KML-Guestbook (1999 – 2007)
Lynn 10.04.2007 | Super kml Salut Wollt froen op ech kennt an den kml kommen!!! et gält mir einfach bei eseu engem Film mat ze maachen!!! majo eddi dann |
Kim Conrardy 02.02.2007 | Hey dier alleguer!!! Super site, fierun allem en excellenten intro!! Wierklech gelongen! Majo, hoffen dass mer eis demnächst mol rem gesin! Kim |
Barnig Marc 15.01.2007 | UP an eng nei Era Endlech ass en do> De NEIE KML Site! Gid eis w.e.g. nach puer Wochen fir all Feehler ze verbesseren an da geet et lass … |
Mich 28.12.2006 | Eis nei KML-Homepage! Salut alleguer No enger laanger Virbereedungs- an Entwécklungs-Zäit ass eise fonkelneie KML-Site lo endlech online. Ech fréen mech als Éischten eppes kënnen hei an d’Guestbook ze schreiwen an all eise Visiteuren vill Spaass um Site ze wënschen. Äer Kommentarer zum neie Site kënnt dir gäeren hei an d’Guestbook schreiwen. Vue que dass eise neie Site zimmlech grouss a komplex ass, kann et natierlech virkommen, dass ech deen een oder anere Feeler um Site iwwersinn hunn, oder wann eppes nët sollt richteg funktionéieren, mellt mir et w.e.g. an zwar schreiwt daat awer NËT hei an d’Guestbook, mee schreiwt mir entweder eng E-Mail per Kontaktformular oder schreiwt et an eise Forum. Merci. — Mich — |
DiGGi-Team 14.11.2006 | Salut Moviemakers, sinn eng Keier duerch Zoufall op aer Websait gestouss an muss soen: TOP! Dir maacht flott Traileren an denken, dass aer Filmer genau esou gudd sinn. Weider esou, viellaicht kann een jo mol eng Keier Eppes zesummenmaachen … wien wees … |
Ralph GUESTs 08.04.2006 | TZzzzaaaaaaaaaallllllllll!!!! MIR sin hei LIVE an EN DIRECTE um Ralph senger Partyyy Arrtyyy — et ass gail, an d Hansens danzen op MAIDEN! |
Michael 19.03.2006 | Moien, Luxemburgisch kann ich leider nicht, deshalb schreibe ich einfach mal auf Deutsch! Schöne Seite und interessante Trailer. Ihr gebt euch wirklich viel Mühe. Äddi, Michael |
Sandra 07.11.2005 | Wow, ech hu mer äer Homepage lo mol méi genau ugekuckt, déi ass jo immens flott gemaach. Genial. |
Romain 25.09.2005 | Hallo. Wollt froen un ween ech mech soll wenden fir bei aerch kennen mat ze maan. Merci am vieraus… |
Nicky 10.09.2005 | Hey Knacki!!! Also dat ganzt geseit jo mol guer net sou schlecht aus, d fotoen hu mech scho richteg fiwwerzech gemach… Wenschen der bonne chance a so mer bescheed wann de film endlech ze gesin ass!!! |
Flëp 28.07.2005 | Salut, Ech hunn éventuel 1 oder 2 Geschichten voire méi, hunn och puer Lidder geschriwen verschidener sinn opgeholl (CD) anerer net, … Mir kéinten villeicht diskutéieren. Flëp |
Pascal 12.06.2005 | Salut MArc an Co. Ech mengen aeren BKW war wirklech net esou schlecht…dir sidd um gudde Wee Wenschen nach vill Erfoleg an bis geschwenn |
Shinjuku 05.06.2005 | heyhey… groussen filmfrend hei… visit –> www.beyondhollywood.com |
Tina 24.01.2005 | Hey Franky! Die Bilder sind echt cool. Haben Anja umd mir gut gefallen. Deine Klamotten waren cool. Kannste ruhig immer anziehen!! Hoff, du liest das hier mal. Liebe Grüße an daniel! Lg Tina |
Mich 19.12.2004 | D31 Min.-Première gëscht war jo e groussen Erfolleg… Wier cool wann dir äer Meenungen a Kritiken iwwert den 31 Min. géift an eisen Forum schreiwen Merci. |
