Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Flott dass der den alen Forum am Archiv gehalen hutt. Vu dass mir kee Produktiouns-Tagebuch beim Tournage vum Kropemann gehalen hunn, wäert den ale Forum eng ganz nëtzlech Informatiounsquell fir de Making of ginn, dee mir op den DVD paken wäerten.
Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Tiptop ...
Wi gefällt de Site dir?
Wi gefällt de Site dir?
Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Ass zwar off topic, mee fannen de neien Site besser wéi den alen, och wann e grafesch dach recht einfach gehalen ass. Wéinstens ass alles schéin opgeraumt. Hun och déi eng oder aner Fotogalerie gekuckt a kann just soën : Boy, we're getting older. Wahnsinn och, dass déi lescht Filmmakers' Night schon 5 Joër zréck léit. Schued dass et kee wirklechen Indie Film Event méi gëtt, mee wahrscheinlech ass dofir einfach keng masse critique méi do. Sin och zimmlech iwwerrascht wéivill Produktiounen dir an der Rubrik "Doku" hutt...
Mir wäerten onsen Site wuel och am Laaf vum Joër nei man (hoffentlech rechtzäiteg fir den Kropemann DVD Release am September). Deen DVD-Release ass iwwregens onsen eenzgen grousse Projet dëst Joër. Niewenbäi wwerleee¨n ech mer wéi mer ons fir d'Zukunft organiséieren fir eventuell weider Produktiounen an Ugrëff ze huelen.
Mir wäerten onsen Site wuel och am Laaf vum Joër nei man (hoffentlech rechtzäiteg fir den Kropemann DVD Release am September). Deen DVD-Release ass iwwregens onsen eenzgen grousse Projet dëst Joër. Niewenbäi wwerleee¨n ech mer wéi mer ons fir d'Zukunft organiséieren fir eventuell weider Produktiounen an Ugrëff ze huelen.
Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Och wann et OFF topic ass:
Dir 2 kennt gaeren een AVATAR huelen am Forum
Da gesait daat bessi mei flott aus.
Den Aalen Site war net mei ze droen, KML huet einfach zevill Filmer. Ab elo ass de Site rem ze managen an all die aktuell Saachen stinn drop. Kuerzfilmer kann een lo quasi all Online kucken, an daat am HD. Also roueg mol duerchkucken
Dir 2 kennt gaeren een AVATAR huelen am Forum

Den Aalen Site war net mei ze droen, KML huet einfach zevill Filmer. Ab elo ass de Site rem ze managen an all die aktuell Saachen stinn drop. Kuerzfilmer kann een lo quasi all Online kucken, an daat am HD. Also roueg mol duerchkucken

Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Nodeems de Film scho virun enger Zaitchen am Kino gelaf ass, hei mäin Kropeman Feedback. Ech probéiere Spoilerfree ze schreiwen
Natierlech kann et sinn dass Meng Meenung a gewësse Punkte geännert huet seitdeem ech de Film gesinn hunn well dat ganzt jo schonn eng Zäitchen zreck läit. Ech probéieren di positiv Saachen uewen ze schreiwen an di Saache wou een menger Meenung no nach ka besser ginn éischter ënnen.
Kamera: super Aarbecht vum Carlo, alles interessant an Zeen gesat. Wat dat ugeet sidd dir ganz Uewen ukomm!
Animatiounen/digital Effekter: den Intro, di kleng Animatiounen an all Effekter si ganz flott a professionell gemaach. Idem fir Filteren di dat ganzt extrem gutt ënnersträichen an awer ëmmer diskret bleiwen an dofir ni negativ opfalen!
Musek an Toun: Dialoge sinn all gutt verständlech, den Toun ass propper a Musek ass och ëmmer ganz passend.
Lieblingszeen: Begriefnis Zeen ass den absoluten Glanz. Di ganz Zeen (obwuel se laang war an am Fong näischt extrem Wichteges geschitt ass) huet mech gefesselt a war ee Genoss. Ob dëst um Lidd leit wat mer super gefält oder un der Mise en Zeen weess ech net. Mee einfach TOP. An Zukunft méi sou Yeenen!
Lieblingsdeel: Di éischt puer Minutte am Film hu mer am Beschte gefall. Aal Crew, Zombiefilm Feeling mee awer am HD a super dynamesch an Zeen gesat. Do ass keng Sekonn Langweil opkomm a fir mech hätt de Film sou keinnten eng Stonn weider goen.
