Seiten (1): 1

 
27. August 2007
 

The Nebula Dawn DVD

Allgemeng News | 27.08.2007

The Nebula Dawn DVDs sin ukomm. Dir kennt DVD desen Doneschden (30.August) zweschen 20h-22h op Koler an d'Schoul siche kommen. Sie kaschten just 15 €. Nierft dem Film a Kapitelwahl sin Deleted Scenes, Outtakes an eng Fotoslide Show op der DVD ze fannen. Wann der un der DVD interesseiert sidd, an deen Daag selwer net komme kennt, su mellt ierch bei mir.
Den DVD kenne mer ierch och direkt an d'Haus schecken, dir musst da just 3 € mei bezuelen an eis d'Suen (18€) op de Konto LU05 0090 0050 0483 0633 / CCRALULL iwerweisen. Subaal d'Suen ukomm sin, kritt der dann den DVD heemgescheckt (gid awer am virement un, em wat fir een DVD et sech handelt)

Deijeeneg dei nach keng Riddly 3 DVD hun kennen dei dee selwechten Daag och kaafen (15€) oder d'komplett Trilogie (30€).  mei infos: KML-Shop

 

KML goes to Fouer

Allgemeng News | 27.08.2007

Wei all Joers gin mer och dest Joer eemol zesummen op Fouer. Mir treffen eis e Freiden , 31.August um
23h00 beim Riesenrad
00h00 beim Grengen Spill

Wien well matgoen, soll sech am beschten umellen oder einfach op een vun desen Treffpunkter kommen.

avis aux amateurs

 
 
14. August 2007
 

Dreamer's Dream a Preproduktioun

Allgemeng News | 14.08.2007

Preproduktioun vum neien Film ass voll um laafen. Technesch Chargen a Besetzung si fest. Weider Infos op der Filmpage.

 
 
06. August 2007
 

Neie Moyen-Metrage a Preproduktioun

Allgemeng News | 06.08.2007

Dreamer's Dream sou wäert dee neie Moyen-Metrage vu KML heeschen, deen 2007-2008 produzeiert get. Preproduktioun huet leschte Samschden (04.August 2007) ugefaangen. Dei neisten News an Details gin et ennert der Sait vum Film.

 
   © Copyright 2006-2010 by KML - Koler Movies Lëtzebuerg asbl            apexx CMS & Portalsystem - © by Stylemotion.de