Relok

Filmer/Club/Events
Post Reply
User avatar
Petz
Posts: 38
Joined: 23 Feb 2017 14:36

Relok

Post by Petz »

Leschten Méinden konnt een am Kinoler déi neisten KML-Produktioun entdecken : den 37 Minutten langen Moyen-Métrage Relok vum Fred Sauvant deen déi meeschten Indiefilm-Fans als Grënner vum Filmklub Episclérite kennen. Et konnt een gespaant sin wat aus enger Zesummenaarbecht vun Episclérite a KML erauskommen géif an et gouf och bis zur Première vum Film wéineg iwwer säin Inhalt verroden, just dass et eng Fiktioun wier an där d’Duerf Koler an hier Awunner géifen eng zentral Roll spillen...

De Film huet een starken Ufank. Et gesäit een den Haaptprotagonist aus der ADEM kommen an et entdeckt een seng Geschicht iwwer eng « voix off » déi sech direkt un den Zuschauer richt. D’Opnahmen an Soundqualitéit sin extrem propper a gin Loscht méi iwwer de Protagonist gewuer ze sin. Wéi deen dann um Heemwee eng all Télé opreeft, déi virun der Wunneng vu senger verstuerwen Nopesch erausgestallt gouf, schlittert d’Geschicht an den Genre fantastique. Den Haaptprotagonist fënnt sech abémol an der Télé zréck a muss ee Wee fannen fir erem aus der TV-Welt zréck and’Realitéit ze kommen... Seng Partnerin, déi virun der Télé sëtzt, probéiert him dobäi ze hëllefen. D’Iddi, déi un den Cronenberg säin Videodrome erënnert, ass interessant an intriguéiert den Zuschauer. All Kéier wou d’Partnerin de Kanal wiesselt, erwächt de Protagonist an engem neien Dekor an erliewt nei Aventuren. Dekoren sin interessant an ofwiesslungsräich (Kierch, flotten Weier, Stall, Bësch, etc.) Tëscht de verschiddenen Episoden déi de Protagonist an der TV-Welt erliewt schéngt et keen direkt erkennbaren Zesummenhang ze gin... De Film deen mat enger origineller Iddi an engem gudden Ufank duerchaus begeeschteren kann, léist a senger zweeter Halschent leider stark no.

D’Opléisung vum Mystère ass ultraklassesch fir nët ze soën ofgedroschen (aal Legend), wat u sech nët onbedéngt ee Fehler sin muss WANN (an dat ass een décken WANN) et filmesch gudd emgesat ass. Leider funktionéiert déi filmesch Ëmsetzung vun der opklärender Legend guer nët an hätt et an där Form och guer nët dierfen bis an de färtegen Film packen. Matzen an engem Film eng Geschicht mat vertikaler Laafschrëft (scrolling titles) aplaz mat Biller ze erzielen, misst am Fong fir all Filmmacher een absoluten NO GO sin (ausser de Filmmacher heescht George Lucas an erzielt domat den UFANK vu sengem Film). Déi Sequenz huet den Zuschauer total aus dem Film gerappt. Och wann offensichtlech Moyen an Zäit gefehlt hun fir déi Sequenz vum Film filmesch aanescht emsesëtzen, hätt sie an där Form nët dierfen bäibehaalen gin well sie de ganzen Film erofzitt. Och den Schluss vum Film mat den Awunner vum Duerf wierkt zevill kënschtlech an opgesat fir wirklech iwwerzeechen ze können. Dobäi ass de Schluss och technesch schwach emgesaat. Den Asatz vun zwou ganz verschidden Kameraen ass suguer fir Laien direkt erkennbar. Grad hei hätt een Colorcorrecting a -grading vill dozou bäidroën können fir dach nach daat Bescht aus den Opnahmen erauszehuelen. Leider ass weder hei nach um Rescht vum Film un den Faarwen geschafft gin, wat a mengen Aan, haut nët méi akzeptabel ass, och nët bei enger Amateur-Produktioun. Och déi besser Szenen aus dem Film hätten vun engem Colorgrading atmosphäresch profitéiert.

Bref, Relok huet e puer ganz originell Iddiën an Usätz a kann streckenweis och filmesch an schauspilleresch iwwerzeechen, mee et gëtt een um Enn d’Gefill nët lass, dass de Film nët wirklech d’Moyen haat fir sengen Usprëch gerecht ze gin an dass e puer Schlësselszenen nët genuch preparéiert goufen fir filmtechnesch de Maximum erauszehuelen. Ech wees allerdengs och wéi schwéier et ass mat wéineg bis guer keng Moyen ee Film ze dréien, deen och nëmmen hallefwegs no eppes ausgesäit.

