Amateur-Indie-Boom

Indie-Filmer/Clubs/Events/Hollywood
Post Reply
User avatar
Franky
Posts: 21
Joined: 24 Nov 2016 17:45

Amateur-Indie-Boom

Post by Franky »

Just e puer nostalgesch Iwwerleeungen, vlait huet een eppes beizesetzen :)

Circa Mëtt 2000 war hei am Land ee richtegen Indie-Film Boom. KML huet ee ganzen Koup Filmer erausbruecht an sougenannten Filmverainer sinn emmer mei op komm.
Op eemol ass et Feierblumm, Obskura(nach ouni camera am Numm), Phyrhus (ech kann deen Numm nach emmer net richteg schreiwen), an aaner Gruppeiereungen wou ech den Numm scho vergiess hunn wei zb. vum Romain Gierenz oder vum Waringo.
Zousätzlech sinn sou Amateurfilmfestivaler opkomm an et war net schweier locker op 2 Stonnen ze kommen fir aktuell Projeten ze weisen.

Wiesou war desen Boom grad Mëtt 2000?

Hei puer Thesen:
- Kamera a Schnettcomputeren war zu dem Zeitpunkt ze bezuelen an fortschrettlech genuch fir ordentlech Resultater ouni vill Geld opzeweisen.
Virdrunner (am VHS Zeitalter) waren Kameraen deier an de Schnett onzouverlässeg)
Waat geint des These schwätzt ass d'Amateurszeen am Moment net mei deck ass obwuel een quasi mat all Smartphone kann filmen. Komesch.

-Massendynamik; KML huet Ufank 2000 puer Filmer an de Kino bruecht. Ech wees net op mir die eischt waren mee secher sinn do puer aaner Filmgeeks op d'Idee komm sech och un engem Film ze versichen. Duerch des Massendynamik sinn emmer mei Leit op d'Idee komm sech an deem Bereich ze versichen, an daat an all meiglechen Generatiounen.
Waat geint des These schwätzt: Wann daat geing stemmen da missten mir haut jo mindestens 10 Filmclubs hunn die aktiv schaffen.


Leien ech falsch mat mengen Ideen? Wiesou ass de Boom net eischter lass gang? A wiesou geet de Boom lo net rem lass?
Kloer, mir (KML, Obskura a co) sinn all mei aal ginn, mee waat ass mat de Jonken?.

Fannen et ganz komesch daat ganzt an et liicht mir net wirklech an wei des Super Indie-Szeene sou seier geplatzt ass.

Si gespaant op aer Ideen an Analysen :geek: :ugeek:

User avatar
Petz
Posts: 38
Joined: 23 Feb 2017 14:36

Re: Amateur-Indie-Boom

Post by Petz »

Salut Franky,

Interessant Thema. Mir haaten dat schon am aalen Forum eng Kéier kuerz diskutéiert. Hun mir d'Fro vum Verschwannen vun der ambitionéierter Amateurszene oft gestallt an hei meng Iwwerleeungen dozou :

- De Indiefilm-Boom erklärt sech - mengen daat gesäis du absolut richteg - mat der Demokratiséierung vun den Produktiounsmëtteln Mëtt 90er - Ufank 2000er. An dëser Periode goufen Digitalkameraën a Schnëttcomputer ëmmer méi licht zougänglech a vill Leit déi dovun gedreemt hunn, Filmer ze man, hunn déi Mëttlen dann och genau zu deem Zweck benotzt.

- Am Ufank huet eng gewëssen Euphorie agesaat. KML huet mat "Rendolepsis" Camera Obskura inspiréiert den "Zombie Film" ze man. "Zombie Film" huet Feierblumm inspiréiert "Whos' Quentin?" ze dréien. All dës Filmer woren wirklech nët immens gutt, mee sie hun voller Energie a guddem Wëlle gestach, waat vill Leit motivéiert huet och Filmer ze dréien, fräi nom Motto : "Pfff, daat kann ech och an zwar besser! :)

- Nom ufänglechem Boom (KML, Pyrrhus, Camera Obskura, Feierblumm, Turtle Stone Productions, Pulsa, Episclérite, Black Phoenix Productions, etc.) koum dach zimmlech séier eng Ernüchterungsphase. All déi Film-Clib hun dach zimmlech séier gemierkt, dass et nët esou einfach ass e Film ze dréien, dee qualitativ +/- d'Stroos hällt. Reagéiert huet jiddereen aanescht. Verschidde Gruppen hunn ganz opgehaal (Turtle Stone), aanerer hun sech méi oder manner professionaliséiert (Pulsa Pictures, Black Phoenix) oder sech éischter op d'Schauspillerei konzentréiert (Michel Tereba mat Pyrrhus) an e puer hunn probéiert weiderzeman a gläichzäiteg un der Qualitéit ze schaffen (KML mat "T(w)o Friends", Feierblumm mat "Heemwéi", Camera Obskura mat "Kropemann"). Feierblumm an Camera Obskura hunn op déi hart Tour geléiert wéi schwéier et ass een Langspillfilm-Projet vun A bis Z duerchzezéien (bal 7 Joër Postproduktioun fir Heemwéi, 8 Joër fir Kropemann).

