Den ausgezeechente KML-Kuerzfilm Mona gëtt de Sonnden zu Schieren am Kader vum Concours National 2007 vun der FGDCA géint 11h50 presentéiert. E leeft ënnert dem Programm vum SNJ.
Eng weider Presentatioun gëtt et dann nächste Freides, dam Kader vun dem Jugendprogramm vu Cinefleuve – Kino im Fluss zu Eupen. Ufanks sollt de Film a Kompetitioun untrieden, well de visuelle Punkt vu Mona allerdéngs iwwerbewäert gouf, gëtt en trotzdeem an engem Spezialprogramm deen Owend presentéiert.