zu gud kommen
petz
27.01.2015
Onsen IT-Mann (Fuuss) huet gëschter Owend dono gekuckt an d’Problemer (et woren der e puer) vun onser Workstation behuewen. Een 2GB HD ass fir op de Schrott, mee dank RAID konnt ee “Rebuild” vum ganzen Vidéo-Répertoire iwwer d’Nuecht gemach gin. Elo leeft erem alles propper. Mir fällt ee Stee vum Härz. Dënsden Owend ass ëmmer Montage ugesoot an esou kann och haut den Owend normal geschafft gin…
petz
28.01.2015
Film mat Oofspaan wäert e bëssen méi wéi 100 Minutte ausman. Die ganz Endcredits-Sequenz ass richtegen Bestanddeel vum Film (am Sënn, dass do nach Sachen passéieren). Ass vill Arbecht, gët awer flott. Sin elo schon gespaant op är Reaktiounen
petz
02.05.2015
Leschten Freiden éischt 75 (vun 100) Minutte vum Film op groussem Ecran gesin (Homecinema mat 3,5 Meter Leinwand + fetter 5.1 Soundanlag).
Film gesäit gudd aus.
Tounmix muss nach e bëssen poléiert gin.
Éischt Reaktiounen vu 2 Leit déi de Projet nët kennen, woren ganz positiv.
Film a Geschicht funktionéieren.
Éischten kompletten Testscreening viraussichtlech dëse Summer.
Wann deen positiv ausgeet, gët Sortie fir Halloween ugepeilt mat enger CAst & Crew Avant-Première kuerz virdrun.
Bis dohin, bleiwt nach e Stéck Aarbecht, mee d’Luucht um Enn vum Tunnel gët ëmmer méi hell…
Barnig
04.05.2015
SUPER !!
Sin BACK-UPen gesechert !
petz
04.05.2015
Jo, hun ëmmer alles e puer mol gesëchert. Kann awer réischt Enn Mee um Film weiderschaffen. Mëtt Mee kritt meng Duechter nämlech e klénge Bridderchen. Wahnsinn, hätt ee mer gesot, dass ech zweemol Papp gin éier de Film erauskënnt, hätt ech deen fir verréckt erklärt
Barnig
05.05.2015
Ohoooo Felicitatioun!!
petz
15.09.2015
Hmm, baal all meng Contributiounen hei am Forum sin verschwonn… Daat ass wirklech schued. Kennt dir do eppes man?
Barnig
22.09.2015
What a mystery!
Frank kanns du ebs maan? Wisou ass daat sou?
Ass daat e PR-Gag
petz
22.09.2015
De Mystery-Film ass mysteriös ënnergetaucht…
Barnig
24.09.2015
Scho nees …
petz
28.09.2015
Merci Frank, super dass du do eng Léisung fonnt hues, soss wieren onermooslech wichteg Infos zur Lëtzebuerger Indie-Szene verluer gang
Mir hun nächsten Méinden Camera Obskura AG, wou e puer wichteg Décisiounen concernant LMT geholl wäerte gin. Mellen mech dann nächst Woch mat News.
Franky
28.09.2015
Ech hoffen et sinn gutt News
HAlloween 2015 get bessen knapp
petz
28.09.2015
Et wäerten viraussichtlech gudd News sin, och wann Halloween effektiv knapp gët.
petz
09.03.2015
Kuerzen Update :
Leschten 5. Oktober haaten mer een éischten Testscreening vum Film organiséiert mat 7 Leit vun onser Crew an 3 Externer.
Mir kruten ganz vill Kritik a probéieren déi elo esou gudd wéi méiglech nach an de Film ze intégréieren.
Eng éischt Konsequenz vum Testscreening ass, dass mer probéieren d’Längt vum Film vun 102 op 90-95 Minutten erofzekréien fir de Rhythmus vum Film nach ze verbesseren an e puer Längten déi d’Zuschauer bemängelt hun erauszehuelen. Dobäi gin och e puer Szenen erausgeholl, déi nët onbedéngt schlecht woren, mee d’Geschicht nët direkt weiderbruecht hun. Wann ganz Szenen erausgeschnitten gin, dann wäerten déi herno eventuell an den “deleted scenes” op DVD ze gesin sin.
Esoubaal de neie Montage & Vertounung färteg sin (et fehlen och nach 2-3 Special FX an eng Animatiounssequenz) organiséieren mer een zweeten Testscreening.
Hei als Beispill eng Szene déi esou NET am färtegen Film wäert ze gesin sin :
Barnig
10.03.2016
Tiptop … mir hun Zait ..
Wanns de na ee fir en zweeten Testscreening brauchs
Probleem as just, wat mei Leit matschwätzen, wats de emmer mei vun denger Ufanksidee fort kenns.
Franky
10.03.2016
halloween 2016?
petz
10.03.2016
Ass notéiert Sin perséinlech ganz gespaant op deng Meenung zum Film.
Wäert alles drun setzen fir dës Joër endlech, endlech de Projet oofzeschléissen. Hänkt awer nët nëmmen vu mir of, och vum Team, vun der Bereedschaft vum Kino de Film ze weisen, vun den Medien onsen Film ze ënnerstëtzen, vum Resultat vum 2ten Testscreening a vun der Technik, déi ons hoffentlech keng weider Strëcher duerch d’Rechnung mëscht…
Barnig
12.03.2016
Also Petz, fir 2018 kreie mer e Kino op Koler, do sin ech mat an der Organisatioun. Speitstens dann muss de Film faerdeg sin, an do kann deen och ganz bestemmt gewisse gin
petz
15.03.2016
Salut,
Kënnt dir schon màéi verroden iwwer de Film deen dir mat Episclérite dréiht fir d’Ouverture vum Koler Kino? Waat fir een Genre? Long- oder court-métrage, etc?
Merci,
Petz
Barnig
15.03.2016
aah nee do si mer nach voll an der preparatiounsphase.. geet an riichtung MYSTERY-THRILLER
petz
15.03.2016
Mystery-Thriller, du wees jo dass der iech dann um LMT moosen musst Long-métrage?
Barnig
16.03.2016
of course we know .. mee et gi gemeschte GENRE’n … mee du bass nach ze freih PETZ: Produktioun fänkt freistens reicht neechst Joer un.
petz
17.03.2016
Daat heescht dir schreiwt momentan nach um Dréihbuch? Oder sidd der nach an der Konzept-Phase? Wësst der schon op et ee Court- oder Long-métrage gi soll?
Franky
18.03.2016
Alles nach an der Konzeptphase … de Film soll jo reicht fir d’Ouverture vum Kino faerdeg sin .. an daat dauer na
Et get kee Court-metrage… denken dass e mindestens 45min. kriit
petz
21.03.2016
Majo, dann hoffen ech dass der nët virum LMT erauskommt
petz
23.03.2016
Wéi all Dënschdeg Owend och gëscht erëm um Film geschafft. D’Versioun vum Film fir den zweeten Testscreening ass elo ëm ganzer 7,5 Minutte gestrafft gin. Dobäi ass die eng oder aaner Szene der Schéier zum Affer gefall. Die Szene en annexe wäert et just op den “deleted scenes” op der DVD ze gesin gin.
Barnig
24.03.2016
Kann een sech schweier ebess virstellen
CArLO
05.04.2016
Marc Du net alleng
petz
07.04.2016
Den Décken huet de Film schon 17 Mol gesin an nach ëmmer nët verstan
CArLO
07.04.2016
LOL
Barnig
08.04.2016
17 mol a weivill Joer?
CArLO
10.04.2016
17 mol an 17 joer an 17 verschidden versiounen wou soll en do nach eppes verstoen ????
petz
10.04.2016
1:0
Mee wann d’Leit nie zefridden sin mam Film, mussen mer eben eng nei Versioun man. Beim Zombiefilm wor all Mensch direkt vun der éischter Versioun begeeschtert (jo, unglaublich aber wahr)
Barnig
11.04.2016
Mir wieren och mat der eischter Versioun zefridden
CArLO
12.04.2016
Beim ZF hatte mer net fill erfahrung elo ass dat aanescht an passen op anner saachen op wat mer 2005 net gemach hun
petz
12.04.2016
Bei LMT hun mer objektiv gesin nët Tonnen méi Erfahrung gehaat wéi bei ZF, awer e bëssen méi ganz sëcher, dofir ass de Film – a mengen Aan – och erkennbar besser wéi ZF, mee de Film muss jo engem breeden Public gefaalen an nët mir alleng. Et ass awer wouer, dass ee permanent bäiléiert an ech géif haut de Film schon a villen Punkten aanescht man wéi deemols, mee et soll jo och bei engem drëtten Film nach eng erkennbar Progressioun méiglech sin (an do ass sëcher nach Sputt no uewen).
Waat ech allerdengs och aanescht maache géif ass den Testscreening selwer. Dass d’Resultat vum éischten Testscreening éischter mau ausgefall ass, ass och deelweis meng Schold well ech de Leit virun der Projektioun just gesoot haat, sie sollen mir nom Film soën, waat een nach alles um Film verbesseren kéint. Do wor et eigentlech normal, dass de Gros vun den Zuschauer sech op déi Sachen konzentréiert hun, déi hinnen nët gefall hun. Dofir, wann der enges Dags een Testscreening maache sollt, soot de Leit sie sollen iech herno soen, waat hinnen gudd gefall a waat hinnen manner gudd gefall huet, dann misst d’Resultat och vill méi équilibréiert ausfaalen (ausser de Film gefällt hinnen wirklech guer nët).
Haut den Owend gët weider geschafft.
petz
28.06.2016
Huch?! D’Prognosen fir onsen Film gesin nët gudd aus an der aktueller KML-Emfro
petz
28.06.2016
Kino- an TV-Trailer sin färteg (1’26” an 42″ ) an ech mengen – fir bäi Vergläichbarem ze bleiwen – mer op manst op deem Niveau keen Verglach mat Heemwéi färten mussen (deenen hieren Trailer www.youtube.com/watch?v=48IZyg6G6fg a an virum allem Teaser www.youtube.com/watch?v=TqS40InDP3o ech wirklech exzellent fonnt hun).
Waat de Film ugeet, ass eng aaner Geschicht. Eng Meenung dozou kann ech mer réischt nom zweeten Testscreening man op deen mer am Moment hinschaffen.
Barnig
29.06.2016
Wini gin dei dann released ?
A pass och op: Oft sin Teaser/Trailer besser wi e film selwer Zeih do keng referenzen
petz
29.06.2016
Ech kann mat Houfer soën, dass onsen Trailer besser ass wéi onsen Film an dass mir ons domat an eng lang Traditioun vun Hollywood-Filmtraileren areihen
Éierlech waat fir ee Film ass haut nach besser wéi säin Trailer oder hällt op manst waat den Trailer versprëcht? Mir fällt auf die Schnelle keen an…
En Trailer ass gemach fir ee Film ze verkaafen, fir d’Leit firwëllseg ze man an hinnen eng Idee ze gin, waat sie am Kino erward. Daat mëscht onsen Trailer ouni Zweifel. Hien mëscht och eppes waat vill international Trailer nët färteg bréngen : Hien verréid NËT de ganzen Film!!! Also e groussen Fortschrëtt zum Zombiefilm-Trailer an deem baal all Schlësselszenen aus dem Film ze gesin woren. Mee bon, we were bloody amateurs Now we are bloody amateurs with some experience! Bei LMT konnt ech verschidden wirklech flott Szenen guer nët an den Trailer abauen ouni zevill ze verroden. Déi muss een dann eben am Kino (oder op DVD) entdecken.
An onsen Film ass ganz kloër eng Amateur-Produktioun mat semiprofessionnellen Usprëch an genau esou wäerten mir de Film och verkaafen. Et soll een also nët mat de selwechten Erwardungen erangoën wéi an een Avengers… Et ass eréischt onsen zweeten Film an deen éischten kennt (a schätzt) der jo allegueden
Wann de Release vum Film fir Halloween 2016 klappen sollt, dann géifen mer 3 Wochen virdrun (also Ufank Oktober) eng Pressekonferenz organiséieren an de selwechten Dag dann den offiziellen Site + Trailer + Mediencampagne lancéieren.
petz
29.06.2016
Mometan renderen ech eng High-Quality Versioun vum Film an der neier Versioun (also 8 Minutte méi kuerz wéi Testscreening-Versioun vum leschten Oktober). Et fehlt dann nach de finalen Soundmix (Ufank August) an eng Animatiounsequenz déi vun engem externen Matarbechter geliwwert gët (anytime soon now). Rendering-Time : 24 Stonnen! (op enger performanter PC-Schnëttstatioun).
petz
14.07.2016
Haat mam Yves a mam Mendaly virun 2 Wochen een Testscreening vun der neier Versioun vum Film gemach an hun dono nach e puer Ännerungen op Grond vun hieren Reaktiounen gemach.
De Film wäert a senger definitiver Versioun genau 94’20” daueren (daat ass eng Kierzung vun 8’06” par rapport zur Versioun déi am éischten Testscreening leschten Oktober gewisen gouf).
Et fehlen elo nach genau 2 Sachen domat de Film definitiv färteg ass :
1) eng Animationssequenz vun 3 Minutten (déi ech fir allerspéidstens Ufank August versprach krut)
2) de finale Soundmix (deen ech perséinlech an der 2ter Woch August maache wäert)
Bis dohin schaffen ech un Folgendem :
– Trailer (100% färteg)
– TV-Teaser (100% färteg)
– Poster (95% fäerteg)
– Websäit an 3 Sproochen (95% färteg)
– Promo-Flyer (50% färteg)
– Pressepartenariater (nach nët ugefang)
– Pressedossier fir Pressekonferenz (20% färteg)
– Organiséieren vun Avant-Première (nach nët ugefang)
voilà, dann sidd der um allerleschten Stand!
A fir oofzeschléissen nach eng exklusiv Foto aus dem Film déi eng Ausaanersetzung vun zwee vun den ugesootesten Jonk-Schauspiller vun der aktueller Filmgeneratioun weist, dem Sofia Lopes an dem Raoul Migliosi (déi zum Zäitpunkt vum Tournage nach Amateurschauspiller woren, waat am Fong weist dass mer bei onsem Casting deemols de richtegen Riecher haaten)
Barnig
28.07.2016
Haat gehofft op HALLOWEEN 2016
PETZ!! Geff Gas
petz
29.07.2016
Enn August entscheed sech, ob en Halloween erauskënnt. U mir soll et dann nët méi leien. Meng Aarbechten sin bis dohin oofgeschloss. Brauch am Fong just nach d’Animatiounssequenz, den Accord vum Utopolis an d’Promomaterial an den Drock ze gin an dann rullt daat fir Halloween 2016.
Admin2
08.09.2016
Mir freen eis
(sorry mee kommen mam Franky account net mei ran…. wei ech schon sot, de site geet futti
petz
08.09.2016
Nächst Woch hun mir AG. Do fällt dann am Prinzip de Startschoss fir de Release virzebereeden. Hätt nie geduecht dass mir esou lang géifen brauchen. No all där Zäit kann onse Film jo baal nëmmen enttäuschen vu dass Erwardungen (bei de puer Leit déi de Projet suivéiert hun) elo immens grouss sin. An et ass jo awer “just” onsen zweeten Film no Zombiefilm an mir hun leider, leider keen J.J.Abrams an onser Equipe…
petz
27.09.2016
Coming very, very soon
Admin2
05.10.2016
Endlech do! an dann och nach direkt een neien Titel !
petz
10.10.2016
Salut Marc, salut Franky,
Wor flott, dass dir bei der Cast & Crew AP konnt dobäi sin. Hoffen de Film huet iech ënnerhaal. Wann der eng Kritik schreiwen wöllt, dann w.e.g. näischt spoileren. Hei nach emol an groussen Zich d’Haaptsequenzen vum Film als roude Fuedem :
– Intro old film look
– Intro the woods by night
– At the Uni
– Commissioner Meyer & Thill at the first crime scene
– Classroom disrupted by Commissioner Meyer
– Pacha
– Kinosch
– Interrogatory at the Uni
– Forest guard
– Théâtre National du Luxembourg
– Marc Thoma at the crime scene
– Cemetery
– Library by night (with animation sequence)
– Home alone?
– “Resultater vum Labo”
– Kropemann @ Uni
– Secret passage
– Showdown
– End titles
petz
13.10.2016
Eischt Kritik am Journal : www.journal.lu/top-navigation/article/killer-mit-haken/
Barnig
14.10.2016
Daat ass awer leider keng Kritik, mee just eng Aklärung, di menger meenung no scho vlait bessi ze vill zielt. *verwirrt*
Eng richteg Kritik haat den Herr Spielman eis fir LIEWENSREES 2001 geschriwen, wu e soot mir sollen apaacken. *biggrin*
Kucke meng och glaich ze maan
petz
14.10.2016
Also fir mech ass daat schon eng richteg – wann och kuerz – Kritik. Hien mëscht kloër Aussoën zur Qualitéit vum Film (ein Riesensprung im Vergleich zu Zombie Film) an zum Filmerliewnëss als Zuschauer (Es baut sich langsam aber sicher Spannung auf) a suguer zu der Arbecht vun den eenzelnen Leit aus der Equipe (Realisateur, Kameramann a Musiker-Komponist). Fir mech ass daat eng Kritik, eng kuerz awer eng Kritik nichtdestotrotzt. Mir hun ons driwwer gefreet
Barnig
17.10.2016
gud geschwaat!
petz
18.10.2016
Villmols Merci, Marc. Haat och Spaas gemach. Et muss een just a sengem Kapp ausblenden, dass et live ass an dass iwwer 30.000 Leit nokucken…. Wor flott dass sie och de Ricky agelueden haaten, esou konnt hien endlech eng Szene aus dem Film entdecken (hien huet de film nach nët gesin). Kommt dir nach eng Kéier op Premiere muer?
Barnig
19.10.2016
Salut Petz,
Mir kommen de Film namol mam KML an eisen besseren Hallschenten kucken, warscheinlech awer reicht mi speid.
Wenschen Ierch awer vill Succes fir den Owend mee daat wäert scho klappen
petz
19.10.2016
Merci, Marc! Dann hoffen echdass den Owend den DCP leeft, well mir haaten enorm Problemer fir deen un d’Laafen ze kréien. Wann daat awer den Owend klappt, dann misst am Prinzip Bildqualitéit e gudde Meter besser sin wéi bei der AP am Kinosch. Sin selwer ganz gespaant. Haut ass och e groussen Artikel an der Télé-Revue.
Admin2
24.10.2016
Eng Kritik vum Film schreiwen ech ereicht wann en net mei leeft Et soll jiddereen mol seng eegen Meenung bilden.
War jiddefalls ee flotten Owend!
Haut geet main Brudder e kucken, also maacht Iech schon prett fir eng hefteg Kritik
petz
25.10.2016
Ok, sin dann gespaant op deng Kritik Jo, de Claude haat ech gëscht am Kino gesin an hun mech dunn direkt niewt hien gesaat fir mäin ärgsten Kritiker an der Gitt ze haalen De Joy Hoffmann wor iwwregens och do. Et wor eng flott Projektioun an engem dach gudd gefëllte Sall an ech konnt nom Film och nach e längert interessant Gespräich mam Claude féieren. Ech sin also op säi final Verdikt gespaant, mee de Film schéngt him awer zimmlech gudd gefall ze hun an op manst seng schlëmmsten Befierchtungen schéngen beim Film nët egtrueden ze sin. Daat freet mech natirlech immens.
Franky
27.10.2016
hahha top
am beschten nierft di schlemmsten Kritiker setzen
Ech froen hien mol waat en dovunner gehaal huet. Mee wann de Claude de Film net direkt komplett zerrappt huet, dann hutt dir mam Kropeman definitiv eppes richteg gemaach!
Wei gesait et mat weider Seancen aus? D’Säll schengen jo emer gutt gefellt ze sinn!
PS: main account geet rem
petz
27.10.2016
Utopolis huet ons bis elo just gesoot dass sie “ganz zefridden” mat den aktuellen Entréeën sin, Drécken mer also Daumen 🙂
E flotten interview mam Carlo a mir gëtt et hei (mat vill Hannergrënn a Musék aus dem Film an och eng Diskussioun iwwer de Lëtzebuerger Kino) : vimeo.com/188976913
petz
18.11.2016
Bon, lescht Woch Exploitatioun fir de Kropemann. Zäit dass ech mer esou lues Gedanken fir den nächste Film man. Irgendeen Loscht matzeman?
Barnig
21.11.2016
Ech wier dabei
petz
21.11.2016
Ma tip top. Mir zéien an den nächsten Wochen mol Bilan an diskutéieren dann mol intern ob a wéi et weidergeet. Haalen dech/iech um Courant.
Barnig
22.11.2016
tiptop …
denken dass eng hallef dozen leit vu KML kinnten hellefen
petz
07.12.2016
Elo wou de Film nët méi leeft, wann een eng Kritik schreiwen wöllt, dann w.e.g. näischt spoileren. Hei nach emol an groussen Zich d’Haaptsequenzen vum Film als roude Fuedem :
– Intro old film look
– Intro the woods by night (Zombie Film 2 the unofficial Seuqle
– At the Uni (den éischten Optrëtt vum Portier deen Schüler vernennt
– Commissioner Meyer & Thill at the first crime scene
– Classroom disrupted by Commissioner Meyer
– Am Pacha
– Am Kinosch
– Interrogatoire vun de Schüler op der Uni
– De Fierschter kuckt nio den Inten
– Karaoke-Training am Théâtre National du Luxembourg
– Marc Thoma at the crime scene
– Kierfecht Szene
– Nuets an der Bibliothéik (mat Animatiounssequenz iwwer d0Legend vum Kropemann)
– Komesch Geräischer uewen am Zëmmer?
– “Resultater vum Labo sin do”
– Kropemann @ Uni
– Secret passage
– Showdown
– End titles
petz
12.01.2017
Voilà, Kropemann huet et ob déi drëtt Marche vun den erfollegräichsten Lëtzbuerger Filmproduktiounen aus dem Joër 2016 gepackt. Mir konnten d’Zuschauerzuelen par rapport zu onsem éischten Film méi wéi verduebblen an daat an engem Ëmfeld wou d’Konkurrenz am Kino immens héisch wor. An de 5 Wochen wou de Film gelaaf ass, sin nämlech nët manner wéi 38 (!!!) nei Filmer ugelaaf an den Drock op onse Film d’Feld ze raumen wor deementspriechend grouss. Ech mengen et kann een – ouni roud ze gin – soën, dass daat ee ganz gutt Resultat ass, mee ech muss éierlech soën, dass ech perséinlech op nach e bëssen méi héich Entréeszuelen getippt haat (muss een als Realisateur jo un d’Potential vu sengen eegen Filmer gleewen).
Een interessanten Szenario wier gewiecht, wann mir de Film 2014 aplaz 2016 erausbruecht hätten, also daat Joër wou den Heemwéi an de Kino koum. Dann hätten Heemwéi an Kropemann nämlech déi zwou Spëtzenpositiounen am Klassement vun den erfollegräischten Lëtzebuerger Filmer vum Joër beluecht… Mat allerdengs enger komfortabler Avance vun Heemwéi op Kropemann.
Ass och schued dass zanter 2014 (an dem ecrasanten Erfolleg vum Heemwéi) keng Entréeszuelen, mee just nach de Klassement verëffentlecht gin. Esou wëssen mer nët ob déi zwee Filmer déi virun ons klasséiert sin, 1 Ticket oder 10.000 Tickets méi verkaaf hun wéi Kropemann…
Barnig
13.01.2017
Ech fannen daat tiptop, haat daat och gescht geliess. Felicitatioun!
Et muss een awer just realistesch bleiwen, ech soen der daat suguer och an deems ech un eis egen Filmer denken dei mol am Kino gelaaf sin: et hängt just vun der Reklamm/Marketing an Bekanschtschaftsgrad of (d.h. wann een ee kennt deen ee kennt wu ee kennt wu matgemaach huet, da gin ech natirlech dee film kucken)
Et kann een daat net emmer alles ganz eecht huelen.
Mir huet de Kropemann wesentlech besser gefall wei Heemwei. A wann di 2 Filmer glaichzaiteg gelaf wieren, da wier et wirklech spannend gin, well heiansdo geet een och einfach nemmen gären e letzebuergesche Film kucken/ennerstetzen dann ass Thematik nach egal
petz
13.01.2017
Jo, ech hätt och vill léiwer schon onse Film 2014 an d’Kinoën bruecht, mee mir woren eben nët prett. Ech mengen wann déi 2 Filmer gläichzäiteg gelaaf wieren, hätten sie sech wahrscheinlech och géigensäiteg ënnerstëtzt, well vläit Leit intriguéiert gewiecht wieren, dass 2 Amateur-Produktiounen gläichzäiteg ulaafen an sie hätten wöllen déi zwou Produktiounen vergläichen. Mee bon, daat ass alles Spekulatioun.
Mir haaten onsen Marketing och eng Grimmel ze spéid ugefang, oder besser gesot ufänken mussen, well mir wollten am Fong de Film eréischt den 31 Oktober, also Halloween, erausbréngen, mee den Utopolis huet insistéiert, dass mir e schon 2 Wochen méi fréih erausbréngen, well hiere Programm ëm Halloween schon zevill chargéiert wor. Dunn hun mer de Marketing e bëssen iwwer de Knéi briechen mussen. Glécklecherweis gouf et – contrairement zu 2005 wou mer Zombiefilm erausbruecht hun – Facebook fir Promo ze man. Ons improviséiert Facebook-Campagne huet vill dozou bäigedroën dass d’Leit onsen Trailer gekuckt hun. Am ganzen ass deen nämlech iwwer 11.000 mol op Vimeo gekuckt gin an ech mengen daat huet vill dozou bäigedroën, dass mer ons Zuschauerzuelen eben méi wéi verduebblen konnten par rapport zum Zombiefilm.
Och de bouche-à-oreille muss dach zimmlech positiv gewiecht sin, well mir konnten an der zweeter Woch Exploitatioun d’Recetten ëm 15% steigeren par rapport zu der éischter Woch, waat dann jo och dozou gefouert huet dass de Film eng drëtt Woch (an duerno eng 4. an 5.) verlängert gouf.
An och wann Eldoradio, RTL an editpress onse Film ganz, ganz fantastesch ënnerstëtzt huet, hun och eng ganz Partie Medien onse Film guer nët erwähnt an daat huet mech dach wirklech iwwerrascht. Wann een nämlech d’Medien-Resonanz vum Zombiefilm mat där vum Kropemann vergläicht, könnt daat heiten (fir mech wirklech iwwerraschend) Resultat eraus :
Zombiefilm : 3 Journalisten op der Pressekonferenz fir 14 Presseartiklen + 3 TV-Reportagen + 6 Kritiken
Kropemann : 11 Journalisten op der Pressekonferenz fir 5 Presseartiklen + 1 TV-Reportage + 2 (!) Kritiken
an daat obwuel Kropemann objektiv gesin een an allen Hisichten besseren Film wéi Zombiefilm ass. Waat jo och ons Ziel wor an waat jo och nët ganz schwéier wor
Bref, mech faszinéiert daat alles an et kéint een stonnelang driwwer diskutéieren. Ech mengen och, dass einfach d’Medienkonsumverhaalen vun de Leit sech an den leschten 10 Joër immens geännert huet. Et ass nët méi esou einfach de grand public an de Kino ze lacklen well vill Leit haut léiwer doheem op der Couch Netflix kucken oder um Internet ennerwee sin.
Mee lose mer nët kloën, de Kropemann huet sech an engem schwéieren Ëmfeld ganz daper geschloën!
Franky
14.01.2017
Top!
ech wärt meng Kropemann Kritik am neien Forum schreiwen, am moment investeiren ech meng Zait fir daat ganzt endlech ze starten well hannert de Kulissen bröckelt dese Forum an et kann sinn dass en rem all Moment futti fiert Dofir stay tuned.. hoffen daat ganzt left dann an de nächsten Wochen. Bis dohinner mellen ech mech hei am Forum oof
petz
14.01.2017
Sin gespaant. Op ären neien Site, de neie Forum an natirlech deng Kritik

