Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Ok, gin de Mëtten e puer zousätzlech Backgroundinfos hei. Bis dann.
Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Salut Franky,
Kann verstoën dass ons Annonce opzehalen e bëssen abrupt könnt, mee et haat sech schon an de leschten Joëren ugezeechent, dass et wahrscheinlech esou géif ausgoen. Wou mir 2004 mat e puer Frënn Camera Obskura (deemols Obskura) lancéiert hun, haaten mir ons folgend Zieler gesat :
1) Digital Revolutioun an déi doraus resultéierend Demokratisatioun vun den Filmproduktiounsmëttlen notzen fir ons eegen Filmer ze dréien (Lëtzebuerger Fun-Filmer, déi mer gär géifen am Kino gesin)
2) Filmhandwierk léieren an zwar am Learning-by-doing Verfahren
3) gutt Frënn ronderem ee flotte gemeinsamen Projet versammlen
4) bei all nei Produktioun ee Qualitéitssprong man
Mir hun mam Zombiefilm (ZF) ugefang, deen mer no knapp 2 Joër Produktiounszäit 2005 an d'Kinoën bruecht hunn. ZF ass besser gelaaf wéi mir daat je erward haaten (et wor fir ons einfach een éischten Exercice a Sachen Filmmachen). De relative Succès vun ZF huet ons motivéiert een zweeten, méi ambitionéierten Projet an Ugrëff ze huelen. Bei dësem zweeten Projet wollten mer alles e bëssen besser man wéi bei ZF : Story, Schauspiller, Spannungsbou, Opnahmen, Toun, Montage, FX... mir wollten einfach generell e Qualitéitssprong man.
Am Nachhinein muss ech mer agestoën, dass mir einfach zevill ambitionéiert woren an ons mam Kropemann iwwerhuewen hun. Den Tournage huet 3 Joër beusprocht (2008-2010). Daat alléng huet ons sëcher nët d'Genéck gebrach, well den Enthusiasmus vun onser Equipe wor immens grouss a jiddereen wor ganz stark motivéiert. Postproduktioun huet awer och nach eng Kéier 5 Joër gedauert an do huet d'Equipe einfach d'Loscht verluer, wat ech beim beschten Wëllem kengem veriwwlen kann. Et huet einfach ze lang gedauert bis onse Film färteg wor an daat loung sëcher och dorun, dass 95% vun der Postproduktioun bei mir hänken bliwwen ass a mer dobäi och nach mat villen technesche Problemer an der Post-Pro ze kämpfen haaten.
Wou mer de Film mat vill Ach und Krach lescht Joër endlech färteg haaten, haaten déi meescht Leit einfach schon aaner Prioritéiten an hierem Liewen. Contrairement zu Feierblumm, hun mir et och nët färteg bruecht ons Equipe ze erneieren an nei Leit mat un Bord ze huelen.
Op onser AG leschten Dezember (kuerz no der relativ erfollegräicher Sortie vum Kropemann) hun ech ons Equipe invitéiert, sech Gedanken ze man wéi et mat der asbl sollt weidergoën, well ech selwer Schwieregkeeten haat mer d'Zukunft virzestellen. Et haat (inklusive mir) keen eng Idée wéi mer ons uleeën kéinten fir een drëtten Film ze produzéieren a méi wéi een Member huet mer - am Konträr - ganz kloer gesot, dass hien/hatt sech bei engem drëtten Film nët méi esou abréngen kéint wéi beim Kropemann. Vu dass ons Ziel jo ëmmer wor de nächsten Film besser ze man wéi deen virdrun a mir elo an enger Situatioun woren wou ons daat Konschstéck geléngen sollt mat nach manner Leit a Moyen'n, wor et am Fong kloër, dass et an där Konstellatioun keen drëtten Film géif gin. Et siew dobäi gesot, dass ech selwer immens midd sin a mech zanter der Sortie vum Kropemann nie richteg erholl hun vun de ganzen Strapazen (ech haat och beruflech e puer ganz chargéiert Joër a sin och zweemol Papp gin waat d'Sach natirlech nët méi einfach gemach huet).
Bref, d'Loft wor méi wéi kloër eraus a well ech nët gesin hun, wéi mer ons organiséieren kéinten fir weider ze man (an ech och selwer keng Energie a Loscht haat fir weider d'Lokomotiv vun der asbl ze sin an och keng Ersatz-Lok do wor) hun ech de Memberen proposéiert, opzehaalen wann et am schéinsten ass. Kee enzegen Member huet gemengt, dass mer et awer nach eng Kéier probéieren sollten. Domat wor d'Mass gesot.
Ech wöll awer präziséieren, dass dat elo fir mech absolut KEEN Disaster ass. Ech sin am Konträr immens houfreg op daat waat ons asbl geleescht huet an immens dankbar fir d'Aarbecht déi jidder Eenzelnen an déi zwee Filmer gestach huet. Ouni ons formidabel Equipe hätten mer daat Resultat nie färteg bruecht. Mee et muss een eben wëssen, wéini seng Zäit eriwwer ass.
Leschte Mëttwoch hun ech also op der AG de Memberen 2 Optiounen virgeschloen :
1) Dissolution volontaire vun der asbl
2) Een Erhalt vun der asbl mat enger Minimalequipe fir wéinstens nach de Patrimoine vu Camera Obskura ze verwalten
Bei der Optioun 1) hätten mer een Liquidateur genannt deen dann de ganzen Patrimoine vun der asbl liquidéiert hätt. Suen wieren dobäi keng iwwreg bliwwen well Kinosrecetten nët duergang sin fir Produktiounskäschten vum Kropemann ze decken, d.h. nodeems all Scholden bezuelt gin wieren, wier näischt méi an der Kees iwwreg bliwwen an ech hätt och perséinlech missen Suen déi ech an de Film investéiert hun einfach ofschreiwen (woumat ech awer kee gréissere Problem gehaat hätt well ech vun vir eran wosst, dass déi Suen déi ech virfinanzéiert haat eben Risikokapital wor). Ons Kameraen, Luuchten, Mikroën an daat ganzt aanert Material (inklusive ZF DVDs) hätten mir dann einfach enger asbl mat ähnlechem Objet wéi ons asbl ginn (wahrscheinlech Feierblumm) domat d'Material vläit nach fir aaner Produktiounen genotzt gët. Daat eenzeg wat mech perséinlech bei der Optioun 1) gestéiert huet, ass dass mer dann och ons ganz Filmrechter hätten missen un eng aaner asbl ofgin an dat hun ech problematesch gesin, well een dann keng Garantie gehaat hätt, waat mat onsen zwee Filmer passéieren géif... Daat eenzegt wat ech hätt könne man fir d'Filmrechter ze behaalen, ass der asbl ze oofzekaafen éier sie liquidéiert gëtt.
2) Déi zweet Optioun wor d'asbl mam legalen Minimum vun 3 Memberen op Spuerflaam weiderzeféieren an deenen 3 Leit dann den Optrag ze gin de Patrimoine vun der asbl (an haaptsächlech d'Filmrechter) ze verwalten. Déi 3 Leit sollten dann och kucken op manst nach den DVD vum Film erauszebréngen fir a) de Film fir de Public ze erhaalen a b) iwwer dee Wee vläit nach d'Produktiounskäschten ze décken.
Finalement hun d'Memberen sech unanime fir d'Optioun 2) ausgeschwaat, och well sie wossten, dass ech eng Struktur bäibehaalen wollt fir an Zukunft op manst nach Dréihbicher ze schreiwen an et wier einfach schued gewiecht eng bestehend asbl opzeléisen domat ech dann kuerz drop eng nei grënnen géif, fir meng Dréihbicher ze schreiwen (an eventuell d'Filmrechter vun onsen 2 Filmer ze verwalten, Fall gesaat d'Memberen vun der asbl hätten bei der éischter Optioun décidéiert mir d'Filmrechter ze verkaafen éier sie d'asbl liquidéieren).
Voilà, ech wor ëmmer hei am Forum absolut transparent mat iech, well et mer och ëmmer drëms gang ass ons Erfahrungen ze deelen. Elo wësst dir alles. Een - aus menger Sicht ganz flott - Kapitel Indie-Filmgeschicht ass eriwwer.
Petz
PS: De Fred vun Episclérite huet mer gëschter Owend een superléiwen perséinlechen Message geschéckt, deen mer wirklech ganz, ganz vill Freed bereed huet! Wirklech schéin ze gesin, dass d'Arbecht vun onser Equipe aaner Leit esouvill motivéiert huet

