Déi 3. Filmakers Night gouf mat Succès e Samschden Owend ofgehalen. Vill interessant a flott Filmer goufe gewisen. Éischtmoleg hate mir och Kategorien 100 Sekonne Filmer a Videoclips.
– De Jury huet déi 3 beschte Kuerzfilmer priméiert. De Choix zwescht dem richtegen Amateurkino an dem fortgeschrattenen Amateurkino huet der Jury erfier gegraff a domadder zwou éischt Platze gewielt. Felicitatioun un dem Adolf El Assal sai Film Mano De Dias deen  mat engem vun den 2 leschte KML Produktioune Mr. Knitty and the cardboard house zesumme op éischt Platz gewielt ginn ass. Déi 2. Platz ass un dem Mili Schlesser säi Kuerzfilm Next Stop Heaven gaangen an déi 3. un de Le Mépris vum Cyrus Neshvad.
– Dee beschten 100 Sekonne Film ass un de Jugendtreff Hesper gaange fir hire Clip HipHop dee ganz professionell realiséiert war.
– De Prix SNJ, dee vum Adrien Promme verdeelt gouf, geet un d’Jugendhaus Wasserbillig fir hire Kuerzfilm Kim.
– De beschte Video/Musik Clip ass duerch de Publique gewielt ginn, an och hei hate mer en Egaux, sou dass déi 2 Clips: Francis Caibrel – En Gore En Gore vu Broken a R Mano – Le jardin d’Eden vun Episclérite jeeweils  sinn.
– De Publique hat dee Moment nach Méiglechkeet hire Favorit als Prix Publique ze wielen, an deen ass och namol u KML gaange fir Mr. Knitty and the cardboard house.