Mat bëssi Retard organiséiere mir dann och eis alljährlech Generalversammlung, an dat de Samschden zu Koler an der Schoul um 20h00. Interaktiv gëtt de Bilan vum leschte Joer mat den Aktivitéite gezunn, souwéi Projeten 2012 an eis Virstellunge presentéiert. Jiddereen ass invitéiert hei laanscht kucken ze kommen. Fir de klengen Honger an de klengen Duuscht ass gesuergt.