De Samschden hu mir déi 4. Editioun vun der Filmakers Night eischtmoleg an engem Kino ofgehalen. Wei all Joers sinn och dëst Joer méi Leit komm an de Ciné Ariston zu Esch war agreabel gefëllt. Nieft de bal 150 Minutte Filmer goufen nees eng Rëtsch flott Präisser verdeelt.

Hei sinn d’Gewënner:
– Prix SNJ: How? (vum Gil Biever/KML)
– Prix 100s: Empreintes (vum SNJ/Unica)
– Prix 100s Publique: Magia (vum Vituc)
– Prix Publique: Frames (vum Christophe Hubert)
– Best Films: 3. Love Money (vum SNJ), 2. A Coffee a day keeps the doctor away(vum Mili Schlesser), 1. Cotton Adventure (vum Vituc)
– Best Videoclip: Howling with the wolves vu Bluesoxxxs (vum Vituc)