Story/Montage/Akteuren: Normalerweis hunn des 3 Punkten net onbedéngt ëmmer vill mateneen ze dinn, an dësem Film fir mech awer schonn. Story u sech fannen ech gutt. Et sinn puer Plottwisten dran a vill Spannungbeih. Als (Dréih)buch klappt dat zu 100% an wier ganz ennerhaalsam. Am Film dinn ech mech trotzdem bësse schwéier mat der Story. Wahrscheinlech leit et einfach um Genre, oder besser gesot um Genre-mix. Den Ufank ass zu 100% Zombiefilm“niveau“ an ennerhällt deementspriechend. Duerno drift de Film Richtung Mystery/Police oof. Ech hunn do puer Minute gebraucht fir mech dorop anzeloossen. U sech un ech dee Mystery-„Who is the killer“ Genre gären. Leider sinn ech ëmmer erëm doraus gerappt gi well et dunn rem Richtung Comedy gaangen ass (Ricky szeen, Kommissar Meyer,…). No sou Comedy Intermezzoen fällt et mer da rem richteg schweier „Angescht“ géigeniwwer dem Kropeman ze hunn. Dëst ass den Haaptkritik Punkt um Film. De Spagat leisst iergendwei naischt richteg zou:Ze onserieux fir Mystery ze spieren, ze serieux fir eng gutt Comedy(à la Zombiefilm) ze sinn. Dat selwecht ass bei den Acteuren: D’old crew aus dem Intro ass de Glanz, an ech war traureg dass se net länger am Film waren. Di nei Charakteren di duerno am Film agefouert gi ware mir eischter gläichgülteg. De Raoul an Sofia sinn u sech super Akteure mee leider ginn se regelrecht am Film ënner. Dëst läit un hirer Roll, si spillen eng ze serieux Roll an stinn domat permanent am Schied vun de Kommissären an dem Prof Dupuis(excellent Wuertspill by the way
). De Film hat fir mech einfach ze vill Längten (op dat um Montage läit weess ech net, de Marc huet do méi Ahnung) am zwar virun allem di méi serieux Zeenen. Di Zeene wou di Beschëllegt verhéiert ginn war menger Meenung no di mannste flott Szeen. De Schluss war rem super an rasant.
Fazit: De Film ass absolut kuckeswäert. Lëtzebuergesch Low Budget selfmade Filmer soll a muss een egal wei ënnerstëtzen. Wann een sech op de Genremix aloosse ka stinn engem vill ennerhaalsam Minute bevir. Di vill Aarbecht di an de Film gestach gëtt, gesäit een him definitiv un. Trotzdem wier de Film wahrscheinlech nach vill besser ukomm wann en 2014 erauskomm wier. Dat laangt Warden mécht automatesch d’Erwaardungen extrem heich di dann no puer Joer ëmmer méi schwéier ze erfëlle ginn. Am direkte Verglach zum Zombiefilm fannen de Kropemann an 99% vun de Punkte besser. Zombiefilm ass menger Meenung no just Punkte nonstop Ënnerhalung besser a wierkt manner „schweierfälleg“.
Ech hoffe jiddefalls dass iergendwann ee groussen 3ten Obskura Film erauskënnt. An dass de Petz eis hei am Forum um Lafenden hält

Villmols Merci fir deng Kritik zum Kropemann, Franky!
Mir huet sie immens gutt gefall, well ët déi éischt Kritik ass (et goufen der jo nët vill bis elo) déi - a mengen Aan - eng treffsëcher Analyse vun onsem zweete Film mëscht.
Dass de visuelle Gesamtpackage vum Film der besser gefall huet, freet mech ganz besonnesch, well daat e Punkt wor op deen ech perséinlech ganz vill Wert geluecht hun. De Carlo huet do hannert der Kamera ganz propper geschafft, mee och virun der Kamera hunn mir ons ganz vill Méih gin bei der Auswiel vun de Filmsets a virun allem bei der Belichung vun den Szenen. Fir de Showdown an der Kierch, hun mir z.b. die ganz Kierch selwer belicht, domat d'Ambiance esou wor, wéi mir ons daat virgestallt haaten. Och hun mir - wéi's du daat richteg bemierkt hues - an der Postproduktioun ganz vill Aarbecht an de Colorgrading gestach, esou dass all eenzel Szene och eng kloër Grondstëmmung haat. Den Ennerscheed tëscht den Originalopnahmen an deem waat een dono am Film gesäit ass deelweis ganz flagrant a huet vill zur Ambiance vum Film bäigedroën (notamment am Showdown, deen generell ganz gutt gefall huet).
