Project Description
Dangerously Yours, sou sollt eigentlech deen 3te selwergedréinte KML-Film heeschen. E Film, deen awer ni fäerdeg gouf, wéi dat 2 Joer nom Tournage vu KML deklaréiert gouf.
Well verschidden Szenen awer relativ gutt ausgefall waren, huet KML am Plaz vun engem Film en Unfinished Project erausbruecht, wou dir d’Méiglechkeet hutt, all déi gedréinte Szene – mat Kommentare begleed – trotzdem ze kucken.
Actionhaft Szene vun Autoverfolgunge vu 90 km/h bis zu enger rasanter Schéisserei um Eiffeltuerm ass hei alles mat derbäi! Gidd just uecht: Et ass kee Film!
- Regie
Marc Barnig
- Kamera
Marc Barnig
Frank Hansen
- Set Assistent
Laurent Schmit
Frank Hansen
- Montage
Marc Barnig
- Duersteller
Marc Barnig – Frank Hansen – Vanessa Anen – Bernard Weis – Laurent Schmit – Renée Knuppertz – Luc Huberty – Jeff Reiffers – Georges Bosseler – Claude Hansen – Pierre Heinen
Presentatiounen
- 18.11.2001 Kahler