News 2017-08-14T11:17:43+00:00

KML News

28.102007

Filmpresentation zu Garnech

De Sonnden ass am Kader vum Kulturjoer e speziellen Kulturdaag zu Garnech.
KML a Pyrrhus presentéiert folgende Programm:
– 14h00 Eis Gemeng (Freier an Haut)
– 14h55 Club des Jeunes Koler – 35 Joer
– 15h30 Aktivitéiten aus der Gemeng (2000-2007)
– 16h50 Aweiung vun der Schoul- a Sportshaal Elsi Jacobs
– 17h40 Eis Gemeng (Freier an Haut)
– 18h35 Club des Jeunes Koler – 35 Joer
– 19h10 Aktivitéiten aus der Gemeng
– 20h30 KML Kuerzfilmer (Paper Dream, Wanterhoffnung, Last of the Cornets, Lost a Mona)
– 21h00 Pyrrhus Kuerzfilmer (Mots Croisés, Zaldot, Roll with the Punches, Bommeleeer a Psyclist)
D’Entrée ass fräi, a fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt!

24.092007

Sunset Cinema

Sunset Cinema ass am Kader vum Kultujoer 2007 eng Art Container, dee vu September bis Dezember zu Bouneweeg op der Haaptplaz installéiert gëtt. Filmreakter huet hei sämtlech Filmcluben kontaktéiert fir hei all Woch vun Donneschdes bis Samschdes hier eege Videoprojeten ze presentéieren.
KML Présentationen:
– 12/10/2007 um 20h00: Mona a Black King’s Way
– 16/11/2007 um 20h00: Mona, Black King’s Way a Paper Dream
D’Entrée ass fräi.

27.082007

KML @ Fouer

Wei all Joers gi mer och dëst Joer eemol zesummen op Fouer. Mir treffen eis e Freiden um
– 23h00 beim Riserad
– 00h00 beim Gréngen Spill
Wien well matgoen, soll sech am beschten umellen oder einfach op ee vun dësen  Treffpunkte kommen.

09.062007

Clipstar – Auszeechnung

E Samschden hat de Lycee Classique vun Iechternach hire Kuerzfilmfestival Clipstar zu Iechternach am Cine Sura ofgehalen. KML huet gläich 2 Filmer an d’Rennen geschéckt: Mona a Super Mario (Haaali Ba Dusi).
Déi 2 Filmer hunn et bis an d’Finale gepackt, a sinn owes presentéiert ginn.
– Fir déi éischt Kategorie Horror/Drama/Action/Thriller gewënnt Mona den éischte Präis. Domadder hu mer elo schonn déi zweeten Auszeechnung fir des Produktioun.
– An der Kategorie Minispots kritt KML e weideren éischte Präis, fir de Sketch Super Mario, deen immens gutt bei de Leit ukomm ass.

22.052007

Benelux Filmfestival – Auszeechnung

Um Benelux Filmfestival zu Ostende ass Mona mat der Auszeechnung fir d’Behandlung vun engem aktuellen Problem belount ginn.
14.032007

Filmpresentation zu Koler

E Mëttwoch presentéiert KML de Film The Brain vum Frederic Sauvant zesummen mam leschte KML-Kuerzfilm Mona zu Koler an der Schoul. The Brain ass integral zu Lëtzebuerg gedréint ginn.
Start ass um 19h00, d’Entrée ass fräi!

20.022007

Benelux Filmfestival

2007 probéiert KML säin Gléck bei internationale Festivalen: Dee leschte Kuerzfilm Mona krut duerch seng positiv Kritiken relativ vill Ureegungen, sech bei sou Concoursen ze mellen. Mir sinn deem no gaangen, an hunn eis elo um éischte Festival ageschriwwen: Den 21. Benelux Filmfestival  zu Ostende! Hei bleift ofzewaarden, op de Film ugeholl gëtt.
Weider Festivaler, wou KML 2007 participéieren well sinn: Clipstar a Festival Cinéfleuve.

17.022007

Rapport 2007

Rapport Generalversammlung 2007
10.022007

Generalversammlung 2007

D’Generalversammlung vu KML ass dëse Samschden, um 18h00 zu Koler an der aler Schoul.Mir hunn dëst Joer nees puer interessant Saachen/Projeten am Club wëlles. Dir kennt  Kollegen an Interessenten matbréngen.
Um Programm stinn:
– Ofschloss 2006 (Aktivitéiten + Finanzen)
– Projeten a Prognostiken fir 2007
– Gemeinsamen Club-Projet
– Ophiewen vun der Memberskaart 2007 (5 Euro)
– Comitéswahlen
– Fräi Aussproch
Fir Gedrénks an Iessen ass och gesuergt!

19.012007

Filmpresentation am Kinosch

Eise Long-métrage The Nebula Dawn leeft elo zesumme mat eisem Kuerzfilm Mona am Kino un, an zwar zu Esch am Kinosch.
Hei sinn d’Auerzäite vun de Séancen:
– 19/01/2007 um 18h30
– 20/01/2007 um 18h30
– 21/01/2007 um 18h30
– 02/02/2007 um 19h00
– 03/02/2007 um 19h00
– 04/02/2007 um 19h00
Mir géifen eis freeën, wann dir eis Filmer géift an de Kino kucke goen!