Et wor awer einfach flott mol rëm können un der Kino-Première vun engem Amateurfilm deelzehuelen (merci Marc a Fred) an herno e bëssen mat de Kollegen ze fachsimpeln. Schued einfach, dass et keng Filmmaker’s Night méi gët wou een sech gläich e puer ambitionnéiert Produktiounen a gudder Gesellschaft eranzéihen kann. A Bravo u KML fir weiderhin ambitionnéirt Amateurfilmer ze produzéieren!

fuuss
Posts: 1
Joined: 19 Oct 2017 08:58

Re: Relok

Post by fuuss »

Schéin geschriwwen.

Ech fügen awer nach dobei dass et en wirklech flotten an interessante Owend war.

Merci och nach eng Kéier fun menger Seit.

Ps. Den Kino ass wirklech top mais dei Buvette ass schrecklech

Barnig
Posts: 24
Joined: 19 Feb 2017 12:18

Re: Relok

Post by Barnig »

Merci Petz,

Ech gin dir iwerall vollkommen Recht. Wa mir dee Scrolling Text net reicht an der lescht Woch baigeflickt hätten, dann hätt ech mech och queesch gestalt, an data niemols akzepteiert. Dest war ganz elleng dem Fred seng Idee, an deene puer Leit, dei Pre-Visionage dest wollten hun. Ech hätt leiwer di Zeen erausgehaait an dee ganze blaablaa iwer d'Legend aus dem Film geloos, mee do misst de Fred am beschten hei schreiwen ;)


Wat Filmmakers Night ugeet... soe mir mol esou: "Sie ass nie begruewen gin...." :!:

User avatar
Petz
Posts: 38
Joined: 23 Feb 2017 14:36

Re: Relok

Post by Petz »

Also wann der d’Filmmaker Night reaktivéiert, dann soot de Filmcluben am Land mat Zäiten bescheed, domat sie eventuell nach ee Court-Métrage virbereede können. Et kribbelt mer an de Fanger fir ee Court-Métrage ze probéieren...

Barnig
Posts: 24
Joined: 19 Feb 2017 12:18

Re: Relok

Post by Barnig »

OK ,.. ;)

Ech denken och nach un di idee mam roude Schaal... daat wier extreem interessant ;)

User avatar
Petz
Posts: 38
Joined: 23 Feb 2017 14:36

Re: Relok

Post by Petz »

Esoubal ech den DVD Release vum Kropemann aus de Féiss hunn, wier ech disponibel fir seriö driwwer ze diskutéieren. Daat kéint effektiv eng Methode sin fir der Underground/Amateur-Szene vläit erem ee neien Opdriff ze gin.

User avatar
Franky
Posts: 21
Joined: 24 Nov 2016 17:45

Re: Relok

Post by Franky »

ech haat net vill mat Relok ze dinn, mee schleissen mech dem Petz senger Kritik greissendeels un.
Iergendwei notzt de Film sain Potential net ganz aus... waat schued ass.

User avatar
Franky
Posts: 21
Joined: 24 Nov 2016 17:45

Re: Relok

Post by Franky »

fuuss wrote:
Ps. Den Kino ass wirklech top mais dei Buvette ass schrecklech
Waat ass net gutt un der Buvette?

User avatar
Petz
Posts: 38
Joined: 23 Feb 2017 14:36

Re: Relok

Post by Petz »

D’Buvette ass einfach e kaal belichten, eidlen Sall. Mat enger méi stëmmungsvoller Belichtung an e puer flotten Filmaffichen op den Mauren géif et schon vill méi heemlech ausgesin. Et kéint een z.b. Wéi an der Cinémathéik d’Affichen mat kléngen Spoten belichten an daat als generell Belichtung fir de Sall benotzen. Am Moment gesäit de Sall einfach nët gemittlech aus waat haaptsächlech un der mangelnder Deco an kaaler, flacher Belichtung léit.

Barnig
Posts: 24
Joined: 19 Feb 2017 12:18

Re: Relok

Post by Barnig »

Et muss een dozou soen, dass daat NET d'buvette vum kino ass, mee den Duerfzenter, wou d'Verainer oder privat Leit kenne lounen, fir hir Manifestatiounen do ofzehaalen (eng Salle polyvalente)
Et ass leider extreem rare, dass KINO+BUVETTE och zesummen genotzt get (95% emmer just wa KML ebess organiseiert)
Deen Deel huet doweins leider net direkt ebess mam Kino ze din, soss hätt ech mech fir d'Affichen schon agesaat ;)

Post Reply