Project Description
Show Time
- 2001
- Lëtzebuergesch
- Thriller
- 34 Min.
- SD
- 4:3
Vergiesst Big Brother a Girls Camp! Et ass fir d’éischt dass eng Reality-Live Show an de lëtzebuergesche Fernseh komme soll. Mat där Virstellung mellen sech 5 Kandidaten un, fir eng Woch an engem Haus ze verbréngen. Duerch de Producer, deen hinne vill Räichtum versprécht, spillen si voller Courage a Motivatioun mat. D’Saach ass allerdings kritesch: en zweete Producer stoung ënner Kontrakt mat ze produzéieren, a wat dee mat de Kandidate wëlles huet, ass alles anescht ewéi Räichtum…
Deen éischte KML-Kuerzfilm presentéiert eng Mëschung aus bluddegem Thriller a bëlleger Satire. Wann dir bis dohin e Frënd vu „Fastfood“ wart, da wäert iech bei Show Time den Appetit köstlech vergoen.
- Dréibuch
Marc Barnig
- Regie
Marc Barnig
- Kamera
Marc Barnig
Frank Hansen
Laurent Schmit
- Montage
Marc Barnig
- Visuell Effekter
Laurent Schmit
Frank Hansen
- Duersteller
Bernard Weis – Vanessa Ahnen – Laurent Schmit – Chantal Majerus – Claude Hansen – Frank Hansen – Marc Barnig – Anne Asselborn
Presentatiounen
- 04.04.2001 Kahler
- 05.04.2001 Kahler
- 01.10.2011 Kahler
You must be logged in to post a comment.