Seiten (1): 1

 
28. Dezember 2009
 

FILMAKERS NIGHT Bilan

Allgemeng News | 28.12.2009

E Samschden, 12. Dezember 2009 hate mir eis 2. Editioun vun der Filmakers Night zu Garnech am Veräinssall organiséiert. Et war e grousse Succès: 14 Filmer waren an engem 2 stonnege Programm a Competitioun gelaf. Fir de Jury war et ganz schwéier hire Präis ze verdeelen, well vun deene 14 Filmer net nëmmen reng Fiktiounsfilmer gelaf sinn, mee och Musekclips an Dokumentatioune ware mat vun der Partie.

De Jury konnt sech awer fir hire perséinleche Favorit entscheeden, a sou huet de Film "A l'abri" vum Cyrus Neshvad de Prix du Jury vun der Filmakers Night 2009 gewonnen. E Film dee mat ganz einfache Mëttelen et hikruut eng spannend Atmosphäreze kreéieren. Felicitatioun namol op dëser Plaatz! 

De Prix du Public war och ganz knapps verdeelt ginn, an dat un de Film "Die Rache des Herbstes" vum Milli Schlesser, dee mat knapps 40min. de längste Film vum Owend war.

D'Organisateurewaren sech nom Owend scho praktesch sécher, dass et och 2010 nees eng Filmakers Night wäert ginn. Un all Participanten also: Fläisseg weider dréine bis nächst Joer!

Fotogalerie vum Owend

 
 
03. Dezember 2009
 

Details zu der FILMAKERS NIGHT 12. Dezember 2009

Allgemeng News | 03.12.2009

PyrrhusÉpisclérite a KML organiséiren e Samschden, 12. Dezember dei 2. Editioun vun der Filmakers Night.
Insgesamt 120 Minutten Film stin dest Joer um Programm. Den Entrée ass 3 Euro. Fir Iessen a Gedrenks ass gesuergt.
Um 20h00 start daat Ganzt zu Garnech am Veräinssall. (19h1519h45 Happy Hour um Béier)

E Jury vu 4 Leit wielt enner sech de Prix du Jury an de Public kann fir de Prix du Public ofstëmmen. Um Programm stin am ganzen
14 Produktiounen dorënner majoritär Fiktiounen, mee och Videoclips an eng interessant Dokumentatioun. De kierzte Film dauert
45 Sekonnen an de längsten 40 Minutten. Kommt alleguer e Samschden op Garnech an ennerstëtzt déi jonk Kënschtler!
D'Filmartisten hun d'Méiglechkeet e klenge Stand ze maachen.

 
   © Copyright 2006-2010 by KML - Koler Movies Lëtzebuerg asbl            apexx CMS & Portalsystem - © by Stylemotion.de