E Samschden huet KML zesumme mat Pyrrhus an Episclérite Production déi alleréischt Sessioun vun der Filmakers Night zu Garnech am Veräinssall ofgehalen. Eng 50 Filminteresséierter hunn de Wee bis op Garnech fonnt. All Regisseur huet viru sengem Film eng kleng Ried gehale fir sou säi Film anzeleeden. Fir KML goufe gläich 2 Premiere gefeiert: Dreamcell an Street Art in Brussels.
Programm vum Owend:
– Street Art in Brussels (Laurent Schmit, KML)
– Gods on Vacation – Save myself (Rebecca Kunsch)
– Ricky (Mike Tereba, Pyrrhus)
– The Brain (Fred Sauvant, Episclérite Production)
– Dreamcell (Frank Hansen, KML)
– Turtone (Romain Gierens, Turtle Stone Pictures)
Niewelaanscht goufen interessant Teaser/Trailer gewisen, wou mer Obskura Merci soe fir hir exklusiv Trailershow zu hirem fonkelneie Long-Métrage Luxembourg Mystery Tale, déi eenzeg an eleng op der Filmakers Night presentéiert gouf mat klenger Begréissungsried vum Petz. Den alleréischten Trailer vum neien Episclérite Film Marie Side gouf gewisen, souwéi 10 Minutte laang Teaser/Trailer vu BigTime Entertainment, wou eis den Adolf El Assal eng kleng Aféierung ginn huet.