E Samschden hate mir eis 2. Editioun vun der Filmakers Night zu Garnech am Veräinssall organiséiert. Et war e grousse Succès: 14 Filmer waren an engem 2 Stonne Programm a Competitioun gelaf. Fir de Jury war et ganz schwéier hire Präis ze verdeelen, well vun deene 14 Filmer net nëmme reng Fiktiounsfilmer gelaf sinn, mee och Musekclips an Dokumentatioune ware mat dobäi.
De Jury konnt sech awer fir hire perséinleche Favorit entscheeden, a sou huet de Film A l’abri vum Cyrus Neshvad de Prix du Jury vun der Filmakers Night 2009 gewonnen. E Film dee mat ganz einfache Mëttelen et hikrut eng spannend Atmosphäre ze kreéieren. Felicitatioun namol op dëser Platz! De Prix du Public war och ganz knapps verdeelt ginn, an dat un de Film Die Rache des Herbstes vum Milli Schlesser, dee mat knapps 40 Minutten de längste Film vum Owend war.
D’Organisateure waren sech nom Owend scho praktesch sécher, dass et och 2010 nees eng Filmakers Night wäert ginn. Un all Participanten also: Fläisseg weider dréine bis nächst Joer!