Seiten (1): 1

 
19. November 2008
 

Remise des Prix UNICA 2008

Allgemeng News | 19.11.2008

Am Kader vun den Dikkrecher Filmdeeg, kruut de Marc Barnig e Sonden (16.November) vun der FGDCA d'Praisser vum UNICA (Union Internationale du Cinema Amateur) Filmfestival 2008 fir sai leschte Kuerzfilm Mona. Dese Festival war en internationalen Amateurfilmfestival deen a Hammamet an Tunesien am Juli ofgehaalen gouf. Vun alle Filmer dei presenteiert goufen, huet Mona de Prix Jeunesse (Best Young Movie) gewonnen suwei d'Medaille d'Argent am Concours Mondial. Felicitatioun! 

        

 
 
16. November 2008
 

Dreamcell ofgeschloss

Allgemeng News | 16.11.2008

De neie KML Kuerzfilm Dreamcell ass ofgeschloss. Dese Film get den 13.Dezember am Kader vun der Filmakers Night zesummen mam Laurent Schmit sengem Clip Street Art in Brussels zu Garnech am Verainssall presenteiert.
Dei nei Dreamcell-Page mat eischten Screenshots an enger Making Of Galerie kennt der ab elo duerchkucken.
 
 
 
14. November 2008
 

FILMAKERS NIGHT den 13. Dezember

Allgemeng News | 14.11.2008

Pyrrhus, Épisclérite Production a KML, 3 Filmveräiner aus der Gemeng Garnech, organiséiren Samschdes Owes, den 13. Dezember dei eischt Sessioun vun der Filmakers Night am Veräinssall. Desen Owend steet voll a ganz am Kader vun lëtzebuergeschen Amateurfilmer. Nierft den 2 KML Premieren vun Dreamcell an Street Art in Brussels get The Brain vun Épisclérite Production, Ricky vu Pyrrhus an Turtone vun Turtle Stone Pictures presentéiert.

Nierft desem 2 stonnegen Programm wäerten awer och nach eng Rëtsch vun neien Trailer an Teaser aus der lëtzebuergescher Amateurfilmzeen gewisse gin. All Film get duerch puer Presentatiounswierder vum Réalisateur firgestallt.

D'Entrée ass fräi. Fir Gedrënks ass gesuergt.
 
Start: 20h00

Wann dir nach wëllt en Trailer, Teaser oder Clip fir desen Owend eraschecken, da mellt ierch beim Marc Barnig op marcbarnig@gmx.net

 
 
10. November 2008
 

KML.lu en panne

Allgemeng News | 10.11.2008

Mir entschellegen eis fir dei laang Absence wou eisen Site 3 Wochen offline war.. Schold doruner ware Probleemer beim eisem Provider.

 
   © Copyright 2006-2010 by KML - Koler Movies Lëtzebuerg asbl            apexx CMS & Portalsystem - © by Stylemotion.de