De Kollaboratiounsprojet Gëschter, Haut, Muer grouf a Präsenz vun der Mme Ministesch, dem Här Buergermeeschter vu Réimech an nach divers Leit presentéiert. KML huet jo zesumme mam Club des Jeunes Koler e Film produzéiert, deen hei eenzeg an alleng presentéiert gouf. 2 weider Kuerzfilmer waren annoncéiert, sinn allerdéngs duerch technesch Problemer net rechtzäiteg fäerdeg ginn. E Merci nach eemol un d’Equipe vu KML déi hei vertruede war: Yves Steichen, Frank Hansen, Marc Barnig, Pierre Heinen, Amy Kohn a Muriel Kugener!