Carlo 19.12.2004 | Net schlecht fier är premiere fum 31.min, mee et war hektik an ären scenen dran dat huet mech e bessen gesteiert an wann der gifft mei mat tripod schaffen an dcamera op manuell stellen dann giff der och mei proper biller kreien mee am groussen ganzen war et net schlecht. Ajo all respekt fier är preisser |
Barnig Marc 03.12.2004 | An 2 Wochen get et nees eng nei KML-Filmproduktioun: –> 31 min. <– DFleissband vun der Fabrik ass rem um rullen.. |
sleepy 19.11.2004 | Bjour alleguerten, kommen mol rem kucken waat et neits get |
Barnig Marc 12.07.2004 | Waat geet dn hei am Guestbook of Spillt an eise Filmer mat =) |
manou an lisa 07.07.2004 | hallo an wei geet et! mir hun dech ganz viel gaer!!!!! |
patrick 07.07.2004 | hallooo mümü!!! du bass blöd |
samantha 08.06.200 | ass deck cool daat doen maat weider sou |
Knuppy 27.04.2004 | Moien Marc, wollt just Hallo soen. hun rem naischt ze din an der Schoul. Salut. |
Barnig Marc 15.04.2004 | Majo Poooool! Selbstverständlech as alles FAKE: Film=Fake (!) 2 Leit enner de Schief am Cafee?! (Hmmm— kuck net souvill op detailer |
Pooool 13.04.2004 | salut ,alleguer.ech hun den Rendolepsis gesin,cool effekter(matrix sei dank) .ajo den angaang vir an d schlass eran ze kommen gett et ,mee do kent een nemmen bei een buer,an net wei am film gewissen an d s chlass eran (fake).ajo an ech froen mech vierwaat do 2 persounen ennert den schränk verstoppt waren (an der kichen vum cafee. mee bon et war awa eng spetzeleestung,am geigensaatz vun denen aaneren filmer. |
FREAK 30.03.2004 | de PC freaked e bessen |
FREAK 30.03.2004 | freak net schaiss machine, relax homepage FREAK |
Mich 25.03.2004 | Bien le bonjour de Bruxelles |
Schocky 14.03.2004 | Hey Crew! Majo Majo ginn der rescht marc,gett rem en witzegen Tournage An djupen saiten sin jo lo och schon deck amgaang! Keep on! everybody! cu -Schocky- |
Barnig Marc 14.03.2004 | Yeah! Freet mech, dass et dir gefällt! Den Tournage wärt opmanst duebel sou cool a witzeg gin! Bis geschwenn |
Philippe 13.03.2004 | Aussergeweinlech Geschicht, gudd Dreihbuch. BKW get super. |
pi 13.03.2004 | ech soen näischt méi gidd kucken an laachen : ) |
Jeff Reiffers 12.03.2004 | Hi KML Team JOJO et geet lass :-))) an erfolgsstory vun KML wärd och mat deem neien Film weidergoen Yuuuuuhhuuuuuu *g* bis dann elo gleich ob der Versammlung Jeff |
Barnig Marc 12.03.2004 | Wow!! Anscheinend si jo scho puer Leit deck opgereegt! Cool =) Ech kann ärch verspriechen, zesummem mam Pierre Heinen hu mer ärch eng Geschicht zesumme gebastelt, wou der et net mei gleeft: De Showdown vum BKW get mei schnell, brisant a konfus wei am rendolepsis (daat dierft gesoot) |
Mich 11.03.2004 | Jojo geschwënn ass et nees souwäit, ENDLECH Da starte mir den Tournage vum neie Long-Métrage… yuhuuuuuuuuuuuuuuuuuuuuuuuu! |
Philippe 09.03.2004 | Spannung steicht. Nach puer Deeg bis zum Dreihstart vun Black Kings Way. |
Vivi 08.03.2004 | Wow, nach eng woch an dann geet et erem lass…dir wärt et net gleewen mee ech sin mei opgereegt wei beim rendolepsis… ech freen mech mat all denen wonnerbaren leit kennen ze spillen!! Bis dann dann! |
Philippe Manderscheid 06.03.2004 | Ah jo Marc, du hues jo sou recht. Nach eng Woch. Dann leieren ech entlech den recht vun der Filmcrew kennen. Mir gesin eis. |
Barnig Marc 05.03.2004 | Nach eng Woch gi mer schlofen, dann as den Dag och do: da kriit jidereen sain Dre-eihbuch, a fänke u mam neie film BKW start! |