Heemwei

Franky
03.07.2008
Neien longmétrage (an domat 2ten longmétrage no WIQ) vun feierblumm.com
(demnächst meng Meenung zu desem riesenprojet)
Barnig
03.07.2008
2008-2009
Gleewen zwar net wirklech dass daat stemmt, en plus ass dee Projet schon zenter min. 1 Joer annonceiert.
Ob en iwerhaapt gedreihnt get, ass mengen ech och na net secher, oder?
Franky
03.07.2008
si si, check mol den internet site…
fuuss
04.07.2008
Dach den Tournage ass schon am gaang
Barnig
04.07.2008
Jo hu geliess zu Bitburg.
War dat dann net zevill “gezwongen”, kenn ee jo net onbedingt selwer entscheeden, wei dei militäresch Fliigeren solle fleien.
Stelle mer fir, dass een do muss daat Material benotzen, waat een eben graad gebueden kriit.
fuuss
07.07.2008
Daat froen ech mech och , kanns jo kaum bestemmen an wei engem Wenkel se op Kamera kommen , an en plus kenns de och net esou no do drun
fleicht haaten se awer och eng extra authorisation
who knows
Franky
30.07.2008
Voilà, ech hun lo endlech e bessen Zait fonnt main Pefferkär beizedroen. Mee als eischt well ech nach schreiwen dass dest net als direkt Kritik um neien FB film dengen soll, mee eischter eng (also meng) Meenung zu Filmer(respektiv Medien) dei heikel geschichtlech Themen behandelen. Ech sin secher dass desen Film technech absolut ze iwerzeegen wees an dass en genausou wei den WiQ? och seng Fan-gemeinschaft fannen wert. Ech urteelen heimadder also net iwer een Film den nach net ofgedreihnt ass an wou ech selwer och keng detailer wees, mee ech well einfach meng perseinlech Meenung zu sou engem Projet hei nidderschreiwen.
Filmer dei een realt Thema behandlen oder an enger realer Zait oder Platz spillen hun emmer folgend Problemer: Authentiziteit oder/an eng Gruppe vun Leit fillt sech attackeiert/geet Problemer sichen.
Zur Authentiziteit get et net vill ze schreiwen: Filmer dei an der Vergangenheet spillen, laafen oft d’Gefor dass gewessen Detailer net richteg iwersaat gin an dass een dem Film net ofhellt dass en genee zu der Zait spillen soll. Den selwechten Problem stellt sech bei der Emgeigend. Et kann een keen letzebuerger Besch filmen an soen dat wier den afrikaneschen Dschungel Idem fir d’Leit, freiher hun d’Leit einfach anescht ausgesin, respektiv anescht geschwaat an sech anescht ugedo.
Ech perseinlech bevorzugen Filmer wou een net soll wessen wou an weini se sollen spillen(am beschten typensch letzebuerger merkmaler vermeiden).
Den aneren Punkt ass menger Meenung no vill mei heikel. Filmer dei fiktiv sin (also mat fiktivien Characteren, fiktiven Locations, fiktiven Aktionen) hun desen Problem sou direkt net. Een Beispill: wann een Thema d’Kannerentfeierung behandelt an do just een Kand am Keller weisst an net seet ween dat ass an wou dat soll ofspillen,(sou wei an Mona) dann kann den Spectateur sech saint denken an ausleen wei hien well. Wann een awer Dutroux oder Kampusch am film erwähnt, oder zb seet d’Handlung soll an der Belge ofspillen, ass een aus der Fiktion direkt an Realiteit entwutscht. Kloer, den Film ass nach emmer fiktiv, mee et huet een den direkten lien tescht den Fakten aus Realtitet an dem Film. Den Problem an sou engem Fall ass eindeuteeg: copyright problemer, Leit kennen sech direkt oder indirekt durch dat Thema respktiv iwer d’Ausleeung an d’Interpretation vum Thema attackeiert fillen,…
Eigentlech sin ech een groussen Fan vun Krichsfilmer (Where eagles dare, the Longest day,..) well se deelweis eng extrem paackend Spannung opbauen. Virun etlechen joeren hun ech och eng jet letzebuerger Krichcfilmer gesin(dei hun mech net wirklech vum hocker gerappt, waren deelweis extreem banal Dreihbicher, respektiv hun se Dierfer gewissen dei sech geint dei Deitsch wieren oder Flüchtlinge oder Krichdengschtverweiger am Schapp verstoppt hun…des Filmer strotzen och vun Patriotismus.
En Film am WW2 ofspillen ze lossen fannen ech extrem gewoot. An Deitschland ass alles waat iergendwei eppes mat NS / (Neo)Nazien / WW2 zedin huet greissendeels absolut taboo. Beispiller gin et genuch: grad virun kuerzem ass een Wachshitler futti geschlo gin; äusserungen wei:”zu der zait sin super Autobunnen gebaut gin” leisen an deitschland een klengt TV skandal aus; een Hitlergruss am BB-haus leisst protester geint Endemol aus waat eng speziell Holocaust live Sendung zur folg huet; een Verkeefer den Pins mat durchgestrachenene H-kraizer verkeeft flitt virun d’Geriicht weinst benotzen vun verbuedenen Symboler, Helge Schneider verarschung vum Führer empört hallef Deitschland an den Film floppt…..
Des Reaktionen sin extrem iwerdriwen, mee et weist awer kloer dass mat dem Thema net ze spassen ass, an et spillt leider dobai oft keng Roll wei een dat Thema behandelt; et fennt een emmer Kritiker.
Wou ech lo den Problem bei sou enger Produktion hei am Ländchen gesin ass folgenden: et beweegt een sech iergendwei emmer op engem schmuelen grad vun der Legaliteit. Och wann hei all Virkeierungen geholl gin sin (an souguer den Staat dat ganzt ofseent), dann ass et trotzdem net auszeschleissen dass sech (zumols eeler Generationen) durch sou een Film blesseiert fillen. Dest kann een vermeiden wann een extrem Kontrast an den Film brengt(beiss Deitscher, beisen krich, gudd Letzebuerger, gudd Krichsverweigerer) waat awer secher dem Film net gudd wärt doen (dest ass oft den fall an neien US war movies, zb am pearl habour, quasi Propaganda Filmer.) Sou eng extrem Schwarzmolerei kann och seng Kritiker fannen.
Ech krutt schon een ganzen Koup vun Diskussionen mat dei sech am viraus direkt an indirect em desen Film gedreihnt hun, vun Meenungen dei do keen Problem gesin, respektiv Leit dei net mat sou Filmthematiken eppes ze din wellen hun an och net domat an Verbindung wellen bruecht gin. Ech gin och dovun aus dass net vill Leit hei am Forum hier Meenung nidderschreiwen(well se färten sie geingen eppes falsches soen). Och ech haat schon een mini-script den zu der zait spillt am grap, decision am comité op sou een film fir eis an fro kennt ass net eendeiteg gefall(waat och rem weist dass d’Meenungen zu sou sachen extreme auserneengin).
Ech perseinlech gesin Film emmer als Konscht an Fiktion, mee leider souball een den direkten Bezug zur Relatiteit brengt muss een(am schlemmsten Fall) mat harschen Kritiken rechnen. Et gin leider genuch Leit dei einfach direkt jeitzen ouni genee een film ze verstoen(an et muss een domat rechnen dat net nemmen Historiker oder Leit mat Grips dat ganzt speider kucken gin).
Ob dei Fro ob een sech d’Recht daerf huelen d’Geschicht an Vergangenheet vun eisem Land an eisen Noperlänner ze verfilmen an ze interpreteiren (een film ass NIE neutral, et get emmer indirect an eng gewessen Richtung) muss jidereen eng äntwert selwer fir sech fannen….
Barnig
30.07.2008
Ech denken zwar dass dei Leit an dei Crew, daat alles wessen, soss geiffen se jo schlisslech do net matmaachen. A well dee Projet jo relativ laang an der Preproduktioun ass, hoffen ech mol dass’en se genuch Recherchen hun.
Ech selwer sin och e grousse Fan vun historeschen Filmer,sufern d’Geschicht och wouer ass. Mee daat allerschlemmst wat et get, ass wann ee su Filmer a sengen eegenen Genschten emännert (a sumader och d’Geschicht) oder zevill propagonistesch handelt (-> USA)
Wann d’Equipe 400% get, kinnt daat klappen.
Obwuel ech mech perseinlech -mat mengen 15 Joer FilmerDreihnen- na net raif zu su engem Sujet ging fillen.
Loose mer eis iwerraschen …
Franky
30.07.2008
jo kloer wessen dei dat all soss wieren se jo net am projet mat dran bedeelegt
sin awa gespaant waat den projet get an freen mech op dei eischt biller!
Barnig
19.08.2008
Leschte Sonden ( 17/08 ), war um RTL eng Reportage iwer den Tournage ze gesin.
Gesait nawell villverspriechend aus.
petz
01.10.2008
Interessanten a flott opgemachten 4 Säitenartikel iwwer d’Feierblumm-Produktioun “Heemwéi” haut am neien Télécran. Liesenswert ass och den Kommentar “Das andere Kino” vum Jean-Louis Scheffen, deen den Artikel geschriwwen huet. Feierblumm leescht a mengen Aan zanter e puer Joër eng ganz wertvoll Arbecht fir die lokal Amateur-Szene. Ech zéihen mäin Hut virun hierem Asatz a wönschen hinnen ganz vill Erfolleg mat dësem ambitionéierten Projet. Am Prinzip misst den Artikel geschwönn um Site vun Feierblumm disponibel sin.
Barnig
01.10.2008
ma si gespaant …
Franky
04.10.2008
stemmt, den titel ass och online op hierem site, an wei den petz sot, “das andere kino” parte ass interessant.
Waat ech just nach so an (rem) den Raum well werfen(ass just meng meenung, ech warden also op aner meenungen, respekiv op kritik un menger kritik) dass an dem ganzen artikel net immens riwer kennt dass et een amateur film ass(falls et dat iwerhaapt soll sin). Et get do vun klengen sommen wei 25.000 euro geschwaat(dat sin emgerechnet eng gudd million all letzebuerger frangen) an dann och nach erwähnt dass den WIQ just eng lächerlech somme vun 5.000 euro kascht huet… (waat ech alles anescht wei bessen fannen, KML krutt emol dei snj bourse, an dat ass menger meenung masseg duergaang fir een longmétrage, an den gros vum geld ass drop gang fir catering, flyeren, promotion.. sachen dei een net AM film gesait..).
An lo zu menger fro: kann een bei 25.000 euro nach vun amateur schwäTzen? Ech wees jo net wei feierblumm hieren eegenen Film well vermarkten(als amateur film? als “richtegen” letzebuerger film?) mee bei sou engem Budget fällt et einfach schweier do nach eng astuffung ze machen, dat sin einfach ganz aner dimensionen.Amateur? semi professionel? professionel? Mee ass groussen budget glaich professionell? (leit wei bernard michaux an jeff desome dreinen super filmer wou den terme professionnell passt, enner anerem och well se an dei richtung studeiert hun, mee hier filmer sin net “imposant” waat spilldauer an ausstattung ausgeet)..
Ech wees et net, sin just gespaant wei sech dat weiderentweckelt. Dat selwecht froen ech mech och bei LMT, wou een dem film lo schon een greisseren(groussen?) budget an eng weiderentwecklung zum Z-film ugesait.
Barnig
06.10.2008
An eisem Forum get et jo su en TOPIC, wu oder wei een den Amateurfilm defineiren kann..
Do ka jo jidereen seng behaaptung dra schreiwen
Et ass schwiereg… fir mech ass en 100%egen Amateurfilm e Film wu iwerhaapt keen Budget do ass!
Vu 5000 oder 25000 Euro ze schwätzen, ass eigentlech fir “Letzebuerg” relativ vill, mee an der Filmwelt na laaaang kee Budget fir e Film a scho guer net fir e Kriichsfilm, vun dohier woen ech mol ze behaapten dass och bei HEEMWEI trotz der “1 Millioun LUF” na emmer den absolute Minimum vu Käschten rafaalen.
Biswell kruut na kee Verain oder Klub su een Subside (ass vlait och de grond dass na keen sech un daat Thema gewagt huet) mol ofwaarden wei dat hei da wierkt.
Biller wierken op alle fall ganz proper, an et däerf ee gespaant sin.
petz
06.10.2008
Eng einfach Définitioun fir een Amateurfilm ass : eng Poduktioun mat där KEEN beruflëch seng Suen verdéngt. Wann all Mënsch éiereamtlech un enger Produktioun schafft, ass ett fir mech eng Amateurproduktioun. Wann e puer Profis aus dem Filmberäich éierenamtlech mat un enger Amateurproduktioun schaffen, dann kanns du a mengen Aan wéinstens waat d’Qualitéit vum Film ungeet semiprofessionnellen bis professionnellen Niveau erreechen, den Film bleiwt awer um Enn eng Amateur-Produktioun, well keen mam Film säi Brout verdéngt an d’Leit de Film machen fir a) Spaas ze hun an well sie Filmer gär hun a b) d’Handwierk vum Film ze léieren oder hier Kenntnisser ze perfektionéieren.
Fir mech ass Heemwéi eng Amateurproduktioun, awer sëcher die ambitionnéierst a wahrscheinloech och qualitativ die bescht déi bis elo am Land gedréiht gouf. Waat ech bis elo vun Film gesin hun, léist mech bildtechnesch op semi-professionnellen, jo, suguer professionnellen Qualitéitstandard schléissen an ech zéihen virun där kollektiver Leeschtung vun hierem Team mäin Hut. Fannen ett perséinlech eemenz unreegend, waat Feierblumm mëcht. Sie hun ee ganz schwéiert Thema ugepaakt, een gudd réihbuch geschriwwen a filmtechnesch enorm Effort’n gemach fir den beschtméiglechen Film ze dréihen. Daat soll fir all die aaner Amateur-Klibb een Usporn sin. Waat Feierblumm am gang ass ze man, kann just dozou beidroen, dass den Amateurfilm zu Lëtzebuerg méi seriö geholl gët. Do kann ech just soen : Bravo!
LMT ass ganz kloer och eng Amateurproduktioun bei där Obskura – wéi ugekönnegt – probéiert filmtechnesch semiprofessionnellen Niveau ze erreechen. Ziel ass besser wéi Zombiefilm ze man a méi ee breede Publique ze erreechen.
Budget spillt fir mech keng Roll bei der Bewertung Amateurfilm oder nët. Wann een als Team motivéiert ass, ass ett nët wirklech schwéier 25.000.- EUR a méi zesummen ze kréien.
Franky
06.10.2008
okey dat liicht mer lo an
Barnig
06.10.2008
Sin zwar net ganz dem petz senger Meenung:
Also fir d’eischt emol ass jo just den absolute Minimum bei der Filmindustrie, wu “beruflech” schafft. Bei Filmer geet et jo meechtens emmer em de Projet a net em eng fix Somme dei all Filmcrew member wöchentlech (Verglaach mat normaler “Arbecht” 40h Woch /8h Daag …) oder deeglech kriit. Mee et hänkt jo emmer vum Projet selwer of. Een Akteur dee beim Tarantino matspillt verdingt mei, wei een dei beim Andy Bausch mat mecht.
Wann den Thiery VanVerweke lo gratis geing an engem vun eise Filmer matspillen, da fir hien jo dee moment en Amateur, well en keng Gage kriit (bon gud, dass lo e letzebuergescht Beispill) mee soit. An dee Film wier jo dann och en “Amateurfilm” .. mengen daat klappt net fir dat sou ze defineiren
Ech hun och scho vu Filmer heiren (kann zwar lo net genau soen, weieen) mee do goufen et heiansdo Budget probleemer, an dee moment hun d’Akteuren oder Leit vun der Crew op hier Gage verziicht, doduerch gouf dee Film dann awa net als “Amateurfilm” aklasseiert.
Ech denken eischter, do si mer net su falsch wa mer mol soen, weivill Budget fir en Amateurfilm virgesin ass, an da kucken, wei a wat mat deem budget gema get. …
petz
06.10.2008
Hun mech vläit nët präzis genuch augedréckt. Wann die ganz Equipe um Film nët bezuelt gët an de Gros vun der Equipe nët aus Professionnelen aus der Filmbranche besteet, ass ett fir mech eng Amateur-Produktioun.
Wann elo den Thierry Van Verweke bei LMT géif gratis matspillen, dann bleiwt hien natirlech ee professionnellen Schausspiller well hien säin Brout mat der Schauspillerei verdéngt (och wann hien dann ausnahmsweis eng Kéier éierenamtlech spillen géif) , mee LMT gët dowéinst och keng professionnel Produktioun. Ett géif dann een Amateur-Film bleiwen, bei deem eben een Berufsschauspiller gratis matspillt (well him den Projet z.B. gefällt).
Daat Beispill daats du genannt hues, wou bekannten Schauspiller, déi normalerweis Million-Gagen kréien, gratis (oder zum gewerkschaftlechen Mindestloun vun der amerikanescher Filmbranche) spillen, ännert näischt drun, dass ett sech ëm ee professionnelen Filmprojet handelt, well die ganz Produktiounséquipe jo normal bezuelt gët. D’Schauspiller déi esou eppes man, man daat just well den Filmprojet (oder de Réalisateur) sie dermoosen interesséiert, dass sie bereed sin och ouni (oder mat ganz wéineg) Gage matzespillen. Mee de Film als Ganzt bleiwt selbstverständlech eng professionnell Produktioun, meeschten eng Low-Budget oder Mid-Budget-Produktioun (5-20 Mio Dollar).
Budget ass fir mech op allen Fall kee Critère. Wann ech muer vun engem räichen Moni 10 Millionen Dollar ierwen an décidéieren déi an den LMT ze investéieren, da bleiwt ett awer eng Amateur-Produktioun soulang ons Equipe die selwecht bleiwen an ons Leit de Film nach ëmmer niewt hierem Beruf mache géifen. Géif ech mat deenen 10 Milliounen awer Leit aus der Filmbranche bezuelen, fir de Film ze man, dann géif aus LMT eng professionnell Produktioun gin.
Wann ech soen, dass d’Leit hier Broud beim Film verdéngen, mengen ech natirlech domat keen 40-Stonnenjob mee eben, dass sie bezuelt gin fir déi Dauer wou sie un engem Film matschaffen, esou wéi daat eben iwwerall an der Filmbranche üblech ass.
PS : Ett kann een natirlech och probéieren aaner Critèren ze fannen fir eng Amateur-Produktioun ze définéieren, mee déi sin dann vill méi subjektiv. Ab wéini ass z.B. een Budget ze héich fir eng Amateur-Produktioun? Gët aus engem Amateur-Film een professionnellen Film wann een z.b. mat Arri-Kameraen oder aaner High-End Equipement dréiht? Spillt den Look vum Film eng Roll? Wa jo, geet ett duer mat engem 35mm- Adapter ze dréihen? Machen professionnel Schauspiller ee professionnellen Film? Ass een Film eng professionnell Produktioun wann sie am groussen Kino leeft? etc., etc. Ech mengen, dass wann een an déi Richtung geet, da gët Diskussioun ganz subjektiv well jiddereen Qualitéit aanescht empfënd. Da fannen ech ett méi einfach als Critère den Status “beruflech” jo oder nee ze benotzen. Een deen säi Brout mat Filmmacherrei verdéngt, kann op jidde Fall nët als Amateur duerchgoen.
Mich
06.10.2008
Ein Amateur (franz. für „Liebhaber“) ist eine Person, die – im Gegensatz zum Profi – eine Tätigkeit aus Liebhaberei ausübt, ohne einen Beruf daraus zu machen bzw. Geld für seine Leistung zu erhalten. Ein Amateur ist ein Laie […], für seine Tätigkeit nicht formal ausgebildet, im Unterschied zum Fachmann („dem im Fachgebiet ausgebildeten“).
Der Begriff sagt wenig über die Sachkenntnis von Amateuren aus, die durchaus professionelles Niveau haben kann. Dagegen wird der Begriff amateurhaft abwertend im Sinne von „nicht auf professionellem Niveau“ gebraucht. Aus diesem Grund wird zur Beschreibung einer zwar als Amateur ausgeübten aber dennoch als professionell anzusehenden Leistung häufig der Begriff der „Semi-Professionalität“ verwendet.
Quell: Wikipedia
Ech denken déi Definitiounen hei maache villes méi kloer.
Amateur an amateurhaft sinn zwou verschidde Saachen..
CArLO
06.10.2008
WOW
Wei den Papp den senger kanner erzielt……………………………………………………..
Barnig
07.10.2008
Merci Mich.
Ass eng wirklech subjektiv Affair…
petz
07.10.2008
Tip top! Mat der Wikipedia-Definitioun kann ech absolut liewen. Déi soen a kuerzen Wierder daat waat ech probéiert hun a langen ze erklären. Interessant ass och hieren Punkt, fir ze soen, dass een Amateur meeschtens keng Ausbildung (op allen Fall keng klassesch Fach-Ausbildung) krut. All d’Amateuren déi ech kennen, sin Autodidakten a machen hier Sach aus purer Leidenschaft. D’Wikipedia-Definitioun vun “semi-professionnel” fannen ech och interessant. An eben och dass fir Wikipedia de Budget kee Critère ass. Merci Mich!
Barnig
07.10.2008
Ech hu lo nees e weidert contra-beispill:
De Steven Spielberg z.b. haat KENG ausbildung, trotzdeem mecht e keng Amateurfilmer.
(Mengen hien huet sain Unisofschloss reicht an deene leschte Joeren kriit)
Franky
07.10.2008
okey.. mat der ausbildung ass et zwar och rem sou eng sach. et gin grouss Regisseuren dei nie an enger schoul waren dei hun sech dat alles selwer beibruecht… mee bon ech sin och zefridden mat der definition
Barnig
07.10.2008
Zefridden mat der Definitioun ?
Also wa kee soss mei well diskuteiren “Da kenne mer all zefridde sin …”
sinon:
Dei Definitioun ass waaaaage ….
Franky
10.11.2009
Kann dat sinn dass desen blockbuster och verspeidung kritt? 2009 ass net mei laang….dann hunn mer 2010.
ähnlech wei ech schon am LMT geschriwwen hun,.. retard geheiert dozou an ass extrem schweier ze vermeiden. A waat de Projet mei grouss/opwänneg/lang, waat de retard dann och meechtens mei laang gett.
Mee ech si gespaant
Franky
30.11.2013
Sou, da kroomen mer mol den Post vun 2008 erem eraus.
2008-2014 in the making. Da si mer mol gespaant op sech d’Warden gelount huet
petz
02.12.2013
Hieren Teaser fannen ech, jo, zimmlech genial: kuerz, originell, paakend! Den Teaser mëscht alles richteg a gëtt – ouni och nëmmen eng Opnahm aus dem Film ze weisen – eemenz Loscht de Film kucken ze goen oder op manst weider Informatiounen ze kréien. Rien à dire, c’est du solide! Chapeau!
Franky
04.12.2013
Stemmt! Teaser ass gutt duerchduecht!
Virun Joeren waren schon aner Traileren an Teaseren mat Filmszeenen. Ech sinn gespaant wei de faerdegen Produit no sou laaanger Zait ausgesait
petz
05.12.2013
Jo, de Sacha haat mir virun Joëren wou mer d’Versammlung iwwer eng méiglech Amateur-Filmfederatioun haaten een éischten Trailer gewisen an deen haat schon ganz gudd ausgesin. Et bleiwt also spanned
petz
07.01.2014
Den www.youtube.com/watch?v=48IZyg6G6fg offiziellen Trailer fannen ech wirklech ganz gelongen an ech zéien mäin Hutt virun der Qualitéit vun Teaser an Trailer. Sin wirklech gespaant de faertege Film am Kino ze gesin. De Film u sech interesséiert mech natirlech schon ganz stark, mee och d’Qualitéit op groussem Ecran ze gesin, interesséiert mech, vu dass fir Heemwéi die selwecht Kamera zum Asatz koum wéi fir LMT (eng Panasonic HVX200 déi technesch gesin den HD duerch Pixelverschiebung vun nët-HD nativen Capteuren “ermogelt”, waat hier Biller generell méi ‘soft” ausgesin léist wéi Opnahmen vun enger richteger “nativer” HD-Kamera, waat allerdengs nët zwengend méi schlecht ausgesin muss). Allerdengs haaten sie een 35-mm Adapter, deen et erméiglecht méi gezielt mat der Schärfendéiwt ze spillen. Januar gët spannend.
Barnig
08.01.2014
Jo ech sin och imens gespaant ..
Wubai et wirklech en heikelt thema ass- Mee Teaser an Trailer versprieche jo mol scho vill
petz
08.01.2014
De Choix vum Thema ass daat eenzegt waat mir perséinlech nët eemenz gefällt, well ech nët sëcher sinn, dass Lëtzebuerg wirklech nach ee weidere Film zum Thema WW2 brauch. Daat Thema ass an esou villen Lëtzebuerger Produktiounen oofgehandelt ginn, dass een baal mengt, Lëtzebuerg hätt näischt aaneres ze erzielen. Ech muss awer zu hierer Verteidegung soen, dass hier Dréihbuch wirklech gudd ass.
Waat de Projet a mengen Aan esou interessant mëscht, ass eben dass et eng wirklech independent Produktioun ass, also eng Produktioun déi ganz ouni die üblech Subsiden an nët iwwer die üblech Réseau’en an Produktiounsboîten opgestallt ginn ass. Daat alléng ass schon eng ganz stark Leeschtung (an ech wees vun waat ech schwätzen).
Franky
08.01.2014
Ech si gespaant. De Film gett och relativ vill promote (zb Plakater op Busser). Ech ginn also dovun aus dass de Film extrem gutt gelongen ass. Aner Filmer vun hinnen sinn leider guer net promote ginn oder quasi NIE gewissen ginn, waat extrem schued ass well ech do Storien vill mei interessant fannen wei bei desem Film. Potential an Ideen vun engem Phosphoros leit bei weitem iwer engem weideren 2t Weltkrieg-Drama.
Mee do schléissen ech mech dem Petz un. Et interesseiert mech well et een letzebuerger independant film ass. Wier dat net de Fall, geing et mech net wirklech reizen. (ech hunn genuch Filmer zu dem Thema gesinn…)
An der Lescht war jo den fuerchtbar mega schlechten Emil zu dem Thema erauskomm. D’Affiche glaichen sech extrem vill
Dofier meng Prognose:
-Optik, Emsetzung, Schnett, Toun, Musek, Postproduktion an Effekter, sou weineg Geld an esou een Resultat
-Schaupiller, Freed beim Kucken, Ennerhaalung
-Kreativiteit, Usproch, “eppes Neies”
Op ech Recht hunn gesi mer jo demnächst
petz
09.01.2014
D’Revue gët dem Film och d’Cover-Säit vum nächsten graffiti, waat ech wirklech e ganz flotten Geste fir den independent Kino zu Lëtzebuerg fannen. Ech hoffen wirklech, dass ee Maximum vu Leit de Film kucke ginn an dass domat den Terrain vir weider Indie-Filmer ee Stéck wäit opgemach gëtt.
Wann den Heemwéi gudd beim Public ukönnt, dann gët et och fir weider Indie-Produktiounen méi einfach de Wee an de Kino ze fannen. Wann de Film floppt (waat ech nët gleewen), wier daat eng mëttler Katastrophe fir de ganzen Indie-Filmberäich zu Lëtzbuerg. Schon alléng aus Eegenotz missten all d’Indie-Filmgruppen massiv Werbung an hierem Ëmfeld fir den Heemwéi machen. Ech hun op alle Fall die ganz Camera Obskura Equipe agelueden fir de Film zesummen kucken ze goen an hun och um Bureau Werbung dofir gemach. Et ass einfach een schéinen a spannenden Projet.
Waat Potential an Ideen ugeet, deelen ech d’Meenung, dass Ideen hunn, relativ einfach ass, mee dass hier Emsetzung een ganz massiven Kraftakt verlangt an do muss ech soen, dass d’Kollegen vu Feierblumm ganz Aarbecht geleescht hun. Hiere Film ass schon färteg, onsen nach nët an dofir gesin ech hiere Projet och als eng stark Motivatioun fir och bei LMT de mühsamen Endspurt dës Joër endlech hinzekréien. Et wier einfach fantastesch wann an engem Joër 2 grouss Indie-Produktiounen de Wee an de Kino a – waat méi wichteg ass – de Wee bei de Public fannen géifen.
Franky
09.01.2014
Erfoleg gett et bestemmt.
Ech hoffen dass mer dann wirklech 2 sou grouss Filmer dest Joer ze gesinn kreien!
Barnig
09.01.2014
D’Revü haat eis och Titelsait gin .. fannen dass si daat zimlech gudd ennerstetzen an daaat ass och mega!
Mir wäerten och als KML Grupp zesummen an de kino goen, wubai ech allerdings emmer nach muss soen, dass et en draam wier wann all Indie-Grupp dee schrett geif maan, an all grupp geif di individuell filmer kucke goen… leider kennt daat net allzeoft fir, dass een sech zesummen remfennt …
petz
09.01.2014
Marc, gin der Recht. Dofir haat ech jo virun e puer Joër de Virschlag gemach eng Fédératioun ze grënnen mat regelméissegen Réuniounen, gemeinsamen Projet’n an Austausch vun Erfahrungen a best practice… Mee wann een die aktuell Indiefilmszene nüchtern betruecht, erfëllt Feierblumm jo schon quasi all d’Missiounen, déi mer deemols fir d’Fédératioun undiskutéiert haaten an déi een hei noliesen kann.
Barnig
10.01.2014
Jo gud, mee et ass emmer nach eng ASBL
An die 4-5 ASBL’en dei et nach “offiziell” gin, sin awer alleguerten bessi an enger ähnlecher situatioun .. Mee bon mir gin alleguerten net mei jonk
petz
10.01.2014
Richteg, mee och eng Fédératioun misst als a.s.b.l. organiséiert gin, well ouni juristesch Form existéiers du de facto nët a kanns och näischt man (wéi z.b. Bankkonto opman oder Subsiden ufroen). Feierblumm schéngt mer ganz kloer déi a.s.b.l. ze sin, déi et am beschten fäerteg bruecht huet, sech als Ulaafstell fir jonk Filminteresséiert ze positionnéieren. Sie bezeechnen sech jo och selwer als Kolletiv an et ass jo och eemenz einfach bei hinnen Member an Deel vun engem Grupp ze ginn, deen d’Produktioun vun Indie-Filmer aktiv ënnertstëtzt an hiere Memberen fir hier Projeten Produktiounsmoyenen an -equipen zur Verfügung stellt. Daat verlangt natirlech méi vill méi Zäit an Organisatioun wéi am kléngen Grupp an enger a.s.b.l. ze schaffen, mee hieren Erfolleg gët hinnen Recht. Feierblumm ass a mengen Aan haut ganz kloer den Haaptakteur an der lokaler Indie-Szene, déi an de leschte Joër jo nët méi gewues mee éischter zréckgang ass, no enger ufänglecher Euphorie déi virun Joëren zweifelslos mat der Démokratiséierung vun den Produktiounsmoyenen lassgetrëppelt gouf.
Elo wou d’Filmproduktioun sech banaliséiert huet (siehe youtube, siehe mäin HTC deen an enger méi héicher Resolutioun ophöllt wéi d’Kamera mat där mir den LMT gedréit hun, etc.) sinn die traditionnel a.s.b.l. jo nët méi eemenz aktiv an die richteg grouss Indie-Projeten kann een op enger Hand oofzielen :
– KML huet säi leschten Long-métrage (Two Friends) 2012 erausbruecht an esou wéi ech ierch verstan hun, hutt der nët méi wëlles nach eng Kéier e Long-métrage ze man
– Camera Obskura schafft elo schon iwwer 3 Joër un der Fäertegstellung vu sengem zweeten long-métrage
– Pyrrhus schafft menges Wëssens no am Moment och u kengem Long-métrage mee dréiht elo kommerziell Optragsfilmer an huet leider seng flott Bommeleeër-Webserie agestallt ouni dass et Neiegkeeten zum geplangten Bommeleeër-Longmétrage ginn
– Episclérite schengt et nët méi ze ginn (hun grad gesin dass hieren website nët méi existéiert)
– Pulsa ass an d’Profi-Lager eriwwergewiesselt an produzéiert Werbe- an Eventfilmer op Commande
– de Romain Gierenz (ex-Turtone) huet och de Schrëtt an d’Profi-Lager gewoot an mat Black Phoenix Productions Ufank 2012 de “Cuddly Toy” erausbruecht an zanterhier schéngt Funkstillle ze sin…
Bref, ouni Feierblumm wier d’Indie-Landschaft zimmlech arm drun…
Barnig
13.01.2014
Daat ass riichteg Petz,
mee et gin awer och ganz vill onofhängeg Artisten dei sech kenger ASBL wellen uschleissen an einfach sou Filmer dreihnen (siehe FILMAKERS NIGHT)
Wou de Gros vun de Filmer emmer nach vun Onofhängegen kennt oder suguer och Schoulen (wat och emmer nach ganz aktiv ass)
Bref alles ännert sech zimlech schnell, mee progresseiert lues
petz
14.01.2014
Jo, du hues Recht, Marc. Op der Filmmaker’s Night (FMN) hudd dir an de leschte Joër ëmmer rëm bewiesen wéi diverzifizéiert den Indie- respektiv Undergroundkino zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun ass. Dofier bleiwt FMN fir mech e wichtegen Rendez-Vous, wann nët de wichtegesten fir déi Sorte vu Kino, déi ee soss haut baal just nach um Internet an nët méi op grousser Leinwand entdecke kann.
Barnig
15.01.2014
Ka vlait een ebess zu de’er Geschicht mam Filmprais azielen
Bis zu kuerzer Zait war jo do alles ausser “Filmfong-Support” en Tabu . .Wi ass daat dass lo all Mensch kann do maatmaan .. huet daat ebss mat der Filmakademie ze din, wu jidereen sech konnt aschreiwen?
Ech hun do leider bessi den iwerbleck verluer, well ech a leschter zait vill ze din hun, a mech net mei sou mat deem thema beschäftegen…
Mee ech wees dass verschidde Pioneier vum Filmprais emmer strikt geint Participatioun vun onofhängege Produktiounen waren ? Wat mech als Indiefilmmaker emmer roosen gema huet, wat ech awer mettlerweil och ka verstoen
petz
15.01.2014
Wou mir Ufank 2012 den LMT-Filmprojet dem Fimfund virstellen woren, huet den Direkter vum Filmfund, de Guy Daleiden, no onser Präsentatioun ons encouragéiert de Film beim Filmpräis als Kandidat fir de beschten Long-Métrage anzeschreiwen. Et ass also ganz egal ob de Film eng professionnel Produktioun oder eng Indie-Produktioun ass, esou lang hien d’Konditiounen erfëllt fir beim Filmpräis matzeman. An déi présentéieren sech esou :
1. Le Prix du meilleur long-métrage luxembourgeois de fiction ou d’animation : ce prix peut être attribué à un film de fiction ou d’animation parmi la liste finale des films en sélection, d’une durée minimale de 60 minutes et qui remplit trois des quatre critères suivants :
• le réalisateur est luxembourgeois ou résident au Luxembourg
• le producteur délégué est luxembourgeois ou résident au Luxembourg
• le sujet du film doit être en relation avec le Luxembourg et la langue du film doit être en luxembourgeois, allemand, français ou anglais.
• une certaine création artistique et technique du film doit être réalisée par des luxembourgeois ou résidents au Luxembourg
Heemwéi, genau wéi LMT, erfëllt dës Konditiounen all.
Barnig
15.01.2014
An d’Selektioun trefft d’Filmakademie?
petz
15.01.2014
Yes, d’Filmakademie stellt Lëscht vun de Filmer op déi beim Filmpräis an de verschiddenen Kategorien matman a sie definéiert och waat fir eng Kategorien et ginn. Vu dass de Filmpräis just all 2 Joër vun der Filmakademie zesummen mam Filmfong organiséiert gët an die Lëtzebuerger Filmproduktiounen, déi den Critèren fir beim Filmpräis matzeman gerecht ginn, sech dach meeschtens nach op enger Hand zielen loosen, huet weder eng Filmakademie nach e Filmfong Intérêt zevill streng a wieleresch ze sinn (ouni dass daat elo eng Kritik un de Qualitéiten vun de Filmer sinn soll déi beim Concours zougeloos sin). Waats du nämlech onbedéngt vermeide wölls wanns du irgendee Präis organiséiers, ass dass an zevill Kategorien just een oder zwee Kandidaten zur Auswiel stinn, soss leid natirlech d’Credibilitéit vun dengem Präis.
An der Kategorie vum beschten long-métrage luxembourgeois sinn 2014 dräi Filmer am Rennen : Schatzritter, Doudege Wénkel an Heemwéi. Fir mech perséinlech – an elo henken ech mech wäit aus der Fenster eraus – wier all aaner Resultat wéi “Doudege Wénkel” eng Riesen-Iwwerraschung, nët well die aaner 2 Filmer onbedéngt méi schlecht sinn (Schatzritter ass e Kannerfilm, deen als solchen funktionéiert awer sëcher kee Meeschterwierk ass, an Heemwéi hunn ech nach guer nët gesin), mee well Filmpräiser och ëmmer ee Mëttel sinn fir Produktiounen am Ausland hëllefen ze vermarkten an do geet de Choix oft an d’Richtung vun deem Film (oder Réalisateur) deem die realistescht Chancen zougetraut ginn, och international ze bestoen an do ass – a mengen Aan – een Doudege Wénkel den éischten Choix viru Schatzritter. D’Inconnue ass fir mech eben den Heemwéi. Ass de Film gudd a géif hien de Präis kréien, wier daat eng eemenz Unerkennung fir de Sacha Bachim an de Steve Hoegener. Daat wier awer zugläich quasi een désaveu vun der professionneller Filmbranch (déi jo an der Filmakademie vertrueden ass) an vun den staatlech geförderten Produktiounen (also vum FilmFund)… Do kommen mer also an de Beräich vun der Science-Fiction, och wann ech Feierblumm daat Konschtstéck wirklech wënschen géif.
Barnig
16.01.2014
Jo genau daat war och meng Iwerleeung
Ech sin do och denger meenung: Et wier e riesen Ding wann en Amateurfilm geing gewannen an unerkannt gin, mee et wier quasi eng Kriichsaklärung un dei berufflech Filmmatarbechter vu professionellen Produktiounen.
Dest ass alt nees bessi typesch letzebuergesch: Mir hun e “riichtege Film” (vlait DEE beschte letzebuergesche Film an de leschten 10 Joer) dann hu mer e Kannerfilm an eng “baal” Indie-Film an enger an der selwechter Kategorie. ass fir di meecht quasi schon ouni Voting fest!
Schued dass ären LMT net mat dabei ass, da wiere 50% Indie-Produktiounen gewiercht, an daat wier natirlech batter fir di letzebuergesch “Fiktiounsfilmwelt”
petz
16.01.2014
Jo, et deet mir och Leed dass den LMT nët rechtzäiteg färteg ginn ass fir Halloween 2013. Wier daat de Fall gewiecht, hätte mir en ganz sëcher fir de Filmpräis eragereecht an daat wier den Hummer geiwecht wann an der Haaptkategorie zwou Indie-Produktiounen niewt zwou professionnellen Produktiounen nominéiert gewiecht wieren (de Fall gesaat LMT wier dann och als Kandidat zréckbehaal gin). Op der aanerer Säit ass et och gudd esou, well dann machen sech wéinstens d’Indie-Produktiounen ennert enee keng Konkurrenz fir den dach wichtegsten Präis deen et hei am Land am Filmberäich gët. Esou können mir all dem selwechte Film Daumen drécken
Firwaat qualifizéiers du Heemwéi als “baal” Indie-Film?
Barnig
17.01.2014
Weinst deenen 25’000 EUR Budget
Secherlech ass daat guernaicht par rapport zu deene professionelle Filmer, mee enner eis ass daat emmer nach e riese Budget.
Mir kruuten eemol 5000EUR och duerch di europäesch Kommissioun, hätte vill mei gebraucht, mee natirlech stärks de dann qualiteit. well waat mess de mat engem budget, gi mer mol dovunner aus dass di ganz CREW benevol um Projet matschafft, da gess de se an eischter linn fir bessert (mi professionellt) material aus, leihns der daat evtl. an daat mierks de dem film jo dann herno och of.
Secherlech war bei HEEMWEI jo och zousàtzlech nach di ganz Requisiten, wu och bestemmt net alles fir naicht zu verfügung gestalt gin ass. Mee et wier interessant ze wessen, a waat di 25000 EUR investeiert goufen.
Bei eis war et bei 5000 EUR ze mann fir bessert Material iwer eng greisser period ze leihnen; an ass knapps duergaang fir dei ganz postproduktioun
petz
17.01.2014
Wou Feierblumm hier Suen ausginn huet, kann ech der nët soen, mee vu dass LMT ee vergläichbare Budget huet, kann ech der soen wou ons Suen drop gang sinn (par ordre décroissant) :
– Produktiounsmaterial (Kamera, Mikros, Luchten, etc. awer och Niwwelmaschinnen, Stroumgénératrice, etc.)
– Post-Produktioun (Schnëtt-Computer & Software, Ecrans)
– Catering
– Marketing
– Make-up & Props
– Costumes
– Assurance
Do leefs du och mat 25.000 EUR nët wäit, wanns du nët schon virdrun e puer vun deenen Sachen hues. Ons a.s.b.l. haat z.B. näischt vun alledeem wou mer mam LMT ugefang hun, well mer den Zombiefilm mat dem Produktiounsmaterial vun Pyrrhus gedréiht a nom Film just Scholden haaten.
An dësem Scénario ass dann natirlech och kee Mënsch fir seng Aarbecht bezuelt ginn, soss wier de Projet nët ze man.
petz
17.01.2014
Hah, d’Ouvreuse huet haut am Feierkrop e ganz léiwen Artikel iwwer Heemwéi geschriwwen, an deem hien Feierblumm de Präis vum beschten Lëtzbuerger Film wönscht. Hien félicitéiert d’Filmakademie fir hiere Courage de Film an die offiziell Selektioun matzehuelen a mengt, dass Heemwéi stelleweis besser ass wéi dem Stanley Kubrick säin éischten Film “Fear and Desire”. Wann daat kee schéint Kompliment ass
Franky
19.01.2014
Interessant, interessant.
ech hunn leider den Iwerbleck iwer dei ganz Filmpraisser och verluer.
De Romain Gierenz huet keng funkstille, hien schafft un General Pimp www.generalpimp.com(sammelt supporteren)
Ech mengen awer dass et genuch underground saachen ginn wou mer net bescheed wessen. Filmemachen ass mettlerweil vill mei einfach a mei belleg wei freier. Mee wann ech rem Zait fannen (an engem gudden Joer wann alles riicht ausgeet) sinn ech rem motiveiert eppes ze dreinen
Lo steet mol Heemwei um Plang. Sinn och iwerzeescht dass desen Film dann rem aner (nach mei jonk) Leit motiveiert selwer do heem Kamera erauszehuelen an lass ze leen!
Franky
19.01.2014
PS: Merci Petz a Marc. seit äerer Diskussion hunn sech d’visiten am Forum quasi verduebelt
Big Brother is watching you
Franky
19.01.2014
Hei nach eng nei Equipe beim filmemachen
www.facebook.com/BarrelRiderPictures
mat hirem eischten Film www.youtube.com/watch?v=e6oOibVS7VY
petz
20.01.2014
Salut Franky,
Merci fir die zousaetzlech Informatiounen. Do gesait een wei wichteg et ass, dass och aaner Leit hei matdiskuteieren. Wei konnt ech de General Pimp nemmen vergiessen? Daat ass fir mech een vun den interessantesten Projeten dei a Moment an der Mach sin, mee zanter der eischter Keier wou ech dovun heieren hun (an den wirklech viel verspriechenden Trailer gesin hun), hun ech keng News mei dozou gesin. Wees en wou de Projet drun ass?
Schein och ze heiren, dass du nach Loscht hues Filmer ze dreihen. Dain Knitty ass nach emmer een vun mengen Lieblingsfilmer
Franky
20.01.2014
Merci Petz
Loscht a Motivation fir Filmer ze dreinen ass do A fro net wei.
Mee et ass oft een Zait/Organisations Problem. Dei Zaiten wou een spontan weekends ee Film gedreint huet sinn riwer
Kuck hier Facebook page:
www.facebook.com/GeneralpimpMovie (onbedingt LIKEN)
Dat dauert awer nach bessen, mee dann geet et hoffentlech lass!
Franky
29.01.2014
Petz, wei war en? Sou wei den Joy Hoffmann et erzielt huet? oder konnt en iwerzeegen?
petz
29.01.2014
Waert versichen muer oder iwwermuer e laengeren Artikel iwwer de Film an onsem Blog an kuerz drop eng Kritik hei am Forum ze schreiwen. Et get definitiv vill ze soen iwwer de Film. En attendant, gidd en onbedengt kucken!
Franky
30.01.2014
Yep, mer ginn eis deen glaich erannzeien! Si gespaant
petz
01.02.2014
Voilà, mäin Pefferkär zum Heemwéi steet am blog.cameraobskura.lu/2014/02/01/7-reasons-why-heemwei-might-be-the-most-important-movie-of-the-year Camera Obskura Blog
Franky
02.02.2014
wow.. ausführlech kritik!
Ech wärt nächst Woch me de Film dann och ukucken goen, d’Erwardungen leien heich
(merci fir de link an desen forum)
petz
02.02.2014
Richteg geholl, ass main Blog-Artikel jo keng Kritik, mee just eng kuerz Analyse vun der Wichtegkeet a vum Impact vun Heemwei op die eenheemesch Filmbranche. Hun dann och e puer Sachen am Artikel gesoot, dei Feierblumm schlecht selwer soe kann (oder woell). Meng perseinlech Kritik zum Film waert ech natirlech hei am Forum schreiwen
Barnig
03.02.2014
Majo wollt och scho soen … e scheine Blog deens de do geschriwen hues,.. deen all Indiefilmemaacher och ennerschreiwe kann, mee et seet net vill iwer de film..
Allgemeng steiert mech daat och am moment
Et heiert ee vill Loob (quasi nemmen) iwer d’arbecht a Feierblumm, wat jo och ok ass, mee selten wirklech eng analyse oder kritik ,mee daat ass jo hei zu Letzebuerg üblech!
Franky
03.02.2014
Yep, et ass aus der vue vun engem Indie film producer geschriwwen.
Do stemmen ech dem Petz jo och 100% ouni de film gesinn ze hunn. Een Film mat der Qualiteit an der “amateurszeen” mat deem Budget ass eng Leeschtung!
Mee wei gefällt engem de Film wann een dat ausblend? Also wei fennt een den film deen dat Hannergrond wessen wei de Film entstaan ass net huet?
petz
04.02.2014
Hei nach eng svenspov.blogspot.lu/2014/02/movies-heemwei.html Indie-Kritik zu Heemwéi.
Barnig
05.02.2014
Majo mir gin warscheinlech en DONESCHDEN oder e SAMSCHDEN… bleift nach ze konfirmeiren–
Mee si gespoaaaaaant
Franky
09.02.2014
Heemwei.
Endlech waren mer en kucken.
Meng Meenung ass e bessen zweegedeelt.
Villes ass gutt, mee sou munches huet mer manner gefall.
Dobai muss ech och soen dass et schweier ass de Film neutral ze beurtdeelen well ech emmer am Hannerkapp d’Idee vun enger Indiefilm produktion behaal hunn. Ech hunn dofir awer trotzdem probeiert et auszeblenden an et einfach als ganz normalen Film ugekuckt.
Waat mer um Film gefällt:
+Locations
+Sounds
+Musek (just net emmer passend agesaat)
+Wei et gefilmt gouf
+Ausstattung, Kostümer,…
+zum Deel excellent Akteuren
Waat mer net gefall huet:
-Skript/Story
Deja-vu Szeenen aus Hollywood filmer, Charakteren ginn relativ weineg beschriwwen,
Et war och relativ witzeg well virum Film 2 Traileren vun Hollywood filmer komm sinn zu enger ähnlecher Problematik.
Et kann och sinn dass mech dat Thema World War 2 einfach net mei interesseiert.
-Schnett
Längten, iwwerflesseg Szeenen, zb wou do wou en erwächt an een Paerd ugestreckt ass..Ech hätt de Film gekierzt, zumols well vill Szeenen dra sinn dei naischt zur extrem klenger Story beidroen.
-Akteuren(een Deel)
de Problem ass do allgemeng a letzebuergeschen Filmer. Ech sinn der Meenung dass et einfach zevill een Mix ass aus Profien, Amateuren an sou Theaterspiller ass.
Zum Beispill an der Szeen mam Bop mat der Flennt:
Luc Lamesch spillt typesch “Theaterstuff”, genee sou wei all Akteur am Weemseesdeet gespillt huet (dee Styl gefällt mer guer net)
am Kontrast dozou ass dann den Pitt Simon deen dat professionnel riwerbrengt (mega)
an dann nach den Steve deen dat ganz extrem natirlech an net sou gekünstelt spillt. Neutral an natirlech eben. (seng leeschtung am Film huet mer gutt gefall, am Who is Q? war ech do net sou iwerzeecht)
Zum Verglach Doudegen Wenkel. Do klengt quasi alles gudd, bis op dei Szeen wou den Doktor(Acteur aus Weemseesdet) optaucht an rem Theater spillt. Fuerchtbar.
Ech hunn deen Kontrast einfach net gaeren, mee wei een dat leisen kann, wees ech och net.
Dass de Film mat sou engem klengen Budget op fraiwelleger Basis gedreint ginn ass mecht menger Meenung no de Film weder besser nach mei schlecht. D’Resultat zielt.
Kloer, (schon wei de Petz et sot), et ass eng mega Leeschtung sou een Film an der Indieszeen ze produzeieren.
Dofier Felicitation un Feierblumm! Maacht weider sou, an ech hoffen den nächsten Longmétrage leisst net mei esou laang op sech waarden!
(a sorry falls ech (niewt den Joy) och negativ Saachen geschriwwen hunn, mee zu enger Kritik geheieren eben emmer dei 2 Saachen)
Barnig
11.02.2014
Ass jo nach verharmlost
Meng kennt och geschwenn
Barnig
12.02.2014
Sou, ech schreiwen dann och puer wieder zum laang-awaardenen Feierblumm Long Métrage „Heemwei“.
Ech hun effektiv nie mei dru gegleeft dass dese Film namol geing ofgeschloss gin a gewisse gin. Et huet eng Eiwegkeet gedauert, mee ech wees lo wisou. Ech wees och dass mir alleguerten emmer mei aal gin, an halt eben eis Zait brauchen, mir sin net mei an der Lycéeszait vu mer eis grouss Vakanzen hun. Mee speitstens no deem exzellenten Teaser war ech astaunt a gespaant!
Iwer Feierblumm selwer an d’Initiative selwer Filmer ze dreihnen, a virunallem op sou engem Niveau ze produzeiren brauch ech naicht mei baizeflicken. An dee leeschte Wochen huet Press an Sozialnetzwierker jo just sou dono (jo kann ee scho baal soen) ge-spamt! Mee dest huet sai gudde Grond, et ass fir all Indi-Filmemacher eng Sensatioun, wann een et faerdeg brengt e Film rauszebrengen, dee mat groussen subsidären a professionnelle Filmproduktiounen ka mathaalen. OK mir hun zu Letzebuerg net all Joers 100%eg rengrasech Filmer, mee di puer dei mer dunn an deenen 2 leschte Joer gesammelt hun, presenteiren sech dann och lo geschwenn um Filmpraisfestival. Hei sin ech allerdings gespleckter Meenung (mee dozou mei speid mei)
Wei ech scho gesoot hun, -ech well net emmer alles widerhuelen- a schleisse mech den Artikelen un, dei quasi alleguerten der Equipe an der Arbecht an all Form felicteiren. Ennerstraichen och hei namol dem Petz sai BLOG vun Obscura iwer d’Produktioun an de Projet, deen ech voll a ganz enneschreiwen.
Ganz selten liesst een awer och ebess iwer de Film selwer, doweins well ech awer lo kee Blaad virun de Mond huelen, a meng eierlech Meenung soen, sou wei ech de Film eben empfonnt hun, ouni irgendwelch Hypokrisie, well daat fannen ech emmer nach extreem schlemm hei zu Letzebuerg! Ech kennen och en Deel vun de Leit die matgeschafft hun, ech bewonneren hier arbecht, mee ech well mech lo just op de Film konzentreiren, an deen och eleng bewerten! Leider ass daat eben en Tabu zu Letzebuerg dass een net soll iwer seng eegen national Filmer hierfaalen. Ech fannen daat awer absolut falsch! Suguer am contraire et soll een sech graad domader auserneen setzen, a soen waat net klappt, well et kann een kengem Filmkritiker virwerfen, dass en e Film massakreiert, an da glaichzaiteg senge Kolleegen gratuleiren wann dei einfach nemmen „Wow“ oder „Super“ schreiwen. Sou Ausso’en hun einfach keng Relevanz!
Sou lo awer zum Film: De Film huet mech ennerhaal, momenterwais hun ech suguer komplett verdrängt, dass et sech hei em eng Indieproduktioun dreiht, virun allem bei deen exzellenten Ufanks- a Schluss-actionzeenen. Schnell konnt ech mech och mam Steve senger schauspillerescher Leeschtung auserneensetzen. Wie de Frank scho soot, am WQ huet en mech net wirklech iwerzeegt, mee hei kann ee just soen „Chapeau“ (heiansdo fliit hien zwar iwer Wieder, wu een dann trotzdeem als Letzebuerger och mol muss op d’Ennertitelen zreckgraifen, mee daat war ok) De Luc allerdings huet mech do manner bis guernet iwerzeecht, daat huet sech wei Theater unheiren, an ech froe mech wou do den ActingCouch war. De Schauspillerniveau allgemeng lung awer extreem heich, dank -virunallem- och den auslänneschen Schauspiller (op daat lo franseich oder daitsch war, di hun hier Saach tiptop gemaach) Och d’letzebuergesch Sproch ass zum greissten Deel ordentlech eriwer komm, wat wierklech net einfach as.
D’Kamerafeierung an de Montage hun ech och ganz gud fonnt, do kann een naicht aussetzen, ausser eben dass verschidden Zeenen effektiv ouni Senn am Film waren, an een sech freet „Wisou“, well et eben guer kee senn mecht, mol net charakteriell-opbauend ass, naicht neits. Et ass kloer fir e Kinofilm soll ee schon opmanst 80min hun, mee ech haat oft Gefill dass sie Angscht haaten, puer Zeenen rauszekierzen, fir soss de Film ze kuerz ze kreien. OK de Film huet ennerhaal, mee wisou die verschidden Zeenen, dei des Geschicht u sech guernet viru brengt !? Su am style, hei mir hun nach eng flott requisite, oder eng flott Roll ze vergin, da komm mer bauen se nach an de Film. Daat ass meng Haaptkritik um Film (a vlait och di eenzeg).
D’Musek war ganz flott a passend, heiansdo awer net noudwenndeg oder bei Zeenen wu ech onbedingt eng Musek agebaut hätt w.zb: di voyeuristesch Flashback-Zeenen do huet se da gefeehlt.
Vun der Qualiteit (Kamera) um groussen Ecran war ech och net ganz zefridden, menger Meenung no ass do vill verluer gaang duerch Color-correction oder Bearbechtung, well et huet een Flacken am Black gesin, z.b. an de Nuetszeenen, do war ech dann awer bessi iwerrascht.
Dreihbuch a Story sin top, eng gudd Idee (vlait naicht wirklech neits, mee daat brauch e Film och net emmer).
Zevill CGI war mer och am Film,.. dei Bludflecken, wann een aschoss get, war onneideg, virunallem, wann um ufank vum Film eng exzellent Arbecht um MakeUp vollbruecht gouf, do zeien ech main Hutt och, ass een emsu mei enttäuscht dass bei aneren Zeenen dann einfach op den CGI zreckgegraff get. Den donkelen Damp war awer net ze vermeiden, mee do gesait een dann awer nees de manque u qualifikatiounen, ass awer manner steierend.
Dei ganz Propaganda dee Feierblumm iwer „Heemwei“ gemaach huet, ass exzellent, an ech weillt mir hätten nemmen 1/6 vun hierer Propoagandamotivatioun. Et muss een awer och oppassen, -a lo kommen ech zum Filmpraiss zreck- weiwait ee geet: Well effektiv zielt de Film jo zum 1/3 vun de Beschte Filmer dei nomineiert solle gin, an da muss ee schon e Verglaach zeien zu „Schatzritter“ oder „Doudege Wenkel“, an do hänke mer dann awer an der Mescht (wat awer lo net soll falsch verstaan gin) Et ass fir eis Indie-Filmemaacher eng Sensatioun e Film ze hun, dee sou unerkannt get, mee huet en wirklech ebess do verluer, ass eng saach…
Sou ech hoffen ech konnt lo bessi ebess iwer de Film zielen. Gid en alleguerten kucken, de Film huet daat op alle Fall verdingt ! Felicitatioun un di ganz Equipe
petz
13.02.2014
Op den Impakt an d’Bedeitung vum Heemwéi fir die national Filmbranche sin ech an engem Blog-Artikel jo schon am Détail agang. Waat hun ech dann elo vum Film selwer gehaalen?
A mengem nofolgenden Versuch vun enger (reng perséinlecher) Kritik vum Film, markéieren ech all Passagen déi Plotspoiler enthaalen (kursiv an tëscht Klammeren, esou dass Lieser déi de Film nach nët gesin hun – gin et där nach? -, déi iwwersprangen können).
Choix vum Sujet
Ech wéilt dann mam Choix vum Sujet ufänken. Wéi vill aaner Leit, sin ech nët iwwerzeecht, dass Lëtzebuerg e weidere Film zum Thema 2. Weltkrich gebrauch huet. Grad vun enger Indie-Produktioun hätt ech mer erward a gewënscht, dass een Thema opgegraff gët, deen bis elo kaum oder guer nët vun der lokaler Filmbranche behandelt gouf. Et sin zu Lëtzbuerg bis elo ganz wéineg Genre-Filmer produzéiert gin, an daat ass eemenz schued. Ech sin iwwerzeecht, dass Indie-Filmmacher grad hei eng Kaart ze spillen hunn. Op där aanerer Säit, haat Feierblumm awer ganz gudd Grënn fir hieren zweete Langspiel-Film dem 2te Weltkrich ze widmen. Eischtens ass et ee Sujet, deen nach ëmmer vill Leit – ergo potentiell och vill Zuschauer – interesséiert an zweetens ass et een Thema, daat, wann e richteg ugepaakt gët, der Equipe hannert dem Film eng Crédibilitéit als eecht ze huelend Filmmaacher versprëcht. Déi Rechnung ass mat der Nominatioun an der Haaptkategorie vum Lëtzbuerger Filmpräis jo och opgang.
Traitement vum Sujet
Och wann ech vum Choix vum Sujet nët iwwerzeecht wor, fannen ech awer dass d’Approche déi Feierblumm gewielt huet fir de Sujet vum 2te Weltkrich ze behandlen, eng absolut richteg – vläit suguer die eenzeg richteg – wor. De Sacha an de Steve sin nët an d’Faal getappt, e weideren, patrioteschen Film ze dréien, an deem quasi all Lëtzebuerger als Resistenzler duergestallt gët. Déi Duerstellung entsprëcht nämlech nët der historescher Woueregt an ass fir mech de schlëmmste Cliché, deen een Krichsfilm kann hun. Dofir kann ech och nët mat der Kritik vum Joy a vum Danièle op RTL Télé averstan sin, déi bemängelt hun, dass Heemwéi just eng Suite vun Clichéën wier. Dem schlëmmsten Cliché ass de Film nämlech ganz geschéckt aus dem Wee gang, andeems hien sech alléng op de Leidenswee vun zwee ganz gewéinlechen Zaldoten fokuséiert huet. Daat wor a mengen Aan een intelligenten Choix an een Choix deen sech och kohärent wéi e roude Fuedem duerch de ganze Film zitt. Ob d’Episoden déi de Jos an de Fränz op hierer Odysée erliewen elo Clichéën sinn oder nët, doriwwer kann ee vläit streiden, mee ech sin iwwerzeecht, dass ganz vill Déserteuren ganz ähnlech Geschichten erliewt hun an de Fait, dass déi Geschichten vläit schon an aaner Krichsfilmer behandelt goufen, machen sie fir mech nët manner wouer oder – wéi an der RTL-Kritik bemängelt – zu engem Cliché. No där Logik, kann een nämlech all Film als Cliché-Sammlung oofstemplen.
De Film als Gesamtwierk
Do sin mer séier färteg. Streng geholl huet et dem Zuschauer ganz egal ze sin, ob ee Film eng Indie- oder professionnel Produktioun ass. De Film muss virun allem eppes, an daat ass als Film funktionéieren an dem Zuschauer eng éierbar Ennerhaalung bidden (deen huet jo schliesslech 9 EUR fir säin Ticket bezuelt an 90 Minutten vun senger Zäit investéiert). Heemwéi funktionéiert als Film an ënnerhällt de Zuschauer. Domat huet hien säin Optrag erföllt. Deem engen gefällt de Film vläit besser wéi deem aaneren, mee de Film funktionéiert als Gesamtwierk. Daat ass eng Leeschtung, déi och vill professionnel produzéiert Filmer nët ëmmer färteg bréngen. Ech perséinlech hun mech zimmlech gudd vum Film ennerhaalen gefillt, och wann ech fonnt hun, dass e puer onnéideg Längten dran woren.
Daat Eenzegt waat ech vläit ë bëssen vermësst hun, ass eng méi entwëckelt Charakterbeschreiwung. Et gët een am Endeffekt awer zimmlech wéineg iwwer die méi déiw Motivatiounen vun den zwee Haaptprotagonisten gewuer, och wann de Film nët wirklech dorënner leid. Eng Frëndin vu mir huet d’Sach nom Film esou op de Punkt bruecht : “De Film huet mer ganz gudd gefall, mee hien hätt sollen Heemwee an nët Heemwéi heeschen.”
De Film an e puer Détailer
De Film huet eng ganz stark Oouverture-Sequenz, wou de Zuschauer no enger kuerzer Intro-sequenz direkt duerch eng gekonnt inszenéiert Action-Szene an d’Handlung eran katapultéiert gët. Daat funktionéiert tip top. Och wann de Film dono mat engem méi luese Rhythmus weidergeet, ass een als Zuschauer vun Ufank un dobäi an interesséiert sech fir den Ausgang vum Film a fir d’Schicksal vun den Haaptprotagonisten. Bravo! Daat können nawell vill professionnel Produktiounen nët fir sech beusprochen. Die sëlleche Episoden, déi de Fränz an den Jos op hierem Wee fir Heem erliewen, sin oofwieslungsräich an deelweis duerchaus paakend. (SPOILER-ALERT : Besonnesch d’Szene wou de Jos e puer mol usetzen muss, fir den däischen Zaldot ze erschéissen, geet engem dach ganz no, grad esou wéi de Schluss vum Film wou een wirklech ëm dem Jos säi Liewe bangt. Décisioun den radikale Schluss, deen mol am Dréihbuch stoung, duerch een opene Schluss ze ersetzen, haat mech iwwerrascht, mee ech sin mer nach ëmmer selwer nët eenz, ob ech déi Ännerung gudd oder manner gudd fanne soll.) Egal wéi, de Schluss vum Film funktionéiert genau esou gudd wéi de Rescht vum Film.
Zwou Sequenzen hun mir perséinlech manner gudd gefall. Die éischt well ech sie ze lang fonnt hun, an daat wor d’Sequenz wou de Jos sech an d’Marie verléiwt. Mengen, dass et duer gang wier, de Jos just eng Kéier kuerz ënnert der Fënster vum Marie sengem Zëmmer ze weisen (oder eben ganz dorop verzichten an just d”Szene am Duerf mat den däitschen Zaldoten haalen) an dann duerch eng Elipse direkt op hier Bettszene ze schneiden (déi iwwregens och e bëssen ze lang geroden wor). Am Film, 3 oder 4 mol op d’Szene ennert der Fënster zréckzekommen, huet a mengem Aan nët wirklech eppes zur Geschicht beigedroen. Als Zuschauer wees een no der éischter Visite vum Jos beim Marie, wou daat hiféiere wäert.
(SPOILER-ALERT : Die zweet Sequenz, déi fir mech nët geklappt huet, awer och keng Katastroph wor, ass leider den Doud vum Fränz. Déi huet mech als Zuschauer emotionnal nët esou berouert wéi aaner, vun der Handlung hier wesentlech manner wichteg Szenen).
Eriwwer zur vill diskutéierter Szene mam drogéierten däitsche Nazi. Sin och hei nët mat der RTL-Kritik averstan a fannen, dass déi Szene wuel seng Plaz am Film huet. Nët nëmmen well sie fir den Zuschauer eemenz verstéierend ass, mee well sie grad doduerch zum Film passt, well sie d’Absurditéit vum Krich (waat jo een zentralt Thema vum Heemwéi ass) op eng zimmlech originell a plakativ Art a Weis duerstellt. Hätt den Tarantino daat gedréiht, hätt all Mënsch mat zwee Hänn geklappt. Ausserdeem woren de Michel an d’Sarah absolut iwwerzeechend an hieren respektiven Rollen. Sëcher eng vun den Szenen, déi dem Zuschauer nach Joëren nom Film am Kapp bleiwe wäert.
D’Schauspiller
D’Schauspiller hun hier Sach wirklech gudd gemach. Amateurhaft ass keen vun de Schauspiller eriwwer komm, ganz am Konträr. De Steve Hoegener huet seng Roll quasi perfekt gemeeschtert an ass vum Ufank bis zum Schluss absolut glaawhaft a senger Roll bliwwen. Beim Luc Lamesch haat ech heiando d’Gefill, dass hien sech an – vun der Stëmmung hier – méi lichten Szenen wesentlech méi à l’aise gefillt huet wéi an dramateschen Szenen, mee säin Personnage huet awer am Duo mam Steve einwandfräi funktionéiert an daat ass fir de Film, deen mat hieren zwee Personnagen steet a fällt, jo daat Allerwichtegst. De Supporting-Cast wor duerchgehend gudd mat enger starker Prestatioun vum Michel an der Roll vum kranken Nazi-Offizéier. Bref, och hei chapeau bas virun der Leeschtung vun alle Schauspiller.
Die technesch Réalisatioun a Bildqualitéit
Vun der Cinématographie hier, ass Heemwéi grousse Kino! Den Oli Koos a seng Equipe hun do eng wirklech flott Aarbecht geleescht. Oofwiesslungsräich Astellungen, deelweis richteg flott Kamerafahrten (eng grandios ass mer am Kapp bliwwen bei der Szene op der Bréck), meeschtens propper ausgelichten Szenen. Kritikpunkten gin et hei awer sëcher och. Esou sin ech zimmlech am Ufank vum Film eng Kéier aus der Geschicht erausgerappt gin wéinst engem ganz offesichtleche Verstouss géint 180 Grad-Regel (an enger Dialog-Szene tëscht dem Jos an dem Fränz). Vu dass et kuerz virdrun (oder kuerz dono, esou genau kann ech mech nët méi erënneren) eng aaner Dialog-Szene tëscht den zwee Protagonisten gouf, déi mat enger eenzeger, langer Kameraastellung festgehaal gouf, hun ech mer d’Fro gestallt op een nët och déi Dialog-Szene hätt können mat just enger Astellung an der Post-Produktioun montéieren, esou dass dass de Säitesprong vun der Kamera hätt können vermidde gin.
Et gin och aaner Kritikpunkten, mee déi leien éischter bei der technescher Bildqualitéit, waat een Aspekt ass, deen mech natirlech ganz besonnesch interesséiert, an zwar nët nëmmen well Camera Obskura säin zweeten Film mat der selwechter Kamera gedréiht huet. Dofir gin ech elo allerdengs och e bëssen technesch. Leit déi sech fir dësen Aspekt nët interesséieren, können direkt op den nächste Zwëschentitel weidersprangen.
Ech haat éierlech gesot ganz grouss Zweifel, dass ee Film deen op enger Semipro-Kamera gedréiht gouf, am Kino wirklech gudd ausgesin kéint. Emsou méi dass et sech bei der Kamera, déi bei Heemwéi zum Asatz koum, also der Panasonic HVX200, ëm eng vun den éischten HD-Kameraen handelt déi 2007-2008 zu engem +/- abordablen Präis ze kréien woren. Dës Leeschtung huet d’HVX200 sech awer deelweis domat erkaaft, dass sie d’HD-Opléisung “ermoggelt” huet. D’Kamera huet nämlech keng nativ opléisend HD-Bildwandler (weder 1.080×1.920, nach 720×1.280 Pixel), mee 3 manner héich opléisend Bildchipen (950×540 Pixel), aus deenen hiere Biller d’Kamera intern duerch Pixelverschiebung een HD-Bild rechent. Wéi gesäit daat also am Sall 10 am Utopolis aus?
Zu menger Iwwerraschung erstaunlech gudd. Fir eng HD-Opléisung wor d’Bild zwar e bëssen “soft”, mee daat hun ech éischter als Qualitéit wéi als Nodeel verspuert, well ech kee Frënn vun iwwerméisseg héich opgeléisten a digital klinesch proppere Biller sin. Grad den “soften” Aspekt vun den Opnahmen, gekoppelt mat engem zimmlech flotten digitale Grain, huet et fir mech ganz no u richteg grousse Kino bruecht, waat – wéi gesoot – fir mech eng positiv Iwwerraschung wor.
Den Asatz vun engem 35mm-Adapter fir mat Déiwteschärft-Verlagerungen spillen ze können (een typeschen Aspekt vu Profi-Produktiounen), ass an e puer Szenen mat Onschärften bezuelt gin. Die limitéiert Latitude (dynamic range) vun der HVX200 huet och dozou gefouert, dass bei e puer Lowlight-Opnahmen e méi oder manner starkt Bildgriselen ze erkennen wor (daat awer wesentlech manner schlëmm ausgefall ass, wéi ech mer daat erward haat) an an e puer kontrasträichen Opnahmen hell Bildberäicher ausgebrannt sin.
Et siew awer bemierkt, dass dës kléng Bildfehler dem normalen Zuschauer kaum bis guer nët opfaalen dierften. An daat ass ouni Zweifel och de Verdengescht vun der ganz propperer Post-Produktioun, déi um Heemwéi geleescht gouf. Nët nëmmen huet d’Post-Produktiouns-Equipe et färteg bruecht dem Film een eenheetleche Look ze gin (ee weidere Aspekt vun Profi-Produktiounen), mee sie huet et och verstan verschidden manner gelongen Opnahmen erfollegräich opzepeppen, and last but not least, d’Special FX gekonnt an d’Opnahmen ze intégréieren.
Bref, die technesch Réalisatioun vum Film, zesummen mat de flotten Requisiten, der propperer Post-Pro an den gelongenen Special FX, huet die sougenannten “Production value” (also de gefillte Budget vum Film) eemenz erhéicht, esou dass Heemwéi no engem Film ausgesäit, deen een 100fachen vu sengem wirkleche Budget gehaat huet. Chapeau bas och virun dëser gan starker Leeschtung!
Fazit
Feierblumm huet mam Heemwéi ee ganz starkt Kapitel vun der Lëtzebuerger Filmgeschicht geschriwwen. Mat enger gudder Schauspiller-Leeschtung, enger origineller a couragéierter Approche zu engem aalen Thema, enger absolut maîtriséierter Kameraféierung, e puer grandiosen Opnahmen an enger – daat muss och gesoot gin – ganz professionnel orchestréierter Medien-Kampagne, ass de Succès deen Heemwéi am Moment an de Lëtzbuerger Kinoen feiert, héich verdéngt. Respekt!
Barnig
14.02.2014
Merci Petz
Ech hun di JOS-MARIE saugud fonnt, a graad net iwerdriwen, well hien eben emmer nees dovunner dreemt, an daat soll och op der ganzer Odysee emmer d’Ziel sin, doweins sin des Flash’en puermol am Film, fir d’Hoffnung eben nie ze verleiren. Mir hun dei ganz gud gefall-
D’Zeen mam dekandenten Nazigenerol, huet mer manner gud gefall. De Michel huet zwar exzellent gespillt,… mee et wier duergang wann en mat enger Alkoholsfläsch gespillt hätt an evtl (zum besipill eng Laich oder sou) mee dass en do die daarfstomm Geisel bei sech huet, fannen ech komplett onpassend. Kloer an engem Tarantino hätt een daat gud fonnt -jo Mee hei huet et mech komplett aus dem Konzept gehait..
Sou kenne meenungen verschidden sin
petz
14.02.2014
Do gesäis du wéi d’Meenungen ausennee goen können. Ech hun och d’Szene Jos/Marie u sech nët schlecht fonnt, mee ech kritiséiere just hieren excessiven Asatz duerch de ganze Film. Ech verstin jo och, firwaat déi Erënnerung un d’Rencontre mam Marie e puer mol am Film rëmkönnt (daat ass jo waat de Jos undreiwt), mee et wor mir einfach nët genuch Oofwiesslung/Evolutioun an der Sequenz dran. Vun den Opnahmen/Inhalt hier, wor a mengen Aan just genuch Stoff do fir domat ganz genau 3 kuerz Sequenzen am Film anzebauen (eemol ënnert der Fënster, eemol am Duerf mat den Zaldoten an eemol Bettszene als Oofschloss), mee ech verstin firwaat sie esou oft drop zréckkommen. Daat wor wahrscheinlech vun der Strukturéierung vun der Geschicht hier am Montage nët wirklech aanescht ze léisen. An daat ass jo och een direkt Resultat vun de Limitatiounen vun enger Amateur-Produktioun, dass een eben heinsdo einfach nët genuch Opnahmen gemach kritt fir een Handlungsstrang wirklech optimal eriwwer ze bréngen. Sie hun sech mat deem Material daat sie haaten, nach gudd aus der Affäre gezun, mee mir wor et trotzdem eng Grimmel ze repetitiv.
Franky
16.02.2014
Den Doud vum Fränz hunn ech och lo net esou gutt fonnt. Iergendwei konnt ech mam Personnage vum Steve vill mei matvillen wei mam doudegen Fränz (vlait haat sain BLut-geschnuddels och iergendwei eppes witzeges).
D’Jos Marie Szeen fannen ech och gutt. Heiansdo just eben zevill (visuell Sex & Boobs) an ze laang. Trotzdem gutt gelongen a gewoht fir een Letzebuerger film!!!! Kompliment!
Zum Petz senger Kritik gefällt mer dat heiten am beschten: Heemwee an nët Heemwéi !
Et war eng Art Roadmovie iergendwei.
(et huet mech iwregens och extrem gesteiert dass op den Poster HEEMWEI emmer ouni Accent geschriwwen war. Ok et sinn grouss Buchstawen, mee awer…)
petz
25.04.2014
Wees een ob Heemwéi d’10.000 Zuschauer-Grenz mëttlerweil gesprengt huet?
Barnig
28.04.2014
Ech ging scho mengen, vu dass en jo lo na an de klenge kinos gelaaf ass.
secher sin ech zwar net, mee allgemeng kinnt een awer roueg soen, dass 10 000 Leit dese Film gesin hun.
petz
28.04.2014
Jo, daat gesin ech och esou. 10.000 Entréen, daat ass op alel Fall absolut phänomenal! Daat sin Zuelen, déi mussen all Indie-Filmmaker dreemen loosen. Perséinlech empfannen ech hiere Succès op alle Fall als eng Super-Motivatioun och ons Odysée endlech op en Enn ze bréngen. Et gët – fir Camera Obskura an och fir aaner Indie-Filmmaacher – ganz, ganz haart de Succès vun Heemwéi ze reproduzéieren. Vun toppen guer nët ze schwätzen, mee et mëscht d’Sach super-spannend Sin schon gespaant op Verkaafszuelen vum DVD (a Blueray wann sie esou een man).
Barnig
29.04.2014
Absolut riichteg, wubai een awer och bedenke muss dass et eben en Thema ass wat vill “eeler” Letzebuerger emmer nach deck beschäftegt! Bei engem “Mystery” Genre kriis de dei (soen mol ca.3500 Visiteuren) secher manner
Vill Leit sin de Film secherlech och aus firwatz kucke gang
petz
29.04.2014
Waart bis onsen Teaser an Trailer prett sin Feierblumm huet a Sachen Teaser & Trailer d’Laat ganz héich geluecht. Daat gët eng super Erausfuederung fir ze probéieren daat ze toppen an d’Leit virwëtzeg ze man. Stëmmt dass e Mystery-Thriller wahrscheinlech manner äler Generatiounen usprëcht mee et kann een jo hoffen, dass dofier dann jonk Generatiounen éischter ubéissen…
Barnig
30.04.2014
Majo mer waarden zenter Joeren op TEASER/TRAILER
petz
30.04.2014
Was lange währt, wird endlich gut.
petz
16.05.2014
Damn! Elo hun mer dach tatsächlech missen onsen www.imdb.com/title/tt3091176/trivia?ref_=tt_trv_trv Trivia-Text op imdb unpassen.
Barnig
19.05.2014
ei ei ei ei ei
petz
14.01.2015
Hitparade vun den erfollegräichsten Lëtzebuerger Filmer 2014 (Zuelen Utopia Group) :
1. «Heemwei» – 9.400
2. «Succes Fox» – 1.800
3. «Wiplala» – 1.400
4. «Avant l’hiver» – 1.000
5. «Never die young» – 800
Een iwwerwältegenden Erfolleg fir eng Amateurproduktioun
petz
29.01.2015
5.000 verkaaften DVD! Ei, do rabbelt et an der Kees
Barnig
29.01.2015
op alle Fall!
Fannen de Prais just emmer ze deier bei su INDIE-Produktiounen..
15 EUR misst bessi Grenz sin
petz
29.01.2015
Sin d’accord, à moins dass du wirklech vill Extras dobäi gëss (Booklet, Soundtrack Audio CD, etc). Ech mengen hun mäin Heemwéi DVD 22 EUR am Zeitungsbuttek bezuelt. Wanns du dovun ausgees, dass Feierblumm +/- 15 EUR dovun récupéréiert, dann kënns du op Recetten vun +/- 75.000.- EUR + Kino-Recetten vun +/- 35.000-40.000 EUR, dann huet sech d’Produktioun mat Gesamt-Recetten vun +/- 110.000 EUR fir een Invest vun 33.000 EUR (25.000 Produktioun + 8.000 Marketing) echt rentéiert. Fir eng asbl sin daat enorm vill Suen an domat kanns du vill flott Projet’n finanzéieren. Fir dovun ze liewen oder och nëmmen eng Persoun vollzäitlech anzestellen, geet et nawell nët duer… Freet mech op alle Fall fir Feierblumm

