Seiten (10): « 1 2 3 4 5 6 7 8 [9] 10 »

Generalversammlung

Allgemeng News | 03.02.2007

D'Generalversammlung vu KML ass den Samschden, 10.Februar um 18h00 zu Koler an der aaler Schoul. Mir hun dest Joer nees puer interessant Saachen/Projeten am Klub welles. Dir kennt  Kollegen an Interessenten matbrengen

Um Programm stin:
– Ofschloss 2006 (Aktiviteiten + Finanzen)
– Projeten a Prognostiken fir 2007
– "Gemeinsamen Klub-Projet"
– Ophiewen vun der Memberskaart 2007 (5 Euro)
– Comitéswahlen
– Frai Ausproch

Deijeeneg dei desen Dach net kenne kommen, an awer trotzdeem am Klub wellen bleiwen sollen sech beim President (
marcbarnig@gmx.net) mellen!

Fir Gedrenks an Iessen ass och gesuergt!

Weider Kino-Séancen vu The Nebula Dawn a Mona

Allgemeng News | 01.02.2007

No enger Woch Paus, ginn eis 2 Filmer The Nebula Dawn a Mona dëse Weekend nach eemol zu Esch am Kinosch gewisen, an zwar:

2. Februar 2007 19.00 Auer
3. Februar 2007 19.00 Auer
4. Februar 2007 19.00 Auer

The Nebula Dawn a Mona am Kinosch zu Esch

Allgemeng News | 19.01.2007

                   

Eise Long-Métrage The Nebula Dawn leeft elo zesumme mat eisem Kuerzfilm Mona am Kino un, an zwar zu Esch am Kinosch.

Hei sinn d'Auerzäite vun de Kinosch-Séancen:
19. Januar 2007 18.30 Auer
20. Januar 2007 18.30 Auer
21. Januar 2007 18.30 Auer

Mir géifen eis fréen, wann dir eis Filmer géift an de Kino kucke goen :)

Dee neie KML-Internetsite ass online!

Allgemeng News | 15.01.2007

Haut um 15. Januar 2007 ass dee neie KML-Internetsite online gaangen.

Mir hoffen e gefällt all eise Memberen an all eise Visiteuren :)

Et si vill flott a nei Kategorien um Site a mir géifen eis fréen wann déi interaktiv Funktiounen gutt genotzt géife ginn.

Mir hunn och e neien a bessere Forum op de Site gesaat an dofir mussen déi Leit déi sech am ale Forum registréiert haten, sech lo nees eng Kéier frësch am neie Forum registréieren, well mir déi al User-Accounte net konnte mat an dee neie Forum iwwerhuelen. Mee och déi aner sollen sech roueg um Site registréieren, well dann huet ee nëtzlech Funktiounen zur Verfügung, déi ee soss net ka notzen!

Och de Newsletter-System ass nei a méi praktesch an do soll jiddereen dee weiderhi gäer de KML-Newsletter wëllt kréien, sech nei fir de Newsletter mat sénger E-Mail Adress aschreiwen. Merci.
Hei de Link:
Newsletter-System

Äer Meenungen a Kritiken iwwert de neie KML-Site si wëllkomm an eisem Guestbook :)

Wann dir iergendwou um Site e Feeler fannt oder eppes waat net richteg geet, da mellt eisem Webmaster et per
Kontakt-Formular oder schreiwt et an de Forum. Villmols Merci am viraus.


Sou da wënsche mir all eise Visiteure vill Spaass um neie Site :)

15.12.2006 – Filmpresentatioun zu Garnech (Dezember 2006)

Allgemeng News | 28.12.2006

Nächste Samschden (23. Dezember 2006) ab 20h00 zu Garnech am Veräinssall, steet e grousse Programm un:

– Presentatioun vun der neier KML-DVD  Legend of Bigfoot: A forgotten Tale awakes (30 min). Dësen Adventurefilm ass 2001 produzéiert ginn, an ass elo 5 Joer nom Release endlech op DVD! 

– Best of Riddly1 a Riddly2 (25 min.)

– Première vu Riddly3: Haaali Ba Dusi (120 min.)


Entrée ass 3 Euro / KML-Memberen gratis!

Gerüchter no, gëtt et eng Liveperformance "ON STAGE" an zwar vun de Megastars

David Hasselhoff
a 50 Cent - In da Jupe.

05.12.2006 – Bigfoot DVD

Allgemeng News | 28.12.2006

Op dëser DVD ass nierwt der komplett nei montéierter a novertountener Filmversioun ursprünglech 2001-Versioun: 41min. / aktuell op 34min. rofkorrigéiert) eng Rëtsch vu Specials ze fannen. Nierwt Kapitelwahl hutt dir d'Méiglechkeet 4 weider Optiounen unzewielen: Outtakes, Memorial, Kostüm Kreatioun a Behind Production (mat Interviews an interessante Fakten zur Produktioun).

13.10.2006 – Gëschter, Haut, Muer Presentatioun

Allgemeng News | 28.12.2006

Den 12. Oktober 2006 gouf de Kollaboratiounsprojet "Gëschter, Haut, Muer" a Präsenz vun der Mme Ministesch, dem Här Buergermeeschter vu Réimech an nach divers Leit presentéiert.
KML huet jo zesumme mam Club des Jeunes Koler e Film produzéiert, deen hei eenzeg an alleng presentéiert gouf. 2 weider Kuerzfilmer waren annoncéiert, sinn allerdings duerch technesch Problemer net rechtzäiteg fäerdeg ginn. E Merci nach eemol un d'Equipe vu KML déi hei vertruede war: Yves Steichen, Frank Hansen, Marc Barnig, Pierre Heinen, Amy Kohn a Muriel Kugener!

10.10.2006 – Gëschter, Haut, Muer ofgeschloss

Allgemeng News | 28.12.2006

De Film deen zesumme mam Club des Jeunes Koler produzéiert gouf, an am Kader vum Daachverband-Projet lancéiert gouf, ass fäerdeg montéiert! Hei puer Fotoe vun der Produktioun:

        

20.09.2006 – KML um Open Screen

Allgemeng News | 28.12.2006

En Dënschden, 26. September 2006 presentéiert KML de Kuerzfilm Lost (2004) um Open Screen am D-QLIQ (nierwt dem Plateau St. Esprit) an der Alstad. Start ass um 20h00. Kommt eis ënnerstëtzen!

09.07.2006 – Mona & The Nebula Dawn

Allgemeng News | 28.12.2006

The Nebula Dawn a Mona sinn den 30. Juni an de 7. Juli 2006 zu Garnech gewise ginn. Ee grousse Merci un all Leit déi zu sou vill eis 2 Filmer kucke komm sinn an domadder KML ënnerstëtzt hunn!

   © Copyright 2006-2010 by KML - Koler Movies Lëtzebuerg asbl            apexx CMS & Portalsystem - © by Stylemotion.de