Last edited by Petz on 21 Oct 2017 15:54, edited 3 times in total.
Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Merci Petz fir den laangen an eierlechen Beitrag.
Alles mecht fir mech 100% Senn waats de schreifs.
Weis de schon gesot hues: et sinn 2 super Filmer dobai rauskomm an dir haat beim Tournage ganz schein Momenter. Postproduction-Hell ass zumols an der Amateurszeen schweier ze emgoen. Et soll een ophaalen wann et am scheinsten ass.
Ech hoffen awer dass deng perseinlech Interesse un aaneren Letz produktionen domat net eriwwer ass an dass mer dech op eisen nächsten PRemieren (falls nach jemols eng kennt) ze gesi kreien

Am fong hätt KML och besser gehaat no der Spetzt opzehaalen (sou virun 10 Joer nom Release vu Black kings way...). de Marc killt mech lo, mee egal
.
Et fällt eis schweier greisser Projeten duerchzezeien. Alles geet lues an dauert. Motivation ass bei villen och net mei wei freier waat een awer no souvill Joer verstoen kann. An genee weis du schreifs huet jiddereen beruflech oder privat prioriteiten. KML huet zwar emmer rem nei leit kritt an ee festen Kaer behaal. Mee et ass schweier ze wuessen an eng grouss Equipe di 100% dohannert steet opzebauen. Feierblumm funktionneiert aanescht mengener Meenung no. Natirlech hunn dei mei leit an mei Projeten, mee am moment geet et do och mei lues wei virdrun. Ech mengen net dass een Filmclub hei am Land konstant während Joeren permanent produzeiren kann.
Waat mech perseinlech ugeet wees ech dass nach puer Kuerzfilmer a mer stiechen, weini an ob daat jemols gemach gett wees ech net.
Sou, a lo warden mer nach op dem Marc sain Kommentar