Manderscheid Philippe Pit Psycho 03.03.2004 | Daat geseit jo alles beiss spannend aus. Ech freen mech schon op den Drei vum Black Kings way.Ech freen mech och ierch all kennen ze leieren. Also bis dann. |
claude 11.01.2004 | majo, salut dir alleguer!fannen aer homepage interessant an flott! hun dem mich schon eng mail geschriww, ech wier interesseiert fir un aerem neien projet matzewierken, also mellt ierch bei mir, wann der loscht hudd… claude j. |
Audrey Ottaviani aka Dem Fab seng schwester 27.10.2003 | hey ech sin mega tarantino fan an iegend wei hunn ech op aerer homepage sou szenen matt waffen gesinn an dei ganz mise en scene sou bessen a la pulp fiction hun meng eegen kamera an versichen daat waat ech am kapp hun op den schierm ze kreien geng mech interesseieren aerch mol kennen ze leieren o.k lo wesst der genuch iwwert mech ciao |
chrocko 27.09.2003 | Hey KML-Team, Ech hun mat Interessen den Interview um RTL he~ieren .Wann ech richteg verstanen hun,dann sicht der e Regisseur.Ech sichen schon sait längerem eng motivéiert Equipe.Ausserdem schreiwen ech selwer Musek an produzéieren se och.Wann dir evtl. interesséiert sid,dann schreift mer. Cnrocko |
Schocky 20.09.2003 | Salut! Majo, ons Avant Premiere war jo mei wei erfollegraisch, ass jo super gudd gaangen mam film! ech hoffen dass en beim publique och sou gudd unkennt! waert schon klappen! Den ganzen Klub kann stolz op den Rendolepsis sin an besonneg op den Mich an den Marc, dei ouni zweifel fir mech dhelden vum film sin, no daer laanger montage séance! |
Wiesner 18.09.2003 | Klasse Seite, humorvoll, intelligent, künstlerisch |
Barnig Marc 08.09.2003 | DE COUNTDOWN LEEFT! Nach 10 Deeg bis zum Filmstart vu RENDOLEPSIS |
Philippe aka SCHOCKY 24.08.200 | Mahlzeit Hinweis : Ech wollt drop hinweisen dass enner www.youth.lu (enner GALLERIE) Fotoen vum Rendolepsis Montage zu Eisenborn ze fannen sin! Cheers! -Schocky- |
Barnig Marc 08.08.2003 | Hi People! Wollt o mol kuerz namol ebess hei ranner schreiwen… well jo souvill Leit emmer souvill hei ra schreiwen Respekt un eis Guests ! Maat su virun A net vergiessen: Ab elo gin et KML-DVDs |
chicha 31.07.2003 | Hey du hu graad gelies , rem ee neien Film . Ech fannen daat genial waats de mess , sin deck begeeschtert , nemmen weider sou ! Deck kuhl decke kuss |
Laurent 26.06.2003 | Flott Homepage, dFilmer sin bestemmt och net schlecht. |
Vulenexpert 10.06.2003 | Hey Salii, Den Vulenexpert wolt mol moien soen ,an freed sech am Rendolepsis spilen ze derfen. Ein Hoch auf den Cornet Allez bis dann |
yves 26.05.2003 | Hallo Leutö… Wollt ma hallöchen hier sagen… An Marc, werd mich in nächsta Zukunft ma bei diä melde… |
Pierre Heinen 15.05.2003 | eieieiei ok ech kann esou eppes net auswenneg leieren, kann et nemmen schreiwen En Merci awer fir dGedold dei der bewissen hutt! Pierre PS: merci awer fir dat leift feint Meedchen |
nostaw 10.05.2003 | Congrats on the new film Vivi. |
Mich 04.05.2003 | Sorry, dass dFotoen vun Heidelberg nach ëmmer nët op halwer7 online sin, mee ech hat dëse Weekend rëm absolut keng Zäit fonnt fir daat ze maachen… Dofir nach e bëssi Gedold, mee se sin awer gutt gin |
