Seiten (1): [1]
Teaser vu T(w)o Friends online
T(w)o Friends | 11.01.2010
Den éischten offiziellen Teaser vum aktuelle Long-Metrage ass online. Eng éischte kéier gouf en op der 2. Editioun vun der Filmakers Night de 14. Dezember gewisen. Elo ass en online. Vill Spaass!
T(w)o Friends | 24.09.2009
Dese Freiden, 25.September dreihne mir eng opwänneg Zeen fir den T(W)O FRIENDS an der Aaler Schmelz zu Stengefort. Hei wiere mir frouh wann e maximum u Statisten keinnt kommen. Start ass um 21h.
D'Grupp Cookie Jay spillt hei e concert, a fir dei riichteg Atmosphäre ze kreien, ass et doweins wichteg vill Concert-gänger am Bild ze hun.
T(W)O FRIENDS Versammlung 13. August
T(w)o Friends | 12.08.2009
Wei der all wesst, dreihnt KML momentaan um T(W)O FRIENDS. Vill Leit di eng Roll na wollten hun, oder sech ageschriwen hun, ware biswell nach net op engem Dreih virgesin.
Daat soll sech awer lo änneren:
Mir hun di eischt Zeenen ofgedreihnt, a lo komme sulues mei Akteuren an d'Spill.Mir inviteiren dofir jidereen (virunallem dei Leit, di biswell na keng Roll haaten) op en Treffen, desen DONESCHDEN - 13.AUGUST um 20h00 op Koler an di aal Schoul.
Et ass wiichteg, dass e maximum vu Leit do ass, dei an deem Kolleegenkrees spillen. Dir kennt och gären na Kolleegen matbrengen (di dann awer hanneno di 2-4 Dreihdeeg och mussen dabei sin.
Mir maan en Doneschden neehmlech eng art "Gruppefoto" dei duerno an enger wiichteger Zeen muss existeiren (befir iwerhaat den Dreih mat ärch start).
Ech hoffen dir kennt alleguerten kommen, donierft get e klenge Point iwer den aktuelle Stand vum Dreih gemaach. Ab desem Weekend gin et dann och all Mount eemol nei Fotoen dei op eisem site online kommen.
T(w)o Friends | 10.08.2009

Informatiounsversammlung T(W)O FRIENDS
T(w)o Friends | 03.03.2009
Dest Joer steet nees no laanger Zait e Long-Métrage um Programm:
T(W)O FRIENDS vum Mich Clemen dréint sech ëm eng grouss Frëndschaft zwëschent engem Jong an engem Meedchen, déi op eng haart Prouf gestallt gëtt, an sech ënnert groussem Drock muss behaapten.
D'Produktioun soll sech iwer ee Joer erausstrecken. Vill Rollen goufe scho besaat, mee et sin awa och nach ganz interessant Rollen virun an hannert der Kamera fräi.
Fir dese Projet, Dreihbuch a Cast virzestellen, hu mer dese Samschden, 7. März um 15h00 eng Informatiounsversammlung zu Koler am Pompjeesbau.
(OPGEPASST net SCHOUL, mee POMPJEESBAU -> ass am Haff vun der Koler Schoul!)
Mir geingen eis freen e maximum u Leit do unzetreffen.




















