De Samschdenhuet KML zesumme mat Episclérite a Pyrrhus nees déi alljährlech FilMakers Night organiséiert. D’Event huet des kéier am Cine Belval stattfonnt, an och dëst Joer nees konnten de Publique seng Filmer wielen. Natierlech hate mer awer och nees eng onofhängeg Jury dobäi, déi och hire Choix ausgewielt hunn. KML huet mat 3 Projete partizipéiert, an zwar eisen neie Videoclip dee gläichzäiteg mam T(w)o Friends produzéiert gouf Cookie Jay – Ain’t that Girl suwei 2 nei 100 Sekonne Filmer The Phantom a Guardian of Childhood.
Hei sinn d’Gewënner:
– Videoclip Publique: Angel at my table – Eclipse (vum Cédric Letsch)
– 100s Publique: La Isla (vum Fucci Fabian)
– Kuerzfilm: L’orchidée (vum Cyrus Neshvad)
– Prix SNJ: Guardian of Childhood (vum Frank Hansen)
– Videoclip Jury: Obsculta op.97 (vum Vito Labalestra)
– 100s Jury: The pleasure of (vum Vito Labalestra)
– Kuerzfilm Jury: 3. Ressasser (vum Julien Beaunay), 2. Gänseblümchen (vum Sacha Bachim), 1. Parkour (vum Stephane Benini)