Zombiefilm

CArLO
11.02.2007
Den Zombiefilm kann een nach emmer ob onsem site www.obskura.lu kaafen, oder ganz einfach ab der nächster woch an der GALERIE fun der Belle Etoile wou Pyrrhus een stand huet fun der “Semaine du film”. Enner annerem kann een do och den Psyclist kaafen den elo ganz nei op DVD eraus ass.
Macht iech bei well esou weit ech wess huet bis elo just een fun der GANZER KML Equipe den ZF op DVD
CArLO
22.06.2007
Zombiefilm DVD’s sin nach emmer ze kreien mee elo dei allerlescht iere mer op den internationalen marché gin
CArLO
26.05.2008
Den Zombiefilm kritt en ewell am Auchan (Kierchbierg), Cora (Feiz an Concord), Cactus (all poibt de vente CD/DVD), Stargate, CD Buttek beim Palais, NewSound Lux. an Galaxie (Esch) ze kaafen.
Fier dei wou den DVD nach net hun, get et awer heisch zeit.
Franky
26.05.2008
cool
wei ass den prais dann? mei deier wei bei iech am online shop?
Barnig
26.05.2008
19,99 am STARGATE
hun ech e samschden gesin
Wei siid der dann do virgaangen, fir DVDs dohiner ze kreien?
A Waat muss een afellen?
CArLO
26.05.2008
Preiser machen geschäfter leider selwer esou wei si wellen.
Mier hun eben eis leit dei dat machen an dem motto wei wanns de een kenns den eppes kann…
Wat een afellen muss? (soen et hei net gär well sos heescht et erem……………) mee bon du wells et jo wessen.
Den Film muss einfach nemmen gudd sin, an dat ass realiteit
Barnig
26.05.2008
Hu graad Reklamm fir ären Zzzzzzombie Film gema.
Ka sin dass da a neechsten Deeg eng Commande kriit
CArLO
26.06.2008
All respekt Marc, wei eng sorte fun reklamm hues du dann gemach??
Barnig
27.06.2008
En Arbechtskolleeg, dee fennt dass net genuch Horrorfilmer gedreihnt gin, sot em mol, e soll de Zombiefilmsite ukucken goen, an dann en DVD bestellen
Franky
07.10.2008
ech hun mer gescht des DVD mol fir deischt rangezunn(ech hun einfachen zougreff drop well äeren schärfsten kritiker eben mein brudder ass an eng DVD huet)
Et war ennerhalsam den Film no 2 Joer rem emol zekucken. DVd ass flott gemach an special section fannen ech virunallem gudd weinst dem Mike Tereba sengem masken making of waat wirklech interessant ass! dat klengt buch waat dobai ass erfellt sain zweck och gudd!
D’interviewn beim RTL letz hun ech och fir d’eischt gesin an fannen dat wirklech extrem gudd wei der den Film duerstellt an verkaaft! Et get mei wei emol drophingewissen dass et een Amateur film ass ouni deiwgrenneg geschicht an Liewensmoral. Dorobs hin klappt den Felix zwar iwerdriwen un äeren film.. mee wirklech respekt dass der den moment am studio keng staraluren ugeholl hudd an öfters den Film schlecht(mei schlecht wei en ass?) geschwaat hudd.
ech mengen besser kann een den kinogänger net virbereeden op dat waat en erwaart, an sou mader just amateur filmer, virwetzeg leit an frenn vum “einfachen letzebuergeschen popcorn kino” unzidd.(waat jo an aeren film duer gaang ass fir vill entréeen ze kreien).
Vermessen just eng titelwahl op der DVD!
also ween den film nach net huet, ech mengen obskura huet nach puer steck!
petz
07.10.2008
@ Franky
Merci fir däin spéiden Avis iwwer ons DVD. Sin frouh, dass sie dir gefällt. Ett wor zimmlech kloer, dass den Félix ons an de Studio gelueden haat, fir e bessi de Spunnes mat ons ze man, mee daat ass “de bonne guerre” a wann een wöll Promo fir säin Film man, muss engem daat egal sin. RTL kann engem Film eemenz höllefen wann sie driwwer berichten. Mir perséinlech (an och dem Sarah) haat den Optrëtt beim Félix ganz gudd gefall an hien wor och eemenz sympathesch virun an no der Sendung (de Gast Waltzing iwwregens och). Wor einfach eng witzeg Erfahrung an huet sëcher zum Succès vum Film beigedroen. Ett wor iwwregens RTL déi ons agelueden haaten fir bei de Félix an d’Sendung ze kommen, nodeems zimmlech vill iwwer de Film geschwaat gouf an en am Utopolis an den éischten Séancen ëmmer ausverkaaf wor.
Dass ech den Film an der Emissioun fir daat verkaaf hun, waat en ass, fannen ech nëmmen normal. Du kanns de Leit keng Märecher erzielen, de Publique ass jo nët op de Kapp gefall a kann den Ennerscheed tëscht engem qualitativ gudden a schlechten Film man. Daat Lescht waat ech deemols wollt, ass dass Leit mat héichen Erwardungen an de Film géifen goen an dann enttäuscht gin wieren. Dofir géif ech nie een Amateurfilm als Profi-Produktioun verkaafen, wann de Film nët och wirklech Profi-Qualitéiten huet. Wanns du de Film als eppes verkeefs waat en nët ass, kanns du zwar kuerzfristeg méi Leit an de Kino kréien, mee langfristeg verspills du deng Crédibilitéit.
Och beim DVD wollten mer d’Leit nët iwwer d’Ouer haen an hinnen wirklech eppes fir hier Suen gin, dofir huet de Mike deen flotten Special FX-Reportage extra gedréiht, hun mer bei RTL an bei Antenne West d’Rechter fir Diffusioun vun den Reportagen gefroot an hun ons mam Booklet, mam Soundtrack an mat den Ennertitlen vill Méih gin. Daat wosst och RTL ze würdegen wéi sie den DVD zum DVD vun der Woch gewielt hun (www.zombiefilm.lu/uploads/press/dvdvunderwoch.mp3)
Fir ons ass den logeschen nächsten Schrëtt no engem Amateurfilm mat Amateurqualitéiten, elo een Amateurfilm mat semi-professionnellen Qualitéiten ze dréihen. Mir hun op allen Fall ganz konkret Zieler, déi mer mat LMT erreechen wöllen. Ob ons daat gelengen wärd, kann ech haut nët soen. Mir schaffen op allen Fall drun a machen ons Bescht.
PS: Yes, miir hun nach méi wéi genuch DVD fir ze verkaafen.
sheepie
07.10.2008
Rock n’ Roll..!!
petz
02.07.2010
Den Ciné Ariston organiséiert den Freiden 9ten Juli eng Zombie Filmnuecht mat folgender Programmatioun:
– 20h00 Survival of the Dead (www.caramba.lu/index.asp?pageclass=movieInfo&idfilm=-43089451&idcinema=12)
– 22h00 Zombie Film (www.caramba.lu/index.asp?pageclass=movieInfo&idfilm=1128498407&idcinema=12)
– 24h00 Zombieland (www.caramba.lu/index.asp?pageclass=movieInfo&idfilm=-575508580&idcinema=12)
Onsen gudden aalen Zombiefilm gët tëscht 2 topaktuell Zombie-Produktiounen gewiesen an daat wier vläit eng gudd Occasioun fir en nach eng Kéier op grousser Leinwand ze gesin…
… an zwar a voller DV-Opléisung : 720*576 woubäi mir uewen an ënnen eng schwarz Bande agebaut hun fir een op Cinémascope ze man, réel Opléisung vum Film ass also +/- 720*380. Wahnsinn, dass dat viru 5 Joër am Kino gelaaf ass…=)
Barnig
02.07.2010
Tiptop!
Heiert sech jo no enger guder Trash Nuecht un
Felicitation!
Franky
02.07.2010
ass den ZF scho 5 joer aal? Freck, dat ass scho laang hier…
Ech fannen et gutt dass Caramba öfters amateur filmer sou wéi mei aal Hollywood filmer weist!
Hoffen de sall ass gutt gefellt fir des Zombie nuecht
petz
12.07.2010
Leschten Freiden ass den Zombie Film also nach eng Kéier am Ariston gelaaf. Ett wor eng wirklech flott Erfahrung de Film 5 Joër no senger Sortie nach eng Kéier op engem groussen Ecran ze gesin a virun allem wor ett flott een groussen Deel vun der Crew vun deemols rëm ze gesin. Die puer Zuschauer déi sech an de Sall verirrt haaten an de Film nach nët gesin haaten, woren zimmlech begeeschtert an hun oft haart gelaacht. Nom Kino sin sie bei ons komm an ons gesoot den Zombie Film hätt hinnen op allen Fall besser gefall wéi den leschten Romero deen just virdrun gewiesen gouf. Daat wor ee ganz léiwt – wann och nët ganz realistescht – Kompliment.
Waat mech perséinlech iwwerrascht huet ass wéi brauchbar d’Bildqualitéit dach nach wor fir een Film deen op DV an niddreger Opléisung gedréiht gouf an dann och nach uewen an ënnen beschnitten wor. Och den Toun wor trotz den villen Schwieregkeeten déi mer deemols um Tournage domat haaten dach nach eignermoosen gudd ze verstoen… Sëcher ass awer och, dass bei onser neier Produktioun een dach zimmlech kloeren Qualitéitsprong ze gesin sin wärd.
Barnig
13.07.2010
Tiptop—
wini as et da suwait
Franky
13.07.2010
et ass net dei eenzeg grouss produktion dei fir 2009 geplangt war..
Gutt Filmer brauchen eben vill zait an ech sinn der Meenung dass HD secher net dozou beidreiht dass Filmer méi seier fäerdeg ginn.
d’Spannung steigt!
petz
13.07.2010
Hängt ganz dovun oof, wéi mir mat der Postproduktioun virun kommen. Ech hun mer dofir elo am Summer extra Congé ugefroot. De Fuuss ass och schon ganz gudd mat den Digital FX ennerwee an den PYK zaubert un der Musék. Een éischten Rough Cut vun +/- 70% vum Film hun mir ons de Freiden virum Kino ugekuckt an d’Equipe wor op alle Fall zimmlech begeeschtert (mee daat ass sëcher keen objektiven Critère och wann ët fir mech perséinlech eemenz wichteg ass dass d’Team sech mam Film identifizéieren kann).
Op een Release-Datum wöll ech mech wirklech nët méi festléen well d’Aarbecht déi nach ze machen bleiwt fir ons ganz schwéier oofzeschätzen ass, vu dass LMT ons bis elo gréissten Produktioun gët, zimmlech FX-intensiv ass an mir wirklech de Produit (an den Marketing) esou gudd wéi méiglech virbereeden wöllen éier mer op de Publique zougin.
Neie Site Internet mat vill News misst – wann alles gudd geet – nächsten Mount online goen. Dotëscht kucken ech fir och mol rëm eppes an de Blog ze schreiwen. Wéi ëmmer gët alles hei am Forum ungekönnegt.
Hoffen dir kommt och gudd virun mat ärem Projet!
petz
13.07.2010
@ Franky
HD ass wirklech nët de Problem. Den DVCPRO HD Format vu Panasonic op deem mir de Film gedréiht hun, brauch am Fong ganz wéineg Ressourcen an der Postproduktioun well hien mat Vollbiller schafft a keng Interframe-Kompressioun benotzt déi vum Schnëttprogramm dann nach an Echtzäit décompriméiert gin muss. Du brauchs just een zimmlech séieren Datenduersatz bei den Harddisken (am beschten Raid) well d’Fichier’n am Verglach zum HDV z.B. 4x méi Plaz brauchen.
Waat vill Zäit höllt sin niewt dem eigentlechen Montage, Digital FX, de Soundmix an de Marketing. An d’Ennertitlen (F, UK) wärden och eng gudd Arbechtswoch a Usproch huelen.
Franky
13.07.2010
ok ech gesinn et gett un alles geduecht!
Erennert mech bessen un Zombiefilm,… ech haat nach nie eppes vun Obscura heieren an ZACK…hunn ech am utopolis am Brochure iwer de Film gesinn an eng 100% faerdeg Homepage war um start, etlech interviewn….
Mengen dat schleit dann rem an wei eng bomm Si jiddefalls emmer mei gespannt an hoffen dass et net mei all ze laang dauert…
petz
15.02.2012
Just aus Kuriositéit : Wier kml hypothetesch interesséiert no onsem LMT un engem eventuellen vimeo.com/channels/cameraobskura/15868043 ZF2 matzeschaffen?
Franky
15.02.2012
Gut Fro Dat misst dann de KML comité décideieren
Ech kann just fir mech perseinlech schwätzen:
Zesummenarbeschten interesseieren mech ganz vill ! Mee un engem Longmétrage eng greiser Tache ze iwerhuelen wier ech wuel kaum nachemol bereed(well et mer einfach ze laang dauert).
Mee lo mol aus Kuriositeit e puer aner Froen :
Plangt der dann nom LMT een neien Film? Ass dat dann Zombie Film 2 ?
Waat Fortsetzungen ugeet sinn ech emmer skeptesch!
Franky
15.02.2012
Ech well och eischter nach 5 Kuerzfilmer machen an do verschidden Genre experimenteiren amplatz 1 Longmétrage.
petz
15.02.2012
Ech kann jo just fir mech schwätzen an nët fir die ganz asbl, also ob ech mer nom LMT nach eng kéier die ganz Arbecht undin, hängt wirklech vun der Publikumsresonanz vum Film oof. Do gin et e puer Szenarioen:
1) Mir kréien aus irgendengem Grond de Film nie färteg an e kënnt nie an de Kino -> ech erschéissen/erhänken/exiléieren mech (je no Laune)
2) De Film kënnt an de Kino a floppt firchterlech -> Keeleklub
3) De Film huet wéineg Zuschauer (manner wéi ZF, also ënner 1.000 Zuschauer) -> Analyse vun de Grënn vum Echec -> Décisioun ob mer weider Filmer man hängt dovun oof ob mer Méiglechkeeten fannen d’Qualitéit op engem evntuellen drëtten Film ze verbesseren an ob d’Equipe nach Loscht huet -> egal wéi, dréihen ech dann op manst nach een Court-Métrage
3) De Film leeft gudd (besser wéi ZF, also iwwer 1.000 Zuschauer) -> dann wöll ech weider Projet’n entwëcklen mat onser asbl an eventuell aaneren Partner wann déi Loscht hun matzeman
4) De Film leeft ganz gudd (2.000 – 4.000 Entréen) -> dann wöll ech weider Projet’n entwëcklen an denken dann och iwwer professionnell Wéer no daat ze man (z.b. eng Koproduktioun vun onser asbl mat enger richteger Produktiounsgesellschaft)
5) De Film gët een Knaller (alles iwwer 5.000 Entréen) -> ech man eng eegen Produktiounsfirma ob an froen meng Equipe wien do matmache wöll a sichen och nei Partner
Generell wéilt ech schon weider Filmer man, well ech nach vill Iddien hun, mee wéi gesoot et hängt villes vum LMT-Experiment an och vun den Wënsch a Virstellungen vun der Equipe oof. Du mëchs jo keng Filmer alléng.
Wann alles gudd goen sollt, wéilt ech gär 3 nei Projet’n man:
1) een Court-métrage (eppes total Verrécktes just for fun)
2) eng TV- oder Web-Série (iwwernatirlechen Mystery mat engem Schoss donkler Erotik)
3) eng abendfüllend Komédie (genre aal Louis-de-Funès Filmer)
Voilà, elo wees du baal alles
Franky
16.02.2012
mach bei 1) och leiwer een Keeleclub!
Interessant Analyse, ech hun folgend prognose fir iech :
a) de film gett nie faerdeg weinst techneschen (oder privaten) problemer, an no joeren huet ee keen bock mei a schmeisst een hinn oder verleeft an der Versenkung…
b) de film kennt eraus, gutt promot (an daat kann Obskura!), huet eng gutt Qualiteit (och daat kann Obskura, alleng den Trailer ass Liichtjoeren mei wéit wei ZF), a leeft laang am Kino an huet minimum duebel mol sou een groussen erfolleg wei ZF.
Natirlech rechnen ech mat b)! Alles anescht haalen ech fir extrem onwarscheinlech (zb Flop…)
Deng 3 nei Projeten klengen all villverspriechend. Hängt awer dann alles vum Skript of, respektiv vun der Weiderentwecklung vun der Filmwelt (zb wei sinn leit op letzebuergesch Serien an puer joer ze spriechen? Ass Weemseesdet dann totalen Kult oder ganz vergiess?etc…)
Long métrage ass a bleiwt eng extrem Herausfuerderung. KML huet der freier vill gemach, mee dei waren qualitativ extremen Amateur an daat ass dunn eben relativ einfach gaangen. Bei Black kings way si mer schon baal un eis Grenzen gestouss, de Marc huet vill gro hoer kritt.
Dream Cell war als Longmétrage geplangt, ganz aneren Skript an teschnesch mei heichen niveau,… no puer Méint (well schauspiller keng zait haaten) hunn mer d’Handbrems gezunn an de Projet annuleiert(well en sech dann iwer joeren gezunn hätt an dann vläit nie faerdeg gi wier).
De Marc an ech hunn et dofir lo genuch mat sou riesen monster projeten. De Mich huet jo lo sain Projet Two Friends duerchgezunn an ass (erstaunlecherweis) faerdeg ginn. Sain Film kennt dest Joer! Ech mengen awer och dass hien duerno keen longmétrage mei mecht. (hien war lo joerenlaang weinst dem film ausgebucht). Wei de Film lo ass wees ech net, ech hunn och nach net mei gesinn wei den Trailer.
Wollt dat just nach alles lassginn als Motivation ! Een longmétrage mat vill usprech ass eng riesen Herausfuerderung mat Tücken. Dat ze packen ass eng Leeschtung.
T(w)o Friends huet een klengen Retard.
LMT huet och schon bessen Retard.
Anner Filmcluber hunn och dei Problemer (Bommeleeer film? Heemweih(2009)?
Dem Murphy sengem Gesetz kann een eben net entkommen
Ps: de Marc äussert sech net am Forum well hien an sengem neien Haus nach keen Internet huet. Hoffen awer dass hien glaich rem mat vun der Parti ass !
Barnig
16.02.2012
MOIEN alleguer
ka just op der arbecht schreiwen… post brauch seng zait mat der installatioun, an op der arbecht hun ech u sech mei arbecht wi ech ka kucken, dofir alt nees schnell:
-> ECH SIN FIR ENG KOLLABORATIOUN UN ENGER WEB-SERIE (mysterieis) ze schaffen !!!
Haat schon oft dei Idee.
Punkto COMEDIE, haat KML och schon daat eent oder anert Treffen organiseiert, wou mer enner eis Idees ausgetosch hu fir eng Comedie ze maan … mee “ganz schwiereg”
Allez, KEEP ON !!!
petz
16.02.2012
Merci fir däin Vertrauen an d’Encouragementer, daat deet ëmmer gudd! Also, ausser cas de force majeur (Krankheet, Stierwfall, etc.), stellen mir den LMT natirlech färteg. Daat sin mir schon alléng de villen Leit schëlleg, déi ons beim Projet ënnerstëtzt hun. Mee, du hues ganz sëcher Recht mat der Feststellung, dass een Long-Métrage vun A-Z ze réaliséieren eng wirklech hart Herausfuerderung fir eng a.s.b.l. ass wou all Mënsch bénévole matschafft. Och wann jiddereen (wéi daat beim LMT de Fall wor) mat vill Engagement matschafft a vill Fräizäit affert, ass et nawell nët einfach. Mee bon, et ass jo ons Entscheedung, onsen Projet an mir sin dofir responsabel daat Bescht draus ze man. Ech gleewen op alle Fall 100% un de Projet, mee wärd natirlech eemenz erlichtert sin wann en endlech färteg ass. Ett ass dann och ganz evident, dass mer ons fir ee nächsten Projet e bëssen aanescht organiséieren mussen.
Majo, wënschen dem Marc dann ee séieren Uschloss un den Internet.
petz
16.02.2012
@marc :
Merci Marc, ech mengen daat Bescht ass mir sëtzen ons nom LMT eng Kéier zesummen an schwätzen einfach gemittlech bei engem rouegen Pättchen iwwer ons géigensäiteg Virstellungen. Vu dass du jo (wahrscheinlech mam Frank) op d’Avant-Première vum Film könns, kann een jo no der Projektioun schon e Patt zesummen huelen
Barnig
17.02.2012
kee probleem, a kee stress
petz
08.08.2013
Dir könnt elo dem Zombie Film ee Rating gin oder ee Review schreiwen op www.imdb.com/title/tt3091176
Barnig
08.08.2013
So kascht daat ebess fir e Film op IMDB ze platzeieren?
petz
08.08.2013
D’Basis-Informatiounen kaschten näischt mee et ass schon en zimmlech lange Questionnaire deens du ausföllen muss an imdb verlangt och, dass du eng Reih vun Dokumenter uploads, déi beweisen, dass däi Film am Kino gelaaf ass. Daat ass nämlech eng Konditioun domat de Film iwwerhaapt an hier Datebank opgeholl gët. Sie préifen d’Informatiounen an dann dauert et an der Regel 1-2 Deeg bis d’Informatiounen online sin (wann alles ok ass). Déi Etapp ass gratis.
Wanns du dann awer och nach e Poster oder Fotoen publizéieren wölls, dann kascht daat an zwar 35$ pro Poster (am Prinzip gët et jo just een offiziellt Poster) an 10$ pro Foto (Film oder Tournage).
petz
16.04.2014
Momentan en Durchschnëttsrating vun 5

