E Samschden hat de Lycee Classique vun Iechternach hire Kuerzfilmfestival Clipstar zu Iechternach am Cine Sura ofgehalen. KML huet gläich 2 Filmer an d’Rennen geschéckt: Mona a Super Mario (Haaali Ba Dusi).
Déi 2 Filmer hunn et bis an d’Finale gepackt, a sinn owes presentéiert ginn.
– Fir déi éischt Kategorie Horror/Drama/Action/Thriller gewënnt Mona den éischte Präis. Domadder hu mer elo schonn déi zweeten Auszeechnung fir des Produktioun.
– An der Kategorie Minispots kritt KML e weideren éischte Präis, fir de Sketch Super Mario, deen immens gutt bei de Leit ukomm ass.