E Samschden huet KML wei all Joers seng Generalversammlung ofgehalen. Nieft enger Videoprojektioun mat den Aktivitéite vun 2010 gouf och de Keesebilan virgestallt. Fir 2011 sti weider Projeten um Programm, an och huet de Comité sech vu 7 op 8 Leit aheicht. Mir sinn houfreg, de Gil Biever am Comité ze begréissen, deen aktuell den Two more Years realiséiert an och an der Haaptroll vum Marc Barnig sengem leschte Kuerzfilm Status>Ego spillt. President bleift weiderhin de Marc Barnig, Keesiere Carole Weis.