Nodeems d’Emma en alt Buch um Späicher fënnt, freet hat seng Frëndin d’Eva mat op eng Recherche ze goen, fir dat Geheimnis vun deem Buch ze lëften. D’Spuer féiert op Huelmes wou ausser enger aler Fra keen eppes mat deem Fund kann ufänken. D’Rees geet an e Schlass, wou si dann deem geféierleche Mysterium an d’A kucken…
Rendolepsis ass no Liewensrees deen 2. kommerzielle Film, dee vu KML produzéiert gouf. Eng richteg Equipe war am Asaz, déi ënnert der Regie vum Marc Barnig hiert Bescht bewisen huet. Den däitsche Museker Morella’s Sleep, dee scho fir Paper Dream komponéiert hat, liwwert och hei en éischtklassege gotesche Soundtrack of.
Presentatiounen
- 19.09.2003 Esch-Sur-Alzette (Kinosch)
- 20.09.2003 Esch-Sur-Alzette (Kinosch)
- 26.09.2003 – 10.10.2003 Esch-Sur-Alzette (Kinosch)
- 22.11.2003 Rumelange (Kursall)
- 23.11.2003 Rumelange (Kursall)
- 14.02.2004 Saeul
- 11.12.2004 Garnich
- 14.09.2013 Hollenfels
You must be logged in to post a comment.