Vivi 01.05.2003 | HEY PPL! majo…elo as et WIRKLECH dvivi! Ma ech wollt soen dass ech deck frou sin dass ech bei kml matmaachen well ech ganz vill wonnerbar leit kennengeleiert hun!!!! DK un iech all!!!! |
Philippe Schockweiler aka Schocky 20.04.2003 | Hallo Alleguer ; Well just deenen merci soen dei matt zu Heidelberg waren! Mir haaten vill spaas, an mer hunn vill szenen gecheckt! Merci un den Marc B, Marc M, Mich, Pierre,Christian,Güny, Vivi, Joelle, Carole, Lexy, Sarah an un dRenée ! -Philippe aka Schock(y)- |
Mich 15.03.2003 | All Respekt fir all déi déi an iergendengem Riddly 2-Sketch matgespillt hun. Ech fannen de Riddly 2 huet alles iwwertraff, well ech hu mech de ganze Film iwwer saugutt amüséiert Bis dann beim Riddly 3 an e puer Joer… |
kjxdfhngl 12.03.2003 | Marc sucks really bad… I got nothing to say…he still suck bad… Bernard…keep going with the DEFTONES!!!!!!!!! Wish u good luck guys |
Kevin Zender 05.03.2003 | Elo get et Corrxion net méi! oh nee elo hat ech mer grad en T-Shirt kaaft vun deenen… |
Barnig Marc 04.03.2003 | Wei as daat mat den neien Fotoen vu Riddly2`?! freeen eis all mei ze gesin! |
Lovely 04.03.2003 | hi kann mir jemand sagen wo es ne Homepage von Jürgen aus Big Brother 1 gibt ich würde mich sehr freuen!!!!!!!!!!! Ciao eure Lovely |
leo folschette 05.02.2003 | ok |
Rasistar 02.02.2003 | Kommt mol op meng Home Page kucken! |
Philippe Schockweiler 16.01.2003 | Salut KML, an der lescht war ech jo relativ aktiv ! Dodrop sin ech mega stolz, zumols op meng Appearence beim Kuerzfilm WANTERHOFFNUNG an bei der Regie vun mengen Riddly Sketcher (Trailer-Parodyen) Maacht et gudd all KML-Memberen! CIAO -Philippe- |
JUCE 17.12.2002 | Zalü, hei ass dJUCE.Ech schecken ierch all en decken kussi an soen nach eenmol merci(falls ech daat nach net gemaach hunn) merci vir datt ech konnt am PAPER DREAM matspillen!!Marc, du mess deng Saach ganz gudd an dei aaner sinn der eng gudd hellef!!Schein Feierdeeg an en gudden Rutsch,faal awer net CEEIU |
Jeff Reiffers 06.09.2002 | Moien Ech fannen är seit ziemlech gud leider hun ech mech an der lescht ziemlech weineg fir ären Klub interesseiert obwuel ech eng memberskaard hun,… ech geif gären mei aktiv gin an der Zukunft Jeff |
Philip 12.10.2002 | Salut! Wollt erch drop hinweisen dass haut en klengen Artikel iwwer den KML wéinst dem 18. Oktober am Tageblatt ass. Ech wees zwar lo nët genau wou meng Mamm et ausgeschnidden huët mee dIwwerschrëft ass SOUNDTRACK ZUM FILM WIRD VORGESTELLT Also, bis den 18. dann! |
Philip 19.09.2002 | Merci och nachengkéier fir dInteresse un eiser Musëk an déi Chance déi den KML CorrXion domatt gin huët |
Morellas Sleep 11.08.2002 | Hallo Danke erstmal für euer Interesse an meiner Musik und dessen Einsatz in Liewensrees. Der Film hat sehr viel Spaß gemacht (Danke an Marc für den Film und Besuch) und ich freue mich schon auf Paperdream und evt. kommende Projekte. Hiermit Gruß und Dank an alle. Morella´s Sleep |
Bernard 13.06.2002 | Salut ! Ech wollt nëmmen eemol kuerz soen dat eis Homepage och well op ass ! Biss glaich ! An bleift drun ! BErnard |
Barnig Marc 15.05.2002 | Salut Michel (Deng E-Mail funktioneiert net) also: Mir wärten Enn Juli e Soundtrack zum Film erausbrengen, wou all dBands heire Beitraag wärten drop gin. Dei technomeisseg Liider wärten do 100%eg drop sin. Dest si Lidder vun engem daitschen Typ, an dFormatioun heescht MORELLAS SLEEP. Selwer huet hee na leider keng CD rausbruecht. Mee weigesoot waart op de Soundtrack! |