Hell Riders

Franky
25.07.2012
www.wort.lu/en/view/stick-em-up-for-luxembourg-s-first-post-apocalyptic-western-4ff6f500e4b0232d7ac030ca
www.youtube.com/watch?v=BJY6eDKLFiw&feature=youtu.be
www.youtube.com/watch?v=jfdzFtY1hmA&feature=youtu.be
petz
25.07.2012
Ech schléissen mech dem Fränky sengem absolut treffenden Kommentar un
Barnig
26.07.2012
Percy is in the House, Man !!
Hun an engem vu sengen eischte Filmer matgespillt “Terrorists at the Multicultural Forum” 1995
Franky
26.07.2012
sorry haat keng zait mei fir kommentarer
ech sinn zwigespalten.
Op enger Sait puer gutt Ideen, stemmungsvoll Dreihplatzen.
Op der anerer Sait awer trotzdem bessen simple Szeenen (dei een schon cirka 100 bei Hollywood gesinn huet), et wierkt gekünstelt an et kennt keng Atmosphere op?
HaaptKritik: Dei 2 traileren sinn fuerchtbar. Vill ze laang, ouni Opbau, warscheinlech tonnen Spoileren dran.. a waat guer net geet ass den T2-soundtrack an den ACDC song
Op dee “Semiprofessionnellen” Film wirklech wei verpsrach an de Kino kennt??
petz
31.07.2012
@Franky: Ach so, haat geduecht däin Kommentar wier “Keen Kommentar!”.
Hun mer den Trailer nach eng Kéier ugekuckt a – bei aller Léiwt fir Underground-Produktiounen – deen funktionéiert fir mech awer glat a guer nët. Een Trailer, deen der jo Loscht soll gin de Film kucken ze goen, mat Astellungen unzefänken wou Leit duerch d’Landschaft spazéieren, ass keng gudd Iddi fir d’Opmierksamkeet vun den Zuschauer ze kréien an ze haalen. Déi Szenen dann och nach gréisstendeels an Zäitlupe baal eng ganz Minute lang (Sequenz vun 0’41”-1’37”) laafen ze loosen, ass schon – fir sech alleng geholl – artisteschen Selbstmord. Dann och nach keng Äntwert op d’Fro ze gin wien die Leit sin, wouhin sin gin a firwaat sie dohin wöllen (Sichen sie eppes? Sin sie op der Flucht? Sin et die Gudd oder die Béis?) geet fir een Trailer einfach guer nët. Grad esou wéineg wéi an enger post-apokalyptescher Welt d’Leit a blitzeblank gewäschen Auto’en duerch d’Géigend fueren ze loosen (2’13”). Wann dann och nach deng Kapp-Prothèse esou onecht ausgesäit wéi bei 2’43”, dann dierfs du déi nët frontal vun vir filmen mee du muss daat natirlech esou man, dass een zwar de Kapp mee keng Détailer erkennen kann. Sin natirlech mam Franky averstan, dass den garantéiert nët autoriséierten Asatz vun lizenzéierter Musék een absoluten “no go” ass.
Bon, elo awer genuch gestänkert. Gin mer daat zesummen kucken, wann et an de Kino könnt?
Barnig
01.08.2012
Also ech muss de Film verteidegen!
Kloer gin emmer Feehler gemaach, mee sou Produktiounen arenneren mech zevill stark an och emotional bereierend u meng Jugend, a wisou ech d’Leift zu de Filmer entdeckt hun.
Ech denken et ass kloer, dass mir momentaan op semiprofessionellem niveau schaffen, mee eis Filmer wei ICEBREAKER oder QUANTUM stin fir mech weiderhin als Wuerzel vun deem waat alles dono koum, an daat och an der ganzer Amateurfilmwelt (woen ech mol sou ze behaapten)
Fir mech ass HELL RIDERS kloer dee selwechte Fall, et ass ganz egal op een do am HD oder SD, Technechen KnowHow oder net.. et geet hei em den Independent Kino, an deen ass emmer top, a wi gesot bei engem eischte “grousse Film” kann a MUSS een sou saachen verzeien.
Ech freen mech op alle Fall op dese Film,
Zesumme kucken -> op alle Fall
petz
01.08.2012
@Marc: Sin mat dengen Punkten jo averstan a hun mäin Kommentar jo mat enger Invitatioun ofgeschloss fir de Film kucken ze goen.
Nun ass et awer esou, dass Hell Riders jo nach lang nët den éischten Film vum Percy ass. Ech kennen hien leider perséinlech nët, mee ech wees dass hien jo schon zanter Joëren Low- an No-Budget-Produktiounen dréiht. Mat esouvill Erfahrung (och wann et just am Low- an No-Budgetberäich ass) erwarden ech mir dann awer och een Trailer, deen einfach besser strukturéiert an montéiert ass (an daat ass keng Fro vun Budget oder Produktiounsmëttlen).
Ech mengen och nët, dass een aus purer Nostalgie iwwer offensichtlech Fehler einfach eweg kucken soll. Meng Meenung dozou ass, dass wanns du vun den Leit verlangs, dass sie een Kinoticket kaafen, dann hues du d’Pflicht hinnnen eng anstänneg Ennerhaalung ze bidden. Daat heescht nët, dass du en technesch an inhaltlech perfekten Produit weisen muss, mee du muss wéinstens däin Bescht gin fir dem Zuschauer während 1,5 Stonnen eng flott Zäit als Géigenwert vum Ticket ze bidden (egal wéi’s du daat mëchs). Wann mir dann awer schon den Trailer ze lang virkënnt, dann besteht ee ganz réellen Risiko dass de Film mech och enttäuschen wärd.
Mee wéi gesot, mir gin daat zesummen kucken an dann machen mer ons eng definitiv Meenung vum Film (mee den Trailer iwwerzeecht mech trotzdem nët).
Franky
02.08.2012
Den Trailer ass wirklech NET gutt. Ze laang, ze langweileg, onkloer…
Ee knappen Trailer mat rasantem Schnett an Szeenenwiessel hätt dat ganzt bestemmt besser ausgesin geloss. Den Trailer vermettelt eben leider net wei de faerdegen Film ass.
Ee stemmungsvollen Ennergaangsscenario? Een rauen/witzegen splatter film à la Tarentino?.. Wee wees… eng Komedie?
Mee ech lossen mech net vun engem Trailer ofschrecken oder ulackeren. Hunn zevill oft een super Trailer gesinn an de faerdegen Film war awer net vill.
Ech hunn nach keen aneren Film vun him gesinn, mee vlait ass et sain Style a sain Trademark eben een Hang zum Trash-Kino. Mat mini crew an ouni Budget oder Zait ass et net evident eppes mei grousses ze dreinen. Hien dreint bestemmt all joer sou een Film, also ass d’Qualiteit dofir net dei bescht.
Dofier: mer ginn deen all zesummen kucken!! Ennerhaalung ass et egal wei, ob gutt oder manner gutt. Leiereich ass et och ! An bessen Nostalgie(sou wei de Marc dat sot) ass bei mer emmer welkomm
Undergroundkino fir eis, an net fir den Publique!
petz
13.03.2013
Avant-Première vun Hellriders nächsten Donnesden, 21. Mäerz am Ariston. Ech sin dobäi! Wien nach? (Daat ass eppes géint den Laatz)
Barnig
14.03.2013
Wou kenns de op dei NEWS?
Ech wier dabei
petz
14.03.2013
Tip, top, dann gesin mer eis do. Ass héich Zäit gin, dass mol rëm e gudde trashege Lëtzebuerger Langspillfilm an den Kino könnt De Percy huet daat iwwregens iwwer säin FB-Account annoncéiert.
Barnig
14.03.2013
Okey … VIVE DEN TRASH !!!
Franky
19.03.2013
damn it.. kann deen dag net.. ((((((((((((
petz
22.03.2013
Ech hätt de Film wirklech ganz gäer gäer gehaat, mee ech sin no 40 Minuten aus dem Kino gang, well ech et zesummen mat e puer Kollegen einfach nët méi gepackt hun (a mir woren schrecklech hongreg a wollten onbedengt eppes iessen goen). Waat mech perséinlech gestéiert huet :
1) De ganze Film op englesch. Firwat e Réalisateur Lëtzebuerger Schauspiller, dobäi och nach jonker ouni Erfahrung, op englesch spillen léist, ass mir e Rätsel. Wann ech richteg informéiert sin, ass de Percy Englesch-Professer. Wann daat stëmmt, huet hien de Film vläit als Exercice fir seng Schüler gesin.
2) Keng erkennbar Belichtung am Film. Ech misst mech schon schéier ierren, mee et ass mer wirklech virkomm, wéi wann sie beim Tournage keng Belichtung benotzt hun. Wann et donkel wor, huet d’Bild gegrieselt a wann et ze hell wor (Baussenopnahmen), dann ass d’Bild eben op verschidden Plazen einfach ausgebrannt.
3) Keen erkennbaren Asatz vu engem Mikro. Och hei misst ech mech schon schwéier ierren, mee Tounqualitéit huet mech drop schléissen geloos, dass sie just den On-Camera-Mikro benotzt hun.
4) De ganzen Film ass op DV gedréit. Viru 5 oder 6 Joër hätt ech der daat nach guddgehaal, mee haut e Film nët am HD-Format an de Kino ze bréngen, fannen ech dach ganz gewoot. Suguer däin iPhone höllt a Full HD op.
5) Kamerastellungen. De Gros vun de Szenen sin einfach am plan moyen op Aan-Héicht gedréiht. Seelen eng Astellung déi iwwerrascht oder eng Schnëttsequenz déi den ëmmer gläichen Rhythmus brëcht. Heinsdo gouf et guer keng Kameraféierung. Erënneren mech op manst un eng Szene wou zwee Personnagen matenee schwätzen an d’Kamera haaptsächlech… de Plafond filmt. Surrealistesch.
6) Onfräiwëlleg komesch Sound-Effekter. Do kruten zwee Jongen eng geklaakt (ganz lues well een de Schauspiller jo nët wéi doen wöll) an dann gët do e Punch-Sound drop geluecht wéi wann den Hulk ee Panzer zerschloen géif. Daat féiert mech zum 7ten Problem…
7) Konnt nët erkennen, waat de Film eigentlech si wöll. Soll et eng Komédie sin? E Persiflage vum Western- an Post-Apokalypse-Filmgenre? Een Amateur-Spaas just fir d’Leit déi um Film deelgeholl hun? Den Intro-Speech vum Percy huet mech drop schléissen geloos, dass hien de Film schon als seriöe Hommage un d’Genre-Filmer gesäit.
8) D’Längt vum Film. Die éischt 20 Minuten huet mech de Film trotz – oder grad wéinst – sengen Mänglen gudd ënnerhaal, mee de Film ass 2,5 Stonnen lang! Daat sin Lords of the Ring-Proportiounen! Op engem gudden Dag kéint ech mer vläit och 150 Minuten Trash ukucken, mee leider ass den Hellriders enorm dialoglasteg. Alles gët duerch de Mond vun den Protagonisten erzielt an erklärt (siehe och Punkt 1).
Esouvill zu mengen ganz perséinlechen Impressiounen zum Film. Trotzdeem géif ech mech vläit nach eng Kéier an eng Séance eran trauen. Trotz all sengen Fehler, haat de Film awer irgenwéi e gewëssen Ennerhaalungswert.
Franky
01.04.2013
Cool Kritik Deng Kritik huet och Ennerhaalungswert Hunn de Film net gesinn mee kann mer lo gutt virstellen wei en ausgesait.
Erennert mech vun der Beschreiwung u puer eischt KML Filmer. Ze laang, ze eintöneg mee iergendwei selwer stolz drop, zumindest zu dem Zeitpunkt, mee haut well een dat kengem mei zumudden.
petz
01.04.2013
Waat mech intriguéiert, ass dass de Percy anscheinened schon eng ganz Reih vun Filmer gedréiht huet. Ech haat virdrun nach kee Film vun him gesin. Haat geduecht, ech hätt een vun sengen éischte Filmer gesin, mee wéi ech elo eraus fonnt hun, wor daat eng Jugendsënn vum Felix Koch, deen jo mëttlerweil professionnellen Réalisateur ass. Et wor also mäin éischten Percy Lallemang Film…
Eigentlech schued, dass keen Mënsch sech méi hei an de Forum verirrt. Erënneren mech mat Freed un die Zäiten, wou d’Réalisateuren vun der lokaler Underground-Szene hei hier Filmer mat vill Engagement verteidegt hun an d’Fans an Haters sie mat grad esou vill Engagement geluewt oder verrass hun. Eng eegen Meenung ze hun an dofir riicht ze stoen, schengt haut nët méi gefrot ze sin, oder Foren (oder wéinstens de KML-Forum) sin definitiv out. Waat ech grad esou bedaueren.
Schéin wéinstens all Schaltjoër eppes vum Franky an vum Marc hei ze liesen.
Franky
12.04.2013
richteg Petz!!
Haut get et just nach een LIKE op facebook, ouni harsch an eierlech kritik
schued.
petz
14.04.2013
Vläit kënnt erem e bësse Bewegung an de Forum, wann e puer méi grouss Indie-Produktiounen de Wee an de Kino fannen oder wann erem eng Filmmaker’s Night organiséiert gët. Obwuel och d’Reaktiounen op die lescht Filmmaker’s Night hei am Forum éischter moor ausgefall sin. Ech hun d’Impressioun dass ëmmer méi Leit mat onsem neien “always online”-Liewensstil einfach e bëssen iwwerfuerdert sin an hier Energie just nach fir e séieren like oder comment op FB duergeet.
De Forum op Filmreakter (vun deem ech mer erhofft haat dass hien vläit d’Relève vum KML-Forum huele géif) huet och nie gezünd. Bei der nächster Filmmaker’s Night kéint een vläit um Schluss een Opruff man an d’Leit invitéieren um KML-Forum hier Meenungen a Kritiken ze schreiwen, mee ech mengen Foren sin einfach iwwerliewt. Wéi de Franky seet : Schued!
Barnig
15.04.2013
Schold dorunner ass dass de frank lo emmer alles gud fennt gell frank
an de klod mat sengem geklapps net mei hei am forum ass.
Et ass wei et ass:
Wann een emmer alles positiv schwätzt dann ass et oninteressant
Mee bon: Vill Produktiounen gin et momentan leider net, doweins ass daat secherlech och e grond .. a facebook huet wi gesoot vill gefriess (Forum-Guestbooks etc.) An di meechst Leit googlen hier filmer o net mei, well jo souwisou all feedback op FB hun
an och direkt dei leit usprecht dei mat engem am direkten kontakt stin.
Et kann ee soen waat ee well, mee di Zait wu mer am Kriich waren a jidereen haart war, an eierlech seng Meenung soot, ouni angscht een ze verletzen, do haate mei betrieb hei
petz
15.04.2013
Meng Kritik zum Hell Riders ass dach däitlech ausgefall oder muss een nach méi däitlech gin?
Barnig
16.04.2013
Nee daat war ok, mee do ass jo och keen deen drop ageet
Warscheinlech och wells de de Film vlait net ganz gekuckt hues, wann ee mir su eng kritik ging maan, opwuel ee just 1/6 vum film gesin huet, giff ech daat net onbedingt serieux huelen, (wubai et ee ging elle wonneren, wann all dei technesch aspekter beemol verbessert wieren wees jo net op kontinueierlech gedreihnt gouf)
By the Way: E Re-cut gouf gemaach, an de film dauert lo nemmen nach em dei 2 stonnen
petz
16.04.2013
Ee vun den bekanntesten Filmkritiker vu Lëtzebuerg, de Jemp Thilges (aka ouvreuse am Feierkrop), ass nach virun eis aus dem Kino gang an huet sech seng Kritik direkt gespuert… Géi de Film selwer kucken, ech mengen nët, dass du deng Meenung no den éischten 20 Minuten nach grondsätzlech ännere wäerts. Ausserdeem haat ech nët 1/6 mee méi wéi 1/4 vum Film gesin (40 vun insgesamt 150 Minuten). Méi Zäit kritt och eng éischt Folleg vun enger neier TV-Serie am Normalfall nët fir den Zuschauer ze iwwerzeechen…
Barnig
17.04.2013
Dass riichteg!
De Film leeft namol en Doneschden 25.Abrell am BELVAL.
Frank gi mer?
Petz, dees de der de Re-cut un?
petz
17.04.2013
Et géif mech schon reizen mat ierch zesumme de Film ze gesin, mee Donneschden geet mir leider nët. Wier awer gespaant är Meenung zum Film ze héieren.
Franky
01.06.2013
Sou, ech war de Film lo endlech kucken, an der final director’s cut version vun circa 2 stonnen.
Meng Meenung zum Film ass gemescht.
Et fällt natirlech direkt op dass et sech em een Amateurfilm handelt:
Schlechte bis passablen Toun, deelweis fuerchtbar Bildqualiteit mat Rauschen, Beliichtung net vorhanden.
D’Encadrement vum Bild ass bis op puer Pläng deelweis ganz dernievt£(Oft sin Leit an der Mett geschnidden).
De Schnett ass och net gelongen, et get oft an engem Saatz einfach ofgeblend. Ee Plangwiessel mattens an engem Saatz get et och net.
Vum techneschen Standpunkt kann de Film guer net punkten, zumols well 2013 passable HD Kameraen naischt mei kaschten.
Wou de “klengen” Budget benotzt ginn ass, bleiwt mer och een Rätsel. Wann ech KML FIlmer wei zb T(w)o Friends kucken, hu mer (zumindest um techneschen Niveau) mat engem Brochdeel vum Budget vill mei erausgeholl wei dat bei Hellriders de Fall war.
Sou genuch zum techneschen
De Percy huet virum Film eng kleng Ried gehaal waat mech awer positive op de Film agestallt huet. De Film ass mat 3 verschidde Kameraen gedreint ginn, waat natirlech zu desen Problemer gefeiert huet.
Zur Story an dem Film selwer: Story selwer fannen ech wirklech gutt! Clever Dialoguer, puer Iwerraschungen an cool Momenter. Leider leiden e puer Szeenen weinst der dürfteger Emsetzung. D’Acteuren sinn am groussen ganzen gudd. Et stiechen der just puer negativ eraus well se zevill no letzebuerger-englesch klengen.
D’Atmosphere ass net schlecht, Dreihplatzen sinn passend fir eng Post-Apokalypse. Och hei ginn et rem Kontraster. Kostümer sinn dann rem deelweis extreme cool a passend. Da gesait een rem spounnei Autoen do stoen dei een rem bessen aus dem Feeling erausrappen.
Ech mengen et muss een mat der richteger Astellung an de Film goen.
— Ontweder gesait een just dat negativt an d’Feeler (virunallem technesch) an et resselt een just nach de Kapp. Dat war bei mer dei eischt 15 Minuten esou an ech hunn et wirklech extrem trashy font.
— Oder et leisst een sech dorops an. Et gewinnt een sech relativ seier un d’Problemer vun engem Film. No 30 Minuten war ech dunn voll drann an hunn souguer puer Szeenen genoss. Groussen Kino war et zwar nie, mee et huet mech amuseiert an ennerhaal. Ech hunn och vill gelaacht (deelweis weinst de geplangten Witzer an Dialoguer, deelweis well eppes zevill trash war ). Den Entertainement war do, an mat der Astellung waren des 5 euro entrée och ganz ok!
Trotzdem: de Film ass ze laang a kennt engem nach mei laang vir.
Fazit: Kee Film fir de groussen Publik. Mee jiddereen deen selwer esou Filmer dreint oder gedreint huet ass et zumindest “interessant” sech dorops anzelossen. Dofir, gitt e roueg kucken, eng Erfahrung ass et wart..
Mee ech verstinn dass de Petz weinst der technescher Emsetzung Kappweih kritt.
Barnig
01.06.2013
sou da setzen ech mech o lo mol heihin fir bessi iwer eis SESSION vun Hellriders ze zielen.
De Frank huet de gros nees hei azielt (HAAL MOL EMMER OP DOMADEN, DAAT NERVT).
POSITIV:
-> De Faite e film op Been ze kreien ass emmer lobenswert (ech muss mech do emmer nees widerhuelen, mee daat därf een nie ze weineg soen), och wann et net jiderengem emmer gefällt, su ass daat awer emmer eng topsaach. An an desem Film gesait een dass wirklech “bessi” Arbecht hannendru war
-> Locations: Zum deel zimlech cool rausgesiicht, och wann et ENORM u landschaftspläng feelt! Et wees een ni riichteg wu een drun ass (och Montage Probleem) mee di puer Outside-Location-Pläng sin dann awer cool.
-> ABOLUTEN TOP: Geschriwen Dialogen! Do zeien ech main Hutt, well hei gouf quasi während 2 stonnen nonstop gebraddelt a geflucht. Sou ebess hun ech bislo NA NIE am Indie-Kino gesin (ogfesin vun Improviseierten Dialog, “ZombieFilm” ) mee hei stung den Dialog! an daat ass Arbecht fir sou ebess op de Pabeier (an e Buch) ze kreien
->Mise en scene, ass zum greissten deel OK, och wann heiansdo ganz komesch Pläng a situatiounen optrieden, dei een dann awer net sou ganz versteet…
-> De Benevolat vun alle schüler fir sou dommheeten matzemaan: TipTop!
NEGATIV:
-> Iwerlength! Och wann dest lo definitiv leschte CUT war, ech hätt e Film locker op 50min. kenne schneiden ouni wesentlech VILL rauszegeheien.
-> De roude Fuedem.. dann hun ech en nees, da verleiren ech en nees, an emmer su weider. Et huet ee probleemer sech am film wuelzevillen- Vill Saachen sin ze schnell aner onwiichteg saachen gin zevill an Lengt gezunn. Et verleiert een sech eben
-> Beliichtung jo oder nee.. do huet jidereen seng preferenzen, mech huet daat NET gesteiert, well Bild meechtens an der Reih war, AUSSER NATIRLECH: an daat ass fir mech den absoluten NO-GO: d´Kamera! Fir em di 1000 EUR kriit een haut schon anstänneg material. Et huet kee senn 3 kameras ze huelen dei allen drai ennerschittlech sin an an anere formater filmen (wi kann een och??) leiwer dann 1 dei ordentlech opnaahme mecht, well ech hu souwisou NIE am ganze film gemierkt dass puer Kameras paralell gefilmt hätten, doweins verstin ech daat guer net a kann et o net gudd heeschen. D´Resultat wat mir presenteiert kruten, haat den niveau vun SMARTPHONE Qualiteit, an daat ass eng doud-senn!
-> Montage: Ganz vill Feehler- (Di FADE-TO-BLACK geschichten gin irgendwann zolid op d´nerven, an dann och nach während engem dialog) Den Iwergang zwescht den Zeenen feehlt su gud wei emmer, et huet een d´Gefill, dass alles einfach nemmen hannereneen gepescht ass) Toun hun ech awer doweins nach iwerraschend gud fonnt, huet een zum deel alles ordentlech verstaan, Tounmeschung am Montage allerdings nees schlecht! (Guer net do!?)
->Akteuren: Dei eng dei kennen, di aner net sou, mee de greissten deel war awer zefriddestellend! Vill waren och extreem gud fir letzebuergesch-englescht. Dei hun e guden Engleschprof do
voila souvill dozou, mei fällt mer lo direkt net an. Sin awer frou dass ech de film gesin hun, hu scho schlechteres gesin!
RENEGADE PRODUCTIONS … keep on !!
Barnig
02.06.2013
Hei ass d´äntwert op d´Forum Comments vum Herr Regisseur PERCY LALLEMANG
Hello there,
after having read and overheard the multiple comments on your forum about my movie Hellriders all of which I’m grateful for ( also the critical points, believe me I bear no grudges against anyone, also those critics that left the film early during its initial première at Ariston- I’m still talking to J-P Thilges and Romain Roll and didn’t unfriend them on Facebook- at least they did no official lambasting which was fair and after all we live in a democracy and everyone’s entitled to their opinion, even that other critic that turned up at Kinosch and at least stayed till the end but who must have hated every second of it ), please allow me to state or set right a few things that have been said ( and rightly so judging from the result ) about the technical problems apparent on screen so I won’t come across as a complete movie making moron who has no idea about how to use a camera and sound on set. Those problems were present especially in the overlong version shown at Ariston, which was still a work in progress and test screening in many ways, and are still partly there in the new shorter theatrical cut. Allow me to make my statement in English which is my second first language and which I feel most comfortable in. I consider myself first and foremost as an artist as a director and am far less of a technician / engineer and during editing I was always present next two our two post-production assistants, I told them what I wanted and they pushed the buttons within the limits or rather the problems of the technology at our disposal – more of which later. We used Adobe and Final Cut .
So, as already said, some views/opinions in your forum ( mostly Petz’s, but also Marc’s and Franky’s ) pointed out a list of technical problems apparent in the film : Yes, the sound is mostly the original sound recorded mostly with the in-built microphone of the cameras used on set.
-Whenever we used an outside microphone, we unfortunately noticed that those mikes were so highly overperforming that they recorded too much sound. We filmed in natural locations / surroundings 80% of the time, which leads to the natural problems involved under the circumstances, unwanted wind and traffic noises mostly ( even with a muff on the mike, they were still too apparent ) and when we filmed indoors, the mikes recorded too many air condition noises and even the breathing of the actors and cameramen instead of the dialogue, not to mention the well-known risk of getting an unwanted bit of mike within the frame despite constantly watching out for this. So using the inbuilt mikes of the cameras was a necessary choice of a lesser evil. We managed to rework and improve the sound by at least 20% in the shorter version shown at Kinosch and now the dialogues are about 90% intelligible though there remain some original sound recording problems we are aware of but which cannot be erased anymore in post-production. Adding dialogue or re-recording some in post-production is technically difficult and a logistic choice of getting non-paid non-professional actors together again at the same time and place after they’ve already sacrificed a lot of their free time over a long-period shoot, is another logistic no-go!
Yes, there’s hardly any artificial light, we practically only relied on the natural light available on set.
-Artificial lights need a difficult set up and often create more problems than necessary, they need to be powered and there was no power available on our outside locations. The lightning sets working with battery power are expensive and use up that battery power often before you’ve finished shooting the scene and unlike professional productions we do not have the possibilities to afford unlimited stocks of those. To power up the lights with fuel powered generators makes a lot of noise which again leads to additional sound problems as outlined above. So again, a choice to work with natural lights is one of a lesser evil, nonetheless in the improved shorter version we lit up and added filters digitally to most of the darker shots and the result is now utterly watchable, I believe.
Yes, too many scenes are shot with two or more people / actors saying their dialogue all at the same time in a single frame shot whereas we should’ve used more single close-up shots of actors’ faces having their say and allowing their performance more room.
– This is mostly due to the ever present and highly annoying pressure of not having enough time to shoot enough or as many single-frame close-ups of actors as I’d like to have done. Setting up those shots often takes more time than one would imagine and time has always been an issue in order to stay on schedule, and our filming schedule was often subject to last minute changes ( such as people not being available the whole time due to private or health related issues, bad weather, technical problems, leases of locations running out, permissions or road blocks taking time to set up or people simply forgetting to turn up ) which made filming ever so much more difficult. So I often had to make the decision to shoot a scene in one go or up to three goes with more actors together in one frame in order to finish on time.
Yes, especially the 150 mins version was far too long and heavy on dialogues, the picture and sound quality were unfortunately mostly bad and grainy and hard to understand dialogues in English sometimes spoken in an amusing Luxembourg accent…
-The dialogues are in English simply because I happen to like that international language and because you can reach a more international audience for the movie especially as we are planning to put it online, for what it’s worth. I’m sure there’s an audience out there for this kind of trashy low-budget production. I believe, as a teacher of English that the actors’ diction is clear enough in more than most scenes and that the accents add a certain charm. At least the main parts were cast with people who are fluent in English which was one of the main requirements for our casting session held at Ariston. Unfortunately over the period of shooting stretched over 7 months, some of the original actors jumped ship and some parts had to be recast last-minute ( an annoying but unavoidable evil in this type of production ) which lead us to taking aboard actors with perhaps lesser diction skills but nonetheless filled with great enthusiasm. Anyway, the action is not set in any specified English speaking country which justifies the accents as English is just a means to an end here.
I took care to remove many unnecessary and unintentionally funny dialogues and scenes in the 23 mins shorter cut, however some stuff is intentionally funny and knowingly trashy which I’m perfectly aware of and take credits for. Those exaggerated sound effects whenever Priest hits the two young boys are done so on purpose in order to make the fact that the boys are being badly hurt in those scenes seem less offensive to caring real-life parents. This is a “déformation professionelle” of a teacher who has to worry constantly about such scenes being misunderstood, considered out of context and being sued for showing child abuse in his film- unfortunately that’s the bitter truth these days in our society.
Some abrupt sound and scene changes as well as an additional couple of continuity problems result from those cuts I had to make to shorten the film which often could not be remedied anymore within our technical capacities and which had to be digitally rendered on our computer for endless hours after each intervention.
Post-production was often hell on earth due to the fact that we had used 3 different HD camera types which used completely different and as it turned out completely incompatible encoding which was unrecognizeable at first to both our editing programmes ( one windows and one mac for effects )…and after endless try and error trouble shooting ( 3 painful weeks ) we finally found some codec that worked but we lost picture and sound quality ( bye-bye HD quality ), sacrificed to the gods of technology. Of course here I may come across as a bloody novice but I readily admit I had no idea when we were shooting that using 3 different cameras would be so problematic in the end. We had no problem previewing everything ( here the picture quality looked perfect ) but editing was at first technically impossible, and since teaching and not directing films is my day job we often didn’t have the time to start editing before shooting was over or else we would’ve realized the problem earlier and may have remedied it then and there.
I learned my lesson and won’t ever use different cameras for a film again.
Yes, a lot frames are or look a bit awkward, the famous 180 degree rule of filming has not always been used which may feel disorientating to the critical viewers eye.
– The unavoidable choice of casting non-professional but not untalented actors which we cannot pay and to keep them motivated and accommodated in often unsavoury conditions on location shoots is a real challenge. Catering for them properly on set was very important and costly to keep them happy. They also suffer from the “OMG I can’t bear to see myself on screen, I’m so terrible and my voice sounds so different syndrome” when they finally see the film and then they feel so embarrassed that they refuse to support the project after it’s finished. Most of them, however, were reliable and worked well in a team and had great fun on set during the shooting, they also got a first experience of the patience that is often necessary for them to await their turn. The biggest problem was that very often someone or even some of our main and supporting actors had to arrive or leave at different times because they had other private obligations outside the filming despite them having to be in a scene together at the same time. You can of course work your way around this on set with stand ins etc. but this often caused at first sight impossible to overcome logistic problems and script rewrites which were annoying and a real challenge to first film and then put a scene together in a half-acceptable way in post, thus making it impossible to stay within the 18o degree semi-circle set up because someone who had to leave early would not have been in one of the frames anymore where he was still supposed to be… Believe me, I got many a grey hair because of this. Very often we were forced to position the camera or cameras ( we were indeed shooting a lot of scenes parallel from 2 points of view but it’s hardly noticeable anymore because we often only used one point of view due to the different recording qualities of the different cameras ) in unusual ways in order to avoid continuity mistakes Hence the often disorientating shots!
Since 16:9 widescreen is not always the same 16:9 widescreen setting for every single camera, we had to create and insert our very own black frame and bars in post production, resulting in a completely new frame format which not only slightly reduced about one third of our original shots but made them look as if they had not been properly framed / set during the shooting, which was NOT the case, our camera people and myself know how to use the camera properly.
The main big problem was editing in post production with the ( already improved in comparison to the first Ariston version ) apparent results. I personally miss the days when you could cut your films using tapes and real film, everything was so much easier…besides I think HD and 3D and all related formats are over-rated and I very much prefer the grainier, trashier look of older films ( why on earth does every major film have to look like a photorealistic documentary, even the blu ray transfer of some classics is completely unnecessary ). In the end this suits a project like Hellriders better, though I admit I would have liked to have avoided those awkward and disorientating shots mentioned quite correctly in the criticisms. I dare everyone to do better and come up with a better result considering the circumstances, detailed above, that our movie was shot in.
What annoys me however is the hypocrisy of people who walk out of a production like Hellriders simply because of being annoyed by the technical imperfections and then go home and watch some old Roger Corman film or other classic of the golden age of film making ( with the same imperfections ) and then wax lyrical about them …because those movies, which I also like, have cult potential now but were originally shot with similar hands-on enthusiastic approach and low-budget production values. Modern day directors like Quentin Tarantino also enjoy cult status partly because they make movies that look back to and look like those movies of the 60’s and 70’s and are laden with long dialogue and slow rhythm despite the technology at their disposal today ! Not that I dare compare myself to Tarantino at all, but he has influenced a whole generation of film makers.
In Luxembourg it has always been difficult to make films: 30 years ago there was no one except Andy Bausch working in the business, he was a pioneer then and alone, but he got other people inspired to make films here and now there are a minority ivy-league of established film makers working in the business who get the means and the money and lots of would-be film makers with more or less talent and even less means who have to struggle to get at least a little recognition as well as support and this is getting increasingly hard.
Renegade is grateful to Raymond Massard of Caramba who has been supportive of our and other independent film makers from the beginning, a man who hasn’t forgotten what the passion of making films on whatever level is like.
Matthew Mc Connaughy in the John Grisham Film ___________ as a lawyer in the American deep south, has to make a white jury sensitive to the sufferings of a young black girl who has been violently raped by 3 drunk white men. He describes the abuse in long painful detail and then ends his speech with the words : “And now, ladies and gentleman, I want you to close your eyes and imagine that this young girl who suffered so unspeakably at the hands of those men…is white ! “ And it works: the members of the jury manage to lay aside their prejudice and feel truly sorry for the little girl, who’s just a little innocent girl no matter if she’s black or white.
I’d like the people who criticize the technical shortcomings of productions like Hellriders to consider/watch the whole movie, then close their eyes and imagine what it would look like if it had been made with high production values!
Wouldn’t it be a really cool movie ?! Cheers to Marc and Franky who managed to do just that !
Whilst I regret that there are some young filmmakers out there with a real talent for technology and special effects also working in Luxembourg, who get great financial means at their disposal and make great looking films ( Adolph El Assal ), I firmly believe you also and foremost need not only a nice idea for a film, but first and foremost a good story that works and Hellriders does have just that! A decent film starts with a decent script!
Unfortunately we were lacking the proper means to live up to our ambitions…Why then not make a movie which is less ambitious and shorter within the means at our disposal and perhaps get a better looking result, you might argue. Fair enough, I say, that’s what I’ve been doing all my life, ever since I started making films at 12, BUT I’m tired of restraining myself- I told myself why not make the movies I always wanted to make, tell those stories I always wanted to tell without letting myself be restrained by the lack of means, now there’s a challenge! How hard can it be ? ( to quote Jeremy Clarkson from Top Gear ) Very hard and sometimes unsatisfying but we persevered and got our result god dammit and it should at least be seen by a few people a few times on a bigger screen…
With my second last production SYMBIOSIS and now with HELLRIDERS I simply went for it and made the kinds of Luxembourgish genre films I’d like to see myself more often as a cinema goer on Luxembourg screens ( not yet again another World War II related drama ) although with better production values ( like DOUDEGE WENKEL which I really enjoyed ). Our result although it’s not good enough to show in a regular programme ( although for some unfathomable reason Zombie Film got that treatment ), it is sure enough worth showing and deserves to be shown in a half-dozen special screenings to those few who dare come to such screenings. And those who took part in it should not be ashamed and turn their backs on it but should be proud of it for what it’s worth and promote and support it more! As pointed out in the forum discussions /reviews you must let yourself go, ignore the technical side and get drawn into the world of Hellriders, that’s how and when it works best.
So what is it worth ?! I may repeat some of what Marc and Franky have already said here but I’m truly glad someone noticed that there’s fun to be had in Hellriders.
Needless to say I’m of course very proud of Hellriders, despite its shortcomings of which I’m aware and readily admit to.
The locations look great ( the old crumbling industrial sites, the tunnel with abandoned vehicles, Dust City…, ) and work well to bring across the look of this destroyed post-apocalyptic world. The excellent costumes and the make-up effects greatly contribute to the film’s scruffy look. The main actors mostly do a good and convincing job, they are well cast and we took care to work on their performances as much as we could ( special mention to Georges Lorang as Priest ). We had real-life bikers in the supporting cast which makes the characters look scary and convincing. The use of the music and the original song by the Neverminds, work really well. The dialogues are mostly really cool and often also funny. Believe it or not there actually are also some really great camera shots in there which I’m very proud of ( the rain-soaked arrival of Joe and Marie, the duel and car scenes ). We got a really cool poster.
Then there’ s the story which spans several years and the running time is necessary to give it the needed epic canvas, beginning before the apocalypse and ending in a destroyed town 20 years later, many films these days are a bit longer and if I cut another 50 mins out I’d have a funny comedy short film videoclip style of people in dirty clothes killing each other for no reason in strange looking ruins. Every scene in this final cut is there for a reason and serves the plot and the ideas therein.
Western is the great genre at the origin of American cinema and I tried to incorporate many major serious themes which you find in many great westerns ( revenge and redemption – Grim/ Will, religious themes like old – Priest – and new – Joe and Mary – testamentarian codes of conduct, the saviour figure – Will in the end, the dysfunctional family – the Hellriders, the rivalry between brothers – Reaper and Will, the drifter entering a town under threat of a brutal gang and interfering with them –
Dust City ) set in a post-apocalyptic world which, like the old West once was , is a lawless wilderness ruled by those ruthless enough to kill for their beliefs. The West after all was won by pilgrims carrying a bible and a shotgun…
There are references to films by John Ford, Sergio Corbucci, Sergio Leone…Ok, Tarantino was an influence in some dialogues, Mad Max and The Book of Eli ( both great references in the post-apocalyptic western genre ) were influences, too.
Look closer and I dare you to find all of those! They are there, believe me ! Maybe Hellriders even deserves a second viewing because of this…
There’s a lot of violence but there’s also a new hope for mankind in the end.
This whole mix with a range of intriguing characters of which especially Will’s follows an evolution from killer to saviour and the various locations make for an interesting and entertaining low-budget genre film with a trashy look. I myself like it a lot, but would perhaps like to remake it with better means at my disposal. Anyway, it is certainly not a masterpiece but it deserves some appreciation and I can live with it as it stands. The film might be shown perhaps once or twice more in some cinemas.
There will be a 5 episode version to be downloaded from the internet and a dvd release by July or September at the latest.
Thank you for reading this rather lengthy statement and for promoting our film in your forum ! Renegade makes fun film- buff movies for fun and for the people who simply enjoy watching them and for other film-buffs, not for the critics! They are perfectly entitled to hate them but I really challenge any film critic to come up with an idea of their own and then produce a film themselves from scratch at least once in their lives, so then and only then they will really know what they are talking about and are respectfully entitled to criticize other people’s films. Then at least they know what they are talking about, very often they forget how much work it is and how many people are involved.
It’s like those parents who criticize teachers without themselves ever having taught a single lesson or those teachers who quit and then take another job at the ministry to tell others how to do it better than themselves, I have no respect for such people…
Percy Lallemang
petz
02.06.2013
@Percy:
Fir d’éischt emol e grousse Merci fir deng lang Erklärungen a Reaktiounen op ons (berechtegt oder onberechtegt) Kritiken. Einfach schéin ze gesin, dass e Filmmaacher säi Wierk mat esou vill Enthusiasmus verteidegt an domat och rëm e bëssen Liewen an de KML-Forum bréngt (deen een zelescht och hätt können an MFP-Forum ëmdeefen fir Marc-Franky-Petz-Forum).
Ech krut och wéinstens op e puer vun mengen perséinlechen Kritikpunkten eng Äntwert an et deet mer elo wirklech Leed dass ech beim zweeten Screening nët dobäi konnt sin. Ech kann natirlech ganz vill vun dengen Erklärungen absolut novollzéihen well ech aus eegener Erfahrung wees, wéi schwéier et ass e Amateur-Langspillfilm mat null Budget awer ëmsou méi Idealismus op d’Been ze stellen. Trotz allem Versteesdemech fir die natirlech Limiten vun enger No-Budget-Produktioun sin ech trotzdem mat eng Reih Punkten vun denger langer Stellungnahm nët ganz averstan. Ech wäert och kucken fir mer an den nächsten Deeg Zäit ze huelen fir am Détail op dës Punkten anzegoen a gläichzäiteg och Léisungen virzeschloen fir wéinstens e puer vun den ugeschwaaten Problemer einfach ze ëmgoen. Bis geschwënn an keep independent underground cinema alive!
Franky
03.06.2013
Super eegenen Review vun dengem Film!
Et ass eng Stärkt seng eegen Feeler awer och positive Aspekter vun engem Film selwer ze erkennen!
Sinn och superfrou rem bessen Diskussion hei ze hunn, an och frou dass d’Leit sech net emmer all eenz sinn Dat mecht dat ganzt natirlech rem interessant !
De Skript an d’Idee hannert dem Film ass wirklech dat Stärkst. Leider gett een Deel (de Gros?) vum Publique stark dovunner ofgelänkt a gesait net dat gutt hannert der optescher Fassade.
Als Buch wier Hellriders ganz secher eng Top Saach ouni vill Plaatz fir Kritik.
Eng Serie op Youtube (mat klengen Episoden vu kuerzer Dauer) giff dat Ganzt och mei verdaulech machen waat d’Längt vum Film ugeet.
Ideal ass natirlech wann d’Story an Technik stemmt. Mee et ginn jo och genuch “Schwarz Schoof” hei am Land dei technesch perfekt Filmer ofliwweren duerch een fetten Support vum Filmfond, awer eng Story erzielen dei hauchdenn ass, respektiv just geklaut ass vun iergend engem amerikanischen Virbild.
Ech war lescht Woch zb The Great Gadsby kucken. D’Optik vum Film huet mech einfach iwerrannt (3D…) an d’Symbolik vum Film ass bei mer ennergaang. Dat ass dann daat annert extreemt wei d’Optik engem Film kann schueden.
Nach ee Schlusswuert: Respekt fir een Longmétrage an der kuerzer Zait op d’Been ze kreien. KML huet dat freier och gemach, an et war do schon een Pain in the Ass.. Haut kucken mer bessen mei em Technik, an dofir huet eisen leschten Longmétrage Joeren gebraucht.
@Petz: du wees och dovun ze erzielen. Fir et lo iwerspetzt auszedrecken: Den Z-Film krutt der jo nach relativ seier op d’Been. Lo, als (Technik)Perfektionist brengt iech LMT Joerenlaang zur Verzweiflung
Et ass sau schweier ouni Budget a grouss hellef een technesch gudde Film a kuerzer Zait op d’Been ze brengen.
Hoffen Jiddefalls nach deen een oder aneren Film vum Percy an Zukunft ze gesinn!
Barnig
05.06.2013
FRANKY:
Eise leschte Longmetrage hätt kennen vill eischter faerdeg sin, desen Delai war net nemmen weinst deem “techneschen”
An da fannen ech nach dass daat schon zimlech laang war fir en Indi-film!
Fannen wann een iwer 2 Joer an der postproduktioun verbrengt, huet een definitiv ganz vill probleemer a ganz villes Falsch gemaach, dann hun ech leiwer en HELLRIDERS dee winstens an engem passablen delai ofgeschloss a gewisse get, och wann net alles 100%eg perfekt ass. Well schlussendlech ass daat den Indipendent-Kinogänger dach awer egaal, an et akzepteiert een de film wei och emmer e gewisse get.
petz
05.06.2013
@Marc:
“Fannen wann een iwer 2 Joer an der postproduktioun verbrengt, huet een definitiv ganz vill probleemer a ganz villes Falsch gemaach.” Richteg! Oder et huet een ganz einfach ze wéineg Zäit well een nach een Dagesjob huet. Mee wann een daat nët vun vir eran mat ageplangt huet, dann huet een eppes falsch gemach. Du behälls also Recht, Marc!

General Pimp

petz
02.04.2013
Dem Romain Gierenz säi neien Film www.facebook.com/GeneralpimpMovie I like!
Franky
12.04.2013
gesait gutt aus!
Bleift ze hoffen hien kritt dat ganzt finanzeiert!

Phosphoros

Franky
25.09.2012
De Weekend war endlech Premiere vim Phosphoros vu Feierblumm.
De Film ass schon virun etlech Joeren ugekennegt ginn, an virun puer Meint konnt een den eichten trailer bewonneren.
15 Minuten laang gett dei aal Geschicht vum Hänsel a Gretel op eng aner art a Weis presenteiert an hannerfreed dat ganzt. D’Märchen gett soumadder nei defineiert an ersetzt all Mystik durch Fakt an Wessenschaft.
Schauplatzen an Schauspiller kann een bewonneren, mee no puer Minuten leisst des Begeeschterung no an dei eischt Längten tauchen ob. No 10 Minuten hunn ech ofgeschalt, ech war vum Dialog erschlo. De Film ass net zougänglech(vlait bei der2ter keier)an huet iergendwei ee faden beigeschmach hannerlos.
Dat ganzt wierkt extrem zesummengewürfelt an een richtegt Konzept ass net zefannen. Biller sinn wonnerschein, mee beim Toun(Dialoguer) ass geschlampt ginn (dei wav datei dei sech 10 minuten loopt nervt, an d’rauschen virun an no engem dialogue steiert). Och Beliichtung ass deelweis eng KAtastroph (Szeen mat der Käerz, Faalen am schwarzen Duch) wou no all Schnett Luut awer komplett anescht ass. Mee well mech Technik net interesseiert ass dest net schlemm. Den haaptproblem ass eben Konzept an d’Idee.
Et mierkt een dass den Usaatz gutt war, an et wier vill mei dra gewierscht wann een engem rouden Fuedem nogefuer wier.
U waat dat leit wees ech net. Am Ufank stung den Yves als Regisseur, am Trailer war een aneren Numm opgetaucht, beim faerdegen Film ass rem een aneren Numm opgetaucht(nach einer Idee von Yves). Vlait hunn zevill Käch den Film verduerwen?
Schade drum em dei schein opnahmen an gutt Acteuren!!

One camera to rule them all ?

petz
14.11.2008
Fir all déi, déi sech fir Kameratechnik interesséieren: Gëschter huet an der d’Kamerahierstellerbranche eng Bomm ageschloen www.red.com/epic_scarlet
CArLO
16.11.2008
Petz, du bass zwar MEGA schlemm muss du elo schon verroden dass mier eis eng RED kaafen
Barnig
17.11.2008
Wann der se hut, soot bescheed. Komme kucken
mee gesait jo wirklech aus!
hoffe just dass bei des “Lego”-Kamera d’Qualiteit net zevill dorenner lait, well et awer alles eenzeldeeler sin
CArLO
17.11.2008
Marc wess du iwwerhapt wat des “lego Camera” ass ????????????????????????????
CArLO
17.11.2008
Dat hun ech mier geduecht……………….
Barnig
18.11.2008
wini keefs de der se dann carlo, da kommen ech kucken
Franky
18.11.2008
dat ass dei bescht vun der welt
CArLO
18.11.2008
Majo si ass bestallt, mee hall dech un………………..
………………………….. 6 meint liwerzeit
Philippe
18.11.2008
fir dei kamera geif ech morden lol all dei leit dei eng one kaaf hun sin elo schon rem out lol
Barnig
19.11.2008
Da mess de eis eemol e Presentatiounsowend wanns de se hues
Franky
19.11.2008
an 6 meint wees de jo weens de morden muss fir se ze kreien
petz
19.11.2008
D’RED-Kameraen kommen fréihstens Enn 2009 eraus. Die Leit déi eng Red One hun können sie zum vollen Präis géint een neien Modell au Choix austauschen. Daat ass een Service deen an där Form bis elo nach keng Firma proposéiert huet. Perséinlech sin ech der Meenung, dass keen Mënsch méi wéi 2K Opléisung brauch (daat ass iwwregens d’Opléisung mat där den Lucas seng nei StarWars-Trilogie gedréiht huet).
Méi Opléisung mëcht just den Workflow an der Produktioun an an der Postproduktioun onnéideg schwéier. Vill méi wichteg sin aaner Parameter, meng Dram-Kamera hätt idealerweis eng nativ 2K-Opléisung (waat liicht iwwer Full-HD léit), eng onkompriméiert 4:4:4 Farwopléisung, een Bildchip deen wéinstens 3 cm breed ass (aplaz vun den 3-5 mm-Chips déi an den aktuellen Prosumer HD Cams dran sin an eng vill ze vill grouss Déiwtenschärft opweisen), eng liicht Intraframe-Kompressioun (also all Bild eenzel kompriméiert an nix mat GOP) an natirlech een Wiesselobjektiv.
Barnig
19.11.2008
Main Draam wier mat 120Fps ze schaffen… hätt do su munch gail Idee’en
petz
19.11.2008
Absolut, eng variabel Bildrate bis 120 fps bei voller Opléisung sollt d’Kamera natirlech och hun an daat ganz w.e.g fir een Präis ëm die 10.000.- EUR (oder manner… waat technesch absolut machbar wier)
CArLO
19.11.2008
Dass schon gudd hun se jo offbestallt………………..
petz
17.04.2012
Waat RED virun 4 Joer mat der Scarlet versprach huet, bréngt schlussendlech Black Magic Design eraus : www.blackmagic-design.com/products/blackmagiccinemacamera
Daat doten misst fir all Independent-Filmer am Fong eng Draam-Kamera sin. Kann BMD just dofir félicitéieren, dass sie – am Géigensatz zu Canon, Sony a Panasonic – endlech eng Kamera bauen, déi un der Grenz vum technesch Machbaren ass an déi dann fir een Präis vun 2.999.- US$ (!!!) op de Marché bréngen.
Barnig
18.04.2012
jo haat dat schon heiren
Wäert warscheinlech eis nechst Investitioun gin
Philippe
23.04.2012
geseit op den eischten bleck wirklech interessant aus. et get heisch zeit dass een ophällt mat fotoapparater ze filmen. dei sin hallt net dofir gemaach an daat mierkt een och dauernd. wann ech schon sou eng kamera kaafen geif, geif ech mech definitiv zu der pl mount variant entscheeden. foto objectiver sin hallt gemaach fir fotoen ze maachen an net fir wärend dem filmen ze zoomen oder focus ze zeihen. ech fannen et ganz schlemm fernseh ze kucken an et engem förmlech entgeint sprengt dass een fotoapparat benotzt gin ass, well alles, net nemmen den hannergrond, onscharf ass. gudd objectiver kritt een fir net alt zevill geld bei arri hei zu letzebuerg ze lounen. mat pl mount, kalibreiert… hun nach ni een foto objectiv gesin waat perfekt kalibreiert war.
Barnig
23.04.2012
Sin d’accord. Hun den ganzen Hype em DSLR-Cams nie wirklech verstan. Ok, du hues e groussen Chip, du kanns also schéin mat der Schärftenverlagerung spillen, mee wéi oft brauchs du wirklech eng Déiwtenschärft déi esou gereng ass, dass du bei der kléngster Beweegung vum Acteur oder Motiv direkt nozéien muss? Vimeo ass voll vun Video-Clips wou d’Schärft permanent verschwönnt well Déiwtenschärft einfach ze geréng ass. Dann léiwer een Chip deen e bëssen méi kléng ass an dofir e méi groussen Déiwtenschärft-Beräich opweisen kann, an der trotzdem genuch Spillraum léist fir mat der Schärfeverlagerung ze spillen wanns du dofir die richteg Lëns benotz.
Waat a mengen Aan wesentlech méi wichteg ass, ass dass d’Kamera een groussen Dynamikberäich hues (also nët direkt bei stark kontrastéierten Szenen Deeler vum Bild iwwer- oder ënnerbelicht) an virun allem an engem Codec opzeechent deen nët wéi bei den DSLR esou stark kompriméiert ass, dass du an der Post-Pro ganz séier Problemer beim Colorgrading oder Keying kriss. Do ass die nei Black Magic Camera jo eng réel Revolution mat sengem Dynamikempfang vun 13 Stops an sengen 12 Bit Raw-Videoformat. Warden gespaant op éischt Tester.
Philippe
23.04.2012
richteg. haat daat vergiess ze erwähnen. wann ech fotoen maachen am raw modus kann een do herno drun schaffen an den kontrast gudd upassen. wann een film mat enger dslr ass et hallt hell oder donkel oder et beliicht een et sou gudd aus dass een baal neicht mei nobeaarbeschten muss. do ass net dass een einfach mol irgendwou zwou blenden mei donkel mecht. ass alles nemmen eng phase. och dei ass engkeier eriwwer.
Franky
24.04.2012
DSLR-Cams sinn do fir Fotoen a faerdeg !
KML huet nach nie ee Film mat souenger gedreihnt. De Mich ass lo den eichten deen dat ausprobeiert huet mee bei sengem Film sinn vill Szeenen ouni grouss Bewegung. Fir domadder ee rasanten action film ze dreihnen ass menger Meenung no einfach eng komplett falsch Approche.
Barnig
24.04.2012
Och eng aal VHS Kamera mecht e gude Film !
petz
24.04.2012
@ Marc : Daat ass awer elo een gewoten Statement Och wann ech deng historesch gewuesen Nostalgie fir den VHS Format ganz gudd novollzéien kann, bass du der jo bewosst, dass mir hei Läichenschändung bedreiwen wann mer schon nëmmen driwwer schwätzen…

Iron Sky

Wolfgang K.
01.04.2011
www.ironsky.net/site/film/about
What do you think?
petz
01.04.2011
The project was launched some years back and I was quite excited when I first read about it. Not only because I like the whole concept of the movie but also because it’s quite an interesting experiment. The team behind the movie wants to raise 1.000.000.- US$ just from fans (the making of the movie costs almost 7 million US$) and they have some interesting ideas on how to achieve that…
I’m just not sure about the whole crowd/fan-funding concept. It certainly will bring you some media interest and coverage you wouldn’t have got otherwise but I think that if you manage to raise something more than 5 million US$ to fund your movie, you don’t really need to milk your fans for the remaining 1 million, which could probably have been covered with some additional search for investors. I think it would have been a much more interesting experience if the movie actually had cost 1 million and they would have tried to raise the whole million (or most of it) just by fan support.
Besides this, I really like the plot idea and I especially dig the production design. The first teasers look amazing and the design of the website with the fake 40’s style ads is nothing short of brilliant. Of course, it’s impossible to judge the quality of the movie at this point but the project looks very promising and I’d certainly buy a ticket if it would be released in local cinemas.
Barnig
04.04.2011
Looks great,
but got some problems to watch the teaser
Franky
04.04.2011
let’s just hope it will come out one day….
Barnig
10.04.2012
merci fir informatioun
Franky
10.04.2012
et ass cool ze gesinn dass de film och hei am land uleeft!
Wann ech zait fannen ginn ech mer en ukucken

The Cuddly Toy

sandy
06.11.2009
Den Romain Gierenz woar geschter op RTL fir iwwer hieren Film “Das Plüschtier” zeschwätzen.
Den Teaser vum Film fënnt een op www.blackphoenix.lu
Franky
09.11.2009
hun mer den teaser ugekuckt… gesait richteg stramm aus! Si gespannt op méi
Waat d’ausso ugeet dass de film keen Amateur film(dat sinn fir mech all filmer vu regisseuren dei dat net joeren laang studeiert hunn respektiv joerenlaang erfarung an desem bereich hunn an wirklech internales opweises hunn) ass fannen ech bessen heichgegraff, lossen mech awer gaer eppes besseren beleieren wann ech de faerdegen film gesinn
petz
09.11.2009
Suguer fir een Teaser, fannen ech de Clip e bëssen ze kuerz geroden.
D’Idée hannert dem Dréihbuch fannen ech ok, well sie vun enger Angscht handelt, déi baal all Mënsch als kléngt Kand haat: Waat wier wann d’Popp abémol lieweg géif gin? Ech perséinlech haat als Kand eng panesch Angscht virun Pozelléin-Poppen mat beweegbaren Glas-Aan an hun ëmmer gefaart, dass esou eng Popp mer abémol een Aan zoudrécken an vum Schaaf erofklammen géif. Vu dass dëst Thema awer – wéi baal all Filmthema – schon x-mol träitéiert gin ass (Puppet-Master an Chucky-Serie fir just déi zwou ze nennen) sin ech einfach gespaant ob hei eng nei, interessant Interprétatioun vum Sujet gemach gët.
Hun iwwregens nie dem Romain säin éischten Film, Turtone, gesin. Géif daat awer gär nohuelen.
Barnig
10.11.2009
Petz, hues zevill Horrorfilmer gekuckt
-> Teaser ass och ganz villverspriechend, ging gäer na 1-2 clips me gesin
Franky
10.11.2009
Turtone war een ganz flotten long métrage an haat vill interessant Usätz respektiv Ideen.
petz
10.11.2009
Gët et deen op DVD? Um Site turtone.lu steet weider näischt…
Franky
10.11.2009
sou weit ech gelies hun get et eng DVD (12 euro)
wou a wei een dei kritt wees ech net
petz
26.07.2010
Hei eng www.blackphoenix.lu lëtzebuerger Produktioun (semipro?) vum Romain Gierenz, déi ech nawell nët oninteressant fannen a propper réaliséiert ze sin schéngt. Waat mech allerdéngs nët wonnert, vu dass den Oli Koos um Film DOP ass. Och hieren Internetsite ass ganz flott an iwwersichtlech gemach.
Een Interview mam Réalisateur Romain Gierenz gët ët op RTL. Do gesäit een, dass sie de Film mat enger DSLR Fotokamera gefilmt hun, waat erklärt wéi sie die gereng Déiwtenschärft an hier Opnahmen kruten. Sin dann mol gespaant.
Barnig
27.07.2010
Sin och gespaant, wann ee bedenkt, dass de Romain na lescht Joer TURTONE presenteiert haat, an de fortschrett dovuner op des Produktioun ass wirklech gewaldeg
All respekt!
Franky
27.07.2010
ech hu mer dei blackpheonix sait schon virun enger zaitchen ugekuckt. Gesait gudd aus, just schued dass d’Galleryen net funktioneieren.
De film huet virdrun “Plüschtier” geheesch.
Franky
18.01.2012
de Film leeft muer am Kino
petz
18.01.2012
Gidd dir en kucken?
Franky
18.01.2012
yep, muer den owend si mer am kino
www.imdb.com/title/tt2125645
laut IMDB haat de film lo een drambudget vun 75.000 euro !
ech si gespaant!
petz
18.01.2012
Ech géif nawell och ganz gär kommen, muss awer kucken wéi ech mat der Arbecht virun kommen. Bis vläit muer den owend dann
Barnig
19.01.2012
75000 ? ? ? ? ??
Really?
Duercht et wier eng amateurproduktioun …
Bon daat enttäuscht mech lo awer bessi, mee egal. Kucken eis dat damol un
petz
19.01.2012
Daat mam Budget ass ëmmer esou eng Sach. Wéi stells du deen op? Waat fir eng Ausgaben hölls du mat eran? Wann d’Leit fräiwëlleg matschaffen, budgétiséiers du déi Arbecht oder nët? Wanns du just die réel Ausgaben am Sënn vun Geldbewegungen considéréiers, dann stëmmt däin Budget eigentlech nët well Arbecht jo och ee wert huet an am Prinzip och rémunéréiert misst gin, waat natirlech bei enger Amateur-Produktioun nët méiglech ass. Mir hun an onsem Budget all réel Geldausgaben opgefouert, mee suguer dann ass daat nët onbedéngt représentativ. Gehéieren z.B. Ausgaben fir Kameraen déis du keefs fir e Film könne ze dréihen komplett an de Budget vum Film oder muss du just een Deel dovun comptabiliséieren well déi Kameraen jo och nach bei aaner Projet’n zum Asatz könnt?
Als asbl ass et natirlech vun Virdeel keen allze komplizéierten Budget opzestellen mee éischter een anstänneg Keesenbuch ze féieren domat een ganz einfach nët méi ausgët wéi erankönnt. Wann mir ons eppes kaafen wöllen, kucken mer ëmmer fir d’éischt wéi mer iwwerhaapt die Suen erbei kréien.
75.000.- fannen ech nët wahnsënneg vill fir een Film wann do d’Produktiounsmaterial an d’Bezuelen vun der Equipe mat agerechent ass. Fir eng Amateur-Produktioun ass daat natirlech een décken Batz, fir ee Film mat (semi-)professionnellen Usprëch ass et wéineg. Bref fir mech seet die Zuel guer näischt aus, esoulang ech nët wees waat do alles vun Ausgaben mat dran ass. Vläit huet de Film jo guer näischt kascht well all Mënsch gratis geschafft huet an d’Produktiounsmaterial gratis zur Verfügung gestallt gouf…
Franky
20.01.2012
*** ass KEE spoiler dran… kann also all Mensch liesen***
sou, mer waren lo de Film kucken
Et ass keen Amateurfilm mee ee professionnellen (laut ausoh vun der Crew un d’Press).
Trotzdem no 90 minuten hunn ech folgend Kritik: Et ass fir mech ontweder ee relativ gudden Amateur film, oder ee schlechten Proffessionnelen Film. Et kann een sech dat eraussichen waat ee well
Ouni lo zevill ze spoileren (Petz gei de Film kucken.. en leeft nach puer mol am Kino) zielen ech mol op waat gutt a waat nach besser gemach ka ginn:
+ Schauspiller kennen all (bis op een…) total iwerzeegen. De choix een professionnelen Haaptakteur ze huelen war jiddefalls ganz richteg.
+ Toun an Musek hu gutt gepasst, do gett et naischt auszesetzen, an hunn de Film gutt begleet.
+ De Film huet e puer ganz flott Szeenen an Momenter a puer kreativ Iwerrasschungen.
a Saachen dei mer net sou gefall hunn:
– Dauer.. 90 minuten waren ze laang. Greissendeels ass et den selwechten Akteur op de selwechten Plaatzen waat sech dann relativ laang zitt. Mat just nach 40 Minuten wir de Film menger meenung nach vill besser!
– Bild qualiteit, Opnahmen. Ech wees dass den Herr Koos eng drop huet(waat een a genuch aneren Filmer gutt gesait) mee iergendwei hunn d’Opnahmen mer oft guer net gefall. De Fotoappart huet just 30 Frames an der Sekonn hir ginn, duerno op der Leihnwand waren et er just nach gefillten 10 waat oft een rukelegt bild mat sech gebruegt huet. De Graining am Deischteren war och rem mat dobai(KML huet dat och) a sou fillt een sech eischter an engem scheinen Amateurfilm wei ee profifilm. D’opnahmen waren fir mein Gout och oft langweileg an net un den Mysterygenre ugepasst. Woubei mer d’biller vun uewen erof op zemmer extrem gutt gefall hunn.
– Problemer mam Skript. D’haaptidee vum Film ass secher gelongen. Mee iergendwei haat ech meng Problemer mam Haaptpersonnage(net mam Acteur, den huet super gespillt). Et kann een sech net mat em idendifizeieren, ech si souguer während dem Film rosen op desen Personnage ginn well en sech sou domm uleet a komesch handelt. wei schon erwähnt wir et als kuerzfilm warscheinlech net esou eriwerkomm. Amplatz Matleed mam Personnage ze kreien oder Angscht ze hunn haat ech emmer mei Frust mat desen Personnage.. .Si gespaant op dei aner och sou denken
Da sinn nach eng Retsch ongereihmtheeten. Et gett emmer englesch geschwaat; wiesou den Haaptacteur englesch zu Letzebuerg schwätzt huet de Romain mer erklärt(waat och da gutt war). Mee wiesou dann een deel vun aner Leit och ob Anhieb direkt Englech mam Haaptpersonnage schwätzen ass mer een Rätsel (d’Penner, d’Kessiere…).
Ech ka verstoen dass de Romain vill Aschränkungen während dem Film haat. Mat Sponsoren ass een dann jo och natirlech bessen gezwongen puer Logoen am Film ze “verstoppen” (waat dann och rem bessen nervt well ech mer 2x am Film wei an enger Reklamm virkomm sinn..). Een prominenten Haaptacteur heescht dann och alles um Steck ze dreinen well deen jo wuel kaum 1 Joer zait huet fir de Film. 3 Wochen war den Tournage mam Haaptduersteller krutt ech gesot.
Dass dat dann ee Budget brauch kann ech verstoen : Acteuren bezuelen (ganz sou vill wärten se net gefrot hunn, mee se mussen Käschten vun 3 Wochen awer selwer gedeckt kreien), Museker bezuelen ( dat kascht dann och rem vill, waat menger Meenung awer een gutt investiment war), an dann nach bessen Catering, Promotion, vlait nach Crew an Material.
Gitt jiddefalls de Film all kucken, ennerhaal gett een ob alle Fall, an daat ass schlussendlech waat zielt! Verglach zum Romain sengem erstlingswerk Turtone(deen war emol op der Filmakersnight) ass et ee Quantenschprong an allen Beraicher. Potential ass do, an ech freen mech op de nächsten Film!
Franky
20.01.2012
Doch das Team um Gierenz besitzt nicht nur Fantasie, sondern auch Geschäftssinn. Um den Film produzieren zu können, hat sich Gierenz zahlungskräftige Partner gesucht und kurzerhand die Black Phoenix SA gegründet. Um die Finanzierung zu sichern, hat er Sponsoren an Land gezogen und Werbung in den Film mit eingebaut. „Das hier ist kein Amateurfilm“, das ist Gierenz wichtig. Die Mitwirkenden wurden gecastet, das Material hat Topqualität und gedreht wird auf Englisch. Denn Gierenz möchte sich die Chance offen halten, mit dem Film auch den internationalen Durchbruch zu schaffen.
www.filmreakter.lu/no-low-budget/ein-pluschtier-das-wahnsinnig-macht
Franky
20.01.2012
nach eng perseinlech remarque:
groussen Budget, Sponsoren, Producer, Professionnelen Film… et ass menger Meenung no een extremt zweeschneidegt Schwert.
Op enger sait kritt een Dieren opgemach dei virdrun zou waren. Et kann een sachen verwirklechen dei een selwer net an d’Reih kritt hätt.
Op der anerer Sait huet een eben Obligationen(zb waat mecht een wann een den Sponsoren een Long métrage versprach huet , dann awer mierkt dass een courtmétrage besser wir? da muss een wuel awer een long métrage drauss machen), eventuell zaitdrock an grouss erwardungen.
Iergendwei sinn ech selwer frou dass ech mat KML nach emmer eng Liga drenner schaffen. Iwerschaulech Projeten, klengen bis keen Budget. Dofir manner Arbescht, manner Stress. A vill mei Fraiheet ! Ech schränken mech dann just heinsdo am Dreihbuch (kann do villes net verwirklechen well mer d’Geld oder Zait feelt). Affaire de gout eben
petz
20.01.2012
@ Franky
Villmols Merci fir die ausféierlech a spoiler-fräi Kritik. Waats du schreiws bestätegt engersäits waat ech mer geduecht haat z.b. dass de Plot fir een 90 Minuten Film vläit eng Grimmel ze dënn ass, an aanerersäits fannen ech eemenz interessant, dass du vun den Bildqualitéit an vum Graining schwätzt well die technesch Aspekter mech eemenz interesséieren an een nët all Dag Méiglechkeet huet op grousser Leinwand Produktiounen ze gesin, déi op semi-professionnellem Material gedréiht goufen (Ech bleiwen nach ëmmer iwwerzeegt dass 24 oder 30 Biller pro Sekonn einfach ze wéineg ass fir een optimalt Kinoerliewniss). Mee bon, ech wöll mer natirlech iwwer all die technesch Aspekter an iwwer de Film selwer meng eegen Meenung machen an wärd mer en dann ukucken goen. Sin gespaant an fannen et op allen Fall ganz stark dass de Romain säin Projet duerchgezun huet. Do wou hien elo ass, mussen mir mat onsem Projet mol nach kommen.
Franky
20.01.2012
kuck der de Film onbedingt un soulaang en nach am utopolis leeft!
Et ass eben emmer sou, eng grouss Leinwand verzeiht (leider) naischt.
Mee trotzalledem, top arbescht vun ganzen Team. D’aftershow party war och de Glanz (free drinks and food)!
petz
20.01.2012
Deet mer wirklech Leed, dass ech gëscht nët konnt dobäi sin. Hun hënnt bis 3 Auer un engem Optragsfilm fir dësen Sonnden geschafft fir Suen ans ons Kampfkees ze kréien… Hätt awer léiwer mat ierch an der Film-Equipe de Film gekuckt an ee Pättchen gedronk. Tjo, et kann een eben nët alles hun.