Et freet mech och, dass den Toun der am goussen ganzen gutt gefall huet, well do haaten mer awer déi eng oder aaner ganz schwiereg Situatioun ze meeschteren. Beispill : bei der Dialog-Szene tëscht dem Sofia Lopes, dem Raoul Migliosi an dem Philippe Flammang um Kierfecht (also just virun denger Lieblingsszene), wor beim Dréih just niewt dem Kierfecht een Dëppenfest wou d'Leit gejohlt a gejaut hun an een Animateur pausenlos irgendeppes duerch ee Mikro gebrëllt huet, esou dass een am Fong nët vernënfteg dréie konnt. Vu dass déi Szene awer logistesch esou opwändeg wor (+/- 70 Statisten, Autorisation de tournage, etc.) hun mir missen deen Dag alles dréien. Daat wor esouwuel bei den Opnahmen wéi och herno am Montage eng richteg Erausfuederung fir doraus eng funktionéierent Szene ze man.
Et freet mech weider, dass dir d'Ouvertüre-Szene am Bësch mam Zombiefilm-Cast esou gutt gefall huet. Et ass nämlech och fir mech eng vun de flottsten Szenen aus dem Film (a mat 15 Minutten och die längsten!). Ech haat déi extra an d'Dréibuch geschriwwen fir der ganzer Zombiefilm-Equipe Merci ze soën. Ech haat de Schauspiller aus dem ZF nämlech versprach, dass ech hinnen - wann sie daat wollten - eng Roll an onsem zweeten Film géif gin. Dass d'Szene schlussendlech esou gutt klappt, léit och dorun, dass ech d'Schauspiller mëttlerweile kannt hun an hinnen hier Roll an Dialogen op de Leiw schreiwen konnt. Flott dass daat esou gutt ukomm ass. Ett ass extrem wichteg, dass déi éischt Szene aus engem Film beim Zuschauer gutt ukönnt.
Däin Haaptkritikpunkt, dass dem Film de Genre-Mix nët wirklech 100% geléngt oder dass hien ganz einfach ënnert dem Genre-Mix leid, ass eng Kritik déi ech absolut esou am Raum stoën ka losen. Jo, daat ass ganz sëcher eng Kritik, déi een dem Film mache kann. Déi eenzeg Erklärung déi ech dozou gi kann, ass dass de Ricky an den Inspekter Thill tatsächlech vu vir eran als "comic relief" konzipéiert woren, et wor also ons voll Absicht dës zwee Personnagen als " witzeg Otem-Paus" tëscht méi seriöen Szenen anzesetzen. Och wann d'Komik-Szenen fir sech alléng funktionéieren (de Ricky ass bei den Zuschauer ganz gutt ukomm), heescht daat effektiv nët, dass sie 100% an de Film passen. Déi Kritik mussen mir esou stoën losen an akzeptéieren.
Och absolut d'accord mat der, dass d'Verhéierszene déi schwachsten aus dem Film ass. Daat gesin ech genau esou. Mir hunn zwar probéiert sie an der Postproduktioun nach esou kuerz an dynamesch wéi méiglech ze montéieren, mee du mëschs aus Blechtrommlen keng Goldketten. Do wor einfach d'Originalmaterial nët immens gutt an daat loung manner un de Schauspiller, déi hier Aarbecht dach zimmlech iwwerzeechend gemach hun, mee éischter un der ganz schwacher Mise-en-scène, Realisatioun a Belichtung... An do kann ech mech leider just selwer bei der Nues huelen. Sëcher een vu mengen Regret'n beim Kropemann.
Deen eenzege Punkt deen mech dach e bëssen iwwerrascht huet an denger Kritik ass dass de Film soll zevill Längten hunn. Ech hunn am Montage ganz, ganz villes dem Rhythmus vum Film geaffert. Do sin ganz Szenen gestrach gin, zwee Schauspiller ganz erausgeschnitten ginn, Dialog-Szenen deelweis massiv gekierzt gin, visuell immens flott Opnahmen eweg geloos gin... alles domat d'Geschicht sech esou effikass an dynamesch wéi méiglech entfalten kann. Mee ech huelen dann zur Kenntnis, dass do awer nach Optimiséierungspotential besteet, och wann ech um Enn einfach keng Szenen gesinn hunn, wou ech nach hätt zousätzlech d'Messer usetzen a straffen können ouni de Risiko ze laafen, dass Wesentleches fir d'Verständnis vun der Geschicht verluer gang wier.