da Prince 14.05.2002 | Yo.. Ech hun mer do ären Film erangecheckt: An dozou hun ech eng Fro? Wien huet dei ultimativ sauer Geschicht do geschriwwen?? Awer Respekt un ierch all |
Michel 13.05.2002 | Salut! So gëtt et iergendwou eng CD vun deenen déi dMusëk fir den Film gemeet hun? Déi klengt saugeil, och déi méi Technoméisseg Stécker dertëschend |
Mich 15.04.2002 | All Respekt un den Här Barnig an un all dSchauspiller. De Film Liewensrees ass wierklech gutt gin an wosst inhaltlech wéi technesch ze iwwerzeegen! De Schnëtt war ganz propper an dHandlung vum Film war ofwiesslungsräich an et huet een sech nët gelangweilt! Just déi eng oder aner Szene war e bëssen ze laang… Mee soss ass de Film awer ganz flott an fuert sou weider, well äer Filmer gin ëmmer besser! Bei www.halwer7.lu ass am Forum eng Rubrik, wou Kommentarer iwwert Liewensrees dran stin… |
gig 04.04.2002 | ech fannen et schro dass esou staren ewei dnathalie karger an de christian giersch net op ärem flugziedel, plakat oder op dem halwer7 site ernimmt sin |
Johanns Tom 30.03.2002 | All Respekt! Ech sinn voll iwerrascht waat aus dem Club ginn ass. Mat esou weider. Ech freen mech op ären Film !!!!!!!!! |
fredo 16.03.2002 | barneeeeeeg du hues dach echt den Koffer freckt! |
Carlo 07.03.2002 | super HP Macht esou weider Carlo |
caroline dellere 24.02.2002 | Bjuer ! Hun lo grad mol duerch Zoufall äer Säit fonnt !! Déck cool, gefällt mer gutt ! Lo muss ech just nach eng Kéier déi Filmer gesin vun denen dir déi ganzen Zäit schwätzt !! Sot mer Bescheed wéini an wou Majo bis geschwënn, ciao ! |
chicha 26.01.2002 | Haaaaaaaaaaaaaaaaallllllllllllllooooooooooooooooo chicha get ierch ee fetten Kusss:-)))) Waat seet mein jaime ma brosse à dents super Loooroonn ???? Liewt dier na all !!!! Tschauuu dier leiwer :-)) |
ET 24.01.2002 | Zall People! Net schlecht är Säit. Gett emmer besser! BTW: Gitt mol op www.ALUC.lu wann der Zäit hutt!! |
Mentz Yves 02.10.2001 | top aer sait !geif mech mol un enger memberskaart intresseieren.keint iersch och an saachen decoratioun an costumer weiderhellefen….. weider sou ! |
Gilbert Franzetti 23.08.2001 | Dier schengt jo schon interessant Projeteen hannert ierch ze hun. Ech wier frou wann ech aer Filmer eng keier keinnt gesin ! Weilang sin aer Filmer ? Ass en Interesse fir se um Internet ze publizeiren ? |
Futur-Member 22.08.2001 | Bruder! Wéi schwätz du dann iwwert dain Bruder?! Mir sin dach all eng grouss Famille!!! Also Brüder und Schwestern, en Donneschdeg as jo dann e Cine-Owend, kommt wann der Loscht hudd! |
South Movies Luxembourg 16.06.2001 | Salut KML ! An 1 Stonn 45 Minuten as et esou wait, dann werd déi éischt KML-Productioun ob der grousser Leinwand ulaafen!!!!! LOVELY DAYS IN APRIL!!!!! Dat as wirklech fett!!!!! Ob eng weiderhin gudd zesummen Arbecht! SML |
Misch 02.06.2001 | Hossa! Bonjour un dganz KML Leit!!! Mir (all déi vu Syr, also vun Zolwer, Scheffléng, Diddeléng, Bettebuerg, Niederkuer, Esch, Monnerech) freen eis schons ob dPremière vu Lovely Days In April!!!!!!! Mir sin och schons ob dee neie Film gespaant wou am August den Tournage ugeet! Ajo verschiddener vun eis wiren interesséiert sech nächst Joer an de Comitee ze mellen! Also haal dOueren steif! |
