KML organiséiert seng Generalversammlung Freides um 20h00 zu Koler an der Schoul.
Um Programm stinn:
– De Joresofschloss 2008 (Kees/Bilan/Aktivitéiten)
– Projeten 2009
– Aktivitéiten 2009
– Comiteeswahlen
– Memberskaart
– Fräi Aussproch
Dir sidd alleguerte wëllkomm, a kennt och Bekannter a Kollege matbréngen. Fir Gedrénks an de klenge Maufel ass gesuergt!