Gëtt et de Beweis fir d’Existenz vu Geeschter?
Dëser Fro wëll de Professor Hagen zesumme mat sengen Assistente Victor, Dan a Lena an hire paranormale Forschungen nogoen. Enges Daags fält hinnen en bis dato onbekannt Videoband an d’Hänn, dat vläicht genau dee Beweis fir d’Existenz vu Geeschter kéint liwweren.
Fir erauszefannen ob d’Band echt ass, beschléissen déi 4 eng Expeditioun ze starten, bei där si och d’Hëllef vun engem dubiose Geeschterbeschwörer namens Mr. Montana an Usproch huelen. Mee wat sinn d’Absichte vun dësem onduerchsiichtege Mr. Montana?
Während di éischt Halschent sech mat de Recherchen iwwert d’Videoband an der Expeditioun beschäftegt, verwandelt sech de Film dono an e fantasiehaften Actionfilm mat enger wierklech apokalyptescher Bedrohung…
- 30.06.2006 Garnich
- 07.07.2006 Garnich
- 19.01.2007 – 04.02.2007 Esch-Sur-Alzette (Kinosch)
- 16.11.2007 Bonnevoie (Sunset Cinema)
You must be logged in to post a comment.