News 2017-08-14T11:17:43+00:00

KML News

13.122008

1. Filmakers Night

E Samschden huet KML zesumme mat Pyrrhus an Episclérite Production déi alleréischt Sessioun vun der Filmakers Night zu Garnech am Veräinssall ofgehalen. Eng 50 Filminteresséierter hunn de Wee bis op Garnech fonnt. All Regisseur huet viru sengem Film eng kleng Ried gehale fir sou säi Film anzeleeden. Fir KML goufe gläich 2 Premiere gefeiert: Dreamcell an Street Art in Brussels.

Programm vum Owend:
– Street Art in Brussels (Laurent Schmit, KML)
– Gods on Vacation – Save myself (Rebecca Kunsch)
– Ricky (Mike Tereba, Pyrrhus)
– The Brain (Fred Sauvant, Episclérite Production)
– Dreamcell (Frank Hansen, KML)
– Turtone (Romain Gierens, Turtle Stone Pictures)
Niewelaanscht goufen interessant Teaser/Trailer gewisen, wou mer Obskura Merci soe fir hir exklusiv Trailershow zu hirem fonkelneie Long-Métrage Luxembourg Mystery Tale, déi eenzeg an eleng op der Filmakers Night presentéiert gouf mat klenger Begréissungsried vum Petz. Den alleréischten Trailer vum neien Episclérite Film Marie Side gouf gewisen, souwéi 10 Minutte laang Teaser/Trailer vu BigTime Entertainment, wou eis den Adolf El Assal eng kleng Aféierung ginn huet.

20.092008

10 Joer KML

E Samschden huet KML säin 10. Gebuertsdag zu Garnech am Veräinssall gefeiert. Vill Invitéen hunn de Wee bis op Garnech fonnt. Vertrueden war de Gemengerot, d’Kulturkommissioun an d’Entente vu Garnech, Veräiner fir déi KML scho gefilmt huet, spezial Invitéen, aner Amateurfilmgruppe vu Letzebuerg, zahlreich Memberen, Exmemberen a Schauspiller déi iergendwann emol fir KML an engem Film matgeschafft hunn.
Mat bëssi Retard goung et dunn och direkt lass mat engem 2 minütege Clip, deen déi lescht 10 Joer namol ganz schnell Revue passeire gelooss huet. De President Marc Barnig ass dunn zesumme mat senge Grennungskolleege Laurent Schmit a Frank Hansen no vir komm, an huet gläich gewisen dass och no 10 Joer, de Kär vu KML nach ëmmer 100% aktiv ass. No der Ried vum Marc Barnig ass de Nico Biwer no fir komm an huet am Numm vun der Gemeng all Félicitatiounen ausgesprach an eis domadder och den Éierewäin vum Owend offréiert a lancéiert. E 50-minütege Film iwwer KML 1998-2008 ass dunn bei engem gudde Maufel an engem Patt gewise ginn. Eng gläichzäiteg Plafong-Performance vu Fotoen a Riddly-Sketcher war de ganzen Owend ze gesinn.
Ab 21h00 huet dunn den DJ fir déi néideg Animatioun gesuergt, an huet bis 3h00 moies fir Ënnerhalung gesuergt. Fir KML war dësen Owend op alle Fall e Succès op ganzer Linn: Ganz vill nei Projet-Ideen sinn nees lancéiert ginn an et war och flott all déi al a nei Gesiichter, déi eemol hannert KML stoungen nees erëmgesinn.

06.072008

UNICA – Auszeechnung

Leschte Samschde war an Tunesien déi offiziell Präisiwwerreechung vum internationale Filmfestival UNICA. Mona gewënnt hei d’Sëlwer-Medaille fir Lëtzebuerg. Domadder net genuch, et gëtt och nach eng weider Auszeechnung als Gewënner vum Prix Jeunesse.

05.072008

Express Yourself

Eis 2 lescht Kuerzfilmer Mona a Lost ginn dëst Joer um 7ten Express Yourself zu Roullingen presentéiert. Organiséiert gëtt dat ganzt vun Episclérite Production, geleet vum Fred Sauvant.

14.062008

Projet Recyclage

De Samschden huet KML zesumme mam Patrick Scheer a senger Equipe zu Miersch en Unisprojet produzéiert. Thema vum Projet war Recyclage. D’Aufgab vu KML war et, dem Patrick ze hëllefen an och Kamera zu Verfügung ze stellen.

25.042008

Bandsalat Filmfestival

Aus enger Rëtsch Filmer ass Mona preselektioneiert ginn fir um Bandsalat Filmfestival am Kino 8 1/2 zu Saarbrecken presentéiert ze ginn. Insgesamt ginn 9 Amateurfilmer hei gewisen, an nieft engem Juryspräis gëtt och e Publikumspräis verdeelt.

27.012008

Rapport 2008

Rapport Generalversammlung 2008
26.012008

Generalversammlung 2008

De Samschden Owend ass géint 18h00 zu Koler an der Koler Schoul Generalversammlung. Kommt zahlreich, bréngt roueg Kollegen mat an ënnerstëtzt KML e weidert Joer mat ärer Memberskaart. Et geet virun allem em eng Feier déi mer anlässlech eisem Gebuertsdag ofhale wäerten.

12.112007

Nationalconcours – Auszeechnung

Leschte Sonden war nees de Concours National vun der FGDCA. Mona war hei mat am Rennen. Ënnert allen Filmer krut Mona eng Medaile fir déi 3. Platz, souwei e spezielle Prix de la meilleure photographie. Zu dësem Concours gouf zousätzlech vum Ministere de la Culture (CNA) e Präis offréiert; hei gewënnt Mona déi glorraich éischte Platz.

11.112007

Nationalconcours

Den ausgezeechente KML-Kuerzfilm Mona gëtt de Sonnden zu Schieren am Kader vum Concours National 2007 vun der FGDCA géint 11h50 presentéiert. E leeft ënnert dem Programm vum SNJ.
Eng weider Presentatioun gëtt et dann nächste Freides, dam Kader vun dem Jugendprogramm vu Cinefleuve – Kino im Fluss zu Eupen. Ufanks sollt de Film a Kompetitioun untrieden, well de visuelle Punkt vu Mona allerdéngs iwwerbewäert gouf, gëtt en trotzdeem an engem Spezialprogramm deen Owend presentéiert.