En Dënschden huet KML zesumme mat Caramba d’Premiere vum Marc Barnig sengem leschte Kuerzfilm Status>Ego organiséiert. Ganz houfreg ware mir dass den Herr Raymond Massard (Chef vun de Caramba Kinoen) et sech net entgoe gelooss huet, bei dësem Event mat dobäi ze sinn. Hien huet iwwer d’Uffänk vum Amateurkino a senge Kinoe geschwat wou KML den Optakt am Joer 2002 mat Liewensrees gemaach huet. Dono huet de Marc Barnig säi klenge Speech gehalen. Nieft dem grousse Succès vum Status>Ego, ass och dem Laurent Schmit säin neie Clip SKiY ganz gutt ukomm, a natierlech dem Frank Hansen säi Mr. Knitty and the cardboard house.