E Samschden huet KML säin 10. Gebuertsdag zu Garnech am Veräinssall gefeiert. Vill Invitéen hunn de Wee bis op Garnech fonnt. Vertrueden war de Gemengerot, d’Kulturkommissioun an d’Entente vu Garnech, Veräiner fir déi KML scho gefilmt huet, spezial Invitéen, aner Amateurfilmgruppe vu Letzebuerg, zahlreich Memberen, Exmemberen a Schauspiller déi iergendwann emol fir KML an engem Film matgeschafft hunn.
Mat bëssi Retard goung et dunn och direkt lass mat engem 2 minütege Clip, deen déi lescht 10 Joer namol ganz schnell Revue passeire gelooss huet. De President Marc Barnig ass dunn zesumme mat senge Grennungskolleege Laurent Schmit a Frank Hansen no vir komm, an huet gläich gewisen dass och no 10 Joer, de Kär vu KML nach ëmmer 100% aktiv ass. No der Ried vum Marc Barnig ass de Nico Biwer no fir komm an huet am Numm vun der Gemeng all Félicitatiounen ausgesprach an eis domadder och den Éierewäin vum Owend offréiert a lancéiert. E 50-minütege Film iwwer KML 1998-2008 ass dunn bei engem gudde Maufel an engem Patt gewise ginn. Eng gläichzäiteg Plafong-Performance vu Fotoen a Riddly-Sketcher war de ganzen Owend ze gesinn.
Ab 21h00 huet dunn den DJ fir déi néideg Animatioun gesuergt, an huet bis 3h00 moies fir Ënnerhalung gesuergt. Fir KML war dësen Owend op alle Fall e Succès op ganzer Linn: Ganz vill nei Projet-Ideen sinn nees lancéiert ginn an et war och flott all déi al a nei Gesiichter, déi eemol hannert KML stoungen nees erëmgesinn.