7 Kollege maachen sech op, un engem mysteriéise Rallye deelzehuelen. Fir dësen Tour wëssen si just, dass se kee Kontakt zur Aussewelt däerfen hunn, an op sech ganz alleng gestallt sinn. Ënnerwee entstinn divers Konflikter, virun allem well dee ganze Parcours relativ onwahrscheinlech an onrealistesch wierkt. Op hirem Wee integréiert d’Grupp en dafstomme Jong, a maachen d’Bekanntschaft vu komesche Personnagen. Lues a lues kënnen se net méi zwësche Realitéit a Fiktioun den Ënnerscheed maachen a ganz schnell verléieren se de Bezuch zur Zäit, déi schliisslech als gréisst Erausfuerderung vum Rallye gëtt.
No Liewensrees a Rendolepsis kënnt hei den 3. KML-Film vun der Zauberbësch-Trilogie, deen ouni finanzielle Budget realiséiert gouf. Ënnert der Regie vum Marc Barnig entsteet hei en extrem spannenden a mysteriéise Fiktiounsthriller.
Presentatiounen
- 28.05.2005 Garnich
- 10.06.2005 Esch-Sur-Alzette (Kinosch)
- 11.06.2005 – 30.06.2005 Esch-Sur-Alzette (Kinosch)
- 29.07.2006 Garnich
- 12.10.2007 Bonnevoie (Sunset Cinema)
- 24.04.2015 Garnich
You must be logged in to post a comment.