En Donneschden Owend huet KML op hier Avant-premiere vum Mich Clemen sengem éischte Long-Metrage T(w)o Friends invitéiert. Vill Invitéen hunn de Wee op Esch an de Cine Ariston fonnt. Dank der Kinosgesellschaft Caramba an eise Sponsore konnte mir dëst Event méiglech maachen. Praktesch déi komplett Besetzung vum Film souwéi d’Crew hannert der Kamera waren do.