Bikini Blitzkrieg

petz
29.11.2011
Dësen Film géif ech nawell ganz gär an den Kinoen gesin : www.bikiniblitzkrieg.com
Barnig
30.11.2011
Ech och
petz
30.11.2011
Fannen hier Approche fir d’éischt e flotten Trailer ze dréihen an dann ze probéieren domat Leit fir de Projet ze interesséieren ganz interessant. Daat ass genau déi Approche, déi ech bei onsem nächsten Projet no “Luxembourg Mystery Tale” probéieren wéilt. Mol kucken, wéi hieren Plang opgeet. Hun mol bei hinnen nogefroot waat dann iwwerhaapt de Budget ass, deen sie gär géifen zesummen kréien.
Op alle Fall ass Radar elo schon eng schéin Beréicherung fir d’Lëtzbuerger Indie-Szene an ech fréen mech op hier Filmer.
Franky
30.11.2011
ah, lo wars du een Dag eischter, wollt dat grad hei posten- Gesait flott aus, si gespannt op dat Konzept och als Longmétrage geing klappen.
Dat ganzt erennert mech bessen un Iron Sky www.ironsky.net
Sponsoren wärten sech bestemmt fannen, si gespannt!
PS: Mandy am Film ass secher mega gutt fir Promotion an Opmierksamkeet ze kreien, an och schein unzekucken. Dat anert sinn och Models. Och wann ech mer lo secher rem puer Feinden machen, fannen ech dat awer keng gutt Idee engem Model en Haaptroll speider ze ginn. Ka mech do un sou eppes erenneren waat bessen no hannen lass gaang ass wat iwerzeegend Schauspielerei ugaang ass….
petz
30.11.2011
Yes, haat och direkt un den Iron Sky geduecht, awer och un den Sucker Punch, waat den Aspekt “hot girls with big guns” ugeet.
Mee Franky, et geet dach an esou engem Film nu wirklech nët ëm iwerzeechend Schauspillerei. Daat Ganzt soll dach just Fun sin. Die berühmten Waaserglas-Szene aus dem éischten Jurassic Park als Mandy-Boobs-Wackel-Szene ze persifléieren, ass dach eng zimmlech genial Idée. Wann den ganzen Film esou gekonnt ënnert (an dësem Fall iwwert) d’Gürtellinn geet, dann kann daat fir Lëtzebuerg just eng gudd Sach sin.
Franky
30.11.2011
jo, fir een “fake” trailer machen se d’Saach jo ganz gutt. Well just keng schlecht acteuren an engem longmétrage als Haaptacteur hunn, egal op et fun ass oder net. (an aneren trash filmer sinn d’haaptacteuren och gutt, respektiv witzeg rollen ze spillen ass och net evident..)
Franky
30.11.2011
Dat ganzt erennert mech nach vill mei un dei “fake grindhouse traileren” wei zb “werewolf womand of the ss”.. asw

Discovery Zone : Neie Lëtzebuerger Filmfestival

petz
02.03.2011
Eischt Infos zum neien Lëtzebuerger Filmfestival “Discovery Zone” gin et op der www.discoveryzone.lu Homepage. Sin wirklech frouh, dass sie daat doud gebuerent Konzept vum “DirActors”-Festival opgin hun. Wéi een dovun ausgoen konnt, dass en Festival deen sech op d’Wierker vun Akteuren konzentréiert, déi och Schauspiller sin/woren (an vice-versa), sech no e puer Editiounen nët doudlaafen géif, wärd mir op éiweg ee Rätsel bleiwen. An engem ganz erfollegräichen Cinénygma-Festival huet d’Regierung de Geldkrun zougedréiht… Verstehe wer wolle! Fréen mech op alle Fall op die nei Formule vum Festival a sin gespaant op d’Programmatioun.
Franky
02.03.2011
do hues du absolut Recht waat DirActors ugeet. idem fir Cinénygma!
Gesait flott aus, leider ass dei Homepage just eng “Grafik” ouni weider Informatiounen

Kuerzfilm vum Philippe Dondelinger, Milli et Tommy Schlesser

petz
25.02.2011
Den Philippe Dondelinger, Milli et Tommy Schlesser hun e wirklech witzegen Kuerzfilm gedréiht, deen een www.youtube.com/watch?v=NygUv6OZ01A&feature=player_embedded hei gesin kann. Hieren Film “Next stop heaven” deen op der leschter KML-Filmmaker’s Night gelaaf ass, haat mech och schon iwwerzeecht. Kann een gespaant sin waat déi an der Zukunft nach bréngen werden.
Barnig
28.02.2011
Jo de Film ass wirklech cool, .. merci fir de POST petz ech war net dozou komm
Ech mengen si sin 7t gin vun alle Filmer oder sou
Franky
02.03.2011
hu mer en ugekuckt fannen et wirklech gutt

Control

Manon
26.11.2009
www.filmreakter.lu/no-low-budget/control-eleng
petz
03.12.2009
Salut Manon,
hun mir den Trailer ugekuckt an ech muss soen, daat gesäit ganz vill verspriechend aus. Als Kapp hannert dem trashegen Zombiefilm, géif ett mech fréen emol een gudden trashegen lëtzebuerger Episodenfilm ze gesin. Mengen schon, dass “Control” ee gewëssent Kult-Potenzial huet a warden dofir gespaant op de Release Datum vum 12ten Dezember. Och schéin ze gesin, dass sech an engem Amateur-Film Gedanken iwwer een stëmmegen Colorgrading gemach goufen.
Bis dann
Petz
petz
08.12.2009
Ett ass wirklech schued, dass kee Mënsch méi seng Meenung hei am Forum schreiwt… Hätt wéinstens eng Meenung vun den “usual suspects” erward…
Barnig
09.12.2009
Ech hu mer den Teaser schon ugekuckt, a fannen en relativ gud.
Ass virunallem villverspriechend, a si gespaant op die integral episode… waat eis do wuel awaard
p.s. Petz, ech hu momentaan ganz vill Arbecht. Haat mer den Teaser awer scho virum Posting hei am Forum ugekuckt gehaat.
Franky
10.12.2009
also:
Digital Effekter a nobearbeschtung, Titelanimation a Filteren sinn jiddenfalls.
Story klengt och spannend an Idee vun enger Serie sinn ganz gutt.
Alleng acteuren an dat filmescht(schnat vum trailer) kann mech nach net iwerzeegen.
Mee et ass schweier soen, sinn jiddefalls ganz gepsaant op serie!
petz
10.12.2009
Een Virschlag: Maacht hinnen dach een Mail an lued sie an hieren éischten Episode exklusiv an Avant-Première op der FilMaker’s Night ze weisen…
Barnig
11.12.2009
Wier eng gud Idee,
hu mol e Mail gescheckt. Hoffen dass et nach net ze speid ass.
Merci, Petz
petz
11.12.2009
Tip top, dann haal ons w.e.g. um Courant ob daat klappt! Merci!
petz
14.12.2009
Hun mer haut die éischt Episode vun Control ugekuckt. Fannen dass sie technesch propper gemach ass. Ett ass awer schwéier sech eng Meenung iwwer d’Serie ze man, well die 6 oder 7 Minuten déi den éischten Episode dauert, gin knapps duer fir sech een Bild vun der ganzer Série ze man. Ett kann een just hoffen, dass nët die ganz Série an der Statioun spillen werd, well do d’Méiglechkeeten fir Spannung opkommen ze loosen dach zimmlech begrenzt sin. Muss een mol oofwarden, waat den zweeten Episode bréngt.
fretz
15.12.2009
Salut an Merci fir déi positiv Meenungen zu menger Serie. Falls een déi éischt Episod kucken well -> vimeo.com/8117713
Déi zwou aner Episoden daueren jeeweils 20 Minutten. Insgesamt also ongeféier 56 Minutten. An der zweeter Episod geet et genau do virun wou déi éischt Episod opgehal hat. 75% vun der zweeter Episod spillen op anere Platzen wei an der Statioun. An der drëtter Episod sinn et ongeféier 50% déi an der Statioun spillen.
Den Titel vun der Serie ass eigentlech QONTROLL mat 2 Stricher duerch den O. Dat Symbol huet eng Bedeitung an gëtt an der leschter Episod opgeléist.
Falls nach iergendeen Froen huet, kann en se gären stellen.
petz
15.12.2009
Salut Marc (oder gëss du Fretz genannt?),
Merci fir die zousätzlech Erklärungen. Mir wor beim éischten Visionage vum Episode de Videoplayer beim Closeup vum Scanner-Bild vum Monster-Kapp stoen bliwwen an ech haat geduet, daat wier de Schluss vum Episode (waat jo keen schlechten Schluss gewiecht wier). Hun mer elo mol de ganzen Rescht ugekuckt an muss soen, dass ech bis elo iwwerzeecht sin vun QONTROLL. Du hues gläich eng ganz Reih Fehler déi een a normalen Amateur-Produktiounen ëmmer rëm gesäit vun vir eran vermidden. Daat fängt – wéi gesoot – beim stëmmegen an duerchwegs kohärenten Colorgrading un an hällt beim absolut propperen Toun an stëmmungsvoller Musek op. Daat Ganzt wierkt wéi aus engem Goss an esou soll daat och sin! Och deng FX sin esou agesaat, dass sie just der Story déngen an nët ëmgekéiert. Bravo!
D’Qualitéit vum Vimeo-Clip ass och exzellent a weist, dass du eppes vun Kompressiounsastellungen beim Renderen verstees. Géif mech interesséieren mat waat fir enger Software (huelen un dass de ganzen Colorgrading an FX am After Effects gemach sin) a waat fir engem Produktiounsmaterial der schafft. Weider esou!
Mich
16.12.2009
Salut Marc, wëllkomm hei am Forum
Ech hu mer och lo déi éischt Episode vu “Qontroll” ugekuckt a muss soen, dass ech se intressant a stëmmungsvoll fannen. Et ass een op eemol an der Geschicht mat dran, an erliewt déi bedréckend Atmosphär déi am Schutzraum herrscht quasi perséinlech mat. Deng Serie beräichert op allefall de Répertoire vun de Filmer vun der lëtzebuergescher Amateurfilm-Szeen. Si gespaant wéi et an der nächster Episode weidergeet. Mee lo heescht et “Langes Warten”, well déi nächst Episode kënnt jo réischt an engem Joer online, oder leien ech do falsch? Mee eppes wat gutt soll gi brauch eben seng Produktiounszäit, dat wësse mer alleguer
Ech hunn och, wéi de Petz, d’Fro un dech, mat welche Programmer dass du schaffs?
Mat welcher Kamera hutt der gefilmt a wéi hutt der den Toun opgeholl, dee jo ganz propper ass?
fretz
16.12.2009
Op Marc oder Fretz ass eigentlech egal. Ech sinn souwisou schon drun gewinnt datt mech jiddereen mat mengem Familljennumm an net mat mengem Virnumm usprécht.
Colorgrading ass alles am After Effects gemeet. Fir verschidden 3D Saachen (Gebaier) hunn ech mat Rhino geschafft.
Beim Renderen hunn ech den Film als éischt mam Adobe Media Encoder op Standartastellungen 720p ëmgewandelt.
Fir et duerno an HD fir Youtube ëmzewandelen, hunn ech den XviD4PSP benotzt. Do hunn ech Standartastellungen bis op dës Optiounen benotzt: Format MP4 an Encodéirung x264 Q21 Ultra. Gréisst onverännert op 1280×720.
Wéinst den aneren Folgen kann ech soen datt se komplett fäerdeg geschnidden sinn. Et feelt dann nach alles wat FX an Sound ugeet. Wéini dës Episoden elo schlussendlech kommen kann ech net soen. Mol kucken wei ech virukommen.
Als Kamera hunn ech eng Canon HV30 mat Raynox Weitwénkelkonverter. Mikro ass en Rode Videomic.
Den Sound hunn ech komplett iwwerschafft. Stemmen an verschidden Geräischer sinn komplett nei opgeholl ginn. Mikro ass en ganz normalen PC Mikro. Nëmmen Hannergrondgeräischer sinn direkt vun der Kamera komm.
petz
17.12.2009
yeah, si frou dass schech rem een Realisateur perseinlech am forum meld!
Souball ech zait fannen(op der schaff sinn d’vidoen leider gespaart) kucken ech mer dei eischt episode un
Barnig
17.12.2009
Ech hu mer den eischten Episod och erangezunn, fannen en vlait liicht ze laang (10′ wier duergaang) mee sin absolut impressioneiert vun der guder Videobearbechtung (Faarf – CGI) dass wirklech intelligent agesaat, net iwerdriwen, an och just do wu et misst sin. All Respekt doweins. Spannung kennt och op a Musek ass passend.
Control arennert mech bessi un “Dark Star” (J.Carpenter) an “The last Man on Earth” vun deenen ech jeweils DVD doheem leien hun, an als absolute Kultfilm ugesin. Su kinnt et hei vlait och weidergoen …
sin op alle fall gespaant op suite….
Franky
21.12.2009
hu mer dei 1t episode ugekuckt.
Si wirklech positiv iwerrascht(an dat well bei mer eppes heeschen)
D’effekter / Filteren sinn ganz gutt agesaat. Stemmung kennt op an d’Story mecht virwetzeg a loscht op méi. Si wirklech gespaant wei et weider geet.
Puer szeenen kommen monton riwer, mee ech mengen dat ass extra sou gemach fir d’langweil vum Iwerliewenden duerzestellen.(dat war bei Dreamcell och sou vu mer geduecht, do leeft een leider gefor dass de spectateur dat langweileg fennt).
just schued dass mer lo sou laang mussen warden bis et weider geet
fretz
03.05.2010
Sou no puer Méint hunn ech dann elo déi zweet Episod fäerdeg. Falls een se kucke well, kann een dat ennert vimeo.com/11295676 maachen. Positiv oder negativ Meenunge sinn natierlech häerzlech wëllkomme.
petz
03.05.2010
Salut Fretz,
Hei meng Impressiounen à chaud! Erstaunlech ass, dass mer d’Zäit nët ze lang gin ass, trotz der dach relativ dënner Handlung an deenen 18 Minuten déi die zweet Episode dauert. Mäin Interessi ass op alle Fall nach intakt. Die generell Ambiance vun der Série an die technesch Exekutioun gefaale mer och nach ëmmer gudd, waat och vill – opmanst waat d’Ambiance ugeet – un der stëmmungsvoller Musék léit. Verschidden Astellungen hun ech vläit e bëssen ze laang fonnt. Ett huet een baal d’Impressioun, dass d’Musék do heinsdo d’Längt vun enger Astellung bestëmmen géif…
Waat mer nach opgefall ass: Die zweet Episode besteet, wann ech daat richteg gesin hun, just aus fixen Kamera-Astellungen. Och wann op Kamerabeweegungen wéinst dem Sujet vum Film vläit wëllentlech vezicht gouf, hätt deen een oder aaneren Kriechzoom oder ganz luesen Dolly-Move gudd gepasst fir die dach zimmlech lang Astellungen manner monoton ze gestalten (à moins dass och daat Absicht ass). Och opgefall ass mer, dass d’Astellungen wéineg variéiern (Grous-Opnahm vs Détail-Opnahm). De Gros vun den Astellungen sin Medium Shots aus +/- Aan-Héicht, waat ech e bëssen schued fannen. Mee och daat kann een Choix sin fir d’Monotonie vun der postapokalyptescher Welt ze illustréieren…
Ech fannen op alle Fall d’Konzept hannert der Série interessant a sin gespaant op den nächsten Episode!
Barnig
04.05.2010
Ech zeie mer dei den owend eran …. gin da mai feedback
Franky
04.05.2010
jo ech och, free mech schon drop! a merci fir den update hei am KML forum!
Barnig
06.05.2010
Hellou,
hu mer den 2ten Episode gescht owend eragezunn. Alles an allem fannen ech en ganz ok, ass heiansdo (wi schon episod 1 besselchen an length gezunn,… mee daat ass deemno awer vlait och ganz verständlech, well deen typchen sech jo eleng fillt op der äerd (oder wu emmer en och wirklech ass) vun dohier ass daat eigentlech nach passend.
D’Voice Offs respk. Wann en mat sech selwer schwätzt, do kinnt bessi mei Emotioun heiansdo dra sin
Musek a Bildopbau fannen ech ganz gelongen
Voila, et passt eigentlech zum eischten Episod, a si scho gespaant op Episode 3!
Mengs du du kriis daat fir eis desjähreg FILMAKERS NIGHT faerdeg? Als Avant-Premiere oder sou?
felicitatioun op alle fall!
fretz
12.05.2010
@petz (obskura)
Bis op puer Szenen sinn Kameraastellungen bal ëmmer fix. Bei puer Szenen aus der zweeter Episod, hat en Kolleg vun mer Kamera an der Hand. 90% vun allen Szenen aus allen dräi Episoden sinn mat enger fixer Astellung gemeet ginn. Bei der éischter Episod hunn ech bei puer Szenen den Zoom nodréiglech erstallt. Dat hätt ech nach kinnten an der zweeter Episod benotzen. Mierken ech mer dann mol fir déi nächst Episod.@Barnig
Jo Emotioun ass net ëmmer an menger Stemm. Dat muss ech nach üben. Wat FILMAKERS NIGHT betrëfft weess ech elo nach net wei ech et maachen. Ech kréien et allzäit definitiv bis dohinner fäerdeg. Ech leien momentan voll am Plang. Dat heescht datt et net méi laang dauert bis et fäerdeg ass. Duerfir weess ech elo nach net, wei ech et genau maachen soll. Ech kinnt mer virstellen Episod esou laang zeréck ze halen, fir eng Avant-Premiere ze maachen. Mee genau kann ech et elo net soen. Ech soen der do dann an Zukunft nach Bescheed.
Barnig
12.05.2010
Okey … haal eis um laafenden
Franky
14.05.2010
Ech haat lo endlech zait mer dei 2. episode unzekucken!
D’story get gutt weidergefouert an et kennt spannung ob.
ech hunn och schon puer theorien:
***SPOILER***
Den haaptpersonnage ass Nummer 12. Hien get et also 12 mol! Hien gesait sech jo och emol selwer, dat heescht dei 12 personnagen sinn a verschiedenen Zaiten gefaang. Nummer 12 liewt an der zukunft, de aner leit liewen an der Vergangenheet. Et handelt sech och em Parallelwelten, den O mam Strech an der Mett symboliseiert de Planeit deen a 2 gedeelt ass…..sou dass dei 12 personnagen eben parallel do liewen….
Franky
08.10.2010
weini kennt dei 3rt?
Barnig
08.10.2010
Hoffentlech op der FILMAKERS NIGHT
fretz
26.12.2010
Salut, nodeems ech déi drëtt Episod net fir Filmakers Night fäerdeg krut, hunn ech déi lescht Episod elo online gesat. Vill Spaass beim kucken. vimeo.com/18082815
petz
27.12.2010
Hun mer grad die lescht Episode ugekuckt an fannen d’Opléisung vun der Geschicht, also den “final twist” ganz ok (deen ech hei nët verroden wärd fir die Leit, déi den Episode nach nët gesin hun). Et kéint een natirlech kritiséieren, dass de Schluss nët ganz originell ass (wou den Mann mat der Mask erankönnt, wor fir mech direkt kloer wien sëch dohannert verstoppt) mee ët ass quasi onméiglech eppes wirklech Originelles ze schreiwen, vu dass all Geschicht schon an där enger oder aanerer Form erzielt gouf. Et könnt also am Endeffekt just nach op d’Interpretatioun vun méi oder manner klasseschen Stoffer un an är Ëmsetzung vun engem klasseschen SF-Scénario fannen ech ganz an der Reih. Är Mini-Série huet mech zimmlech gudd ennerhaal an den Ennerhaalungswert ass fir mech den Haaptcritère bei engem Film. Also Bravo dofir!
Bei nächsten Produktiounen géi ech mer Folgendes wënschen:
– e bëssen méi Emotiounen bei den Schauspiller
– manner lang Astellungen wann d’Dékoren wéineg variéieren.
– wéinstens bei Spannungsmomenter manner statesch Opnahmen an ee méi séieren Schnëtt (waat natirlech just méiglech ass wann genuch verschidden Astellungen gedréiht goufen)
– ganz generell de Schnëtt e bëssen straffen. Sin iwwerzeecht, déi Geschicht hätt een och können an 50-70% vun der Zäit erzielen ouni dobäi vill vun der Ambiance ze verléieren.
– bei wichtegen Momenter gët normalerweis un den Personnage erugezoomt (oder besser nach erugefuer). Bei der Astellung 12’51” zoomt dir aus dem Personnage eraus (richteg wier do een Eranzoomen gewiecht)
Voilà, daat wier ët fir mäin Pefferkär. Kann ierch just encouragéieren onbedéngt weider ze man. Ech géif mech op alle Fall fréen méi vun ierch ze gesin.
petz
29.12.2010
Sin ech deen eenzegen hei am forum, deen nach eng Meenung huet… ?
Barnig
30.10.2010
Ech sin nach net dozou komm, mer de leschten episode unzekucken … maan daat awer subaal wi meiglech (vlait iwer de joreswiesel)
Barnig
31.12.2010
Voila … hu mer och de schluss vun der trilogie ugekuckt …
Em: Also de Schluss huet mech leider net sou iwerrascht, haat emmer irgendwei eng ähnlech virahnung wei di serie kinnt enegen, vun dohier gouf et leider net de “BOOOaaaah” Effekt … mee trotzdeem graad su wei di virescht episoden ganz gud verarbecht, spannend, flott a passend Musek!
A fir eng Amateurfilmserie ze maan: Absolut Gelongen!!
Felicitatioun namol fir des Initiative, an ech hoffen namol ebess vun FRETZ FILMS ze heiren
Ma su weider!
Franky
03.01.2011
kucken mer dat doheem direkt un, da kennt meng meenung
Franky
04.01.2011
sou, hu mer gescht dei 3rt episod eragezunn!
fannen se och rem top!
d’story ass een interessante mix aus “blade runner”, “the island” a “moon”. (des 3 filmer sinn absolut ze empfehlen).
Ech ka mech +- dem Petz uschleissen. Meng lieblings episode war dei 2t, dei menger meenung no am beschten realiseiert gouf an ganz gutt atmosphere opbaut. Dei starr kamera astellungen steieren mech lo net weider(spiggelt menger meenung no d’isolation erem). D’obleisung zum schluss ass fir mein gout och bessen ze laang geroden(dat wir an engem zeitraffer wei zb bei SAW bestemmt mei dynamesch riwerkomm).
Ech hoffen awer ganz stark dass do nach puer filmer(mat ähnlechem genre) nokommen!