Barnig M 17.05.2001 | Jongen a Meedercher,… dir kennt och mol eng keier hei ebess an eis Gästebuuch schreiwen,… Daat ass net verbueden!! Maacht roueg, de ganze Klub an ech,..mir wären ärch dankbar. Merci |
Jeff Reiffers 08.01.2001 | Den Film as saugud, ech hat en leider nach nie ganz gesin, mee elo sin ech deck fasineiert Mee eng Saach feelt an ärem Bond Film, an all Bond Film get et een Bondgirl an eng Bettszene zum Schluss, dat mus dir awer dei nächste Keier dransetzen. |
Sheila Disewiscourt 09.11.2000 | Dei Sait as jo megaflott, maacht esou weider! M. Barnig, e scheinen Bonjour vun mir!!! |
Claude & Sylvie 14.10.2000 | Salut! Mär sin gespaant op den flotten Film vum Jonggesellenabschied. Villäicht gesinn mär en nach virun eiser Scheedung. Ansonnsten wënschen mär KML alles guddes. Mär verbleiwen mat den beschten Gréiss, an wënschen etc etc etc …… |
Heinemann Richard 22.06.2000 | waat leeft zu kohler ? e scheinen bjour un d KML famill … JAMES BOND ass sch**** !!!! ECH sin deen bäschten, ech & meng waff sin onbesiegbar ( SUPER KÄRCHER 2000 ) WITMUNG : UN DEN D MOIEN – FAMILL |
Claudine Moureaud 08.05.2000 | I will finish a Theatre& Media Make-up Artist course at Cambridge Regional College/UK in July. I am therefore appling to everybody how could give me any information how to get into the Film buisness in Luxembourg. I would welcome any adresses or names of different of productions. For futher information about my profile contact me on my E-mail adresse. I would welcome an invitation to an interview and would be delighted to present my portfolio.I will be back in Luxembourg after the 15th of July. My adresse: Claudine Moureaud 23, Henneschtgaass L-9361 Brandenbourg |
Schmit Laurent 14.03.2000 | Salii gesoot an ? Oht geet Hei ass een vun den Haaptaktören aus den Filmer z.b. den Georgi Koskov ech muss soen daat huder gudd gemach Hansenbrothers net schlecht also den nächsten Film D…Y…get bestemmt en mega Erfollesch bis sos eng keier.Salititi |
Anen Vanessa 10.03.2000 | Salut KML ech sin emol gespannt op den neien James Bond Film en get bestemmt gutt zu Pareis huet et mer och immens gutt gefall esou eppes kenne mer nach eng keier widerhuelen .Sou elo kucken ech merl Sait emol nach un.Bis dann eng keier Salut Vanessa !! |
Pirrotte Tom 09.01.2000 | cool |
Tim Woods 30.12.1999 | Marc Barnig is a superstar he should get an Oscar |
Pascal CLEMENS 26.12.1999 | Hi Fans! Ech sin den Clemy (mäin Nickname) vun Grevenmacher (wou ass dat dann?). Ech fannen är Iddi vun deem Club nawell ganz interessant. Sot emol dem Här Marc B., datt hien mir emol säin selwer gedreiten Bond-Film ausleint, ech hun deen nach emmer net gesin! Bis demnächst! |
131V1 08.12.1999 | flott seit |
Mitterhuber Jürgen Cousin von Vanessa ANEN 03.12.1999 | KML ist voll cool!!!!!!!!!!!!Habe schon viele Filme gesehen!!!!!!!!! |
Weis Alex 11.11.1999 | Super KML , maacht esou weider |
Pierre Heinen 04.11.1999 | Halli, Hallo, Hallöle, Ech sin positiv iwwerascht vun dem gudden Layout vun desen Seiten. All Prospekt fir déi vill Aarbecht ! |
Steve Jemming 01.11.1999 | Cool Idee ären Club ! Ech freen mech op deen nächsten Film. |
BOB 30.10.1999 | Den colleg fun der IMPRIMERIE St.Paul |
Heiderscheid Manuel 24.10.1999 | Eng Super Homepage. Maacht wéider esou. Tip-Top. |
