Wou KML dëst Joer d’Generalversammlung ofgehalen huet, hu mir erfreet festgestallt, dass mer eng nei Generatioun am Club hunn, déi – genau wéi mir an der Zäit – mobiliséiert a motivéiert ass hir eege Produktiounen ze realiséieren. KML ënnerstëtzt se mat alle Mëttelen. Regie féiert de Gil Biever, ënnerstëtzt duerch de Laurent Kugener. Mir wënschen der neier Equipe genau esou en decken Erfolleg, wéi mir en deemools haten!