Seiten (1): 1

 
12. November 2007
 

Mona kritt 3 weider Auszeechnungen

Allgemeng News | 12.11.2007

Sonden, den 11.November war nees "Schierener Filmdeeg" mam Concours National vun der FGDCA. Mona war hei mat am Rennen.
Ennert allen Filmer krutt Mona eng Medaille fir dei 3. Plaatz, suwei e spezielle Prais Prix de la meilleure photographie. Zu desem Concours, gouf awer zousätzlech och vum Ministere de la Culture (CNA) e Prais offreiert: Hei gewennt Mona dei glorraich eischte Plaatz, fir Meilleure Film Non-Professionnelle 2007.

  

 
 
02. November 2007
 

KML Presentatiounen

Allgemeng News | 02.11.2007

De leschte praisgekreinten KML Kuerzfilm Mona get Sondes, den 11.November zu Schieren am Kader vun Concours National 2007 vun der FGDCA geint 11h50 presenteiert. E leeft ennert dem Programm vum SNJ.
Eng weider Presentatioun get et dann Freides, den 23.November am Kader vun dem Jugendprogramm vu Cinefleuve - Kino im Fluss zu Eupen. Ufanks sollt de Film a Kompetitioun untrieden, well de visuelle Punkt vu Mona allerdings iwerbewert gouf, get en trotzdeem an engem Spezialprogramm deen Owend presenteiert.

Sunset Cinema, heescht et dann eng 2te keier fir KML: The Nebula Dawn, Lost a Paper Dream gin Freides Owes 16.November zu Bouneweeg am Kader vum Kulturjoer 2007 - Sunset Cinema presenteiert.

Gid roueg op des 3 Datumen, an dreckt eis Daumen.

 
   © Copyright 2006-2010 by KML - Koler Movies Lëtzebuerg asbl            apexx CMS & Portalsystem - © by Stylemotion.de