Indie Horror Picture Show

Franky
07.01.2008
hei den trailer fir d’event:
www.podium.lu
dann sin mer mol gespaant waat do op eis duer kennt
Barnig
07.01.2008
Ech sin op all dei Projeten mega gespaant!
Hoffe just net, dass et ze laang get.
Franky
14.01.2008
Also lo mol bessen rosen KRITIK vun mer:
well ech puer leit kennen dei do Filmer weisen, krutt ech am viraus gesot dass een Tickets iwer den Site CARAMBA.LU reserveiren kann. Dei aner leit wessen dat natirlech net(also dei Leit dei een Flyer an den Grapp gedreckt kreien).
Haut den moien war ech nach op den site www.caramba.lu du stung neirens dass een eppes reserveiren kann..an ech hun och neirens gesin wou een do tickets kann kreien.
Lo just sin ech gewuer gin dass Tickets all fort sin, also quasi an puer stonnen alles weg
Fannen dei ganz Indie Horror Show Idee lo alles anescht wei gudd!
WIESOU?
ma et gin 5 Filmer gewissen, also 5 premièren wou 5 verschidden équipen matgeschafft hun.
Den sall huet 223 Platzen… dat heescht pro Filméquipe bleiwen 44.6 Platzen… Wann een do bedenkt dass dann zb schon cirka 10-20 leit um set waren, an dei nach all een Frend/Famill matbrengen, dann ass den sall schon voll an dei Filmer laafen an enger geschlossener gesellschaft! Do huet sech eben all Filmemacher/Club hier 50 Tickets op hier sait geschärrt fir dann ennert hierer Crew ze verdeelen…
Wiesou dann Flyeren machen an dei Sach grouss ugekennegen???? Wei soll een normalen Mensch ouni dei InsiderInformationen dass grad Meindes Mettes den Ticketsvirverkaaf lassgeet dat wessen oder ahnen?
Soumat get den owend naischt anescht wei een Owend enner Filmemacher dei enner sech selwer hier Premièren feiren…
Ech wees och vun Kollegen dei do hinwollten, an och dohin gin (ouni Ticket) an dann warscheinlech reischt Owes bei der Kees domm an d’Wäsch kucken wann se mierken dass den Sall voll ass.
Bon den breeden Publique an dei Filminteresseiert(dei net bei engem vun desen 5 Projeten dobai waren) mussen dobaussen bleiwen. Wiesou iwerhaapt den Virverkaaft starten? (et hätt jo direkt all Produktion 50 Tickets keinten kreien) Wiesou dat an den Kinosprogramm schreiwen?? OK sou kann een duerno an der Presse grouss schreiwen: AUSVERKAUFT, dei menge tobt und war begeistert..
nujee….
Barnig
14.01.2008
Also ech hun lo heiren, dass alles ausverkaaf ass, a ka wirklech just de Kapp resselen!
Waat soll daat dann `????
Als privaten Amateurfilmfan, kriit een hei eng ordentlech mam Hummer op d´Nues!
An daat ass nu jo wirklech awa de Geigendeel, vun deem wat d´Organisateuren wollte
bezwecken!? Oder net?
Ech wees net wien dei 250 Plaatzen op ee Coup akaaf huet, jiderfalls Caramba
(de Kino) huet keng mei!?
Waat mecht da lo deen Amateurfilminteresseierten deen sech des Soiree well eranzeien?
-> GUER NAICHT, ausser an de Bistro een drenke goen!
Ech hun lo eise KML Memberen iwer deen Owend informeiert, a kann lo de Leit nees soen,
dass Seance scho nees ausverkaaf ass !?
(an daat sin alles Filmbegeeschterter, dei gären koum wären!)
Wuel bemierkt: Ech fannen et vu Feierblumm a Podium eng flott idee a sin och voll
begeeschtert dovuner, mee w.e.g. daat doten si jo awer Feehler, dei een hätt kinte
vermeiden, oder -an Hoffnung- na vlait eviteiren kann, an deems der min. 50 Tickets fir
d´Oweskees reserveiert!
Resultat:
Am plaatz dass mer lo en interesseierten Publique (mat Aahnung a Freed)
fir dee Festival hun, hu mer lo Frenn a Verwandt (dei zum deel mol net wessen wat den
Ennerscheed zwescht Hitchcock a Carpenter ass) dei einfach nemmen hier Boufen a Famill
un groussen Ecran bewonneren wellen, respektiv ganz simpel: Leit vun der Equipe! mee da
mecht een sou ebess net öffentlech a scho guernet offiziell!
Barnig
14.01.2008
Bon.. ech konnt lo 3 Ticket´en nees bestellen
A lo ass nees COMPLET,… wees net op daat lo gaangen ass oder net *rollyes*
mol ofwaardn …
Barnig
14.01.2008
…hmmm war warscheinlech e feehler …
schwup
14.01.2008
wor lo och bessen iwert daat doten selwer iwerrascht,well s-therapie crew zwa greistendeels souwisou net am land ass,mee ganzer 2 plaatzen ass net graad vill
froen mech awa dann och wou dei plaatzen dann all hinner sin..press??
mee froot mol bei deenen aneren organisateuren no,vlait hun dei jo een oder aneren mei bestallt??
Franky
14.01.2008
bon well nach puer sachen beifügen
@schwup: nee, dat sollt keng Attack geint iech an aeren film sin… an och wann der 80 tickets geholl hätt,, et wier nozevollzeihen.. (wann lo KML eng Première do geing weisen, dann wier ech och secher mat engem ganzen truppe ukomm.. ass jo verständlech)
@5 productions firmen: dat soll och keng allgemeng attack geint iech sin!!! ass nemmen nozevollzeihen dass der äer filmer bei enger Première net verpassen wellt…
Hei 2 Beispiller vun Premièren:
+bei BKW haat KML 2 premièren gemach, eng fir crew, an duerno eng fir den publique.. den virdeel war dass den Sall 2x gudd gefellt war, an souwuel Leit vum Set an d’leit vun baussen op hier keschten komm sin..
+Punkto Ariston, ech war do op enger super organiseiert Première lesch joer, an zwar dei vu Psychlist. Do waren souwuel virverkaaft Tickets(leit vun der Crew an VIP leit) awer och eng Oweskees… Result war een flotten owend mat der Crew awer och mat “friemen an neien” Gesichter…
et ass absolut normal dass 250 platzen NET fir 5 premièren duergin(bei Psychlist war den Sall quasi voll, dat war 1 première!!). Ech hoffen dei Filmer gin nach op aneren Platzen emol gewissen, et wier schued fir des 5 Wierker wann se net dem breeden Publique gewissen gin.
Waat ech lo einfach schlecht un der ganzer Action fonnt hun war den Virverkaaf. Op kengem Flyer an op kenger Homepage ass desen virverkaaf ugekennegt gin. Dofier war et onmeiglech fir den Publique eng Platz ze ergattern (an soumat waren all dei Flyeren absolut fir d’Kaatz). Eng ganz retsch vun leit krutt den Mond wässereg gemach, an steet den Samsten warscheinlech virum Kino an ass entäuscht well en net rann kennt (et wier vlait clever gewierscht keen virverkaaf ze machen, an zb 100 tickets ennert den crewen ze verdeelen an den rescht owes fir den publique op ze lossen.. och wann een dann risko leeft keen vollen Sall ze hun).
Voilà, dat ass meng meenung fannen dei idee vun der Indi H. P .S nach emmer genial!! also weider sou! (an hoffentlech nees 2009!).
Paulie
14.01.2008
ET GEHT ZWAR !!!
just fir eng gud kritik ze kreien…
ech fannen dat wieklech armseilech… !!
Franky
14.01.2008
@ all
un all dei nemmen hei liesen gin, schreift roueg äer meenung heihinner (schon 300 clicks an desem thread…….!!!)
(ech mengen KML get hei genuch kritiseiert, siehe Dreamer’s Dream projet am forum, siehe gelöschten Film um Harddisk enner DY am forum, also kennen all dei dei emmer hei anonym liesen gin roueg hier meenung schreiwen, merci, nemmen sou sin diskussionen interessant)
Barnig
15.01.2008
Ech awaarde mer och nach e statement… vun deenen Klicker hei am Forum!
well mir sin trotzdeem emmer na roosen a fillen eis verarscht, a setzen domader och net elleng.
Äntwert du kanns kommen
schwup
15.01.2008
@ Frank: haat et och guer net als kritik ugeholl well sin awa och denger /ärer meenung do wann een den publik uschreift dann sollen een och garanteiren daat winstens 100 plaatzen fir dei do sin (bon wees lo natirlech net wou d’plaatzen all hinner sin,well keen ugreifen) mee haat mat +/-30 platzen pro produktioun gerechent dann wiren der opmanst nach 100 do
mee selwer krut ech et och reit owes gesoot daat d’platzen lo kinnten reserveiert gin,konnt och keng huelen…
mee mengen haat eng rumeur do matkrut, wou ech waarden daat een vun den organiseuren dei fraigett (well ech mer net secher sin op et stemmt..) mee vlait gin et jo NACH emol ticketen hoffen emol ganz daat daat stemmt…
Barnig
15.01.2008
Allez, kommt! E klengen (butzegen) mini an offiziellen – statement, dass mer mol endlech Kloerheet hei hun
“Wou verdammt namol sin dei Tickets”
Ech haat bei Caramba ugeruff, op maat menger Feehl-manipulatioun vu gescht, fir 3 Tickets ze bestellen, och wirklech um 20h00 ebess geschiit ass, sie kucken daat no, a soen mer na bescheed …
affaire a suivre …
petz
15.01.2008
Also ons Obskura-Equipe krut seng 6 Ticketn och nömmen well onsen Carlo eemenz op Zack wor an direkt bestallt huet. Dass bei engem éischten Festival Problemer optauchen können, ass normal. Een Mangel un Ticket’n ass awer dach zimmlech einfach virauszegesin (besonnesch bei 5 Premièren an just enger Séance) an a mengen Aan bei enger hoffentlech zweeter Editioun och zimmlech einfach ze vermeiden, waan een :
1) virun der offizieller Première privat Premièren fir Club-Memberen, Filmteam an Sponsoren organiséiert
2) vun vir eran e puer Séancen plangt (well ett kann een dem Kino mat grousser Wahrscheinlechkeet gudd geföllten Séancen verspriechen)
3) vun vir eran eng Réserve fir d’Oweskees plangt (wonnert mech iwwregens, dass den Kino daat nët automatesch verlangt huet)
Mee bon, herno ass een ëmmer méi schlau… Beim Cinénygma-Festival haaten mit och heinsdo Séancen déi ausverkaaf woren an nach Leit onbedengt eran wollten. Do hun mer dann mam Kino geschwaat fir Leit op den Traapen setzen ze loosen (daat ass zwar net bequem mee dréit vill zur gudder Ambiance am Sall bei). Natirlech mussen fir d’éischt Leit mat Ticket eran geloos gin (soss gët ett gaanz décken Buttek) an herno gin d’Traapen geföllt. Daat refuséieren awer haut vill Kino’n aus secherheetstechneschen Grënn…
Bon, hoffen awer, dass mer allegueden een flotten Owend verbréngen wärden.
Franky
15.01.2008
muss dem Petz an sengen 3 punkten rescht gin, mee bon keen meeschter fält vum himmel
fannen dat doten alles extrem KOMESCH, dass souguer leit vun der PH productions net zer zait un tickets komm sin(obwuel sie een Longmétrage den owend weisen).
Bon wann lo schon vun Rumeuren geschwaat get… dann mengen ech dass sech do jiddereen eppes zesummenreimt wat dann do lo wirklech geschitt ass.. soit selwer schold wann keen OFFZIELT STATEMENT gemeet get. ech fannen do misst bessi mei professionaliteit an Kollegialiteit tescht den Amateurvereiner sin (also tescht denen 5 clubs dei do filmer presenteiren).
Mengen ech schwätzen mol een Wuert mat eisen Herr Massard waat do virgefall ass
Yves
15.01.2008
De Petz huet absolut Recht mat dem wat en seet. Ech mengen do gin nunmol eben den 19. Januar an engem Owend 5 Produktiounen gewisen, eng ganz Retsch dofun als Première, do as et dach vollkommen normal dass den Undrang fir en Ticket ze kreien grouss as an et as och vollkommen normal dass d’Filmcrews selwer bei dem Event och wellen dabei sin.
Et as mer wichteg hei festzehaalen dass et weder en “geheimen” Virverkaaf guf, nach dass sämtlech Tickets just un d’Filmcrews gaangen sin. Subaal mir wossten dass een Tickets kann bestellen op caramba.lu, as dat um Feierblumm Site annoncéiert gin ( deen News-Eintrag kann een elo nach noliesen op der Startseite vun www.feierblumm.com ) an mir hun och den Leit dobaussen Bescheed gesot dass di Tickets elo können bestallt gin. Dass et no 2 Stonnen ausverkaaf wor leit och net drun dass sämtlech Tickets un d’Filmcrews gaangen sin, di kruuten nämlech maximal d’Halschent. Di aner Halschent as un Leit dobaussen gaangen di iwwer caramba.lu bestallt hun.
Ech gin awer och denen Leit Recht di schreiwen dass een eng gewessen Reserve fir d’Oweskees hätt sollten haalen, dat stemmt. Mä wi de Petz schon sot, et as di éischten Kéier dass deen Festival organiseiert guf, an do kommen sou Fehler eben mol vir. Doraus léiert een an dann wees een et di nächsten Kéier besser.
Sou, ech hoffen dat heiten setzt lo allen Spekulatiounen en Enn an ech hoffen dass domat och elo alles geklärt as an di Diskussioun hei kann beendegt gin. Ech vir mein Deel freen mech op en Samsden an wär frou an desem Topic ab e Sonden de Moien Filmbesprechungen ze fannen zu denen Wierker di um Festival gewisen gin
Bis e Samsden! Peace
Barnig
15.01.2008
Pyrrhus huet just 20 Tickets
Naja ech si frouh, dass den Yves, an puer Leit vu Pyrrhus, eis der op alle Fall mol op d’Sait lee’en.
a brellen trotz allem elo YUPIIIII
Well ech hun gescht och meng 3 TICKETS kriit, Caramba huet konfirmeiert.
Mee well lo an desem Topic op e ganz aneren Punkt kommen:
WIEN WELL E SAMSCHDEN KOMMEN; AN HUET KENG TIXEN ???
(KML huet zwar ausser Trailer naicht mat deem owend ze din, mee mir kinnten awa vlait na 1 oder deen aneren Ticket organiseiren)
Schreift roueg heihin … su maan mir winstens e gude Geste
Allez,… a lo profiteiren vun der Virfreed (ass jo oft am greissten)
schwup
15.01.2008
jo mai feeler wor eben daat ech am daach geleiert hun an reit owes eben daat matkrut (blöd examen)
daat heescht jo lo daat extreem vil net-crew leit ticketen geholl hun wow dann gett et jo bestemmt en flotten owend. Freen mech daat dann eng gudd seil druner geduecht haat mir awa een tix am firfeld mat zehuelen
machen awer mol en opruff op dann vlait na een 2 ticketen zevill hätt duerch zoufall
Barnig
15.01.2008
Also krut meng 3 Tickets lo nees ofgeholl
Kruut lo nees vun engem aneren Caramba eng Mail gescheckt, dass daat gescht awer naicht gouf. Wieren anscheinend gescht mueren schon ausverkaaf wi ass daat da meiglech ??
> Yves, haal du eis 3 Tickets wi gesoot (KML-Eischt Selektioun)
> Amy, ech schwätze mam Mike an da kriis du 2 Tickets (KML-Zweet Selektioun)
daat misst su klappen
schwup
15.01.2008
villen dank
Barnig
15.01.2008
Hie meldt sech na beim Pierre, vlait kriit der der o na mei
“…. da kenne mer all zefridden sin..”
(dialog aus …) ?
Franky
15.01.2008
hmm fannen dat trotzdem alles komesch, leit vlait dorinner dass ech een frend vun verschwörungstheoreien sin.. ROFL MAO…
wei kenn et sin dass dei aner crewen keng oder baal keng Tickets krutten? Wiesou krutt den Publique net matgedeelt dass et een virverkaaf get.. respektiv weini den ass?
Wei kann et sinn dass Fireblumm et direkt als allereischt matkreien an dat dann och nach um site annonceiren( ech mengen ech war geint 17.00 um site.. do stung naischt do.. also war dat reischt um site wou ((quasi)) Tickets weg waren, bon egal-check internet cache to see)
soit, den samsten gesait een jo sowiesou ween alles een ticket huet ( dann sin ech gespaant weivill leit aus dem “normalen” publique do setzen)
wann et dann ass wei d’amy sot.. vill net-crew leit/famill.. dann get et secher een flotten owend… we will see…
den feedback wei et dann lo wirklech war kennt dann den sonnden heihinstoen
Franky
15.01.2008
get et schon eng Reihenfolg vun den Filmer?
schwup
15.01.2008
gett secher eng,misst een se just wessen
jop marc ass ukomm merci
Yves
16.01.2008
Moien,
also d’Reihenfolleg fir e Samsden as folgendermossen:
– Traileren
– Bommenleer 1
– Être et vivre avec
– S-Therapie
– Bommenleer 2
– Grim
Pause
– Near You
Voix
16.01.2008
zweet Säit an der Voix du Luxembourg vun haut, 16.01.2008
Franky
20.10.2008
mein leschten beitrag an desem Thread:
zu dem ticketvirverkaaf wärt ech mech net mei äusseren; krutt awer mat dass vlait demnäChst eng 2t séance ass.
zum owend:
+ gudd organiseiert, flott stänn wou een DVDs konnt kaafen, Moderation an interviews mat den Regisseuren, free Schampes, an eng after show party mam DJ Nilton !
– Projection: tounproblemer(keen toun, toun verschiebung, gekreckels am sound) des problemer waren net bei den HD filmer zegesin
Bildproblem(wann een mei vir sutz huet een gesin dass Bild duebel war….)
Fannen och dass et falsch war ze soen et sin 5 premièren vun 5 Horrorfilmer gelaaf
Bommeleer war jo zb keng première(hun mer dei 2 episoden schon 2007 rangezun…) an ech kommen maximal op 2-3 horrfilmer soit, dat ass vlait bessi pingelech
Kritiken schreiwen ech demnächst ennert den enzelen filmerthreads
Barnig
21.01.2008
INDIE HORROR PICTURE SHOW,
war fir mech en iwerraschende Succes!
OK, ech lästeren net mei iwer Ticketorganisatioun, well ech mengen jidereen, deen do war ass dunn jo awa nach eran komm (denken hun och na puer eidel Plaatzen gesin) ass vun dohier also lo ee fir allemol vum Desch!
Ech fannen et eng super gudd Idee, su Filmer ze kollektioneiren, an daaat dann an engem kino ze presenteiren. Hoffen och dass des Initatioun och namol 2009 organiseiert get.
Et war flott a lauter (fir mech jiderfalls) NEI Filmer ze gesin, wubai all eenzelnen Projet seng Qualiteit haat
ETRE ET VIVRE AVEC (um Niveau vun der Regie)
GRIM (um Niveau vum Bild)
S-THERAPIE (um Niveau vum Dreihbuch)
NEAR YOU (um Niveau vum Montage)
DE BOMMELEEER (Um Niveau vun der Ennerhaalung an der Suspense)
En ausfeierlechen Bericht zu all Film, wäert ech secherlech och naach maachen, am laaf vu neechster Woch!
E groussen HIP och op Pyhrrus, dei mat hierem Bommelee’er ganz rafineiert “interaktiv” an de Kino geboomt sin! Dat war eng Top saach a flott Idee!
Den Owend war gud animeiert, After Party war och an der Reih, ausser dass de SIMS no enger gewesser Zait vu Leit “geplaatzt” ass. (Organisatioun war also ok! Feierblumm/Bigtime)
War e gelongenen Owend, an zu de Filmanalysen komme mer geschwenn …
Paulie
21.01.2008
Carlos, waat hun ech heiren… hues de mecht vormest? hehe
wie et schengt hat ech jo besser ze din, mee du kanns ma awa gaeren soen wats de um herz has.
( Yves dain film kuken ech subal lo meng examen riwer sin… )
CArLO
21.01.2008
Paulie moien du wei get et dier??
Huelen jo ball un dass du mech (CARLO) mengs
Majo ech vermessen dech hun dech schon lang net mei gesinn, heieren an wollt emol nemmen froen wei et dier get??
Wanns du dem Yves sain film kucken gess dann so mier bescheed dann gin ech och mat
CArLO
21.01.2008
Ajo wenschen dier awer nach alles gudds fier deng examen……………….
Yves
23.01.2008
Haut den Journal kaafen!
Barnig
23.01.2008
Ass do de Bericht vum Journalist, dee mat eis aus der Fläsch Champes gesoff huet?
journal
23.01.2008
Das neue Hollywood… in Luxemburg: Kids, Kino, Klasse!
Erinnern Sie sich an den rezenten Luxemburger Filmpreis? Sichtlich überrascht und nervös durfte ein junger Amateurfilmer namens Jeff Desom die begehrte Trophäe entgegen nehmen. Nur ein Hinweis darauf, was wir in den nächsten Jahren noch von der neuen Brut, einer neuen Generation von einheimischen Filmemachern, erwarten dürfen.
Letzten Samstag versammelte sich die sogenannte Independentszene im Escher Ariston, um ihre neuesten Streifen vorzustellen. Nun sind die Indies hierzulande nicht mit denen aus dem fernen Hollywood zu vergleichen, vor allem nicht in Sachen Budget. In Luxemburg handelt es sich noch um echte Jungpioniere, um nicht zu sagen (und die werden uns das verzeihen) Kids mit ‘ner Kamera…
Doch nicht nur die Kameras sind besser geworden, vor allem die Kids zeugen von Leidenschaft und Kenntnis, dies war das offensichtliche Fazit am Samstagabend, unsere Erwartungen wurden weit übertroffen. Sowohl technisch wie auch artistisch wurde klar, dass wir es hier mit einer neuen Abstammung von Talenten zu tun haben, deren klare Absicht es ist, das einheimische Filmwesen zu bestärken und in höchste Sphären zu bringen. Dabei scheut man sich nicht, der Fantasie jeglichen freien Lauf zu lassen.
Nun wissen wir, dass die Kids dies lesen, und auf ihre Zensuren warten. Wir wollen sie nicht warten lassen.
Boom Boom
Das erste Schmankerl, die “Bommeleeër”-Serie von Mike Tereba (Pyrrhus Films) ist ein Slapstick-Cliffhanger, der in kürzester Zeit Kultstatus erringen dürfte. Inspiriert von der unsäglichen und ohnehin selbstparodistischen Affäre, zeigt Tereba die Abenteuer der beiden “Flics” Frunnes und Mulles, die die Intelligenz mit Löffeln gefressen haben und den “Luschen” immer wieder verpassen. Köstlichst die Szene, in welcher der böse Bombastiker die gëlle Fra… Aber nein, wir wollen nichts verraten, Sie können und sollten sich die Streifen auf www.podium.lu reinziehen. Artistisch adäquat und sauber, technisch einfallsreich, mit tollen, trashigen Effects. Wir geben glatte 58 von 60.
“Être et vivre avec” von Henri-Pierre Plais (BigTime Entertainments) ist eine sensible Studie über junge Studenten, welche gegen ihre eigene Körperlichkeit kämpfen, um akzeptiert zu werden. Das Thema um Schimpf, Schande und Suizid (Suizid wird noch mehrmals am Abend in unterschiedlichsten Formen auftauchen) ist merklich von Gus van Sants “Elephant” inspiriert, und Regisseur Plais steht dem Vorbild in nichts nach. Subtil effektive Kamerafahrten, überlegte Schnitttechnik und letzten Endes großartige Schauspieler überzeugen. 58, auch hier wohlverdient.
“S-Therapie” von Pierre Heinen ist eine ambitionierte Tragikomödie über zwei verlorene junge Seelen, welche in die Finger eines üblen Folterdoktors geraten. Hier müssen wir einige Punkte abziehen, obwohl wir keinesfalls Talent absprechen wollen. Das Problem ist wohl, dass Regisseur Heinen fast keine Crew hatte, und vieles in Eigenarbeit erledigen musste. Sowas führt unweigerlich zu qualitativen Abstrichen, vor allem die schauspielerische Leitung und das allgemeine Tempo des Films leiden drunter, so ist etwa die Traumsequenz viel zu lang. Dennoch geben wir, na sagen wir eine 50, denn unter besseren Umständen hätte es eine 55 werden können.
Hush Hush
“Grim” von Yves Steichen (Feierblumm) ist eine kuriose Abwandlung des Rotkäppchenthemas. Das fesche Käppi und der böse Wolf liefern sich hier ein schräges Duell, mit noch schrägerem Ende. Der beste Film des Abends, weil Kino in reinster Form. Hier passt alles, stimmige Atmosphäre in Bild und Ton, flotte Details, umwerfende Darsteller, durchgehendes Tempo und überlegte, gar kanonisierte Kinematographie. Steichen weiß was er will, und setzt es kompromisslos um. Profiarbeit, Punkt um. Die 59 des Abends.
Der mit rund 70 Minuten längste Streifen war denn auch der letzte des Abends, “Near You” von Georges Waringo und Thierry Cumini (Pulsa Pictures). Es handelt sich hierbei um eine Art “Blair Witch Project” im Minettegebüsch. Recht aufwändig, technisch ambitioniert, wenn auch im Detail nicht ganz so perfekt, lebt dieser Popcornstreifen vor allem durch die lustigen Charaktere, welche von den Schauspielern mit viel Gusto getragen werden. Hätte vom Tempo her eine Spur kürzer sein können, funktioniert aber hinlänglich. Wir geben eine beruhigende 56.
Sollten Sie jetzt, geneigter Leser, glauben, wir seien mit unseren Noten voreingenommen, so wollen wir dies tunlichst bestreiten. Was wir am Samstag gesehen haben, zeugt von durchgehender Qualität und Kultur, vielversprechend. So sah es auch das (natürlich vorwiegend junge) Publikum, die Filmemacher und ihre Helfer wurden mit viel ehrlichem Applaus belohnt. Die Cineasten ließen es dann auch berechtigterweise auf der After-Party krachen. Nicht zu lange übrigens, denn einige von ihnen attackieren dieser Tage brav die Examenszeit. Sieh an, sieh an, diese Jugend von heute…
RoK
Barnig
23.01.2008
Daat klengt relativ positiv fir jidereen vu matgemaach huet, awer just nemmen well en op keen negativen Aspekt ageet, an a sengem Bericht warscheinlech just loben däerf!
An aneren Wieder: Hutt alleguerten Mutt a Courage weider zemaachen, a net ze stopen!
(Mee ei, daat wesse mer scho laang)
Ech kennen vill Kritiker, dei glaad de contraire behaapt hätten
Franky
23.01.2008
gudden artikel vum Ronny… fannen dei Bewertungen alleguer bessen ze heich(an ze no beieneen), soss stemmen ech sengen argumenter awer zou!
Paulie
23.01.2008
hey Carlo
(sorry das ech dain numm masakreiert hat, mee du hues dech jo awa rem akannt)
ma mir geht et gud… an dir?
next keier sin ech nees dobei… dann huet och jidfareen eppes dovuener
ech mellen mech dann bei dir, fir den film kuken ze goen…
Claude
24.01.2008
SPOILER ALERT
Hei elo meng perseinlech an eierlech Meenung (wei ëmmer knëppelhaart awer gerecht) an se soll ureegen et dei nächtse Kéier besser ze maachen, falls et iwwerhaapt “eng nächste Kéier” gett. Et ass net beis gemengt, konstruktiv Kritik ass ëmmer wëllkomm an et ass eng Konscht och domadden emzegoen; mei dei beherrscht nach lang net jiddereen.
Wann ech eppes gudd/schlecht fannen, dann ass et fir mech och richteg gudd/schlecht, lest selwer!
MATRIX-TRAILER
– Näischt fir mech, well ech den original Matrix schon net extra fannen.
ÊTRE ET VIVRE AVEC
+ Technesch OK, soss awer extreem langweileg.
– Geheiert an dei Kategorie: “Haut gesin, muer schon vergiess!”
– Voll primitiv Geschicht: flaach an ouni Sënn. Ech fannen et mei wichteg eng gudd Story ze erzielen, wei technesch TOP ze sin an awer ze langweilen ouni ze ennerhaalen.
3/10
S-THERAPIE
+ Top Story, mat enger exzellenter an iwwerraschender Wendung dran. Spannende Film deen e mulmescht Gefill bei mer hannerloss huet. Am Geigendeel zum Trailer, dee mech bëssen ofgeschreckt haat.
+ Ganz spezielle Charme an e gudden, eegene Stil an Idee sin dem Film unzemierken. Plaatzeweis ganz dicht Atmosphäre.
+ Musek an der Reih an genial während dem Draam. Einfach top!
+ Flott Ausstattung: Mask war flott, Doktorkittel an dei Zeitungen am Ufank mat den bewegten Biller dran an och den Pëllenintro sin voll gelongen.
+ Effekter sin gudd agesaat: transparente Pierre fir ze weisen dass en doud ass, cool Draamszeen dei voll gelongen ass mat Faarffilteren, verschwommend Bild fir de Schwindelufall no der Pëll duerzestëllen.
+ Cool & passend Witzer, schon baal schwaarzen Humor:
“Dann ass de Buedem wei geleckt!”
“Ech hun heieren hei soll d’Iessen net gudd gewiescht sin.”
(eng Hommage un 31 MIN. “Ech hun heieren hei giff ouni Lizenz gefëscht gin.”
an THE NEBULA DAWN “Ech hun heieren hei giffen Geeschter beschwuer gin.”
– De Marc Rettel huet mech an all sengen Szeenen geschockt, wei en den Niveau vum Film an d’Lächerlecht zitt: fir mech ass sein Dialog net passend riwwerbruecht, jidder aanere Schauspiller an äerem Film ass minimum 10x besser. Hien ass hechstens e Parodist.
– All Gewalt-Szeen an Bludd ass einfach lächerlech an onglaubwürdeg. Misst mei intensiv sin. Bludd (wierkt zevill wässeresch) an d’Messer sin zevill laang gefilmt gin an dei ganz Szeen ass net gudd gemaacht. Daat hëllt dem Film vill vun senger Glaubwürdegkeet a steet an engem krassen Kontrast zum Rescht. Virun iwwer 10 Joer zu Pre-KML-Zäiten (BOLFACH) haaten mer ähnlech lächerlech Szeenen, dei dodrunner arenneren.
– D’Amy kritt eng op de Baack an et mierkt een direkt, dass et sech schon zevill fréih zitt an zuckt an och direkt an dei Richtung kuckt wou d’Hand hirkënnt, well et wees waat geschitt.
– Plaatzeweis schlecht Beliichtung: z. B. wou den Doktor Kaffee drenkt ass sein Gesiicht ganz däischter an d’Fenster saugrëll an iwwerbeliicht.
– Ech hätt de Pierre besser a mei enger grousser Roll gesin, well en emmer gudd spillt.
– De Claude Peiffer huet gudd a seng Roll gepasst, hun seng schauspilleresch Leeschtung am Nebula awer mei iwwerzeegend fonnt.
Der hutt dei beschten an och dei schlechsten Szeen vun alle Filmer vun desem Owend am S-Therapie: Draam-Szeen ass TOP an Rettel-Messer-Szeen FLOP.
6,5/10
NEAR YOU
+ Just d’Affiche ass halbwegs gelongen an erzeugt Spannung, well een net genau wees waat elo an deem onheemlechen Bësch soll sin. D’Bild ass cool just den “Near You Schrëftzuch/Logo” kennt net genuch raus an ass net iwwerzeegend.
+ Dei lescht Szeen, wou dee mat der Kaputze aus dem Tunnel kennt, ass den 1. Schrëtt an dei richteg Richtung.
– Musek
– Technesch katastrophal: wahrscheinlech mat 2 Kameras gefilmt an dohir dei Fuerfschwankungen (de Film gett emmer mei schwaartz-wäiss an ass farblos, deelweis en riesegen Gring- oder Blostach), Qualiteit saumeisseg mies, onscharf Biller, Gewackels wei e Kouschwanz an daat ass nach ennerdriwwen. De Zoom ass schlecht a falsch agesaat. (voll ruck-arteg)
Schlecht bis guer net beliicht, kloer am Kino ass et emmer mei däitscher wei um TV, mee esou extreem wei bei Near You hun ech et nach nie gesin.
– Keen eegenen Stil.
– D’Aangel mam Mikro gesäit een an der Autosfenster.
– Story ass flaach mat Längten a schro langweileg, ennerhëllt net. De Film hätt een locker op 10 Minutten keinten rofkierzen.
– 90 Stonnen Montage sin dem Film net uzemierken.
– D’Enttäuschung vum Owend! De Sall war NET mat engem neutralen, objektiven Publikum gefëllt, mee zu 50 % mat äeren eegene Leit, also praktesch en HEIMSPIEL. Den Applaus war iech esou schon vun vir eran secher, egal wei schlecht de Film ass.
Dee künstlechen “Sieg” hutt der net ansatzweis verdingt.
– Schleichwerbung am Groussen: Sins Cafe, Citabel, Coca Cola, Sony, Tshirts net neutral mat Jack Daniels an Beier…
– Null Schockmomenter oder Iwwerraschung. Schlecht an onduerchduechte Story.
– Domm iwwerflesseg an onpassend Witzer.
– De Film wimmelt nëmmen sou vun Blair Witch Elementer. Soen just: “Schlechte Film, schlecht kopeiert!”
– Genre verfeelt: mei Beziehungsproblemer gin behandelt wei Horrorelementer, sin net eemol erfeiert oder geschockt oder soss eppes. Sin just baal vun Langweil ageschloof.
2/10
DE BOMMELEEËR
+ Technesch Säit ass OK.
– Des 2 Episoden waren KENG PREMIEREN, haat se schon virun e puer Meint um Internet gesin! Daat ass jo eng Virtäuschung vun falschen Tatsaachen, sougenannten “Etikettenschwindel”!
– De Film [= typesch (anti-)lëtzebuergesch, (anti-)politesch, (anti-)Police…] trefft absolut guer net mein Nerv waat Humor ugeet. Genau wei “Club des Chomeurs” fënnt all “gudde” (gudden dommen) Lëtzebuerger, deen eppes op sech an sei Land hëllt och “de Bommerleeër” cool.
Egal op daat e Kand oder en aale Bop ass, op aarm aoder räich, männlech oder weiblech… jiddereen deen e gudden Lëtzebuerger well sin, muss des Filmer gesin hun an genau daat fannen ech eben net. Ech sin NET deer Meenung.
Bei 90 % vun de Lëtzebuerger trefft der do voll an d’Schwaartz an ech kenn net manner wei 10/10 fir dei Show teschenduerch gin, domat kritt der d’Leit op d’Homepage an och T-shirts hëllefen der Promotioun weider.
Marketing beherrscht der wei soss keen. Der sidd typesch kommerziell an maacht alles fir nëmmen der breeder Mass ze gefaalen no Motto nëmmen näischt Extraes maachen an och op guer kee Fall e Risiko agoen, well et soss séier keint riwwer sin mam Mainstream-Publique.
– Dei meeschten Soundsamples hun ech schon 100x heieren op aanere Plaatzen an waren schon zevill oft benotzt gin an hun dofir ofgeleiert geklongen.
– Um Flyer an am ganzen Film gesäit een direkt dass d’Bomm aus engem schwaarz bemoolten Basketball besteet, weinst dem Muster! (um Internet ass dat net opgefall, mee hei war et schon bëssen bëlleg)
4/10
GRIM
+ Schei Biller an Atmosphäre.
+ Deelweis spannend an myterieis.
+ Englesch Sprooch brengt baal iwwerall iergendwei eppes Profihaftes an de Film.
+ Schwaarz/wäiss/rout ass eng gudd a flott Iddee, leider awer näischt Neies (Schindler’s List, Sin City…)
– An der Mëtt e bëssen zevill laanggezunn.
– D’Rotkäppchen mam Piercing am Gesiicht ass onpassend an fannen daat deck null. Hätt een sollen raushuelen fir de Film.
– Keng wierklech Pointe. Den Ausgang war fir mech schon vun Ufank aus uns kloer an viraussehbar. Vläicht och well ech de Film THE COMPANY OF WOLVES gesin hun. Den Trailer weisst schon baal alles.
– D’Käpp vun de Monsteren gin zevill laang an vun zevill no gewissen. Se sin cool gemaach, mee op des Art a Weis gesäit een awer e puer Feeler wei dei Rillen wei ze zesummengesaat sin. Mei e seiere Schnëtt an bëssen Niwwel wieren besser gewiescht. Weniger ist mehr.
– D’Schrëft am Intro war vill zevill kleng an schlecht lesbar, dass ech souguer am Kino op der Riesenleinwand vun der 4. Reih Problemer haat eppes ze entzifferen.
Soen just daat heiten Zitat: “Schrift hat vornehmlich die Aufgabe lesbar zu sein, nur dadurch erfüllt sie ihren Zweck. Dies macht sie zur Mittlerin von Information und Wissen.”
– D’Musek ass cool a passend, mee leider deck null fir all Leit dei schon den Nebula gesin hunn, well do genau dei selwecht Musek dran ass an een dann direkt dei Biller virun Aaen huet.
7,5/10
zum Owend selwer:
+ Dese Filmowend rappt mecht net vum Hocker, mee 2x huet en awer gewackelt an daat bei Leit (Yves, Pierre) dei schon Filmerfahrung hun.
Fir mech hun dei 2 Leit, dei bei KML waren nach dei beschten Filmer vum Owend gemaach, soss hätt et sech net gelount dohinner ze goen.
– Ticket Problemer, an dofir schon genuch Kritik am Virfeld, bevir et iwwerhaapt ugefaangen huet. Organisatioun war deck mies!
– Et sin net nëmmen Horrorfilmer gewissen gin, mee awer aaner Genres.
– Eisen DREAMER’S DREAM Trailer war ouni Sound.
– Nach weider technesch Problemer am Kino wei d’Bild: et war emmer duebel, also en faarwege Schied war nach eng Kéier versaat hannert dem normalen Bild.
PS:
@ Carlo: Mer maachen en Headbang-Contest am Plaatz vun Loftguitar-Spillen!
Do sin ech emmer prëtt, ausser den Dag virdrun war e Concert.
Barnig
24.01.2008
KLOOOOOD
Bass de endlech faerdeg
Hues de net mei negativ Punkten fonnt !?
Gin der net iwerall recht! Scho guer net, wanns de BLAIR WITCH schaiss fenns, well daat ass ee vun de glorraichsten Idee’en dei Leit konnte maan!
Dass de am S-Therapie de Marc Rettel sou beschellegs, kann ech der awer just soen, fir mech spillt de Claude Peiffer graad su schlecht, an deen huet enplus och nach Experienz (Nebula)
A naicht geint de Bommelee’ er!
Paulie
24.01.2008
hei wei as dat das DREAMER’S DREAM ouni sound wor?
Barnig
24.01.2008
En haat an deenen eischten 30sek. keen Toun,
war leider och direkt am Ufank vun der Trailershow, an daat leider och direkt um Ufank vum Owend.
En Testbild hätt Feierblumm kennen virunalles setzen, am plaatz direkt ze starten.
Mee bon bei Caramba, ass sou eng Art pann na naicht
Paulie
24.01.2008
fannen dat zwa schon schlemm… sou kann een den film oda trailer gud vorscheissen…
hoffen caramba a feierblumm leiren bei, das su eppes net grad mei geschit …
Franky
24.01.2008
domat huet feierblumm nix ze din(muss dei mol rem an schutz huelen)
sou pannen gescheien emmer(denken grad zereck wou den Zombiefilm am utopolis mat engem falschen bild gelaaf ass.. reischt no 15 min war den problem geleist
Barnig
24.01.2008
Frankyyy… bass de gud gelaunt haut oder weih ? Huet sech den 19ten owes awer net su unheiren
Paulie
24.01.2008
e risiko get et emmer, do sin ma eis eens.
den risiko das eng pann geschit, kann een su kleng wie meiglech hallen endems een en entsprichend ofsegert…
Franky
24.01.2008
EGAAAAL
MOIEN..
schwup
24.01.2008
wollt just nach eng kleng remarque fir den Kloood hei machen also daat ech dohinner kucken wou d’hand hier kennt ass usech gewollt gewierscht,fir zeweisen daat ech su hallef wees waat lo kennt (ass vlait jo net dei eischte keier gewierscht daat ech eng op den baak kruut..) sou haat ech et verstaanen an deem entspriechend gehandelt
sin awa ganz enttäuscht daat dei szeen mam blut um messer net gudd riwer kennt ,haaten eis do awer mei gin,an wanns de eng keier probeiers der d’ooderen ennert dem laafenden waaser opzeschneiden gett dain blutt awer och mei dennflesseg (lo awa net fir doheem nozemaan)
Barnig
25.01.2008
Jo mee daat ass awer trotzdeem net sou … Also kann ech mer mol virstellen.
Oft, hellt een sech mega vill Zait fir su cool a realiteitsgetrei wei meiglech Effekter ze maan, a wieren dann trotzdeem haneno lächerlech.
Mir haaten och schon ähnlech experienz! Mee daat ass -denken ech- awer o net sou schlemm, well all Mensch awer wees dass heimader “Blud” gemengt ass, ass eben just komesch
Georges
26.01.2008
CLAUDE
also deng kritiken sin jo ganz ok gell …me bezähm deng wieder mol bessen…mer sin ganz offen fier kritik awa net fier freschheeten.eng kritik as net gleich en veraaschen…!!!
fier iescht iwwerleen an dann schreiwen.
denen aneren soen mer all merci fier hier konstriktiv kritik,an huelen dei geren un
Claude
27.01.2008
Fänk elo net hei u mat kreischen. C’est la vérité qui blesse!
Wou hun ech dann eng Freschheet/Veraarschung a menger Kritik iwwert ierch geschriwwen?
Ech sin mer KENGER Schold bewosst. Mengst du dann dass dei aaner Filmer bei menger Kritik besser wech komm sin? Hun just daat geschriwwen, wei ech dei Filmer empfond hun an et ass nëmmen normal dass däer mat “quasi null Erfahrung” an äerem allereischten Long-Métrage net kennt erwaarden, dass all Kinosgänger daat esou super cool fënnt, et ass jo schliesslich nach kee Meeschter vum Himmel gefall an jiddereen fänkt eemol kleng un, OCH DU!
Dei eenzeg Beleidigung dei hei an desem Thread ass, keint vun däer.
“fier iescht iwwerleen an dann schreiwen.”
Ech hun laang nogeduecht bevir ech ugefaangen hun mat der Kritik ze schreiwen (dovir ass se jo och als lescht komm), mee wei et schengt, bass du deen Eenzegen, deen net iwwerluecht huet, bevir en ugefaangen huet mat filmen, well de Film voll ass mat onlogeschen Saachen an Ongereimtheeten.
Ech mengen vill Leit sin net 100 % eierlech an sou oppen wei ech, an dei verharmlosen dei negativ Punkten an hirer Kritik. Sin dei “Schleimscheisser” der dann leiwer? (siehe Artikel am “Journal” wou all Film eng Bewäertung vu minimum 50/60 kritt, domat ass kengem gehollef…) Bei mäer wesst du emmer, wous du dru bass an dass et nach e ganz weite Wee ass fir richteg cool Filmer ze maachen.
Georges
27.01.2008
an och wanns de mengs du hess neicht gemat….calmeier deng wieder.ech hun jo net gesot dats du onrescht hues!!!dei meescht punkten gin ech der 100 % rescht.hun just gesot dats du et koomesch formuleiersbon loos et sin opschiddenfalls hun mer eis könstlesch amüseiert…
vill erfolleg an ma weider sou
cya
Barnig
28.01.2008
KLOOOOOD
Thierry
29.01.2008
Hey CLAUDE deng Kritik ass mega … hun gudd gelacht
Dann sin ma eis jo eenz ,dass du vun eisem Film genau sou vill hälls wei ech vun ären Filmer …
Mee iwa Goût leist sech jo andscheinend nett streiden ! oda
Dain Zitat:
– D’Enttäuschung vum Owend! De Sall war NET mat engem neutralen, objektiven Publikum gefëllt, mee zu 50 % mat äeren eegene Leit, also praktesch en HEIMSPIEL. Den Applaus war iech esou schon vun vir eran secher, egal wei schlecht de Film ass.
Dee künstlechen “Sieg” hutt der net ansatzweis verdingt.
…..Sorry mee hun vapasst dass daat Ganzt eng Competitioun soll gewiercht sin ??
Dain Zitat:
– De Film wimmelt nëmmen sou vun Blair Witch Elementer. Soen just: “Schlechte Film, schlecht kopeiert!”
Daat as eps waat mech schon mei lang beschäftegt , ech weilt gaer een Zesummenhang mat Blair Witch an eisem Film wessen ausser Besch ?? Blair Witch as en aneren Film ,eng aner Geschicht an eng aner Liga …
Freen mech op dain(oder ären) nächsten Film ,kritiseieren ass eng Sach et besser maan eng aner …. ech sin gespaant !
Vir den Rescht merci vir deng an denen aneren hier Meenungen , ech respekteieren se
Barnig
30.01.2008
Salut Thierry, a merci fir dai statement.
Ech kann der just soen, waat ech dem Georges och scho soot: Huel daat net sou eecht! Eise KLOD steppelt graad su gären wei de Carlo a ka selwer mol kee Film eleng maan
Geff eis (KML) net d’Schold, wa mir een hun deen hei seng intimsten Details zu all Film praissget!
Mir kennen jo net dofir An de KLOD schauspillert just!
Vu que dass ech de Gros vun alle Filmer maan, wier ech frouh, wanns de dann awer och geings eng Kritik oder Analyse iwer ee Film nidderschreiwen, am plaatz just ze soen “dass de naicht vun eise Filmer hälls”
Waat hues de da vun eis gesin “Mona”? “Nebula”?
wier relax, eis ebs dozou ze zielen!
Franky
30.01.2008
punkto KLOD: hien seet seng Meenung, hien huet och keen Skrupel professionnelen Hollywood filmer dei wochenlaang op plaatz 1 wachen eng 1/10 ze gin
an den claude huet seng Meenung, dat ass net d’meenung vun KML, mengen mer sin all Menschen mat eiser eegener Meenung.. also gehait dat net alles an deen Deppen (hien dreihnt och keng filmer an sou…)
“es handelt sich um eine Art Blair Witch Project” huet een Filmkritiker(den sain handwierk versteet) am Journal geschriwen… mengen et hun mei wei nemmen puer Persounen een Lien tescht Near you an BW gemach…. Am Kino war dei ganz Reih hannert mer dei iwer BW geschwaat huet….Wiesou dat sou ass wees ech net
“Dann sin ma eis jo eenz ,dass du vun eisem Film genau sou vill hälls wei ech vun ären Filmer …”
fannen dat bessen heich gegraff, ech wees jo net weieng Filmers du vun eis gesin hues… et geing mech freen wanns du dann ennert all eis Filmer och eng Kritik schreiws(waat gudd an waat schlecht ass) well nemmen durch Kritik kennen mer besser gin. Mee sou weit ech wees hun ech dech dei lescht 10 Joer nie op enger Filmvirstellung vun KML gesin…dofier verwonnert mech dat ganzt
Als Compétition hun ech den Owend net gesin, well d’Filmer waren vum Thema an der Qualiteit einfach vill ze vill ennerschidlech.. dofier war et net meiglech se ze verglaichen (et hun leit hieren eischten Film gedreihnt, aner mei “aal Huesen” hun hieren cirka 10ten Projet virgestallt, dei eng haaten keen Budget.. dei aner eng HD cam… etc.)
CArLO
30.01.2008
Aslo HALT mech aus dem ganzen eraus ech hun hei naischt geschriiwen an wärt och naischt schreiwen
OK
CArLO
Barnig
30.01.2008
jo dei meescht haalen sech eraus, fannen daat awer och net onbedingt positiv.
Daat hei ass eng open Plattform, op een daat ganzt lo mat organiseiert huet oder selwer e Film dabei haat, ka jo ganz egaal sin, oder net
Soss misst jidereen sech hei eraushaalen, wann een net mei däerf schreiwen, nemmen well een ee kennt deen ee kennt, wu vlait kinnt beis gin.
Fannen daat vill mei schlemm, oder net! ?
CArLO
30.01.2008
Nee ech fannen dat net schlemm an ech hun dat och guer net gär wann main numm siteiert get, ech hun schon e schlechten numm am forum hei an well net nach mei schlechte numm kreien Pasta
Ech hun et jo schon um owend fum Indy selwer gesoot dass ech naischt giff am forum schreiwen och DEI MEENUNG ass ze respekteieren oder net?????????????????
Ech hun jo och meng grenn fierwat dass ech naischt hei schreiwen an wann dat engem net passt dann mussen dat stoen lossen
Franky
31.01.2008
@carlo: wou bass du dann hei rangezunn gin?? mengen et huet keen vun der geschwaat? oder hun ech eng verpasst?
wou hues du dann een schlechten numm hei am forum?…
dass den carlo an aner leit keng kritik schreiwen, dat ass hieren business… dat verlangt och secher keen
fannen dat alles hei soulues bessi extrem iwerdriwen jiddereen reageiert sou gereitzt sensible wann eppes gesot get oder een seng meenung schreiwt…. mee iergendwei schengt et awer all mensch ze interesseiren well eisen site an forum tonnen hits huet… naja…
Trotzdem fannen ech et gudd wann letz amateur szeen och geigenseiteg hier meenung iwer aner filmer geing soen…mengen nemmen durch kritik kann een leiren.. an kritik vun aneren filmemacher ass secher vill mei wert wei kritik vun der famill oder frenn. Mee leider liewen mer an engem klengkarreireten arschkriescher letzebuerg, wou all mensch einfach nemmen schiss huet eppes “geint” een aneren ze soen… Dobai verstin ech nach emmer net wiesou een “geint” een aneren eppes seet wann een zb seet: “aeren toun war net gudd”.. dat ass einfach eng perseinlech feststellung wouvun all mensch eppes huet. Ech mengen mat sou kritiken helleft een deenen aneren just weider, dass een fir den nächsten film eppes änneren oder verbesseren kann falls een kritik berechtegt fennt.
mee bon, et sin eben zevill leit dei kritik mat gesteppels verwiesseln an sou nom motto : wann ech enger anerer filmcrew eppes negative opzielen, dann hun dei een hals op mech, respektiv kennt et dann sou riwer dass ech alles besser kann, also angeber style,”.
IHPS
31.01.2008
Due to the immense success of its first presentation at the Ariston, the independent film festival The Indie Horror Picture Show will be brought back to the big screen, March 27 at the Rockhal!
Barnig
31.01.2008
Sou speid ??
Kann ee keng “nei” Oplaag maan?
Bis dann hätte mer eisen DREAMERS DREAM warscheinlech faerdeg ??
CArLO
31.01.2008
UPS hun ech eppes gesoot
wrong time wrong place
petz
13.12.2008
Mat e bessi Verspéidung, dann hei nach kuerz meng Andréck an Iwwerléungen zur Indie Horror Picture Show:
1) Fannen d’Initiative als Ganzt einfach flott an hoffen, dass sie beigehaal an widderholl gët.
2) Hätt 10 EUR Entrée gefroot, domat all Club vun all Entréesticket 2,5 EUR fir an seng Kees gehaat hätt, waat bei ronn 200 Ticket’n jo eng schéin Recette gewiecht wier. Mengen och nët, dass irgendeen Mënsch een Problem domat gehaat hätt, daat ze bezuelen.
3) Hun d’Organisatioun vun der Soirée selwer fir eng éischt Editioun ganz sympathesch fonnt an gesin do keen Kritikpunkt, ganz am Konträr, fannen daat flott, dass och DVD an Merchandising op der Plaz verkaaf goufen an die ganz Amateur-Szene sech do treffen konnt.
4) Waat elo d’Qualitéit vun den Filmer ungeet, wöll ech einfach vum Ronny sengem Artikel am Journal ausgoen:
– Fannen ett perséinlech absolut doniewt fir den Filmer esou héisch Noten ze gin. Eischtens gët ett dann keen Spillraum méi no uewen, waat wann een d’Qualitéit vun den Filmer kuckt, einfach net realistesch ass an zweetens erwächt een do bei Leit, déi d’Filmer nach nët gesin hun, Erwardungen, déi dann just können enttäuscht gin.
– Ett mëcht een kengem jonken Réalisateur een Gefaalen wann een seng éischt Filmer als quasi perfekt Konschtwierker duerstellt. Wann mäin Film eng 55 oder 58 géif kréien, dann géif ech mer soen: “Siehste, ech soot der jo, Filmer machen ass guer net esou schwéier, daat kann all Mënsch an mäin Film ass einfach den Knaller!”
– Fannen ett och nët richteg, dass d’Noten allegueden esou no bei enee loungen well d’Qualitéit vun dern Filmer wor bei wäitem nët esou eenheetlech wéi daat am Journal duergestallt gouf.
Perséinlech hätt ech d’Filmer esou évaluéiert.
– Bommeleeër : 48/60
Fir mech ganz kloer deen Film deen einfach am beschten fonktionéiert huet an technesch am proppersten réaliséiert an gespillt wor, egal ob een elo den Genre gudd fënnt oder nët. Ett wor einfach gudd, efficace, kuerzweileg Ennerhaalung an daat ass mol guer nët esou einfach hinzekréien.
– Grim : 42/60
Een enormen Schrëtt no vir fir den Yves Steichen. Groussen Bravo! Vun den Biller hier ganz iwwerzeechend an stilsëcher en scène gesaat. D’Geschicht selwer wor awer kaum spannend an huet och keng richteg Iwwerraschung bruecht, well dach all Zuschauer ganz séier gespuert huet, wéi d’Sach géif ausgoen. Verstin just nët wéi een bei esou engem – dach duerch an duerch maîtriséierten – Kuerzfilm d’Opening Credits esou an den Sand setzen kann (ze kléng, ze onlieserlech), zemols wann een gesäit wéi gudd d’End Credits fonktionéiert hun. Mystère!
– Near You : 33/60
Een eemenz flotten Projet, aus deem awer sëcher méi hätt können gemach gin. Gudd gefall huet mer den Enthusiasmus vun der ganzer Equipe an vun hierem Fanclub, deen nët ze iwwerhéieren wor. Amateurfilmer sollen jo och Spaas sin. D’Geschicht wor – waat fir deen Genre vun Film üblech ass – zimmlech dënn an nët wirklech spannend. Den Montage wor fir een éischten Film wirklech beandrockend gudd, vu dass en kaum opgefall ass (waat am Montage emmer een Zeechen vun Qualitéit ass). Onverzeihlech fannen ech perséinlech den Asatz vun echten Filmmuseken. Ett gin genuch talentéiert Gruppen an Musiker zu Lëtzebuerg déi absolut capabel sin esou Museken selwer ze man an och bereed wieren daat gratis ze man. An ett gin och exzellent “fräi” Musekstécker déi een fir wéineg Suen samt allen Rechter op CD kaafen kann. An ett gin ganz performant Musek-Softwares déi eng Musek quasi automatesch komponéieren kännen an duerchaus valabel Resultater bréngen. Beliichtung wor deelweis einfach inexistent, esou dass een guer näïscht erkannt huet. Daat kann (soll awer nët) virkommen, mee dann soll een die Szenen aus dem Film eraushuelen oder frësch dréihen. Géif awer gär een zweeten Film vun Pulsa gesin well als éischten Film hun ech Near You ganz vill verspriechend fonnt.
– S-Therapy : 30/60
Interessant Thema mee einfach ze lang an ze flach gefilmt a gespillt. Do haaten dach etlech Leit am Kino Problemer fir iwwer die ganz Distanz roueg sëtzen ze bleiwen. 10-15 Minuten méi kuerz hätt ett och gemach. Den Choix vun den Décore’n wor wirklech net gudd an op d’Beliichtung ass guer net opgepasst gin. Een Haaptakteur virun enger Fënster am contre-jour ze filmen ouni die mansten Ausgläichbelichtung, dierft esouguer engem Amateur nët wirklech passéieren (ausser ett ass esou gewollt, fir den Akteur bewosst am Schied ze loosen, mee daat schengt hei net den Fall gewiecht ze sin)
– Etre et vivre avec : 36/60
Fir mech deen Film mat der beschter Schauspill-Leeschtung a mam interessantesten Thema. Technesch nach e puer kléng Schwachstellen, mee soss am Fong zimmlech iwwerzeechend. Een Film vun deem ech gär méi gesin hätt.
Voillà meng bescheiden Meenung zu deem Ganzen. Ah jo, wann ech hätt missen onsem ZombieFilm eng Nummer gin, hätt ech him 39/60 gin…
Franky
14.02.2008
fannen emmer gudd dem petz seng eierlech awer trotzdem elegant diplomatesch ausgedreckten kritiken ze liesen.
gin dem petz bei folgenden punkten recht:
-et soll een wirklech spillraum lossen… keen vun eis ass meeschter… an just mat kritik kann een besser gin… all film eng note vun iwer 50/60 ze gin brengt kengem eppes
-entrée wier absolut eng gudd idee gewierscht.. och wann den ganzen owend gesponsert war, sou hätten filmproduktionen eng kleng kompensation fir hier arbescht kritt, an et wier wirklech keen gewierscht den NET gaeren sain entrée bezuelt hätt
CArLO
14.02.2008
Den Petz huet dach fun Tutten an Blosen keng ahnung een dem sengem egenen Film eng 39 get misst aus desem Forum gebannt gin
Wann ech keng invitatioun fier den Festival krutt hätt wier ech net komm………….
Barnig
14.02.2008
De Petz huet bislo dei beschten a virbildlechsten Analyse gema!
Schneid der mol do ebs of, Carlo
CArLO
14.02.2008
Marc ech kennen den Petz schon iwwer 30 joer, an kann dier just soen dass den emol net wess wei en eng Camera unmescht resp. wei en eng Camera bedengt dat seed alles.
Ech mengen dier keint Iech awer och all eppes bei him offschneiden
Georges
16.02.2008
Salut petz,
merci fier deng kritik,mer huelen dei geren op.
Just kuez zu der beliichtung:mer hun ganz gud opgepasst dat et net ze deischter gett,den problem war dat mer sou naiv waren an gemengt hun dat den projektor dei voll limusiteit rem gett.wanns de den film um TV kucks as keen problem do.Mer hun vill opt konturen bei den ‘Action-Szenen'(wann dat net ze heig gegraff as) geschafft ,an natierlech huet en dat dann baal net gesin.
Aus Fehler leiert en.
cya
petz
18.02.2008
Salut Georges,
Ech haat daat effektiv nët erwähnt, mee den Projekter deen Caramba fir d’Indie Show benotzt huet, wor wirklech eng Katastroph. Nët nëmmen, dass en zimmlech liichtschwach wor, mee hien huet och nach zimmlech stark Schieder geworf. Schlëmm genuch, dass die meescht Consumer-HD Kamera’n an den Randberäicher mat chromateschen Aberratiounen ze kämpfen hun, wann dann och nach den Projekter nët propper agestallt ass, dann kann d’Qualitéit am Fong just nach d’Bach oofgoen. Ech hoffen, dass Caramba den Projekter geschwönn ersetzt well daat wor wirklech nët schéin ze kucken.
Dass een op TV nach eppes gesäit an der Disco-Szene gleewen ech gär, mee och do muss d’Bild wahrscheinlech schon zimmlech donkel sin. Luminositéit ass eng Saach, Kontrast eng aaner. Wann e bessi méi Kontrast an der Szene wier, wier sie wahrscheinlech och besser riwwerkomm. Mee kritiséieren ass einfach, besser machen an weisen göllt. Fir een éischten Versuch wor Near You wirklech vielverspriechend an haat vill gudd Usätz. An ons Team wees wéi frouh een ass, wann een Film endlech färteg gedréiht an montéiert ass. Ech hoffen op allen Fall dir macht weider Filmer. Ass schon eppes am Tube oder macht dir elo mol Pause?
Bis geschwönn
petz
18.02.2008
@carlo : Hmm, bei den Testopnahmen den Sonnden huet een Ersatz-Kameramann nawell ganz flott Testbiller mat verschiddenen Déiwtenschärften geschoss. Ech haat d’Gefill, dass den Ersatz-Kameramann do nawell besser eenz gin ass, wéi die zwee Kameramänner C + D. Mee daat ass och just een Gefill daat ech haat an Gefiller täuschen jo anscheinend…
Barnig
18.02.2008
Hut der scho mat ären Testopnaahmen ugefaangen?
CArLO
18.02.2008
Petz……………
Deiwteschärft huet dat naischt domad ze dinn wen firun der Camera steed ?????????
Well esou weit ech wess war dei opnahm wou den HaaptCameramann firun der lens stung deng lieblingsopnahm oder net??????????
petz
18.02.2008
@marc
Mir sin just am gang die üblech Testopnahmen ze machen fir eng nei Kamera kennen ze léieren: Déiwtenschärft variéieren, Shutter-Speed variéieren, Liichtempfindlechkeet testen, verschidden Opnahmen-Formater vergläichen (1080i, 1080p, 720p, etc.), mat den Gamma-Settings spillen, Filteren an Wäitwenkel-Adapter ausprobéieren, under- an overcranking, etc., etc. Mir hun keng Loscht méi een Tournage ze man ouni ons Material an seng Méiglechkeeten (an Limiten) ze kennen. Ett ass ganz erstaunlech waat een haut mat enger Digital-Kamera alles machen kann. Ech sin begeeschtert.
petz
18.02.2008
@carlo
Richteg, mee ech hätt léiwer meng Lieblings-Opnahm wier déi wou den Haaptkameramann HANNERT der Kamera steet!
Barnig
19.02.2008
Wat fir eng Kamera hut der dann des keier?
Nees eng Canon?
Oder endlech: SONY
petz
19.02.2008
Weder Canon nach Sony. No ganz vill Vergläicher tëscht den verschidden HD-Modeller, hun mir ons fir d’Panasonic HVX200 entscheed. Ett ass die eenzeg HD-Kamera déi souwuel HD1 (720p) wéi HD2 (1080i) ennerstëtzt, eng Farwopléisung vun 4:2:2 (aplaz vun 4:2:0 oder 4:1:1) offréiert, echten over- an undercranking (also Zäitlupe an Zäitraffer) erlaabt an doriwwer eraus mat engem fir déi Präisklasse ganz gudden Objektiv ausgestatt ass. An den States hun sie déi Kamera ennert aanerem fir TV-Serien wéi “4400” agesaat. Kamera höllt am DVC PRO HD-Format (100 Mbs/Sekonn) an nët am HDV-Format (25Mbs/Sekonn) op
Barnig
19.02.2008
ulaa
relax!
Bei eis op der arbecht haaten se eemol eng Demonstratioun dovun gemaach.
Genial fannen ech den Asaatz vun deenen Chipkaarten, wus de all material direkt dorop setzs, allerdings muss de puer deser Kaarten hun, an den eenzegen Nodeel ass, dass de keen Archivage duerno kanns maan, et sierf dann du behälls deng Kaarten wei deng (aal) MiniDVs, oder brenns der dai Rohmaterial op DVD.
Dir hutt bestemmt genuch ze din, fir ärch do an all Optiounen anzeschaffen
Mee Resultat wäert natirlech optesch quasi perfekt gin.
petz
19.02.2008
Optesch perfekt sin d’Opnahmen nët. Dofir bréicht een wahrscheinlech eng RED-Kamera mat engem gudden Objektiv, mee do ass een dann direkt an aaneren Präisklassen. Mee d’Qualitéit ass wirklech nët iwwel, besonnesch waat Duerstellung vun den Farwen ungeet. Ett gin sëcher méi scharf Kameraen um Marché, mee interlaced Opnahmen esou wéi HDV-Kameraen sie ophuelen, iwwerzeechen mech nët. Do gesäis du bei all Schwenk den typeschen Zeilensprong-Kamm-Effekt. Dann géif ech nach léiwer 720p wéi 1080i ophuelen. D’HVX kann iwwregens och 1080p ophuelen, awer dann just mat 25 Biller pro Sekonn (waat dem Kinoformat vun 24Biller/Sekonn schon zimmlech no kënnt).
Op Karten opzehuelen fannen ech peséinlech eng super Solutioun. Wann sie voll ass, stechts du sie einfach an däin Laptop an höllst daat Ganzt eriwwer ouni iwwer den Capturing-Tool vun engem Schnëttprogramm mussen ze fueren. Daat ass schon eemenz praktesch an erlichtert den Workflow ongemeng. Waat den Archivage ungeet, benotzen mir einfach 2 externe Harddisken (daat kascht nët vill, an du hues am Verglach zum Band direkten Accès op Daten). An du kanns natirlech Opnahmen déi näischt gin sin, direkt erem vun der Kart löschen waat bei Band nëtr esou propper ze machen ass. Mol kucken wéi d’Kamera sech wärd um Tournage schloen.
Ett gin effektiv emmer méi TV-Sender déi op den P2-System vun Panasonic emsteigen well en gudd, praktesch, séier an robust ass. Dobäi ass den klengen Modell deen mir hun nët méi deier wéi eng gudd HDV-Kamera.
Franky
06.03.2008
den 25/03/08 an der Rockhaal!! Fir dei leit dei dei eischten keier net dobai waren, also NET verpassen, ass een interessanten Mix vun Filmer.
Barnig
07.03.2008
eigentlech sin et jo lo keng premieren mei
Franky
07.03.2008
jo kloer sin et keng premieren mei, mee fir dei leit dei nach keen film gesin hun, fir dei ass et eng première
Interessanten detail:suche die Unterschiede
Barnig
07.03.2008
fannen deen zweeten flyer besser!
Barnig
27.03.2008
Den Owend ass dei 2t Session an der Rockhal.
Denken dass do vill manner Atmosphäre riwer kennt, wei am Ariston!?
Wisou iwerhaapt sulaang waarden, fir d’Reprise? An dann och nach op enger Plaatz dei net fir Filmer gemaach ass?
Franky
27.03.2008
ma an rockhaal kritt een vill mei leit ran!
Jo kloer kritt een do net dei selwecht stemmung.. mee dat ass eben den kompromiss vun der sach
Barnig
31.03.2008
Gouf et dann des Keier nees fraien Entree, oder huet ee misse bezuelen?
A ware vill Leit do?
A wei war d’Ambiance
Franky
18.03.2009
25ten Abrell 2009 -> Ciné Belval!
IHPS 2
Barnig
19.03.2009
Hoffe mer dass des keier d’Filmverainer am Land och inviteiert gin …
Franky
25.03.2009
de programm ass villverspriechend!
Barnig
25.03.2009
..a gud gefellt:
Date-Lesch (12′)
De Bommeleeer: Episod 113 (12′)
Dreamcell (12′)
Lei, lui e l’altro (8′)
Marie Side (20′)
Meet Myself (12′)
Of a Demon in my View (15′)
Ricky (7′)
TV-Fresser (2′)
Franky
27.03.2009
schon iergendeng details zum ticketverkaaf?
Franky
08.04.2009
trailer ass bei feierblumm.com online
Barnig
08.04.2009
fannen dass d’musek net passt …
fier sou “onheemlech” filmer
Barnig
17.04.2009
Gin et schon Infos zu den Ticketen?
Philippe
18.04.2009
ech mengen du gees dohin an keefs einfach dein ticket an der kees. gleewen kaum dass sou een groussen sall ausverkaaf wärt sin. ech haat de sacha och schon gefroot wei et mat den ticketen laafen wärt an hien soot dass een se wahrscheinlech einfach an der kees keeft.
Barnig
20.04.2009
hun daat och lo sou an der voix geliess…
Okey,.. da mache mir daat
Franky
21.04.2009
Okey, ech sin zwar weder an der organisation, nach bei engem club dei et organiseiren.. mee ech proposeiren mol folgendes :
Virverkaaf bei caramba.lu ab 22/04/09
Barnig
27.04.2009
Bon mir hu leider net mei su vill Zeit wi freier, fir emmer komplett Analysen vun all Film hei nidderzeschreiwen (jiderfalls ech net mei) dofir versiichen ech awa a puer Wieder den Owend ze resumeiren:
Virop: Et war e flotten Owend, all eis ängscht vum leschte Joer, op net genuch Ticketen an der Oweskees sin, hun sech net afellt! Et war genuch plaatz an deem flotten APsSall vum CineBelval.
Eng gratis gesponsort Coupe virun der Entree an an der paus, mecht en Owend ganz secherlech net schlechter obwuel ech no der 2ter Coupe dunn awer leiwer op de Beier emgestiegen sin. Hei maan ech eng kleng Klammer fir de Carlo op (2,50 Euro de Becher ass schlemmer nach wi op der Filmakers Night wu en op 2 Euro war) Wubai ech mech jo versiichen anzesetzen dass mer en op 1,50 kreien. Mol ofwaarden,…)
Mee lo zu de Filmer:
Et war eigentlech naicht schlechtes dabei! Daat ass mol schon daat eischt grousst kompliment. Puer Filmer haaten zwar duerchaus hier Feehler oder Macken, mee soss war alles ok.
Mai perseinleche Favorit vum Owend war den 3te Bommelee’er an daat ganz einfach, well des Serie lo zenter 3 Joer emmer nach funktioneiert, an och emmer nees get een an d’Story ragezunn. Net ze vergiessen natirlech dei flott Live-Inszeneierung virum Film. All Respekt
Den “DEMON IN MY VIEW” hun ech lo fir 2te keier gesin, an huet mer wesentlech besser gefall wi di aller eischte keier.
“MARIE SIDE” war och en imens gude Film (dat soen ech net, well de Fred och e Kolerer ass mee einfach, well e mat schliicht an einfache mettelen (Kamera: Mini-Handycam) Emotiounen an Atmosphäre aschaffe kann, di aner Leit mat decken HD-Cams net hikreien, a soumader einfach d’Tatsaach namol an de Raum scheisst: “Fir e gude Film brauch ee keng gud Kamera!”
“DATE-LESCH” huet mech köstlech ennerhaal, mee ass net riichteg e Genre vu Film wu ech lo gären kucken. War dofir lo bessi astaunt dass di meescht mat deenen ech no der IHPS geschwaat hun, deen als Favorit gesin hun. Ze awähnen muss een awer di exzellent schauspillerech Performance fir sou en Amateurfilm. Well ouni daat, hätt de Film secherlech net geklappt.
“MEET MYSELF” vum Georges: E grousse Schratt novir, wann ech mer virstellen, dass d’lescht Joer nach den NEAR YOU do gelaaf ass. Bon bessi zevill Texter, an dann op letzebuergesch schreckt natirlech emmer nees of. Mee gail Locations an de Reen um Schluss, war -baal- feehler los gud inszeneiert.
“TV FRESSER” an 2min. ebess aklärt. Ass eng gud Idee, allerdings wär 1min. vlait och schon duer gaang. -> Eng ganz sympatesch Realisatrice
Voila, souvill zum klenge Bilan.
Schued war et eben just, dass sech d’ Organisateuren enner sech net eenz waren, wien wat fir eng Kopie op d’Soiree matbrengt, an dann zur Konsequenz deelweis eng super schaiss qualiteit respk. komprimeirung serveiren.
Fir sou “Tester” muss een menger meenung no einfach den DVD zur Secherheet mat op d’Soiree brengen, fir de Fall wou.
After-Party, ware leider vill Leit schnell fort, war awer eng gudd Idee. An ech hoffen dass et nach lang gedauert huet.
Op alle Fall maacht su weider, an da free’en mer eis op IHPS 3 !
Franky
28.04.2009
schreiwen demnächst eng länger kritik.. stay tuned
Franky
28.04.2009
Zum Owend allgemeng:
+ besser organiseiert wei leschte keier
+ dauer vum programm war ideal mat gutt getimeter paus an der mett
+ gudd ambiance an der oftrennung virum sall
+ stänn vun den eenzelen verainer
+ quasi all film club war vertrueden; als visiteur oder mat engem film
– traileren??
– Musek op der afterparty war net ideal; wann leit grad aus dem kino kommen an iwer filmer diskuteiren wellen ass haart disco musek net direkt dat richtegt
– de gros vun de filmer ass schon min. 2-3 gelaaf
Meng meenung zu de filmer(mei plusen bedeit net onbedingt dass den film besser war, mei minusen och net dass en mei schlecht war.. sin just sachen dei mer opgefall sin). Ass meng perseinlech meenung, net dei vu KML,
Meet Myself
Am allgemengen vill besser wei den eischten Pulsa film. Technesch huet de film mech iwerzeecht, vun der Idee an akteuren awer iwerhaapt net.
+ passable realiseiert (eegen outfiten, garage, auto..)
+ gudd Kameraarbescht
+ schnett a filteren kommen gutt riwer
– voice over ass extreme steierend an wier net neideg gewierscht, dei typesch letzebuergesch witz stemm zitt dat ganzt an richtung parodie.
– akteuren: dat ganzt klängt wei am theater! D’Sätz kommen extreme künstlech mat enger theaterstuff atmosphere eriwer. Den L. Spada zum beispill stung dach virun joeren öfters op der theaterbühn,.. fannen dass hien do genau sou gespillt huet. Idem fir den aaneren haapakteur wou einfach keen saatz natirlech riwerkennt.
– story: fänkt spannend un; hällt banal an viraussehbar op. Wiesou sin vagabunden all sou mega schick ugedo? Wiesou sin se gepflegt bis an d’hoerspetzt? Sie wellen jo leit bekeiren, hinen vermettlen dass optrieden, optic an suen net alles sin,… mee wiesou klauen se dann an gesin selwer 1A aus?
Wei d’niewenakteuren ugedo sin an op den Still remhänken erennert mech zwanghaft un clockwork orange.. naja..
Ech hätt et zb cool font wann nach eng szeen zum schluss gewierscht wier, wou een dann den bankdirektor an der vagabunden gruppe gesait mat selwechten outfit(also dass den haaptchef dei aner vagabunden all bekeiert an domadder rekruteiert hätt)..
Ricky
Hun deen lo fir 3rt gesin; schreiwen dofier net rem eng kritik. Bildqualiteiet war am kino och net ideal. Dofier war den haaptakteur live op der plaatz.
Dreamcell
Dozou schreiwen ech lo keng kritik
War just extreme schued dass de film quasi am 4:3 gelaaf ass obwuel en 16:9 ass – dat huet dat ganzt bild extrem verzunn.
Schlemmer war dass den film mega pixeleg war(zumols bei den ennertitel an intro,outro) waat den opteschen deel vum film zersteiert huet. D’hellegkeet an den faarwkontrast waren och net mega(bild war deelweis Schwarz an ouni contrast), huet ausgesin wann de film net belicht wier?!?.
Waat do schief gang ass , ass mer een rätsel; op der filmakers night war de film ouni des manko gelaaf. (an daat mat banalem projektor.
Den toun war awer extrem gudd am kino!
Deed engem just weih sain eegenen film sou masakreiert ze gesin…
De Bommeleeer: Episod 113
+ bleiwt senger lin absolute treih an brengt zumindest fans vun desem humor emmer rem zum laachen.
– hun den eischten deel nach emmer besser fonnt, leit vlait och dorunner dass ech deen als eischt gesin hun.
TV-Fresser
Absurd – kann do keng kritik schreiwen
Marie Side
Mein highlight vum owend. De film beweisst androcksvoll dass nobudget produktionen oft lowbudget filmer an täsch stiechen; an dat ouni HD, digi FX an dolby.
Fänken hei mol mat den negative punkten un… alles sachen dei mech am endeffekt NET gesteiert hun well se duerch aner sachen rem wett gemach gin.
– Technech absolut dat schwächst waat den owend gelaaf ass. Weder kamera, schnett, toun sin ausgereift/ausgereitzt
– schued de Film op senger Premiere an enger gekierzter version ze gesin.. de Film dauert 28 minuten normalerweis.
+ eegenen Styl,.. wann een dem Fred seng aner filmer all gesin huet, erkennt een zaitenweis seng handschreft… mee verglach zu sengen aalen filmer absoluten fortschrett. Trash elementer sin baal ganz aus dem Film verschwonnen.
+ eenzegen Film deen owend deen ech spannend wirklech fonnt hun…an mech gefesselt huet. Einfach nemmen genial durch einach stylistech mettelen eng extrem packeng atmosphere ze zauberen (keen dolby sound mee dofier minuten laang just een Ticken vun der auer… keng filteren, Schwarz-weiss roud effecter.. dofier oft minutenlaang een banalen plang deen dat erdreckend zemmer weisst)
+ originell; sech net zevill un groussen virbiller orienteiert mee eegenstänneg eng Geschicht erzielt.
+ akteuren sin extreme natirlech an onverbraucht riwerkomm. Keen theater, um buedem ouni extrem ze sin (demon in my view: absoluten overacting; meet myself: künstlech betounung vun den sätz).. ech hun dem P. Thoma d’roll absolut ofgeholl! Gratulation fir d’leeschtung
Of a Demon in my View
Hun ech och schon gesin, dofier keng nei kritik. Stemmen awer do dem journal 100% zou… optesch den glanz, mee wiesou verschidden opnahmen an effecter blann benotzt gin ass mer een rätsel….
Ech kann mech ieren, mee ech mengen den film ass emgeschnidden gin!!?
Lei, lui e l’altro
Hun ech schon gesin, dofier keng nei kritik.
Date-Lesch
Och wann ech mer lo keng kollegen machen, vill gelaacht hun ech net.. leit vlait dorunner dass et net mein genre film ass.. Sou blank Ben stiller komödien wou all saatz perfekt an situation passt sin einfach net menges… Muss dem film awer lossen dass et fir den gros vun de leit secher den highlight vum owend war !
+ teschnech, schauhspillerech absolute op der spetzt
– hun geskripten “amerikaneschen” humor net extreme gaeren hun. D’Idee u sech ass och net wirklech nei, sou sketcher gin et gefillten honnert steck.. Mee wei gesot, realization ass wirklech gutt. Hätt als theatersteck genee sou gutt funktioneiert
Coolen owend deen een fir 10 Euro leschten weekend erliewen konnt!
Franky
30.04.2009
iergend een aneren mat engem Review?
Barnig
19.05.2009
en interessanten review iwer d’soiree:
www.filmreakter.lu/filmfestival/%c2%ab-indie-horror-picture-show-%c2%bb
Franky
19.05.2009
gutt kritik zu all eenzelenen filmer… virun allem fannen ech et gutt dass den kritiker sech net vun opteschen sachen zevill beaflossen gelues huet an eben mei wert op skripter/ideen/schauspiller geluecht huet
Franky
26.04.2010
De Mike Tereba huet de weekend um Radio geschwaat. IHPS gett et a zukunft net mei mee een neit Koncept wärt am plaatz kommen. Hei gett et dann enner anerem eng Jury a verschidden Praisser.
petz
27.04.2010
Infos gin ët hei sites.google.com/site/episclerite
Franky
27.04.2010
ehm, nee petz, ech schwätzen vun Indie horror picture show an net vu Filmakers Night
petz
27.04.2010
Richteg! Mäin Fehler. Ech brauch Vakanz. An d’Indieszene brauch EEN Festival, mengetwegen mat verschidden Sektiounen. Bei 2 Festivaler wees ech schon nët méi waat waat ass.
Barnig
28.04.2010
Op der 3ter Editioun vun der FILMAKERS NIGHT get allefalls scho nees vollstens organiseiert a geschafft
Franky
28.04.2010
dat wier den ideal fall ! mee wei setzt een sou eppes em? Eng Federation of independent Luxembourgish Moviemakers gett et net…
an dobai gett et jo och nach clipstars, dikkrecherfilmdeeg.. etc… dat ka verwirrend sinn
petz
22.11.2010
Gët et schon een Datum vun der nächster Indie Horror Picture Show (oder sengem Nofolger-Festival)?
Franky
22.11.2010
gutt fro, ech hunn naischt heiren. Haat just am ufank vum Joer um Radio een Interview heiren dass dat ganzt Konzept iwerschafft get an de Festival an enger anerer Form zereckkennt.
Mee wei et ausgesait get et dest Joer keng Fortsetzung, ass schued dass des Platform schon no 2 Keieren um Enn ass

