Seiten (1): 1

 
02. Juni 2009
 

FILMAKERS NIGHT - 2. Editioun

Allgemeng News | 02.06.2009

No der eischter Sessioun vun der Filmakers Night, dei leschten Dezember stattfonnt huet, hun sech die 3 ASBL'en (Pyrrhus, Episclerite a KML) namol dozou entschloss, eng zweet Editioun ze lanceiren.
 
Des keier soll daat ganzt besselchen mei grouss opgezunn gin, an och animeiert sin, wubai mei Infos an Detailer iwer den Owend nach komme wäerten. Virop awer scho puer wiichteg Infos:
Filmer gin dest Joer preselektioneiert, a kreien och d'Meiglechkeet Auszeechnungen ze gewannen. E Prix du Public suwei e Prix du Jury gin desen Owend verdeelt. De Jury wäert sech aus Professionellen aus der Branche zesumme setzen.
  
D'Inscriptiounen sin ab elo meiglech a kennen hei rofgelueden gin.
 
All Film (sufern et Fiktioun ass) op kuerz oder laang soll bis speitstens den 20. November 2009 eragereecht gin.
 
Clips an Trailer huele mer och gären un, laafen allerdings "hors competition".
 
Eng weider wichteg Informatioun: Et mussen net onbedingt letzebuergesch Filmer sin, och auslänesch Produktiounen sin akzepteiert.
 
Noteiert Ierch och elo den Datum schon: Samschden, 12. Dezember 2009 um 20h00 am Verainssall zu Garnech.
   
Weider Infos kommen no.

 
   © Copyright 2006-2010 by KML - Koler Movies Lëtzebuerg asbl            apexx CMS & Portalsystem - © by Stylemotion.de