Seiten (10): « 1 2 3 4 5 6 7 [8] 9 10 »
Allgemeng News | 09.05.2007
Mir hun dese Samschden (12.Mee) eist lescht Treffen vir nach ebess un der Idee vum eisem neie Film bai zeflicken. Ab neechster Woch get mam Dreihbuch ugefaangen, an dann ass natirlech naicht mei meiglech!
Wann also nach ee well sain Pefferkäer bei der Geschicht baidroen, da soll en dese
Samschden - 12.Mee um 14h30(!!) op Koler an Schoul kommen
Och Leit dei eemol wellen Regie oder Dreihbuch maan, gi gebieden ze kommen, su kreien se eng evtl. Assisstenz Charge an desem Projet!
Eng Synopse wäert dann a neechste Wochen offizieliseiert gin, an en Datum vun der eischter Chargen a Rolle-versammlung ass fir Enn JUNI, Ufank JULI geplangt!
more infos to come...
Allgemeng News | 03.05.2007
Samschden, 05.Mee geint 17h00 zu Koler an der Schoul
Dei (ganz interessant) Geschicht steet, mir struktureieren se lo nemmen nach anstänneg, fir dass anschliessend Dreihbuch geschriwen get, an dann fir (Mett) Summer den Tournage ka starten! Rollen a Chargenverdeelung get och dann ereicht gemaach, wann Dreihbuch bis steet.
(Op deser Stell, klengen Appel: Wann Leit interesseiert sin, eemol su een Dreihbuch ze schreiwen (oder: geleiert), sin se häerzlechst wellkomm, sech elo bei eis ze mellen, oder op daat Treffen ze kommen)
Mir soen awer schon alle Leit merci, dei sech biswell gemellt hun! Et kann och weiderhin na jidereen sech mellen, well et ass wi gesoot nach naicht vu Rollen a Chargen vergin.
Falls lo een interesseiert ass, eemol selwer e Film bei KML ze dreihnen (Regie), sou get deejenegen gebieden, e Samschden op den Treff ze kommen, fir eng evtl. 2t (Assisstenz)Regie an desem Projet unzehuelen.
Allgemeng News | 03.05.2007
Kenn dir ab elo fir 15€ bei eis bestellen! Dei 3 Riddly-Filmdvds kennt dir zesummen fir 30€ kreien. Verschecken per Post meiglech!
The Nebula Dawn DVD
Den DVD vun der leschter grousser KML-DVD get fir Enn Juni, Ufank Juli annonceiert. Nierft dem Film sin 2-3 Specials ze fannen. More Details to come...
The Unfinished Dangerously Yours Project DVD
Den 3ten selwergedreihntenen James Bond Film, dee KML 1999 produzeiert huet, kennt komplet nei restaureiert, vertount a monteiert fir Chreschtdaag 2007 op DVD eraus! Hei ass och eng Presentatioun geplangt!
Allgemeng News | 25.04.2007
Mir treffen eis dofir dese Samschden, 28.Abrell um 17h00 an der Koler Schoul fir eis ze entscheeden. Jidereen wu eng Idee haat dei einiermoosen gud war, ass gebieden, eng (komplett) Struktur-Notiz matzebrengen, fir dass mer eis da kennen fir eng entscheeden.
Komplett nei Idee'en sin awer lo net mei awenscht, fir dasse mer och sulues weider kommen. D'Struktur muss o nach op sin, fir weider Details baizeflicken, dei an enger leschter 3ter Versammlung geklärt gin.
Fir all deijeeneg, dei also wellen hiere Päfferkäerchen bei dei nei KML-Film-Idee wellen beidroen, sin e Samschden häerzlechst wellkomm!
Allgemeng News | 19.04.2007
Wei virun puer Deeg annonceiert, lanceire mer d'Preproduktioun vun eisem neie Film dese Samschden, 21.Abrëll fir 17h00 zu Koler an der aler Schoul!