Federation of Independent Luxembourgish Moviemakers (FILM)

petz
18.06.2009
Hi everyone,
On May 27 2009, following the invitation of Feierblumm and Pyrrhus some luxembourgish independent amateur filmmakers had a meeting to discuss the possibilities of fostering the independent filmmaking scene in Luxembourg. On that evening Obskura asbl proposed the creation of an “Indie Federation” with the following arguments (taken from the powerpoint presentation I prepared for the evening) :
Introduction : What happened in the last ten years (1999-2009)?
In the last ten years, Luxembourg saw the creation of many movie clubs, which share the same goal: producing low cost fiction movies (many with the dream of releasing them in cinema):
– KML(1998.)
– Pyrrhus (2000)
– Obskura (2004)
– Feierblumm (2005)
– bigtime entertainment (2005)
– Pulsa (2006)
– Epsiclérite (2008.)
… and many, many more
Why a Federation?
Since all the clubs struggle more or less to produce their movies, I proposed the creation of an Independent Luxembourgish Filmmakers Federation, for the following reasons :
– To give the indie scene one strong voice
– To prove that the indie scene can work together
– To help young indie filmmakers
– To coordinate individual projects
– To create a network everybody can profit from
– To exchange best practices
– Finally to do common projects to foster the indie scene as a whole
What common projects could the members of a Federation do ?
On that evening I proposed the following ideas for common projects:
– Create a common contact data base (clients and press) to promote Fed members’ projects through mails and newsletters
– Create a common actors and extras database
– Establish an extensive list of available production and post-production gear
These 3 databases would be available to all Federation members on the official Federation website (which could be film.lu for “Federation of Independent Luxembourgish Moviemakers” (FILM – thank you Yves for this great name proposal). The other proposed common projects were :
– Formulate common claims for the indie scene and defend them in discussions with the Filmfund, the Ministry of Culture, the E.U, etc.
– Launch an independent high quality indie filmmaker forum
– Organize a bi-annual « 5 Minute Film Contest » with the objective of funding the production of an indie film project… supported by the national mass media and the Filmfund. the idea would be that every club is invited to produce a 5 minute shortmovie which would enter a contest and the public (through a partnership with a national media) would vote for their favorite short film. This Film would then be supported by the Filmfund, the CNA, teh ministry of Culture or even e private sponsor.
– Organize a bi-annual « Indie Film Prize » awarded by an independent jury of professional filmmakers invited by the Fed
– Indie film festival ? I put the topic with a question mark at the end because there already exist 2 indie film festivals (Indie Horror Picture Show / Filmakers Night). A common festival organized by a Federatioun would gain credibility and probably also easier support from official organisations like CNA or Filmfund (but also sponsors). My proposal was to organize one big festival (it could be done by the same people who are already organizing the Indie Horror Picture Show and/or Filmakers Night) on a bi-annual basis. Why bi-annual? Because there’s already the bi-annual “Filmpräis” (for the professionnal filmmakers) and it would make sense to have one year the “Filmpräis” for the professionnal filmmakers and the following year the “Indie Festival” for the indie filmmakers. It would also allow to have a wider choice of movies for the festival.
– Launch a common webshop for selling the movies of the Federation members
Another idea could be the publication of a bi-annual catalogue presenting all the current and upcoming projects of the Federation members. This catalogue could be used by the Federation (or FilmFund) to promoto the independent movies on foreign filmmarkets (Cannes, etc.).
How could it work?
Iin order for a Federation to work, the follwing conditions should be met:
– Have an open mind (the members of the federation need to have an open mind and get rid of the “lone wolf” or “we’ll do it all alone” attitude)
– the Fed would be open to indie clubs
– the Fedl would be open to individual filmmakers (which are not member of a club)
The basic financing could be secured through annual fees:
– 150.- EUR for a club membership
– 75.- EUR for an individual membership
Further financing could be secured via a convention with the Filmfund
The decisions in the Fed would be taken by its members
– Every club which would join the Fed would have 2 votes
– Individual filmmakers (which are not a member of an indie club) would have 1 vote
Philosophy and mission of the Federation
All actions of the Fed would have to comply to the following goals :
– Promoto the indie scene as a whole (the goal is to promoto the whole scene and not individual actors)
– Promoto the movies made by the members (again the goal is to promoto the movies, not the clubs or their members)
– Help indie movies to get done
– Help young filmmakers to start
– Promote the quality of indie filmmaking (every club has strengths and weaknesses, exchanging experience and best practices will benefit everyone since it will raise the quality of the indie films made in Luxembourg and hence raise the credibility of indie filmmakers and the acceptance of indie movies)
None of the above is written in stone and would be discussed with all the founding members when launching the Federation.
My question is simple and straightforward : Who’s willing to join the federation and help launching it?
Barnig
18.06.2009
Ech haalen daat ganzt Konzept weiderhin fir eng imens gud Idee.
Ech hun et scho bei eis bessi virgestalt, an den Interesse war op alle Fall och bannen der ASBL do.
Wa mer sou alleguerten zesummen d’ Indie-Zeen bessi stärken kennen, an endlech den neidege Respekt vu bausse kreien, dann ass daat -fannen ech- absolut noudwendeg!
Fir Letzebuerg wier daat och en imensen Opschwong.
Natirlech bessi Arbecht vun all ASBL geheiert dozou, mee ech si ganz optimistesch dass daat funktioneiert.
Franky
18.06.2009
ganz gutt konzept! et klengt no vill arbescht, mee dat wier d’sach op alle fall wert!
Fannen all punkt gutt an hoffen dass all filmclub do matmecht
Franky
18.06.2009
fällt mer grad an.. weieng funktion huet Filmreakter? ech kann mech un hier eischt versammlung erenneren, an do war och bessen an dei richtung rietz, dass sie amateur szeen ennerstetzen wellen.
muss nachemol den hut virun obskura/petz zeihen, dat konzept ass durchduecht a klengt och(zumindest an der theorie) realisable a standhaft.

Showtime (2009)

Franky
04.03.2009
FB huet een neien film ugekennegt, vill detailer gin et nach net…. mee den titel huet meng obmierksamkeet kritt
KML huet virun etlechen joeren een Showtime gedreihnt (à la big brother)
een klengen (onkompletten) historik:
….
Showtime 2001 KML
Showtime 2002 www.imdb.com/title/tt0284490/
Showtime 2009 Feierblumm

Reste bien, Mec!

Barnig
02.03.2009
vum Adolf El Assal.
Ech klasseiren en bessi als experiementelle Film an, well een net wirklech den Ennerscheed zwescht Documentaire oder Fictioun am Film bemierkt.
Et gouf keen Dreihbuch (oder just vaque) an daat mierkt ee leider dem Film un: Och wann en net langweileg ass, a wirklech witzeg an fir Ennerhaalung suergt, su bemängelt en awer leider un enger deck- zesummegebitztener Story.
Imens steiert mech d’Novertounen vun verschiddenen Zeenen: dei gud visibel desynchroniteit: hei hätt e gude Mikro respektiv eng einfach Neidreihung vun der Zeen bessi besser gewierkt.
Beliichtung get et leider o net, an oft setzt ee virum schwaarzen Ecran
D’Akteuren spillen awer fir hier spontaniteit iwerraschend gud, an et kann een sech wirklech net vun deem engen oder anerern Lächeln verbiergen!
Wei och all aner Amateurfilm, ass dese Film zwecks ville Mängel fir Fans vun der Branche trotzdeem ze rekommandeiren-
Leeft momentaan am Escher Kinosch.
Franky
03.03.2009
d’Idee kleng mol interessant
Leeft den film nach?
Barnig
03.03.2009
Jo kloer,
du wolls jo net mat eis goen

The Brain

Barnig
05.03.2007
Des Horrorcomédie gouf 2006 vum Koler’er Frederic Sauvant realiseiert.
Hien huet Chargen wei Regie, Montage a Kamera selwer gemaach, an zesummen mat Kolleegen dese Long-Metrage vun 39 min. produzeiert.
Grouss presenteiert gouf dese Film nach net, dofir huet KML decideiert eng “Soiree de Rencontre” ze lanceiren, wou hien (+Equipe) eise leschte Kuerzfilm MONA gesin, a mir him sain eischte Film kennen analyseiren
zweck vun desem Event ass och, fir sech besser kennenzeleiren, an eemol “professionellen” Filmkenner sai Film ze weisen!
Dir sid also alleguerten inviteiert fir e Mettwoch – 14.Mäerz op Koler an d’Schoul ze kommen. Hei gin des 2 Filmer gewissen!
Start ass um 19h00 (mat anschl. Diskussiounsronn)
VILL SPAAS!
Barnig
14.03.2007
H A U T D E N O W E N D
u m
1 9 h 0 0
Barnig
15.03.2007
> THE BRAIN < E kranke Professor klaut an der Morque d’Käpp vu Laichen, fir speider hier Gehier’er rauszeopereiren. Well daat der Direktioun vun der Morque awer guer net gefällt, schecken sie e Profi op d’Siich no desem kranke Professor. D’Rees feiert op Koler (**yeah**). Hei lierft dese Professor zesummen mat sengem -ganz kranken- Bruder, deen een un der Lengt haale muss. D’Enquete start… De Fred huet hei a sengem eischte Long-Metrage (ca. 39′) bewisen dass hien e super Talent als Realisateur wei och Kameramann huet. De Film baut eng Spannung op, a suergt fir deen een an aneren gelongenen Shockeffekt! Net su gud ass, dass e wirklech oft nees drun arennert, dass mer hei an enger comédie sin (iwerdriwen Beliichtung, Poppen-Doublen gewollt weisen, kee Stativ, Benotzen vu bekannte Filmmusken wei “Twilight Zone”, “Psycho” oder “Halloween” ) De Videomontage ass ganz ok, och wann um Niveau vum Toun leider net vill verschafft gouf. Mee bon, fir “eischte Film” leisst sech daat awer alles gud ukucken. Impressionant ass, dass se fir de Film ee riichtegt Kouh-Gehier benotzt hun, waat speitstens beim Ubleck schon opschleit! –> Gelongen!
Jay-Ra
08.05.2007
Gett et eng méiglechkeet deen Film op DVD ze kréien? An méi wichteg fiir mäin Projet, gett et irgendwelch Pressematerial waat no baussen gedrongen ass?
Barnig
09.05.2007
Nee leider net!
Et ass e Film dee ganz privat vun engem Kolleeg gedreihnt a produzeiert gouf, mat Usage vun aneren Filmmusiken (also ouni Rechter), sou dass dee ganze Projet relativ inoffiziell ass, an och just 2mol (privat) presenteiert gouf.
Op d’Ufro vun enger DVD huet hien mer och gesoot, dass sie keng erausgin, bis op die hallef dozen leit vun der filmequipe.
Sie wäerten awer warscheinlech e weideren Projet lanceiren, deen da mei offiziell soll gin
Franky
15.12.2008
ech hun desen film den Samsten fir 2t gesin. De film huet mech nach emmer bessen amuseiert, dei franseich ofgekorksten dialogen sin originell. Een groussen Plus kreien d’Acteuren dei deelweis extrem zynesch/ironesch riwerkommen.
Dass den Film technesch net um hechstens niveau ass muss een verkraften.
www.episclerite.com/
do gesait een den ursprong vun hinen. Interessant sin hier aal filmer dei een komplett um netz kann kucken… heigen trashfactor mee ennerhaalsam
Barnig
15.12.2008
Bei der 2ter keier hun och ech na emmer mech ennerhaalend gefillt.
De Schluss an och oft während dem Film si Lengten dran,… di bessi zur Langweil feieren.
Net verzeihbar: ON-ORIGINELL Musek !!!
“Loost daat sin” daat mecht een NET! (Ass bei enger 2ter virfeierung namol emsu schlemm)

Turtone

Franky
05.06.2007
www.youtube.com/profile_videos?user=Jimmy1002
do sin puer traileren
Eng richteg internetsait vum film hun ech net fonnt.
Den film schengt sou weit faerdeg ze sin, sin gespaant wou an weini deen mol emol gewissen get.
Den toun an den scnett hun mech net grad vum hocker gerappt, den rescht kann een schlecht beurteelen.
Franky
05.06.2007
vun “turtle stone productions”
ech mengen dest joer sin mindestens 5 nei filmcluben gegrennt gin
Barnig
05.06.2007
“Filmkluben” denken ech net,
eischter Filmproduktiounen.
Wenschen mer de Kolleegen vill Succes!
Dese Summer si bislo schon 3 Amateurhorrorfilmer ugekennegt, an alleguerten spillen se zu engem groussen Deel an engem Besch of
-> Lo kruut ech vu jiderengem gesoot “MARC, nexte KML Film KENG Beschszeenen mei w.e.g.”
-> Lo maachen dei aner et
Franky
05.06.2007
yeah dat stemmt… ass mer guer net sou opgefall…
Murmel
05.06.2007
dann ass et jo gudd datts du domat opgehaal hues
Barnig
06.06.2007
An dei aner däerfen, oder wei??
Franky
06.06.2007
jo marc.. dei daerfen.. awer just 1-2 .. dann och net mei…
KEEN BESCH MEI!…
am neien film wärt wuel keen strauch mei ze gesin sin…
Admin
19.06.2007
Ee vun de Regisseuren ass de Jim vun halwer7.lu
Franky
19.07.2007
frozen..
Film faerdeg? ech hun keen plang. dei website ass schon seit Meint genee selwecht
Barnig
30.07.2007
De Film ass na an der Postproduktioun.
Et ass biswell na net kloer, op en fir Enn Summer oder ufank Wanter rauskennt!
Georges
30.07.2007
sin och nawell gespaant weini dat den film eraus kennt…
Franky
30.07.2007
wei kenns du un dei informationen?
D’homepage ass seit Meint um selwechten Stand..
Franky
18.09.2007
wei wier et mat puer news?…
Franky
16.11.2007
ouni lo beis ze klengen.. mee wann een 6 meint keng news iwer een film kritt.. dann kann een dovun ausgoen dass en op EIS ass?= oder?
Barnig
22.07.2008
Dese Film feiert a muer, Mettwoch seng Premiere zu Veianen am Kino (virausichtlech 1 Seance)
Dese 50minütegen Horrorfilm get zesummen mat puer Pyrrhus Produktiounen gewisen.
Avis aux Amateurs
petz
24.07.2008
Wor een den Turtone kucken?
Franky
24.07.2008
nee leider net, an der woch, op vianen, dat ass bei mer am moment leider net dran. Ech hoffen(respektiv ech wees) dass den film secher nach puer mol presenteiert get! dann gin ech mer den ukucken
Barnig
24.07.2008
Nee war leider o net, well ech reicht ufanks der woch dovuner heiren haat, a gescht war dunn och alt nees verplangt.
Versiichen awa evtl. eng z’organiseiren: Mir hu jo eisen Dreamcell an en neie Clip geschwenn faerdeg, da kinnte mer na e Programm opbauen fir Enn September/Ufank Oktober…
Wa vlait aner Leit och nach e Film, Clip oder Trailer bis dann ready hätten, kinnte mer jo eng Session organiseiren
petz
24.07.2008
Daat ass eng gudd Iddi. Wéilt die 2 Filmer gären gesin. Haal ons um Courant.
Franky
15.12.2008
eng kuerz kritik: leider ass den film no 11 auer gewissen gin, dofier hun vill Leit en net mei gesin, respektiv waren schon midd.
Ech hun gemeschten gefiller beim film. Op engeer sait muss een bedenken dass et den eischten Film ass. Den Film huet virun allem teschnech seng Macken. Och een deel vun den Acteuren , respektiv horror szenen wierken mei lächerlech wei glaubhaft.
Ob der anerer Sait muss ech dem Film awer gratuleiren. Puer Szeenen sin wirklech gudd inzeneiert, an virun allem puer Ideen sin extrem gudd. Eng gewessen originaliteit trotz üblechemen Szenario(leit gin an den besch, een Killer killt se) bletzt ab und zu op. Verglach zum Near you, den an villen punkten extrem ähnlech ass, fannen ech turtone absolut iwerleen(virun allem weinst puer brillianten ideen).. natirlech ass dat affaire de gout.
Wann een den Film anescht gecutt hätt(-20 minuten) dann wier en secher nach besser riwer komm.
Fir een eischten Film absolut net verkeiert! Hoffen do kommen nach weider produktion no.
Barnig
15.12.2008
Jo et gesait een op alle Fall dass Potential dohannert stecht, an daat huet de Romain ganz secherlech..
Vill Ideen ware brilliant, mee leider net gud genuch emgesaat. Mee daat hun ech em o gesoot, bei engem eischte film kann een daat verzeien. Et mierkt een dass eng Idee hannert der Geschicht steet, awa deelweis net alles sou riwerkennt wi daat sollt.
Si wirklech super positiv iwerrascht, wat di proper Kamera ugeet. üblech bei engem “eischte Film” ass dei jo meeschtens net terribel, mee hei huet de Romain wirklech eng super Arbecht geleescht!!
Waarde gespaant op weider Produktiounen

Ricky

Barnig
23.05.2008
Dese neie Pyrrhus Film, feiert seng Premiere um CLIPSTAR Filmfestival.
Mir däerfen gespaant sin
Barnig
23.05.2008
E ganz interessanten Trailer och schon online ennert:
www.podium.lu/
Barnig
09.06.2008
Voila:
Ee vun deene beschte Filmer, dei um Clipstar Festival 2008 gewisse goufen. Leider war de Projekter, schlecht agestalt, dass de Film voller pixelen war,mee daat loose mer lo mol op der Sait!
Hun de Film ennerhaalend a fesselnd fonnt. Huet mir gud gefall, a war och proper gefilmt. Eng interssant Story mecht deem ganzen de leschte Päppp. net su gud gefall huet mer dem Mike Tereba seng Synchronstemm: Et huet een d’Gefill hie mecht daat bei all senge Filmer, fir sou eng gewesse Signature riwerzebrengen
Franky
09.06.2008
Een weideren Film vum Mike. D’Liewen vun engem Proff an engem Lycée get Daag fir Daag mat der Kamera festgehaal. D’Erzielart vum Film ass deelweis zynesch bis rasant/erdreckend. (wat och indirekt d’Gefill vum Proff remspiggelt.)
Ironesch an mat schwarzem Humor gefellten Kuerzgeschicht dei leider durch dei extrem schlecht bildqualiteit(riesen grouss artifakten) bessen futtigemach gin ass. Den Mike huet mer awer erklärt dass dest 100% den Feeler vum Projektor war.
Barnig
09.06.2008
Hei d’Analyse vun egalwaat.lu
Ricky
Regie: Mike Tereba
Produzent: Mike Tereba
Dauer: 9 Minutten
E Prof gëtt sénger Schoulklass éischt no enger ganz extremer Moossnahm Meeschter. E bessen hun ech mech un “Donnie Darko” erënnert gefillt, wann de Prof Virbueten vu sénger Dod gesäit. Mat Virblenden versin, entsteht en interessante Puzzle, wou ee lues a lues eraus fënnt, wéi et dozou konnt kommen. Eng gudd Inszenéirung, déi net vill versprëcht, mee dat awer gudd eriwwer bréngt.
Dréibuch: 4/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 4/5
fuuss
17.06.2008
Hei fannt der och nach Photoen fum Set fir dei Leit dei sech interesseieren
Franky
15.12.2008
huet mer dei 2ten keier besser gefaal(vlait och well am clipstar qualiteit sou mies war)

Marie Side

Franky
15.12.2008
den trailer ass villverspriechend.. an een riesen sprong zu brain
jiddenfalls een film wou ech 2009 dropwarden

Grim

Yves
29.08.2007
Moien,
den Tournage vun mengem neien Kuerzfilm “Grim” as mettlerweil oofgeschloss.
Ennert folgender Address gin et schon e puer éischt Promo-Fotoen ze bestaunen, geschoss vum Philippe Manderscheid:
Demnächst méi Infos!
Yves
Barnig
29.08.2007
O ho
Gesait jo mol no ebess aus
CArLO
29.08.2007
Ass wierklech geil an bei der equipe get et een neien Muschi
Franky
30.08.2007
froen:
-do steet am artikel dass äeren wollef fir 2t lo virun der kamera ass… hmm war deen dann net och am BLANC? (oder verwiesselen ech do eppes?) huet deen sain baart just opgemolt?(gesait sou am zeitungsartikel aus?)
-an d’masterfro: wiesou heescht den film Grim?
(sorry fir dei pingelech froen mee et interesseirt mech schons)
Philippe
30.08.2007
de bart ass echt mee en gouff nach deelweiss opgemoolt. mee ech hoffen wann daat alles schwarz weiss gemaach get an nach bessen mei donkel gemaach get dass een daat dann net mei sou geseit. mee do op der foto ass et wirklech offensichtlech
Yves
30.08.2007
Den Bart as echt, guf awer duerch MakeUp zousätzlech verstärkt.
“Grim” as en Wuertspill aus “Gebrüder Grimm” (dei an eiser Geigend an der Phase vun der Romantik dofir verantwortlech woren dass di Märercher di jo deelweis schon joerhonnertenlaang als Erzielungen ronderem gegeeschtert sin elo endlech niddergeschriwwen goufen) an dem engleschen Adjektiv “grim” waat suvill heescht wi düster, grimmeg (wat d’Atmosphäre vum Film zimmlech gudd beschreiwt)
Barnig
30.08.2007
mär si gespaaaaaant
schwup
30.08.2007
Megaaaaaaa gail dei fotoen , fannen daat farwe-spill einfach nemmen super,gefält mer deck deck gudd.
sin gespaant op den film
ahjo wou krit een sou en rouden leppesteft
An na zu grim, wous de jo sees daat et düster heescht,also d’adjektiv,an wanns de der dann d’geschichten vun den gebridder na eemol genau ukucks verstees de usech vu wou hieren numm hier kennt,froen mech na haut op hieren famillien-numm wirklech nemmen en zoufall ass…
CArLO
30.08.2007
Dei mega geil philippe fortoen
Ech hätt och eng fro: Wei ass der schauspiller hier gsm nummer???????
Ma dat ass mier emol eent ……………………………………………
Philippe
31.08.2007
merci fir d’fotoen. deen leppenstefft war net sou knalleg roud. mee et huet op der foto besser gewierkt also hun ech mam pc bessen nogehollef an bessen mei knalleg roud gemaach
Barnig
31.08.2007
Wei Carlo ???
4 Deeg an der Produktioun, a keng Telefonsnummer ???
waat hues de dann um set gemaach
Philippe
31.08.2007
eise carlo huet richteg vill geschaft
Philippe
31.08.2007
ech hun och kengem seng nummer ass mer elo graad opgefall
Yves
31.08.2007
Mir hun all geschafft
CArLO
31.08.2007
@Marc wanns de den film gesais dann wess du wat ech gemach hun.
Hues du mech schon richteg gekuckt????????????? Catering hun ech gemach
Et war rofel mao……………..
Yves
05.09.2007
feierblumm.com/ Fotoen
Fotograf: Melvin Hames
CArLO
11.09.2007
So Yves do gin et bestemmt nach anner scenen behind oder????
Yves
17.09.2007
Den GRIM Trailer
Barnig
18.09.2007
Kreien dee schissi DivX net op !
Yves
18.09.2007
www.divx.com —> Free Download
petz
18.09.2007
Salut Yves,
Wollt der just fir däin ganz stëmmungsvollen Trailer zu Grim félicitéieren. Do passt einfach alles zesummen: Cadrage, Farwkompositioun, Schnëtt an eng wirklech exzellent Musék déi dem ganzen den leschten Schlaff gët. Top Arbecht. Félicitatiounen un är ganz Equipe. Den trailer erföllt och säin Zweck voll a ganz: Ech wöll méi gesin…
Petz
Franky
18.09.2007
nee. et ass een feeler beim download..
einfach datei downloaden an dann der file d’endung .avi gin
(dofier keinen ech L’autre regard trailer nie un laafen..???)
zur musek… ieren ech mech do oder kennen ech daat lidd schon?
war dat Lidd net am Nebula Dawn dran?(wou den dan mam bishop schwätzt?)
Yves
18.09.2007
Merci Petz
Jo, dat Lidd as “Mein Mondlied” vun den Grabnebelfürsten. Den Ufank dofun as an der Motelszene vun Nebula ze fannen.
Barnig
18.09.2007
Ech hun na emmer naicht gesin, heiren just THE NEBULA DAWN Musek!
ass bestemmt deen unreleased Trailer vu “Nebula Reloaded”
Yves
18.09.2007
www.youtube.com/watch?v=0n-aXEOZL2k
Voila, elo och op Youtube ze fannen
Barnig
18.09.2007
War mei vun de Fotoen iwerzeecht, wei vun deem Trailer do
ass awa net su schlecht:
Gailen Kamera-asaatz Caaaaaaaaaarrrrrrrrlllllloooooooooooooooo
Philippe
19.09.2007
ech sin vun mengen fotoen och mei iwwerzeecht nee seriö elo. ech fannen den trailer cool. och wann ech 2 3 saachen ze bemängelen hun. fir den film wärten dei nach ausgebessert gin
CArLO
19.09.2007
Den Trailer ass nemmen geil einfach nemmen fucking geil an sin dofun iwwerzegt dass den ganzen film geil get..
Merci Marc mee esou een Kameramann, den keng wackelbiller mat engem 700€ stativ ophellt, kann sech net leschten, nee seriö dat huet dem Yves awer eppes klenges kaascht dat hier gären bezuelt huet.
Ajo nach eppes huelen net fier jidereen 2 deeg congé fier d’kamera ze machen, an sin souwisou ausgebucht bis den januar…………………….
Philippe deng fotoen sin och megageillllllllllllllllllllllllllllllllllllllllllllllllll
CArLO
19.09.2007
@Petz merci fier d’blumen, fier den cadrage, mee du wess jo fun wem ech dat hun
Obereisenbach mat chicha answ
Susi do dech un mier hun besuch……….
Dat get gudd
Franky
20.09.2007
ehm ?
DOPPELPUNKT PPPPPPPPP
Claude
21.09.2007
Meng Meenung zum GRIM Trailer:
+ spannend an myterieis
+ schwaarz/wäiss/rout ass eng gudd a flott Iddee, leider awer näischt Neies (Schindler’s List, Sin City…)
– D’Musek ass cool a passend, mee leider deck null fir all Leit dei schon den Nebula gesin hunn, well do genau dei selwecht Musek dran ass an een dann direkt dei Biller virun Aaen huet.
– D’Zockerstëck gett den heiche Wee op de Lëffel geluecht an direkt an der nächster Astellung leit en de breede Wee do. Ass zwar just en Detail, mee dese Feeler hätt een awer locker kennen vermeiden.
CArLO
22.09.2007
Claude ech muss dier soen dass dain – punkt mam steck zocker net esou richteg ass. Et ass schon richteg dass hien steck zocker den heigen wee dohinner leet mee well den absinth iwwert den zocker geschot gin ass huet den zocker sech schon zum DEEL opgeleist an dann mengt en et giff den breede wee do laien.
Et wier jo ze schein gewiecht wanns du keen – punkt gesinn häss
Barnig
12.11.2007
Wei ass daat??
Gesi mer dese Feierblumm Film e Samschden um SUNSET CINEMA?
Yves
12.11.2007
Nee, d’Premiere as am Dezember, an der Géigend vun Kreschtdaag. Vu que dass souwisou keen sech fir den Sunset Cinema interesséiert, können ma eis dann och e Mount méi Zeit huelen fir de Montage an de Film dann an engem aneren Kader präsentéiern, wu weider Infos nach mat Zeiten nokommen.
Hei as an Zwöschenzeit awer mol den Poster vum Philippe Manderscheid
Franky
21.01.2008
*****SPOLER ALERT*******
* meng Kritik ass just meng Meenung, wann der eng aner hut, schreift se hei nidder. ”+” & ”-” sin einfach benotzt gin fir den text mei iwersichtlech ze machen, waat net heeschen well dass een film mat 10 ”+” besser ass wei een Film mat maner ”+”. Bei puer Kritiken sin ech mei an den Détail gang an hun och kleng onwichteg Problemer ugeschwaat. Ech well och net soen dass ech dei ganz Sach besser kann; en plus muss een och all Film gemäss hieren Moyennen/Erfahrungen kucken*
Grim:
Kamera
+++ absolut proper an interessant gefilmt. Zumols den Ufank vum Film weist extrem kreativ Pläng op!!!
Toun
+ absolut kloeren Toun, d’Schauspiller heiert een ganz deitlech schwätzen
– ganz Geraicherkuliss kennt wei aus enger Konserve… et heiert een guer keen ”Besch” an dat ganzt klengt wei aus engem Tounstudio.
Beliichtung
+ alles sou wei et soll sin.
Schauspiller
+ dei 2 machen hier sach konzentreiert an gudd; schwätzen hier Textpassagen iwerzeegend.
– et mierkt een trotz hierem gudden Englech dass et keng Englänner sin, waat fir mech bessen Gefill opkommen leisst dass et 2 Letzebuerger op enger Bühn sin.
– D’Rotkäppchen ass zevill ”ontypesch” Grimm, hätt mer do eischter een klengt blonde meedschen erwaart.
Dréibuch/Idee
+ dei ganz thematik gefällt mer extrem gudd
+ de Film huet een richtegen Obau an 3 Deeler an erzielt des ganz Geschicht wei een richtegt Märchen
– D’Geschicht un sech huet mech nemmen hallef iwerzeegt, dass Rotkäppchen dat beisst ass war schon no 30 Sekonnen kloer.
– Dialoguer sin am Ufank interessant, zeien sech an der Mett awer zu engem Punkt wou een sech freet op dat ganzt een Shakespear Steck ass oder eng Märchenverfilmung(fir mech geheiert laang Dialoguen NET an een Märchen, sou weit ech wees kommen Märecher baal ganz ouni Dialoguen aus, respektiv get keen Gewiicht drop geluecht WEI Personnagen mateneen diskuteieren.
Montage
+ den Montage ass proper an zwecksmeisseg
– Dialogue szeen bessen ze stur/banal monteiert..
– D’Monsteren zum schluss sin menger meenung och ze laang am bild, puer sekonnen hätten des Figuren besser riwerbruecht. Am film sin se ze laang am bild, waat dann bessen d’Illusion hellt.
– Schreften am ufank vum film absolut net ze liesen.. um ofspann genee dei selwecht presentation vun den schreften….
Musék
– Ofspaan musek war och schon bei Nebula ze fannen(waat zwar dei meechten leit net steiert…)
Various
* Fir mech ganz kloer an perseinlech den beschten Film den den Owend gelaaf ass
* De film huet seng eegen Handschreft(och wann et menger Meenung no keen typeschen Yves S. Film ass) and bleiwt sengem Style trei. Et passt einfach alles zesummen an et wierkt naischt künstlech oder gezwongen.
* Den Ufank vum Film ass visuell einfach den Glanz, an den Spectateur freet sech op all nei Astellung….
*… wou dann awer story zevill un Temp verleiert souball Rotkäppchen bei der Hüt ukennt.
* hun den Trailer einfach besser fonnt wei den ganzen Film(leit vlait dorunner dass do dei bescht Szeenen vum Filmufank gewissen gin)
* Den Besch(fauna) an d’Hütt wierken nach emmer extrem letzebuergesch an sin net sou wei ech mer eng verdreemten german märchenwelt virstellen
* Monsterdesign huet mech extrem vill un ” the Village” erennert, an den Film deelweis un ”the company of wolves”
(muss sech Rotkäppchen engem Werewolf stellen den am ganzen Film souwuel als Gudd wei och als Beis duergestallt get, an den Spectateur ass zum schluss extrem onsecher wien dann lo den Beisen ass).
schwup
21.01.2008
Sou hannerlossen dann och iwerall e bessen meng kritik (zwar net sou schein opgedeelt wei beim frank)
also beim grim hun ech direkt scho mol d’bilverarbechtung mega fonnt,daat schwarz waiss mat rou ass eppes waat ech wirklech ganz flott fannen,just eben schued daat een am ufank wirklech guer keng nimm liesen konnt.
jo wei d’kamera gefuert gin ass an ausbelichtung etc. mengen do brauch een naicht mei zesoen daat wor einfach top.
Fir dei beis kreaturen do…soe mer haat mer do definitif eppes aners firgestallt,daat doten wor naicht beängschtegendes oder sou, et huet mer iergentswei daat eppes do gefeelt.
an puntko schauspiller och erem top,se hun allen 2 ganz gudd gespillt,d’englecht wor och gudd (opwuel een den ennerscheed a punkto accent geheiert huet wann et wärend der szeen geschwaat gin ass oder eenzel opgeholl gin ass ) do ass och meng kleng fro,firwat usech op englech an net op letzebuergech??hätt ech interessant fonnt,daat richtegt ‘aalt’ letzebuergecht dofir rauszegruewen
Location hun ech gudd fonnt.
fir den recht muss ech dem frank recht gin daat et awer zeschnell kloer wor dat d’rotkäppchen daat beist wor…op et lo blond oder brong ass,fannen ech mecht keen ennerscheed
jo soss fällt mer lo net mei souvill an,den franky huet mengen ech den recht schons zimlech gesoot
Barnig
23.01.2008
Zu Grim muss ee soen, dass et e relativ proper gepfleegte Film ass!
Kameraopnaahmen sin exzellent, proper an filmtechnesch super passend agesaat!
D’Schauspiller spillen relativ gud. Dass sie zwar englesch schwätzen, ass net terribel gud, well net jiderengeen dee letzebuergeschen Akzent verstoppe kann, fannen et trotzdeem eng gud Idee de Film an englesch ze dreihnen. De Voice Off vun der Erzählerin ass suguer mega gud, an do hätt ech suguer direkt gegleeft, dass daat ee riichtegt englescht Meedchen gewiercht wier. Ass also relativ positiv, versiichen trotzdeem nach negatives opzelisten
Zur Story: Ass wei d’Amy an de Frank scho sooten: relativ vorrausschaubar, huet awer eigentlech naicht mat der Grimm-Story ze din, well Dreihbuch total anescht verleeft. Ech hätt mer besselchen mei e säftegen, shockanten Schluss awaard, wei dese baal-banale Schluss. “Monsteren” wierken den eischte Moment tonnegail, mee mam Oflaaf vum Film gin se emmer manner ängstlech a glaubenswert. Et gesait een se an den Astellungen ze laang (Montage bleift dorunner hänken, waat deemno eischter e Lächerlechen Androck awecht, wei en Beängstegenten)
Dass des “Monster-Machinen” ouni “The village” oder “Dr.Who” net entstaanen wieren, schengt mer och evident Mee soit, ech hätt se vlait eischter an Nuetsopnaahmen optauchen geloos, wier secherlech mei spannend an optesch vill besser riwer komm. Trotzdeem totale Respekt fir dei Kostümer! Ass Arbecht hannendrun, dei kloer riwer kennt!
Grim huet mer am grousse ganzen flott Gefall, war duerch den gefellten Dialog och mol ebs neits. Hun daat total gud fonnt. Idee mat s/w/roud ass net nei, passt awer an dese Film! De Wollef um Cover huet sech zwar irgendwou verlaaf, deen am Film och, mengen dee war su real wei d’Schlaang am “31min” (oder net, Yves?)
Als klenge Grimm Fan, hun ech natirlech och vill (mannerbekannten) Geschichten bislo geliess, a verschiddener stin schon zenter Joeren bei mir am Kapp, fir och eemol en Dreihbuch dorauser ze maan. Ech sin bislo awa leider net op dee Punkt komm, fir e Film vun de Grimms ze realiseiren, well dei Geschichten einfach deelweis total düster, a fantastesch riwer kommen, an dofir brauch een eng ordentlech (quasi perfekt) Mise-en-scene. Ech fille mech dofir na net raif, an denken den Yves och net:
Well su ee Film ging ech wirklech vermeiden zu Letzebuerg ze dreihnen, Kamera ass nach relativ hell (feehlt tzrotzdeem bessi un düsterheet /dest awer just an de Baussenopnaahmen /Bannenopnaahmen sin tiptop) an de Besch wierkt net “mystesch” an “dicht”, waat awer bei de Grimms kloer afir geet (gesait een a verschiddenen Opnaahmen, dass de Besch net onendlech grouss ass)
Voila, souvill dozou!
Also wuelbemierkt, ech hu scho missen besslechen feschen a siiche goen, fir ebs negatives ze fannen, well zur Conclusioun: de Film ass wirklech gud a geheiert nierft dem “Bommeleer” zum Highlight vum Owend!
An na mol e ganz grousse Lob un de Carlo an de Mike (well Toun a Kamera geheiren mat zu deem beschten wat ech bislo an der Amateurfilmwelt gesin hun)
a jo:
Outro -Musek (dei selwecht wei aus dem NEBULA) ass super schlecht an onpassend !!!
Versiich do onbedingt ebs anescht ze fannen! (lo ass nach zait)
Ass belleg dei selwecht Musek a verschiddenen Projeten ze verwenden (wann et net wirklech gewollt ass)
CArLO
29.11.2008
Grim huet den eischten preis um VideoSlam Festival zu Freiburg gewonn.
Barnig
01.12.2008
Olé!
All Respekt, Carlo.
Schued, dass der net mei domader gemaach hut.
Wei waren dei aner Filmer dann?
Wars de dann och do?
CArLO
02.12.2008
Ech selwer war net do,
fannen et och zimmlech kommesch dass dei filmer, dei am ausland den eischten preis kruuten wou ech d’Kamera gemach hun, fun kengem bis elo bescheed gesoot krutt dass den Film weder op engem festival mat mescht nach dass den Film den eischten preis krutt……………….
………….. shame on you

Psyclist

Barnig
05.02.2007
Dese Film vun Pyhrrus kennt den 08 Februar (also des woch) op DVD eraus!
De Film ass an der Kinosversioun (47′) mat Kapitelwahl
an als Specials gin et:
Teaser-Trailer-Promos
Making of (10′)
Videoclip (inkl. Making of)
-> fir dei wou et interesseiert!
de praiss kennen ech allerdings net!
Kann een deen vlait o na posten?!
Barnig
09.02.2007
Den DVD ass fir 18€ bestellbar
Barnig
26.10.2007
Dese Film kennt dir e Sonden Owend namol bestaunen
-> KULTURDAAG VUN DER GEMENG GARNECH
ab 21h00 presenteiert Pyrrhus hei hier Kuerzfilmer!
De ganzen Dag vu 14h-22h leeft awer eng!
Kommt dohin!
Barnig
29.10.2007
Dese Film ass wirklech absolut dawäert! Haat de Film gescht fir dei zweete keier gesin, a ka just soen, daat ass mat daat bescht wat et momentaan um Amateurniveau get
Barnig
04.09.2008
Felicitatioun!!
PSYCLIST gewennt die “GOLDENE KURBEL 2008” um Internationalen Festival des Fahrrad-Videos, wat vum 29.-31.August zu Bochum stattfonnt huet!
Franky
05.09.2008
et get een filmprais fir velosfilmer?
absolute den glanz

ohzutproductions

Franky
12.07.2008
eng kleng produktion dei 2 Filmer an een Videoclip(hei ass den link falsch, also link renamen) um site presenteiert. (krutt den link vun engem kolleg vun hinen)
Filmer un sech wessen ze ennerhaalen och wann d’ideen net wirklech nei sin an schon an sou ähnlecher form um écran öfters ze bewonneren gin sin. Mech iwerzeegt virunallen den charismateschen Schauspiller(hien erennert mech bessen un den C. Ulmen) den seng Rollen absolute iwerzeegen(an net sou künstlech) riwerbrengt. Ech hoffen den Pit Simon nach weider an Filmer ze gesin!

