Wei all Joers gouf och 2010 nees eis Generalversammlung an der Koler Schoul ofgehalen. Nieft den diverse Bilane vum Joer 2009 gouf op d’Zukunftspläng higewisen, déi virun allem am Liicht vum HD stinn, dem T(w)o Friends an awer och enger neier Generatioun, deene mer Dieren zu neie Filmproduktiounen opgemaach hunn.