Jidereen ass wi gesoot häerzlechst wellkomm.
Mir wellen awer namol drophiweisen, dass geschichtlech gesin, nach ALLES OP ass!! Et muss wirklech net an eng bestemmte Richtung goen!
Traut Ierch, a kommt lanscht!
Allgemeng News | 11.04.2007
Mir hun eis awer des keier decideiert, dass mer ierch vun ufank un d'Chance welle gin, un desem greisseren Projet aktiv matzeschaffen. Mir sichen eng komplett nei Equippe, dei motiveiert ass, un sou engem Jugendprojet matzeschaffen a matzehellefen.
All Chargen sin nach op:
> Schauspiller (vu kleng bis grouss, jonk bis aal /Keen Alter festgeluecht, männlech oder weiblech...)
> Hannert der Kamera (Kamera, Toun, Beliichtung, Maquillage, Assisstent, Kostümberoder, Museker...)
Suguer fir mei speziell- a Grouss Chargen, wei Monteur, Régisseur oder Dréihbuchautor, si mer bereed neien Interesseierten eng Hand mat unzepaacken: Wei jo schon uewen awähnt, hutt der d'Meiglechkeet vun ufank un bei der Pre-Produktioun aktiv matzehellefen rspk. d'Postproduktioun och matzealiewen, wann der u su enger spezieller Charge interesseiert sid.
Mir fänken an 2 Wochen mat eischten Treffen un, wu gemeinsam un engem Skript gebastelt get. Eenzel iddee'en (Direktioun -> Mystery,Horror) si schon do, mee et ass na naicht niddergeschriwen: Et kann also nach jidereen mathellefen, assissteiren an eegen Idee'en mat eranbrengen. D'Produktioun soll dann Mett Summer lanceiert gin, wu mer frouh wieren suvill wi meiglech Leit ze begreissen. Dest gelt net nemmen fir nei Gesiichter, mee och aal Memberen, dei mol rem eemol wellen bei engem Projet mat dabei sin, sin häerzlechst wellkomm!
Fäert net, a mellt ierch roueg un an desem neie KML-Film matzewierken, oder ierch informeiren ze loosen. Dir leiert vill nei Leit kennen, a mir garanteiren Ierch eng flott an ennerhaalsam Zait! Mir soen Ierch elo scho merci, a si fir all Froen an Äntwerten fir ierch do. Detailer an Datum vun desem eischten Treffen kritt dir demnächst op eisem neien Internetsite matgedeelt.
Allgemeng News | 04.04.2007
Fir deijeeneg, dei na keen Riddly doheem op DVD hun, kenn dir bei KML dei ultimativ Riddly-Trilogie-DVD-Box bestellen. Fir nemmen 30 Euro, kriit dir hei des 3 DVDs mat deenen 3 Riddly's!
Allgemeng News | 05.03.2007
E Mettwoch, 14.Mäerz presenteiert KML en Amateurfilm vum Frederic Sauvant The Brain (Letzbg'2006 - 39min.) Des Horrorcomédie get zesummen mam leschte KML-Kuerzfilm Mona zu Koler an der Schoul (baal vis-a-vis vun der Kierch) presenteiert!The Brain ass integral zu Letzebuerg gedreihnt gin, mat enger 100%eger letzebuergescher Equipe!
Start ass um 19h00, Entrée ass frai!
Allgemeng News | 20.02.2007
Mir sin deem no gaangen, an hun eis lo um eischte Festival ageschriwen: Den 21. Benelux Filmfestival (16-20.Mee) zu Ostende! Hei bleift lo ofzewaarden, op de Film fir d'Cathegorie "Films à Scenario" ugeholl get.
Weider Festivaler, wu KML 2007 participeiren well sin: Clipstar (nationale Festival, 9.Juni am Ciné Sura), Festival Cinéfleuve (23.November zu Eupen/Belge)
Allgemeng News | 17.02.2007