Also ons flott Diskussiounen hei am Forum wäert ech mat am meeschten vermëssen. Ech wäert och an Zuknft mat vill Interesse verfollegen wat KML, Feierblumm, Episclérite an aaner Filmcluben man. Meng Léiwt zum Amateur- an Undergroundkino ass intakt an ech wäert wuel och nach probéieren deen een oder aaneren Scénario ze schreiwen. Iddeeën hun ech der nach vill, mee meng éischt an eenzeg Prioritéit 2018 wäert et sin nach den DVD op de Marché ze bréngen. Dat wier dann de perfekten Ofschloss a Remerciementscadeau fir all déi déi bei ons matgemach hun an ons joërelang ënnerstëtzt hunn.
Ech wor bei der leschter Feierblumm AG dobäi an déi hun nawell eng ganz Reih Projetn laafen. Haat dunn och hier lescht Produktiounen gesin an déi woren richteg flott. Sie hun elo quasi all Studenten aus dem Kino-BTS als Member, wat superflott ass a natirlech permanent fir frëschen Wand an Iddeeën suergt, och wann vun der Originalbesetzung keen oder bal keen méi aktiv dobäi ass.

@Franky : fir op deng Fro ze äntweren ob Leit vun ons bei aaneren asbl wäerte matman. Menges Wëssen no nët, mengen nët dass irgendeen am Moment Zäit a Motivatioun huet fir op aaner Filmprojet'n weiderzeschaffen. Mee vläit hun sie nach Loscht Filmer ze man, just nët méi mat mir 

Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Frank, du bass en Idiot!
Fannen are Choix OK, deelen en awer net direkt. well irgendswei stecht an eis potential, Filmer ze maan,.. do ass et nemmen normal dass Zaiten kommen wu eemol net vill leeft (dest kann zum deel eng ganz lang zait sin ...) Mee ech ging KML nie stoppen, well mer dach irgendwei emmer rem nees ebess dreihnen oder filmen. Et muss een sech och net emmer toppen, ass och falsch, well ech kann der soen dass mer momentaan mat eise sketcher (Riddly 4) daitlech ennert allem niveau leien, vun all deem wat mer bislo gema hun, mee daat ass egal, d'haaptsaach mir maan ebess.
An nach emol: Mir huet ZF besser gefall wi de Kropeman
Sin do vill mi optimistesch, an et kascht jo naicht eng ASBL weiderzebehaalen: Eng Generalversammlung am Joer geet duer.
(sorry hu grad net vill zait)

Merci Marc, fannen dat gutt, dass dir weidermacht an dass dir aaner Zieler wéi Camera Obskura verfollegt. Fir mech wor et nie eng Optioun, weider Filmer ze man, wann ech nët sëcherstellen kéint, dass bei all neie Film op manst en techneschen Qualitéitsprong dra wor. Mir woren leider um Maximum ukomm vun deem wat mer mat onsen bescheidene Mëttlen erreechen konnten. Domat wor fir mech kloer, dass mer esou nët weidermache konnten an et besser wier opzehaalen wéi irgendeppes ze forcéieren wat wahrscheinlech just nach Frustratiounen fir jiddereen mat sech bruecht hätt. Et wor eng flott Zäit an et wor Zäit fir opzehalen.
Wann ech nach eng Kéier Motivatioun, Energie an Zäit fannen sollt fir e neie Filmprojet, wäert ech probéieren en mat enger professionneller Equipe ze realiséieren. Sollt dat passéieren, liest der et fir d’éischt hei am Forum
Merci un ganz KML Team fir ären langjähregen Interesse un onser Aarbecht! Dir haat mech ëmmer rëm motivéiert!
Wann ech nach eng Kéier Motivatioun, Energie an Zäit fannen sollt fir e neie Filmprojet, wäert ech probéieren en mat enger professionneller Equipe ze realiséieren. Sollt dat passéieren, liest der et fir d’éischt hei am Forum

Merci un ganz KML Team fir ären langjähregen Interesse un onser Aarbecht! Dir haat mech ëmmer rëm motivéiert!
Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Voilà, an der nei verëffentlechter offizieller Lëscht vun den erfollegräischten Lëtzbuerger Filmer zanter 1981 kropt sech de Kropemann déi 74. Plaz. Den Zombiefilm huet et mat sengen 1.000 verkaften Ticket'ën nët bis an den TOP 100 gepackt, dierft awer irgendwou am TOP120 sin..
Re: Kropemann (Luxembourg Mystery Tale)
Hat geliess!
Ass tiptop!
Ech mengen fir eis remzefannen misst een eng TOP 250 maan