News2021-04-08T22:48:25+02:00

KML News

23.022020

Relok DVD a Blu-ray Release

De Film Relok (inklusiv dem Soundtrack) gëtt et ab elo op DVD oder Blu-Ray.
Dir kennt de Film am KML Shop bestellen.

01.022020

Generalversammlung 2020

Wei all Joer invitéiere mir op eis Generalversammlung. KML presentéiert e multimediale Réckbléck op 2019 a stellt Projete fir 2020 vir.
Treffpunkt ass de 22. Februar um 18h30 am Kinoler (1. Stack). Kommt bis laascht e Patt drénken.

13.112019

Cinematic Café Koler

KML invitéiert Iech dëse Freiden an de Café Koler. All Detailer fannt dir op eisem Flyer.

25.102019

Make Koler Kooler DVD Release

Am Kader vum DVD Release vu Make Koler Kooler ass dësen Documentaire de 22. Oktober an de Rotonden presentéiert ginn.
Ab elo kennt dir de Film op DVD am KML Shop bestellen.

24.102019

Auszeechnung op den Dikrecher Filmdeeg

Dem Marc Barnig säin Documentaire iwwer dem Alain Welter säin Projet Make Koler Kooler huet um 67. Nationalconcours de Spezialpräis “De coolste Film” gewonnen.
Ausserdeem krut de Shining aus dem R4 – Kulfi Cobra eng Nominatioun (3 beschte Filmer) an der Kategorie Fiktioun.

11.052019

R4 DVD Release

Am Kader vum DVD a BLU-RAY Release vu R4 – Kulfi Kobra gëtt dëse Sketch- a Parodiefilm nach eemol am Kinoler presentéiert.
– Happy Hour vun 18h-19h
– Filmstart um 19h
– Paus um 20h15
– 2ten Deel vum Film 20h30
De Comptoir ass déi ganzen Zäit op!

23.022019

Generalversammlung 2019

Wei all Joer, geet et och 2019 nees mat KML weider: Mir sinn iwwerproduktiv an hu grousse Succès mat eisen 3 leschte Projete gehat déi a leschte Méint presentéiert goufen. De Bilan vum leschte Joer an den Ausbléck op 2019 steet um Ordre du Jour.

Mir géingen eis Generalversammlung e Samschden, den 2. Mäerz um 19h00 am Kinoler (1.Stack) ofhalen.

Mir wiere frou Iech nächste Samschde kennen ze begréissen.

18.022019

Marc Barnig, Kinoler a KML am Télécran

Am Télécran vum 9ten Februar erzielt de Marc Barnig d’Geschicht vum Kinoler. Di neiste KML Projete ginn ausserdeem kuerz virgestallt.

06.022019

Filmpresentatioun Koler: Moderniséierung vum neien Duerfkär

KML presentéiert een Documentaire vum Marc Barnig iwwer d’Moderniséierung vu Koler an de leschten 20 Joer. De Film (38 Min.) gëtt Méindes, den 11. Februar um 20h00 am Kinoler (Entrée 3 €) presentéiert. De Film gëtt all Stonn (20h00, 21h00, 22h00) gewisen. Op der Platz hu mir e Comptoir an e Foodtruck.

Go to Top