Däin Fazit kann ech ouni "wenn und aber" ënnerschreiwen
PS: 10 Bonus-Punkten fir deng Opmierksamkeet a Sachen Namensgebung vum Professeur Dupuis

Salut Petz,
Daat mat de Lengten am Film daat ass wanns du als Realisateur de Montage och mess. Ass keng gud Leisung, allerdings och net emmer einfach en anere Monteur ze fannen, mee du kenns dai film, du sees der "Ok, huele mer dei Zeen an dei aner Zeen eraus, dann ass et gud" mee heiansdo muss een vill mei cutten, a vlait einfach en onofhänget Aa drop gehaien (Status EGO haat an der eischter fassung 45 min. (!) ech war gehirlos deprimeiert, fir de Film op seng 15' ze kierzen... just fir der mol en extreemt beispill ze gin)
Meng Haaptkritik um Film war de Genre: Du hues Zeenen dei exzellent am Horrorgenre funktioneire, notament den Ufank vum Film, an dann get de Kropemann emmer mei an d'lächerlecht gezunn, an et verleiert een all neidegen respekt, an et ass een beemol an enger Zort "SCREAM-Comedy", wu ech meng schwieregkeeten damat hun. Secherlech wells de de Leit "Laachen" a "Faerten" garanteiren, mee ech hun emmer probleemer domat, dei 2 Genren an engem Film ze meschen. Beim ZOMBIFILM huet daat geklappt, well Zombie Filmer an der Regel emmer bessi mi witzeg sin, mee hei hätt ech mer dach awer bessi mei ebess serieuxes gewenscht
Punkto Schnett kann ech nach baiflicken, dass den eigentleche Schnett ganz ok ass, just ass mer opgefall dass di eenzel Zeenen mat bessi variatioun hätte kennen uneneen geschnidde gin, et geet net duer eng Zeen hannert di aner ze kopeiren, mee heiansdo och mam Toun bessi spillen, dee vlait schon an der Zeen virdrun ze starten respk. einfach mi originell a flesseg iwergäng. (Ka sin dass de daat och heiansdo gemaach hues, mee eben net oft genuch, ass mer opgefall)

Merci Marc, J- an L-Cuts sin der 2-3 dran, mee ech hätt déi Technik effektiv méi konsequent asetzen können fir d'Szeneniwwergäng nach e bëssen méi flësseg ze man. Wier schon interesséiert ze wëssen, wat fir eng Szenen genau mir nach hätte straffen (oder ganz erausschneiden) sollen, mee dofir misst der de Film wuel nach eng Kéier gesin. Wat de Genre-Mix ugeet, kann ech verstoën, dass daat nët jidderengem gefällt, mee et wor schon ons Absicht och e puer méi humorvoll Szenen am Film ze hun fir een Equiliber zu de méi seriöen Szenen hierzestellen (Mordszenen, Kierfecht-Szene, etc.). Den Humor ass jo ee Mëttel fir verschidde Figuren op den Zuschauer sympathesch wierken ze losen an doduerch d'Schockwierkung ze verstärken wann déi Figuren dann a Geforensituatiounen geroden oder carrément ëmbruecht ginn.
@Franky : Hun 3-4 ganz konkret Iddiën fir weider Camera Obskura Produktiounen a sin och schon am gang mer z'iwwerleeën wéi mer ons erneieren an opstellen können fir déi ëmzesetzen ouni dass mer nach eng Kéier 8 Joër ennerwee misste sin. Dëst Joër steet awer just den DVD Release um Arbechts-Programm vun onser a.s.b.l. Wöll gäer flott an interessant Bonus-Material op den DVD paaken an daat gët vill Aarbecht wann ech meng Iddiën realiséiere wöll.

@Franky : An jo, den Film wier wuel nach besser gelaaf wann en méi fréih erauskomm wier. Mäi gréisste Regret ass, dass de Film nët 2014 zesummen mam Heemwéi erauskomm ass. Dann wier do wahrscheinlech eng richteg Indie-Dynamik enstan. Mee och mat onsem Resultat 2016 hätten mir et 2014 um Podium vun den erfollegräischsten Lëtzebuerger Filmer locker op déi zweet Plaz hannert Heemwéi gepackt. Daat wier dach eppes gewiecht : Zwou Amateur-Produktiounen op den zwou éischten Plazen vum Lëtzebuerger Film Box-Office... Schued, dass daat nët geklappt huet.