Seiten (10): « 1 2 3 4 [5] 6 7 8 9 10 »
"Mona" a "Lost" um Express Yourself 2008
Allgemeng News | 01.07.2008
Tournage mam Patrick Scheer a senger Crew
Allgemeng News | 16.06.2008
Um Samschden, 14.Juni huet KML zesumme mam Patrick Scheer a senger Equipe zu Miersch en Unisprojet produzeiert. Thema vum Projet war "Recylage". D'Aufgaab vu KML war et, dem Patrick bessi enner d'Ärm ze graiffen, him ze hellefen, an och Kamera zu Verfügung ze stellen.
Vu KML op der Plaatz waren de Marc Barnig, Mich Clemen a Cyrille Horper.
Presentatioun "Grand Prix Elsi Jacobs"
Allgemeng News | 11.06.2008
De 26.Abrell 2008 huet KML mat 4 kamera'en des Welt-cyclistinen Course gefilmt. Dese 45minütege Film get en Doneschden (12.Juni) inkl. den Outtakes zu Koler an der Schoul presenteiert.
Start ass um 21h00
Avis aux Amateurs
KML filmt de "Grand Prix Elsi Jacobs"
Allgemeng News | 25.04.2008
Allgemeng News | 14.03.2008
Geschter Owend (13.März) gouf de KML an der Federation Luxembourgeoise du cinema d´auteur (FGDCA) eestemeg ophgeholl. Zu desem Ulass, huet de Comité vun der Federatioun eis proposeiert, de Kuerzfilm Mona op den 2008er Filmfestival "UNICA" matzehuelen. Dest ass e Weltfilmfestival(!), dee vum 28.Juni bis 05.Juli an Tunesien stattfennt. Hei heescht et: Kräfteg Daumen drecken!
MONA um Bandsalat Festival 2008
Allgemeng News | 13.03.2008
Aus enger Retsch Filmer ass Mona preselektioneiert gin fir um Bandsalat -Filmfestival 2008 (organiseiert vum Cafe Exodus) am Kino 8 1/2 zu Saarbrecken presenteiert ze gin.
Insgesamt 9 Amateurfilmer gin hei gewisen, an nierft engem Jurysprais get och e Publikumsprais verdeelt. Dese Festival ass de 25.Abrell.
Daumen drecken!
Allgemeng News | 01.03.2008
De Film befennt sech aktuell an der Postproduktioun. Monteiert vum Marc Barnig, assisteiert vum Frank Hansen.
Aus "Dreamer's Dream" get "Dreamcell"
Allgemeng News | 27.02.2008
Den offiziellen Titel vum neie KML-Kuerzfilm ass do: Laang gouf enert dem deemolegen Long-Métrage Titel Dreamer's Dream geschafft. Well dunn aus dem Long-Métrage awer e Kuerzfilm gin ass an den Titel net mei 100% deem em wat et dann och wirklech geet entsprach huet, ass sech lo fir den offiziellen Titel Dreamcell entscheed gin.

De Film soll fir Ufank Summer 2008 erauskommen.
Allgemeng News | 14.02.2008
E Samschden, 26.Januar hu mir an der aler Schoul zu Koler eis alljährlech Generalversammlung ofgehaalen. Am geigensaatz zu de leschte Joeren, war dest Joer de Sall mol nees anständeg gefellt. Nierft neien an ale Memberen war awer och de Claude Giersch, Gemengevertrieder vertrueden.
D'Joer 2008 steet virunallem fir eis 10-Joer, wou mer och e speziellen Dag desem Gebuertsdag widmen. De kompletten offizielle Rapport wäert der awer an neechsten Deeg hei kennen downloaden.
De Comitée begreisst och en neien Vertrieder, an zwar keen aneren wei de Black Kings Way - Newcomer Alain Welter, dee mat senger Präsenz am Comitée fir dei Nei "KML-Generatioun" stoen wäert. Mir sin also lo nees zu 7 Comiteesmemberen:
Marc Barnig, Laurent Schmit, Frank Hansen, Carole Weis, Cyrille Horper, Michel Clemen an Alain Welter!
De Rapport vun deser Generalversammlung, kenn dir hei downloaden.