- Haut sin mer - mengen Meenung no - ganz einfach an enger Banaliséierungsphase ukomm. Spéidstens zanter dass all Mënsch op sengem Smartphone 4K-Opnahmen machen kann, huet Filmer dréien immens vill vu sengem ursprünglechen Charme a Magie verluer. Déi nei Generatiounen, déi esougenannten "digital natives" déi mat Internet a smartphone opgewues sin, gesin a Filmer just nach ee Konsumartikel parmi d'autres. Filmer produzéieren ass näischt Besonnesches méi a wann ee Film den Interesse vum Publik gewannen wöll, dann muss hien op engem qualitativ ganz héichem Niveau produzéiert sinn, schliesslech heescht Konkurrenz haut nët méi "Tatort" oder suguer "Troublemaker", mee éischter "Netflix", "HBO", "Amazon Prime" an natirlech "Youtube".

- Beschleunëgt gouf a mengen Aan d'Stierwen vun der ambitionéierter Amateurszene och duerch d'Professionalisatioun vun der Lëtzebuerger Filmbranche. Tëscht engem "Troublemaker" an engem "Doudegen Wënkel" leie Welten. Kéint eng ambitionéiert Amateurproduktioun mat vill Chance an Talent nach eventuell mat engem "Troublemaker" mathaalen, esou huet sie am Prinzip null Chancen qualitativ och nëmmen usatzweis un eng Produktioun wéi "Eng nei Zäit" erunzereechen. D'Emfeld fir eng Amateurproduktioun ze "plazéieren" ass also wesentlech méi hart ginn. D'Professionalisatioun vun der Lëtzebuerger Filmbranche huet och dozou gefouert, dass Filmmacher léiwer de Wee iwwer eng Produktiounsboîte an ergo dem Film Fund versichen, wéi et op eegen Fauscht ze probéieren (esou wéi deemols den Andy Bausch). Leit déi sech soen : "Komme was wolle, ech mache mäi Film!" kennen ech wéineg...

D'Fro déi ech mer stellen ass also manner "Wéi ass et esou wäit komm?" mee : Wéi geet et weider?

- Den Cyrus Neshvad (erënnert iech, deen huet schon deemols bei der Filmmaker's Night ganz flott Kuerzfilmer présentéiert) feiert mat sengen Kuerzfilmer (notamment "FILS") een Erfolleg nom aaneren op internationalen Filmfestivals
- De Romain Gierenz haat mat "The Cuddly Toy" eng éischt "seriö" Produktioun an d'Kinoën bruecht a schéngt aktuell mat sengem Projet "General Pimp" nët wirklech virun ze kommen
- Den Georges Waringo huet sech ganz erfollegräich als Videoproduktiounsprofi etabléiert
- De Michel Tereba sicht säi Gléck haaptsächlech an der Schauspillerei, huet fir "Roud-Wäiss-Gro" e puer Episoden an de flotten Optragsdokumentaire "D'Preise së rëm zréck!" gedréit. Niewebäi schafft hien nach un Musék-Clips an e puer eegenen Projet'n wéi "Adam" (http://www.podium.lu)
- KML haat emol ugekënnegt keng weider Langspillfilmer méi wöllen, respektiv können ze produzéieren
- Feierblumm ass zwar nach aktiv mee menges Wëssen no, hunn déi am Moment och kee weideren Long-Métrage geplangt (vun der Originalequipe ëm de Sacha Bachim a Steve Hoegener ass och baal kee méi nach aktiv dobäi, well sie elo all schaffen an ee Familjeliewen hunn)
- Camera Obskura huet mat Ach und Krach de Kropemann erausbruecht an ech iwwerleeën am Moment intensiv, wéi ech, respektiv ons Equipe, eventuell nei Projet'n an Zukunft méi effikass ugoën kann. Un Film-Idéeën mangelt et mer op alle Fall nët.

Vläit taucht och abémol ganz onerward een neien Indie-Player op...

Barnig
Posts: 24
Joined: 19 Feb 2017 12:18

Re: Amateur-Indie-Boom

Post by Barnig »

Ass riichteg:

Vill Leit (och Jugendlecher) dreihnen nach Filmer, ech war lo virun engem halwer Joer namol beim SNJ (wu alles ugefaangen huet) an dei sin emmer nach massiv mat Jugendgruppen gefellt, dei do regelmeisseg Filmer dreihnen. Des Resultater gesait een um "CREME FRAICHE" Festival, deen nach all Joer ofgehaale get, wus du awer nie wells matgoen, Frank :lol: Dei meecht Filmer gin dann awer wei de Petz scho soot op YOUTUBE gesaat, a funktioneiren esou ouni weider "grouss Premieren" ze feieren.

Ech denken bei eis ass jo haaptsàchlech de Probleem dass mer keen Dreihbuch mei hikreien, doweins schaffe mer jo lo fir d'Ouverture vum Koler-Kino mat Episclerite zesummen, fir dee neechste Long (Moyen) Metrage nees op d'Been ze kreien. Deem steet denken ech och naicht mei am wee, well d'Idee do ass, Dreihbuch an Chargen quasi verdeelt sin.

