Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Elo warden mer just nach op de Claude seng Kritik 

Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Ganz interessant daat heiten alles ze liesen 
Nachemol zum Kropemann: Mir perseinlech gefällt dee Genremix net wirklech, ech sinn awer secher dass ganz vill aaner Spektateuren daat graad interessant fannne. Ass eischter eng Affaire de gout.
Zu de Längten: och daat ass subjektiv a vun der Situation ofhängeg, no engem haarden Aarbeschtsdaach midd an hongereg an der Woch owes an de Kinosch ze kommen dreiht secher dozou bei dass ech puer Szeenen ze laang fonnt hunn. Et kann awer och dorunner leien dass ech oft bei Letzebuergeschen Filmer Problemer hunn wann se ze laang sinn. Och bei KML Filmer (sorry Marc). Mee Filmer wei Heemweih hunn ech och ze laang fonnt. Wees och net wiesou
Wei ass de Film dann reng statistesch (Finanzen, Spektateuren, asw.) parapport zum Zombiefilm gelaaf? (Sorry falls daat schon emol diskuteiert ginn ass, mee kann mech jiddefalls net mei un ee Bilan arenneren)

Ops du dem Claude seng Kritik jeemols hei am Forum wärts liesen gleewen ech net. Jiddefalls sot hien mir den Dag nom Film dass hien e VILL BESSER WEI DE ZOMBIEFILM fennt an dass hien sech vill manner erwaard hätt a positive iwwerrascht ginn ass.
A wann de Claude eppes "OK" fennt, dann ass et gutt! Well hien war wirklech keen Fan vum Z-Film!
A wann de Claude eppes "OK" fennt, dann ass et gutt! Well hien war wirklech keen Fan vum Z-Film!
Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Merci Franky. De Claude haat mer effektiv nom Film gesot, dass hien positiv iwwerrascht wor. Vu mengem uergsten Kritiker(op manst deen deen daat och ëffentlech zougëtt) wor daat e scheint Kompliment.
Reng statistesch ass de Film ganz ok gelaaf. Ech wäert am Making of vum Film um DVD en détail op d'Zuelen (mat ganz genauen Chiffren) awer och op d'Hannergrënn vun der Produktioun agoën. Prinzipiell sin ech zefridden awer nët euphoresch. Par rapport zum ZF (1.000 Entréeën) hunn mir d'Entréeën méi wéi verduebblen können an hunn domat ons Ziel erreecht e Film ze man deen op manst esou erfollegräich, an am beschten Fall méi erfollegräich wéi ZF ass. Am Generalklassement vun den erfollegräichsten Lëtzbuerger Produktiounen 2016 hun mer et mat Kropemann op déi drëtt Plaz gepackt : https://www.lequotidien.lu/a-la-une/cin ... bourgeois/
Op der aanerer Säit sin mir dach wäit vum Resultat vun engem Heemwéi eweg (9.400 Entréeën). Ech haat perséinlech d'Hoffnung dass mer op manst hallew esou gutt wéi Heemwéi ofschneide kéinten, mee daat ass nët agetraff. Et gouf immens vill a gutt Konkurrenz am Kino während de Kropemann gelaaf ass (38 Sortieën an 6 Wochen), mee daat alléng kann sëcher nët den dach zimmlech groussen Ecart tëscht béide Filmer erklären. Mengen dass de Potential vun Filmer déi den Zweeten Weltkrich behandlen einfach méi grouss ass wéi de Potential vun engem Genrefilm wéi Kropemann. Ech fannen daat zwar e bëssen schued, well ech gäer méi Lëtzebuerger Genrefilmer gesin géif, mee wäert awer dowéinst elo och keng grouss Tréin vergéissen. De Film ass grosso-modo ganz gutt gelaaf a mir kruten niewt dem obligatoreschen negativen och ganz vill positiven Feedback.
Finanziell sinn d'Recetten aus dem Kino nët ganz duer gang fir ons nach opstoënd Produktiounsscholden vun +/- 9.000 EUR ze tilgen, mee et fehlt nët vill an daat wéineg waat fehlt wäerten mir problemlos iwwer de Verkaaf vum DVD eraspillen. De viraussichtleche Bénéfice haalen mer dann fir weider Produktiounen ze finanzéieren.
Mäi perséinlechen Fazit : Bien, bien, mais aurait pu faire mieux.

Ech mengen et ass normal dass een historeschen Film mei Leit an de Kino zitt wei aeren Film. Ass genee weis du daat schreifs; een Film iwwer WW2 zitt Leit vun allen Generatiounen an de Kino.
Ech si gespaant waat nach kennt. Hu grad gesinn dass dir Iech vun aeren Kameraen trennt....
Ech si gespaant waat nach kennt. Hu grad gesinn dass dir Iech vun aeren Kameraen trennt....

Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Jo, mir wäerten ons Kameraen esou séier nët méi brauchen. Esou séier wäerte mir nämlech nët méi dréien. Mussen dës Joër mol den DVD erausbréngen an da kucken ob a wéi mer weiderfueren. Ka mer nët virstellen, dass mer suguer am beschte Fall virun 2018/19 irgend ee neie Projet an Ugrëff huelen. Kucke wat könnt. Haalen iech um Courant.
Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Leit déi de Kropemann am Kino verpasst hunn, können daat dëse Freiden Owend an der Geméng Fréiseng nohuelen. Den Entrée geet integral un den Télévie.
Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Ech kann leider net kommen haut. Mee ech hoffen dir hutt de Sall voll (zumols well et fir ee gudden Zweck ass).
Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Gëschter Owend huet d'Assemblée générale vu Camera Obskura asbl décidéiert, no 13 Joër Existenz an zwou Filmproduktiounen (Zombie Film & Kropemann), all Filmproduktiounsaktivitéiten anzestellen. D'asbl bleiwt an enger stark reduzéierter Form bestoën fir de bestoënden Patrimoine ze verwalten.
Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Schock
Domat hätt ech net gerechnet.
Petz, geff eis puer Background Insider Infos.
Sinn nach nach Leit aus der ASBL di weider maachen? (alleng oder bei enger aanerer ASBL) Waat geschitt mam Material?
Kennt dann lo nach eng DVD eraus?...