Seiten (9): [1] 2 3 4 5 6 7 8 9 »

Generalversammlung, 05.Februar 2010

Allgemeng News | 23.02.2010

Wei all Joers gouf och 2010 nees eis Generalversammlung an der Koler Schoul ofgehalen. Nierft den diverse Bilanen vum Joer 2009 gouf op d'Zukunftspläng higewisen, déi virun allem am Liicht vum HD stinn, dem T(w)o Friends an awer och enger neier Generatioun, deene mer Dieren zu neie Filmproduktiounen opgemaach hunn.
 
Den aktuelle Komitee:


An de Rapport opgeschriwwe vum Carole Weis (aktuell Caissiere) fannt der hei.

T(w)o Friends - Nei Fotoen

T(w)o Friends | 20.02.2010

Den Tournage zitt sech lues weider an di éischt Halschent vun 2010. Hei nach puer exklusiv Fotoen. De Montage start Ufank Mäerz.

        

Generalversammlung 2010

Allgemeng News | 01.02.2010

Dëse Freiden 5. Februar huet KML um 20h00 eis Generalversammlung zu Koler an der Schoul.
Et wier flott, wann der kinnt bis laanscht kommen. Et dauert net allzelaang a fir Gedrénks a Geschnacks ass gesuergt.

Um Programm stinn:
> BILAN 2009
> PREVISIOUNEN + PROJETEN 2010
> MEMBERSKAART oder DONATEURSKAART (5 Euro)
> evtl. COMITÉSWAHLEN
> FRÄI AUSSPROCH

Fir all déi Leit déi e Freiden net kenne kommen an awer trotzdem nach gären am Club bleiwe wëllen, solle Bescheed soen.
marcbarnig@gmx.net

KOLER-LEIT.LU ass online

Allgemeng News | 23.01.2010

KML huet zesumme mat den 3 aner Koler Veräiner „Club des Jeunes“, „Pompjeeën“ an „Épisclérite Production“ den Internetsite KOLER-LEIT.LU gegrënnt. Op dëser Plattform wäerten ëmmer Neiegkeeten (Fotoen, Filmer) online kommen, fir sou de Standuert „Koler“ méi staark ze representéieren. KML këmmert sech hei ëm d’Filmer.

Teaser vu T(w)o Friends online

T(w)o Friends | 11.01.2010

Den éischten offiziellen Teaser vum aktuelle Long-Metrage ass online. Eng éischte kéier gouf en op der 2. Editioun vun der Filmakers Night de 14. Dezember gewisen. Elo ass en online. Vill Spaass!

FILMAKERS NIGHT Bilan

Allgemeng News | 28.12.2009

E Samschden, 12. Dezember 2009 hate mir eis 2. Editioun vun der Filmakers Night zu Garnech am Veräinssall organiséiert. Et war e grousse Succès: 14 Filmer waren an engem 2 stonnege Programm a Competitioun gelaf. Fir de Jury war et ganz schwéier hire Präis ze verdeelen, well vun deene 14 Filmer net nëmmen reng Fiktiounsfilmer gelaf sinn, mee och Musekclips an Dokumentatioune ware mat vun der Partie.

De Jury konnt sech awer fir hire perséinleche Favorit entscheeden, a sou huet de Film "A l'abri" vum Cyrus Neshvad de Prix du Jury vun der Filmakers Night 2009 gewonnen. E Film dee mat ganz einfache Mëttelen et hikruut eng spannend Atmosphäreze kreéieren. Felicitatioun namol op dëser Plaatz! 

De Prix du Public war och ganz knapps verdeelt ginn, an dat un de Film "Die Rache des Herbstes" vum Milli Schlesser, dee mat knapps 40min. de längste Film vum Owend war.

D'Organisateurewaren sech nom Owend scho praktesch sécher, dass et och 2010 nees eng Filmakers Night wäert ginn. Un all Participanten also: Fläisseg weider dréine bis nächst Joer!

Fotogalerie vum Owend

Details zu der FILMAKERS NIGHT 12. Dezember 2009

Allgemeng News | 03.12.2009

PyrrhusÉpisclérite a KML organiséiren e Samschden, 12. Dezember dei 2. Editioun vun der Filmakers Night.
Insgesamt 120 Minutten Film stin dest Joer um Programm. Den Entrée ass 3 Euro. Fir Iessen a Gedrenks ass gesuergt.
Um 20h00 start daat Ganzt zu Garnech am Veräinssall. (19h1519h45 Happy Hour um Béier)

E Jury vu 4 Leit wielt enner sech de Prix du Jury an de Public kann fir de Prix du Public ofstëmmen. Um Programm stin am ganzen
14 Produktiounen dorënner majoritär Fiktiounen, mee och Videoclips an eng interessant Dokumentatioun. De kierzte Film dauert
45 Sekonnen an de längsten 40 Minutten. Kommt alleguer e Samschden op Garnech an ennerstëtzt déi jonk Kënschtler!
D'Filmartisten hun d'Méiglechkeet e klenge Stand ze maachen.

Tournage T(w)O FRIENDS

T(w)o Friends | 18.11.2009

Ee vun de leschten Tournagen huet sech zu Stengefort an der Aaler Schmelz ofgespillt. Hei gouf e Concert simuléiert vu Cookie Jay.
Fir dei richteg Atmosphäre war gesuergt an et hun sech och vill Statisten de Wee op Stengefort getraut. Merci namol u jiddereen.

        

        

Dreamcell am FGDCA Nationalconcours

Allgemeng News | 06.11.2009

Dese Weekend si nees Dikkrecher Filmdeeg, organiséiert vun der Federatioun FGDCA. KML participéiert dest Joer mam Film Dreamcell dee Sonndes, 15. November am Nationalconcours leeft. Start ass um 10h20 mat der Begréissung. De ganzen Dag iwwer gin dann am SCALA zu Dikkrech Filmer gewissen. Kommt also roueg dohin!

KML klemmt lues an d'HD-Epoche

Allgemeng News | 19.10.2009

  

Mir hun 2 nei HDV-Kameras kaaf (HDR FX1000). Momentaan filme mir awer nach am normalen DV (16:9), mee Tester fir eis op den HDV emzestuffen sin um laafen. Virausichtlech ab Mett 2010 si mer voll asaatzbereed am HDV. Den aktuelle Filmprojet T(w)O FRIENDS get am FullHD gefilmt.


   © Copyright 2006-2010 by KML - Koler Movies Lëtzebuerg asbl apexx CMS & Portalsystem - © by Stylemotion.de