Seiten (1): 1
| 11. Juni 2007 | |
|
KML gewennt beim Clipstar Festival Allgemeng News | 11.06.2007 E Samschden, 9.Juni haat de Lycee Classique vun Iechternach hieren Kuerzfilmfestival Clipstar zu Iechternach am CineSura ofgehaalen. KML huet glaich 2 Filmer an d'Rennen gescheckt: Mona a Super Mario (aus dem Riddly3). Dei 2 Filmer hun et bis an d'Finale gepackt, a sin owes presenteiert gin. Insgesamt waren et 4 Kategorien:
- Horror/Drama/Action/Thriller (hei war Mona nomineiert)
- Dokumentatiounen
- Comedie a Clips
- Minispots (hei war Super Mario nomineiert)
Fir dei eischt Kathegorie Horror/Drama/Action/Thriller gewennt Mona den eischte Prais. Soumader hu mer elo schon dei zweeten Auszeechnung fir des Produktioun. Weider Festivalparticipatiounen si natirlech weiderhin geplangt...
Mee domader net genuch: An der Kathegorie Minispots kritt KML e weideren eischte Prais, fir de Riddly3 Sketch Super Mario, deen imens gud bei de Leit an der Audience ukomm ass.
|
|



