De C.A.L. huet zesumme mat dem Info-Cityshopping e Concours mam Numm Lëtzebuerg, eng Stad wou shoppe Freed mécht lancéiert. Amateurfilmer sollten e Beitrag zu dësem Sujet ze dréinen. No klenger Skeptik um Ufank huet de Frank Hansen an de Marc Barnig eng Idee iwwerluecht, an no puer Pätt op enger Terrasse hu mir an engem Nomëtte gläich di 2 Clips gedréint an zwar Shopping in Luxembourg a Eng Stad wou shoppen Freed mécht.

E Samschden, goufe mir op Praisiwerreechung invitéiert wou KML iwwerraschenderweis deen éischten an zweete Präis gewonnen huet. Dës Filmer wäerten de ganze Summer iwwer am Info-Cityshopping gewise ginn.