Salut Franky,
Interessant Thema. Mir haaten dat schon am aalen Forum eng Kéier kuerz diskutéiert. Hun mir d'Fro vum Verschwannen vun der ambitionéierter Amateurszene oft gestallt an hei meng Iwwerleeungen dozou :
- De Indiefilm-Boom erklärt sech - mengen daat gesäis du absolut richteg - mat der
Demokratiséierung vun den Produktiounsmëtteln Mëtt 90er - Ufank 2000er. An dëser Periode goufen Digitalkameraën a Schnëttcomputer ëmmer méi licht zougänglech a vill Leit déi dovun gedreemt hunn, Filmer ze man, hunn déi Mëttlen dann och genau zu deem Zweck benotzt.
- Am Ufank huet eng gewëssen
Euphorie agesaat. KML huet mat "Rendolepsis" Camera Obskura inspiréiert den "Zombie Film" ze man. "Zombie Film" huet Feierblumm inspiréiert "Whos' Quentin?" ze dréien. All dës Filmer woren wirklech nët immens gutt, mee sie hun voller Energie a guddem Wëlle gestach, waat vill Leit motivéiert huet och Filmer ze dréien, fräi nom Motto : "Pfff, daat kann ech och an zwar besser!
- Nom ufänglechem Boom (KML, Pyrrhus, Camera Obskura, Feierblumm, Turtle Stone Productions, Pulsa, Episclérite, Black Phoenix Productions, etc.) koum dach zimmlech séier eng
Ernüchterungsphase. All déi Film-Clib hun dach zimmlech séier gemierkt, dass et nët esou einfach ass e Film ze dréien, dee qualitativ +/- d'Stroos hällt. Reagéiert huet jiddereen aanescht. Verschidde Gruppen hunn ganz opgehaal (Turtle Stone), aanerer hun sech méi oder manner professionaliséiert (Pulsa Pictures, Black Phoenix) oder sech éischter op d'Schauspillerei konzentréiert (Michel Tereba mat Pyrrhus) an e puer hunn probéiert weiderzeman a gläichzäiteg un der Qualitéit ze schaffen (KML mat "T(w)o Friends", Feierblumm mat "Heemwéi", Camera Obskura mat "Kropemann"). Feierblumm an Camera Obskura hunn op déi hart Tour geléiert wéi schwéier et ass een Langspillfilm-Projet vun A bis Z duerchzezéien (bal 7 Joër Postproduktioun fir Heemwéi, 8 Joër fir Kropemann).
- Haut sin mer - mengen Meenung no - ganz einfach an enger
Banaliséierungsphase ukomm. Spéidstens zanter dass all Mënsch op sengem Smartphone 4K-Opnahmen machen kann, huet Filmer dréien immens vill vu sengem ursprünglechen Charme a Magie verluer. Déi nei Generatiounen, déi esougenannten "digital natives" déi mat Internet a smartphone opgewues sin, gesin a Filmer just nach ee Konsumartikel parmi d'autres. Filmer produzéieren ass näischt Besonnesches méi a wann ee Film den Interesse vum Publik gewannen wöll, dann muss hien op engem qualitativ ganz héichem Niveau produzéiert sinn, schliesslech heescht Konkurrenz haut nët méi "Tatort" oder suguer "Troublemaker", mee éischter "Netflix", "HBO", "Amazon Prime" an natirlech "Youtube".
- Beschleunëgt gouf a mengen Aan d'Stierwen vun der ambitionéierter Amateurszene och duerch
d'Professionalisatioun vun der Lëtzebuerger Filmbranche. Tëscht engem "Troublemaker" an engem "Doudegen Wënkel" leie Welten. Kéint eng ambitionéiert Amateurproduktioun mat vill Chance an Talent nach eventuell mat engem "Troublemaker" mathaalen, esou huet sie am Prinzip null Chancen qualitativ och nëmmen usatzweis un eng Produktioun wéi "Eng nei Zäit" erunzereechen. D'Emfeld fir eng Amateurproduktioun ze "plazéieren" ass also wesentlech méi hart ginn. D'Professionalisatioun vun der Lëtzebuerger Filmbranche huet och dozou gefouert, dass Filmmacher léiwer de Wee iwwer eng Produktiounsboîte an ergo dem Film Fund versichen, wéi et op eegen Fauscht ze probéieren (esou wéi deemols den Andy Bausch). Leit déi sech soen : "Komme was wolle, ech mache mäi Film!" kennen ech wéineg...
D'Fro déi ech mer stellen ass also manner "Wéi ass et esou wäit komm?" mee :
Wéi geet et weider?
- Den Cyrus Neshvad (erënnert iech, deen huet schon deemols bei der Filmmaker's Night ganz flott Kuerzfilmer présentéiert) feiert mat sengen Kuerzfilmer (notamment "FILS") een Erfolleg nom aaneren op internationalen Filmfestivals
- De Romain Gierenz haat mat "The Cuddly Toy" eng éischt "seriö" Produktioun an d'Kinoën bruecht a schéngt aktuell mat sengem Projet "General Pimp" nët wirklech virun ze kommen
- Den Georges Waringo huet sech ganz erfollegräich als Videoproduktiounsprofi etabléiert
- De Michel Tereba sicht säi Gléck haaptsächlech an der Schauspillerei, huet fir "Roud-Wäiss-Gro" e puer Episoden an de flotten Optragsdokumentaire "D'Preise së rëm zréck!" gedréit. Niewebäi schafft hien nach un Musék-Clips an e puer eegenen Projet'n wéi "Adam" (
http://www.podium.lu)
- KML haat emol ugekënnegt keng weider Langspillfilmer méi wöllen, respektiv können ze produzéieren
- Feierblumm ass zwar nach aktiv mee menges Wëssen no, hunn déi am Moment och kee weideren Long-Métrage geplangt (vun der Originalequipe ëm de Sacha Bachim a Steve Hoegener ass och baal kee méi nach aktiv dobäi, well sie elo all schaffen an ee Familjeliewen hunn)
- Camera Obskura huet mat Ach und Krach de Kropemann erausbruecht an ech iwwerleeën am Moment intensiv, wéi ech, respektiv ons Equipe, eventuell nei Projet'n an Zukunft méi effikass ugoën kann. Un Film-Idéeën mangelt et mer op alle Fall nët.
Vläit taucht och abémol ganz onerward een neien Indie-Player op...