Thierry Lucky 29.09.1999 | Sou wei ech gesinn hun sech nach nitt extra vill Mossen hei ageschriff… Also mir breichten nach e puer Gausen vier den naechsten Film. Sou mellt Ierch bei b.goldeneye@gmx.de |
Marc Kayl 29.08.1999 | Super des Homepage vun KML.Mer freën eis schon op den 4. September fir Quantum of Solace ze gesin. De Marc Barnig als James Bond dergéint sin Connery, Moore, Dalton, Brosnan an Co bestëmmt kale Kaffi. |
Peterchen 19.08.1999 | Hallole, tolle Leistung von euch , bin begeistert über eure Filme. Weiter so Gruss Peter aus Germany |
Daniel Schmit 08.07.1999 | Hei ass een Alien(Daniel) Hoffentlech wees du elo ween daat ass.Du wees datt ech daat net gaer machen mee ech well net mei am James Bond matspillen. Ech hun dech gaer Claude.Dain Daniel Schmit vun Holzem |
Reiffers Jeff 07.07.1999 | Salut, är Homepage as wiiklech gudd. Wéini drèint der den nächsten Film?? Hoffentlech gët deen genau sou gudd wéi seng Vorgänger. Mat erëm neien Member bestëmmt nach besser Salut Laurant Schmidt an Marc Barnig |
Rippinger Claude 21.06.1999 | Et ass mer jo scho vill a méngem Méckeliewen passéiert awer esou epppes wéi daat do nach net. Ok, also wann ech méng Säit nei iwerdenken ass e Link fir den 007 dran. |
Pirrotte Tom 15.06.1999 | musik ass scheisssssssssss!!! Fir de rescht JO !!!!!!!!! 6h30 |
member 24 15.06.1999 | salut net schlecht aer (oder soll ech eis soen, elo woe ech member sin?) homepage. Eng kleng kritik: den goldfinger.mid klengt absolut grausam! zum Riddlypup Da Fully: en haet e beschen mei kurz kennen sin. e puer sketcher waren super gudd, aanerer(ziemlich vill) waren leider decke **** deen voll ant laengt gezun gouf!! |
Aaron Könsgen 08.06.1999 | Deine Homepage ist gut! Auch das mit dem Chat finde ich toll! |
Zwick Alain 02.06.1999 | Hallo Grieben Jungs: Ich spiel schon mit in eurem Film. Bin der Bäcker und werde ermordet. |
BASTIAN 24.05.1999 | i like James Bond and i am interested in planes and so things |
MISTER T 24.05.1999 | lol, ich habe zwei jahre mehr erfahrung als du!! aber das ist doch auch egal, viele grüsse aus der schweiz deine konkurrenz Mister T |
LOUIS RALPH 24.05.1999 | cool ech spillen och am neien 007 mat!!! |
EWERLING TOM 24.05.1999 | Ja schéin an gudd déng Homepage, mee méng ass nach ëmmer besser… Neen, war en Witz, mee Jongen, gitt op MÉNG PAGE !!!!!!! |
VAUCHER YVES 24.05.1999 | yo, net schlecht |
– 24.05.1999 | FRANNI |
SCHMIT LAURENT 24.05.1999 | Also,ech sin en member vum KML comitee an ech fannen dass desen club einfach dat aller bescht ass also wanns du wells vill spass hun dann komm och an d`versammlung vun eisem club ,fir detailler frot den frank HANSEN. |
BARNIG MARC 24.05.1999 | Ech fannen, jidereen, deen hei bannen ass, muß einfach een super gudden Filmkenner sin. Well daleiten sin dei bescht Filmer vun Letzebuerg, waart op Quantum of Solace! |
LIANE K 24.05.1999 | Okok, ech kommen also net derlaanscht en Kommentar ze gin… Dei Seit as wierklech net sou schlecht me wei waer et mat engem farwegen Hannergrond an manner schrillen Faarwen? Bonne Chance KML!! |
CHICHA 24.05.1999 | Hehe , deck witzeg , gudd geschafft Barnig . Den Film war och deck cool , decke Kuss vir dech an den Laurent SupaBorschééééé, eddiiiiiii vum chicha |
BUBBLEFLASH 24.05.1999 | – |
HANSEN FRANK 24.05.1999 | KML RULES |