I am back, genau wei de Riddly, deen no laanger Zäit elo endlech rem kennt.
Ech hunn natierlech direkt BLURAY kaaft a schon gekuckt!
REVIEW
Zum Film selwer get et net mei vill Neies ze soen. Et ass eben eng
"knallbunte bonbonfarbene Wundertüte" mat villen Iwwerraschungen a Form vun Parodien, Musekclips, Live-Acts an natierlech Gegecks.
Et ass esou ofwiesslungsräich, dass dei Spilldauer vun 137 Min. wei am Fluch vergeet an een sech zum Schluss nach mei Sketcher wenscht a schon prett ass fir en 5. Deel. Et fleisst seier weider ouni sech ze laang mat engem Sketch opzehaalen an domat get all Langweil zersteiert.
"Dat knallt jo richteg ran!" fir et mam Cédric aus dem Energydrink Sketch senge Wierder ze soen.
Op d'Bonus-DVD war ech och richteg gespaant an ech muss soen, dass se wierklech genial gelong ass. De Making of ass informativ a witzeg presenteiert mat den Duersteller, dei iwwer hir Erfahrungen erzielen. Leider sinn d'Leit zevill blatzeg am Verglach mam Hannergrond geroden, waat awer net wierklech steiert a wahrscheinlech just mär opgefall ass.
All aaner Specials sinn top, zemools dei extended an unreleased Sketches, dei een net soll verpassen. Fannen dass Bonusmaterial sou spaasseg a villsäiteg ass, dass ech mer nach mei gewenscht hätt. Leider ass et ze seier gekuckt an d'Zäit och gudd remgaangen. Eenzeg an aleng sinn ech bessen enttäuscht waat meng Double Dragon an Mega Man Videos vun de Computerspiller ugeet, dei ech nach last minute gemaach hunn. Fannen se passend agebaut, genau wei Woodys an Army of Lovers, mee hätt ech mer dat Ganzt bessen mei detaileiert virgestallt. Am Splitscreen dann lenks d'Szeen aus dem Spill a rechts de Verglach mam Sketch an dat vill mei genau, dass een dei eenzel Elementer erkennen kenn, wei z. B. dei eenzel Moves oder d'Bleck dei optauchen. Fir den Detail bei de Spiller ze weisen, war de Bildausschnett zevill kleng. Hatt gemengt all Spill giff elo 5 Minutten laang prezise erklärt ginn. Wann ech dat am Viraus gewosst hätt, dann hätt ech der dei Videos schon an 10 Minutten schecke kennen. War Aarbecht em soss.

Mee et war och kloer eng vun deene leschte Saachen dei monteiert gi sinn, an Deadline fir den Drock war och zimlech knapps.
Muer kritt de Gubius seng Bluray, mol gespaant waat deen dovunner seet.
Meng Mamm huet och schon e Lieblingssketch, den THE ROSE, well do d'Schauspiller sou gudd riwwerkommen.