Fir Zukunft gesin ech do vlait Potenzial an de Koproduktiounen? De Petz seet selwer Idee'en hun se genuch, eis feehlen se. Dir braucht zevill Postproduktiouns Zait, mir hun dei ;-) etc... ech denken do kann ee vlait deen een oder aneren interessante Projeten nach zesummen rausbrengen.

User avatar
Petz
Posts: 38
Joined: 23 Feb 2017 14:36

Re: Amateur-Indie-Boom

Post by Petz »

Crème Fraîche hun ech bis elo leider verpasst. Muss mer daat onbedéngt eng Kéier ukucken goen.
Sin wirklech gespaant op är Coproduktioun mat Episclérite.
Falls ech irgend eng vu mengen Idéeën ausschaffen, wäert ech e groussen Appel lancéieren fir interesséiert Leit ze fannen. Dir sidd déi éischt déi bescheed gesot kréien.

User avatar
Franky
Posts: 21
Joined: 24 Nov 2016 17:45

Re: Amateur-Indie-Boom

Post by Franky »

Schein Analyse Petz! kann deem an allem zoustemmen!!

Leit wei Waringo a Gierenz verdengen hier d'Geld mat Optreeg respektiv Reportagen. Vun engem General Pimp kann een net liewen well et joerenlaang Aarbescht ass an de Film duerno trotzdem just puer Wochen left. Idem Tereba. Ech wees dass en probeiert huet iwer Kickstarter (oder eng aaner platform) Geld ze sammlen fir Adam. Ech mengen awer dass daat leider net geklappt huet. :(

Ech gesinn iergendwei Zukunft nach emmer an de Kuerzfilm. Op der Festivaler laafen jo och virunallem just minifilmer.
Si jiddefalls gespaant wei et weider geet,.. an op et weider geet! :oops:
(MARC, weini hells du een AVATAR bild hei am forum??)

User avatar
Petz
Posts: 38
Joined: 23 Feb 2017 14:36

Re: Amateur-Indie-Boom

Post by Petz »

A mengen Aan gin et nach zwou aaner ganz wichteg Ursachen fir d'Platzen vun der Indie- an Undergroundfilmszene, an zwar :

1) Eng Offer un Enterainment-Méiglechkeeten déi regelrecht explodéiert ass. Tëscht ëmmer méi perfektionéierten Videospiller (déi engem interaktiven Film ganz no kommen (siehe Resident Evil, Uncharted oder déi lescht Episoden vun Tomb Raider), enger Villzuel vun perfekt gemachthen "casual games" fir smarthphone an tablets, Literatur, qualitativ héichwertegen TV-Serien, engem Revival vun Briedspiller, etc, huet dozou gefouert, dass vill Leit einfach keng Zäit méi fannen fir selwer kreativ ze gin an hier ganz Fräizäit just nach dem Konsum vu Medien afferen

2) Social Media, déi op ganz vill Leit wéi eng Drog wierken an sie permanent vum "richtegen" Liewen oflenken. Brauch een just ze kucken wéivill Leit permanent un hierem Smartphone hänken an dann kann een sech nët driwwer wonneren, dass kee Mënsch sech méi Zäit höllt fir sengem Gehier déi Pausen ze gin, déi et braucht fir kreativ ze gin a eegen Iddeeën ze produzéieren. Leit sichen just nach permanent Oflenkung an "easy kicks". Fir esou eng energie- an zäitopwänneg Aktivitéit wéi Filmmachen, ass do leider keng Plaz méi.

Ech mengen wirklech, dass Sozialmedien, smartphones an tablets dozou gefouert hunn, dass ganz vill Leit all eegen Ambitiounen begruewen hun an sech just nach dem permanenten Konsum vun "Infotainment", fake news an trivialem Beschass higin. Bref, fir ze karikaturéieren : d'Majoritéiet sin ganz gär i-slaves.

User avatar
Franky
Posts: 21
Joined: 24 Nov 2016 17:45

Re: Amateur-Indie-Boom

Post by Franky »

1) Stemmt, et ass einfach eng Iwwersiedegung an allen Bereicher. Netflix & Youtube dreiht och dozou bei dass een emmer eppes ze kucken huet.
2) Och daat stemmt. Een film produzeieren ass zeitopwenneg. All 10 Minuten updates op sengem Smartphone ze liesen ass op laanger dauer och zeitopwänneg mee daat mierkt een leider net. Et ass eben alles mei schnelllieweg an hektesch. Keng Zait kreativ ze ginn an eppes iwwer joeren ze entweckelen an ze realiseiren.

User avatar
Petz
Posts: 38
Joined: 23 Feb 2017 14:36

Re: Amateur-Indie-Boom

Post by Petz »

Wann alles esou klappt wéi ech mer dat virstellen, wäert am Making of vun der Kropemann DVD och kuerz Rieds goen iwwer den Indiefilm-Boom deen jo leider elo gréissendendeels eriwwer ass... Feierblumm a KML schengen déi lescht ze sin, déi nach Stellung haalen.

Post Reply