S-therapie

Franky
05.06.2007
Een neien letzebuerger (kuerz?)film vum P.H.
de film schengt an der produktion ze sin, synopsis an weider detailer fennt een op der homepage.
release date: onbekannt
D’idee vum film schengt am usaatz ganz interessant, mol gespaant weini an wou een den faerdegen film kucken kann
Barnig
05.06.2007
daat seet mer ebess
Franky
19.07.2007
Mettlerweil eng ganz Retsch weider Informationen and Fotoen vun verschiedenen Dreihdeeg op hieren site.
Mein absoluten Respekt wei konsquent dei Sach durchgezunn get
Franky
30.08.2007
Insider behaapten et get een 30-40 minuten film
schwup
30.08.2007
ahsou?? wou kenns de dann un dei info
Franky
18.09.2007
ennert youtube.com gin et lo och bei S-therapie dei eischt bewegten Biller ze gesin
Barnig
25.09.2007
Wei leeft et mat der S-THERAPIE?
Gin et schon Datumen
Franky
27.09.2007
ma ech geing mengen soubal en faerdeg ass
Franky
13.11.2007
ass dest joer nach mat enger presentation ze rechnen?….
Franky
02.12.2007
1.028 VIEWS huet desen topic..
wow.. also dat iwertrefft ALLES waat hei am forum ofgeet
du_jupe
16.01.2008
majo de Film ass fäerdeg an gët jo emol de 19. zu Esch gewisen
en dauert 45 Minutten an den DVD ass ab e Samschden och ze kréien
Barnig
16.01.2008
Tiptop!
Sin och Specials drop?
A waat ass de Prais?
schwup
16.01.2008
ech hu schons eng
an mat puer klengen specials
du_jupe
16.01.2008
majo de Film ass drop (44 min.) eng kleng Photo-Show (2 min.), Interview (7 min.), Trailer (1 min.) an Outtakes (2 min.) … an alles fir 15 Euro
sin gespaant op den Trailer vun dem Dreemer sengen Dreem
Barnig
16.01.2008
Ba breng mir op alle Fall mol eng mat!
Fannen daat en anstännegen Prais an DVD-Inhalt
Franky
21.01.2008
*****SPOLER ALERT*******
* meng Kritik ass just meng Meenung, wann der eng aner hut, schreift se hei nidder. ”+” & ”-” sin einfach benotzt gin fir den text mei iwersichtlech ze machen, waat net heeschen well dass een film mat 10 ”+” besser ass wei een Film mat maner ”+”. Bei puer Kritiken sin ech mei an den Détail gang an hun och kleng onwichteg Problemer ugeschwaat. Ech well och net soen dass ech dei ganz Sach besser kann; en plus muss een och all Film gemäss hieren Moyennen/Erfahrungen kucken*
S-Therapie
(den Film den mech absoult gezwispalten huet an wou et mer schweier fällt eng kritik ze schreiwen…)
Kamera
+ greissendeels zwecksmeisseg, deelweis interessant Vuen (glas mam betäubungsgeft..)
Toun
+/- ok
Beliichtung
+/- et ass emmer alles ze erkennen, sin awer och keng interessant beliichtungen(zellen zb hätten donkel keinten sin wou just eng kleng luut um bett gewierscht wier
Montage
– oft ze laang oder träge bei dialoguer.. mat bessen mei erfahrung hätt een den Film 10 minuten kierzen keinten ouni dass een Satz rausgeflunn wier
Musék
++ hun ech passend an gudd fonnt
Schauspiller
* hei din ech mech extrem schweier, well ech bei puer leit net wees op et schlecht oder gudd ass…
+ den PH spillt extrem gudd(och wann hien eng mini roll huet)
+ D’assistentin kennt och motiveiert riwer
+/- bei den Patienten din ech mech schweier (den marc kennt extrem dreschen riwer, dem amy seng schreie wierken net wirklech schlemm… mee vlait passt dat jo alles bei sou gequälten personnagen)
+++/— den professor…. dei eischt sätz am film wierken genee sou wei den Professor am Nebula… künstlech, opgesot an guer net gudd.. speider am film ännert dat, et mierkt een dass den Professor een kranken personnage ass an sou wei hien sech get passt et dan absolut zu sengem Charakter….
Locations/Gestaltung
+ absolut gudd sin dei kleng détailer wei Screensaver, Logo, diplom vum Professor….
– Och wann zemmeren gudd ageriicht sin, wierkt dei location net glaubwürdeg well den Professor mat senger Assisstentin an engem ganz normalen haus seng Experimenter durchzitt (war dat sou geplangt?)
Dréibuch / Idee
– Am ufank vum Film mengt den Film geing sech mat der Problematik Selbstmort / Schocktherapie auserneen setzen. Dest ass menger Meenung no awer net gelongen well dat Thema an der Mett vum Film komplett ennert den Desch gekiert get. Am ufank get dest Thema zwar gudd ugeschnidden (verloscht vun engem Mensch/ Krankheet als ursaach fir Selbstmort) mee dat ganzt kennt einfach ze onserieux/ onrealistesch riwer. Als serieuxen Film den sech mam Thema selbsmord auserneen setzt daagt den Film absolut NET.
+/- Dat ganzt dréihbuch wierkt extrem onkonventionnell.. den obbau vun der Geschicht ass alles anescht wei normal..
++ Den kneck an der Mett vum Film fannen ech einfach Grandios!!! Den Zuschauer get regelrescht verarscht well ab lo den Professor mat sengen kranken Geheimnisser an den Mettelpunkt reckelt. Dei ganz Pointe war absolut iwerraschend.
+ den Film huet orignell Ideen!!
Some final words:
Et ass fir mech absolut schweier eng kloer Kritik hei ze schreiwen well den Film sou extrem kontraster huet(vun extrem genial bis einfach lächerlech schlecht).
Szeenen wei den Messerschnett vum Marc fannen ech filmesch extrem schlecht(d’blut wierkt net gudd) oder den Doud vum Professor kommen extrem onrealistesch riwer…. Op der anerer Sait gin aner Szeenen dem Film eppes absolut eenzegarteges..: D’ufank animation vum Film ass absolut dat bescht; Dialoguer(mach dass den Buedem wei geleckt ass…) sin neees tpesch PH an wierken extrem sarkastesch, D’Draam sequenz ass absolut bei mer hänken bliwen well se einfach surreal, krank riwerkennt an mat der background musek een bleiwend androck hannerlues huet!!! Ganz groussen Filmmoment!
Als serieuxen an realisteschen Film den Selbstmordthematik behandelt an filmesch absolut iwerzeegt daagt den Film absolut net, als Fictionsfilm mat enger absolut net viraussehbarer Pointe wees den Film ze ennerhaalen!!
du_jupe
21.01.2008
Fir d’éischt emol Franky, muss ech dech fir deng ausféierlech Kritik zu all Film, deen an der “Indie Horror Picture Show” gelaaf ass, hei am Forum luewen. Super!
Duerno soen ech der Merci fir d’Kritik vu mengem Film. Vue que dass alles “affaire de goût” ass an ech schon déi ennerschiddlescht Kritiken héieren hun (vun: de Film ass Sch… bis de Film ass gudd) wollt ech kuerz e puer Punkten opgräifen.
Kamera / Toun / Bellichtung: bon, well ët eng Première war dass ech domat ze din hat, bretzen ech mech nët domat, gin awer zou dass een e puer Saachen hätt kinnten besser machen
Montage: och als Jongfra dëst ugepakt ech wollt e bessen Rou a mengem Film hun an dofir sin e puer Zeenen méi laang … well mer jo all keng Zäit hun, wollt ech de Spectateuren der e bessen schenken
Musek: jo do war ech frou fir den Michael fonnt ze hun (merci Rüdi)
Schauspiller: den Dokter fennt d’Kritik zu senger Persoun berechtegt (schéine Bonjour) an ass mat all Punkt averstan, ech och zu menger – insgesamt sin ech zefridden wat meng acteuren bruecht hun, besonnesch awer fannen ech dem Marc seng Monologer oder sein Dialog mam Messer awer genial
Dréibuch: bon ech gin zou herno ass de Film ganz anescht montéiert gin wéi ët am Dréibuch stung mee ech mengen soss wäer keen Mensch méi nokomm an daat wollt ech vermeiden. S-Therapie sollt och nie en Documentaire sin zu deem Thema mee eben e Fiktiounsfilm mat der Thematik Doud (Verkéiersaccident, Suicide, Kriebs, Mord) an ech mengen daat ass en herno och.
Schlusspunkt: ech selwer sin mam Film zefridden. Ët hätt een villes kennes anescht machen an wann dann, dann hätt ech … an vläicht
Bon de Film ass fäerdeg an ech hun mat deem Thema ofgeschloss. Ët war vill Aarbecht an bal zwee Joer Fräizäit, e puer dausend Nerven an e Grapp voll gro Hoer méi speit sin ech frou. Ët huet och Spaass gemach an ech hun ët fäerdeg bruecht esou eppes ze réaliséieren. Punkt!
Nach emol Merci Franky!
pierre (du_jupe)
Franky
21.01.2008
Ech sutz jo an der Menschenmasse an aner leit hun mer och hier (eierlech) Meenung gesot. Do sin sätz gefall wei:
“waat een schwachsinn, ech sin frou dass den film riwer ass, mei laang hätt ech mer dat net ugedo” bis zu
“yeah cool, ech hoffen et kennt eng fortsetzung”
Mengen d’Spectateuren sin do och bessen an 2 gedeelt
schwup
21.01.2008
Jo ehm op ech lo hei eng kritik schreiwen därf…ass usech eng gudd fro,probeiren et mol bessen opjektiv zemaan
D’iddi vum film huet mer vun ufank un gudd gefall well et awer na verschidden tabu’er an eiser geselschaft uschwätzt…wien schwätzt scho gären iwert den doud?? oder eben iwert den geldgier vun villen pharamkonzerner wanns de selwer an där spacht schaffs…weivill ass na gewost vun den medikamentalen-experimenter an mei aarmen länner etc.
Wei et lo riwer komm ass bei den leit kruut ehc och just vun verchiddenen aussoen mat,wei den pir soot,vun sch… bis sau gudd et huet mech bereiert…
vun punkto film,ass mer och heiansdo opgefall daat et mer laang geschengt huet,wosst lo net op et doweinst wor well ech schons puer mol deeler dovuner gesin haat oder eben op et mi laang gezun wor…hätt heiansdo vlait bessen mei zackeg hannerdeneen gesaat , mee verstin et och wann een seet daat en mi rou dranner well an et dann deem entspriechend schneit(all mensch huet do en anert empfannen)
jo punkto belichtung,wees daat verschidden szeenen um schierm doheem definitif aneschters ausgesin wei am kino…
och wa mer definitf net vill material dohaaten punkto schauspiller, daat gett lo ganz schweier objektif zebleiwen meng persoun souwisou do ausgeholl , am meeschten iwerzeegt huet mech,am geigensaatz vum frank , den marc, hun seng monologen an ausdreck wirklech super fonnt (wou et jo awer sain eischten film wor) dei aner schauspiller fannen ech hun och all gudd gespillt wann et och mol hei an do vlait liit könschtlech riwer komm ass .
musek huet mer ganz gudd gefall
den regisseur nierwenbei och an mat em zeschaffen wor ganz flott,well een emmer seng iddien awa konnt soen an och mol spontan eps dann bessen geennert gin ass
sou mengen daat wor et
Barnig
23.01.2008
Ma da schreife mer lo mol ebess zur S-Therapie
Also dei Zeen, dei mech am meechten de ganzen owend um Festival matgeholl huet, war secherlech an desem Film: Draam-Sequenz! Top Top Top!
Ass einfach mega, deen Emsprong an der Geschicht, mega inszeneiert! Top Kamera, Montage Musek vum feinsten.
All Respekt!
..
Bon, daat war et dann och leider schon.
Also um Niveau vun der Geschicht kann ech also just soen, dass daat Dreihbuch total cool ass, et get ee vu vir bis hannen op eng falsch Spuer gefouert, an et mecht ee riichteg de Geck mam Spectateur
De Montage:
Ei Ei Ei… Soe mer: Bildlech gesin geet et nach, ass net vill auszesetzen (ausser Fade Out/Ins dei deelweis guer net gud placeiert sin), och wann de Pierre do seet, et wier sou gewollt gewiercht, dass Zait soll vergoen, an et dauert, an et dauert …Ass daat awer och an enger mei “propererer” Form meiglech … Et hätt ee locker kennen 10min. kierzen (mindestens), ouni dobai Zeenen rauszeschneiden! Imens vill Lengten sin am Film. Um Niveau vum Toun, do ass guerglad naicht gemaach. Deen ass guernet betoucht gin, a wierkt imens schlecht, an oniwerlee’end.
Schauspiller:
Dei versiichen hiert Bescht, gesait een hinnen och of, awer vill hänken bleift leider net. De Claude Peiffer iwriens, ass 1:1 dee selwechte personnage wei am “Nebula”, huet sech net besselchen anescht verhaal. E klengen Effort wier do awer vlait net feehl um plaatz gewiercht. D’Meedchen spillt tiptop a voller Energie, ass ganz ok.
Kamera
Viirschterlech! Oft ass zwar alles gud gewollt, mee daat Gezooms an daat gereppels an de Movementer ass STRIKT verbueden!! Contre-Jour /Backlight e Pult virun enger heller Fenster, wa meiglech och nach d’Schreifdesch luucht un.. aaaargh… daat deet engem Kameramann wei, sou ebess ze gesin.
Dem Blud hun ech leider am Film och net gegleeft, mee d’Intro animatioun suwei dei Zeitungssartikel Zeenen sin nees allerbescht!
Alles an allem muss een awer mol ganz kloer betounen, dass dest deen eischte Film(test) vum Pierre war. Hien huet sech do ganz elleng an eng Welt erangeschafft, hat keng Ennerstetzung lenks a riets, an daat ass e riesen respekt wäert! An daat soll mol een ’em no maachen!
du_jupe
23.01.2008
Vill Leit wellen de Film kierzen, mee ech hätt en am léifsten nach méi laang gesin. Ët feelen Zeenen déi an der Therapie selwer ofspillen, zum Beispill Patienten huelen d’Pellen, si gin an d’Zellen ageliwwert. Ët feelen Zeenen zum Schluss, si fueren mam Auto fort / Police … Ech verstin dass jiddereen eng aner Meenung huet, mee ech fannen déi Längt déi en elo huet eben gudd.
Um Niveau vum Toun an vun de Farwen am Film kann ech verroden dass ët keng eng Zeen gët wou ech net dru gedokert gin. Extrem vill hun ech missen um Kontrast an den Farwen änneren fir en esou “propper” hinzekréien. Den Toun ass an all Zeen och nach ugepasst gin (den Dokter schwätzt extrem haart an seng Assistentin ganz lues …).
bon wat: “gereppels an de Movementer” sin, muss de mer zwar nach emol erklären (mein stativ war bal emmer an asatz) bon ech hun eben probéiert dee Film deen ech am Kapp hat, mat der Kamera anzefänken an ët ass mer och gelongen zwar sin vill Pläng wahrscheinlech nët top, mee nujee
Op alle Fall sin ech frou dass der déi Draamsequenz esou gefall huet
Merci fir déi Kritik
pierre
Franky
23.01.2008
mengen den marc wollt sou kierzen dass et net opfällt.. zb bei dialoguer sou dass sätz mei fleissend anenen iwergin
du_jupe
23.01.2008
Screenshots aus der HD-Versioun vun den Zeitungen, do kritt een och emol eppes gelies
Barnig
23.01.2008
Ech verstin dech, wanns de sees, du häss de film suguer vlait na mei laang kenne maan.
Geing mech o net steiren, mee wann ech iwer Lengten schwätzen, da mengen ech domader, kee fleissenden Oflaaf bei den Dialogen, wz.b.
X seet zum Y en halwen saatz, Y weist eng reaktioun dorop (1-2 sek.), X fiert dann nees weider mam Saatz! Wubai de Saatz normalerweis an engem Steck hät missen gesoot gin.
Mee su Feehler haat all Mensch um Ufank!
(Zeenen wei Patienten hier Pellen huelen a sou, häss de roueg kinnten rabauen, hätt dem Film vlait suguer na besser gedoen)
pimp457
25.01.2008
dee schlechsten film wou ech jee a mengem liewen gesin hun. 45 minuten vun mengem liewen wou ech verluer hun. sou schlecht gemach. deet mer leed mee den film war wirklech krass. d lait hun nemmen geklappt aus matleed.
Admin2
25.01.2008
Kritiken sollen am beschten NET anonym geschriwen gin(d’IPen gin souwiesou all geloggt…), an dest kann NET als Kritik gekuckt gin well keng Argumenter gin sin. Et huet sech bislo all User drun gehaal.
Barnig
25.01.2008
De Film ass secherlech net dee beschten, mee total geint een vun deenen 5 Filmer do ze schwätzen ass wirklech net korrekt.
En huet ganz vill Schwächen, ass awer nach laang net totale schaiss!
Pimp457, du fenns bestemmt och nach ebs positives, wanns de dech bessi ustrengs
schwup
25.01.2008
Fannen wann een sou weineg zivilcourage huet zeweissen wien een aas dann huet een besser sain agezunnen schwanz och dozelossen wou en ass
(mengen, an do schwätzen ech bestemt fir all mensch aus der crew,mir hun definitif keen probleem mat kritik,soen natirlech eisen standpunkt och dozou)
Barnig
31.01.2008
Well nach ebess iwer den DVD soen,
deen der ab elo kennt bei der PH Enterprise bestellen!
Also fir nemmen 15 Euro kriit een hei relativ vill gebueden:
Fotogallerie,
Outtakes an
Interviews
Ass alles witzeg, ausser dass bei den Interviews hätten puer Leit mei kinnten intervieweiren, wei just dei 2 Macher
mee alles an allem e flottn DVD
Qualiteit ass selbstverständlech bessi besser wei am kino!
Barnig
12.02.2008
Hoffentlech gewannen ech
Franky
12.02.2008
ech hun schon matgemach…
mengen KML kann och rem sou een concours mat liewensrees CDen machen
Barnig
13.02.2008
Wien well eng LIEWENSREES – CD ?
Claude
03.03.2008
Den S-Therapie Concours ass eriwwer.
Et waren am ganzen 7 Leit, dei do matgemaach haaten an d’Präisser sin:
2 x S-Therapie DVD + T-Shirt + Affiche
Hun elo grad eng FETTE BEUTE gemaach! (S-Therapie DVD + T-Shirt + Affiche)
Ech war de Präis schon sichen.
Franky
03.03.2008
an ech krutt naischt mee bon, ech mengen den claude leint mer DVD emol
Franky
27.06.2008
S-Therapie DVD (55 min.)
ENDLECH hun ech d’zait fonnt mer des DVD ranzezeihen!
Ech hat den Film eischtmoleg schon am Kino gesin, dofier schreiwen ech net fir 2t meng ganz filmkritik heihinner.
Folgend sachen sin mer lo awer nach opgefall:
– Bildqualiteit ass besser, op der leinwand huet den film oft mannergudd ausgesin, op der klenger Tele kennt en einfach mei proper riwer
– den Toun huet oft rauschen, zumols am ufank vum film huet dest bessen gesteiert.
– hun een Feeler am Film fonnt (wann den professor op seng Monitoren kuckt, gesait een dass Squeenz vum Amy am zemmer “loopt” an rem vun vir ufänkt
– den Kontrast am Film selwer ass mer des keier vill mei opgefall…. den Ufank kennt verglaichsweis schlecht riwer verglach zum schluss (den Professor leiert seng eischt sätz langweileg virun sech hin, zum schluss brengt hien den Kultsatz:” mach dass den Buedem wei geleckt ass” einfach extrem krank an brilliant riwer….. och punkto montage fannen ech den Ufank banal, Amy well sech embrengen, duerno den Marc… hei wier een Wiessel, respektiv synchron selbstmorden mei spannend riwerkommen… dofier ass den Montage zum schluss vill mei clever an experimental, zeitenspreng.. etc
– et ass mer och an enger Szeen zum schluss opgefall dass do eng Meck oder eng Mott durch bild flitt
– ech war selwer iwerrascht weivill ech nach vum Film wosst, den film huet eng längt vun 40 minuten, an et leit schon baal een hallewt joer zereck wou ech en gesinn haat.. an haut bei der DVD konnt ech schon deelweis baal auswenneg gewessen passagen matschwätzen ,respektiv ass quasi all Szeen am kapp iergendwei nach do (dest leit warscheinlech dorunner ass den Film am Kino bessen opgefall ass(negativ oder positiv), durch dei Geschicht mat der Wendung sech punto story extrem herviergehuewen huet(wann ech daat mat aneren kuerzfilmer verglaichen, dei hun ech gesin, war 10 minuten finanzeiert.. an vergiess waren se..)
– ech hun bei den Credits zum schluss een flackeren gesin, zereckgespullt.. dunn mat zaitlupe… AHAHA do ass eng kleng SECRET MESSAGE.. bon waat do steet soen ech kengem hei.. einfach DVD ranleene an kucken.. oder se kaafen an dann kucken
– DVD hun sech huet just kleng specials(fotoen, trailer, interview,..), ass net vill, mee ass kompakt an zwecksmeisseg. Absoluten respekt den Film direkt op DVD rauszebrengen(dei aner filmer vun der indiehhorrorpic show gin et bis dato nach neirens ze kaafen),. Den Teaser vum Film huet zwar gefeelt, an puer andreck vun tournage, respektiv den Museker wieren welkomm gewierscht.
– nach een lescht wuer zum Pierre(bezunn op sain Interview op der DVD). Soen just absoluten Respekt fir desen Multitasking!! Alles alleng ze machen ass sauschweier, den virdeel ass et kann een et genee sou machen wei een et och well. An enger mettelgrousser equipe geet et mei einfach, trotzdem sin do och nees koordinationsarbescht gefrot…. Ech perseinlech(no 10 joer film erfahrung, mat klengen, groussen oder kenger equipe) fannen eng kleng equipe am allerbeschten. Et brauch een keng 15 leit um tournage.. 5-6 ass ideal. Ech kann mer virstellen dass den Pierre eng handvoll gro hoer mei huet(hien sot dat jo och schon selwer am interview), mee sain Talent am Schauspillen ass oniwertraff (all seng charactèren huet hien eppes spezielles beigefügt), an dofier hun ech et schued fonnt dass hien an sengem Film selwer ze kuerz dran ass(waat awer normal ass,, et kann een sech net an 10 deelen). Och wann villen spektateuren den S-Therapie iwerhaapt net gefall huet(ass waat ech sou heiren, deelweis heavy kritiken; ech selwer hun och puer aspekter vum Film extrem schlecht fonnt, siehe meng eischt kritik) fannen ech nach emmer dass den Film ennerhällt an eppes spezielles ass, net zu lescht weinst senger total abefuckter(jo genee,,) Wendung am Film. Fannen also dass den Film eng schweier iwertraffen stärk punkto Story huet dei zwar net immens gudd (qualitativ heigen niveau)verfilmt gin ass(aner filmer hun grotteg schlecht geschichten, oder hun iwerhaapt keng, dofier awer eng super Kamera, waat natirlech dann schein wierkt, mee naischt dohannert stecht).
Also wanns de emol eng kleng (krank) geschicht an dengem Schaff leien hues, ech geing se gaeren verfilmen

Darkness of the Red Light

Barnig
15.02.2008
Ganz mystech klengt desen Titel, Cover versprecht och vill!
Premiere vun desem Film vum (Ex)KML-Tountechniker Claude Hoffmann ass:
Samschdes a Sondes (23. – 24.Februar) zu Hesper am Centre Civique.
“Darkness of the Red Light”, zesumme mat de leschten Feierblumm Court-Metrage Produktiounen: Grim,Blanc an Etre et vivre avec
Barnig
09.06.2008
Sou,
op Spaasprojet hin oder hier as mer lo mol egaal, deijeeneg kennen des Kritik jo dann och als “Spaas”-Kritik ugesin
Also et deet mer leed, ech hu wirklech laaaaang laaaaang iwerluecht och nemmen ebess ännähernd positives ze fannen, mee et fällt mer leider naicht an.
Hu selten (fir net ze soen NIE) su e schlechte Film gesin wei desen; Hei klappt einfach guer naicht.
Weder kamera, nach Story, nach Horror: Et kennt guernaicht eriwer, an et ass mol net witzeg! Ech hätt an hiere Plaatz, Owes eemol Kromperen beim Lagerfeier gebroden, do wären se mei wait komm, wei su e Film ze dreihnen, deen dann anschliesend och nach enner engem Feierblumms Numm op Festivaler presenteiert get
Nom simple Motto “Mat Kanner e Film dreihnen” kinnt ee jo en Aa zoudrecken (an dem Film winstens deen Positive Punkt offreiren), mee suguer daat klappt net well wann ee well mat Kanner e Film dreihnen (an ech hun daat selwer 1 Joer gemaach) an deene bessi aklären wi Toun, Beliichtung a Kamera funktioneiert, da muss een awer selwer wessen wou de Waissofglaich bei der Kamera lait oder wei een Travelings mecht, a wei een d’Material asetzt …
Am meeschten iwerrascht mech dann, dass Leit, mat deenen ech selwer geschafft hun, an ordentlech Arbecht joerelaang gemaach hun, et faerdeg brengen ebess wirklech riichteg schlechtes ze maan.
E Witz fannen ech och dass wann ech am Ofspaan liesen, dass en Yves Steichen (dee biswell relativ gud Projeten gemaach huet) da Regie-Assisstent a Monteur bei su engem Film ass, deen en plus o nach de Geck mat sengem eegenen Projet mecht. Do kann ech einfach nemmen de Kapp resselen, a froen, op dain eegene Film da sou schlecht war, dass du lo de Geck domader mess??
Ech si lo fein, an haalen lo op, mee et kinnt een eigentlech all eenzel Zeen kritiseiren.
Franky
09.06.2008
*The Darkness of the red light*
Dem Raab sein eischten Film wou en Regie gefouert huet. Den Film handelt vun enger Scoutstruppe dei am Besch een Rally mecht. Dobai begeinen se puer mysterieus Szeen an et get versicht eng Spannung opzebauen. Desen typeschen Szeenario(den an 50% vun all Amateur filmer ze fannen ass) konnt mech net wirklech iwerzeegen. Ech wees selwer wei schweier et ass am Donkelen Besch ze shooten, mee Bildqualiteit an den Toun sin zaitenweis schrecklech. Bildqualiteit ass eng kleng katastrophe an wierkt extrem platt an ellen (dest ass menger Meenung op den HD zereckzefeiren, am Ufank beim lagerfeier ass Szeen ze weineg beliicht an dobai kann eng deier HD kameraoch naischt mei retten, an all Schwarztoun wierkt einfach GRO an platt). D’Kamera vum Film fannen ech och alles anescht wei proper/interessant, idem fir den Schnett.
Ech gesin den Film einfach als Spass/Ennerhaalungs projet(ech mengen et ass och genee sou vum prod. Geduecht). Eng Homage un een eegent Wierk fannen ech alles anescht wei gudd(well een domat indirekt sech selwer veräppelt) respektiv quasi keen vun den spektateuren den Joke verstaan huet.
Barnig
09.06.2008
Hei d’Analyse vun egalwaat.lu
Darkness of the red Light
Regie: Claude Hoffmann
Produzent: Sacha Bachim / Feierblumm
Dauer: 15 Minutten 35 Sekonnen
D’Dréibuch zu desem Film ass wuel entstaanen, wéi d’Carapio (Scouten) vum Houwald op engem Weekend keng Ahnung haaten, wat se sollte maachen. D’Geschicht ass déi vun engem Nuëtsrallye, dee liicht schiif geet. Leider hënnert dat fehlend technescht Wëssen iwwert d’Filmkonscht zimlech graff a kann och net vun engem onoriginellen Dréibuch oflénken. Wann een e Lagerfeier filmt, sollt een d’Kamera op di richteg Hellegkeet astellen, soss gesäit ee just d’Feier a gro Ëmrësser, wi dat hei am Film de Fall wor. Genausou brauch bei deem Lagerfeier jhiddereen e Mikro oder muss nosynchroniséiert gin; am Film konnt ee just d’Knacken vum Feier héieren an heiansdo mol deen een oder aanere pësperen.
Dréibuch: 2/5
Réalisatioun: 1/5
Gesamtbewärtung: 2/5

Near You

Barnig
21.06.2007
Desen Amateurfilm ass sugud wei ofgeschloss, a soll fir September presenteiert gin.
(Am aale Forum haate mer scho bessi mei iwer dee Film geschwaat)
Realisert get de Film vum Georges Warringo, deen iwriens eis lescht Filmer kucke komm ass.
Seng Filmgrupp nennt sech “PULSA PICTURES”
eng verbessert HP ass och geplangt, an en eischten Artikel iwer hieren Tournage ass ze fannen ennert:
filmreakter.files.wordpress.com/2007/06/pulsa.jpg
mir si gespaant
Franky
21.06.2007
cool,
deen artikel haat ech virun puer wochen an der zeitung gesin
et ass och interessant ze liesen dass sie durch filmer wei “Zombie film” een eegenen film wollten dreinen
(haat net een vun der zombie crew gesot dass se den rendolespis gesin hätten, an sech dorops hin gesot hun:” dat doten kennen mer och , lo dreinen mer een film”?)
dat heescht am endeffekt dass rendolepsis den steen un d’rullen bruecht huet
TIPTOP
Barnig
21.06.2007
… dass d’kraaft dei aus der truh koum …
Franky
19.07.2007
wou den Film genee drun ass kann ech net wirklech aus der HP erausfannen… kennt deen lo september eraus?..
Barnig
27.07.2007
Den Tournage vu NEAR YOU ass mettlerweil ofgeschloss, an de Film befennt sech an der Postproduktioun.
Den offiziellen Trailer zum Film get et ze beschtaunen op Youtube:
Franky
27.07.2007
den ufank wierkt sou lovely days style, den schluss eischter blair witch & co.
mengen dei musek am trailer stammt aus engem aneren film??
Et sin puer schein Kamerakran astellungen dran
sin gespannt op den film ! (dann ass et domat den eischten Beschfilm den dest Joer rauskennt)
Barnig
27.07.2007
haat daat och direkt geduercht, mat LIEWENSREES astellung (am auto)
Georges
30.07.2007
salut alleguerten,
jo stemmt,dest joer sin schon genug filmproduktiounen gegrennt gin…me ging lo mol direkt soen dat et do awa na ennerscheeder gett…filmproduktioun as net gleich filmproduktioun.
dat 2 waat ech wollt soen…ech fannen dat emmer schued dat wann gesot get, dat as dach eng copie vun blair W.,(an am trailer wees ech och net wou do soll eps sin wat vun BW geholl gin as),all filmer huet elementer vun aneren produktiounen,keen film as mei keng keng copie…enplus fannen ech dat en dann emmer sou gestempelt as,sou wei : ohh dat as dach nemmen eng copie vun BW (also den mer kann den stil an authensiteit vun BW no man,dann soen ech respekt).
muss awa och dozou soen dat ech dat super fannen dat sech emmer mei nei formatiounen bilden dei sech ziel setzen en film ze dreinen.
release vum NEAR YOU dei as och geschwenn,deteiler gid der anch gewuer
chillout dudes
GEORGES
pulsa pictures
Franky
30.07.2007
@georges:
ech hun mech vlait schlecht ausgedreckt, mee ech sot net dass et eng kopie ass!
ech sot just “et ass am style vun” waat op keen fall well heeschen dass äeren film iergendeppes kopeiert huet.
Ech hun just den teaser/trailer gesin, an do hun ech mer eben geduecht: dat keint genre BW sin (wat op keen Fall negative ze huelen ass!). Mee ech hun den Film nach net gesin, ech kennen d’Geschicht net, an et ass schweier een Urteel ze treffen wann ech just 1 minute trailer gesin hun.
Also ech freeen mech jidenfalls den ganzen film ze gesin , an dann schreiwen ech och meng eierlech kritik hei an den forum!
Filmproduktion ass net glaich Filmproduktion…. dat stemmt och nees 100%, well jidereen aner Zieler verfolegt, anescht organiseiert ass, mei oder maner erfahrung huet, mei oder maner budget, etc etc Fir mech ass emmer d’haaptsaach dass een Film inovativ ass and gudd szenen an Ideen ennerbrengt!
Georges
30.07.2007
saluti
ech hun dat och net schlecht opgeholl…me wollt dat emol einfach kloer stellen well vill leit direkt soen wann eps am besch gedreint as,dat do as dach nemmen BW kopeiert.
me den BW as einfach den beschten indi-film (oder low-budget film).
also nachengkeier hat dat guer net schlecht vun der opgeholl
chillout
Georges
Franky
18.09.2007
kennt den film nach dest joer?…
Franky
16.11.2007
oder iwerhaapt näChst joer?
Franky
21.01.2008
*****SPOLER ALERT*******
* meng Kritik ass just meng Meenung, wann der eng aner hut, schreift se hei nidder. ”+” & ”-” sin einfach benotzt gin fir den text mei iwersichtlech ze machen, waat net heeschen well dass een film mat 10 ”+” besser ass wei een Film mat maner ”+”. Bei puer Kritiken sin ech mei an den Détail gang an hun och kleng onwichteg Problemer ugeschwaat. Ech well och net soen dass ech dei ganz Sach besser kann; en plus muss een och all Film gemäss hieren Moyennen/Erfahrungen kucken*
Near You
Kamera:
— D’Kameraführung huet mech net iwerzeegt. Ech krutt zwar vun verschidden Leit herno erklärt dass vill nei Sérien sou geingen gefilmt gin,… mee iwerzeegen konnten mech dei visuell effekter vum Film net (3x zoom in/zoom out an enger Szeen, Stativer seelen zum asaatz komm… op sou enger grousser Leinwand get een dronken).
– Faarw vum bild huet vun szeen zu szeen varieiert(den film war deelweis quasi schwarz weis…. oft war bild blo an duerno nees giel…. ass do mat 2 Kameraen gefilmt gin???)
Toun
+ Dialoguen kann een gudd verstoen, och wann bei enger stross/besch gefilmt get
– Background noises… (Generatorsummen am besch..)
Beliichtung – Szeenen wei an der disco waren einfach nemmen schwarz, et huet een guer naischt erkannt?
Montage
+ zwecksmeissegen montage den Geschicht lues awer secher weiderbrengt.
– den Film hätt een op 30 minuten kierzen keinten ouni iegend een Element ewegzelossen
Musék
+ D’Musek passt greissendeels zu den Szeenen.
Schauspiller
+ d’Schauspiller sin authentesch riwerkomm, et huet een gemierkt dass eng gudd stemmung um set war an dass jidderen eng schein zait an der crew hat.
– Dialoguen hun mer net gefall och wann se wirklech zu den Personnagen passen. 80% vun den Dialoguen ass absolut irrelevant fir den Film an wiekt improviseier.
Various
* Perseinlech huet den Film mer net besonneg gefall. Dei ganz Story ass zevill an d’Längt gezunn an weisst net genuch originell Ideen op. Dei ganz Szeenen wou den Haaptpersonnage mat senger Frendin schnackt, an den Café geet, Zelter besuergt, an den Bescht fiert.. an endlech ukennt sin einfach ze laang / iwerflesseg. Dest hätt een an 5 Minuten genee sou riwerbruecht. Aneren Kritikpunkt ass dass ech während dem ganzen Film net secher war ob et sech em serieuxen Horror handelt oder eischter em een ”US Teenage Film” mat puer Horrorelementer (sou à la Scream 2, I know what you did last summer). Kloer huet den Film puer gudd Lacher oder great momenter (zb wou Personnagen op der Klippe stin an den Kamerakran iwer den käpp erwech geet) mee dann kommen rem Szeenen wou minuten laang beim Lagerfeuer iwer belangslos sachen gequatscht get… Eng richteg Spannung ass bei mer am ganzen film net ukomm.
* Fir een eischten Film absolut passable, ech geing mech freen wann een 2ten film vun Pulsa geing rauskommen (iwer SNJ).
* Hun gefill dass den Film um klengen Ecran besser riwerkennt(dei donkel biller sin do mei hell, Kamera/Tounproblemer kommen um groussen Ecran vill mei zur geltung)
schwup
21.01.2008
Hei wor ech eierlech gesoot zimlech entäuscht vum Film… kruut am ufank gesoot daat wär warscheinlech sou zimlech den highlight vum owend,super material etc. an wei ech en dun awer gesin hun wor naja eischten en kraasen déjà vue….och wann gesoot gin ass wir net aus engem aneren film kopeiert…kennt dann awer duerch zoufall vlait zimlech op daat eraus…
Waat ech och perseinlech un engem film net zegären hun ass wann et dei ganzen zait sou wackelt,an daat wor e bessen zevill hei dranner fir main gout (an et wor net vum champes)
jo definitf puer witzeg (originel) text passagen,wou een gudd gelaacht huet…ass vun den schauspiller zimlech authentesch riwer komm,an och gudd gespillt
soss kann ech usech net mei souvill dozou soen…
Ausser na daat d’musek ass wei gesoot och zimlech passend zu den szeenen mee… jo ne….
Barnig
24.01.2008
“Near You”
D’iwerraschung vum owend, wi een daat ka soen. Also ech wees o net wei ech lo riichteg do soll uffänken, de Film huet mer leider net sou gefall wei ech mer daat awaard hun (haat och vlait zevill virfreed), soit.
Ech fannen dass den Internetsite vu Pulsa + Fotos vum Dreih no ebess relativ “professionellem” ausgesin, de Film leider total de contraire beweist.
Et arennert mech bessen un eise KML-Film vun 2001 “Lovely Days in April”. Ging suguer baal soen dass mat deem selwechte prinzip geschafft gouf: Onkomplett (wat Dialogen ugeet) Dreihbuch, spontaan Kamera, an Selbstinspiratioun um Dreih.
Ech fannen dass Kamera wirklech absolut feehlagesaat ass. Och wann d’Wackelkamera momentaan total INN ass bei alle Filmer/Serien, su däerf een daat op guer kee Fall beim Amateurfilm maan. Et ass neehmlech en Ennerscheed op een mat enger professioneller stabiliseierter Handkamera filmt, oder op een mat enger belleger Amateurkamera Handopnaahmen filmt. (Froot den Yves mol iwer “31 MIN.”) Daat ass hei an desem Film vu vir bis hannen ze bemierken. Och wann daat gewollt ass, su wierkt daat am Amateurfilm total schlecht, e brengt secherlech net deen Effekt eriwer, deen de professionelle Film riwer brengt.
Zur Verteidegung vun “Blair Witch” Story, well ech awer kloer soen: Et ass KENG “Blair Witch” Kopie!! Et ka gud sin, dass daat Dreihbuch ouni “Blair Witch” guernet entsataanen wier, mee Dreihbuch kraizt eischter duerch verschidden Horrorfilmer queesch duerch dei lescht Joeren vum Horrorklischee.
D’Schauspiller spille gemescht, bei den Improvisatiounsszeenen wierken se gud, (dese Lob haat KML och bei Lovely Days) daat fannen ech och e groussen Avantage, mee ass mega riskant, well een do bei de’er Spontaniteit nie wees, wou et endegt. An Kamera souwisou net wees wat se soll filmen. Spontaniteit bewierkt awer, dass ganz vill relax a gail a virunallem witzeg Sprech zum Virschain kommen, wu een sech ganz secherlech als Spektateur köstlech amüseiert
Totale respekt och fir de Montage, deen hun ech total gud fonnt (Den Toun net sou).
Musek ass total onpassend!
Schleichwerbung ass genuch vertrueden, d’Scheld vum Café “Sims” zum beispill kriit suguer ganzer 2 Noopnaahmen (eng zevill) Puer Zeenen sin total onwiichteg, a geheiren net an de Film (wzb. den Akaaf vun den Zelter), um Niveau vun der Mise-en-Scene gin et eng gud retsch vun onlogeschen Aktiounen (eng Kamera dei am besch fonnt get, glänzt net vu Properheet…)
Fir mech ass “Near You” gud als “Eischte Film”. Pulsa soll virunallem weiderfueren (KML huet ähnlech ugefaangen) Fir lo direkt de Kino unzesteiren, war vlait eng Grimmel ze heich gegraff, mee ech si secher wann de Georges a seng Equipe sech op deen enzelnen Niveau’en verbesseren, besselchen mei selbstsecher gin, da kann do a puer Joer awer eemol ebess ordentleches rauskommen, well Equipement, Crew a Motivatioun ass do, daat gesait een!
Fuert weider mat Filmer dreihnen, Jongen!
Georges
24.01.2008
merci fier deng kritik…an dats de der zeit gehollhues
naja also vun onlogeschen szenen soen ech lo leiwer naichtan dat den film net professionell as as jo och normal…
omkomplett ging ech secher net soen…mer hun alles esou duerggeszun wei mer et wollten.
kamerafeiereung as eben net jidderengem sein gout…bis lo hu mer baal neicht negatives heieren.me ech fannen dat et eis gelongen as dem film en individuellen touch ze gin.
merci fier kompliment vum montage.
wann der schleichwerbung net gefellt dann gei an keen kino mei dat wees de genau esou gud ewei ech me mer wessen eis eben ze vermarkten.fannen dat geheiert eben bei den film.
ze schnell and en kino…secher net…do geet et ni ze lues…mer sin soguer stolz fier fier direkt den ganzen sall voll ze hun.mer hetten vun eisem film alleng 130 plaatzen voll kritt.dat beweist eben dat mer vill ennerstezt gin.
trotzdem huelen ech dat als eng kontruktiv kritik op.
merci dat der erch zeit geholl hud…an och dem franky
bis dann an vill erfolleg mat dreamers dream
Georges
Franky
26.03.2008
also ech wees jo net ween fir den artikel am point24 (25/3/08) 0verantwortlech ass, mee do steet rem leider grouss drann:
Inspiré du célèbre Blair Witch Project;
also keen wonner wann leit nees mam verglach kommen
Barnig
27.03.2008
Inspireiert ass et zu 100%
mee et soll just keng Copie sin
an daat as jo riichteg, a liicht och jiderengem an

De Bommeelee’er

Barnig
18.05.2007
Pyrrrhus (wees eigentlech nie, wei een daat riichteg schreift) wellen eng Serie iwer de Bommeleeer produzeiren, dei dann regelmeisseg um Mike Tereba sengem Site www.podium.lu online ze bekucken ass.
De Pilot (eischt Folleg /8 min.) zu deser Serie get et ab haut den owend online ze gesin
Eng Premiere get et awer och, an zwar den Owend um 22h am Gronn am Café Aula
Franky
18.05.2007
gesait wirklech gudd aus
ass typesch letzebuergesch/ sou à la superjhemp
Barnig
21.05.2007
Dei eischt Episode vun der BOMMELEER-Serie kann een online op
www.podium.lu
ukucken,… ech soen dozou:
Fannen daat total reusseieiert. An ass top inszeneiert: Och wann deen een an aneren Witz mech net vum Hocker rapt, su sin awer ganz vill Laacher dran, an villes get op d’Schepp geholl, sou wei daat soll sin
Ze bemierken: Och e flotte Cliffhanger um Schluss, wei sech daat fir all gud Serie geheiert.
Wini soll dei 2t Episode rauskommen?
Mir waarden drop
Franky
22.05.2007
Mise en scène ass wirklech gudd gelong.
Den szenario ass typesch letzebuergesch(dei nimm vun den leit, dialoguen..) an keint domat een breeden publikum unzeihen! (perseinlech ass et zwar net mein genre)
Barnig
26.10.2007
De BOMMELEEER och namol op groussem ecran_
DESE SONDEN UM KULTURDAAG
!!!
Barnig
29.10.2007
Och de BOMMELEE’ER ass mega!
En Trailer fir dei 2t Episode ass och schon ready. Dei 2t Episod soll fir Enn november rauskommen.
Eng 3t Episode kennt nach duerno, an da soll e Film rauskommen…
Franky
21.01.2008
*****SPOLER ALERT*******
* meng Kritik ass just meng Meenung, wann der eng aner hut, schreift se hei nidder. ”+” & ”-” sin einfach benotzt gin fir den text mei iwersichtlech ze machen, waat net heeschen well dass een film mat 10 ”+” besser ass wei een Film mat maner ”+”. Bei puer Kritiken sin ech mei an den Détail gang an hun och kleng onwichteg Problemer ugeschwaat. Ech well och net soen dass ech dei ganz Sach besser kann; en plus muss een och all Film gemäss hieren Moyennen/Erfahrungen kucken*
Bommeleeer (oder wei een dat lo richteg schreiwt ;P
Kamera
++ interessant, deelweis verspillt mee nie langweileg
Toun
+ vill souneffekter waat dat ganzt deelweis wei een Zeichentrick wierken leisst.
Beliichtung
+ ok, passt (bei podium.lu fennt een een interessant Video wou den Mike weisst wei een Material benotzt get fir den Film, do gesait een dass een och eng gudd beliichtung fir ganz weineg geld kann kreien)
Dréibuch
+ Vill Ideen an puer Minuten ennerbruecht.
– dat ganzt ass typesch letzebuergesch, waat perseinlech GUER NET mein Nerv trefft (sin awer der Meenung dass dei meeschten leit dat awer als plus gesin…)
Montage
+ seieren Montage mat ofwieslungsreichen Ideenen (Splitscreen…)
Musék
+ ok, passt
Schauspiller
++ Absoluten Respekt un Schauspiller dei hier Roll wirklech liewen
– typesch letzebuergesch(klengt no Théater wei leit hier sätz virdroen).. ass net menges obwuel et an den Film passt.
Various
* menger Meenung no den Abräumer vum Owend!!! Dat ganzt huet extrem vill Potential an trefft genee den Nerv vum Publique.
* Leider ass dat ganzt net mein Genre vum Humor, ech sin keen Frend vun sou Genre filmer an och keen Frend vun Filmer dei sech op letzebuerger Thematik baseiren..
schwup
21.01.2008
Hei kann ech just eppes soen an zwar TOP !!!
ass einfach den glanz,et laacht een gudd dobai et ass eng richteg gudd karikatur vun eisen letzebuerger ‘Bloe Mais’
kann en vun den schauspiller bis zum zesummen schneiden bis zu den soundseffekter etc. nemmen soen daat et gelongen ass
Wor fir mech och daat bescht dee owend(natirlech eng ganz aner kategorie wei dei aner filmer)
an am geigendeel zum frank ass daat sou awer deen Humor deen mir gefällt sou bessen iwert eis letzebuerger sociteit ,dei jo dach ach sou schein an intakt soll sin
Barnig
21.01.2008
Bon, ech maan dann main Debut vun den Analysen mam wuel “einfachste” Film:
“DE BOMMELEE’ ER”
Et kann een eigentlech net soen, waat lo wirklech dee beschte Film vum Owend war (zevill verschidden Genren an Arbechten), allerdings zielt de Bommelee’er och fir mech zum Ennerhaalsamsten vum Owend!
Et gesait een einfach, dass d’ Kolleegen vu Pyrrhus hier Handwierk vum Feinsten verstin. Sie brauche laang Zait ebess erauszebrengen, mee wann dann ass dee Produit awer och ordentlech gepfeegt!
Den eischten Deel war jo schon exzellent, deen zweeten ass besselchen manner gud wei den eischten, trotzdeem awer nach vu vir bis hannen Top Spannend!
Heiansdo si witzer, dei menger Meenung no zevill an d’Ridicult gin wzb. d’Sprengen vun der gelle Fra. Mee ass duerch Computereffekter awer total witzeg unzekucken.
Dei 2 Polizisten spillen exzellent, kennen daat jo warscheinlech ganz gud: Am Café de “Vollen” ze markeiren. Ech hätt mer gewenscht, se mei laang an Aktioun ze gesin (su eben wei den eischten Deel)
Technesch ass den 2te Bommelee’er total an der Reih, quasi perfekt! Leider gin och nees ganz ganz vill Froen opgestalt, wu een nemmen mat villem iwerleen nach drun denkt, an de ganze Film schengt och eng Grimmel ze schnell ze laafen (Keng Otem- oder Iwerlee’paus) -> Mee dest ass jo bei enger Serie accordeiert.
Eng TOP Idee war natirlech dei Live Performance mam Knuppert, de Polizisten an de Flyer!
All Respekt!
Et fällt mer schweier, na ebess contra ze fannen!
Fannen et en 100%egen Letzebuerger Film (leider wäert deen op Festivals oder am Ausland net vill Verstees-de-mech fannen, mee fir all letzebuerger, dei besslechen an der Aktualiteit liewen, dei gin hei ordentlech belount, an ennerhaal)
Barnig
05.02.2008
Zu deser gailer Serie, get et o lo eng offiziell Homepage

Etre et Vivre avec

Franky
21.01.2008
*****SPOLER ALERT*******
* meng Kritik ass just meng Meenung, wann der eng aner hut, schreift se hei nidder. ”+” & ”-” sin einfach benotzt gin fir den text mei iwersichtlech ze machen, waat net heeschen well dass een film mat 10 ”+” besser ass wei een Film mat maner ”+”. Bei puer Kritiken sin ech mei an den Détail gang an hun och kleng onwichteg Problemer ugeschwaat. Ech well och net soen dass ech dei ganz Sach besser kann; en plus muss een och all Film gemäss hieren Moyennen/Erfahrungen kucken*
Etre et vivre avec
Kamera:
+ proper kamera; weinst den ”normalen” decorsen war awer keng szeen dobai dei mech visuell extrem vum hocker gerappt huet.
Toun:
+ tiptop
– hätt mei background noise gewenscht(zb an der Kantine hun ech den typeschen Kantinskameidi vermesst, jeitzen vun aneren schüler…)
Beliichtung
+ tiptop, zwecksmeisseg
Dréibuch/Idee
+ keng Fiction, mee et kloer een ”serieuxt” thema ugeschnidden
– den Film stellt kuerz 2 Personnagen fir dei zwar een aneren Problem hun, an Endeffekt awer allen 2 net kloer kommen. Des Problematik ass schon no 1-2 Minuten direkt kloer… dann geet den Film nach puer Minuten weider an weisst eis mat puer Beispiller wei des 2 Jongen gehänselt gin an geint hier Problemer ukämpfen… ZACK, ofspaan….Do war ech eierlech entäuscht well den Film absolut naischt mei vermettelt huet wei den Trailer (just eben bessen mei an d’Längt gezunn). Hätt gehofft dass den Film sech dobessen mei getraut hätt.
Montage
+ Interessant well 2 parallell storyen erzielt gin
– vermessen hei och bessen den Mut zu onkonventionnellen Ideen.
Musék
* hun ech lo net mei an erennerung…
Schauspiller
++ Dei 2 hun hier Sach extrem gudd gemach!
– Statisten tauchen ze oft emmer rem op, den Problem ass wann dat een Lycée soll vermettlen, dann geing den selwechten Statist net emmer och grad dann durch den Haal trepplen wann Kamera ugereckt kennt.
Various:
* Gudd schauspiller, ennerhaalsamen Film den proper réaliseiert gin ass an sech traut een serieuxt thema opzegreifen.
* Leider ass den Film bei mer net hänken bliwen, ech hun en schon vergiess well keng markant Szeen dran war. Ech hätt mer erwaat dass den Film d’Thematik net nemmen bessen uschneit mee mei weit geet an eppes vermettelt.
schwup
21.01.2008
Hei fannen ech och daat thematik ganz gudd gewielt ass,mee eben et zeschnell un an aus ass…et kritt een sou gesin 4 persounen hiert schicksal gewiesen (wann ech daat richteg verstaanen hun daat een och zum schluss u kribs erkrankt/gestuerwen aas–wor bessen den toun deen do gekreckelt haat dat ech met net ganz secher sin)
ass usech en klengen marathon laaf tescht deenen verschiddene persounen…wou et fir mech e bessen zeschnell ass…
den klengen friede-freude-eierkuchen schluss wor e bessen zeschnell komm.
soss: d’schauspiller hun hier roll super gespillt,hun se all iwerzeegent fonnt,wor naicht kenschtlesches,och kamera an montage ass naicht auszesetzen (also mol fir en laien wei mech)
ass eben just bei der geschicht wou mer eps gefeelt huet,an waat deen Jong mam iessen genau haat kann ech bessen eraahnen mee ass net ganz kloer riwer komm(fir mech).
Barnig
22.01.2008
Etre et vivre avec, war fir mech dei beschte “Mise en scene”, wann een d’Schwieregkeet vun deem Filmthema kuckt:
Et muss een natirlech och wessen, dass d’Schauspiller exzellent bescheed wossten, wei a wat sie sollen an hierer Roll eriwer brengen. Mee daat kennt total gekonnt eriwer, an ass herrlech unzekucken.
Dreihbuch ass deemno total an der Reih, waat ech just ze bemängelen hun, ass den Asaatz vun der Kamera, well dei huet mer zevill Travelingen: Am Ufank ass praktesch just mat Dolly an Steady Cam gefilmt. Deelweis mi lues a roueg Pläng wären menger Meenung no besser ukomm. Mee Biller sin an der Reih!
Wann ech d’Akteuren luewen, kritiseiren ech d’Statisten am Hannergrond, dei spillen wei marionetten, a wierken wei eng Dexia-Publiciteit oder waat och emmer. Daat ass total irreal anzevill geplangt, wierkt schlussendlech mei schlecht wei gud.
De Nilton mecht seng Sach tiptop.
Ech haat op der After-Party na mam Realisateur geschwaat, dee jo eigentlech Comédien ass, hie wollt mat desem Film eemol just versiichen, wei en um niveau vun der realisatioun schafft, gebonnen och just un e 4-deegegen Tournage.
Dass den Nilton am Film direkt zur Waff graifft, fannen ech och net gud, do feehlt besselchen mei “Storyline” virdrun, well desen Akt zum Selbstmord dach awer relativ schnell kennt.
Alles an allem e properen Film, deen sech wirklech weisen leisst, a flott unzekucken ass!
Bemierkenswert ass och de Skript mam properen Montage!

Who’s Quentin

Barnig
25.01.2007
Den DVD soll geschwenn erauskommen!
Claude
26.01.2007
…mat deer “super-cooler” NET-Synchroniteit vun Bild & Toun!
D.Archipel
10.04.2007
Moin,
muer as den Release vum “Who’s Quentin?” DVD. Dofir get et dann eng kleng Release Party an der Sandkaul (Studentencafe vum ISERP) wou een den DVD dann och fir 20 euro kaafen kenn. Dat ganzt geet em 19:00 un.
Den DVD as eng 2 Disc editioun. Disk 1 as den Film mat franzeisch, deitsch an englescher Ennertitelspuer. Um Disk 2 as Bonusmaterial, dofun 50 mins Making of mat Directors commentry, trailer, clips, outtakes, tescreenings an nach villes mei.
Geng mech freen den een oder aaneren do ze gesin,
Albert
Barnig
11.04.2007
Hun dem Sacha scho gesoot, dass ech leider net kann do sin, ech huelen awer en DVD
Barnig
15.06.2007
REVIEW vun deser DVD
Ech hu mer den DVD leschte Weekend ugeschaaft, well et einfach noudwendeg ass, dass mir Amateurfilmer eis geigensaiteg ennerstetzen. Ech well awer net oneierlech sin a soen dass ech positives, mee och negatives ze soen hun:
> POSITIV
Eng ganz flott gestalten DVD, mat ganz ville Specials (sou wei mir daat och gefällt) Interessante Making Of, Screentests, Outtakes, Billergallerie oder Featurette: Alles ass drop, a wei gesoot an engem ganz flotten DVD-Authoring! All Respekt dofir! Cover, Inlay a Label alles TOP!
Et huet een d’Gefill, dass een hei wirklech alles gebueden kriit, wann e guden DVD brauch!
> NEGATIV
Et war wirklech net nemmen am Kino, mee och op dem DVD, leid net nemmen de Film mee och d’Specials ennert enger deelweis falscher Synchronisatioun an och KOMPRIMEIERUNG (!) Den HD ass neie Standard, daat ass kloer, mee et gesait een, dass Biller geruckelt oflaafen (kee properen fleissenden oflaaf) an deemno na net optimal emgesaat get.
Beim “BLANC” ass mer daat net sou opgefall (bon, war och nemmen Musek dran) mee hei ass et wirklech -wann een den DVD an enger oder 2 keieren duerchkuckt- opfaalend.
De Montage weisst och bei de Specials seng Tücken (z.b.: beim MAKING OF -Parolen gin ze schnell ofgeschnidden, Billerschnett während FADEtoBLACKs..)
**
Ech kann awer jiderengem urroden, sech desen DVD unzeschaafen. Fir 20Euro kriit een hei 2 DVDs ronderem WQ, dei all Amateurfilmfan a senger Sammlung soll hun!